16. Ersatz (2011)

Copyright © 2011 Paul Zens, Luxembourg, Cover: Stéphane Majerus, Layout (printed edition): Linda Motzer, Drock: Imprimerie Watgen, ISBN 978-99959-736-0-5

Le tram une aubaine pour le Limpertsberg?

D’Gritty, meng Mamm, ass um Lampertsbierg grouss gin. Vu kleng un huet si an der Michel Lentz Strooss gewunnt, an engem Reihenhaus mat Wantergréng. De Frunni, mäi Papp, ass vum Verluerekascht. Si hu sech deemols an de Scouten kennegeléiert. De Frunni ass mam Tram bei d’Gritty freie gefuer. D’Resultat ware mäi Brudder, meng Schwëster an ech. Deemno war fir meng Elteren den Tram eng Aubaine. Meng Mamm ass net méi do, den Tram och scho méi laang net méi. Ech hun als Kand a Bouf vill Zäit bei menger Grousmamm verbruecht, nodeems si an eng aner Strooss um Lampertsbierg, d’rue J-P Koenig, geplënnert war. Un den Tram um Lampertsbierg kann ech mech net méi erënneren. Meng Mamm hat mir och ni eppes vu Barrièren oder Octroisheisercher do verzielt.

Donnechdeg, 6.5.2010 (520 = nach 520 Mol schlofen bis d’Gemengewahlen)Den Interesseveräin Lampertsbierg hat an den Tramsschapp invitéiert. Fir d’éischt huet de Chef vum Service des Parcs iwwer déi nei Philosophie fir den Entretien, d’Heg a Fleg vun de Gärt, Parken an der Stad referéiert. Ennert der Responsabilitéit vum Viviane Loschetter ass décidiéiert gin mat vill manner Chimie, vill méi natiirlech, méi schounend d.h. méi ëmweltfrëndlech ze schaffen. De Präis dovunner ass eventuel e bëssen Onkraut hei an do an der soss méi wéi propperer a gefleegter Haaptstad vu Lëtzebuerg. Méi deier get dat net. Keen aus dem Publikum huet gemekkert. Et si keng béis Wierder gefall.

Dat war duerno anescht. “Le tram une aubaine pour le Limpertsberg?” De President vun der Union des Syndicats d’Initiatives aus der Stad, d’Presidentin vun der Union commerciale an de François Bausch, éischten Schäffen. Ronn foffzeg Leit waren lauschtere komm, och e puer Kollegen vun déi gréng, dorënner ons Parteipresidentin a Lamperstbierger Biergerin, d’Sam Tanson.

D’Représentante vun der Geschäftswelt Corine Cahen war kloer an däitlech, weder dofir nach dogéint, mee si huet eng séier an defintiv Décisioun verlaangt, well d’Geschäftsleit brauche Sécherheet fir plangen ze kënnen. Dat Gehin-an-hirs vun der Politik ass schlecht fir d’Geschäftsleit, kuerz-, mëttel- a laangfristeg.  

De François Bausch war och onmëssverständlech. Hien huet explizéiert firwat et och mëttel- a laangfristeg am Interesse vun de Bewunner vum Lampertsbierg ass, de Verkéier, dee souwisou net z’évitéieren ass, op verschidde Verkéiersmoyenën, d.h. Auto, Velo, Foussgänger, Zuch, Bus an Tram ze verdeelen. Hie weisst wéi dat gemaach soll ginn, an zwar duerch ee ganzt, op ëneen ofgestëmmtend Verkéierskonzept, dat iwwer déi Stater a Lampertsbierger Grenzen erausgoe soll. 

Op engem Plang ass de Verlaf vun der Streck gewise ginn, mat de periphere Garen. Och huet hie vun de verschiddenen urbanistesche Changementer geschwat, déi noutwendeg sinn, fir d’Situatioun verkéierstechnesch an och soss insgesamt ze verbessern. Dës Verbesserungen sinn absolut néideg. D’Verkéiersopkommen ass ebe grouss a gëtt kuerzfristeg bestëmmt net méi kleng, mee wiisst nach a nach, duerch déi vill Aarbechtsplazen an der Haaptstad, déi vill Pendler, deenen hir Schläichweeër, d’Schoulen um Lampertsbierg an d’Schüler a d’Proffen an och d’Awunner aus der Stad a vum Lampertsbierg, déi sech jo och déplacéieren. All dës Saachen sinn d’Konsequenz vun, op der enger Säit, urbanisteschen Iertëmer, notamment all déi Schoulen op enger Plaz ze doen,  mee deemols ass eben sou iwwerluecht gin. Op der aner Säit awer och d’Konsequenz, vun der besonnescher Stellung a Roll vun der Haaptstad, mat de respektive Nodeeler awer och, net ze vergiessen, Virdeeler. Virdeeler fir d’Stad awer och fir de Lampertsbierg. Jo, d’Aarbechte werten opwendeg sinn, mee och dorunn ass geduecht gi fir d’Nuisancen fir d’Leit déi do wunnen esou kleng wéi méiglech ze halen. 

Och kloer an däitlech war de President vun der Syndicats Unioun. Hien huet beschriwwe firwat dat alles net esou ass, war a sinn därf. Ee richtegt Freedefeier vu Zweifel, Leegnen a simplisteschem Dünkel prasselt op d’Leit am Sall erof. Wat a menge Virggaart net sinn därf, ka net sin. Verwonnert héieren ech d’Argumenter vum Représentant vum Klenggeescht. Zerrieden, explizéieren firwat et net geet. Natiirlech taucht och den Tunnel ënnert der Stad an der Diskussioun op. Ech denken un d’Tunnelsaarbechten un der Nordstrooss, bei deenen och no e puer Budgetsrallongen, nach ëmmer keen Enn a Siicht ass. A wann een Tunnel dann endlech färdeg ass, wéi deen um Markusbierg, da ass e gefillt méi zou wéi op, well et muss nawell dru gefleckt gin. Op een Tunnel bauen ënnert der Stad mat sengem zoliden Fiels genee esou einfach get? Wou huet de President vun der Syndicatsunioun viru senger Pensioun geschafft? Ponts et Chaussée als Bauhär? Ech schuddere mech. 

Den Héichpunkt ass awer dee serieux gemengtene Virschlag aus dem Sall, de Lampertsbierg aus dem gesamte Verkéierskonzept herauszehalen, fir dass do alles esou bleiwt, wéi et war an elo ass. Dat war suguer enger Oppositiounsvertriederin aus dem Gemengerot an der Rei hannert mir zevill: “Solle mer dann de Lampertsbierg mat Barrieren zoumachen?” grommelt si. Wéi iwwerhat ganz vill gegrommelt ginn ass dësen Owend, heiansdo lues, oft méi haard. No der Table ronde sinn d’Gruppen am Hall verdeelt: do déi eng, hei déi aner, dotëschend de Patt an d’Schnittercher.

Dat ass Demokratie. Deen een ass dofir, deen aner dogéint. Deen een steet fir déi déi hien politesch responsable gemaach hun, deen aner fir säin Interessegrupp, een drëtten fir iergendeen, déi meescht sti fir sech, hannert hirem Octroisheischen, mat der Barrière erof.

Iwwriens, Octroisheisercher mat hirer eigentlecher Missioun ginn et scho laang net méi. An Engem, op der aner Säit vum Glacis, vum Lampertsbierg aus gekuckt, war eng Zäit ee Policebureau. Een anert, virum Viaduc, war ee Blummebuttek. Dat ass scho ganz laang hir. Haut sinn op deenen zwou Plazen Vel’oh Statiounen a bei deem bei der Breck ee Veloscompteur. 

Deemols an haut. D’Zesummeliewen iwwer Kuerz, Mëttel a Laang. Et geet gradesou ëm dat Grousst a Ganzt, wéi ëm dat Klengt a Partikulart. Een Octroisheischen kann ee fir eppes aneschters gebrauchen, eng Barrière kann een opman. Do wëll ech matman. 

Jiddereen huet iergendeng Kéier därfen eng Remarque liesen oder héieren, no der, wann d’Besoinën an de Verlaf vun der Welt no engem Mann (oder enger Fra) verlaangen, sech dese Mann (oder des Fra) fënnt. Spiert dëse Mann (oder des Fra) deen Appel, dann ass et him (oder hir) onméiglech, sech dësem Ruff z’entzéien.

27 gedeelt duerch 2 ass 13komma5

No der Table ronde am Transschapp ware mir nach zu e puer Grénger an ee Bistrot ee Patt huelen. Do hun ech gemierkt dass ech kee Su dobäi hat. Feinerdengs huet de Gilles Rod mir ee Patt ginn. An esou, kaum hat ech fir mech décidéiert de Mann ze sinn deen d’Welt grad brauch, hun ech gemierkt, dass mir eng Gronddugend feelt fir an der Politik ze bestoen, nämlech d’Routine beim “Een huele goen”. Ech si net gewinnt an d’Bistroën ze goen. Trotzdeem hunn ech nom Patt dem Patricia sënngeméiss gesot, dass ech interesséiert wir fir Buergermeeschter ze gin. Also Buergermeeschter, well déi next Wale Gemengewaln sinn. Mee ech hat dat anescht formuléiert, éischter am Sënn, dass ech wëlles hu politesch méi aktiv ze ginn a mech méi z’engagéieren.

Soss engagéiert sinn ech jo alt nawell vill, éierenamtlech. All dat éierenamtlecht Engagement ass schéin a gutt awer net ganz zefriddestellend, well ee just ganz wéineg ka beaflossen an ofhängeg ass a villem wat ee mécht, vun den Décisiounen vun aneren. Décisounen huelen ass Politik man. Wéi ech am Osten vum Land gewunnt hun, hunn ech zwar do bei de Gréngen an der Regionalsektioun diskret matgeschafft, war an enger Parti Versammlungen a Plakater pechen. Um Niveau vun der Partei war ech an e puer Aarbechtsgruppen, mee richteg Politik maache war dat kaum an ouni direkt Relevanz fir Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg ze ginn. Dofir muss ech alleréischt op d’Lëscht komme fir bei de Gemengewahlen

Dënsdeg, 11.5.2010 (515) Haut ass nees eng Versammlung vun der Stater Sektioun vun déi gréng. Mir gesinn ons, wéi ëmmer, am Konferenzzëmmer vun de Parteibureauën bei der Herz-Jesu Kierch op der Gare, queesch vis-à-vis vun deem Haus wou fréier ee Puff war, haut eng Wochenzeitung, niewendru si Banken. Mir sinn zu enger bäckesch Dozen. De gréngen Input an d’Décisiounen vum Schäffe an Gemengerot ginn an de Versammlungen vun der Lokalsektioun ausgeschafft, formuléiert an och erklärt, och fir dass mir se weider erklären kënnen. Dax besteet jo een Ennerscheed tëschend deem wat verzielt oder kolportéiert gëtt, vum politesche Géigner verdréint gëtt an deem wat richteg ass. Heiansdo oder oft verstinn d’Leit net, firwat deen ee Choix getraff ginn ass a net een aner, firwat do wéineg Grénges drann ze si schéngt an an anerem méi. All dat ass Aarbecht an dowert ze héieren, heiansdo laangotmeg, geschichtlech belaascht, nawell technesch, net onbedengt sexy, vläicht fade. Eng bäckesch Dozen vu bal zweehonnert. Dat ass de politeschen Alldag. 

Mee haut gëtt et anescht: niewend der Dagespolitik an der Gemeng ass haut iwwerraschend a fir d’éischt nees zënter laangem, och riets vu Walen, de nexte Gemengewalen. “Dat ass zwar nach laang” erklärt de Fränz “mee ech soen iech, dat geet méi séier wéi ee mengt”. Hie muss et wëssen, hien huet schon aacht Campagnen matgemaach a weess vu wat hie schwätzt. Dës Kéier gëtt et fir ons eng aner Zort vu Walkampf, well aus der politescher Verantwortung eraus. Bis elo war et jo an der Stad ëmmer aus der Oppositioun eraus. Dës Kéier gëtt et net méi einfach oder méi schwéier, just anescht. 

Fir dass d’Leit lues a lues gewuer ginn, mat weem si gréngerdéngs an der Stad ze dinn hunn a ween do am Schied vun de Schäffen a de Gemengeconseilleren mat an der grénger Zopp réiert, gëtt décidéiert ee Flyer ze man mat all de Leit drop, déi an der Gemeng engagéiert sinn, gewielt oder an eng vun de Kommissioune genannt goufen, deen un all Haushalt verdeelt gëtt. Zur Halbzeit vun der Gemengelegislaturperiod hate mir schon esou een Dépliant gemaach. Fir mech awer ass et eng Première: Ech sinn zënter e puer Méint an der “Commission des Sports et des Loisirs” a ginn dowéinst op engem politeschen Ziedel an der ganzer Stad verdeelt, an all Bréifkëscht, dono wann et gutt geet, leiën ech eng Zäit bei de Leit doheem an all Buedzëmmer,  soss direkt an der Poubelle. 

D’Sëtzungen vun de commissons consultatives vun der Gemeng si meeschtens am spéiden Nomëtteg oder fréien Owend. Et gëtt een e puer Wochen oder Deeg virdrunn invitéiert a informéiert iwwer dat wat um Ordre du jour steet. Fir all Kommissioun gëtt et ee Président, dat ass laut Reglement, ee Member aus dem Gemengerot, an da sinn do nach déi einfach Memberen. Dës sinn ënnert de Parteien déi am Gemengerot vertrueden sinn, no der Zuel vu Sëtz opgedeelt. An d’Versammlungen kommen och Leit aus der Administratioun an heiansdo den zoustännege Schäffen fir z’explizéieren an och fir Ried an Äntwert ze stoen. D’Kommissiounsmembere stelle Froen, maache Virschléi a proposéiere Verbesserungen. Heiansdo, awer seelen, sinn hir Froen e bëssen komesch, wéi zum Beispill déi, op een ee Marathon net kéint kierzen am Plaz déi ganz 42 Kilometer. De President suergt awer ëmmer dofir, dass dat alles gutt fonctionnéiert. 

Als éierewerte Member vun der “Commission des Sports et des Loisirs” am Numm vun déi gréng ginn ech dann elo an all Haushalt bekannt. Virun der nexter Versammlung soll de Gilles Rod Fotoen maache fir dëse Flyer. 

Donnechdeg, 17.6.2010 (478) Nees Versammlung vun der Stater Sektioun vun déi gréng. Bal jhiddereen ass mat Zäit do fir geknipst ze ginn. 

No der Dagespolitik gëtt, typesch grénge Klischee, des Laangen a Breeden iwwer d’Gestaltung vun der Walcampagne a 16 Méint débattéiert. Ons Diskussioun ass eng Zort Gehirstuerm mat Analyse vun allem wat et esou wahlkampfméisseg gëtt. Alles gëtt kritesch hannerfrot: vun de Flyer, iwwer déi nei Medien bis d’Walowender. Et kënnt zwar net vill dobäi eraus, mee ëmmerhin, den Débat ass lancéiert.

E puer Veteranen erënneren sech un d’Walowender ganz am Ufank viru bal drësseg Joer. Nix war deemols mat vollen Halen wéi bei “Juncker on Tour”, déi eenzeg déi deemols do waren, waren d’Kandidaten selwer. Seele Kéieren huet ee Sympathisant oder Familjemember erageluust. Déi déi deemols dobäi waren, den Toff an de Fränz, laachen elo, wann si dorunner zreck denken, obwuel et mühséileg war, all Owend de Kollegen nozelauschteren wann si sech géigesäiteg scho nees de Walprogramm virgedroen hun. Et konnt een et net méi héieren. Dat hat awer ausdrécklech näischt mat der Qualitéit vun de Ideeën ze doen. 

Meng éischt Wahlversammlung hat ech 1979 erlieft. Deemols ware Chamberwahlen. Déi éischt no der bis dohin eenzeger an och duerno a bis elo, Legislaturperiod ouni déi Konservativ an der Regierung. Mäi Franséischproff vun dunn, huet sech deemols iwwer d’Regierung opgereegt “déi kréie keng Stëmm vu mir!” Hie war deck onzefridden. Ech hat du 14 Joer a wollt wëssen firwat déi eng net gutt wiren a wat déi aner génge besser man.  

Eng vun de Regierungsparteien, d’DP, hat eng Walversammlung bei ons am Duerf, deemols 140 Awunner, am Bistrot um rietsen Ufer vun der Wäisser Ernz, annoncéiert. Déi aner Regierungspartei hat just eng Affiche niewend d’Kierch op den offizielle Panneau gekliewt, grad wéi d’S.D.P. Iwwer dës Parteien, déi keng Walversammlung bei ons geplangt haten, hat mäi Brudder sech Informatioune besuergt. Hien ass och mat mir an d’Wahlversammlung gaangen. Mir haten ons geduecht, dass wa schon d’Regierung, wéinstens een Deel dovun, an d’Duerf kënnt, da werten vill Leit nolauschtere kommen. Ech war nawell gespaant. Mir hate Bloc a Bläistëft dobäi fir an der leschter Rei Notizen ze huelen. Just, déi lescht Rei war zugläich déi éischt. Mir waren déi eenzeg Interesséierter, niewend dem Wirt, ee bekennenden DP Mann an engem Stammgaascht, dee quasi do gewunnt huet. All déi aner Krunnemécke wollte näischt mat den annoncéierten Extragäscht ze dinn hunn. Ee vun de Kandidaten, hien war am Haaptberuff Directeur adjoint vum Dikrecher Lycée, huet ons de Programm explizéiert. Hien huet gegrinst, wéi hie mäi Brudder a mech gesinn huet, sécherlech well hien ons zwee béid als virbildlech Schüler a senger Schoul kannt huet. Wat hien ons verzielt huet weess ech haut net méi. Ech wosst et deemols och schon net méi um Wee fir heem. An der Walversammlung vun der gréisster Oppositiounspartei, beim Wirt um lénksen Ufer vun der Wäisser Ernz, war keng Plaz méi fir mech. Et war strubbelvoll. Suguer d’Krunnemécken aus dem Bistrot vun der aner Säit waren do. 

D’Walresultat huet gewisen, dass et wichteg ass fir Walversammlungen ze man, fir bei d’Leit ze kommen, well déi zwou Parteien déi bis bei ons an d’Duerf komm waren, ware no de Walen an der Regierung. Dat war deemols.

Elo si mir ons eens, déi Informatiounsversammlungen an de Quartierë musse sinn. Mir hunn déi gutt Hoffnung, dass d’Versammlungen dës Kéier besser besicht sinn, ëmmerhi ware mir elo sechs Joer an der Verantwortung. D’Leit wärten dat wat bis dohi gemaach ginn ass, mat deem vergläichen, wat mir deemols wëlles haten. Den Ëmgang mat ons wert méi kritesch ginn, d’Entscheedungen méi hannerfrot. Just aus der Oppositioun eraus soueren ass eng Saach, mat décidéieren an ausféieren eng aner. Elo géng verglach gin: Walprogramm vun 2005 mat dem Bilan 2011. Och géng verglach ginn déi gréng Prinziper an Ideeën an de Waasser am Wäin als klenge Koalitiounspartner, deen jo, sou déi geleefeg Meenung, ëmmer am Schied vum groussen, dominante Partner steet.

Mir sinn ons och eens, dass einfach de Wahlprogramm ofliesen net besonnesch attraktiv wert sin. Eng bling-bling Show entsprecht awer och net dem gréngen Selbstverständnis. Fir ee Film hu mir keng Suen. Dat bleiwt nach just den Diaporama. Vläit ë bësse méi raffinéiert wéi den üblechen Powerpoint. 

Awer dat ass nach alles wäit a fir unzefänken eenege mir ons op ee neien Text fir den Internetsite vun der Stater Lokalsektioun. A wivill Sprooche mir deen iwwersetzen, ass och nach eng Diskussioun wert. Leit vu ronn 150 verschidde Nationalitéiten wunnen an der Stad. D’Viviane rédigéiert den Text op Franséisesch, den August iwwersetzt ewn op Däitsch an Englesch, ech këmmeren mech déi lëtzebuergesch Versioun. Deemno meng éischt handfest Aktioun fir d’Barrièren opzeman.

Samsdeg, 19.6.2010 (476) Bei der Invitatioun fir de Kongress mam Sujet “Grénge Modell fir d’Zukunft” war an der Dokumentatioun ze liesen, dass eng Plaz fir de Parteirot fräi gi war, well ee Member geplënnert war. D’Kandidature fir de Posten sollte sech bis den 12.6. um Parteisekretariat eragereecht gin. Dat huet mir eng Idee gin fir eng weider handfest Aktioun a schécken eng Email un d’Sekretariat vun déi gréng.

An der Kongressdokumentatioun ass ee Miniportrait mat Foto vun den zwee Kandidaten, dem August Götzfried a mir. Den August schreiwt iwwer seng Mataarbecht an der Aarbechtsgrupp “Wirtschaft a Finanzen” an preziséiert, dass hien een Deel vum Text iwwer deen um Kongress ofgestëmmt get, matgeschriwwen huet. Ech schreiwen, dass ech zënter 1995 Member sinn an iwwer meng Mataarbecht a verschiddenen Arbechtsgruppen a mäin éierenamtlecht Engagement. Domat ass jo alles kloer an d’Leit wëssen fir wee si ofstëmmen sollen.

Moies virum Kongress ginn ech nach mam Mupp, dem Lola, schwaarz mat roudem Halsband, spazéieren. Do kënnt mir de Gedanken, dass ee sech méiglercherweiss och nach selwer um Kongress virun all de Leit présentéiere muss. Ech erënnere mech, dass dat bei anere Kongresser esou war. 

Fir z’üben, erzielen ech dem Mupp eng Parti Saachen iwwer mech, vun deenen ech mengen, dass si déi gréng Kollegen interesséieren an déi mech wielbar maache kéinten. D’Story muss stëmmen. D’Erfollegsgeheimnis an der Politik ass Geschichteverzielen. Mir fale fir zirka zeng Minutten interessant Geschichten an iwwer mech. An dat ass nach staark résuméiert, fannen ech. De Mupp fënnt, dass dat vill ze vill ass a ganz oninteressant. Hatt wëll gär, dass ech him de Bengel uerdentlech geheien, a Plaz hatt zouzetexten. Dëse muppeschen Desinteresse mus jo näischt heeschen fir herno.

d’Lola, de schwaarzen Hond mat sengem Bengel

Ech si mat Zäit virum Centre Culturel zu Bouneweg, kuerz duerno kënnt och den August. Mir grinsen a poteren mateneen, mir kennen ons jo aus de Versammlungen vun der Stater Lokalsektioun. Eng Kampfofstëmmung geet anescht un oder ass dat d’Zänn weisen ir et lass geet? Mir schreiwen ons op d’Präsenzelëscht a huelen ons Plaz. Ier de Kongress richteg ugeet, seet d’Sam Tanson ons, dass mir ons virstellen sollen awer net méi laang wéi 2 Minutten. No e puer versammlungstechneschen Formalitéiten gëtt den August op d’Riednerpult geruff fir sech ze présentéieren. Den August, a sengem agreablen, sonore bayreschem Bass, verzielt mat sengem däitsch-bayreschem Accent vu sengen daitschen-bayresche Originnen “ech sinn ee Bayer!” an hien ernimmt nach eng Kéier, wéi an der Dokumentatioun geschriwwen, seng Mataarbecht am g.t. “Aarbecht a Finanzen”, dee Gremium an deem während Wochen a Méint een Deel vum Strategiekongress haut préparéiert ginn ass.

Dann ass et u mir. De Wee op d’Pult ass wäit. Ech héiere just meng Schrëtt a mäin Härz klappen. Viru mir um Riednerpult deet sech ee giganteschen Bouquet vu Mikroën op. Ech kucken an de Sall: deen eenzegen Journalist dee schon do ass, d’Auer ass ëmmerhin schon zweestelleg, zwanzeg vir Zéng, sëtzt zu menger Rechter a kuckt op mech. De Kongressbureau, zu menger Lenker, kuckt op mech. D’Leit am Sall viru mir, kucken op mech a si all spëtzen erwaardungsfreedeg d’Oueren. Oha! Elo get eecht. Ech verzielen vum Kompostkoup an onsem Gaard deemols, viru méi wéi drësseg Joer, an dass d’Noper am Duerf onst dowéinst zu Kommunisten gemaach hun, vum Nitratgehalt am Drenkwaaser deemols, ech schwätzen vum ze groussen “ökologeschen Footprint” deen Lëtzebuerg haut hannerléisst a deen virun 4 Deeg vum nationalen Nohaltegkeetsrot virgestallt gouf. Ech soen, dass neierdéngs Atomkraaft nees “chic” get a probéieren dat vun deemols mat deem vun haut ze verbannen an stelle fest, dass sech net vill verännert huet a soen dass ech mech am Parteirot wéilt asetzen a matschaffen, fir dass et ee Stéck get. Deemno, ech de Mann no deem d’Welt verlaangt!

ee Bouquet voller Mikroën a (k)ee Volkstribun, 19. Juni 2010, Bouneweg, Kongress vun déi gréng

Ir d’Resultat bekannt get denken ech un eng golde Regel vum François Mitterrand, wat wielen a gewielt gin ubelaangt: et get dee gewielt, dee sengem Vollek deen Deel vun der Geschicht verzielt, deen d’Vollek grad an deem Moment héieren wëllt. Ënnert der Conditioun, dass hien de crédiblen Held dovun ass. 

D’Resultat war 42 Stëmmen fir den August, 29 fir mech. Dat ass bei déi gréng wéi beim Lola: beim Mupp heescht dat de Bengel ordentlech geheien, bei déi gréng gëtt deen erausgesicht, dee konkret eppes opzeweisen huet, d.h. den August  a säin Text iwwer dee geschwat am oggestëmmt gouf, een Text dee konkret Ideeën a Politik an der traditionneller Linn vun déi gréng d.h. Energie, Klima, Mobilitéit a nohaltegt Bauen, beschreiwt, am Géigesaz zu mengen vaguen Elucubratiounen. Meng Geschicht war net stëmmeg.

Am “ee grénge Modell fir d’Zukunft” stinn typesch gréng Ideeën, déi mir net midd ginn ze widerhuelen. An Zäiten wou Gewëssheete verschwannen, brauchen d’Leit politesch Responsabler a Parteien, déi op der enger Säit hirem Kär trei bleiwen an op der aner Säit et färdeg bréngen, hir Grondiwwerzeegungen an de Wandel wéi Zännrieder unëneen unzepassen. Wann een dat gutt erklärt a begrënne kann, da bleift een authentesch an z’ënnerscheeden vun deenen aneren. Dat ass net liicht. Dowéinst ass et wichteg ëmmer an ëmmer rëm ze widderhuele wat wesentlech ass. Wat de Kär ass a wéi et passt iwwer Kuerz, Mëttel a Laang.

D’Energieproblematik an d’Tatsaach, dass et bei de fossilen Energiequellen zu Enkpäss kënnt an d’Reserven op Dauer souwisou zreck ginn, stinn bei ons am Mëttelpunkt. Den deieren Euro par rapport zum Dollar huet während der Kris 2008 dat ganzt e Bëssen ofgefiedert. An Zukunft wert dat awer net méi esou sinn, dowéinst gëtt am Strategiepapeier virgeschloen, energieeffizient ze schaffen an erneierbar Energiequellen ze gebrauchen. Dat ass net nei, mee ka net dax genug widerholl ginn. An derer Logik ass et och richteg d’Energie fir d’Haushalter an d’Betriiber méi deier ze man. Dass erneierbar Energiequellen op laang Siicht de Verbraucher net méi kaschten, wéi blannemännersechs nei Atomkraaftwirker oder Kuelenkraaftwirker ze bauen an z’ënnerhalen, setzt sech eréicht lues a lues duerch. 

Dofir muss och, an dat hun déi gréng schon dax genug widerholl, den öffentlechen Transport ausgebaut an ëmorganiséiert ginn. Grad ewéi, dass d’Handwierk, d’Industrie an d’Banken a Richtung gréng Technologien sollen dirigéiert ginn. Dat suergt fir Optreeg fir d’Betriiber a  fir ee gudden Image, fir déi zu onrecht schlecht quotéiert Handwierksberuffer a manner zu onrecht, bei de Banken. Och net nei ass, dass déi gréng drophiweisen, dass “manner méi” si kann an ee qualitative Wuesstum besser ass, wéi just nëmmen vill, vill, vill… a virun allem méi Liewensqualitéit bedeit. Beim triviale Konsum soll ee spuren an de Staat soll och spuren. Dat ass net onsozial, kann awer esou interprétéiert ginn, dowéinst  musse mir an der Bescheiwung vun onser Zort Sozialpolitik nach besser gin, méi konkret a prezis. 

Konkret a prezis ass fir mech d’Resultat vum Vote fir de Parteirot no menger onkonkreter an onpreziser Ried. Et wiisst ee mat der Aufgab.

       Méindeg, 5.7.2010 (460) de Mouvement Ecologique an den Oekozenter Lëtzebuerg invitéieren op eng Konferenz mam Titel “Sichert ein Wirtschaftswachstum von 4% eine nachhaltige Entwicklung von Luxemburg?”. Den Dr Dieter Ewringmann présentéiert d’Resultater vun enger Etude, dono ass een Débat mat ënner anerem Robert Kieffer a Mike Mathias. Et gëtt gesot, dass 4% Wuesstum onméiglech sin wann een déi lescht 40 Joer kuckt. Et get geschwat iwwer ee prinzipiell intelligente Pensiounssystem, deen awer duerch politeschen Onsënn wéinst imaginairen Härtefäll hypothékéiert ginn ass an dass 2050 Schluss ass. Iwwer d’Tripartite gëtt gemengt, dass do eenëwee just kuerzfristeg Décisounen geholl ginn. Souwisou gëtt et keng nohalteg Economie, grad esou wéineg wéi eng nohalteg Bebauungspolitik: wann esou weider gebaut gëtt, sinn 2050 ronn 50% vun der Fläch vu Lëtzebuerg bebaut. Fir déi 4 Prozent Steigerung vun der Wirtschaft z’ereechen gëtt de Verkéier ëmmer méi an et ass net wouer, dass de Secteur tertaire net polluéiert. Wéi wir soss de lëtzebuerger Footprint den Equivalent vu 6 Ärden? Iwwerhat geet et drëms d’Qualitéit vum Wuestëm ze définéieren. Mir verbrauchen an onser Géigend bal déi ganz Ressourcen, fir d’Entwécklungslänner bleift just e bëssen. Firwat lauschtert keen deene no? Et geet ëm dat Grousst a Ganzt, grad wéi ëm dat Klengt a Partikulart. D’Zesummeliewen iwwer Kuerz, Mëttel a Laang. Global denken, lokal handelen. Een Job fir ee Buergermeeschter. 

Donnechdeg, 16.9.2010 (387) “Da kommt! Gitt mer Alles!” seet de Fränz streng a weist op d’Ziedelen déi virdu verdeelt gi waren an beschwat goufen. 

 “Wéi??? “ 

Ech sammelen alles nees an, net dass et an déi falsch Hänn kënnt. Et geet näischt mat eraus!” 

Oh Fränz! Du iwwerdreiws! Wéi soll dat dann an déi falsch Hänn kommen? Vun ons get dach keen eppes weider!” beschwéiert sech de Carlo Back

 “Neen! Ech soen iech dat geet méi séier wéi ee mengt. Et brauch ee nëmmen anzwouch een Ziedel leien ze loossen”.

Oh Fränz, wat soll da scho passéieren..?”

Dach! Dach! Ech soen iech, gidd mir dat, et ass besser esou!” 

All d’Leit am Versammlungszëmmer ginn dem Fränz hir Ziedelen zreck. Mir hate grad iwwer ee Papeier geschwat, deen d’Patricia an de Carlo préparéiert a présentéiert haten. Et geet ëm déi grouss Linnen vun der Campagne fir déi next Gemengewalen a méi wéi engem Joer. Dat ass zwar nach wäit ewech, trotzdem kann ee schon ee gewësst Kribbele spiren. Op mannst ech. 

Um Ziedel stinn déi wichteg Datumer vun der Campagne fir d’Gemengewalen am Oktober 2011. Mir sollen ons all déi Deeg am Kalenner fräihalen. Virdrun hat de Fränz erklärt, dass et wéinst dem Datum, kaum 4 Wochen nom Enn vun der Schoulvakanz, eng nawell kuerz awer intensiv Campagne géng ginn. Virun der Vakanz groussarteg eppes ze man, wir Zäit verbëdst, well d’Leit dat séier génge vergiessen, zumols wann eng laang Vakanz dotëschend ass. Dat gëllt net nëmme fir d’Reklamm, mee och d’Haaptsujeeën am Walkampf. Bis dohi ka nach vill passéieren. 

Mir leeën den Datum vun der nexter Versammlung fest a sichen een anere Raum fir ons Versammlungen. Et kommen ëmmer méi Leit an d’Versammlungen vun der Lokalsektioun. 

Méindeg, 11.10.2010 (362): Nach ronn ee Joer. Mir hunn dat beschtméiglechst Versammlungslokal fonnt, besonnesch wat de convivialen, kulinareschen Deel betrëfft. Mir sinn an der Casa Fabiana, dem Fabiana Bartolozzi sengem Restaurant mat biologescher Kichen. Schon nees si mir zu e puer méi. Ewell fänkt et un eng konkurrentiel Situatioun ze ginn. Ech hat nogekuckt: 27 Plazen sin op der Lëscht, d.h. bei ons déi gréng, 13,5 pro Gender.

No der politescher Aarbecht schwetze mir neess iwwer d’Walen, déi an emol net engem Joer sinn. De Fränz hat recht: et geet elo séier. Ee Gremium aus 4 Leit gëtt chargéiert fir d’Kandidaten eraus ze sichen fir op d’Lëscht. Mir sinn déi éischte Kéier an der Stad an der glécklech-onglécklecher Lag, fir méi gutt Kandidaten ze hunn, wéi Plazen op der Lëscht sinn. Vill aner Lokalsektiounen a Parteien beneiden ons dowéinst. Dës Findungskommissioun ass no grénge Prinzipien pariätéitesch besat: zwou Dammen, d’Sam Tanson an d’Viviane Loschetter an zwee Hären, de Carlo Back an de Fränz Bausch. All déi 4 Leit hu Liewens- a Walkampferfahrung. Ee gudde Choix. Ech spiiren ee gewëssent Kribbelen. Erfëllen ech d’Kriteren? Ons all schmaacht dem Kach seng Konscht. 

Donnechdeg, 2.12.2010 (310): Ronn 6 Méint no der Foto an 10 Méint virun de Walen, ass de Flyer scho färdeg, deen eng Brochure gin ass, mat mir als éierewerten Member vun der Sport a Fräizäit Kommissioun. 

een éierewerte Kommissiounsmember

Donnechdeg, 2.12.2010 (310): Ronn 6 Méint no der Foto an 10 Méint virun de Walen, ass de Flyer scho färdeg, deen eng Brochure gin ass, mat mir als éierewerten Member vun der Sport a Fräizäit Kommissioun. 

D’Foto vu mir ass awer net déi eenzeg wichteg Informatioun. Mir schreiwen iwwer eng ganz Rei Projet’en mat ganz gréngem Tatsch, déi an de vergaangenen 5 Joër réaliséiert goufen: de Vel’oh System, d’Passarelle vun Hollerech an d’Péitruss, Zone 30, Neierunge bei de Busser vun der Stad, de Programm mat Moossnamen fir Mobilitéit fir jhiddereen, d’Förderungen vun der Biodiversitéit, de Schutz vun de Quellen fir d’Drénkwaaser an der Stad, den Ausbau vum Accueil fir d’Kanner an déi gesond Ernährung an de Foyers Scolaires. Aner Projeeë si scho geplangt an ugefaangen: de Lift vum Pafendall an d’Uewerstad an de visionäre Projet vum Centre Hamilius. Op der leschter Säit proposéiere mir de Leit ons mat engem Don z’ënnerstëtzen a maachen een Opruff un d’Netlëtzebuerger fir sech fir d’Gemengewalen anzeschreiwen. Um Deckel ass de grénge Léif vu virum Stadhaus um Knuedler. Do wëll ech hinn. Een Ufank ass des Brochure an all Stater Haushalt.

Donnechdeg, 6.1.2011 (276) de Neijooschpatt vun déi gréng am “Independant Café” ass gutt besicht. Och vill Vertrieder vun der Press sin do: Zeitungen, Radio, Televisioun. D’Parteiprésidence, Sam Tanson a Christian Goebel, schwetzt nees Kloertext. Och d’Spriecher vun déi jonck gréng, Gina Arvai a Philippe Schockweiler formuléieren spatz an pikkeg. D’Reportagen owes an de Medien sinn a mengen Ae korrekt, just dass ech net dra ënnernimmt ginn. Firwat och? Wie sinn ech dann? Mee ech si net emol eng Millihonnerstelsekonn iergendanzwousch am Hannergrond op der Televisioun ze gesin.

Freideg, 7.1.2011 (275) .. oder an iergendengem Eck op enger Foto an enger Dageszeitung. Jo ech pakken et net emol virun d’Lëns vum gréngen Hausfotograf Dan Michels, stellen ech beim Bléck an d’Fotogalerie vun Internetsite vun déi gréng fest. Am “an d’Bild druddelen” muss ech nach besser ginn.

Mëttwoch, 12.1.2011 (270) Marc Angel, esou heescht der LSAP hire Spëtzenkandidat fir d’Gemengwalen. 

Donnechdeg, 13.1.2011 (269) D’Parkhaus vum Centre Culturel a Schwemm, mat Sauna a Fitness, zu Bouneweg gëtt ageweiht. Als Member vun der Sportskommissioun war ech och invitéiert. Ech si mat Zäit do. E puer Fotografe, Journalisten a soss Inviteeën si schons op der Plaz, notamment Kollegen aus der Sportkommissioun. Da kommen och d’Décideuren aus dem Schäfferot. Si si pünktlech, zu dräi an engem Déngschtauto. Routinéiert gi si hannert dem Bändchen a Stellung. Da fänken d’Positiounskämpf hannen- a niewend hinnen un. Och ech man mat. Ech wëll och op d’Foto. Ech rëffëlen mech no vir, am beschten an der Géigend vun de grénge Schäffen. Iergendwéi klappt et. Ech stellen mech op d’Fousspëtzen, mat 1,83m sinn ech soss net grouss genug fir och nach an der zweeter Rei gutt gesinn ze ginn. Ech gesinn d’Fotografen. Gesi si mech? Ech si gespaant op d’Foto an der Zeitung. Déi an der éischter Rei hun entretemps dat traditionnelt rout-wäiss-blot Bändchen duerch- an a Stécker geschnidden well verschiddener vun hinnen sammelen esou Aweiungsbänderchersschnëpselen.

No e puer kuerzweilege Rieden mat techneschen Détailer, do ginn et 152 Parkplazen, invitéiert d’Gemeng op ee Patt. Et seet ee Moien, stellt sech vir, et potert ee mat den anere Gäscht. Et kennt ee sech. De Spëtzekandidat a Gemengerot vun der LSAP laacht frëndlech, stellt sech vir a freet “Sidd Dir ee vun der Archtiketen?” – “Öh? Neen, just aus der Sportskommissioun, Paul Zens, déi gréng” – “Oh! Ech hat just gemengt…, well Dir gesidd mat Ärem Schal esou kreativ aus” erklärt hien a wuppsdech dréint hien sech ëm a geet. Mäin Hiweis, dass mir gréng och nawell kreativ sinn, kritt hien net méi mat, mäin Gegréngs hat de sympatheschen Här wuel erféiert. Ech hoffen op eng kreativ gelonge Foto an der Zeitung. 

Samsdeg, 15.1.2011 (267) : op der eenzeger Foto vun der Parkingsaweihung, déi mir ënnert d’Aën kënnt, gesäit een ëmmerhin een Deel vu menger héicher Stir, e bëssen Reschthoer um Kapp an de lenkse Bigel vu menge Brëll. Meng Progrés’en am “Mech-an-d’Bild-druddelen” sinn onverkennbar. De sympatheschen Här mat der Virléift fir Kreativitéit ass guer net op der Foto.

Méindeg, 17.1.2011 (265): D’Foreg Etude gëtt zu Bouneweg am Centre Culturel. virgestallt Ech si mam Velo do, déi meescht hun awer hiren Auto am neie Parkhaus. De Sall ass gutt gefëllt well e.a. Membere vun all de Kommissiounen sinn invitéiert an och soss vill Servicer an interesséiert Leit. Och d’Press ass do. Mir egal, ech si jo souwisou ni néierens op kenger Foto uerdentlech ze gesin.

D’Foreg Etude ass eng Bestandsopnam vun der ganzer sozialer Struktur vun der Stad Lëtzebuerg. Et ass fir d’éischt dass esou eng détailléiert Etude hei fir d’Stad gemaach ginn ass. Bis dohi waren just eenzel Aspekter analyséiert ginn an da nach. Dës Kéier sinn all déi sozial Elementer kombinéiert a vernetzt ënnersicht a Konklusiounen gezu ginn. Fir ee sënnvolle Sozialplang fir d’Stad opzestellen an ëmzesetzen ass et néideg eng gënee Iwwersiicht ze hunn. Esou eng Etude ass deemno een Instrument fir sozialpolitesch Problemer z’erkennen, ze benennen an ze léisen. Virun allem mat Zäit z’erkennen an eppes z’ënnerhuelen iert et dämpt an ier Populismus a Virurteeler opkommen bzw. Barrièren an Octroisheisercher opgeriicht ginn. Op et een Zoufall ass, dass d’Foreg Etude zu Bouneweg présentéiert gëtt? 

A wann een dat da gutt mécht, dann ass esou ee Plang och gutt fir d’Zesummenaarbecht vun all deenen, déi doru bedeelegt sinn, net nëmmen an der Administratioun a vun de verschiddenen Servicer, mee mir komme dann bei eng urgréng Fuederung, der Bedeelegung vun de Bierger. Als Sozialarbechter vu Formatioun a Beruf fannen ech dës Aarbecht héichspannend a si gespaant op de Sozialplang deen op Basis vun der Foreg Etude soll ausgeschafft ginn. Ech froe mech op och schon esou eng Etude op nationalem Niveau gemaach ginn ass? Net dass ech wéisst, et wir awer kee Feeler, wéinstens wat d’Zesummenaarbecht vun de ville Servicer ugeet.

Ech wees eemol net op ech iwwerhat op d’Lëscht komme vun déi gréng fir d’Gemengewahlen, trotzdeem werfen ech ee Bleck op d’Daten déi fir “meng” Walquartieren, à savoir Weimerskierch (geografesch, futtballistesch mee leider net sproochlech), Pafendall (sociokulturell, futtballistesch a biografesch well mäi Papp gouf um Sichenhaff gebuer) a Kierchbierg (multikultesch a laut Parkingsvignette), gesammelt goufen.

Der Etude no, ginn et am Pafendall an zu Weimerskierch nawell méi sozial “Indikatoren”, wéi um Kierchbierg, d.h. dat sinn éischter benodeelegt Staddeeler. Des Indikateuren hu mat der Zort vun Aarbechtsplaz a mat der Pei oder soss Akommes ze doen. Weider steet an der Etude ze liesen, dass d’Zuel vun den Awunner am Pafendall an de leschte Joeren quasi d’selwecht bliwwen ass, iwwerdeems zu Weimerskirch ronn 20 Prozent Leit bäikomm sinn, um Kierchbierg ronn 30 Prozent, also am Pafendall manner wéi d’Moyenne, zu Weimerskierch an um Kierchbierg, méi wéi den Duerchschnëtt fir déi ganz Stad. Wat d’Beruffsgruppen ugeet sinn am Pafendall, 60 Prozent Aarbechter, 30 Prozent  Employeeën an 10 Prozent Fonctionnairen. Zu Weimerskierch ass et ronn 40-40-20, iwwerdeems um Kierchbierg d’Relatioun opgeronnt 10-40-50 ass. Bal gläich ass an deenen dräi “Walbezierker” den Undeel vun Eenpersounenhaushalter, wéi ech der Foreg Definitioun no ee sinn, awer a Wirklechkeet net sin well mir sin zu dräi, d’Lola, d’Eliane an ech, ronn 35 Prozent, e puer manner zu Weimerskierch. Wat dat alles fir de méigleche Walkampf heescht? Keng Ahnung, mee interessant ze wëssen, fir am Bistrot mat ze schwätzen, do gëtt jo Politik gemaach, soe se.

Donnechdeg, 20.1.2011 (262) Haut an der Versammlung vun der Stater Lokalsektioun vun déi gréng sinn awer vill Leit! An eng Parti nei Gesiichter, fir mech nei Gesiichter. Entweder huet et sech, zu recht, rëmgeschwat, dass d’Kichen an der Casa Fabiana ganz gesond a ganz gutt ass oder et huet sech rëmgeschwat, dass eng Kandidatenfindungskommissioun fir d’Gemengewalen an 262 Deeg agesat ginn ass. Et gëtt ëmmer manner Plaz am Raum an op der Lëscht. 

Dënsdeg, 1.2.2011 (250): Neiduerf: de Schäfferot ass um Tour. An der leschter Versammlung vun der Lokalsektioun haten d’Viv an de Fränz ons recommandéiert an déi “Schäfferot on Tour” Versammelunge lauschteren ze kommen, fir z’erliewen wéi dat an esou Versammlungen ass, mat deene ganz verschiddenartege Leit am Sall, hire Froen, hir Remarquen, hir Manéier, hir Manéieren.  Walsammlungen wiren och e bëssen esou.

De Festsall ass gutt gefëllt. Méi wéi 100 Leit sinn do. De Buergermeeschter ass do, déi béid gréng Schäffen an zwee blo Schäffen, woubäi deen een nees éischter muss goen. Hien ass ee villbeschäftegte Mënsch a muss nach op Beggen een Cent-Buttek opmaache goen. Och e puer Gemengeréit si komm, vun der Majoritéit a vun der Oppositioun. Si setze mat deenen anere Nolauschterer am Sall. D’Présentatioun vum Bilan vum Schäfferot ass routinéiert. D’Ausféierungen vun de verschiddene Responsablen gi begleed an illustréiert vun enger Powerpointprojektioun. Bis dohin näischt Besonnesches. 

Déi fräi Aussprooch duerno ass méi lieweg. D’Froen an d’Propositiounen vun de Leit am Sall betreffe natiirlech hiren alldeeglechen Ierger mat der Gemeng, ugefaangen mat der Buslinn 14, déi wéinst engem Chantier deen ni färdeg ze gi schéngt, een ganz onprakteschen Tour fiirt. De François Bausch kennt de Problem an deen zoustännge Service ass am gaang eng Léisung fir geschwënn, hien préciséiert, vun Ufank Abrëll un, ze sichen. De Buergermeeschter fléckt nach dobäi, dass den Dauerchantier an der Strooss bei d’Tour Jakob ee Staatschantier ass an dass dat da méi komplizéiert ass, wéi ee Chantier vun der Gemeng eleng. Een aner Dauerchantier, deen an der Neiduerferstrooss, ass och onglecklech verlaf, wat déi Responsabel vun der Gemeng grad esou iergert, wéi en den Awunner aus dem Neiduerf op d’Nerve geet. De Buergermeeschter résuméiert nach eng Kéier wat do alles schif gaangen ass, virun allem huet d’Firma, déi den Optrag no der Soumissiounsprozedur huet missen uvertraut kréien, ebe grad dat Vertrauen net justifizéiert an sech net un dat gehalen huet wat ofgemaach war an am “Cahier des Charges” stoung. D’Resultat war een Akzident, ee Bagger am Lach, Geriichtsprozeduren, eng Faillite, eng nei Ausschreiwung, ee grousse Retard an virun allem, méintelaang vill Ierger.

Och vill Ierger maachen de Neiduerfer Leit d’Rives de Clausen, méi prezis, net déi Lokalen, Restaurant’en a Bistrot’en, mee deenen hir Gäscht, en Deel vun de Gäscht, déi déi mat ouni Manéieren, déi sech egalwuer parken an esou de Leit aus de Quartieren d’Parkplaze virun der Dir ewächhuelen, déi Kaméidi maachen, wa se heemginn, déi, well se voll si wéi eng Wissbei, sech immense fannen, déi vergiessen, dass wa si Nuets um Tour, sinn aner Leit schlofe wëllen, déi lustig bei nix haard blären a jäitzen, déi ruppeg laanscht d’Heiser pissen a katzen, déi hiren Dreck bei d’Neidurfer an d’Clausener an d’Gärt puchen, déi d’Autosdire klaken a mat Kavaléiersstart lass rennen. De Buergermeeschter seet, dass och do him d’Hänn gebonne sinn wann d’Leit net ee Minimum vun zivilen Dugenden hunn. D’Viviane Loschetter explizéiert, dass den Hygiènenedengscht vun der Gemeng souwisou schon Extratir do mécht a weisst drop hinn, dass ronn ¼ vun der Aarbecht vun deem Service dora besteet, d’Konsequenze vun de Leit hire schlechte Manéieren an Lidderegkeet, ewäch ze man. Mee effektiv, alles kéint d’Gemeng net maachen. 

Et ass een ongemittlechen Owend well net jiddereen esou charmant a léif sech zu Wuert mellt, wéi eng jonck Awunnerin, déi explizéiert hire Quartier gär ze hunn, gär do ze liewen awer d’Rücksichtslosegkeet vun verschiddene Rives de Clausen Gäscht net verdréit. Aner Leit, meeschtens der méi eeler, meeschtens Hären, furen nawell zolid duer. Hir Madame, déi se virdrun nach gestëppelt hat, ass da genéiert. Bewonnerswert wéi roueg a sachlech d’Schäffen bleiwen a wéi si hir Dossieren kennen. Op ech dat och géng esou hikréien?

D’Quartiersvesammlung a mengem Wahlbezierk in spe hunn ech iwwriens verpasst. Dat geet jo scho gutt un. Wéi soll ech mech dann do gewiichteg abréngen a gënsteg fir an 250 Deeg positionnéieren?

Samsdeg, 12.2.2011 (239) : Dat sympathescht u mir ass e.a. dass bal alles wat ech eng éischte Kéier maachen fir d’éischt emol net richteg maachen, zumindest geléngt et mir net esou wéi ech mir dat virgestallt hat, heiansdo geet et awer och richteg dolaanscht. Op et dorëms geet ee Bicheregal zesummenzebastelen, de Gaard ze gruewen, d’Schouljoer ze packen, ee Platten ze flécken, sech virun d’Kamera ze druddelen oder eng Vinaigrette ze maachen oder eng Ried halen ass, et geet ëmmer oder meeschtens net ëmmer fir d’éischt. Dat ass positiv ausgedréckt meng Zort “learning by doing”. Schon aleng dowéinst sinn ech optimistesch wat meng Kandidatur ugeet fir de Parteivirstand. Um Kongress virdrun hat et jo net mat dem éischte Versuch geklappt, fir an ee Parteigremium gewielt ze ginn. Haut ass nämlech mäin zweeten Versuch fir an esou ee Gremium. Haut ass de statutareschen Kongress vun déi gréng am Schlass zu Mamer. Do si Walen fir déi verschidden Parteiämter: Presidentin a President, Quästor, Parteivirstand (comité exécutif), de Parteirot (conseil du parti) an d’Kontrollkommissioun. D’Aufgab vum Comité exécutif, kuerz CEX, ass et d’Entscheedungen vum Kongress ëmzesetzen, politesch Initiativen ze huelen, de Budget opzesetzen, déi verschidden politesch Dossieren fir de Kongress ze préparéieren a fir d’Weiderbildung vun de Memberen vun der Partei ze suergen. Vill Éier, nach méi Aarbecht.

Een anert Element dat bei de Walen dës Kéier fir mech schwetzt, ass d’Tatsaach, dass mir just zu 5 Kandidaten si fir 5 Plazen, esou stoung et an der Kongressënnerlagen. Dat war bekanntlech bei menger éischter Kandidatur fir een Parteiamt anescht, nämlech duebel esouvill Kandidaten wéi Plazen, 2 fir 1 fräie Sëtz am Parteirot. Eng weider Hürd dës Kéier, nämlech iwwerhat 20 Prozent vun de Stëmmen ze kréien, trauen ech mir zou.

Dës Kéier sinn ech besser préparéiert well ech hun meng zwou Minutten Virstellungsried mengem schwaarze Mupp matt roudem Halsband e puer Mol beim Spazéieregoen verzielt. Hatt weess entretemps ganz gutt wien ech sinn a wat ech politesch esou denken. Hatt ass och ganz d’accord esou laang wéi ech him de Bengel uerdentlech geheien. E bësse méi strukturéiert ass dat ganzt och, hoffen ech. Dat wat ech nach net esou beherrschen, ass déi speziell Sprooch déi a Rieden gebraucht get, am genre “mir si frou dass der esou zahlreich erschénge sidd” oder déi Franséisichéierungen. Wuelverstan, de Riedner well mat der Sprooch manner d’Diskordanz an der Sprooch a seng multivalent Ausdrocksfähegkeet illustréieren, wéi villméi déi gedanklech Iwwereenestëmmung an der duebelsécherer Manéier fir d’Themen an d’Sujeeën ze beschreiwen, ausdrécken. Ech kann dat net. Den Toun bei mir soll locker-flockeg gehale sinn. Dat Ganzt mat esou wéineg wéi méiglech menger Zort Humor. Ee grénge Kolleg, de Guy, hat mech gewarnt “Pass op mat denge Witzer! Déi versteet net jhiddereen, scho guer net hei!”. Hien huet ee besonneschen Humor.

Haut si vill manner Mikroën do, dofir awer méi Parteimember um Kongress. Meng Présentatioun fänken ech domat un, dass ech als Bouf zudéifts beandrockt war, op der Tatsaach, dass mäi Papp Béier sacrifiéiert huet fir d’Schléken am Gaard vun der Zalot ewächezehalen, well si sin a Becheren mat Béier, déi niewend den Zalotekäpp an de Buedem vergruewen goufen, eragerutscht an dann ersoff. Dat war Mëtt de siwwenzëger Joren. Chemie hat bei ons Gaard näischt verluer. De Muck Huss an der éischter Rei grinst begeeschtert. Ha! Meng Aarbecht a verschiddenen Aarbechtsgruppen gëtt vun der Vollversammlung zur Kenntnis geholl. “Ech soen Iech Merci” Färdeg! Artlechen Applaus.

Et gëtt ofgestëmmt. An der Paus, nach ier d’Resultat bekannt gëtrt mengt de Guy “Also ech hunn et gutt fonnt, ech wees awer net op Jhiddwereen dat esou verstanen huet”. Hmmh?! An der Paus kréien ech verzielt, dass et och Leit ginn, déi d’Schléken mat der Schéier duerchschneiden. Dat ass ëmwelttechnesch ze vertrieden, ech froen mech just wat fir de Schlék méi grausam ass, obnubiléiert am Béier z’ersaufen oder zack an zwee geschnidden ze ginn? Chemesch futti gemaach ze ginn, ass fir kee uerdentleche Schlék eng Optioun. Trotz dem Kolleg senge Bedenken, sinn ech zouversiichtlech déi zwanzeg Prozent ze pakken. Effektiv ech schaffen ouni Problem des Hürd. Dass ech net all d’Stëmmen kréien ass normal, well ech stëmmen jo net fir mech selwer, dat mécht een net ënner Kollegen. Den Détail 1. Philippe Schockweiler (83 Stëmmen) 2. Manuel Huss (81 St.), 3. Roland Tex (80 St.) , 4. August Götzfried a Paul Zens 78. St. vun 88 méiglechen. Dat geet nach besser.

Dass ech wat Rieden halen ugeet nach een Léierbouf sinn, hunn d’Rieden dono a virdru gewisen. D’Parteipresident Sam Tanson huet am Ufank vum Kongress, inspiréiert un “Indignez-vous” vum Stéphane Hessel, ee staarken Opruff gemaach un d’Moral an der Politik.  Och de François Bausch huet sech kloer an däitlech ausgdréckt, wéi hien iwwer dat trauregt Bild vun der Regierung geschwat huet an déi gréng Meenung iwwer ee staarke Staat an den Index erklärt huet. De Claude Turmes ass och een trainéierte Riedner, seng Ausféierungen iwwer déi däitsch-franséisch Pläng d’Lounindexéierung ofzeschafen an d’Diktat vum däitsch-franséischen Duo quasi iwwer déi aner ewäch, si plastesch duerbruecht a liicht ze verstoën.

De Kongress ass trotz dee laangen Stëmmenzielpausen nawell séier färdeg. Mir sinn ons eens: d’Sam Tanson an de Christian Goebel gi quasi eestëmmeg zréck gewielt, de Christian Kmiotek gëtt grad esou däitlech neie Quästor. D’Kolleginnen am Conseil exécutif ginn d’Gina Arval, Josée Lorsché, Dagmar Reuter-Angelsberg Nadine Schmit an Tilly Metz. An de Parteirot ginn Caroline Hoeltgen, Patricia Taziaux, Monique Heinen, Irène Schmit a Renée Speltz-Kraemer bei den Dammen gewielt a des Hären: Dan Michels, Tom Köller, Carlo De Toffoli a Björn Lorenzen. Iwwerdeems Marianne Beissel, Daisy Varandas, Robert Rings an Théo Van Wissen an d’Kontrollorgan gewielt ginn. De Bilan vum leschte Joer gëtt guttgeheescht grad wéi zwou politesch Resolutioun iwwer d’Solidaritéit mat den demokrateschen Bewegungen an der arabescher Welt an fir ee grénge Opbroch zu Lëtzebuerg mat Ideeën a konkrete Vorschléi fir eraus aus der Petrollsfal, fir eng nohalteg Gestioun vun den öffentleche Finanzen, fir ee gerechte Steiersystem, fir eng besser reguléiert Finanzplaz zu Lëtzebuerg an an Europa, fir eng zukunftsorientéierter Ausbildungs- a Beschäfttegungspolitik, fir sécher Pensiounen, fir de Kanner Prioritéit an der Gesellschaft ze ginn, iwwerhat fir eng zäitgeméiss Gesellschaftspolitik, eng offen a partzipativ Gesellschaft a fir staark Gemengen. Dofir gëtt ee spezielle Walprogramm ausgeschafft. No e puer Fotoen geet et heem mat engem Parteiamt.

Comité exécutif 2011: vlnr: Manuel Huss, Marie Back, Philippe Schockweiler, Roland Tex, Dagmar Reuter-Angelsberg, Christian Kmiotek, Sam Tanson, Paul, ech, Josée Lorsché, Christian Goebel, Tilly Metz, François Bausch, Gina Arvaï, August Götzfried.

Méindeg, 28.2.2011 (223) Versammlung vun der Lokalsectioun. Des Kéier schwetzen mir iwwer d’Plaz an der Stad op der mir d’Kandiadten virstellen kënnen: Neen, net schon nees déi gréng Léiwen virum Stadhaus um Knuedler. D’Vel’oh’en, dee visibelsten grénge Projet vun de leschten Joren, geet och net, well si hu net déi passend Faarw. D’Kinnekswiss ass zwar schéin gréng mee huet iergendwéi ee schlechte Ruff, zu onrecht an trotz den Efforën. Den Tram ass och net méiglech, well dee gëtt et nach guer net. De Fränz schléit den Aldringer vir!

Deen ellenen Aldringer!” rifft den Toff a seet wat all déi aner denken. De Fränz explizéiert dass een dat soll am Zesummenhang mam Projet gesi soll.  Dat ass eng splendid Idee just, déi Plaz ass net schéin an dat Gebei vun der Verwaltung nach manner, do ass näischt grénges drun, elo, net emol Usazweis gi mir ze bedenken. “Ech soen iech, dat gëtt gutt” versëchert de Fränz. Mee wéi? froen mir ons an eenegen ons drop, dass dem Stéphane schon eppes afale wert a mir chargéieren hien mat der mise en scène vun der Kandidate- Présentatioun. De Stéphane ass an der Versammlung guer net do. 

Dono débatéieren mir iwwer den Datum wéini dass d’Kandidaten offiziel virgestallt ginn. Am beschten virun der Summervakanz, mee wéini? Virum Walkongress geet net, virdrunn huet et kee Sënn, well mir musse jo fir d’éischt de Programm fir dat ganzt Land présentéieren a dann erréicht lokal. De Fränz proposéiert, dass mir d’Kandidaten offiziel am Mee virstelle sollen, nom Kongress iwwer d’Gemengewalen. Verschiddener mengen dat wir ze fréi, bis dohinn hätten d’Leit et scho nees vergiess. Am Juli ass ze kuerz virun der Vakanz an da mécht jhiddereen iergendeen Ofschloss, ee Bilan, ouni déi vill Fester a Festercher ze vergiessen, déi d’Opmierksamkeet vun de Leit an de Journalisten opbrauchen. Am Juni sinn eng Parti vill mediatiséiert Sportsmanifestatiounen: d’Spiller vun de klenge Länner, zwar am Liechtenstein, mee eenorm wichteg fir onst Land, den ING-europe-marathon dann den Tour de Luxembourg, deemno d’Virspill vun de Schleckfestspiller e bëssen méi spéit am Tour de France. Verglach mat all deem, ass eng gréng Kandidatenlëscht net besonnesch sexy. Mir eenegen ons op den Donnechdeg, 12. Mee um 11.00. Mir all sollen ons deen Datum an den Agenda schreiwen oder de Smartphone antippen. Och, ass dat spannend!

Samsdeg, 5.3.2011 (218) Haut ass ee Seminaire iwwer de grénge Gemengewalprogramm, méi prezis, ee Kaderprogramm, un deem déi verschiddene Lokalsektiounen sech sollen inspiréieren an un hien lokal Gegebenheeten upassen. Deen éischten Entworf ass a 7 Kapitelen ënnerdeelt an huet dausend Zeilen. Dass am Entworf all d’Zeilen numerotéiert sinn ass ee schlecht Zeechen, well dat heescht, dass no grénger Manéier all Zeil, a Wuert a Buchstaf duerchdiskutéiert a laang a breed débattéiert gëtt. Dëst Dokument war an enger klenger awer renger Aarbechtsgrupp ënnert der Leedung vum Camille Gira, zesumme mam Gina Conter a Paul Ruppert ausgeschafft gin. Et soll eng Diskussiounsbasis sinn. 

Et ass eng Diskussionsbasis. Ech hat mir net esou vill an net esou gutt préparéiert Grénger erwaard an erhofft. All d’Erwaardunge ginn iwwertraff. De Versammlungsraum ass strubbelvoll, vun iwwerall aus dem Land koume gréng Leit, net just fir ze lauschteren a sech beriselen ze loossen, mee fir richteg a konstruktiv matzeschaffen. An dat op engem Samsdeg Moien. Heiansdo ginn zwar och Hoër gespléckt, meeschtens sinn d’Propostiounen gutt duerchduecht an am grénge Sënn. No e puer Stonnen Gedébattéiers si mir an der Halschend vum Dokument ukomm. Een zweeten Seminaire gëtt festgeluecht. Deen ass grad esou gutt besicht an héichwerteg. Ech si begeeschtert, éischtens iwwer déi gutt Viraarbecht, zweetens iwwer déi gehaltvoll Gruppenaarbecht. Mir si gutt opgestallt. Um Wahlkongress de 7. Mee gëtt iwwer dëse Kaderprogramm ofgestëmmt.

Samsdeg, 19.3.2011 (204) Kloer, dass mir och um 28e Festival des Migrations, des Cultures et de la Citoyennêté an der Lux Expo dobäi sin. Mir wëllen och dass esou vill méiglech Netlëtzbuerger sech aschreiwe fir wielen ze goen. Participatioun, eng urgréng Fuederung. Dat ass onsen Terrain, och wa mir vun der politescher Konkurrenz agekreest sin: vis-à-vis d’Frënn vun déi Lénk, lenks niewend ons ass der d’KPL hire Stand, riets d’DP, am Réck ass d’LSAP, e bëssen méi wäit erof sin déi vun der CSV. De Stephane Majerus hat dat ganz populärt Glécksradspill un déi gréng ugepassst. Wann ee Froen richteg beäntwert kann een eng Schreiw oder soss ee lëschtegen, pädagogesch wertvolle, grénge Gadget gewannen. D’Spill ass fir d’Kanner geduecht, mir fir d’Elteren, also fir mat hinnen an d’Gespéich ze kommen.

D’Kollegen vun déi Lénk vis-à-vis hun een Hightech Stand mat villen Ecran’en, Fotoen, Videoclipen iwwer sech, hir Aktivitéiten an hir Leit. Dat lakkelt Joncker. D’KP sëtzt prett do fir Froen an Äntwerten, iwwerdeems d’DP Loftballonë verdeelt. Den Ëmgang mam groussen Koalitiounspartner ass béidsäiteg respektvoll. D’Zesummenaarbecht war no baussen siichtbar gutt. Et huet sech eppes gedoen an der Stad. Mir si fei mateneen. De Xavier Bettel an de Patrick Goldschmit komme Moien soen, Shakehands, “Moien, Paul Zens, vun déi gréng.” – “Ah!” mengt de Xavier Bettel ”dat hätt ech elo no gewosst”. Genau dat ass mäi Problem, kee kennt mech, mee ech si jo erréicht um Ufank. Onëtz ze soen, dass de ganzen Medientross laanscht mech gewandert ass a net déi geringsten Notiz vu mir geholl huet.

Méindeg, 28.3.2011 (195) Haut ass Versammlung vum Parteirot mat um Menü e.A. Texter vum Walprogramm an Préparatioun vum Walkongress de 7. Mee 2011. Den Agenda vum Kongress get festgeluecht mat enger allgemenger Présentatioun, da 7 Beispiller vun grénge Projeeën aus Gemengen an deene déi gréng mat an der Majoritéit sinn. D’Amendementer zum Text wéi an de Versammlungen discutéiert gouf, sollen an engem CEX e puer Deeg virum Kongress nach eng Kéier duerchgeholl gin. Mir schwetzen och iwwer de Filmprojet fir d’Internet, de Kino an op der Télé. Mir hunn dee Film bei den hollänesche Gréngen entdeckt a mir därfen e fir ons Zwecker ëmgestalten. Dee get gutt! Anescht, eben ganz déi gréng.

Selbstverständlech fir déi gréng ass, dass mir de “Lëtzebuerger Aktiounskomitee géint Atomkraaft” matgrënnen.

Méindeg, 4.4.2011 (188) De Slogan vun der Walcampagne vun déi gréng gëtt vun de Parteipresidente Sam Tanson a Christian Goebel an der Casa Fabiana virgestallt an erklärt: D’Welt steet haut viru groussen Erausfuederungen: d’Energieversuergung, de Klimawandel, de Schutz vum Drénkwaasser. Des Erausfuederungen verlaange besonnesch Opmierksamkeet a positiv Äntwerten. Fir ons, déi gréng, sinn d’Gemengen méi wéi just een Sericeprovider fir d’Bierger. Si sinn een Haaptakteur fir Liewensqualitéit fir d’Leit, well si kënnen de Kader setzen fir eng nohalteg Gesellschaft. Do gi politesch Akzenter gesat, no bei de Leit. Si sinn verantwortlech fir d’Entwecklung op hirem Territoire: si kréien dofir als éischt mat, wann et de Leit méi schlecht geet, sozial a ekonomesch. Si kënnen op spezifesch Situation séier réagéieren. Kuerzfristeg ouni dat mëttel- a laangfristeg ze vergiessen. Eben nohalteg.

“Besser liewen” ass de Slogan deen dobäi passt a dofir dee vun der Campagne. Op dës grëffeg Formulatioun hate mir ons an enger Versammlung vum Parteirot gëeenegt. Diskussioun doriwwer hat gemooss un der Zuel vu Wieder am Slogan an am Verhältnis zu den Diskussiounen an de Seminiaren iwwer de Kaderwahlprogramm nawell laang gedauert an trotzdeem net laang, knapps eng hallef Stonn. Mir haten de Choix tëschend 5 Motti. Déi aner honnert waren schon virdrun am grénge Creativgremium net zreckbehale gin. Mir hu “besser liewen” geholl, well déi aner Sloggien och hätte kënnen vun aneren Parteien gebraucht ginn, dëse net. 

Domat ass alles gesot!

Owes hu mir nees Versammlung vun der Lokalsektioun. Den éischten Punkt um ordre du jour ass “bienvenu aux nouveaux membres et sympathisants”. Mir kréien ëmmer méi nei Member. Hoffentlech ass dat net just ee Stréifeier no Fukushima. Hoffentlech wëllen déi net och all Buergermeeschter ginn.

Mir schwetzen nach allgemeng iwwer d’Organisatioun vun der Lokalsektioun a méi prezis wien wat mécht en vue vun de Wahlen. De Punkt get gemaach iwwer Virbereedung vun der Campagne, iwwer den Agenda, den Timing, d’Zort vun Communicatioun, de Film fir d’ganzt Land, de Projet vum nationale Kaderwahlprogramm a dat ganzt ëmgesat an ugepasst fir ons an der Stad. D’Communicatioun ass wichteg, essentiel awer ni ee Selbstzweck. De Fong ass, fir ons, déi gréng, dat Wesentlecht. D’Leit wëssen schon d’Differenz ze man tëschend engem origenellen Slogan ouni eppes dohanner an Substanz. Et ass awer nach ni een ouni Campagne gewielt ginn. Woubäi eng Campagne jo méi ass wéi just d’Communicatioun via Affichen, Déplianën a Filmercher. Et ass och och eng Fro vun zevill oder net genug, vun der Reaktioun op Evenementer mat deenen ee net gerechent hat, mat net oder ongléckleche Reaktiounen. Et ass eppes spannendes, eppes wat schwéier viraus ze gesin ass, mat Falen an Hindernisser. Ee Catalyseur dee beschleunegt: wann et gutt geet, dass ee gewënnt, wa schlecht, dass ee verléiert. Spannend! Spannend!

Méindeg, 25.4.2011 (167) Manifestatioun zu Cattenom, géint d’Atomzentral vu Cattenom a net nëmmen géint déi vun do, 25 Joer nom Akkzident am Atomreaktor zu Tschernobyl. Natiirlech sinn ech och dobäi. Éischtens ass et fir mech als Member vum CEX selbstverständlech, dass ech bei der Organsiatioun vun der Manifestatioun eng Hand mat upaken, zweetens, ass et natiirlech eng gutt Geleeënheet fir intern Reklamm fir mech ze maachen. Dausenden Grénger versammelt! Wou huet een dat soss schon? 

Ech si pünktlech op onse Rendez-vous. Ronn 20 Leit sinn um Site direkt niewend dem Reaktor vu Cattenom. D’Police ass am Moment nach kloer an der Majoritéit. Déi héich Killtierm gesi vun no nach méi onheemlech aus, wéi vu menger Wunneng aus, vun do gesin ech den Damp vu wäitem. Esou no ass nach manner rassurant. Bis ech gewuer gi, wat meng Aufgab ass, dauert et e bëssen. Deen deen de Ziedel huet wou dat dropsteet ass nach net do, mee si hunn him awer schon ugeruff. Hien ass och schon op a schon ënnerwee. Hoffentlech sinn déi vun der Anlag hannert dem Zonk besser coordonnéiert, déi next 25.000 Joer.

Meng Aufgab ass net grad eng exposéiert: zesumme mat engem anere Pol, sinn ech fir ee Parking zoustänneg. De Parking P0, dee ganz hëneschten Parking. Ganz um Enn vum Site, wäit ewäch vum Podium, de Stänn, der Aktioun, de Leit. Ier d’Leit hiren Auto bei ons parken, ginn all déi aner Parkinge gëfëllt, P3, P2, P1. Mir sëtzen a stinn a waarden. Hannert enger Heck stinn eng Dozen martialesch verkleedete Policen. Si beäugen ons misstrauesch. Gesinn ech aus wéi ee Kravallmècher? Ech kucken streng zréck. Déi éischt Stonne gëtt onse Parking kaum gebraucht. Déi meescht komme mam Bus, dat ass och gutt esou. Mir, de Pol a Paul, verzielen ons Geschichten, grénger, privater, berufflecher. Mir ginn ons Kaffee a Kichelcher sichen. D’Sonn schéngt. Lues a lues fëllt sech och onse Parking. Et kommen ëmmer méi Leit. De P0 ass huerteg voll. Duerno ginn d’Autoen laanscht Strooss geparkt. Et héiert ee knapps d’Musek an d’Rieden, mee deemno wéi de Wand kënnt, héieren mir op onsem ultimative Parking déi gutt Stëmmung ënnert de 4.500 Manifestanten, dohannen. Ee Polizist um Motorrad vernennt ons, mir missten d’Autoen anescht parke loossen. Seng Kollegin seet d’Autoen stéinge gutt esou. Déi franséisech force de l’ordre si sech net eens. Ech denken baang un déi franséisch Koordinatioun bannent dem Zonk. Alles klärt sech op, de Prefet huet alles erlaabt.

Déi martialesch Polizisten verschwannen hannert der Heck. Wat solle si dann och hei bei ons maachen? Hei ass weider keng lass. Net hei. Hei ass keen ausser ons zwee Parkwiechter an de Séi niewendrun. An deem Séi därf ee weder fëschen nach schwammen, steet op engem Schëld. Firwat eigentlech? Dobäi ass d’Waasser dorann dach e puer Grad méi waarm an d’Fësch méi deck. Ech froen mech op se schon e bësse virgewirmt sinn a käimfräi? 

D’Leit man sech op den Heemwee. Elo musse mir och nach de Verkéier regelen. D’Strooss ass fir d’Feier des Tages vum Prefet an ee sens unique ëmgewandelt ginn. Dat verstin net all d’Leit. Alles verleeft fridlech. Owes op der Televisioun kann ech kucken wéi et war.

Dënsdeg, 26.4.2011 (166) Antiatom Manifestatioun op der Clairefontaines Plaz, tëschend de Ministèren. De Pol as och nees do. Mir krute gréng Fändelen a postéieren ons e puer Meter virum Podium. Niewend a tëschend vill aner Leit mat Fändelen, Banner, Schëlder. All géint de Nucléaire. Et ass schon verwonnerlech ze gesin, ween neierdengs géint Atomkraaft ass. Dem Henri Kox seng Ried ass kloer an däitlech an op de Punkt. Hien erënnert drunn wéi et deemols ugaangen ass, a wien den Original ass.

All vernüftege Mënsch ass géint Atomkraaft

D’CSV stellt hir Lëscht fir d’Stad vir. 

Freideg, 29.4.2011 (163): Als Member vun der Sport- a Fräizäitkommissioun sin ech op d’Réouverture vum Stater Cercle invitéiert. D’Rénovatioun huet 5 Joer gedauert an 21.000.0000 Euros kascht an ass ganz gelongen. Mat méi wéi honnert Joer kann ee sech jo och uerdentlech liften a straffe loossen. Dat man anerer scho vill éischter. De Cercle ass vun Ufank un fir déi verschiddensten Zwecker gebraucht gin, Empfäng vu Staatsgäscht, Sëtzungen vun dichtegen Gremien, Concert’en, mondaine Evenementer wéi Maskebaler, Spektaklen a Boxmatcher. Dat soll elo esou weidergoen, mee mat moderner Technik a nach méi. No de Rieden, get et eng Danzeinlag an ee Patt. E ganze Koup Leit, déi ech just vun de people Säiten aus de Magaziner kennen, sinn do. Op déi Säite wëll ech och. 

Samsdeg, 30.4.2011 (162): Haut ass den offiziellen Fotoshooting fir d’Walcampagne, awer nach ass net bekannt, wien alles fir op d’Lëscht proposéiert gëtt. De Versammlungsraum fëllt sech. Et kommen der ëmmer méi, mir musse Still siche goen a no beiëneen réckelen. An der Stad ginn et dem Artikel 5 vum Gesetz vum 13.2.2011 no, dat dat modifizéiert Gemengegesetz vum 13.12.1988 modififizéiert an dat dat modifizéierten Walgesetz vum 18.2.2003, modifizéiert, 27 Memberen am Gemengrot deemno 27 Kandidaten. De grénge Prinziper no ginn déi schéin pariätéitesch opgedeelt, Männlein und Weiblein, dat mecht der 13komma5 pro Gender. A Gedanken ginn ech d’Lëscht duerch: also gesat si menger Meenung déi déi am Gemengerot  respektiv Schäfferot sinn, et sief si wéilten net méi, mee dat kann ech mir net virstellen. Och op d’Lëscht kommen déi, déi schon déi leschte Kéier op der Lëscht waren, huelen ech un. Et sief si wire geplënnert, gestuerwen oder net méi aktiv. Fir dann d’Lëscht opzefëllen, ginn déi geholl, déi aktiv sinn, zum Beispill an enger Commissioun. Ech kucken rondrëm mech: dat sinn der wäit méi wéi 13komma5. 

Jhiddereen soll sech nach eng Kéier virstellen, well et sinn och Leit do, déi ech virdru nach net gesinn hunn, mee d’Stater Lokalsectioun huet bal zweehonnert Memberen, do kann ee se net all kennen. Fir d’éischt stellt d’Viviane Loschetter sech vir, dann ass et u mir. Dat kann ech entretemps, zumols hei wou mir ënner ons sinn. A menger Improvisatioun orientéieren ech mech un deem wat d’Viv gesot huet, Numm, Quartier, Schaff, Aarbecht fir déi gréng, deemno: mäin Numm ass Paul Zens, wunnen am 3-Quartiers Eck Weimerskierch-Kierchbierg-Paffendall, sinn zënter 1995 bei déi gréng, sinn am CEX an a verschidden Aarbechtsgruppen, ….”-“an de Rescht kënnt der a mengem Buch liesen” rifft een aus der Ronn a de Raum an dat war, den Toun mecht d’Musik, net léif gemengt. Ech si rouëg. Et ass rouëg am Sall. Ech soen Merci. Et ass um Nexten. Dee seet säint, gëtt net ënnerbrach. Keen dee sech no mir virstellt gëtt ënnerbrach, obschon si net méi soen wéi ech awer scho guer net manner. Et ass waarm am Konferenzzëmmer. Et misst eemol d’Fënster opman.

Duerno schwetzen mir iwwer d’Walcampagne, d’Flugblieder, Texter fir den Internetsite. D’Viv an de Fränz widerhuelen, dass si eng nei Zort vum Walkampf erwaarden. Wann een an der Verantwortung war bidd ee méi Ugrëffsfläch. Déi aner, politesch Géigener an d’Leit soss, wärten dat net ongenotzt loossen. Op mannst wärten se alles probéieren. Dat gehéiert dozou. Mir si gewarnt awer och préparéiert an hu vill Argumenter op onser Säit, well de Bilan vun dësem Schäfferot ass gutt an de gréngen Input stëmmt och.

Dat mat der Foto ass séier gemaach. E bësse Pudder op déi héich Stir, op d’Geheimratsecken an d’Nues. De Fotograf ass ee richtege Profi, hie weess wat hie mécht, hien gëtt frëndlech e puer Instructiounen, dohin stellen, duer kucken, laachen, knips, knips, knips. Op hien och schon esou flott Moossen wéi d’Thorunn geknipst huet? Elo huet hien mol mech ofgeliicht. Mir eenegen ons op déi éischt vun de sechs Fotoen als déi déi spéider, wann ech sollt zu den Auserwieltenen gehéieren, iwwerall d’Stad méi schéin maache soll. Ech hunn extra drop opgepasst net zevill ze grinsen an d’Zänn ze weisen, well soss kritt een d’Zänn schwaarz gemaach op der Affiche. Dat weess ech nach vu fréier, wéi ech selwer ee Stëft dofir hat. Ee Schnutz oder ee Baart kann ee jo ewechraséieren.

No der Versammlung furen de Guy an ech mam Velo heem, mir schwetzen iwwer dëst an dat. Bei enger rouder Luucht platz et aus mir eraus “Also ech si gespaant ween alles op déi Lëscht do kënnt” – “Wéi wees du dat net?” – “Neen! Du?” – “Also ech si net drop”. Him hat d’Viv am Laf vum Moie Bescheed gesot. Dobäi hat ech mat him gerechent als Kierchbierger Urawunner. Ee Konkurrent manner. Eng grausam Astellung méngersäits. Ech ërënneren mech drun, dass virun e puer Wochen oder Méint de Fränz zu mir gesot hat ech sollt mir den 12. Mee fräihalen well da jo d’Kandidate virgestallt ginn. Jo, sot hien, dat well ech als Kandidat a Fro kommen oder fir ze hëllefen d’Dekoratioun op- an ofzeriichten, esou wéi ech dat aus dem Benevolat gewinnt sinn? Nach 9 Mol schlofe bis d’Kandiatenkür.

Dënsdeg, 3.5.2011 (159) d’Viviane Loschetter présentéiert de ganz neie Label “Sécher Spillplaz”. All Spillplaz gëtt e puer Mol am Joer eenzel iwwerpréift a getest op se sécher ass. D’Présentatioun ass zu Weimerkierch, a mengem Quartier, an deem Quartier an deem eng improviséiert, wéineg benotzte Spillplaz, duerch zwou neier, zertifizéierter, nobäi, mat Multisportanlagen, ersat gouf, a Wunnraum geschaaft ginn ass am Kader vum Baulückeprojet. Zwou Neier fir eng Al. Eng gutt Affair.

Owes am CEX discutéieren an aviséieren mir e puer Amendementer, déi fir de Wahlkongress eragreecht goufen. Een ass besonnesch interessant an dowéinst kréien mir ons net geenegt, et ass deen iwwer d’Biergerhaushalter, eng Form vun konkreter Participatioun, déi ganz wäit geet. Besonnesch ons Leit déi politesch Responsabilitéit hunn, zécken. Déi wichtegst Viraussetzung fir dass déi Idee kann ëmgesat gin, ass d’Enagagement vun de Bierger. De Virdeel dovunn ass, dass dat politescht Engagement zu konkrete Resultater féieren kann. De Schwaachpunkt ass, dass d’Leit sech engagéieren mussen, dat sinn d’Leit hei am Land awer guer net gewinnt. Iwwerhat misst sech beim Biergerhaushalt ëmgewinnt ginn, well et kommen jo méi Informatiounen zesummen, déi berücksichtegt musse ginn. D’Gemengenresponsable musse léiere mat de Virschléi vun de Leit ëmzegoen, iwwerdeems d’Leit musse léieren Propositiounen ze maachen, déi réaliséiert kënne ginn an déi iwwer de futtissen Trottoir eraus ginn. Mee dat ass nei an eppes hefteg fir hei. De Wieler soll ee net erféieren, schockéieren, mee fir d’éischt virbereeden an explizéieren. Zu Rio get et dat schon an och zu Tréier.

Samsdeg, 7.5.2011 (155) Walkongress zu Jonglënster. Et ass scho gutt, dass mir esou ee grousse Sall réservéiert hun, well ech war nach ni op engem Kongress vun déi gréng, deen esou gutt besicht ass. Wéi d’Sam d’Zuel vun de Leit bekannt gëtt, déi fir de Kongress agschriwen sinn, si mir déck houfreg op ons an applaudéieren ons voller Begeeschterung. 

Virdrun hat de Christian Kmiotek, President vun der Jonglënster Lokalsectioun eis all do Wëllkomm geheescht an e puer lokalpolitesch Piken geschoss, rhetoresch versteet sech. 

Duerno hu mir ons géigesäiteg inspiréiert, de Kaderwahlprogramm gutt geheescht, ouni ze streiden an ze diskutéieren. 1016 Zeilen, besser liewen fir Lëtzebuerg.

Gemengewalkongress zu Jonglënster: vill gréngs

Méindeg, 9.5.2011 (153) E puer sinn der schon viru mir do. Haut ass ons Lokalversammlung an engem italieneschen Restaurant op der Paräisser Plaz. Mir sinn ënner ons. Nach ni hun ech esouvill Parteikolleginnen a Parteikollegen aus der Lokalsektioun zesummen gesinn. Ee Punkt steet um odre du jour: d’Lëschtekandidatenfindungskommissioun proposéiert hire Choix, duerno sollen d’Memberen aus der Lokalsectioun ofstëmmen. Mir solle rondrëm engem grousse Dësch Plaz huelen. Wann deen eenzege Punkt vun der Dagesuerdnung évacuéiert ass, soll et ee gemittlech, gesellegen Owend ginn, bei italienesche Spezialitéiten, italieneschem Wäin a Waasser.

Ech sinn immense opgereet a fannen dat alles ganz spannend, net nëmmen well d’Thorunn an d’Runa niewend mir stinn, mee och well ech jo geschwënn gewuer gin op ech zu den Auserwieltene gehéieren. Geet mäi Liewenswirk vu bis elo, mäin Engagement, meng Vitae, meng Story duer fir ee vun den 13komma5 ze sinn.

Iwwer d’Zesummestellung vu Lëschten héiert ee su Munches queesch duerch all d’Parteien, ugefaange mat de Schwiregkeeten iwwerhat genug Kandidaten ze fannen, ee Problem dee mir net hunn. Soss béis Zongen soen, d’Mandatsträger génge sech geféierlech Konkurrenz innerhalb vun der Partei vum Hals halen andeems se schwaach Kandidaten op d’Lëscht setzen. Mee mir, déi gréng, si jo net wéi déi aner, mir man dat net.

Et ginn och méi objektiv Kriteren zum Beispill geografescher, d.h eng intelligent Verdeelung an all de Quartierën an am Verhältnis zu der Wielerzuel vun de Quartierën. Sozial Kritere wéi de Beruff, den Alter, d’Nationalitéit gëlle grad esou wéi och d’Präsenz allgemeng an der Gesellschaft, am Quartier an och d’Crédibilitéit par rapport zu der Partei an den Ideeën vun der Partei, den Asaz fir d’Partei, d.h. déi gutt Saach. Esou eng Lëscht soll ee sënnvoll Ganzt sinn, glaawwiirdeg sinn an de Wieler uschwetzen. Ouni Wieler, keng Stëmmen a keen Afloss.

Virun der Propositiounsprésentatioun erklären d’Viv an de Fränz, dass déi Leit déi net zreck behale gi sinn och gutt Kandidate gewiecht wiren, mee des Kéier hätt een die Qual der Wal gehat, d.h. d’Findungskommisssioun hätt et liicht gehat, wéinst de ville gudde méigleche Kandidaten, si hätt et anereresäits schwéier gehat, well et eben ëmmer schwéier fällt engem ofzesoen. Si betounen, dass all, och déi, déi net berücksichtegt goufen hir Qualitéiten hun. Awer et kënnen der just 27 sin, 13komma5 x 2.

D’Kandidate ginn, wéi dat eben esou üblech ass, dem ABC no virgestallt. Dass ech mech beim deem Prozedere muss gedëllegen, sinn ech gewinnt, och wann ët ganz spannend ass. Ech erwësche mech, wéi ech heemlech matzielen, sou wéi deemols an der Schoul, wann de Proff, ier en déi verbessert Prüfung ausgedeelt huet, fir d’éischt nach d’Zuel vun de Datzen verroden huet, mat der Nuance, dass ech elo wëll dobäi sin.

Also, pariätéitesch opgedeelt mecht et bei 27 Startplazen, salomonesch 13komma5 Plazen pro Gender. D’Viv stellt d’Dammen vir, do zielen ech de Countdown awer net mat well ech sinn ze opgereegt a kréie mech soss net konzentréiert. Ech si net multi-task. Bei all Numm get et nach eng kuerz Erklärung. De Fränz présentéiert d’Bouwen.

Nach 12 Plaze fräi

Nach 11 Plaze fräi

Nach 10 Plaze fräi

Nach 9 Plaze fräi

Nach 8 Plaze fräi

Nach 7 Plaze fräi

Nach 6 Plaze fräi

Nach 5 Plaze fräi

Nach 4 Plaze fräi

Nach 3 Plaze fräi

Nach 2 Plaze fräi

Nach 1, eng, eng eenzeg Plaz fräi, elo get et enk.

Et bleiwen nach d’Buchstawen T, U, V, W, X, Y. Firwat huet d’ABC esou vill Buchstawen? Ech kucken rondrëm mech. D’Sam, Patricia, d’Tatjana an d’Simone si ganz kloer Fraen. 

Et ass och entretemps keen erakomm.

Am léifsten géng ech ënnert den Dësch kucken, mee dat geziemt sech net.

Den X dauert éiweg. Beim Koalitiounspartner hunn se ee mat X, mee dat ass deem säi Virnumm. 

Y! Y! Y! Y! Ech kennen Memberskartei an déi bal 200 Leit an der Stater Lokalsektioun net auswendeg. 

Et ass jo, net dass ech wéisst, keen, esou wéi et am Artikel 192. 3° Paragraf vum Gesetz vum 13.2.2011, dat dat modifizéiert Gemengegesetz vum 13.12.1988 modifizéiert an dat dat modifizéierten Wahlgesetz vum 18.2.2003, modifizéiert, steet, bis de 14. März 2011 séier an d’Stad geplënnert an huet zënter deem seng ordinaire Residenz do?

A wann dann elo ee sech virun zwou Stonnen gemellt huet, ee prominenten, een absolute nohalteg, glawirdegen Ökolog, dee vläit keng Parkplaz fir de Velo fonnt huet an dowéinst nach guer net am Sall ass,?

Et ass jo och net méiglech, dass, dass, dass … endlech fällt mäi Numm “de Paul” a meng besonnesch Qualitéiten gi kuerz ëmrass: meng offensichtlechst Kompetenz läit am Sportberäich, all meng aner Talenter si nach onentdeckt. Dat ass gutt esou well besser ënnerschätzt am Ufank, et muss ee sech steigeren kënne mat der Aufgab, zum Schluss, wann et drop ukënnt.

Spéitestens wann ech Buergermeeschter si, komme se zum Virschäin. Eng Endorphinepoussée laang fillen ech mech als Buergermeeschter. Ob onse gemeinsamen Virnumm ee gutt Zeechen ass?

Meng Freed ass grouss awer bis zu der offiziellen Présentatioun vun der Lescht en Donnechdeg därf ee Kengem net eppes näischt soen, dobäi ass déi schéinste Freed déi gedeelte Freed, mee an der Politik kënnt et och op déi richteg Taktik un.

Meng Campagne fir d’Stad

Eng Walcamapagne gëtt gemaach fir d’Saachen a Bewegung ze setzen an de Walflux, deen an all d’Richtungen geet, an déi richteg Richtung z’orientéieren. D’Erausfuederung ass erausfanne no watfir Critèren d’Wieler sech décidéieren. Wéi grouss ass beim Vote, den Undeel vun de Programmen, den enjeu an d’Perséinlechkeet vun de Kandidaten? Ass d’Sympathie oder dach Adhésioun bei Walen ausschlaggebend? Geet et am Land vum Panchage duer, dass de Kandidat gutt ukënnt a sech iwwerall weist? 

Donnechdeg, 12.5.2011 (150) Mir haten Enn Februar op enger Versammlung vun de Lokalsektioun de Stephane mandatéiert sech fir d’Mise en scène  eppes afalen ze loossen. Hien hat: ee Riesepouster mat dem neie Gesiicht vum Centre Hamilius deen déi momentan manner flott Plaz verdeckt, als Hannergrond, mir sti virdrunn. Mir, dat sinn all d’Kandidaten. D’Viv an de Fränz erklären d’Symbolik: als éischt Zil ass et der Hapstad een neien Elan ze ginn, dat kombinéiert no de Prinziper vun der nohaltger Entwecklung. De neien Hamilius steet dofir: richteg Mobiliéit, d.h zu Fouss, mam Velo, de Stéphane huet dofir extra ee Cycliste op d’Bild agebaut, am Hannergronn den Tram, zesumme mat Bauten mat héigem ekologeschen Standarën, eng attraktiv Mëschung vun Wunnengen, Bureauën, Geschäfter. Dëst steet zesummen mat den “espaces publics”, fir een neit Gesiicht vun der Stad, open, accueillant, geselleg. Ouni déi ze vergiessen, déi spéider hei sinn a liewen, d’Kanner. Mir wëllen, dass esou d’Stad eng Plaz gëtt fir besser ze liewen.

Duerno ginn d’Kandidaten ee nom anere virgestallt, dem ABC no. D’Vertrieder vun der Press, déi Geschriwwen, Radio an Televisioun, notéiere sech alles. Et gëtt gefilmt a geknipst. Si kréien ee Flyer mat virdrop engem kuerzen Text, an der Mëtt de Fotoen vun ons all an hannendrop nach een Opruff un d’Net-Lëtzebuerger sech fir d’Walen an ze schreiwen an een Appel fir all Mënsch, fir ons mat engem Don zënnerestëtzen oder Member vun ons, déi gréng, ze ginn.

Den Hamilius ass eng Plaz mat vill Verkéier vun allen Zorten: Auto, zu Fouss, Velo, Bus. Déi meescht Passanten gi laanscht, kucke vläit kuerz, si hu Besseres ze dinn. E puer Wéineger bleiwe stoen. Een eeleren Här freed de Fränz op hie mam Velo komm ass. “Nee, zu Fouss vun der Gemeng” äntwert de Fränz “do steet awer mäi Velo” préziséiert hien – “Ah! Dann ass et gutt!” seet de den Här a geet zefridden. “Tjo, d’Leit passen dorop op. Du kanns net egal wat verzielen a maachen. Dat ass gutt esou” explizéiert de Fränz ons zefridden. Eng weider Lektioun um Wee fir Buergermeeschter ze ginn, well esou fillen ech mech scho nees endorphinesch. Soll dat gutt goen? freet sech mäin eelste Meedchen wat mat enger Frëndin bis op d’Présentatioun komm ass. Hatt wees nach net wat et vu sengem Papp séngem Projet hale soll, grinst awer breed a léif. All moralesch Ënnerstëtzung ass wëllkomm. Merci!

Fraen vlnr: Simone Wies, Catherine Bürgy-Schmit, Sam Tanson, Françoise Folmer, Maria De Macedo, Viviane Loschetter, Ana Luisa Teixeira, Patricia Taziaux, Fabiana Bartolozzi, Mariette Braun, Tatjana Von Bonkewitz, Runa Egilsdottir, Claudie Reyland Männer: Carlo De Toffoli, ech, Gilles Rod, Philippe Schockweiler, Nico Meyrer, François Bausch, Carlo Back, Henri Goedertz, Mike Mathias, Claude Schmitz, Björn Lorenzen, August Götzfried, Stéphane Majerus, François Benoy.

Freideg, 13.5.2011 (149) Um Wee op d’Aarbecht mierken ech, dass eppes net stëmmt, iergendeppes huet net geklappt. Et schwetzt kee mech un. Kee pëspert hannert mengem Reck oder dréint de Kapp wann ech an de Bus klammen an dono e Stéck zu Fouss bis op de Bureau ginn. Entweder sinn d’Leit nach net erwecht Moies fréi oder si hu Besseres ze dinn. Op jhiddwerfall: keen erkennt mech. Also theoretesch kann ech an 5 Méint Buergermeeschter sinn, dat ass dach eppes wourop d’Leit oppasse missten. Neen? 

Enfin, ech ginn emol d’Dageszeitungen kafen. Mir hu keng Presse-amie wéi verschidden aner Parteien. Just an enger ass eng Foto, eng Gruppefoto vun ons all. Kee Wonner, dass ech eenzel nach net esou direkt erkannt ginn. Op der Televisioun war och näischt komm. Op e puer Internet Siten stoungen ons Nimm. Et ass nach vill ze dinn. Dat bestätegt och eng Email vun de Walkampfstrategen: mir mussen elo d’Ärm eropkrämpen an all op de Stroossemaart den 21. Mee, de ganzen Dag. Déi aner sinn och do. Déi aner Parteien, d’Konkurrenz. Et gëtt och décidéiert een Dépliant un all d’Haushalter ze verdeelen “Ons Leit fir d’Stad”. An der Mëtt si mir déi 27 Kandidaten, hannen drop ass eng Invitatioun fir ons op onse Stand um Maart besichen ze kommen. Op den Säiten 2 an 3 gëtt d’Symbolik vu besser Liewen an der Stad an dem neien Centre Hamilius erklärt. Op der 6. a 7. Säit gëtt, kuerz awer prägnant, op eng Parti, aus onser Siicht vun déi gréng, wichteg Entwécklungen an der Stad an de leschten Joeren higewisen, enner anerem, déi 31,5 Milliounen Passagéier déi all Dag mat de Stater Busse furen, de neien Busleitsystem, déi 1600 Foyers Plaze fir Kanner, de Succès vun der Biomüll Kollekt, déi iwwer 5.000 Joeresaboë fir de Vel’oh, d’FSC Zertifizéierung vun all de Bëscher vun der Stad Lëtzebuerg, déi nei Spillplazen, etc. A nees ruffe mir d’EU Bierger op, sech fir d’Walen anzedroen. Um Cover ass de grénge Léif vum Knuedler

Owes ass am Centre Culturel zu Weimerskierch ee jéineschen Owend. Do wëll ech hin, éischtens ass Weimerskierch jo ee vu menge Quartierë, zesumme mam Kierchbierg an dem Pafendall, zweetens wëll ech wëssen wat dat ass, well mäi Papp huet ons wéi mir kleng waren dovun verzielt, vun hirer Sprooch, hirer Kultur. Dowéinst ass och d’Kulturministesch do. Och e puer Memberen aus dem Gemengrot sinn do. Iwwerhat de Sall ass méi wéi voll. D’Leit vum Organsiatiounskomitee hun T-Shirten mat Sprëch op jéinesch, d’Dammen hun zum Beispill “taff Mossen dibberen nobes” op der Broscht stoen.

jéineschen Owend am „Am Duerf“ zu Weimerskierch

Mäi Papp ass och do, hien ass fir d’Accessoiren an d’Bühnendekoratioun zoustänneg. Hien huet e.a. zwee Biller gemoolt, mat Vueë vu Wiemerkierch vun deemols. Et ass ee flotte, kuerzweilegen Owend: Kanner aus engem Foyer vun der ASTI hun ee Stéck présentéiert, et gëtt gesongen a Musik gemaach, d’jéinesch Original A. Bausch gëtt Prosa zum beschten. D’Stëmmung ass gutt a frou. Et kann een eng extra fir d’Evenement produzéiert Doku DVD kafen. RTL hat ee Reporter mat Kamera do. 

Nom Spektakel ass d’Politikprominenz séier fort. E puer ginn duerch de Sall eraus a poteren mat de Leit, anerer maache sech duerch déi hënnescht Dir fort, vläit well si net wëlle vu Lakerten importunéiert gin. Ech hëllefe mengem Papp beim Apaken an Araumen. 

D’Leit vun RTL maachen Interwiewë, mat der Madame Ministesch, mam Änder Bausch, mat de Musiker an mam Pit Ludwig, President vum Syndicat vun der aler Gemeng Eech. Dat ass meng Chance! Elo iergendwéi mech an d’Bild druddelen, awer onopfälleg opfälleg. Am Hannergrond. Zoufälleg, oder net, steet do ee fréiere Geosproff vu mir, deen duerno Deputéiert ginn ass a Gemengerot, de René Kollwelter. Ech soen him Moien, hien wees zwar net firwat a wien ech sinn, äntwert awer fein. Mäi Papp versteet net firwat ech elo ausgerechent do muss raumen, do wou keng Accessoire sinn, do wou esouvill Leit sinn, do wou den RTL ass, do wou ech all Mënsch hënneren. Spéitestens wann ech Buergermeeschter si, wees hien firwat et gutt war.

Samsdeg, 14.5.2011 (148): den éischten Weekend als Kandidat fir de Buergermeeschterstull ass ee gudde Moment fir, à tête reposée a mat enger S-W-O-T Analyse, mir eng Idee iwwer meng Chancen ze maachen. Iergendeen hat mir gesot, dass ech souwisou keng Chance hätt wéinst mengem Numm, net mengem Ruff, mee mengem Numm, dee geet mat “Z” un. Déi lescht op der Lëscht hu keng Chance well d’Leit wielen ëmmer nëmmen déi ierwecht vun de Lëschten. Bei de Walen 2005 louchen bei ons deen dem ABC no  leschten Kandidat, d’Simone Wies, op der 18. Plaz vu 27. Bei der LSAP gouf de Raoul Wirtz den 22, bei der CSV den Jean-François Zimmer de 24., bei der DP de Max Stoffel den 21. De beschten ABC Leschten war deemols de Paul Zeutzius als 3. beim ADR an den Henri Wehenkel als 4 bei déi Lénk. Et gouf Ausräisser no uewen, déi trotz engem ongenschtege ABC gewielt goufen, zum Beispill d’Isabel Wiseler-Santos Lima, awer och derer déi mat engem mat vir am ABC, hanne geland sin.

Dënsdeg, 17.5.2011 (145), endlech kënnt d’Reportage iwwer de jéineschen Owend op der Televisioun. Si ass ganz gelongen a mäin perséinlechen Héichpunkt: ech sin däitlech z’erkennen a gi suguer den aner Dag drop geschwat vu Kollegen, déi awer leider net an der Stad wunnen. Awer ëmmerhin! Ech si ganz zefridden, och iwwer meng Fortschrëtter a Saachen mech an d’Bild druddelen. Dat war am Januar nach ganz anescht. 

Reportage iwwer de jéineschen Owend op RTL Télé (Screenshot): vir mam Hutt de Pit Ludwig

Samsdeg, den 21.5.2011 (141) Mir improviséieren ee Stand um Eck vun der Kapuzinergaass an der Groussgas. Am Fong war dee Stand fir de Koalitiounspartner reservéiert, mee DP huet deen Dag hire Kongress. Si maachen aus de Gemengewalen ee nationale Plébiscite, eng éischt Geleeënheet fir der Regierung  op d’Fanger ze klappen. 

De Patrick Goldschmit, Responsable fir de Stater Walkampf vun der DP, iwwwerléisst ons hir Plaz vum Stroossemaart, awer just ausnamsweis, an dat wir net symbolesch ze verstoen. 

Dëst ass mäin éischten Walkampfstand. Dat ass fir mech e bëssen eppes Opreegendes, mee et geet un, wéi ech dat aus menge ville Bénévolatsaktivitéiten kennen: Moies fréi opriichten! Onse Risepouster suergt schon direkt fir e bëssen Opreegung bei der Geschäftsfra vu niewendrun, si färt mir genge mam Pouster d’Vue op hire Buttek an d’Entrée verdecken. Mir wëlle natiirlech net d’Geschäftsleit aus der Stad stéieren a réckelen e bëssen no lenks. Zesummen mam Viv, dem Fränz an dem Stéphane, riichten mir de Rescht vum Stand op, den Dësch, Still, Fändel. Mir tesselen Antiatom- a Progréngenergiesticker an ons verschidden Déplianten, zweerelee, déi eng mat ons de Kandidaten, déi aner, extra gemaach, mat engem Opruff un Netlëtzebuerger EU Bierger fir sech op d’Wahllëschten anzedroen fir ze wielen. E puer Netletzebuerger déi bei ons aktiv sin, e.a. d’Elisabeth Hoffmann zu Dikrech an den August Götzfried an der Stad, schreiwen iwwer hiirt politescht Engagement a firwat an hiren Aën matmaache, wichteg ass. Schlisslech Dekoréieren mir de Stand mat den obligate gréngen Symboler, Geblummels a Logoën an Sticker. Da geet et lass.

Well mir als gréng prinzipiell spuersam mat Ressourcen vun de verschiddensten Zorten ëmgin, hu mir och net vill Flyer drecken gelooss. Mir kruten de gudde Rot, fir net hott an har d’Ziedelen ze verdeelen, mee fir méi geziilt virzegoen, potentiel Wieler unzeschwätzen. Fir mech als Ufänger stellt sech d’Fro, wéi een déi dann erkennt, zum Beispill een vun ausserhalb vun der Stad, z.B. vu Lëntgen oder Duelem, z’ënnerscheeden vun engem vun aus der Stad. Gesäi ee Minettesdapp oder Éislecker anescht aus wéi ee Stader Bierger? Mir feelen do Erfahrungswerter, mee de Wëllen ass do!

Do stinn ech elo mat Deplianën am Grapp fir onschëlleg Schnäppchenjeeër Samsdes Moies fréi ze raccoléieren, wat awer gesetzlech verbueden ass. Eigentlech sinn ech schei an zréckhalend, deemno ass dëst eng Aufgab, wéi gemaach fir mech. Awer wat muss een net alles op sech huelen fir Buergermeeschter ze ginn. Ëmmerhin schéngt d’Sonn, dat get déi richteg Energie.

       Mat mengen léifste Laachen, schwetzen ech d’Leit un: ”mir wëllen ons Kandidaten virstellen fir d’Gemengewahlen am Oktober…”. D’Reaktiounen sind ganz verschidden. Hei een Echantillon:

  1. Ewechkucken, an de Buedem kucken, e Crochet maachen, d’Richtung wiesselen, onsiichtbar gin. 
  2. Nee Merci” zugläich rëselen des Persounen horizontal de Kapp. D’Leit aus dëser Kategorie, an och déi Leit aus der éischter, si garantéiert Wieler vun ons, si si beschtens informéiert a wëssen elo schon, dass si de Rondel iwwer ons schwärzen. Ech ka mir op jhiddwerfall hir prompt an déterminéiert Reaktioun net anescht erklären. Oder?
  3. Mat engen schlichten “Merci” gräifen dës Leit de Ziedel a gi weider. Si werfe nach kuerz ee Bléck drop. D’Ziedele leien dann 5 bis 8 Meter weider um Buedem oder wann et gutt geet an der Poubelle. Dowéinst ass et wichteg, dass am noën Ëmkrees vu Parteistänn, genug Poubelle stin. Dëst sin déi Ziedelen, déi ee net hätt solle verdeelen. 
  4. Bei engem “Oh Merci” mat engem agreablen Laachen, huet een schon ee gudden Ufank. Wann da nach ee “mir wielen iech souwisou” nokënnt, dann huet ee Villes richteg gemaach, zumindest wat d’Verdeelen vun den Déplianën ugeet. 
  5. Dir sidd awer iwwerall” kloen soss Leit déi sech tëschend de Verkafsstänn an de politesche Stänn laanschtdruddelen. Woubei den “dir” fir d’Parteien allgemeng steet. D’CSV ass beim Roude Pëtz, d’LSAP huet hire Stand an der Philippsgaass, ganz no bei deen vum ADR. DP ass. wéi schon ernimmt, haut net do. Aner Parteien och net. Et ass jo normal, dass ee Stëmme fänke wëll, dozou gehéiert och de Leit dat wat ee maache wëll verzielen an erklären. Den Zousaz “Haalt dach nëmme op! Dir sidd net besser wéi déi aner”,  héiert een dogéint net gär, héiert een awer méi dax wéi et engem gefällt. Mussen mir ons Kommunikatioun iwwerdenken?
  6. D’Freed ass grouss, wann Parteikollegen oder Frënn bis beim Stand laanscht kommen. Mengem Aarbechtskolleg Dan Bianclana ginn ech besonnesch gär een Ziedel, fir dass hien endlech op de richtege Wee kënnt.
  7. Mengt Dir ech kéint mat der Madame Loschetter/dem Här Bausch schwätzen” froen och dax Leit. Déi eng méi respektvoll a schei, déi aner méi kéng “deem Bausch muss ech awer nach eppes soen!” An deenen zwee Fäll ass een den Iwwergangsgespréichspartner. Bei ons maachen d’Leit dann hire rhetoreschen warming up iwwerdeems onsereen probéiert, bei deenen déi nawell gelueden sinn, ë bëssen Drock ewäch ze huelen, bis d’Viv oder de Fränz fräi si. Da geet et lass, da gëtt Tacheles geschwat. Si si vill gefrot. Bewonnerswert hir Gedold, wéi si nolauschteren an erkläre kënnen. 
  8. Ech fir mäin Deel kréien manner konkret Froe gestallt a Virschléi gemaach. Wann, dann mécht ee säi Bescht och wann ech bei Détailfroen heiansdo an d’Schleidere kommen, zum Beispill firwat de Glascontainer do an do, da net um halwer zeng eidel gemaach get, am Plaz wéi a bis elo, um véierel fir eelef, well am Moment de Bus Nummer 15, deen mam neie Horaire dann do ass, dann vu Camion gehënnert gëtt, virdunn mam alen Horaire an den ale Linnen war dat besser, dat hätt e missen mam Hygiénendengscht an dem Busdengscht besser coordonnéieren an och mam Service des Parcs, déi dann d’Blumme netze kommen, all zweet Woch, awer méi fréi am Dag a net am Wanter. Och iwwer d’Verkéiersproblemer man d’Leit sech hir Gedanken. Een Här aus der aler Avenue proposéiert een Tunnel fir d’Autoen vun der Paräisser Plaz un bis op Hollerech ze man. Déi Busser an der aler Avenue wiren eng eenzeg Katastrof. Do huet de gudde Mann recht awer dat mam Tunnel kenne mir schon, a wéi et hei am Land färdeg bruecht gëtt Tunnelen ze bauen och. 
  9. Hudd Dir e Bic oder ee Ballon?” gi mir oft gefrot “Neen, awer een Dépliant mat Informatiounen an de Kandidaten fir…..” – “Oh! Nee Merci!”. Eieiei, et gi Leit déi hu léiwer eng Hüls mat Loft drann, wéi ee vernünftege Wahlprogramm. 
  10. Oh Pol! Wat mechs du dann hei???!!” …. et gëtt nach vill ze doen. Et geet jo eréicht lass.

Dënsdeg, 24.5.2011 (138) : Haut ass zu Biekerech, der Gemeng vum Camille Gira, ee Weiderbildungsseminaire fir Kandidaten vun déi gréng, iwwer Energieaarmutt zu Lëtzebuerg. Wann een Haushalt méi wéi 10 Prozent vu sengem Akommes fir Energie ausget, da schwetzt ee vun Energiearmut. Dëse Phenomen gëtt et och hei am Land. Haushalter mat eng fragiler finanzieller Situation kënnen da Problemer kréien. Deene Leit muss gehollef ginn, duerch Moossnahmen déi och iwwert dat eleng direkt finanziellt eraus gin. Dat ass gréngen Urgrond, een Deel vun onsem Kär dee mir un d’Situation vun haut upassen, net well mir dat mordikus esou forcéieren, mee well de Laf vun der Zäit dat esou forcéiert.

Mëttwoch, 25.5.2011 (137): DP Lëscht fir d’Stad, de Buergermeeschter Paul Helminger ass de Spëtzekandidat. De Virnumm passt. Hien a séng Equip wëlle “Lëtzebuerg zesumme gestalten”.

Sonndeg, 29.5.2011 (133): Sech iwwerall weisen, krut ech gesot. Also maachen ech een Tour iwwer de Märtchen. Haut mat mengem eelste Meedchen. Op engem Stand kafen mir eppes fir ze schnéken. D’Verkeeferin gëtt mir d’Mënz zreck “wannechgelift” – “Merci Madame an ee schéinen Dag nach” äntwerten ech a gi menger Wee. E puer Meter weider mengt mäin Eelst “Oh Papa, elo iwwerdeiws dë awer!”. Wéi iwwerdreiwen? Kann ee mat frëndlech sinn iwwerdreiwen? Am Walkampf? Sinn ech net ëmmer frëndlech? Vläicht mécht de Walkampf ee bessere Mënsch aus mir!

Dënsdeg, 31.5.2011 (131): Als Member vun der Sport a Fräizäitkommissioun vun der Stad sin ech op d’Presentatioun vun enger Gedenkplakett fir de Charly Gaul invitéiert. Well de Buergermeesschter der Meenung ass, dass ee Leit déi pünktlech si, net soll waarde loossen, ass hien ëmmer zur Zäit. Ech probéiere dat och. D’Famill a vill Frënn vum Charly Gaul a fréier Veloscracken sinn do. Och e puer Konkurrenten-Kollegen. D’Press, d’Sportsscheffin, all si se rechtzäiteg. Déi Plakett, ee Wirk vun der Artistin Yvette Gastauer-Claire, gëtt bei der Villa Vauban, niewend anere Plaketten vun anere Veloslegenden, François Faber, Nicolas Frantz an Elsy Jacobs, ugemaach. Bal all d’Inviteeë si mat Zäit. Mee de Stater Park ass net d’Alpen an d’Pyrenäën, well ons zwee Extragäscht, de Frank an den Andy fannen d’Arrivée eréicht mat engem Retard vun 22 Minutten. Den Andy huet just een dënnt Hiem un an et fisëmt. Hie wert sech dach net erkale virun den Tir duerch Lëtzebuerg a Frankräich! Do wert jo een him soen wéi ee sech bei Wand a Wieder undeet! Trotzdeem gëtt et eng schéin Foto mat hinnen drop, awer ouni mech. Dat ass den Ënnerscheed: ech kennne mech aus am Stater Park, si gi méi dax geknipst.

Donnechdeg, 2.6.2011 (129): Sech iwwerall weisen: haut ass d’Spillfest vum COSL op der Kockelscheier. De Stater Liichtatheltikveräin ass fir een Deel vum Catering zoustänneg. Ech paken do eng Hand mat un a kann esou Bénévolat a sech “iwwerall weisen” matenee verbannen. Ech si mam Fons an der Schampesbar. Et ass wéi ëmmer: fir d’éischt emol alles virbereeden: de Stand opman, d’Fläschen an d’Killfächer tesselen, d’Plastikseinwegglieser prett maachen, d’Keess kontrolléieren, op d’Leit waarden. D’Spillfest geet de ganzen Dag, vu Moies bis an de spéide Nomëtteg. Déi meescht Iess- an Gedrenksbude sin an zwou Schichten agedeelt. Ech hu mech fir eng Duebelschicht gemellt, well wat méi Leit mech gesi, wat besser. De Schampesstand steet dann och nach strategesch gënsteg op enger Plaz wou d’Leit jo all misste laanscht kommen. U mir fir ee gudden Androck ze man. 

Effektiv, vill Leit kommen eng Kippchen drenken. Am Virmëtteg nach net esou, duerno sinn de Fons an ech gutt beschäftegt. Vill Eltere kucken nawell gestresst drann: jojo, déi léif Kënnercher an et ass waarm, ganz waarm. Heiansdo froen ech mech awer och, op d’Kanner net vun den éiergäizegen Elteren gestresst ginn. Fir d’Kanner hu mir Drauwejus, fir d’Elteren Crémant.

Frëndlech, hëllefsbereet, ëmmer ee gutt Wuert, gutt opgeluecht, ee klenge Witz, je, alles wat kann hëllefen ee gudden Androck ze man. Dorop kënnt et jo un. Just, wéi kréien ech dëst verbonnen matt de Gemengewalen. Ee gréngen T-shirt geet net, de Numm op T-Shirt huet och keen aneren vun de Bénévolen. Et huet och keen ee Schëldchen mat sengem Numm. Eng Visitekärtchen ass och onpassend hei. D’Affichen si nach net gedreckt an ech froen mech op ech hei eng Affiche därft ophänken. Hei beim Sport huet Politik näischt verluer. Dat gëtt nëmmen duercherneen. Dorënner leid de Sport. 

Et ass iwwriens och kee Virdeel, als Sportler Kandidat fir ee politescht Amt ze sinn. Et gëtt zwar gesot, wann een ee Sportschampion war, dann get een automatesch gewielt. Als Referenz gëtt de Josy Barthel geholl, deen eenzege lëtzebuerger Champion Olympique. Hie war eng Ausnam, sportlech an och politesch. Entretemps ass et esou, dass déi soi-disant Popularitéit an hire Géigendeel verkéiert gëtt, well eben just behaapt get, hien oder si wir just wéinst der sportlecher Bekanntheet op der Lëscht, déi aner Saachen déi dee Kandidat kann, ginn ignoréiert. Dës Popularitéit ass ausserdeem eng ganz relativ Popularitéit: wann ee Sportler am Sport gutt ofgeschnidden huet, da war dat noutgedrongenerweis op Käschten vun der Konkurrenz. An op d’Konkurrenten deen, dee géint si gewonnen huet, esou gutt leide kënnen, dass si fir hien stëmmen? Héchstens fir dem ze staarken Géigener senger lass ze ginn an hien an der Politik z’entsuergen. Ausserdeem, och wann eng Parti Leit an der Chamber an an der Regierung waren oder sinn, déi fréier iergendwéi Sport gemaach hunn, huet de Sport dovunner net sënnvoll profitéiert. Dobäi eraus kënnt kaum eng geziilt Sportspolitik fir de Sport fir d’Gesondheet ze fërderen an och dem Compétitiounssport zë hëllefen. 

Sonndeg, 5.6.2011 (126): main éierenamtlecht Engagement an der Liichtathletik huet mech op Istanbul gefouert, mäin eelste Meedechen huet do Samsdes bei enger internationaler Compétitioun, dem 16. Yilmaz Sazak Memorial,  fir Nowuesathleten matgemaach. Do sinn Athleten dobäi aus 18 Länner. All d’Délégatiounen aus deene Länner sinn zwanzeg Kilometer nördlech vun Istanbul an engem Hotel  direkt um Schwaarze Mir. Vu lenks kënnt zünfteg Disko Musek eriwwer, vu riets schaalt et aus dem Minarett.

Sonndes ass de kulturellen Deel programméiert. Mir besichen als éischt de Saphyr Tower, dat héchste Gebäi aus Europa 272 Meter. Mäi Kolleg, de Münir, Organisateur vun deem Ganzen Evenement, weisst mir d’Antenne um Daach vum Gebei an explizéiert, dass wann elo een anert Gebei an Europa e puer Meter méi héich sollt ginn, da schrauwe si eng méi héich Antenne op den Daach a scho si si nees déi héchst. Hien ass zolid zefridde mat deem Plang. Niewend der Antenne steet de Kran fir d’Fensterbotzer. Net ouni Houffert weisen ech dem Münir d’Schëld um Kran “Luxembourg”. Vun uewen huet een eng wonnerschéi Vue iwwer dës onendlech Stad, a si ass esou roueg a gemittlech, vum läschte Stack aus gekuckt. 

Nees doënnen furen mir all mam Bus een Tour duerch Istanbul. Et geet erof an laanscht d’Waasser an de Quartier Besiktas. Et ass ganz schéin do awer scho vill manner rouëg. Et geet och net gutt viru mat all deem Verkéier: 10 Minutte fir 50 Meter, als Liichtathlet chronométréiert ee gären. Ganz Istanbul schéngt verstoppt, voll, iwwerall Autoen, Vehikelen mat Ieselen virdru gespaant an hannert der Renkel. Si all zukkelen, stop an go, an déiselwecht Richtung. D’Police probéiert de Traffikchaos z’organiséieren. Um Bord vun den véierbunneger Stadautobunn mat awer siwe Bunnen Autoen, Camionën a Busser, gesäit een opeemol ëmmer méi Uniforméierter mat Maschinegewirer. Ëmmer méi Gefirer an déiselwecht Richtung. A nach, a nach! Zu Istanbul wunnen 17 Milliounen Leit, wou wëllen déi dann elo all hinn? 

No onendleche Stonnen, si mir hannert Istanbul. Mir si bal nees eleng op der Strooss. D’Leit sinn all no riets ofgebéit, op ee Wahlkampfmeeting vum Erdogan. An der Türkei sin dee Weekend dono Parlamentswalen. All wëlle se haut dem Erdogan nolauschteren. Den Dag virdrunn hat an engem aner Deel vun Istanbul den Haaptoppositiounskandidat, de Kemal Kilicdaroglu, geschwat. E puer honnerdausende Leit sinn deenen zwee Politiker nolauschtere komm. Ech sinn impressionnéiert. Op mir esouvill Leit op onse Walversammlungen hun? Op de Walkampf an der Stad och esou gëtt, mat primitiver Rhethorik, Diffamatioun, Sexfilmercher mat Oppositiounskandidaten, Sténggepuchs, Knëppelen, Tréinegas an Doudegen? 

Donnechdeg, 9.6.2011 (122) den Owend furen ech op Esch-un-der Uelzecht, dat ass zwar, grad wéi Istanbul, net direkt mäi Wahlbezierk, trotzdeem freeën ech mëch well et versprecht ee flotten Owend ze gin. Mir gin d’Revue kucken. D’lescht Joer war ech d’Revue och scho kucken. Ech wees zwar net méi watfir Politiker dra virkomm ass, mee ech wees dass deemols de neie Quartier Belval (net mäi Walterritoir) een eenzege Awunner hat. Op der well méi do wunnen?

Dëst Joër heescht Programm “Tschungel-Kämp”. D’Virstellungen an der Stad hat ech verpasst. Dat war waltaktesch net gutt. Och wann ech ewell Kandidat sin, erwaarden ech net an engem Sketch dra vir ze kommen. Ech kommen och néierens net dra vir. Et ass allerdings fir all Politiker, deen eppes op sech hällt, iergendwéi een Zil doranner vir ze kommen, well da gehéiert een dozou. Deemno sinn ech gespaant op de Programm vum nexte Joër. 

Freideg, 10.6.2011 (121) Haut ass d’Deadline fir ee Miniporträt fir ons Wahlbrochüre. De Stéphane hat ons eng Email geschéckt, mir sollten ons eppes ausdenken. Hien hat ee Beispill dobäi gehaangen. Op enger DIN A7 Säit beschreiwen, wien een ass, wat een ass, firwat ee wëll Buergermeeschter ginn a virun allem de Leit matdeelen firwat si ons a mech wiele sollen. Dat ass net vill Plaz an awer vill Plaz wann ee virum eidele Blad sëtzt. An esouvill onbeäntwert Froen: a watfir enger Sprooch schreiwt een dëse Miniporträt: lëtzebuergesch, däitsch, franséisesch ? Wivill Privates schreiwt een dran? Wivill Éirenamtleches? Ass et zum Beispill schlecht wann ech schreiwen, dass ech eng vun den dreiwende Kräften si bei der Haaptkonkurrenz vum Stater Liichtathletikveräin oder ass dat een Zeechen vun Dynamismus oder weisst dat grad, dass ech mech net just éierenamtlech engagéieren fir Stëmmen ze fänken? Wivill Parteipolitesches, a wivill internen Aarbechtsgruppen ech sinn a war? Wat gëtt, niewend der super gelongener Foto vu mir, den “Eyecatcher” deen beim potentiele Wieler den Aha-Effet provozéiert? Ass et iwwerhat fair oder onfair vis-à-vis vun de Kollege op der Lëscht, sech en évidence ze setzen, schlisslech ass bei ons, déi gréng, de Programm méi wichteg wéi déi eenzel Persounen. No laangem Nogedenks kréien ech eppes an den Délais’en färdeg. Ech si frou, dass et den Denny Crane an den Alan Shore get.

Samsdeg, 11.6.2011 (120): iwwerall weisen: natiirlech hu mir déi gréng och eng Staffel beim ING-europe-marathon mam Caroline, Runa, Björn a mir. Mat Houffert a vill Éiergäiz awer e bëssen manner Training, bësele mir, een nom aneren, an onsem grad esou exklusive wéi chicën “déi gréng” Trikoë, duerch d’Stad. Mir hun ons wahltaktesch clever opgedeelt: déi déi positiv opfalen, leeferesch an esthetesch, d’Caroline an d’Runa lafen am Ufank, da wann et nach hell ass an do wou vill Leit nokucken. De Départ ass bei den Ausstellungshalen um Kierchbierg.

ING Luxembourg Marathon: Björn Lorenzen, Runa Egilsdottir, Caroline Hoeltgen, ech

Do treffe mir ons, wéi och déi aner dausenden Leeferinnen a Leefer an hir Supporter. D’Caroline fänkt un an dréint e puer Ronnen duerch mäi Walbezierk. Vum Groussen Theater aus leeft d’Runa, iwwer de Glacis, duerch d’Groussgass iwwer de Knuedler, dat sin d’Hot spots, dausenden Leit. Ech sin de drëtte Leefer, iwwer Märel, Belair, Hollerech bis op d’Gare. Do sinn zwar manner Leit, mee dofir ass deen Deel méi wäit. Dat gläicht sech dann aus. Oft héieren ech “Allez déi gréng!”. Do kritt ee Flileken, suguer den Deel ënnen aus der Péitruss bis erop op d’Paräisser Plaz ass bal einfach. De Björn leeft, besser gesot hie flitt, de Schlussdeel laanscht d’Gëlle Fra iwwer d’Theaterplaz, iwwer de Kierchbierg bis an d’Arrivée do wou den Ecran géant steet an de vill Leit a Leefer no der Course sech treffen. Dat misst dach en etlech Stëmmen erabruecht hun. Vill méi Stëmmen hat sech d’Claudie verdéngt, hatt ass déi ganz 42 Kilometer aleng gelaf.

Freideg, 17.6.2011 (114) d’LSAP présentéiert hire Motto fir d’Stad “eng Stad fir ons all”. Si annoncéieren an all déi 24 Stater Quartierën ze goen, fir mat de Leit ze schwetzen. Et géng esou lues Zäit ginn, denken ech. 

Samdeg, 18.6.2011 (113) Haut hu mir ee Stand um Knuedler um Maart. Well ech an der Pengschtvakanz e puer Deeg fort war, konnt ech eréicht um 11.00 Auer um Maart sinn, dat heescht ech hun dräi Stonnen P.R. Aarbecht verpasst. Ech probéieren, awer vergiewens, dat iergendwéi a Stëmmen déi esou verluer gaang sinn, ëmzerechnen. Egal, sou oder sou, et sinn der zevill. Esou get dat näischt mat Buergermeeschter ginn. 

All déi aner si schon do. All, dat sinn déi aner Parteien. D’CSV mat Schampes an Orangen, d’DP mat Ballonën an och d’LSAP mat en etlechem Allerlee. Op e puer Stänn verkafe prominent Politiker Uebst a Geméis fir ee gudden Zweck. Op ech och eng Kéier  fir esou eppes als Politpromi gefrot ginn? Haut ass den nationalen Aschreiwungsdag an eng ganz Rei Gemengen hunn op, fir dass Netletzebuerger sech aschreiwe kënne fir d’Walen. 

Mir hun nei Déplianën. Relativ séier kritt een am Politracollage eng gewësse Routine. Ech beganne mech well ech hu jo dräi Stonne verpasst. Et bleiwen der nach ronn zwou. D’Leit réagéieren esou ähnlech wéi um Stroossemaart virun engem Mount. Et gi Reaktioune vun allen Zorten.

Ee kritesche Bierger werft ons, déi gréng, vir, mir hätte keng “kleng Leit” op onser Lëscht. Hien ried sech an den Äifer an gëtt ëmmer méi hefteg: iwwwerhat, mir wire keng Partei fir déi kleng Leit. Dat kéim dohir well mir ëmmer géngen esou héichtrabend rondrëmfilosoféieren a besserwëssereg op intelligent man. Mir wiren ausserdeem just eng Partei fir déi Leit, déi vill verdéngen a fir d’Staatsbeamten. Ausserdeem génge mir d’Spill vun de Konzernen matspillen an ons deene ënnerwerfen, Beispill de Verkaf vum Elekrizitéitswirk un Enovos. Mir wiren keng Partei lenks vun der Mëtt méi, wéi am Ufank!  Mir géngen déi kleng Leit am Stëch loossen. 

Bang dat soutz! Bon, als éischt probéieren ech dem interesséierten Här, dee sech éierlech Gedanke mécht, z’erklären firwat dat mat dem Elekrizitéitswirk an Enovos aus onser Siicht gutt ass an dat net dem Diktat vun de Konzernen noginn ass, mee éischter iwwer eng gréisser Bedeelegung, d’Politk vun esou engem Konzern mat ze beaflossen. Ee konkret Beispill ass de Member vun der Stad am Verwaltungsrot vun Enovos, een fir d’Traditionalisten onbequemen, well an Alternativenergien bewandten Expert. Net ee Politiker, mee een dee sachlech argumentéiere kann. 

Dass mir keng “kleng Leit” op der Lëscht hun ass Zoufall a wëllt net soen, dass mir ons net fir déi kleng Leit interesséieren an asetzen. Ech weisen drop hinn, dass mir eng Parti Leit aus soziale Beruffer op der Lescht hun, déi al Dag mat sozial Schwaachen ze dinn hunn. Ech probéieren mat e puer Beispiller dat z’ënnermolen. Iergendwéi hun ech d’Impressioun, wéi wa mir am Sozialen als netkompetent bei de Leit ukommen. Dat ass net gutt a net richteg. A Plaz einfach nëmmen ëmzeverdeelen, menge mir, déi gréng, dass et méi Sënn mécht an op laang Siicht besser, net just kurzfristeg Suen a Saachen ze verdeelen, mee Chancen opmaachen, Perspektiven ubidden, Zäit fräimaachen an d’Méiglechkeet gi fir ee sozialt a kulturellt Liewen. Et geet ëm de Mateneen, géint Ausgrenzen an am Plang loossen. Et ass ee grénge Grondsaz, all d’politesch Décisounen ze hannerfroen hisichtlech vum Impakt, dee se op déi schwaachst an der Gesellschaft hunn. Dat stellt natiirlech d’Manéier wéi et am Moment hei fonctionnéiert a Fro: no iergendengem, arbitraire, politesche Verdeelerschlëssel gëtt dat verdeelt, dat duerch de Wuestumswahn verdéngt gëtt. Ëmmer méi, ëmmer méi séier. Mee manner an anescht ass méi. Mee déi Ideeë gin iwwer dat eraus wat zënter Joerzéngten an Joerhonnerten gleewen gedoen gëtt. Dat ass anescht a nei a mat dem übleche Vokabular net einfach z’explizéieren.

Natiirlech si mir, fir et am üblechen Jargon auszedrecken, eng Partei lenks vun der Mëtt. Woubäi, wat heescht dat? D’Mëtt ass net eng belibeg triwwelbar Mass, een Deeg deen ee kann kniwwëlen a formen wéi ee wëll. D’Mëtt, dat sinn déi Meescht. Déi, déi Mooss an Aëmooss wëllen. Dat huet mat moossen, wat ee moosse kann, ze dinn, deemno wëssen wat ee mécht. Do huet Beliebegkeet an den Hott a Har näischt verluer, well Zouverlässegkeet an zolid Repéren verluer gin. Beim Hott an Har rékelt ee ganz no un ee sozialmoralesche “sans gêne” erun an domat geet och d’Gefill verluer, ee fir deen aner do ze sinn a sech verantwortlech ze fillen. Eventuel esouguer ee vis-à-vis vum aner sech verpflicht ze fillen, engagéiert! All dat geet verluer. Et geet awer och net dorëmms fir Regele opzestellen a Verhalen per ordre de mufti erbäizeféieren. Et geet dorëmms, dass Zouverlässegkeet entsteet, aus der Mëtt vun der Gesellschaft eraus, fir d’Gesellschaft an och déi Onrecht verhënnert, déi ausgläicht, mat Mooss an Aëmooss.

Dann ass et gutt” mengt den Här frëndlech “Merci fir Är Erklärungen, mee ech wielen souwisou net an der Stad. Ech sin aus dem Minette”.

Een aneren Här ass vill manner frëndlech awer och méi kuerz ugebonnen: “deen houre Bausch mat senge Kostümer! Huet deen näischt Besseres ze dinn?” rifft hie laudenhaard wéi hie laanscht onse Stand kënnt. Seng Madame zidd  an dréckt hien weider a kuckt genéiert op keen dat héieren a gesinn huet. Wat dat “Besseres” si kéint, huet den Här net weider erklärt, och sot hien net firwat Kostümer de François Bausch, oder soss een, dovunner ofhale fir sënnvoll Politik ze man. 

Dënsdeg, 28.6.2011 (103): Iwwerall weisen: haut den Owend ass um Knuedler d’Présentatioun vun der nationaler Velosequipe fir den Tour de France. Mat mir och soss e puer honnerten Sportskanounen. Deemno war et schon eng gutt Idee, fir mech hei ze weisen. D’Televisioun ass och do an och soss vill Fotografen. Iergendanzwouch misst ech jo elo an d’Bild kommen.

Mëttwoch, 29.6.2011 (102) déi gréng hu jo fir hir Kandidaten e puer Workshopen organsiéiert, als Inspiratioun an Orientéierungshëllef a fir z’explizéieren an och wéi een de Leit explizéieren muss wourop et ukënnt. Een esou ee Workshop ass am Musée des Tramways a geet iwwer d’Mobilitéit. Mir sinn zu enger Dozen grénger an de Concierge dee Schicht hat.

De Fränz beschreiwt Démarchen, wéi d’Mobilitéistkonzept vun der Stad erstallt ginn ass. Als éischt sinn Donneën iwwer Déplacementer an der Stad statistesch festgehale ginn. Dobäi ass eraus komm, dass 30 Prozent vun de Déplacementer an der Stad manner wéi 1 Kilometer sinn, an 50 Prozent manner wéi 5 Kilometer. Dat sinn Distanzen, fir déi ee net den Auto muss huele, mee zu Fouss, um Velo oder mam öffentlechen Transport maachen.

Dann sinn all déi verschidden Aspekter, déi zum Verkéier gehéiere, gekuckt ginn, well et därf ee sech net just op een aleng konzentréieren an doru schaffen. Et si vill Saachen déi gëllen: d’Schëlder, d’Vitessezonen, d’Busser, d’Foussgänger, de Velo, spéider den Tram. An da muss och nach eent bei dat anert passen.  Fir dass et geléngt brauch een Infrastrukturen, dat sinn um Beispill vum Velo, Velospisten mee och de Lift vum Pafendall an d’Uewerstad a Schëlder. Et brauch ee Servicer wéi eng Wirkstat fir Reparaturen oder eng Pompel um Rond Point Schumann. Eng positiv Communicatioun, net just wéi bis elo mat “et ass geféierelech” Messagen, déi explizéiert a Virurteeler ofbaut muss och sinn. Dat soll hëllefen, dass sech net géigesäiteg behënnert a genervt gëtt. D’Autoë sollen d’Veloën an d’Velospsiten respektéieren, d’Cyclisten hu näischt op den Haaptboulevarë verluer an do scho guer keng Extrarechter. Et muss een als Velosfurer anescht iwwerleeën par rapport zu de Strecken, déi ee gewinnt war mam Auto ze furen. Da geet et méi séier a méi roueg. Fir glaafwirdeg ze bleiwen ass ee Monitoring mat enger éierlecher Evaluatioun wichteg. Et muss een regelméisseg kontrolléieren op dat wat ee mécht sënnvoll ass an an déi richteg Richtung soss pucht ee Suen zu der Fënster eraus. An der Stad sin zum Beispill op 20 verschiddene Plazen Compteuren. Dee bei der Aler Bréck ass deen eenzegen mat engem Zieler deen ee gesäit. 

De Fränz schwärmt vun den 35 Prozent Undeel vum Velo um Verkéier zu Kopenhagen am Summer an den 28 Prozent am Wanter. Hien verzielt vum Succès vun de Vel’oh Service, vun den 80 neie Busser, vun de 24,5 Kilometer Busspuren an den 31.500.000 Buspassagéier an der Stad, méi wéi der soss am ganze Land, dem Busleitsystem, dee geduecht ass fir d’Leit besser z’informéieren, deen awer nach net optimal fonctionnéiert, well just d’Busser vun der Stad mam néidege Material ausgerüst sinn, déi national Instanzen hunn, wéi esou oft wann eppes fir si Neies soll agefouert ginn, eppes wat virdrunn net esou gemaach ginn ass, emol fir d’éischt Nee gesot. Dat kënnen d’Betonskäpp do am beschten. Dat si wuel déiselwecht Betonskäpp, déi a Saachen Tram mat zwee Féiss op der Brems stinn. Trotzdeem muss ee sech mat hinnen arrangéieren a mat gutt duerchduerchten Projeeë bei si goen. Ganz eleng geet et souwisou net, well vill Stroossen an den Uertschaften si Staatsstroossen. 

Politik siichtbar maachen

Niewend dem Tram, sollen och de Car-sharing, d’Zone 30 an d’shared-space Zonen an d’Mobilitéitspläng mat Entreprisen an den Administratiounen, zesumme mat all deenen aneren Initiativen, soll dat de Verkéier an Déplacementer an der Stad an iwwerhat an enger Lokalitéit verdeelen, organiséieren, strukturéieren an d’Prioritéiten am urbane Raum nees richteg réckelen: den urbane Raum gehéiert dem Mënsch, d’Autoen sinn do geduld. De Roberto Traversini erënnert drun, wou d’Bezeechnung  “nid de poule”, déi nom Wanter iwwerall op de Warnschëlder virun de Lächer an der Strooss, ze liesen war, hirkënnt: fréier waren d’Hénger Här a Meeschter op der Strooss. 

Donnechdeg, 30.6.2011 (101) Vun der Aarbecht aus, ginn ech haut an ee Weiderbildungscour iwwer Argumentationstraining. Zwee Deeg dauert dese Cour, well natiirlech ass Weiderbildung zu deem Sujet fir mech an a mengem Beruf wichteg. Awer och als Politikléierbouf kann ech Rotschléi doranner gebrauchen, dat hun ech op jhiddwerfall bei menge puer Rieden an Interventiounen an tac-au-tac Diskussiounen bei Parteiversammlungen a virun allem beim Walkampfracollage gemierkt. 

De Chargé de cours kënnt aus Däitschland. Hien huet vill Erfahrung an explizéiert gutt. Hien huet och schon eng Partei hei zu Lëtzebuerg gecoacht. Ech si net deen eenzegen Hobbypolitiker am Cours. Een aneren, de Jean-Luc Schleich, kandidéiert an enger Majorz Gemeng zu Waldbëlleg. Et ass och een Direkter vun de Ponst et Chaussée do, effektiv, hien muss gutt argumentéiere kënnen. Den Animateur vum Cours schwetzt iwwer den Opbau vu Rieden, wéi laang se je no Kontext a Publikum dauere sollen, vun Diskussiounen an Tricker wéi een Zäit gewënnt, wéi ee sech uleeë soll fir dass engem d’Gespréich net entwutscht. Hie gëtt eng ganz Parti nëtzlech Rotschléi. Dee Wesentlechsten ass: seng Matière beherrschen, wëssen vu wat ee schwetzt. Ech froen mech op all Politiker an esou ee Cours geet?

Freideg, 1.7.2011 (100): Haut war den zweeten Deel vum Argumentatiounstraining. Mir üben Diskussiounen. D’Thema haut ass d’Aféierung vun enger Maut fir an d’Stad eran ze kommen. Ech sin der Säit vun de Géigener vun der Maut zougedeelt. Et ass ganz einfach: et kann ee keng Maut verlaangen, wann een de Leit keng Alternativ ubidd, soss ass et just Abzocke. Deemno ass eng Maut am Moment keen Thema an och wahrscheinlech och net néideg wann den Tram mat de Garen rondrëm, bis fonctionnéiert. Wann awer elo ee géng op d’Idee géng kommen ze behaapten, den Tram wir ee rénge Stater Problem an den Tram da net gebaut gëtt, da kéint ee sech dat mat der Maut nach eemol iwwerleeën. Mee esou jesuitesch a réducteur ka jo kee sinn.

Samsdeg, 2.7.2011 (99): Lokalsektioun, haut de moien treffe mir ons fir iwwer de Walprogramm fir d’Stad ze schwetzen. D’Viv an de Fränz hun ee Projet virbereed. Mir diskutéiere Punkt fir Punkt. An deene meeschten Saache si mir ons eens, well de Scheffen hir Ideeë koherent an all machbar schengen. Et geet och dorëms fir keng eidel Verspriechen ze maachen. Ausserdeem sollen déi nei Projeeë op dat wat an de leschte sechs Joër agefouert gouf, opbauen. 

Dat ass ganz menschlech, typesch menschlech well just d’Menschen op dat wat virdru war, opbauen. Déieren a Planzen passen sech eventuel enger verännerter Emwelt un, se gebrauche vläicht anert Geschir fir eng Noss ze knacken, si veränneren doduerch awer net hire Liewensstandard a si développéieren och net een aneren Liewensstil. De Mensch awer. An dowéinst ass dat wat elo gemaach gëtt fir spéider wichteg. Dowéinst soll ee sech ebe gutt iwwerleeë, wat ee mécht. Awer een eleng kann dat net. Dat geet just duerch d’Kombinatioun vu Gedanken, awer net an engem eenzegen Gehir, mee an der Interaktioun vun Gehirer. Dowéinst ass et wichteg zesummen ze schaffen, z’iwwerleeën, mateneen ze schwetzen. An dat kënne mir, déi gréng, gutt. An dowéinst si mir ons och all eens, dass et, och wa mir den Handel an d’Produktioun an der Stad förderen wëllen, wéinst de kuerzen Weeër an der Solidaritéit mat deenen déi refuséieren auszelageren, op déi gréng Wiss, an d’Ausland, an d’Bëlleglänner, trotz all deene Iwwerleeungen, si mir ons eens dass et kee “Made in Luxembourg-City” Label gëtt ouni aner ekologesch Kriteren. Aus deem Grond si mir kloer an däitlech géint een Atomkraaftwiirk an der Stad.

Sonndeg 3.7.2011 (98):  De JP Morgan City Jogging ass zënter 30 Joer ee flotten a beléiftene Laf ouni Chrono mat flexibler Startzäit op engem sonnegen Sonndegmoien an der Stad. Do si vill Leefer, vill Leit a vill potenziel Wieler. Mir, déi gréng, si massiv um Start an onse schmocke, gréngen T-Shirten. Vill vun ons si begeeschtert Leefer. Mir lafen gemittlech, et ass jo keng Course. 

JP Morgan City Jogging: vill fit Grénger

Sech weisen a gesi ginn an eppes fir Gesondheet man. Wonnerbar.  Uewen an der Arrivée um Kierchbierg, ee vu mengen Wahlquartierë, beim grad esou onzweckméissegen wéi deiere Sportpalast, sinn ech e bëssen ausser Otem well dee Wee vun der Rouder Bréck erop zidd sech an den Henri Goedertz ass gutt a Form. De Monsieur Animation vun der Liichtathletik zu Lëtzebuerg, Léon Moureaud, hällt mir de Mikro ee Meter nom Zil ënnert Nues a freet mech op mir d’Stad gefällt. Dat ass meng Chance! Dausenden Leit a Leefer déi all opmierksam man näischt anerem beschäftegt sinn, wéi mir nozelauschteren. Elo eppes Intelligentes soe, wat gutt ukënnt an d’Leit usprëcht a mech bekannt mécht.

No menger Liebeserklärung und Stad, seng Awunner (a meng Wieler in spe), nach e bësse, kleng Gespréicher mat Dësem an Deem, dann eng Douche an ee T-Shirtwiessel, vu engem gréngen an deen aner gréngen. Duerno jauwen ech op de Stroossemaart op Bouneweg. Mir hun do ee Stand, no bei der Kierch a niewend engem Gedrenksstand.  Nom Stroossemaart an der Groussgaass an dem Wochemaart um Knuedler, ass dëst eng weider Maartwalkampferfahrung fir mech. Elo hei zu Bouneweg, an der Quasibronx vu Lëtzebuerg,  wéi  verschidde populistesch Sophisten aus klengbiergerlechen Nimby-spheren d’Leit wëlle gleewen doen. Ech fannen dat zwar guer net! Bal all Dag lafen ech duerch Bouneweg, ënne vun der Schläifmille, Gantebeensmillen oder vum Itzeger Stee, je no Form an Trainingsprogramm, erop duerch d’Citeeën, laanscht d’Appartements- an d’Reienheiser bis op Plaz an dono laanscht de Casino, iwwer d’Breck op der Gare. Nach ni krut ech do eng op d’Bomm, gouf mir opgelauert oder sinn taxéiert ginn, an och net kierperlech oder verbal belästegt. D’Strummerten bei der Kierch a beim Bushäischen soe Moien oder och net a schwätzen iwwer ditt an dat a këmmeren sech net.

Haut gesinn ech d’Strummerte net. Dat ass well d’Strooss schwaarz ass vu Leit. De Maart ass gutt besicht. Onse Stand och. Routinéiert fuchtelen ech de Leit mat den Déplianë virun der Nues a probéieren si fir ons ze begeeschteren. Wéi op deen aner zwee Märt sinn d’Reaktioune vun de Leit ganz verschidden. Déi eng lafen huerteg laanscht, déi aner huele sech Zäit a poteren. Eng Damm ass net frou iwwer den Dreck niewend de Offallcontainer, ee joncke däitschen Här vu Bouneweg freet op et wouer ass, dass d’Fliger iwwer Bouneweg hire Kerosintanken aus Sécherheetsgrënn eidel maachen virun der Landung. Hien hätt nawell dax esou ee komeschen Film op sénger Fënster. Em d’Poubellen këmmert sech d’Viv “ech froen dat no” versprëcht hatt der Madame a freed Telefonsnummer fir hir Bescheed ze gin. D’Kerosinsfro iwwerhuelen ech “ech froen dat no” verspriechen a froen dem Här seng Emailaddress fir him Bescheed ze ginn.  

Braderie zu Bouneweg: schéin a lieweg.

Et kritt een d’Zäit gutt erem an ech hun de ganzen Zäit d’Méiglechkeet, dat wat ech en Donnechdeg an e Freideg beim Argumentatiounstraining geléiert hun, an der Praxis auszeprobéieren. Bei engem Här klappt dat awer guer net. Nawell presséiert kënnt hien op mech zou. Ech halen him een Ziedel dohin: “Monsieur, e puer Informatiounen iwwer ons…?” – “Neen” hie rëselt de Kapp a mecht eng Schëpp “ech kennen dat do!” seet hien zimlech grommeleg – “Oh! Schued! Firwat hutt dir ons net gär?” froen ech . Hien dréint sech ëm “Dat hun ech jo guer net gesot! Ech hat et an der Boîte an hunn et gelies! Dir musst léieren no ze lauschteren!”. Mmh! Do huet den Här recht. Ee Buergermeeschter an ee Kandidat muss nolauschtere kënnen.

Méindeg, 4.7.2011 (97) Den CSV Motto fir d’Wahlen ass “eng Stad fir all Bierger”.

Dënsdeg, 5.7. 2011 (96) d’Lëtzebuerger Velosinitiative huet an d’Carré Rotondes invitéiert. Op ee Ronddëschgespréich un engem véiereckegen Dësch iwwer “Mobilité douce – nei Iddie fir Gemengen? De Jacques Kapp moderéiert. Als éischt dreckt hien kräfteg an d’Pedalen a hien seet all deene Merci, déi de Velo net respektéieren. Ech froen mech op dat net nawell ironesch gemengt war vun him. Duerno féiert hien op déi him eegene Manéier duerch de Owend a fillt de Leit uewen um Dësch, vun ADR, CSV, déi gréng, déi Lénk, DP, KPL, LASP, op den Zand vum grousse Plateau.

Table ronde LVI: elauter Veloschampioën: Jacques Kapp, François Bausch, Paul Helminger

De Peloton vu Vertrieder vun alle Parteien, ausser enger, fannen de Velo gutt. Och dee vun der CSV, mee hien vergësst virun allem net z’explizéieren, firwat et net geet a net esou einfach ass an eben joerelaang am CSV Staat bal näischt fir de Velo ënnergeholl ginn ass, net gëtt a ni wert ginn. Déi vun den aner Parteien entdecken, hei beim LVI, la petite reine. Am Fong ass, en toute objectivité, awer just de François Bausch richteg glafwirdeg an authentesch. Zesumme mam Paul Helminger huet hien an der Stad Lëtzebuerg fir den Ufank vun enger Veloskultur am Verkéier gesuergt.

Duerno pedaléieren ech mam Paul Ruppert an de Melusina. Ech entdecken, dass et niewend dem Frank an dem Andy och nach ganz aner Zorten vun Virtuosen vum Bicykel get. De Paul ass esou een. Ee vun deenen, déi de Velo all Dag gebrauchen, als Transportmëttel, am Beruffsverkéier, fir anzekafen. Op der Glëscht an am Biergop sinn ech vir, mee am Biergof ass hien net ze bremsen. Hie ass schon ënner an der rue St.Ulric, ech hun mech eréicht e puer Meter vum Viaduc an d’Montée de la Pétrusee eragewot. Pavé ass knubbeleg, d’Strooss géi, d’Bremsen dämpen, mäi Velo verléiert eng Schrauw, déi vun der Luucht vir. Ech kommen awer gutt ënnen am Lach un.  

Vill Frënn si komm. de François Bausch an d’Sam Tanson verzielen vum Muck Huss séngem enormem, politeschem Wierken.

Am Melusina gëtt et ee klengt Fest zu Éiere vum Muck Huss, deen haut säi leschten Dag als Députéiert hat. A séng Plaz kënnt d’Josée Lorsché. Déi néi Députéiert vun déi gréng ass grad esou do, wéi vill aner Weggefährten vum Muck, politesch Frënn a derer vun der politescher Konkurrenz. D’Sam an de Fränz erënneren amusant un dem Muck seng politesch Carrière. Mat Freed stellen ech fest, dass bei déi gréng net nëmmen de Fränz an ech Kravatten un doen. 

Dem Muck Huss steet d’Cravatte och gutt. Säi politesche Footprint ass enorm.

Mëttwoch, 6.7.2011 (95) an der CEX Versammlung hu mir nees iwwer de Film geschwat. D’Gina an de Stéphane hu scho vill geschafft an hunn awer och nach vill Aarbecht viru sech. Dowéinst ginn Verbesserungsvirschléi iwwer déi Deeler vum Film déi scho färdeg sinn, am Keim ersteckt. Och wann den Däiwel am Détail stecht a mir, déi gréng, fir ons suergfälteg Akribie a profund Kentnnis vun de Dossierë grad esou berühmt a berüchtegt sinn, wéi gefaart a bewonnert, no baussen a no bannen, muss een heinansdo ee Punkt man. Ech fannnen och, dass ons Haaptaffichen mam Slogan “Besser liewen” net ënnerginn, trotz hirem gréngen Faarwtoun, trotz der Wiss oder dem Graass als Hannergrond an Haaptmotiv. Si sinn och nach gutt ze gesi sinn wann se am ländlechen Raum laanscht d’Weeër an d’Stroosse, op de Wisen, opgestallt sinn. Verschiddene Campagnesveteranen froen sech op esou Affichen iwwerhat een Impakt hunn. “La meilleure pédagogie se fait par la répétition” gëtt gesot. Dat géng jo heeschen, dass mir ons ganzt Arsenal vu Panneauë misste mobiliséieren an iwwerall alles zoupechen. Anerer soen, dass 3/4 vun de Leit souwisou schon décidéiert si, ween si wielen och ouni Campagne. Am Walkampf géng et ëm de leschte Véirel goen, deemno just ee klenge Deel an deen Deel geng sech souwisou tëschend de Parteien verdeelen. Dee ganzen Opwand deemno fir déi lescht Ondécidéiert, zu deenen och déi zéng Prozent gehéieren, déi sech eréicht an der Walkabin entscheeden? Mee 10 Prozent sinn 10 Prozent! Am Buttek ass ee frou wann ee se vum Präis ofgezu kritt, bei de Walen frou wann ee se dobäi kritt. 

Donnechdeg, 7.7.2011 (94) Ech hunn d’Informatiounen zesummen, fir kompetent dem däitschen Awunner vu Bouneweg wéinst sengem Kerosin op senger Fënster, z’äntwerten. Et ass wichteg ze hale, wat ee verprach huet. Hien krut eng Mail : Hallo….., wie am Sonntag besprochen habe ich mich in Sachen Kerosin über Bonneweg kundig gemacht. Die grüne Stadtschöffin wurde auf dieses Problem bereits angesprochen. Ihren Informationen zufolge, käme das Entleeren der Tanks nicht vor (vor allem wäre es kein systematische Strategie), da Kerosin sündhaft teuer ist und demnach sowas wirtschaftlich unsinnig? Die Tankmengen seien knapp berechnet. Der grüne Angeordnete und Flugexperte Camille Gira hat bestätigt, dass dieses Gerüchte episodisch auftaucht, allerdings würden die Tanks nur im äussersten Notfall entleert werden. Er weist aber darauf hin, dass Flugzeugabgase ebenso Spuren an Wänden und Fenstern hinterlasse, wie Autoabgase. Mit freundliche-grünen Grüβen. Den joncke Mensch huet nach bis en Donnechdeg Zäit fir sech fir d’Walen anzeschreiwen an drunn ze denken vu wiem hien esou gutt berode gouf.

Haut den Owend ass nees een internen Workshop fir Froen an Äntwerten. Et geet ëm technech Saachen, wéi P.A.P. a P.A.G., de pacte logement, Zréckhalen vun Terrainë, soss Taxen, , I.V.L., wat därf een als Gemeng, wat net, iwwer Tutelle duerch den Innenministère, Bautekommissiounen a Bautereglementer, an d’Zesummenaarbecht mat de Ponts et Chaussée, a.v.m. Zwee vun onse routinéiersten Gemengenpolitiker, de Camille an de Fränz sti Ried an Äntwert.

Samsdeg, 9.7.2011 (92): Haut ass Quartiersfest um Belair. De Nico Meyrer an de François Benoy, si sinn och bei ons op der Lescht, sinn am Organisatiounsgremium vun dësem Fest. De Nico steet hannert dem Grill, de François këmmert sech mat sénge Scouten em d’Kanneranimatioun. 

Um Wee fir dohinner hunn ech mech gefrot, op dat eng gutt Idee ass, souanzwouch opzetauchen, ech war jo nach ni do an all Mensch weess dass geschwë Wale sinn an da kommen all déi déi wëllen gewielt ginn op all Dëppefest a mondain Fester a convivial Fester an iwwerhat iwwerall wou der zwee oder méi an iergendengem sengem Numm zesumme sinn, just nëmme fir eben gesinn ze ginn, ee gudden Androck ze hannerloossen, fir Stëmmen ze fänken, also puren Opportunismus. Ech sinn derer och een. Schrecklech! Ausserdeem ass d’Chance grouss, dass mech do kaum ee kennt, dass ech dann do rondrëm stinn wéi bestallt a net ofgeholl an da man ech ee schlechten Androck, well ech mat ouni Kollegen, ganz aléng, plomb an pénibel, probéieren mat de Leit iwwer kleng Gespréicher an d’Gespréich ze kommen fir dann awer ee gudden Androck ze man an da braddelt een egal wat an trotz dem Argumentatiounstraining wees ee net richteg wéi a wat an iwwerhat ee schwetze soll et soll jo net argumentéieren, mee fei sinn an ee gudden Androck man an ech froë mech: goën oder net goën an ech verzweifelen un der Welt a mir an dann gesinn ech meng Tata Marianne!

Evidemment! Tata Marianne geet als Ur-Belairer op esou ee Fest! D’Tata Marianne ass och frou an iwwerrascht mech do ze gesin. Frou well si eben eng Gutt ass an iwwerrascht well ech jo awer nach ni op engem Fest an hirem Quartier war. Mee als Dame vu Welt versteet sin “Ah Paulchen! Kënns de Stëmme sammelen…” laacht si “da komm!” Zesummen mat menge Cousinnen Christine a Fanny an dem Rescht vun der Famill, stinn ech an der Rei fir Bongen ze kafen, well op esou engem Fest soll een dat man, well ee vun den Zwecker vun esou engem Fest ass Suen ze sammelen fir ee gudden Zweck, nobäi oder wäitewech. An der Rei stinn och nach Leit vun der Konkurrenz.

Well d’Tata Marianne esou eng jovial a geselleg Dame ass, hunn ech séier Bekanntschaft mat deene verschiddensten Leit gemaach. Si stellt mech vir a fënnt nëmme léif Wieder fir hire Neveu a si huet natiirlech recht domat. Bei engem Stand poteren ech e bëssen mam Nico senger Fra, si péckt de ganzen Dag eng Hand mat un. Ech stelle mech och der Dame déi hir esou emseg hëlleft vir: “Paul Zens, déi gréng aus der Stad” – “Freet mech, Claudine Konsbrück, CSV, och aus der Stad”. Voilà! Esou léiert ee sech kennen. An dem Claudine Konsbrück seng Präsenz hei, ass vill méi authentesch a glaafwirdeg wéi mäin Optrëtt hei. Ganz spektakulär war den Optrëtt vun de Feierspäitzer. Dat hat och iergendeppes vu Walkampf u sech. 

Duerno rullen ech op de Knuedler, do stellt sech de Service d’Hygiène vun der Gemeng fir. Si hunn eng Parti Atelierën opgebaut fir Kanner a fir ze weisen wéi geschéckerlech si mat hire Maschinnen ëmgoen kënnen. Hire Gerätepark ass impressionant, vum zünftege Bléiser, iwwer d’flexibel Kiermaschinn bis bei den decke Camion. Den Héichpunkt ass eng Demonstratioun vun de Fähegkeeten vun enger Kiermaschinn, déi Stöpp vu Petfläschen opkiert a saugt. D’Notabilitéiten solle sech dese Spektakel vun der mobiler Tribün aus ukucken. De Buergermeeschter ass do, d’Viviane als responsabel Scheffin an nach soss Scheffinnen a Member aus dem Gemengerot, vill Leit an d’Press, déi sech ënnen, niewend de Podium postéiert. D’Notablitéiten ginn op de Podium. Ech si keng Notabilitéit, wëll awer och erop, well et huet een vun uewen eng besser Vue, et gëtt ee gutt gesinn a vun ënnen gëtt geknipst. Mee wéi kniwwelen ech mech Trap erop? Zreckhalend, onsécher a schei wéi ech sinn, kréien ech mech net décidéiert, dee klenge Schrëtt fir mech op den éischten Treplék awer grouss fir mäi Wee op de Knuedler, ze man. D’Viv pëspert ongedëlleg a streng “Paul, komm!”. Tjups, stin ech op Podium! Elo nach déi richteg Positioun ze fannen. An der zweeter Rei hannert-tëschend der Emweltscheffin an der fréierer Aussministesch als Blickfang, ass perfekt. Wéi hun ech dat gemaach. Elo kann et lass goen. De Chauffeur vun der Kiermaschin ass ganz geschéckerlech. Ech hätt zwar léiwer mir bräichte keng esou Maschin an d’Leit génge hir Stöpp an d’Poubell man a net op den Trottoir an iwwerhat méi Waasser vum Krunn drenken, mee am Moment ass dat sekondär, ech brauch Biller!

Sonndeg 10.7.2011 (91) “Bonjour, mäin Numm ass Paul Zens vun déi gréng aus der Stad. Ech wollt wëssen op mir och därfen beim 6 Stonne Velo matmaachen?” – “Selbstverständlech, jhiddereen ka matmaachen” –“Ah! D’accord, dat ass gutt. Well mir komme mat onsen Veloen mat Gepäcktréier a Reckspigel”- “Dat ass egal! Et ass jo eben grad keng Course!” – “ Mir kommen awer ouni Vel’oh” – “Dat geet alles. Komm dir heihinn. Et muss ee just een Helm hunn awer een elektresche Motor ass verbueden!” 

Deemno war alles kloer, dës Manifestatioun ass am Prinzip net geduecht als Compétitioun a mir, déi gréng, als politesch Förderer vun der Veloskultur hei am Land gehéieren absolut dohinn. Aner Promoteuren vun der Veloskultur hei am Land sinn de Frank an den Andy an d’Lëtzebuerger Velos Initiativ. D’Parteikollegen si vun menger Idee hellop begeeschtert. Nawell séier fannen sech genug Parteikollegen fir gläich zwou Equipen anzeschreiwen.  Also wann dat net eng wonnerbar Geleeënheet ass fir sech weisen ze kënnen bei Leit, déi wéi mir d’Léift zum Velo hunn. Dat drëpst vun Crédibilitéit an Authentizitéit. 

Als G.O. vun den Velossquadën vun déi gréng sinn ech als éischten an der Hal fir déi administrativ Formalitéiten z’erleedegen. Mee ech ginn e bëssen stutzeg a froen mech op all déi aner déi matmaachen, dat och esou gesinn wéi de feinen Här vum Organisatiounscomité mir dat um Telefon beschriwwen hat, nämlech dass et keng Course ass, mee villméi e convivialt Evenement fir jhiddereen, deen de Velo gär huet: hei sti nämlech honnerte Veloën, déi de Gebridder Schleck hire Boliden a näischt no stinn, d’Cyclisten hunn all multicolor Tenuën an och soss eng professionnell Ausrüstung a kucke ganz eescht a konzentréiert. 

Ons zwou Equippen, ageschriwwen an der Katgorie “open” ënnert “déi gréng” an “déi gréng A”, hunn d’Dossard’en 142 an 183 a si natiirlech mixed, mat Cyclistinnen an Cyclisten. De Carlo an de Nico hu Veloën mat Courseguidongen, de François, d’Sam, de Mike, d’Viv an Tatjana hu Veloën mat Schutzblech a Gepäcktréier an enger Schell. De Mike huet och nach ee Réckspigel. An onsen gréngen T-Shirten si mir ganz däitlech auszemaachen. 

Carlo Back (lenks), Sam Tanson (riets)

Ons Taktik: de Carlo, Chef vun der Lokalsektioun an wéi de Nico, schon Mont Ventoux Bezwénger am Suedel, an d’Sam, Parteipräsidentin, furen als éischt. Si pedaléieren esou laang wéi se Loscht, Zäit an Energie hunn, da kommen déi Next, esou gëtt sech 6 Stonne laang ofgewiesselt. Déi aner man dat och esou.

Beim Briefing virum Start gëtt drop higewisen, dass déi, déi méi lues ënnerwee sinn, sech riets hale sollen. Ech froen mech wat dat heescht? Firwat gëtt dat extra gesot? Et geet jo gemittlech, et ass jo keng Course!

Nawell séier mierke mir, dass mir déi eenzeg sinn, déi riets furen. Spéitestens wéi ee vun ons wollt éischt Hëllef leeschten, nodeems der e puer gefall waren, mee hien du vu Rennradrennerten vernannt ginn ass, hie géng hënneren, hu mir festgestallt, dass et och am Velo verschidde Kulture gin. 

Dass mir trotz onser aner Approche zum Velo, dëst Vehikel beherrschen gesäit een um Endresultat “déi gréng” furen 571 Ronnne, dat mécht eng Moyenne vun bal 29 km/h, iwwerdeems “déi gréng A” 491 Ronnen packen, dat mecht eng Moyenne vun 24 km/h. Dës Vitesse geet vollkomme duer, fir op d’Schaff ze furen. Vun deenen aneren Equippen sin 841 Tir dat Meescht, 221 dat Wéinegst. Mir dréien ons Tir léiwer iwwer déi  139 Kilometer Velospisten a Velosstrecken duerch d’Stad.

Dënsdeg, 12.7.2011 (89). Nawell zefridden, maachen d’Viviane Loschetter an de François Bausch op enger improviséierter Pressekonferenz de Bilan aus Siicht vun de grénge Schäffen. De Koalitionsprogramm wir quasi zu honnert Prozent ëmgesat ginn, d’Kommunikatioun mam Koalitiounspartner ass gutt. D’Finanzen sinn trotz der Kris gesond an eng nei Mobilitéiskultur ass am gaangen an der d’Stad z’entstoen. Och wat d’Kanner ubelaangt ass eng nei Kultur entwéckelt, nämlech Kanner ginn elo an der Stad als “kleng Bierger” gesin, mat eegenem Bureau an uerdentlechem Encadrement. Et gëtt festgestallt, dass gigantesch Shopping-Mall à la Léiweng schlecht si fir den Eenzelhandel an der Stad an dass et éischter Projeeë sinn wéi de Centre Hamilius, déi nei Clienën an d’Stad lakkelen. Wann de Wieler dat wëll, da wëllen d’Viv an de Fränz gäre weider maachen.

Donnechdeg, 14.7.2011 (87) Als Member vun der Sport a Fräizäitkommissioun, sinn ech op d’Iwwereechung vum “Prix Anne Beffort pour la promotion de l’égalité entre hommes et femmes” invitéiert. De Präiss geet un de Veloclub SaF Zéisseng. D’Pompieë vun Hamm kréien de Präiss just net, hätten en awer och verdéngt gehat. Et si vill Fotografen do. Mir poséieren op der Trap, mat mir an der leschter Rei.

Den Délais fir sech als Netlëtzbuerger fir Gemengewalen anzeschreiwen leeft haut of. Et sinn der net esou vill wéi erhofft a geduecht. Déi eng soen, dat wir well net richteg explizéiert gi wir, wourëms et geet a wéi et geet, well d’Leit ofgeschreckt gi wiren duerch d’Walpflicht, duerch Schwirechkeet, fir sech op d’Gemeng ze déplacéieren fir d’Aschreiwen, duerch dee laangen Délais, 5 Joer hei wunnen, ir ee sech därf aschreiwen. Een Délais dee vläicht nëtzlech ass fir sech z’interesséieren. Sou oder sou géng vun de Netlëtzebuerger een Effort verlaangt ginn, vun de Lëtzebuerger net. Si mussen. Wat ass de Problem mat desem minimalste, biergerlechen Engagement?

Méindeg, 18.7.2011 (83) déi lenk présentéieren hir Leit fir d’Stad. 

Mëttwoch, 20.7.2011 (81), Mäi Geposéiers vun en Donnechdeg hat genotzt: ech kommen op d’people Säiten vun engem Magazin fir Lëtzebuerg, an der leschter Rei, uewen riets.

Freideg, 22.7.2011 (79) an enger Wochenzeitung gëtt geschriwwen, dass den Ausbau vum Vel’oh, de “best bekleideten” Gréngen zu publikumswirksamen Presseterminen animéiert. 

Donnechdeg, 28.7.2011 (73): Als Member vun der Sport a Fräizäit Kommissioun vun der Stad sinn ech op de “Gala Tour de France” invitéiert. Do si vill Leit, ganz vill Leit. Sech weisen a gesi ginn. Een interessanten Owend. 

Donnechdegs, 11.8.2011 (59): Anscheindend gëtt vum Summerlach profitéiert fir ze testen, wéi wäit een am Walkampf no der Rentrée kann ze wäit goen. E gëtt e bësse Gestëppels vun der Konkurrenz: D’CSV schéckt d’Jugend vir, fir op d’Tromm ze schloen, mee d’Resonanz ass suguer bei hirer presse amie mitigéiert. D’LSAP souert an der Stad iwwer Sujeeë fir déi d’Regierungsparteien allermeescht verantwortlech sinn. Si ginn dem Schäfferot d’Schold, well si werten net mam liberale Flillek vun hirer Partei, dat heescht hire Memberen an der Regierung, schwetzen kënnen, well déi an der Vakanz sinn. Dat erënnert mech un d’Diskussioun iwwer d’Plaz bei der Gëlle Fra, deemols gouf vun der Stater CSV un der falscher Adress gemekkert. Egal, alles ass, schéngt gutt, fir sech ze weisen. Op een mat esou Gejinglabums awer ee gudden Androck hannerléisst?

Dënsdeg, 16.8.2011 (54): Zu engem Walkampf gehéieren Walplakater. Mir kréie ganz schéiner. De Stéphane huet së entworf. Fir se ze weisen hu mir am Laf vun de Joëren, honnerte Panneauë vun alle Gréissten gebastelt, déi mir an engem Dépôt, an deem mir e puer Kubikmeter Raum gelount hunn, tëschend hiren Asäz an de Walcampagnen, stockéieren. Natiirlech ginn d’Panneauen e puer Mol gebraucht. Net esou daks dogéint, kann een d’Affichen gebrauche, well déi si vu Campagne zu Campagne verschidden. Déi al Plakater mussen deemno vun de Panneauën erofgemaach ginn, dat heescht erofgekraazt, -gerappt, -gezunn, -gerubbelt ginn. Mat hinnen diskutéieren bis si sech fräiwëlleg verzéien, geet net, och wa mir, déi gréng, de Ruff hunn alles onendlech ze thematiséieren an d’Leit an Gronn a Bueden ze diskutéieren. Affichen si keng Leit. 

Vill Panneauë, vill Aarbecht, vill Freed

Och esou méi kierperlech Aktivitéiten gehéieren zu der Aarbecht vun de Leit aus dem Parteivirstand an och vun de Kandidaten. De Romain Tranchida ass fir d’Organisatioun vun der Recyclageaktioun zoustänneg. Fir sécher ze sinn, dass et iwwerhat ee Steck gëtt huet hie säi Bouf fräiwëlleg rekrutéiert. D’Leit sinn am Summer iwwer vill, ganz vill, beschäftegt, schéngt et. Et fannen sech der awer e puer. Trotzdeem, bei esou Saachen si mir nees eng kleng Partei, mat wéineg Memberen. 

Deemols

Wann een déi al Plakater vun no betruecht, da fällt engem op, dass “Politik maachen” Spuren hannerléisst. Ons Leit gesin elo méi räif aus, wéi op de Plakater vun der leschter Campagne, méi kompetent, méi authentesch, einfach besser, eben méi wéi si wirklech sin.

Mëttwoch, 17.8.2011 (53): Ech hu net vun Déckkäpp op Affichen gedreemt a keen huet mir am Draam iwwell geholl, dass ech un ëm gezunn hunn an seng Face gelift. 

Ech sinn erliichtert ze héieren, dass mir déi ganz grouss Panneauen fir dës Campagne net brauchen. Mir limitéieren ons national op dräi Formater: grouss, mëttel a kleng. Fir Stad zouzepechen hu mir just ee Format DIN A0+, dat heescht, all Gréisst méi grouss wéi DIN A0, an onsem Fall 1160 mm x 1590 mm fir déi 49 offiziell Plakatwänn a nach zousätzlech 75 Sandwich Panneauë laanscht Strooss op strategesch relevante Plazen, déi zwar am Gesetz verbuede sinn, mee per Reglement erlaabt. Während dem Gekraz, Gerapps, Gezidds a Gerubbels froen ech mech op et wirklech néideg ass mat Affiche Reklamm ze maachen.

Donnechdeg, 25.8.2011 (45) eng vu banneneraus schlechtberode Partei présentéiert zwou Lëschten, mat oder ouni. 

Mëttwoch, 31.8.2011 (39) Ech leien an der Sonn op der Plage a sammelen Kraaft an Energie fir déi next Wochen. Doheem mussen d’Viv an de Fränz nees an de Asaz, si maachen op der enger Säit de Bilan vun de leschte sechs Joer aus der Siicht vun der Stater Lokalsektioun, op der aner Säit présentéiere si onse mot d’ordre “Besser liewen an onser Haaptstad”. Eng ganz Rei vun de Kollegen vun der Lëscht sinn och am Carré Rotondes. Ons Scheffen sinn zefridde mat deem wat si an déi gréng Fraktioun geschafft hunn a wëllen do weider man wou se elo ophalen, um Enn vun dësem Mandat. D’Stëchwirder si Stadentwecklung, Nohaltegkeet, Logement, Mobilitéit an Kanner. 

vlnr: Claudie Reyland, Nico Meyrer, François Benoy, Philippe Schockweiler, Claude Schmitz, Fabiana Bartolozzi, Carlo Back

Mir sinn déi éischt Partei, déi hiren détailléierten Wahlprogramm veröffentlecht. Déi aner kënne jo elo ofschreiwen.

Trotz der Kris ass et gelongen de Niveau vun den Investissementer héich ze halen, ouni nei Scholden ze man oder Reserven ofzebauen. Dat next wir dann, de Budget no Nohaltegkeetscriteren z’iwwerpréiwen.

An der Mobilitéit soll d’Gesamtverkéierskonzept weider entweckelt ginn, natiirlech mam Tram an de Peripheriegaren, well d’Verkéieresproblemer an der Stad kommen och a gréisstendeels, vun de Leit, déi vu baussen an d’Stad erakommen. Dowéinst muss am ëffentlechen Transport iwwer d’Stater Grenzen eraus, zesummegeschafft ginn. An der Stad soll de Foussgänger d’Liewen vereinfacht kréien. Wat d’Sécherheet fir d’Foussgänger ugeet, ass Préventioun méi wichteg wéi Répressioun. Méi Präsenz um Terrain, wéi Iwwerwaachung duerch Kameraen an de Béisen hannendru lafen.

       Am Ëmweltberäich sollen den Natur- a Quelleschutz weidergefördert ginn. Eng Charte électromagnétique soll fir méi Transparenz suergen wat d’Strahlebelaaschtung ugeet.        D’energietechnesch, ekologesch Sanéierung gëtt weider grouss geschriwwen, déi Leit, déi sech esou Aarbechten net leeschten kënne, solle gehollef kréien. Natiirlech si mir och weider familiefrëndlech. Den Handel gehéiert an d’Stad, och wéinst de kuerze Weeër awer och well den Handel ökonomesch a sozial eng grouss Roll spillt.

 Op der Plage fällt mir an, dass ech d’Formulairen fir meng Kandidatur nach net ënnerschriwwen hunn. An enger Email am Juli hat d’Viv nach extra geschriwwe, mir sollten, suguer missten u Verschiddenes denken fir z’erleedegen ier mir an d’Vakanz, duerno wir et ze spéit. Oh m…de! Ech kennen mech mat den Délais’en net esou aus. Ech hu mäi Schwaarzeberry doheem gelooss fir entspaanen ze kënnen, mee wann een onbedengt eppes wësse muss, wéi soll een ouni Schwaarzeberry entspaanen? Ech kréien eng Schweespärel op d’Stir.

Méindeg, 5.9.2011 (34): Haut ass Braderie an der Stad! Honnertdausenden Leit an der Stad. Natiirlech si mir och do! Gutt gelaunt an héichmotivéiert sprangen ech fréi Moies aus dem Bett op de Velo, fir op onsen Rendez-vous, fir de Stand opzeriichten. Spéit an der Nuecht war ech aus der Vakanz eremkomm a si nach net richteg erwächt. Ech donneren um Drotiesel den Boulevard Konrad Adenauer erof, ënnert der E.I.B. schaarf em d’Kéier op de Boulevard JF Kennedy virun der Rouder Bréck. Ech erféieren! Ech kommen an d’Schleideren! 

Dat éischt wat ech gesi vu Lëtzebuerg no der Vakanz: ee giganteschen Panneau vun der Konkurrenz. Dat geet jo scho gutt un!

De Stand ass séier opgeriicht, well just een haarde Kär sech beruff fillt, fir esou op den éischte Bléck, manuel trivial Saachen, déi ee gewëssen Quantum vun koordinativen a handwirkleche Fähegkeeten a Pragmatismus viraussetzen, grad esou wéi d’Capacitéit an dräi Dimensiounen ze denken,  ze réaliséieren, huet sech ee Groupuscule fonnt, deen huerteg wéi de Wand, onse Présentoire opriicht an dékoréiert: haut sinn et d’Viv an de Gilbert, de Nico, de Mike an onsereen, déi zesummen, d’Canopyszelt auserneen zéien, d’Beachflags hissen, d’Dëscher opklappen, an d’Këschten mat de Gadgeten, Bio-Pen a Wandmillen, tesselen. 

gréng Deko

Dat mat de Gadgeten hate mir an e puer Versammlungen op verschiddenen Niveauen discutéiert. Am Ufank war am GT-2011, een Aarbechtsgrupp an deem d’Campgane ausgeschafft gi war, festgehalen ginn, guer keng Gadgeten ze produzéieren. Den ursprunglechen Zweck vun de Gadgeten, nämlech duerch esou een Dings, dee mat enger Botschaft verbonnen ass, mat de Leit an d’Gespréich ze kommen, war schwéierlech ze réaliséieren. Mir hu net de richtegen Dings dee bei d’Botschaft passt, fonnt. Och sin d’Leit just um Dings interesséiert, net un der Botschaft oder un onsem Programm an den Ideeën. Ob d’Leit dann ons wielen wéinst de klengen Kadoën an ob et iwwerhat de Rôle ass vun enger Partei, fir kleng Kadoën ze verdeelen, sief dohigestallt. Mir stinn och fir een responsablen a nohaltegen Ëmgang mat de Ressourcen, deemno solle mir domat bei ons an onse politeschen Aktivitéiten ufänken. Dobäi kennt, dass esou Gadgeten ee Verméige kaschten an ons finanziell Mëttel begrenzt sinn. D’Politikprominenz brauch keng Dingser fir ze racolléieren. Mir, d’Underdogen awer schon. Ausserdeem ass et sympathesch, wann een engem seng Opmierksamkeet an säin Ouer krut, deem dann mat enger Klengechkeet Merci ze soen. Dowéinst hu mir ons Richtlinnen ginn, no deene mir dann awer Gadegtméisseg agéieren: national hu mir 10.000 Wandmillen an 18.000 Bikken, Model Bio-Pen, verdeelt. D’Staderlokalsektioun krut 470 Wandmillen a 565 Bikker. Well d’Braderie een nationalt Event ass, krute mir nach 1000 Wandmillen a 500 Bikker extra. 

mam Runa Egilsdottir op der Braderie

Ier ech ufänken, d’Leit ze harceléieren, ënnerschreiwen ech nach d’Formulairen fir meng Kandidatur. Zu 14 hate mir dat bal verjuppt. De Stéphane huet alles préparéiert. Op hien ass och administrativ Verlooss. 

Den RTL passéiert um Stand, grad wéi honnerten an dausenden Leit. Esouvill mussen et der gwiecht sinn, well ons d’Bikker an Wandmille si fort. 

Reportage op RTL Télé iwwer d’politesch Parteien op der Braderie (screenshot)

Dënsdeg, 7.9.2011 (30) E puer Aarbechtskollegen hu mech gëschter op der Televisioun erkannt, an enger Reportage iwwer d’Parteien op der Braderie. Elo feelt nach mäin Numm ënnert de Biller op der Telé.

Ech ginn déi 100 Bikker, déi ech fir mech bestallt hat, fir sou ze verdeelen, op d’Partesekretariat sichen. Well ech vergiess hat am Virfeld, eng Campagne z’organiséieren fir Fongen ze sammelen, wéi den Joe Rospars an den Sam Graham-Felsen, si hunn iwwer déi nei Medien 500 Milliounen Dollar fir de Barrak Obama gesammelt, bezuelen ech déi 72 Euro vun mengem Täschegeld. Eng Parti Saachen hunn ech fir meng Campagne vun deenen zwee awer iwwerholl: ech hun een fb Kont an een twitter Kont. An enger interner Formatioun hat den Manuel Huss ons e puer Explicatiounen gin iwwer all dëst modernt Geschir, Web 2.0 an eben seng Applicatiounen Facebook an Twitter. Ech sin awer kee Filibuster doran.

Donnechdeg, 8.9.2011 (31): Versammlung vun der Stater Lokalsectioun. De Fränz hällt eng Dageszeitung an d’Lut wou ee Pronostik iwwer d’Wahlen an der Stad dra publizéiert ass a erklärt “Viru sechs Joer, bei de leschte Gemengewalen, war de Pronostik an derselwechter Zeitung quasi richteg. Wann et dës Kéier och esou ass, da kréien mir ee sechste Sëtz”. Ee Motivatiounsschub fir eng aarbechtsintensiv Versammlung. De Toff hat mir eemol gesot, dass ee ronn 3,5 Prozent rechnen muss pro Sëtz an der Stad. Ronn 21 Prozent. Dat sinn der vill, ass awer machbar, denken ech. Ech sinn ee vun de optimisteschsten bei ons. Wéi ech eng Kéier vu 7 Sëtz geschwat hun, hate se mech ausgelaacht. Et wiisst ee mat der Aufgab.

Um Menü steet als éischt den Oflaf vun de Walversammlungen: während ongeféier 5 Minutten ginn d’Kandidate virgestallt. Duerno présentéiere zwee Kandidaten, während zwee Mol zeng Minutten, de Walprogramm. Um Enn kënnen d’Leit froen stellen. All Versammlung soll ronn zwou Stonnen daueren. Mir stellen ee Planning op, wien, wou mat d’Animatioun mecht. Jhiddereen soll dat an sengem Quartier man. Ech si zoustänneg fir d’Walversammlung zu Weimerskierch, zesumme mam Mariette a mam Björn an déi am Pafendall mam Fabiana a mam Björn. Och wann de Mike e puer Biller préparéiert, soll jhiddereen de Programm nawell intus hun! De Carlo Back huet den Iwwersetzer Service op franséisesch an englesh organiséiert.

E bësse méi schwéierfälleg, wéi festzeleeën wien d’Animatioun an der Wahlversammlungen mécht, ass  d’Tourneeën opstellen, fir nei Flugblieder ze verdeelen. Et sinn d’Invitatiounen fir d’Quartiersversammlungen an d’Velostir duerch d’Stad.  Wa jhiddereen e puer Stroosse mécht, da si mir am Nu färdeg, mat deenen 46.532 Boîten.

Wee verdeelt wou Flyer: gutt geplangt ass gutt verdeelt mam Sam Tanson

Jhiddereen soll dat emol am beschten a sengem Quartier man. Bon, dat hun ech dann elo dovun, direkt fir dräi Quartierë wëllen den Lokalmatador ze sinn. Awer den Toff an de Björn entlaaschte mech a mellen sech fir de Pafendall. D’Mariette hëlleft mir zu Weimerskierch, hatt huet fréier do gewunnt a kennt nach vill Leit. Bleift fir mech den ierwechten Deel vum Duerf an de Kierchbierg mam Kiem a och nach de Weimeschaff. Well ech ee besonnesch sportlechen Typ sinn, kréien ech och nach vum Sam déi Deeler am Hang vum Lampertsbierg zougeschoustert an sinn zoustänneg fir d’Koordinatioun am Garer Quartier an Hollerech, zesummen mam Simone, Fabiana a mam Claude.

Dest sinn déi eenzeg Flyer déi mir selwer an all d’Boîten puche mussen. Am Mee um Stroosemaart hu mir 2000 Flyer mat de Kandidaten. Dono ass am Juni an déi 46.532 Bréifkëschten vun der Post een Dépliant verdeelt ginn “Ons Leit fir d’Stad”. Am September kruten all déi Leit nach eng Kéier Post vun ons, de Walprogramm. Schlisslech sinn den 1.10.2011 d’Heftercher mat den Eenzelportraiten a fir Autogrammer verdeelt gin.

Freideg, 9.9.2011 (30) d’Viv an de Fränz déponéieren ons Lëscht

D’Viviane Loschetter an de François Bausch kennen d’Walgesetzer. D’Presidentin och.

Samsdeg, 10.9.2011(29) d’Nummeren vun de Lëschten gi gezun: mir kréien d’Nummer 1. Ech wees net firwat dat wichteg ass, mee mir sinn all frou. Elo wou mir wëssen op watfir eng Plaz mir d’Affichen op den offizielle Plakatwänn kliewe mussen, ginn ons Pecherten lass: zwou Equippen vun 3. Leit. Mee et ass jo scho bal frustrant: ech kann-brauch-därf net mat Affichen oppechen. Mir sinn zu zevill Fräiwëlleger. 

Sonndeg, 11.9.2011 (28): De Programm vun haut, Affichen pechen, fällt aus, well mir, vill méi, déi aner, d’Kollegen, si gëschter färdeg gin. 

Mëttwoch, 14.9.2011 (25) Als Member vun der Sport a Fräizäit Kommissioun vun der Stad, sinn ech op d’Aweiung vun der renovéierter Schéiss invitéiert. Ech sinn e bëssen éischter do an dat ass och gutt esou. D’Protokollcheffin passt op dass all d’Schäffen déi sech ugemellt hun, do sinn. Dat ass de Fall. De Buergemeeschter seet et ass Zäit fir d’Bändchen duerchzeschneiden. D’Fotografen postéieren sech op dëser Säit vum Bändchen, d’Invitéeën op der aner an de Buergermeeschter schneid. Et gëtt geknipst. Färdeg. A grad war d’Geschnibbels a Geknips färdeg, du koumen, nach e puer Gemengeréit vun der Oppositiouns. Oh?!? Wat e Pech awer! Elo hunn déi d’Foto fir an d’Zeitung verpasst. Am wonnerschéine Festsall vun der Schéiss iwwerléisst de Paul Helminger d’Wuert dem Archtekt Jean Petit, deen e puer Explicatiounen gëtt iwwer d’Gebei an d’Rénovatioun.  No engem Tour duerch déi verschidde Reim, begréisst de Paul Helminger all d’Gäscht a besonnesch déi, déi deemols am Gemengrot géint dëse Projet gestëmmt haten awer haut trotzdeem op d’Aweihung komm sinn. Och si wollte sech den Empfang an enger feutréiert Ambiance net entgoe loossen. Wat léiert een doraus: deen deen dogéint gestëmmt huet kënnt, duerch Zoufall natiirlech, net op d’Foto a get nach extra ernimmt. 

Mir stinn zu e puer déi grénger mateneen ze schnëssen, de Nico, de Fränz, de Carlo, den Toff an ech, wéi ee frëndlechen Här ons freet “Wat man déi gréng hei? Dir musst dach net kommen! Dir gidd souwisou gestëmmt!”. Dat wir jo schéin.

mondaine a gutt gekleete Grénger: François Bausch, Carlo Back, Carlo De Toffoli (Reck) an ech.

Schéin si mir, déi gréng, déi do sinn, och gekleed, woubäi dat ee Problem ass fir Grénger. Mëtt Juni um Maart hat jo ee Passant de Fränz, dee beschtgekleedsten Gréngen stoung anzwouch ze liesen, wéinst sengem Kostüm nawell iwwelst vernannt. D’Anne-Marie, eng Schoulfrëndin vu mir, huet mir, am Zesummenhang mat menger Kandidatur, geroden “da muss du dech awer anescht undoen” an d’Mariette, eng Damm vu Welt, sot zu mir “da muss du awer aner Kleeder undoen”. Déi zwou Dammen hun am Prinzip selwer e gudde Stil an ee Bléck fir Esthetik, dowéinst froen ech mech, wat hu si géint meng Kostümer mat Kravatt? Dat kann eng Affair de goût sinn oder et huet eppes mam Image vun déi gréng ze dinn. Ech wees et net, Dat wat ech weess, ass dass mir bei déi gréng ganz tolerant si wat d’Kleeder ugeet, vun de Gesondheetssandalen, iwwer de Biowollpullover, , d’blo Sakduchbox mat wäissem Hiem bis zum schmocke Kostüm mat Kravatt ass alles erlabt.

Meng allermeescht Kleeder si vum Eva op der Hand entworf, gezeechent, geschnidden, gebitzt, semi-mesure. Si kaschten hire Präiss a si passen. Deemno sinn déi Kleedungsstécker wueliwwerluecht erausgesicht. Ech muss mir gutt iwwerleeën wéini ech mir se leeschten kann a wëll. An de Präiss ass korrekt. Net nëmmen wéinst der Qualitéit vum Stoff, de Knäpp, dem Zwir, mee och wéinst der Manéier wéi all dat verschafft gëtt: alles gebitzt, net gepecht, kee Colle, mee biodegradabel. Net ze vergiessen, déi kuerz Weeër, Stoff aus Italien, an engem Atelier zu Lëtzebuerg geschneidert. D’Néiëschen schaffen no de Regelen wéi se hei üblech sinn wat d’Krankekees, d’Aarbechtskonditiounen, d’Peibugeet. An engem solidaresche System. D’Néiëschen wunnen hei, ginn hei akafen, bezuelen hei Steieren a participéieren esou um Liewen hei. Et si keng Kleeder aus Bëlleglänner, produzéiert ënner weenwees watfir Bedingungen, vu wäit ageflunn, fir global Konzerner. Ass dat richteg esou global Kleeder ze kafen? Ass et richteg d’Leit esou kleng ze halen, dass si sech just derer Kleeder leeschte kënnen? Ech gi léiwer bei d’Eva a passen op meng Kleeder op. Wéini gëtt et de korrekte Präiss fir d’Tomaten? Ech fanne do misst och berücksichtegt ginn, wivill de héichgezillten Zärentomaten vun iergendanzwouch an der Natur, duerch den Dünger, d’Pestiziden, d’Waasserverbëtzung an de Kerosin futti man a wivill d’Biotomaten vun hei dem Oekosystem zréck ginn. Op de Banken ginn et jo vill schlau Leit déi dichteg Bankeproduiten kalküléieren an elo bezuelt ginn, fir Bénéfisser déi et eventuel fir si an hir Bank an Zukunft gëtt. Déi missten eng Nohaltegkeetsrechnung färdeg bréngen, wann se wéilten.

No a no kommen Emailen un vun den Flyerverdeeler: eng Strooss no der nexter, ee Quartier nom aner gëtt färdeg. D’Flyerverdeelung ass e gutt Beispill, wéi ech gedenken d’Geschecker vun der Stad ze lenken spéider, wann et da sollt klappen. Ech sinn een Teamplayer. Eng Viraussetzung, dass dat klappt, ass dass ee seng Mataarbechter kennt, aschätzen kann wat si kënnen an hinnen da vertraut. An dat klappt, ech konnt op der Gare an zu Hollerech keen een Dépliant ausdroen, well d’Simone, d’Fabiana an de Claude sech ouni, dass mäin Zoudoen néideg war, ofgeschwat hunn an am Nu färdeg waren. Um Weimeschhaff hat ech ganz kompetent déléguéiert, well ee seng Leit jo kennt. Um Kierchbierg huet d’Lola déi allermeescht Flyer ausgedeelt. Hatt hat eng Hëllef. 

All Mensch, d’Lola, ee Mann, ech brauch am Liewen Eent dat him hëlleft a versteet. Eent dat ee Mann net mat hypotheteschen Froen iwwerfuedert, Eent dat him d’Liewen rett wann hien de Schnapp huet, eent dat weess dass Männer Saachen brauchen déi Spaass man well déi jo gutt sinn fir d’Gesondheet, eent dat weess, dass Männer kee Matleed wëllen oder getréischt ginn, mee bewonnert a geluewt, all dat wees d’Eliane, grad esou wéi, dass een ee Mann soll selwer de Wee fanne loossen oder him d’Gefill ginn, dass hien dat selwer färdeg bruecht huet an mat engem léiwen “also, du méchs wéis de wëlls” all seng Fräiheete léisst. Wat hun ech eng Chance. D’Lola och. 

Donnechdeg, 15.9.2011 (24): Den Owend ass eng Feier a mengem Kompetenzberäich: d’Sportleréierung vun der Stad Lëtzebuerg. Besonnesch gefällt mir wéi d’Simone Beissel vun de moraleschen Dugenden vum Sport schwätzt. Genee sou ass et an dowéinst sinn ech fir Sport- a Plaz Reliounsuntericht an der Schoul. Et ass einfach ze verstoen, dass een engem net soll wéi doen, wann een selwer eng an d’Schinnebeen kritt, deemno selwer erlieft. Oder wann ee verléiert well deen aner probéiert ze fuddelen. Dat ass ongerecht an deet wéi. Wann de Fuddler erwëscht gëtt, léiert hien déi Regelen an ze halen, déi fir de Mateneen ënnert de Menschen onverzichtbar sinn. Sport léiert een och, dass zesummen méi schéin ass, wéi jhiddereen fir sech. Eng Etude vun der deutsche Sporthochschule Köln vun 2011 iwwer de Stellewert vum Spëtzesport an der geselleschaft, hun Elitesportler déi gréissten Virbildfonctioun a Saachen Leeschtungswëllen (90,9 %) wat z’erwaarden ass an deem Beräich. Mee, déi meescht hei si jo keng esou richteg Spëtzesportler, dofir sinn déi zwou nextplazéiert Valeuren emsou méi wichteg: Fairness (87,2 %) a Gemeinschaftsgefill (86,6 %). An den Equipesportarten léiert een, dass een zesumme méi staark ass a besser weider kënnt an dass Egoismus ee net weiderbréngt. Et erliewt een, watfir ee gutt Gefill et ass, sech een op deen aner verloossen ze kënne. Virun allem léiert een dass, déi schéinste Freed, déi gedeelte Freed ass an dass de Konkurrent ee Partner ass, net ee Géijner. Zesummen, net ausgrenzen, net egoistesch, solidaresch,. Dat ass esou wéi mir, déi gréng, ons d’Welt virstellen.

Net esou richteg eens ginn ech mat enger neier Offer vum Sportservice vun der Gemeng, nämlech Sportscouren fir Fraen, fir ofzehuelen. Dat ass awer genderméisseg zweifelhaft. Dat fënnt och de Xavier Bettel, zwou Reihen viru mir “Firwat da just fir Fraen?” freet hien a kuckt rondrëm sech, op den Armand Drews. Deen huet och keng Erklärung. Duerno gouf et eppes guddes z’iessen am Foyer vum Grand Théatre, fir d’Sportler an d’Fonctionnairen, Dammen an Hären. Virdrun sinn awer nach d’Sportlerinnen an d’Sportler geéiert gin: vun de fläissegen Liichtathleten vum CSL un, iwwer d’Gewiichthiewer vum Le Coq mam kecken Tony, de styleschen Tennisspiller, d’Volleyballerinnen vun der Gym Bouneweech, bis bei d’Fëscher vum Kierchbierg (bei deenen ech mech froen wou se do trainéieren?). 

Dass Kultur a Sport gutt mateneen können, hun de Blechbléiser Ensemble vum Konservatoire gewisen. Besonnesch hiirt lescht Arrangement mat fatzegen Stadionslidder an deem inévitablen “Wa mir Futtball spillen” huet super gepasst, ausser dass keng Stater Futtballsequip eppes gerappt hat d’lescht Joer. 

Freideg, 16.9.2011 (23): Obschon ech virun zwee Deeg extra uecht ginn hat, mech bei der Aweihung vun der rénovéierter Schéiss, fir d’Foto besonesch gutt ze positionnéieren, à savoir, direkt hannert den Architekt Jean Petit, an de Schäffinnen Simone Beissel an dem Lydie Polfer, sinn ech nees net am Bild, well de Fotograf vun der presse-amie vum Koalitiounspartner, méi déif stoung an d’Scheffinnen mech verdecken. Dat ass ongënschteg esou kuerz virun de Walen. Och wann et just d’Foto an der Zeitung vun der presse amie vum Koalitiounspartner ass, déi, wéi  een Kandidat vun der gréisster Oppositiounspartei am Gemengrot, despektéierlech gemengt huet, just vun 10 Leit gelies gëtt. Mir, déi gréng hu guer keng presse-amie. Iwwriens huet d’Presse-amie vun der gréisster Oppositiounspartei am Gemengerot de faux-pas vum ze-spéit-kommen fir d’Bändchen duerchschneiden op hir eegen Manéier rattrapéiert: si publizéiert nëmmen Fotoen vum Gebei an de Reim. Keng Foto mat Käpp hannert dem Bändchen: wa scho kee vun hinnen op der Foto, dann ass kee vun deenen aner am Bild. Mee all dat huet näischt mam Walkampf ze dinn!!!!

Samsdeg, 17.9.2011 (22): Well ech wéinst engem Engagement am Kader vun enger Coupe d’Europe an de Liichtathletik zu Tuzla a Bosnien sin, verpassen ech de Maart um Knuedler Samsdeg Moies. Neen, ech wëll net wëssen wivill Stëmmen dat emgerechent sinn! 

Do erliewen ech awer wéi et spéider ka sin als Buergermeeschter oder Ausseminister: als Déléguéiert vum Europäeschen Liichtathletikverband gehéieren ech mam Buergermeeschter vun der Stad Tuzla, dem Premier an der Ministerin fir Erzéihung, Kultur a Sport vum Kanton Tuzla an nach Sportsfonktionärskollegen zum offiziellen Programm bei der cérémonie d’ouverture: Rieden, Fotografen, Hymnen, alles, alles. Ee gudden Training fir nom 9. Oktober.

trainéieren fir den Eeschtfall, vlnr: 1. Rei: Premier, Buergermeeschter, Kandidat, President, Minsiterin, Presidentin

  Wéi ech Ufank August do war fir ze hëllefen z’organiséieren an och elo um Ufank vun dësem Weekend, hat ech als V.I.P. ee Chauffeur fir mech a gouf zum Beispill op der Grenz an déi zwou Richtungen quasi duerchgewenkt. Ech hat do och Rendez-vous’er mat der Press an der Politik. Den Highlight war fir mech een laangen Televisounsinterview. Ech froen mech wivill Stëmmen esou vill Televisiounszäit zu Lëtzebuerg bedeit hätt? Beim Umtrunk a Small Talk während dem Rendez-vous beim Sportsminister, hun ech hinnen vun de Gemengewalen zu Lëtzebuerg verzielt. Si hu gesot, hire Landsleit zu Lëtzebuerg ze recommandéiren mech z’ënnerstëtzen. Dat fannen ech léif. Ech wees nach genau, dass ech hinnen  am August verzielt hat bei enger klenger Partei, 1 vu 27 Kandidaten ze sinn, an och nach dee leschten op der Lëscht. Duerno hun ech gemierkt, dass dat mat Iwwersetzungen an der Politik esou eng Saach ass. Wéi ech am September zreckkomm sin, sin ech virgestallt gin als “Candidat for President of Luxembourg”. Kee Wonner, dass duerch falsch Iwwersetzungen schon Kricher ausgebrach sinn. 

Sonndeg, 18.9.2011 (21): Fir Heem hun ech ee Flug Sonndes Moies fréi, um sechs Auer gebucht, well ech ee volle Programm hun de Rescht vum Sonndeg. Dat ass normal am Walkampf. D’Rees vun Tuzla op Belgrad dauert dräi Stonnen wann et normal geet. Fir dem Organisateur vun dësem Liichtathletikevent fir Jugendlecher, dee mat wéineg Moyenën awer vill Härzblutt, eng wonnerbar Compétitioun fir 400 jonck Athleten iwwerall aus Europa, op d’Been gestallt hat, net extra Ëmstänn ze man, furen ech um 2 Auer Moies mat der hollännescher Junioren Equipe op de Flughafen op Belgrad. Op der bosnesch-serbëscher Grenz, géint 4 Auer Moies, erliewen ech den Douanesalldag do, nix V.I.P. Traitement: während der halwer Stonn, déi et dauert fir ons Päss ze kontrolléieren, mécht onse Buschauffeur een Dauerbückling virum serbesche Kontroller, dee bis mir komme sinn een Tëmmchen gehalen hat a séngem Haischen. Ier hien ons Päss zreckkritt, kënnt de Buschauffeur nach séier  a wéi selbstverstänlech, an de Bus eng Fläsch Jus sichen, déi hien extra fir Douanieren dobäi hat. Eréicht dann därfen mir weider furen. 

Soss hun ech do Heiser gesinn mat Granatenaschléi an de Fassaden, Schëlder mat Minnewarnung um Bord vun der Stross, ee Memorial fir iwwer 70 doudeg, bosnesch Jugendlecher, déi, wéi de Krich um Balkan schon offiziel eriwwer war, bei engem serbeschen Granatenugrëff ëm d’Liewe komm sinn. Ech sinn duerch eng Akafsstrooss gaangen wou d’Geschäfter vu moies bis owes op sinn, net well et vill Klienten ginn, mee well d’Leit keng aner Beschäftegung hunn, wéi an hirem Buttek ze sëtzen, sech do ze treffen an ze waarden a mateneen ze schnëssen. Ech sinn do op Stroosse gefuer, esou knubbeleg an hiwweleg, dass se hei bei eis net als Feldwee gebraucht ginn. Ech si gespaant iwwer wat d’Leit an de Walversammlungen schwetzen.

Zréck an der Stad hun ech haut vill ze dinn: mäin éischte Wee féiert mech op d’Oekofoire. Sech weisen, kucken, gesi gin, schnëssen. D’Throunn, den Thomas an de Mangro dédicacéieren mir hire neie Komik. Eng ganz Rei Kollegen vun onser Lëscht sinn do aktiv, esou d’Ana fir ASTM an d’Fabiana an der Bio Kachshow. Sech weisen, kucken, gesi ginn, schnëssen ee nohalteg gudden Androck hannerloossen. 

d’Fabiana Bartolozzi a säi Kichemaestro op der Oekofoire

Duerno ginn ech bei mäi Futtballsclub. Trei dem Motto “support your local team” ënnerstëtzen ech zënter, deem ech do wunnen, den FC Red-Black Egalité 07 Weimerskierch Pafendall. Ech war suguer 4 Joer laang Goalkeepstrainer a eng Saison Redakter vun der Stadionzeitung. Elo stinn ech bei der Clôture a genéissen déi rasant Kombinatiounen vun de gold-schwaarzen. Haut ass deen éischten Heemmatch an der neier Saison an ech stëften de Ball, d.h. ech bezuelen fir den Ustouss ze man, fir mich ze weisen a gesin ze ginn. Futtball ass an den ënneschten Divisiounen, do wou net probéiert gëtt mat Suen eng Légionnairséquipe zesummen ze kafen, do wou een d’Spiller kennt, well se aus dem Quartier sinn a schon ëmmer do gespillt hunn, aus Spaass un der Freed, ee ganz populäre Sport. Ee Futtballmatch ass wéi d’Liewen, mat all séngen Héichten an Déiften, Réckschléi an Glécksmomenter. Kompakt an Nongzeg Minutten. Een deen zum Beispill net gleeft, dass et onméiglech ass e perfekten Plang ze man an dass den Zoufall mécht an deet wat e wëll, dee soll wannechglift Futtball kucken goen. Et ass och schlicht, net fir zevill nozedenken, kuerzweileg. Futtball mécht de Kapp eidel. Et geet et een net just op de Fussball, fir Aggressiounen ofzebauen a fir de Frust an Ierger, dee sech déi ganz Woch iwwer usammelt, lass ze ginn, mee ech wëll dat Positivt ernimmen, d’Freed wann déi eegen Equip ee Goal schéisst an een am léifsten déi ganz Welt ëmärme wéilt. An deem Moment gëtt et keng Distanz, dann ass dat all dat, wat ee grad da brauch. Wann ee Pech huet geléngt der eegener Equip dat seelen. Kee Wand a Wieder, kann de richtege Futtballsupporter dovunner ofhalen, seng Equip kucken ze goen. No bal zwou Stonnen kommentéieren, luewen kritiséieren, kënnt een dann bronggebrannt, plätschnaas, halleferfruer heem, je no Resultat méi oder wéineger gutt gelaunt

Futtball ass wéi d’Liewen ass wéi Futtball (Foto: Raym Fux, FC Red Black Egalité 07)

De Ball vum Match gestëft ze kréien, ass een übleche Wee vu Veräiner, fir Suen eranzekréien, fir zum Beispill Trainingsmaterial ze kafen oder neit Sportsgezei. Mee, nei Uniformen brauch den FC Red-Black Egalité 07 Weimerskierch Pafendall dës Saison net selwer ze kafen, well, wéi ech virum Match festgestallt hun, huet de Konkurrenzkandidat aus mengem Quartier, de Gilles Bley säi Faible fir de Quartiersfuttballclub entdeckt. Hannen op den Trikoë steet elo gilles-bley.lu. Virum Match huet hien hinnen déi nei Tenuën iwwereecht Dass hien och beim Konkurrenzclub, dem RFCUL engagéiert ass, stéiert keen beim Red-Black Egalité. An iwwerhat, déi Joeren virdrun stoung drews.lu hannen op den Trikoë, deen ass elo President beim Racing Futtball. Futtball ass Parteigrenzen iwwerschreidend. Egal, mir gewannen 3 zu 1, dat louch garantéiert um Ball, denken ech a man mech op de Josy Barthel Stadion.

Op der Areler Strooss ass d’Coupe du Prince an der Liichtathletik. De Stater Liichtathletikveräin ass Favorit, wéi ëmmer. Net wéi ëmmer, mee fir d’véiert hu gëschter d’Athletinnen vu mengem Veräin, dem Celtic Dikrich d’Coupe des Dames gewonnen. Och wann de Stadion op der Arler Strooss de Numm vum gréissten lëtzebuerger Liichtathlet vun allen Zäiten huet, dem Josy Barthel, ass do Liichtathletik kucken eng Plo well Liichtathletikzuschauer gi gewéinlech, während engem Meeting, vun enger Säit vun der Anlag op déi aner, je nodeem watfir Concours grad am gaang ass a si interesséiert. Um Stadion an der Stad geet dat net, wéinst de villen Gitter an Glänner do. D’Gitter an d’Glänner sinn do wéinst dem Futtball an sengen Zuschauer. Je nodeem wivill ee bezillt, därf ee beim dichtegen Futtball méi an der Mëtt, lenks oder riets sëtzen. An der Liichtathletik ass dat manner hierarchiséiert an et brauch een keng Gitter a Glänner. Een Entréespräiss fir se all, well do streiden mir jo net. Beim Red-Black Egalité 07 ass et iwwriens och esou. Diren tëschend de Compartimenter sinn hei um Stadion zougespaart. Firwat weess keen. Et ass eben ëmmer esou. Fir den Stater Liichtathletikveräin ass et net einfach. Dowéinst proposéieren mir, déi gréng, an onsem Walprogramm fir eng eegen Liichtathletikanlag ze bauen. Den Emil Hermes, President vum CSL, kënnt grad mat der Sportscheffin, déi herno d’Coupe iwwereechen soll, laanscht. Hie weisst op d’Sportschäffin a rifft “Si weess näischt vu engem Liichtathletikstadion”. Natiirlech wees si dat net, denken ech, si ass jo net bei eis. Ausserdeem, wann den Emil si mat dësem Projet lächert, da get dat näischt, well d’Idee jo net vun hir kënnt. An der Politik därf ee nämlech net dovunner ausgoen, dass am politeschen Discours, eng Politikerin oder ee Politiker, perséinlech Gefiller zreckstellt, well et just ëm Froen zum Gudden vun der Allgemengheet geet. Et muss een, aus taktesche Grënn, den Houffert vum politesche Géigener a vun de Parteifrënn, zervéieren. Den Emil agéiert e bëssen onglécklech. Onglécklech wiren d’Sportlerinnen a Sportler allgemeng wann si keng propper Loft hätten fir z’otmen an eppes fir hir Gesondheet  maachen. Mir, déi gréng waren déi éischt an eenzeg déi sech em d’Ëmwelt Gedanken maachen. Dat weess jhiddereen an dowéinst sinn ech zouversiichtlech dass all déi sportlech aktiv Leit ons wielen.

Méindeg, 19.9.2011 (20): d’Stater CSV positionnéiert sech a Saachen Tram, d.h. d’Spëtzenkandidatin huet keng Meenung, si mengt si wir net kompetent fir esou eng Décisioun ze huelen. Op Tram oder net Tram solle Fachleit entscheeden. Voilà: d’Politik vun der Beliebegkeet a gären jesuitesch schlau. Ech hat gemengt an der Politik géng aneschters goen an zwar: ee Politiker huet eng Idee, Leit vum Fach maachen eng Bestandsopnam, d’Politiker huelen am Numm vum Vollek eng Décisioun, Leit vum Fach réaliséieren de Projet an d’Politiker kommen op d’Aweiung. 

Haut ass déi éischt Wahlversammlung vun dräizéng. Mir hunn ee Raum am Victor Hugo Hall réservéiert. Net dee Gréissten an dat war gutt esou. Bal all d’Kolleginnen a d’Kollege vun der Lëscht sinn do, déi 4 Iwwersetzer an nach 8 Gäscht. 

D’Viviane mécht eng kuerz Aféierung. Duerno présentéiert d’Ana all d’Kandidaten eenzeln. Jhidderee steet op laacht frëndlech: ee gudden Androck maachen. Just ech gi vergiess. Mee bei aacht Gäscht ass dat jo net esou schlëmm, et sief dann, dass eng Wahlversammlung geng esou Wellen maan, wéi wann een ee Steen an d’Waasser pucht. 

Merci den Iwwersetzer vun der ASTI

D’Sam an den Toff stellen de Wahlprogramm vir. Jhiddereen zéng Minutten, wéi virgesin. De Mike huet e puer Diaë préparéiert. Duerno kommen d’Froen an Äntwerten. Et geet ëm d’Verkéiersproblemer um Campus Lampertsbierg: vill Autoen a geféierelech ass et do, well wéinst Chantierën d’Busser vum Schülertransport komesch manoeuvréieren mussen. Een Här ass e bëssen méi emotionel, mee et ass insgesamt eng onopgereecht Versammlung. Géint néng Auer ass alles gesot. Ir d’Leit heemgin, proposéiere mir hinnen ,sech nach mat engem Bioapel ze stärken a sech een Dépliant matzehuelen, fir dat wat mir hinne verzielt hunn, nach eng Kéier a Rou ze liesen.

mat Déplianën a Bioäppel beschtens versuergt

Ech wees net wat ech vun dësem Owend hale soll. Et ware manner Leit do wéi zu Istanbul beim Erdogan awer méi wéi deemols bei ons am Duerf. Firwat waren et esou wéineg Leit? Huet kee matkritt, dass déi gréng Scheffen mat hirer Equip do sinn? Waren d’Leit zevill mat der Rentrée beschäftegt? Waren se mam Valissen auspaken no der Vakanz beschäftegt oder hate si nach keng Zäit fir de Courrier mat onser Invitatioun duerchzekuecken? Oder ass dat onse Wielerréservoir um Lampertsbierg? Huet dat eppes mat dem Tram als aubaine pour le Limpertsberg ze dinn?

Duerno gi mir zu e puer nach an ee Bistrot, deeselwechten wéi deemols am Mee, wéi ech kee Su dobäi hat. Dës Kéier an iwwerhat zënter deem, sinn ech besser préparéiert, well wéi seet den Toff “d’Wale ginn am Tramm gewonnen”. Effektiv, et si méi Leit do, wéi bei ons op der Walversammlung. Op der Terrasse virun der Dir kommen ech mat zwee interesséierte Bierger an d’Gespréich, woubei deen een den Androck mécht, wéi wann hien sénger Madame versprach hat, fir d’Owesiessen doheem ze sinn. Dat gëtt enk. Hien trëppelt ongedëlleg vun engem Fouss op deen aner a seet zu villem Jo an Amen. Hien schéngt net richteg begeeschtert, dass säi Kolleg nach ausgiebeg mat mir iwwer Politik diskutéiert. De Kolleg seet, mir, déi gréng, wire vum Prinzip aus gutt, mee mir hätten am Laf vun de Joeren ons Visiounen verluer. Ass dat esou? Vläit gëtt dat esou gesinn. Dat wir net gutt. Dat wir een ze heftege Kollateralschued duerch d’Kompromësser, déi ee muss zougestoen an der Responsabilitéit an enger Koalitioun. Mir ginn ons Grondsätz net op.

Mëttwoch, 21.9.2011 (18) : Haut si mir op menger Mëscht. Wahlversammlung zu Weimerskierch am Centre culturel “Am Duerf”, do wou och de jéineschen Owend war. Haut kënne mir 15 Gäscht begréissen. D’Mariette stellt d’Kandidaten vir. Iwwer jhidderee seet hatt ee léiwe Saz. 

d’Mariette Braun wees wourop et an enger Walcampagne ukënnt.

De Björn schwetzt iwwer déi éischt 6 Kapitelen. Hien raumt mat engem Virurteel iwwer déi gréng an d’Finanzen op: ee Gréngen responsable fir Finanzen ze maache, wir de Bock zum Gärtner ze man, géng behaapt. Mee wann een de Bilan kuckt, gesäit een, dass dat net wouer ass, well trotz de villen Investissementer, ass déi finanziell Situatioun vun der Stad nawell gutt a besser wéi virdrun. Deemno ass déi gréng méi Finanzkompetenz wéi gesot gëtt. Iwwriens, a Griechenland waren noëneen konservativ a sozialistesch Finanzgeniën um Wirk.

De Björn schwetzt nach iwwer weider 5 Themen an onsem Programm,  dann ass et u mir. De leschten Sujet ass mäin Domaine: ech schwetzen iwwer déi sozial Fonktioun vun de Sportveräiner. Den FC Red-Black Egalité 07 Weimerskirch-Paffendall ass ee gutt Beispill: fréier, krut ech gesot, hu sech d’Lakerten an d’Pafendaller op de Baler zerklappt, d’Matcher géinteneen waren haard, ganz haard. Haut spillen si zesumme Futtball an engem Club a feieren dono zesummen wa se gewonnen hunn an och wann se verluer hunn. Esou einfach ass dat! Uerdentlech Infrastrukturen sinn eng Viraussetzungfir all Klub fir kënnen der technescher an der sozialer Fonktioun gerecht ze ginn. Dowéinst si mir och fir eng Liichtathletikanlag fir de Stater Liichtathletikveräin. Um Stadion op der Areler Strooss huet hien et net einfach fir seng 500 Member ze betreien an ee richtegt Veräinsliewen z’entwécklen. Och ee Sportsveräin brauch een Doheem.

D’Froen haut den Owend si ganz verschidden an déi éischt stellt ausgerechent déi Madame, déi den Ziedel mol net wollt d’lescht Woch. “Bleiwt mer nëmmen ewäch mat deem Bausch” hat si gejaut wéi d’Lola hir wollt ee Flyer ginn. Si ass haut den Owend awer do: si ass net frou iwwer de Kaméidi wa Bussen op den Trottoir furen a nees erofknuppen an doduerch d‘Leit erwächen. Si freet och op dat muss sinn, déi eidel Busfaarte moies um 6 Auer. De Fränz notéiert a versprecht sech z’informéieren an d’Madame au courant ze halen. Aner Bierger stelle Froen iwwer de Kaméidi owes wann d’Lokale sech net un d’fräi Nuecht oder nach méi schlëmm, wann d’Leit um Wee fir heem da Kaméidi man. Et geet och ëm de Chantier um Kuelebierg wou méi wéi virgesin gebaggert ginn ass an den Hiwwel verschrampeléiert; ëm déi knubbeleg Stroossen; ëm d’Liichtverschmotzung; ëm d’Qualitéit vum Waasser. D’Qualitéit vum Drenkwasser gëtt an der Stad regelméisseg kontrolléiert. Doduerch, dass 73 Quelle rondrem d’Stad de System speisen, huet d’Gemeng ee groussen Afloss op dat wat aus dem Krunn kënnt a kann intervenéieren, wann eng Quell problematesch ass. An dem Waasserleitungssystem vun der Stad sinn awer nawell vill Fuiten. All Dag ginn d’Leit vum Waasserwirk op d’Sich vu Lächer. Mat der Hëllef vu Geräischsonden ginn si op d’Spuer bruecht. Vill Leitungen si futti well se al sinn a well se duerch de ville Verkéier ëmmer méi belaascht ginn, méi wéi virun Joerzengten gerechent. Joerlaang ass net wirklech an den Entretien investéiert ginn, well do wou net gefléckt get, ass kee Chantier a kee Problem mat den Electeuren. Déi vill Quantitéiten Drenkwaasser, déi aus de Fuiten am Buedem versickeren, gesäit ee jo net, ausser et fällt ee Bagger drann. Mee dat ass kuerzfristeg geduecht. Nohalteg richteg ass et fir regelméisseg an uerdentlech Leitungen a Captagen z’investéieren. Da geet manner Waasser um Wee vun der Quell, ¾ vum Waasser kënnt aus de Quellen, bis an de Krunn verluer, an de Waasserpräiss gëtt net esou héich. Da brauch ee keng savant Kalkülen ze man mat 50 Liter gratis, 100 Liter fir näischt an de Rescht extra facturéiert.

Owes an de Nooriichten bréngt RTL eng Reportage iwwer d’Wahlplaktaer an der Campagne, wien der wivill op watfir Formater wuer henkt. D’Kamera schwenkt iwwer d’Plakat mat de Stater Kandidaten a verweilt 1 Honnerstelsekonn op der ënneschter Rei. Ganz geübt a rapid Kuckerten gesi mai Numm drënner. Dat ass jo scho bal wéi de Numm ageblendt. 

De Numm um Fernseh!

Donnechdeg, 22.9.2011 (17): Haut den Owend hu mir ons Wahlversammlung am Neiduerf. Ech erënneren mech un déi nawell animéiert Versammlung mat ville Leit den éischte Februar wéi de Schäfferot on Tour am Neiduerf war. Well der haut den Owend och vläicht esouvill bei ons kommen, man ech mech mat Zäit dohinn. Véierel vir. Ech sin deen éischten do. Da kënnt de Responsablen vum Iwwersetzer Service. Duerno d’Concierge, si hat mat hire Kanner nach Hausaufgabe gemaach. Si weisst ons de Sall fir d’Versammlung: et ass net deeselwechten wéi deemols. Mir mussen an de Keller, an den Trainingsraum vum Le Coq Neudorf, dee jo och d’lescht Woch gëéiert gi war. Den Ecran aus deem Raum dee mir fir  ons Diaprésentatioun, mam Mike un de Manetten, opriichten, ass nach ni benotzt gin, wéinstens net zënter deem si hei ass, préziséiert si d’Concierge. Si schafft schon zënter néng Joer do. Deemno ass keen déi lescht neng Joer fir sech ze versammelen an de Soussol complimentéiert ginn. Fir d’Leit an de richtege Sall ze dirigéieren, maachen ech de Portier. Dat ass néideg well jhiddereen wëll an de grousse Festsall goen.  Mee och ënnen an hu mir Plaz genug. Haut begréisse mir 5 Gäscht. 

d’Caludie a säi maskottchen (um Aarm). lenks de Mike Mathias, riets de Björn Lorenzen.

D’Claudie a säi Maskottchen, de Björn an de Mike présentéieren de Programm an d’Equipe. Iwwer mech seet de Mike, ech wir de Beschten, well de Leschten op der Lëscht. 

Ons Gäscht haut si routinéiert Versammlungsbesicher. Dräi vun hinnen erkennen ech, si waren och deemols beim Schäfferot um Tour. Ee vun hinnen wëllt méi gewuer ginn iwwer d’Vitesse an der Neiduerferstrooss, iwwer Vitessepanneau’en a d’Vitessekontrollen.  Hien bedauert dass bei him kee Panneau den d’Geschwindegkeet uweist, méi virun der Dir steet. Hien huet nämlech als Camionschauffeur geschafft an ass der Meenung, dass esou ee Panneau awer e hëllefen géng fir dass d’Autoen net esou séier furen. De Fränz notéiert sech all déi Saachen a versprécht dat no ze froen. Een anere Nolauschterer, ee fréieren President vum Syndicat aus dem Neiduerf formuléiert méi allgemeng, dass d’Neiduerf ee Quartier ass, dee vun all de Parteien vernoléissget gëtt an erënnert un den Dauerchantier an der Neiduerferstrooss. Hien bedauert, dass et an der Stad kee Politiker gëtt, deen  aus dem Neiduerf ass. Mir halen dogéint, well mir hunn d’Claudie hei aus der Strooss. Een aner joncke Mensch ass gutt préparéiert, hien seet wat hie gutt fënnt a wat ee kéint besser maachen, iwwerdeems eng Dame déi extra vum Weimeschaff erofkomm ass, sech iergert, dass bei de Changementer vun de Buslinnen virun e puer Joër, den Arrêt virun hirer Dir ewäch geholl ginn ass. Elo wir et vill méi ëmständlech fir an d’Stad an op d’Gare ze kommen. De Fränz verzielt, dass et och Leit ginn, déi froen fir den Arrêt virun hirer Dir ewäch geholl ze kréie, wéinst dem Kaméidi. Virun allem awer erklärt hien, dass déi Neiorganisatioun op Statistiken baséiert, wou a wéini d’Leit wuer mam Bus furen. Een anere Gaascht bemierkt dozou, dass seng Mamm fréier um Weimeschhaff deeselwechten Bus geholl huet a nodeems si am Ufank e bëssen gegrommelt huet, si elo dee neie System nawell besser fënnt. Et gëtt sech och beschwéiert, dass um Kierchbierg-Weimeschaff d’Chantierë ni en Enn kréien an et gëtt keen-ni-eppes-net-ni gewuer, wéi a wéini an op iwwerhat d’Aarbechten virun a färdeg ginn. Do ass d’Gemeng awer net zoustänneg, déi Aarbechten gi vum Infrastruktur a Nohaltegkeets Ministère a vum Fong fir de Kierchbierg coordonnéiert an organiséiert, deemno vun enger schwaarzer Këscht an déi allerdéngs zënter deem ee neie President dem Fong virsëtzt, e bësse Liicht erakënnt.

Natiirlech gëtt och iwwer d’Velosbréck vum Cents iwwer d’Neiduerf ewäch op de Kierchbierg geschwat. Virun der Versammlung hat d’Concierge mir schon dovun verzielt. Si wir skeptesch well et géngen Parkplazen verluer goe, mee virun allem si geng färten, dass d’Leit sech géifen d’Breck erofgeheien an da lande se bei hir um Daach. An et géifen dann Drogen do verkaf ginn, färt si an anerer. Et gëtt awer eng zoue Bréck an och eng déi beliicht ass. De Fränz erënnert drunn, dass de Projet vun der Bréck, virun méi wéi zéng Joer vun den Awunner vun do proposéiert ginn ass. Deemols war d’Breck awer méi ënnen, no Clausen zou, geplangt. D’Gäscht bestätegen dat. Fir esou Projeeën an Initiative méi ze formaliséieren an z’officialiséieren, proposéiere mir jo ee Biergerot an a fir all d’Quartierën. An de Biergerréit kann da spéider de Biergerhaushalt débattéiert ginn.

D’Viv explizéiert op Nofro d’Prinziper vun der Biogasanlag, dass se soll matt organeschen Offäll, déi e.a. bei de Leit, an de Schoulen a Foyerë gesammelt ginn, fonctionnéieren. Dës Offer fir de Leit hire Biomüll anzesammelen ass ee grousse Succès, bei deem no ganz kuerzer Zäit schon ronn zweedausend Stéid matmaachen. Dat ass ganz gréng, grad wéi d’Ambiance dësen Owend am Neiduerf, manner spannungsgelueden wéi deemols am Februar, mee mir soutzen am Sous-sol, net am Festsall. Des Zort vu Politik kënnt an de Medien net dax vir. D’Medien sinn éischter präsent wann et em méi däreg Dossierë geet, wann et em Aueren a Flugreesen an Stadioner mat Geschäftszentren an national Enjeuën an Terrainën a Banke an der Gewan um Duerf geet.

Owes an de Nooriichten bréngt RTL eng Analyse iwwer d’Wahlsloggien mat scho nees engem gelongenen Schwenker iwwer ons Affiche a schon nees sinn ech am Bild zur beschter Teleszäit mat de Rediffen. 

Scho nees zur beschter Sendezäit um Fernseh

Freideg, 23.9.2011 (16): Mir ware gewarnt gin, um Cents wiren d’Leit rose wéinst der Bréck vun Hamm op den Cents. Foffzeng Gäscht si bis an den Centre Culturel komm. D’Patricia an de Heng présentéieren de Programm, de Nico ass an der Technik. 

No dem ordinairen Deel, explizéiert de Fränz de Projet vun der Bréck. Et ass ee Projet vum CFL, deen zum Ausbau vun de Waasserbëlleger Zugstreck gehéiert. Des Streck gëtt zweegleiseg, wat mir, déi gréng, gutt fannen. Awer, dee ganzen Dossier ass Mëtt Juli vun CFL op der Gemeng déposéiert ginn, De Schäfferot muss da laut enger EU Directive, innerhalb vun 10 Deeg den Dossier während 4 Wochen ausleeën, fir dass déi interesséiert a betraffe Leit an Awunner, den Dossier consultéieren kënnen an reklaméieren. Den Centser war genee dat sauer opgestouss, nämlech dass dëst mëtten an der Vakanz war. Och hei, wéi esou dax, ass net d’Gemeng am Feeler. Den Timing huet d’CFL bestëmmt. Op dat just onglecklech war oder mat engem takteschen Hannergedanke geschidd ass, sief dohigestallt. Een anert Thema, ass d’Qualitéit vum Dossier, mat op der enger Säit approximativen Zeechnungen iwwer den Emplacement vun der Breck, op der aner Säit engem héichtechneschen Vokabular a fir Laien oniwwersiichtlech getesselt a schwéier ze liesen a verstoen. Och do, mengt de Fränz, misst een Regelen opstellen, soss hätt esou eng Publikatioun jo kee Sënn, mee just eng Alibifonctioun.

Awunner aus der rue des Pommiers iergere sech, dass de Chantier an hirer Strooss keen Enn kritt an dass duerch dee neien Chantier fir den Ausbau vun der Zugstreck, d’Awunner vun dëser Strooss nach weider Kaméidi a soss Onnaneemlechkeeten kréien. Dat kritt ni een Enn. De Fränz mengt, dass d’CFL do awer misst Moossnahmen hueln fir dat z’évitéieren oder minimiséieren. Mee d’CFL ass de Bauhär, der Gemeng hiren Afloss ass do gereng. Richteg a wichteg fanne mir, déi gréng, dass d’Leit net just um Ufank vun engem Chantier informéiert gin. D’Gemeng mécht dat mat enger Versammlung am Quartier, de Ministère limitéiert sech op ee Communiqué. Dat wat nach muss besser gin, ass d’Informatioun während den Arrbechten. Dofir proposéiere mir een Service op der Gemeng mat Leit déi op der Plaz an op Nofro, d’Leit während den Aarbechten au courant halen. Esou Modeller ginn et am Ausland a spéitestens wann den Tram gebaut gëtt, muss esou eng Ulafplaz fonctionnéieren.

Ganz onzefridden sinn d’Leit mam Chantier un der aler Schoul, do geet et net weider. D’Viv explizéiert wat do schon alles geschidd ass, an zwar ganz vill, mee versprécht  och nozefroen, och wann hatt net responsabel Bautenschäffin ass. Een Centser huet iwwerhat den Androck, dass dëse Staddeel ze séier gewues ass oder zumindest net alles beduecht gouf, net mateneen geschwat ginn ass. Duerch déi vill Awunner an de neie Citeeën an duerch d’Déviatioune wéinst dem Chantier am Äppelwee, wir d’Liewensqualitéit vun de Bierger an der Haaptstroos vill erof gaangen: vill Verkéier an et geng ze séier gefuer ginn. 

D’Versammlung haut war animéiert an engagéiert. Si huet bis bis halwer zeng gedauert. Mir haten ons all de Bioapel verdengt.

Samsdeg, 24.9.2011 (15): Moies si mir nees um Maart um Knuedler. D’Sonn schengt, d’Stëmmung ass gutt. Vill Leit komme bei ons a ginn och bei déi aner. Dat gesäit een un de Loftballongen, Bikker, rout, orange a blo. Mir verdeelen och Gadgetën, ons Bikker a Wandmillen. Verschidde Kollegen-Konkurrenten ginn e Patt. Doduerch behale si méiglercherweiss d’Leit méi un hirem Stand a kënne se beaarbechten, iwwerzeegen, charméieren. Mir iwwerleeën op mir déi nexte Kéier solle Bioäppeljus offréieren. D’Leit déi ons um Stand besichen stelle Froen, maache Propositiounen, poteren iwwer ditt a dat. Mir hunn all d’Sonn am Härz. Eng Walcampagne ass awer eppes Schéins. 

um Stater Maart de 24. September 2011

Um 2 Auer hu mir Rendez-vous fir deen éischten vun onsen dräi Velostir mat de Spëtzekandidaten. Mir treffen ons bei der Aloyse Kayser Schoul um Belair. Ier mir ons op de Wee man, seet de Fränz nach e puer Wuert iwwer d’Velofuren an der Stad, hien erënnert drunn, dass de Velo ee gläichberechtegte Partner vun all den aneren um Verkéier bedeelegten Akteuren ass, dozou gehéieren och d’Foussgänger, déi vun de Cyclisten mussen respektéiert ginn. Och d’Cyclisten musse sech un d’Verkéiersregelen halen an hu net just nëmme Rechter. Si sollen och Rücksicht huelen, op déi méi staark, Autoën, Busser, Camionë, souwisou, awer op déi méi schwaach, d’Foussgänger. Een Avantage um Velo ass, dass een méi eng breed Vue huet an doduerch eng besser Iwwersiicht. Deen am Auto ass an enger Këscht mat limitéiertem Bleckfeld a Blech virum Kapp. Dat muss de Cycliste berücksichtegen a fir de limitéierten Automobilist matdenken. Virun allem awer, spuert ee mam Velo an der Stad Zäit a Nerven, wann ee sech gutt uleet. Hie weist drop hinn, dass vill Leit, déi op de Velo ëmklamme, nach ganz dax déiselwechter Weeër furen, wéi si virdru mam Auto gewinnt waren. Doduerch mécht een et sech an den Automobilisten awer onetz schwéier. 

den éischte Velostur

An der Stad ginn et 139 Kilometer Velosstrecken, net ze verwiessele mat Velospisten. De Fränz kennt se all auswendeg. Hien fiirt vir, mir am Peloton hannendrunn. Dat ass awer net ze vergläichen mam Gedruddels am Peloton vum 6 Stonne Velo am Juli. Vum Belair fure mir op Hollerech, dann op Gasperech. Am biergop an der Escherstrooss hunn déi éischt gemierkt, dass net jhiddereen een Andy, Frank oder Charly ass “esou hat ech mir dat awer net virgestallt” käischt et hannen am Peloton. Dofir maache mir eng Paus mat Ravi zu Gaasprech. De Mike fléckt mat enger Hoërspéngel an engem Lastik dem Ana säi Velo. Vun elo un heescht hien Mikegyver. Duerno geet et nach just biergof, laanscht Déierenasyl op Bouneweg zreck an d’Uewerstad. Um Knuedler ass um halwer véier den Départ vum Vëlostour duerch d’Stad mat der Lëtzebuerger Vëlos Initiativ. Zu Honnerte fure mir vum Knuedler, duerch d’Biedergaass, de Boulevard Royal erof an an d’Nei Avenue, dono duerch d’Garer Strooss iwwer de Viaduc, wou Veloscompteur an de Schwees kënnt, iwwriens verschiddenen, méi ongeübten mee just-fir-des-Geleeënheet Politcyclisten och, nees zréck op de Knuedler. Iwwer dëse flotte Velosnometteg huet de Mike ee flotte Film gemaach, ze gesin op der Internet Säit vun de Stater gréng.

Sonndeg, 25.9.2011 (14): De Fränz an ech pechen haut d’Plakater mat den Spëtzekandidaten op Sandwichpanneauën Size Zero Plus. Mir sinn haut de Moien zu zwou Pechéquipen ënnerwee fir déi 75 Panneauën. De Fränz huet zwar ee Plang mat onsem Tour an den Emplacementer, mee brauch e kaum, well hie kennt d’Plazen auswendeg, wou hien an d’Viv gläich pechen werten. Ech léieren, dass Läim a Läim net dat selwecht ass, och do gëllt: “et kritt ee just fir säi Geld”, wéi d’Anny vun der Musel ëmmer seet. Allgemeng kann awer kee Plakatepechert sech bei dëser Campagne bekloen, well d’Wieder ass gënschteg, kee Reen, de Läim kann gutt drechnen. Moies, am Morgentau, ass et nach e bëssen méi schwéier fir gutt a glat ze pechen. Zumols bei den Plakate mat den décke Käpp muss een oppassen, dass se net zevill gekniwwelt sinn, dat gesäit soss vill no Falen am Gesiicht aus. Iwwriens d’Viv an de Fränz maache sech géigesäiteg vill Falen, gëtt gesot. Fir dass d’Affichen riicht hänken, brauch een ee gudden Usaz. Virdru muss een de Panneau gutt mat Läim bepinselen, dann d’Plakat esou oprullen, dass een et vun uewen no ënnen, mat dem Bild no baussen, laanscht de Panneau nees ausrulle kann. Et ass wichteg uewen um Bord vum Panneau richteg unzesetzen. Séier kritt een eng gewësse Übung. Mir komme gutt virun. Verschiddentlech bleiwe Leit stoen, wann si erkennen ween do pecht. Ech menge net mech. Mir hun um 9.00 Auer ugefaangen an halen géint 12.00 Auer op, well mir kee Läim méi hun, no 31 Kilometer. Am Nomëtteg hu mir nach 21 Kilometer op der Musel virun ons.

Dexia Route du Vin ass den eelsten Stroosselaf zu Lëtzebuerg. D’lescht Joer huet fir d’éischt ee Leefer manner wéi eng Stonn gebraucht fir déi ronn 21,1 Kilomter vu Réimech op Wuermer an zréck. Dëst Joer, bei der foffzegster Editioun lafen ech och mat, awer net fir esou séier ze lafen wéi den Athlet aus dem Kenia zejoër, mee ech loossen mir Zäit, fir gesinn ze ginn, dorop kënnt et jo un. Fir dass dat gelengt doen ech mech  vun ënnen bis uewen gréng un, dann ass alles wéinstens optesch kloer. Ech brauch 1 Stonn 52 Minutten a 46 Sekonnen. Dat ass laang genug fir gesinn ze gin. De Fränz an den Henri si besser a Form a sinn deemno éischter ukomm. Ech hat d’Runa am Ufank iwwerholl, hatt huet mech herno nach ëremkritt. Hatt hat sech gutt agedeelt, ee clevert Meedchen. Et war nawell ustrengend. Ech hoffen dat schléit stëmmeméisseg zu Buch.

Méindeg, 26.9.2011 (13) Den Owend si mir zu Beggen. Beggen ass wann de Schnéi schmëlzt ee risege Séi. Meng Tata Annie huet do mam Monni Dave a mat der Kusin Karen gewunnt. Hir huet dat besonnesch gefall, mat e bësse Fantasie, eng Vue bal wéi zu Cannes, sot si. 

Beggen ass fir déi meescht eng kilometerlaang Strooss, mat Tankstellen, Geschäfter, Gastromomesche Betriiber a Wunnegen an een, gefillt, joerzengtenlaange Chantier, deen iergendwann eng Kéier eriwwer ass, op deem engen Enn. Wee wees wat dann op deem aner Enn geschidd. Trotz dem villen Gebaggers, ënnert der Fiederféierung vum  Gouvernement, ass d’Beggenerstrooss net Cyclistecompatibel. Dat huet domadder ze doen, explizéiert de Fränz, dass d’Veloskultur nach net an all de Betonskäpp am Ministère ukomm ass. Virdrun ass nach iwwer d’Schläichweer duerch d’rue Henri Dunant bis bei d’Dummeldénger Barrière geschwat ginn an iwwer déi rose Chauffeuren, déi sech géigesäiteg op der Bréck hannelaanscht blockéieren, well keen deen aner laanscht loosse wëll, gelästert ginn.

Virdrun haten haut, ganz onpariätéitesch, exklusiv Dammen, déi grénge Wahlowend virun 12 Matbierger animéiert: d’Claudie, nees mat sengem Maskottchen, d’Maria an d’Françoise. Et war eng lieweg an temperamentvoll Animatioun vum Maria, eng richteg mise en scène. D’Françoise Folmer ass méi sober a rhetoresch geschlaff, wat mech drun erënnert, dass déi zwee heechst IQ, déi no de standardiséierten offiziellen Tester ermëttelt goufen, déi vu Fraen sinn.

Sober verleeft och den Owend. Ee fréieren Schoulkolleg vum Fränz vu Beggen schléisst den Owend mat der sympathescher Remark, dass dat wat him besonnesch un ons, déi gréng, gefällt, ass, dass mir nach Visiounen hu fir d’Stad, Visiounen déi him gefalen. Virun enger Woch um Lampertsbierg krut ech grad de Géigendeel gesot. Wéi soll een dann do eens gin? Politik ass net einfach.

Dënsdeg, 27.9.2011 (12): d’ Versammlung zu Märel am Home St Gengoul vis-à-vis vun der Kierch, fénkt mat Verspéidung un: mir hate vergiess de Schlëssel bei de Responsablen vum Sall sichen ze goen. De Sall huet eng Bühn a gëtt vun den Theaterfrënn vun Leideléng benotzt, erklärt mir de Mann mam Schlëssel. dee ons aus der Patsch hëlleft. Leideléng, dat ass déi Gemeng wou a Gewerbezone mat Parkplazen rondrëm sech gepucht gëtt, ouni bei all Boom den öffentlechen Transport mat z’organiséieren. Awer keng Suen fir een Theatersall fir déi eege Leit hu se do. Et ass um Fabiana, dem Nico an dem August fir den 13 Netkandidaten am Sall, de  Programm ze présentéieren. Trotz dem Retard si si net hektesch. D’Rou behalen ass eng wichteg Qualitéit an der Politik.

Bei de Froen an Äntwerten, freet dach tatsächlech een eeleren Här de Verkéiersschäffen, op et net méiglech wir fir, wéi zu Bréissel, do hätt hien dat virun méi wéi zwanzeg Joer gesinn an ganz gutt fonnt, op et net méiglech wir, fir eng “grüne Welle” op der Haaptstrooss vum Märel bis an d’Stad anzeriichten. Gréng ass ëmmer gutt, denken ech, bis ech verstinn, dass den Här dat net fir Veloën mengt, mee fir d’Autoen. An dat freet hien ons, déi gréng?! De Fränz explizéiert, dass dat elo net geplangt ass, schon eleng well d’Leit aus deenen anere Stroossen och fure wëllen. Hie get zou, dass esou eng Priortitéit fir d’Autoen am Mobilitéitsplang vun der Stad net virgesinn ass. Den eeleren Här ass net zefridden.

Hien ass och zimlech veriergert iwwer ee Chantier tëschend Märel a Bartréng, dee keen Enn kritt. D’Viv explizéiert gedëlleg, dass de Chantier, deen ëmmer neess a Verzug kennt, dee vun der Velospist ass, ee Chantier vum Staat. Deen aner Chantier vum Staat, just niewendrun, de Rond-point op der Helfenterbréck, muss nach fir d’éischt färdeg gemaach ginn. Ausserdeem gëtt ee Bauer keen droit de passage fir iwwert säi Feld ze goen a dofir musse mir elo erof an ee soi-disant Biotop auswäichen a dowéinst gëtt dat Ganzt elo méi deier. Dëse Projet ass vun der Gemeng schons virun dräi Joer gestëmmt ginn, muss awer waarde bis de Staat säi Rond point färdeg ass. Dat erënnert mech drunn, dass mäi Monni Emil, ganz fréier Akerbauminister, mir eng Kéier verroden hat, dass et 10 Joër dauert bis eng politesch Décisioun een Effet huet. Woubäi, mir dünkt, hien hat dat deemols net am Sënn vun der Dauer vun de Chantierë gemengt, esou séier ginn déi meescht net färdeg.

Eng ganz léif eeler Dame, préziséiert si, wéinst hirem Accent, mat italieneschen Originen, mecht sech Suergen ëm ee Bam bei hir an der Noperschaft “il est mort depuis des siècles! Il me fait de la peine!”. Si wëll wëssen op de service des parcs do näischt maache kann, fir dem Bam ze hëllefen. D’Viv schreiwt sech et op. Hatt notéiert och de Knascht um “arrêt de bus historique” op der Place de France. D’Madame verzielt, dass et do nom Passage vun de Schüler, guer net méi schéin geng ausgesinn. Ausserdeem kéint d’Strooss méi oft gekiert gin. Trotz dem Retard vum Ufank, si mir herno nees bäi.

Mëttwoch, 28.9.2011 (11) zu Bouneweg gëtt et garantéiert vill ze diskutéieren, denken ech. Mir sin am Centre culturel a kee vun ons brauch eng Parkplaz am Parkhaus, dat am Februar ageweiht gouf an wou ech bei der Geleeënheet e bëssen op der Foto an der Zeitung ze gesi war. Mir sinn all mam Velo do. D’Runa, de Gilles an de Schocki, allen dräi wunne si zu Bouneweg a sinn déi ideal Présentateuren fir hei. D’Runa huet de ganzen Dag iwwer op der Aarbecht misse vill schwetzen an hatt huet no negem Programm Punkt keng Stëmm méi, d’Männer maachen säin Deel mat. Si maachen dat wuel immense gutt well déi eenzeg Fro aus dem Sall, ass een Här, dee gär eng Aarbecht op der Gemeng hätt a wat hien do misst maachen. D’Viv explizéiert détailléiert d’Prozeduren vun der Stad wa Posten fräi ginn a Leit sollen agestallt ginn. Déi aner 6 Netkandidaten am Sall sinn zefridden. Doranner, wéi an villen aneren Domainer sinn d’Prozeduren méi transparent gemaach ginn an dësem Schefferot. Um 20.15 Auer, just mat Zäit fir de Krimi op der däitscher Tele si mir färdeg.

No der Walversammlung gi mir nach zu puer een huelen op Bouneweg. Dat ass erréicht mäin zweeten Bistrotsbesuch während der Campagne. “Soll dat duer goen? ass dat genug Bistrotspolitik?” froen ech mech.

Donnechdeg, 29.9.2011 (10) ons war zu Ouer komm, d’DP an d’CSV hätten op hirer Versammlung zu Hollerech, kee interesséierte Bierger do gehat. Wann déi Grouss an Etabléiert, kee Besuch hun, wéi soll et ons ergoen? Mir ass et bang. D’Mëssverständnis em d’Schluechthaus huet jo fir vill Opreegung gesuergt. Vläicht boykottéieren d’Hollerecher Leit elo d’Politiker. Op jhiddwerfall breeden ech mech scho moralesch op een eidele Sall fir an ech iwwerleeë mir, wat ech ënnerhuele kéint, wann d’Versammlung ausfällt oder, faute de combattant, ganz kuerz gëtt.

Ma neen, néng Mol méi Leit wéi bei onsen Kollegen-Konkurrenten komme lauschteren wat mir ze soen hun. Iwwer deen onerwaartenen Succès informéieren ech d’Welt via Twitter “Elo gutt besichte Walversammlung zu Hollerech”. 

De Claude stellt d’Kandidate vir, duerno ass et um Simone, der Lokalmatadorin vun Hollerech, dem Nico, President vum Interesseveräin aus dem Eck an dem François. Duerch de François kritt d’Présentatioun eng aner rhethoresch Qualitéit. Hien fënnt grëffeg, verständlech Formulatioune fir eng u sech onspektakulär, dreche Matière. Och de Nico huet seng Présentatioun par rapport zu sénger éischte Kéier geännert, méi plastesch, besser illustréiert. 

A propos plastesch: well mir fir déi schéin Museeën hei an der Stad och Konschtwierker brauchen, an déi al Meeschter net méi vill produzéiere, stelle mir ons vir an d’Schluechthaus zu Hollerech, Atelieren anzeriichten fir dass déi jonck a soss kreativ Geeschter sech artistesch austobe kënnen an esou d’Perspektiv an d’Chance kréien, sech bis op d’Bühnen, an d’Museeën a Galerien vun der Stad, dem Land, der Welt duerch ze schaffen. De Claude ass ee authentescht Beispill vun esou engem gelongenen Wee.

Ee besonnesch interesséiert-kritesche Bierger ass manner artistesch, mee méi praktesch: huet eng ganz Ribambel Froen, vill méi Remarken. Hien mécht sech Gedanken em d’Sécherheet vum Velo par rapport zum Auto, hie weisst op an deem Sënn, geféierlech Plazen an och schlecht gemaachten an doduerch geféierlech Bus Arrêtë hinn. Och fënnt hien, dass eppes géint d’iwwerdriwwe Vitesse an de Zone 30 soll gemaach ginn, iwwerhat ass zevill Verkéier am Quartier an an der Stad. De Fränz hëllt Stellung a notéiert sech Munches. Iergerlech fënnt den Här och de ville Knascht, deen d’Schüler op verschidde Plaze maache, wann si hir Gedrenksbechsen a soss Knascht vum Iessen aus den Take-out rondrëm d’Schoulen, einfach op de Buedem an hannert d’Hecken puchen. Dozou widerhëllt d’Viv d’Prinziper vum “ministry of respect”.

Niewend dem Héichgefill neng Mol méi Leit am Sall gehat ze hunn wéi déi aner, verhalen ech mir vun dësem Owend, dass ech déi zweet Présentatioun am Pafendall d’next Woch aneschters, besser, maache muss wéi déi zu Weimerskierch.

Freideg, 30.9.2011 (9): well fir ons, déi gréng, d’Participatioun vun alle Bierger un den Décisounsprozesser essentiel ass, schécken mir all de Netlëtzebuerger, déi sech fir d’Walen ageschriwwen hunn, ee personaliséierte Courrier. Ausserdeem si 5.500 Netlëtzebuergesch Wieler Ronn 15 Prozent vun all de Wieler, dat si 4 Sëtz, déi sech awer ënnert all de Parteien an den üblechen Relatiounen opdeele werten. Well esou ee Bréif awer net fräiwëlleg an d’Enveloppe klëmmt, musse mir nohëllefen, et huet ee jo Freidesnomëttes gutt Zäit: all d’Bréiwer sinn um Recto op Franséisesch an um Verso op Däitsch, op Portugiesesch an op Britesch. Mir fällt op dass mir och onse netlëtzebuergesche Kandiaten vu bei ons op der Lëscht esou ee Courrier schécken. Sécher as sécher. 

Flotter fale Flyer: Ana Luisa Teixeira, Simone Wies, Sam Tanson

D’Walversammlung am Centre culturel zu Zéisseng geet schon virun der Zäit un. Ee besonnesch ärdegen Här kann et net ofwaarden a weisst dem Viv a mir, mir just well ech grad do stinn, ee Lieserbréif, deen hien un all d’Dageszeitungen gescheckt huet. Hien ass deck zefridde mat séngem Schreiwes, mee hie mengt net, dass eng Zeitung säi Wierk publizéiert. Ech kéint déi Décisioun vun de  Redaktioune verstoen. De Gilles liesst d’Schreiwes och a mengt “d’Leit musse vill aleng sinn fir op esou Ideeën ze kommen”. Dowéinst si mir déi gréng fir Integratioun, Solidaritéit a Participatioun.

De Nico stellt ons Kandidaten vir a preziséiert, dass si all an de Gemengerot wëllen. Ech si berouegt, meng gréng Kolleginnen a Kollegen wëlle just an de Gemengrot, deemno hun ech keen interne Konkurrent deen, wéi ech, wëll Buergermeeschter ginn. De François fänkt mat der Présentatioun vum Walprogramm un, mee gëtt gläich ënnerbrach. Een Här iergert sech hefteg iwwer déi eidel Busser “et ass ni een drannass dat net anescht ze man?”. De Fränz proposéiert dem Här herno ze äntwerten, mee den Här wëllt et direkt wëssen. De Fränz explizéiert a schwetzt vun de méi wéi 35 Milliounen Busbenotzer an der Stad, ronn 100.000 pro Dag, vun den 130.000 Pendler déi all Dag an d’Stad schaffe kommen. Hien seet dass déi Problematik net eleng vun der Gemeng Lëtzebuerg ka geléist ginn, mee dass een dat am Gesamte misst gesinn a léisen. Hien fënnt och, dass déi eidel Iwwerlandbusser, een Iergernis sinn, well si d’Busspuren an der Stad fëllen awer an der Stad keng Passagéier mathuelen a weist drop hin, dass et de Ministère ass, deen den Iwwerlandtransport organiséiert. Dowéinst ass et néideg zesummen de Staat, mat der Stad an de Gemengen rondrëm, ee Gesamtkonzept auszeschaffen, bei deem den Tram, mat onbedengt de periphere Garen, eng essentiel Roll huet. Hien stellt fest, dass wat den Tram ugeet, d’Meenung bei de staatlechen Instanzen lues a lues, just lues a lues awer ëmmerhin, lues a lues évoluéiert. Hie préziséiert, dass mir, déi gréng, nom Prinzip schaffen vir d’éischt eng Bestandsopnam ze man, dann ze décidéieren an duerno konsequent duerchzéien. Et get kee Gepiddels.

d’Organsiatioun vum Verkéier an der Stad ass komplikéiert (Foto: Jessica Theis)

De François léisst sech net aus der Rou bréngen, och wann der Här dauernd toschënd quakt, a présentéiert dono déi next Punkte vum Walprogramm. D’Présentatiounen ginn iwwriens vu Kéier zu Kéier besser, dat hellt verschiddener vun ons awer net dovun of währendeem mateneen ze babbelen a pësperen. Dës Kéier d’Sam an d’Françoise, zu Weimerskierch a Beggen waren et den Toff an de Carlo. Tz!Tz!Tz!

Natiirlech get och iwwer d’Tanklager déi zu Zéissseng geplangt si, geschwat. De Nico ass beschtens informéiert an erklärt, dass fir ons, déi gréng, den Usaz falsch ass. Wuel gëtt et d’Verpflichtung fir ee bestëmmte Prozensaz vum Verbrauch als Reserve ze stockéieren, mee d’Berechnungen op déi d’Regierung sech berifft sinn aus de Boomjoeren 2006-2008. De Konsum huet sech geännert doduerch, dass sech d’Mobilitéit ännert, den Tanktoursimus ofhëllt an allgemeng d’Fossilenergien manner ginn. Ofgesin dovun, man esou Tanken net besonneschen schéin an der Landschaft an hypothékéieren de Projet “Porte de Hollerich” well et bei esou Tanklager zënter der Sevesokatastrof verschidden Oplagen ginn e.a. ee Sécherheetsperimter  rondrëm de Site. Een onduerchduerchte Projet. Gepiddels.

Eng aner Fro betrëfft Héichspannungsleitungen a Antennen fir Mobiltelefonen. D’Viv explizéiert d’Kartographie fir Telefonsantennen déi opgestallt ginn ass an dozou sollt gebraucht ginn, fir d’Leit géint den Elektroknascht ze schützen. Eng verbindlech Charta soll opgestallt ginn. Als Emweltscheffin weess d’Viv och am beschten op d’Froen zu der Biogasanlag an der Biodreckskëscht fir organesch Offäll z’äntwerten. 

No der Versammlung geet et heem. De Carlo an ech furen ee Steck zesummen.  Et ass nach wodeleg waarm. “Esou mam Velo duerch d’Stad” seet de Carlo “Herrlech!.

Samsdeg, 1.10.2011 (8), Haut ass et um Tatjana, Mike a mir fir de Stand um Maart um Knuedler opzeriichten. Iergendeppes feelt, de Mike freet gär no, iert sech un der Telefonsnummer an erwächt de Carlo “Logistik war nach ni ons stärkt”, grommelt hien. Ech denken un de Schlëssel zu Märel, ons Gebastels bei de Kandidatenprésentatioun an um Stroossemaart am Mee, un d’Wandmillen am Wand op der Braderie a kommen zu derselwechter Konklusioun.  De “sidd dir och schon hei?!” vum Spëtzenkandidat vun der LSAP Marc Angel klengt et bëssen wéi, sidd der och schon op? Déi aner Parteien si schon all prett. 

De Felix Braz kënnt bei ons op de Stand Moie soen, “Ech man gär Walkampf” verzielt hien “d’Leit komme rosen bei dech, se vernennen dech. Du empfängs si a wa si ginn, bass du hire beschte Frënd”. Da fiirt hien op Esch seng Kollegen ënnerstëtzen. Ech si gespaant op ech dat och kann, esou Frënn ze kréien. 

Ee joncke Mann dee grimmeg drakuckt, steiert op mech zou a leet lass : “Ech soen guer näischt, et därf ee jo näischt soen! D’Auslänner kréien alles fir näischt! Si kommen heeschen, loosse sech fir näischt d’Zänn man. Hu si bei sech keng Zänndokteren? Et ass hinnen egal op si um Camping wunnen. Dat sinn Zigeiner! Mir hunn och Leit déi net vill hunn, mee déi kréien näischt fir näischt. Fir dës gëtt och alles méi deier. D’Auslänner kréien alles, da komme si heihi mat Fra a Kanner.” Ech hu schon e puer Mol geschriwwen, dass et wichteg ass an der Politik seng Rou ze behalen. E puer vun de Kollege vun der Lëscht hu schon während de Wahlversammlungen gewisen, dass si dat kënnen. D’Viv an de Fränz drecke sech souwsiou ëmmer diplomatesch aus. Ech net. Dowéinst sinn ech besonnesch houffreg iwwer, 1. dass ech hie net ënnerbriechen fir him 2. dat soen, wat mir spontan duerch de Kapp geet, nämlech “Mössieu, dir iert iech um Stand, de Stand vum …. ass do hannen”. Hien hëllt Loft, ech profitéieren vun dëser Minipaus fir him, ganz diplomatesch, als praktesch Ausféierung vun der Theorie aus dem Rhethorikseminaire virun der Vakanz, ze soen, dass ee verschidde Saache net mateneen verwiesselen därf, nämlech Flüchtlingen an déi Leit, déi aus dem franséiseschen Grenzgebidd organiséiert heihinn heesche kommen oder wéi si selwer et nennen, schaffe kommen. Dat wiren “des gens du voyage”, eben Zigeiner, déi dat eben aus hirer Kultur eraus, anescht génge gesin. Déi Vue vun hinne kéint een deelen oder net, ech net. Dat anert wire Flüchtlingen, zum Deel och Zigeiner, aus Géigenden vun Europa an der Welt, deenen et bei sech schlecht ergeet an déi, als Nieweneffet vun der Globaliséierung, génge gesinn, wéi et hei besser ass wéi bei hinnen an dann eben heihi wéilten. Ech verzielen him kuerz vu menger Rees op de Balkan a recommandéieren him “Mordshunger”, ee Buch iwwer de falschen Effet vun Entwécklungshëllef a schecken hien an d’Librairie ënnen um Knuedler, bei der Heeschfra. Et muss engem scho ganz schlecht goen, fir vun doheem fort ze wëllen an z’acceptéieren hei op engem Camping ze wunnen. Do génge Saachen grondsätzlech falsch goen. Do gëtt hie mir recht “Ah, da sinn dat Flüchtlingen um Camping, keng Zigeiner? Dat ass jo dann eppes ganz aneres” seet hien, seet Merci a geet. Op hien elo mäi beschte Frënd ass, wees ech net, mee mat e bësse Chance geet hien sech dat Buch kafen an engagéiert sech.

Ganz engagéiert ass eng Damm am beschten Alter, der ech ee Bio-pen an eng Blumm, esou soen ech bei Dammen  fir d’Wandmillen, offréieren an och ee Portraitsheftchen. Déi si nei haut um Stand, goufen awer un all d’Haushalter an der Stad verdeelt. D’Madame huet eng Parti gutt Ideën, si proposéiert zum Beispill fir den Tram mat Solarzellen um Daach furen ze doen. Ech wees effektiv net op dat virgesinn ass an technesch machbar, mee dat ass eng pertinent Idee. Well si um Belair wunnt, invitéieren ech si op ons Walversammlung an zwee Deeg do. Da kéint si och mat der Schoulscheffin iwwer hir Idee fir Schoulkanner schwetzen, nämlech op verschidden Plazen, zum Beispill bei d’Beem, Graas ze séien. Dat geng méi schéin ausgesinn a wir pedagogesch wertvoll. Si proposéiert sech fir eng Affiche vun ons an hire Virgaart ze stellen. Ech soen hir de François, dee si vu kleng u kennt, geng hir d’Affiche laanscht brengen. Ech si gespaant op d’Madame op Versammlung um Belair kënnt. Et géiff mech freeën.

zweete Velostur: ee kompetente Guide: François Bausch (riets)

Zu bal enger klenger Dozen si mir um Rendez-vous vum Velostour. Sécherlech well et d’Geld ass, dat d’Welt régéiert hu mir de Leit, laut Flyer, op der Place d’Argent zu Eech Rendez-vous gin. Eieiei. Duerch de Rollingergronn, op de Lampertsbierg, iwwert de Kierchbierg, wou mir eng Paus man, op Weimerskirch erof, duerch d’Laurent Ménager Strooss, bei de Chantier vum Lift, dee Retard huet, well d’Stabilitéit am Ufank net richteg ageschätzt gi war a dunn d’Verankerungen vum Entrepreneur falsch agbaut goufen a alles huet musse nei gemaach ginn, si mir vum Gronn aus nees an d’Uewerstad gefuer. 

Sonndeg, 4.10.2011 (7) fréi moies ass et ee gudde Moment fir d’Störer op d’Affichen ze pechen. D’Störer, dat sinn d’Ziedelen mat “Lëscht 1” drop am réngem Magenta. Si heeschen esou, well se déi harmonesch Optik vun onse wonnerschéinen Affichen stéieren, stéiere sollen. An engems kontrolléieren ech d’Panneauën a pechen nei Plakater duer wou se zevill verschrampeléiert sinn oder de Läim net méi hellt, um Kierchbierg um Richard Serra Rondpoint, dem Utopolis, um Boulevard Konrad Adenauer an a Clausen. Laanscht d’Iechternacherstrooss riichten ech ee Panneau op, deen empgepucht gouf. No 32 Kilometer stop an go: Lëscht 1, gutt ze gesinn.

Méindeg, 3.10.2011 (6): D’Walversammlung haut ass am  Sang a Klang am Pafendall, do wou 1983 déi éischt Versioun vun der grénger Partei gegrënnt ginn ass. Haut ass et um Fabiana, Björn a mir fir ons Equipe an de Programm ze présentéieren. Ech krut gesot et wir onméiglech am Pafendall als Kandidat ze bestoen an eng Chance ze hun, well de Pafendall wir blo. Politesch. Deemno hun ech mech besonnesch gutt préparéiert, schlisslech wëll ech iwwerzeegen. An de Sang a Klang Sall därfen net méi wéi 242 Leit eran, esou ass op engem Schëld ze liesen. De Responsablen vum Sang a Klang, den Här Théato passt perséinlech op, dass dat agehale gëtt. Hien huet domat keng weider Schwiregkeeten. An dësem historesche Sall gëtt et kee Projekter. Mir hun als médioker gréng Logistiker och keen dobäi. Vläit ass et dowéinst, dass d’Stëmmung am Sall moderéiert bleift, obwuel mir ons ganz vill Méi gin. Och ass kee Mikro do, dat ass fir mech een vokalen Challenge. Fir an d’Chouer hei sinn ech net talentéiert.

Ouni Mikro muss een d’Oure spëtzen: Patricia Taziaux, Christine Majerus, Ana Luisa Teixeira, Frunni Zens, Sam Tanson, Mariette Braun, Françoise Folmer

Och vill Méi huet sech een Awunner aus der Laurent Menager Strooss gemaach: hien ass net frou iwwer de Konschtwues vum neien Futtballsterrain an scho guer net iwwer dat héicht Glänner aus Plastik laanscht de rénovéierten Stade Gaston Diderich. Dat wir vill ze vill Plastik mengt hien. Ech froen mech op dat net zevill Meteren an der Héicht si fir hien, well hie muss elo op den zweete Stack, fir vu sengem Haus aus de Futtball ze kucken. 

Et ass wichteg an der politik d’Iwwersiicht ze behalen (Foto: Christian Kemp)

Méi eescht Suergen mecht dem Awunner aus dem Pafendall awer, dass bei Bauprojeeën am Hang, iwwerall an der Stad, ëmmer méi dax Buedem ewech gebaggert gëtt fir justement méi déif an den Hang eranzebauen. Esou gëtt genëschelt an d’Natur agegraff an een Hiwwel destabiliséiert, dee vu sech aus stabil ass. De Fränz bedauert, dass dat aktuelt Bauteregelement am Moment keng Handhab gëtt fir dat ze verbidden. Dat misst geännert ginn, grad ewéi dru geschafft gëtt fir z’évitéieren, dass ganz Stroossen, déi architektonesch wertvoll, well charakteristesch fir ee Quartier an eng Epoch sinn, net méi sollten duerch egal wat vun Ëm- an Ausbau därften verschampeléiert gin. Den zoustännege Service vun der Gemeng ass am gaang eng Bestandsopnam, Strooss fir Strooss, ze maachen. Méi streng Regele géngen awer mat Sécherheet op Widderstand stousse bei Leit, déi zum Beispill ee geierwtend Reienhaus, dat si selwer net brauche, wéilte verkafen a rentabiliséieren. Wéi delikat dat ass, géng een dorunn erkennen, dass ee vun de gréissten Immobilienhändler hei, d’Etude iwwer d’Benotzung vun de Gebeier hei an der Stad, wëll annuléieren loossen, fir sech d’Geschäfter net verdiewen ze loossen. Dat huet och mat der Desaffektatioun vu Wunnraum an Bureausreim ze dinn an deenen hirer méi grousser Rendit.

zevill gebaggert: Carlo Back, Nico Meyrer, kritesche Bierger, Claudie Reyland

E bëssen iwwerrascht gëtt d’Viv vun der Remark vun enger Mataarbechterin aus engem Foyer vun Eech, dass vill Kanner d’Iessen do net gär hätte, well et wir ze gesond. Si wären dat vun doheem aus net gewinnt. Géint den Honger no der Versammlung am Sang a Klang hate mir ons gesond Bioäppel, fir géint de géien Duuscht ee fonktionnellen Comptoir, da brauch een och kee Projekter.

Dënsdeg, 4.10.2011 (5) Um Belair hu mir direkt 4 Présentateure, ons Quartiersmatadoren: d’Françoise, de August, de Carlo an de François. Mir sinn am Festsall vun der Primaireschoul. Och d’Madame vum Maart ass do. Si présentéiert hir Idee vum sonnenenergie ugdriwwenen Tram. De Fränz verséchert, dass wann dat machbar ass, dass et dann och  gemaach gëtt. Och wéi mir alles maache werten, fir dass d’Leit sech an der Stad sécher fille kënnen. Statistesch gesinn, ass Lëtzebuerg jo eng vun den sécherste Stied, wann net déi sécherste Stad, wäit a breed. Mir sinn der Meenung, dass ee éischter preventiv, duerch sozial Aarbecht do wou néideg an generell duerch einfach méi Präsenz a Proximitéit vun der Quartierspolice an der Stad, ka vill méi ereechen, wéi de Béisen op de Videoë nozekucken, wann et ze spéit ass. De zoustännegen Minister deet sech schwéier mat der biergernoer Organisatioun vun der Police, och wann hien deser Deeg annoncéiert huet, d’Commissariats de proximité personalméisseg opzestocken. Et ass Walkampf. 

Mëttwoch, 5.10.2011 (4) d’Walversammlung zu Gaasperech get déi schwiregst, dat war ons vun Ufank un bewosst, och wéinst engem wirre Walkampfpamphlet vun déi Lénk do am Quartier. Si gëtt och, mat 24 Netkandidaten, déi bescht besichsten. Dat huet mat dem Projet vum Ban de Gasperich ze doen an der Meenungsännerungen vun déi gréng par rapport zu dësem Projet, virun de leschte Wale ware mir dogéint, elo si mir dofir. Dat muss een erklären, dat hu mir den Owend wëlles. D’Tajana, de Mike an de François, allen dräi wunne si zu Gaasperech maachen d’Présentatioun. De Mike weist mat Pläng inwiefern de Projet um Ban de Gasperich changéiert huet an de leschte Joeren par rapport zum initiale Projet, notamment d’Abanne vum öffentlechen Transport. De Verglach mat Léiweng wir net richteg, well hei zu Gasperech am urbanen Raum ausgebaut gëtt, iwwerdeems Léiweng am fong eng gréng Pufferzone tëschend de Minettsmetropolen an der Stad si soll. Esou wir et landesplaneresch virgesinn. Fir d’Autorisatioun fir en Akafszentrum wir d’Gemeng net zoustänneg, mee de Mëttelstandsministère. Iwwer Dimensiounen vun dem Buttek si mir net glécklech, hun awer keng Handhab.

Fir d’Froen ass haut d’Viviane eleng zoustänneg well de Fränz ons an enger table ronde vum mouvement écologique vetrëtt. 

Een eeleren Här, hien sëtzt an der Rei hannert mir, ass ganz veriergert a skandaliséiert well d’Commissariat de proximité net fonctionnéiere, well se net genug Leit hun a well d’Gemeng näischt dogéint ënnerhëllt. Dass d’Gemeng do guer näischt ka maachen, dass dat dem Innenminister seng Aufgab ass, wëllt hien guer net héieren. Hie get esou rosen wéi hie wëll, geheit sech an d’Broscht, jäitzt a seet schlussendlech zu sénger Fra si géngen elo goen, well jo souwisou keen hinnen hëllefen wéilt. Si man sech aus dem Sall. Ech denken net, dass mir eng Stëmm kréie vun deenen.

Duerno freet eng Damm aus der Rei viru mir d’Wuert. Si ass am Syndikat vu Gaasperech. Mir haten ons geduecht, dass déi vum Syndikat haut, gutt préparéiert, géngen ons e puer Froe stellen an Ideeën ginn, wéi een wat kéint besser maache. Si sinn zu hirer dräi. D’Viv mécht d’Madame drop opmierksam, dass dat hei haut eng Walversammlung ass vun déi gréng an net “Schefferot on tour”. Egal, d’Madame huet 22 Punkten préparéiert, déi si thematesch wëll mat ons duerchgoen. Si hëllt déif Loft a leet lass: et geet iwwer de Ban de Gasperich, de Ban de Gasperich an de Ban de Gasperich, net ze vergiessen de Ban de Gasperich. Zu gudder Lescht awer och nach den Toxin, dee je nodeem wou en ass, dessäits oder déisäits vun de Schinne, ganz anescht betruecht gëtt. De Gilles Rod gëtt ee kloere Statement of iwwer eng Gesellschaft an hiirt Behuelen par rapport zu de Schwaachsten an der Geselschaft. 

Donnechdeg, 6.10.2011 (3), déi lescht Walversammlung. 6 Net-Kandidaten sinn a de Festsall vun der Primaireschoul an de Rolléngergronn komm. Well d’Françoise haut Gebuertsdag huet, get et niewend den Bioäppel och nach gréng Maccaron’en. Dat ass awer net den inhaltlechen Héichpunkt vum Owend,. Dat ass wéi ëmmer onse Programm. Haut présentéieren d’Gebuertsdagskand, d’Sam an den Toff. De Carlo ass an der Technik. Entretemps kann een ons Présentatioune scho bal routinéiert nennen. Kee vergësst eppes, verschwätzt sech, alles ass kloer a mir ergänzen ons gutt. Wéi d’Sam mat enger Houschtkris muss ausetzen, iwwerhëllt den Toff ouni Qualitéisverloscht. Den Här niewend mir weisst mir wéi een dem Claudie säi Maskottchen richteg krault. Hie passt net richteg op, grad wéi d’Claudie an den August an der Rei viru mir. 

Bei de Froen geet et em de ville Verkéier, zumols de Reckendall erop an ëm d’Offallcontainer. Och gëtt geschwat iwwer Toxicomanie awer aus enger méi iwwerluechtener, wéineger nimby, Perspektiv eraus. D’Meenungen gi wäit auserneen awer mir sinn ons all eens, dass dat iwwer d’Kompetenzen vun der Stater Gemeng eraus geet an dass och aner Gemengen an Instanzen missten eppes ënnerhuelen. 

No der Versammlung gi mir vis-à-vis een huelen. Haut drénken ech een Humpen iwwerdeems de Fränz vun engem Här, dee schon e bëssen méi laang am Lokal verweilt hat an vun der Toilette kënnt, nawell zolid vernannt gëtt wéinst dem ville Gerenns vun den Autoen. Hie géng egal wat opféieren, mat deem Gerenns, mengt den Här ouni weider ze spézifizéieren wat hie mengt. Hien sëtzt sech zefridden hannert säi Patt a beléiert säi Noper “et ass dach wouer!”. Dee gëtt him Recht.

Samsdeg, 8.10. 2011 (1), Haut sti mir nach eng leschte Kéier um Maart um Knuedler, dowéinst rëschte mir onse Velo besonnesch schéin. 

onse besonnesch schéine grénge Vëlo

Ons Stocke ginn esou lues op en Enn. Et mierkt een awer och, dass d’Leit entretemps gutt informéiert sinn. D’Madame vu Weimerskierch, déi fir d’éischt onse Flyer net wollt, du awer an d’Walversammlung komm ass a sech iwwer Busser a Chantierë geiergert huet, kënnt nom Fränz froen fir ze wëssen op hir entretemps eppes ënnerholl huet. 

Ech poteren e bësse mat der Madame vum gebrodenen-Poulet Stand vis-à-vis. Mir hu musse plënneren, well de Maarthändler op deem sénger Plaz mir déi lescht Woche stoungen, ass aus der Vakanz zréck. Mir stinn elo beim Wëllëm, awer méi wäit ewäch vum Stadhaus. Ech froen ech op dat eppes heescht? 

E Grupp Touristen aus China kënnt laanscht. Si komme vum Palais a gesin elo deen éischten vun e puer Stänn vun Parteie déi Walkampf man. Dat ass sécherlech nei fir si, denken ech. Ee vun hinnen ass ganz begeeschtert iwwer d’Wandmillen déi ech him ginn. Hien hällt së ganz héich an d’Lut. Säi Kolleg knipst ën a si gi weider op de nexte Stand, vun der nexter, enger anerer Partei, déi eng aner Meenung huet a si och fräi äusseren därf. Dat schéngt bei hinne jo ganz anescht. Mir sollen ons awer net amëschen. Dat misst ee verstoen, dat wir kulturell bedengt, jordausenden laang hätt dat sech esou entwéckelt, dass bei hinnen d’Saachen e bëssen anescht lafen. Si hun awer verstane, wéi onse System fonktionnéiert, wéinstens deen Deel iwwert Suen maache. Mir kréie gesot mir missten mat hinne op hirem Niveau konkurréieren. Si genge méi bëlleg produzéieren, dowéinst misste mir och méi bëlleg produzéieren, manner verdengen, eben wéi si. Dat wëll ech net verstoen. Wat ass d’Logik wann d’Leit an engem System, deen op Konsommatioun opgebaut ass, manner verdengen an doduerch zwangsleefeg manner kafen? D’Leit ginn an d’Bëllegproduiën aus de Bëlleglänner gedriwwen, de groussen multinationalen Konzernen hiirt Spill spillen. Wéi Konzernen fonctionnéieren war virun e puer Joer an engem Film ze gesinn: si wire wéi personnalité antisociale: net capable sech un déi sozial Normen ze halen, Tendenz ze fuddelen aus Spaass oder Profit, kennen weder Grenze, nach Schimmt, et ass ni hir Schold, si därfen alles. Ech wëll net esou gi wéi si. Ech wëll net, dass et hei ass wéi bei hinnen. Ech wëll gären wielen kënnen a gewielt ginn.

Onse leschte Velostour. Ee flotte Peloton mecht sech op de Ween duerch de Lavalspark, d’Laurent Menager Strooss, nees bei de Chantier vum Lift am Paffendall, dee nach net färdeg ass, mee domat hat jo kee vun ons gerechent zënter dem Tour de leschte Samsdeg. “Wann de Lift bis färdeg ass an d’Gare am Pafendall mat hirer Verbindung bis op de Kierchbierg, get de Pafendall deen attraktivste Quartier an der Stad” orakelt de Fränz.

drëtte velostur. Sam Tanson, kritesche Bierger, Viviane Loschetter, Gilbert Graf, François Bausch (Foto vun fb)

An der Jugendherberg maache mir eng Paus. Haut ass et méi kal. Duerno fure mir a Clausen. Op der Place St. Cungégonde steet ee Sandwich Panneau mat onse Spëtzekandidaten. Ech hat eng Säit de leschte Weekend iwwerpecht, well do stoungen keng léif Saachen drop. E puer Jugendlecher stinn haut bei der Affiche. Beim Fränz op der Stir steet “Armani-Vegetarier”. “War dir dat?” freet hien déi jong Leit, déi net mam Original gerechent haten. Si soen si wiren et net gewiecht. Mir furen weider, duerch d’Rives de Clausen, wou et Sonndesnomëttes géint 3 Auer nawell rouëg ass, d’rue de la Tour Jacob erop. Dee Chantier ass och nach net färdeg, dat ass ee vum Staat. Dowéinst wees kee wéini e färdeg gëtt. De Wee erop op d’Rhum ass géi. Uewe waarden d’Klootergeessen op de Peloton. De Wee erof a Clausen ass méi séier. Haut war den Tour méi kuerz. Iergendwéi, schéngt et mir, kréien mir d’Zäit net richteg erëm.

gesellegt Zesummesinn an der Casa Fabiana

An der Casa Fabiana feiere mir den Ofschlooss vun onser Walcampagne.  Mir waren déi lescht Deeg a Woche vill zesummen, hu vill geschafft, ons vill Zäi geholl fir déi gutt Saach, wéi de Claude säin Engagement ëmschreiwt. De Fränz seet ons all Merci an am Numm vun ons all besonnesch deenen zwee, déi besonnesch vill ze dinn haten, dem Mike an dem Stéphane. De Mike war bal Owend mat um Tour an huet d’Organisatioun vun onsem Plakatengepechs, de Stänn um Maart coordonnéiert, iwwerdeems de Stéphane zoustänneg war d’Affichen, d’Brochüren a soss de Publicatiounen vun all den aner grénge Lëschten am Land. Dat war vill Aarbecht. Entgéint all politeschem Verstand hoffen ech, wéinst dem Stéphane séngen Iwwerstonnen, dass des Regierung a nexter Zäit net implodéiert. Elo dirket nach eng Walcampagne géif säi Iwwerstonnekonnt sprengen. 

Virfreed zu Ofschloss

De Florivoren a Carnivoren schmaacht et excellent. Jhiddereen ass gespaant a freed sech op Mar. Nach eemol schlofen.

Sonndeg, 9.10.2011 (0) Nach eemol schlofen hätt ech sollte. Dat war mir just deelweis gelongen, sécherlech wéinst dem Knueweleck am Iessen. Fir op Turen ze kommen eng Taass Kaffee an ee Fitness-shake. Ech bliederen nach e bëssen an Zeitungen, mee sinn iergendwéi net richteg konzentréiert. Vläicht hëlleft e bëssen Jogging. Ee grénge T-Shirt awer ouni Logo oder “besser liewen” Sproch, groë Short, gréng Strëmp, d’Bolsauer a lass. Wéi gewéinlech d’Strooss erop, bis bei d’Schoul, do ass de Walbüro, matt engem offizielle Panneau an onsem Walplakat. 

den offizielle Panneau virum Walbureau Nummer 48

Um Wee bis dohinn, een halwe Kilometer, hun ech puer Leit iwwerholl, déi schon ënnerwee si fir hir biirgerlech Mindespflicht z’erfëllen. Anerer kommen zréck. Op si wëssen, dass hei ee Buergermeeschter in spe laanscht si joggt a fei Moien seet? Hirer Reaktioun no kaum. Haut de Moien lafen ech mäin üblechen Tour vun de leschten Wochen, en dauert net bal eng Stonn, uewen duerch d’Duerf an iwwer de Kierchbierg, just zum Schluss, de leschte Kilometer änneren ech haut e bëssen fir nach eng Kéier laanscht de Walbüro ze kommen, aus der aner Richtung. Et sinn der scho méi ënnerewee. Sech weisen, e gudden Androck man. Ronn 10 Prozent vun de Wieler décidéieren sech am leschte Moment. 

No der Douche man ech mech op de Wee. Ech muss am Bureau 48 wielen. Et ass keng Schlaang virun der Dir an déi ech mech areihen kéint an e gudden Androck maachen. Et ass direkt u mir. Op engem Dësch sëtzen eng Damm an ee Här, d’Sekretärin oder de Sekretär a den Assistent, d’Assistentin. Ech leeë meng Convocatioun an d’Identitéistkaart op den Dësch. Just hannert deenen zwee hänkt ee Musterwahlziedel. Ënnen lenks steet mäin Numm. Op si sech bewosst sinn, dass ee potentielle Buergermeeschter virun hinne steet? Den Här seet ganz haard mäin Numm. Ouni Emotioun. D’Madame sträicht mech aus. Ouni Emotion mee mat engem Lineal.  Ech därf hannert de Paravent, wou een Här, de President huelen ech un, mir ee Walziedel gëtt a mir de Choix léisst a watfir eng Kabin ech ginn. Déi éischt ass déi Bescht, wéi bei der Lëscht. Ee kuerze Bleck op de Crayon gespëtzt ass, de Rondel schwärzen, ënnerschreiwen, zesummenfalen mat de Stempelen no baussen, eraus aus der Kabinn fir den Ziedel an d’Këscht ze stiechen. De President kuckt op ech dat korrekt man. Hie laacht frëndlech, Avoir a Merci. Keng Kameraën. Virun der Dir begéinen ech nach e puer Leit, 10 Prozent décidéiere sech am leschte Moment. 

Een Gréngen vun der éischter Stonn, deen am Pafendall 1983 dobäi war, ass och grad färdeg mat Wielen. Hien mengt, dass ons déi gréng iwwelgeholl ginn, dass mir esou vill Kompromësser gemaach hätten zum Beispill an der Saach mat Enovos. Ech explizéieren him nach eng Kéier kuerz ons Iwwerleeungen an inwiefern mir mengen, dass dat och hëlleft, gréng Ideeën, notamment duerch den Dr Uwe Leprich, engem respektéierten Expert an Alternativenergiën, als Vertrieder vun der Stad am Verwaltungsrot vun Enovos, an d’Geschäftspolitik afléissen ze loossen. Hie gleeft et net esou richteg. Ech ka net gleewen, dass de Message suguer bei onse eegene Leit anscheinend net ukomm ass. 

Mir treffen ons Mëttes beim Brunch. D’Stëmmung ass relax, gespaant, geléist, crispéiert, ongedëlleg, geloossen. Et gëtt eng wonnerbar selwergemaachten Muertenzopp mat Ingwer “Ingwer!” rifft den Toff “Dat brengt de Bop op d’Bom” a freet sech nach een Teller. Seng Madame laacht, hatt wees dass hien dat guer net néideg huet. Mäi Jéngst freet mech wat hie méngt. Och dat nach erklären! Et ass net de Moment. Déi eng maachen e puer Rechenspillereien, iwwer Reschtsëtz, iwwer Vergläicher, déi lescht Wale mat de Virleschten, iwwer Nëtwieler, Joncker an Aler, Lëtzebuerger a Netlëtzebuerger. Alles Gelies am Kaffeesaz. Waarden. Waarden, d’Zäit ërëmkréien. Um 2 Auer ginn d’Wahlbureauën zou. Mir froen ons watfir Gemeng dann dës Kéier déi éischt ausgezielt huet. Anerer schwetzen iwwer d’Politik vun de leschten Deeg, iwwer ons aner Lëschten an aner Gemengen. Nach Anerer wëllen guer net iwwer Politik schwetzen. Mir schwetzen iwwer ditt an dat. Komme vun Hipches op Hapches. 

Mir ginn ons nach all Heem frësch maachen. Um sechs treffen mir ons am Independant fir ons Walparty. Hoffentlech gëtt et eppes ze feieren. Doheem: zappen, liesen, rondrëmhänken. Da geet et op d’Wahlparty. No a no komme mir all do un. Mir schwetzen nees iwwer Ditt an Dat. Si gespaant. Kucke gespaant op den Ecran all Kéiers wann iergendeng Grafik optaucht. Mäin Studentefrënd vun der grousser Schoul Georges Engel kartonnéiert zu Bieles. Wéi mir ons kennegeléiert hun zu Bréissel, war säin drëtte Saz zu mir “ech gi Buergermeeschter vu Bieles”. Dat war 1987. Dat ass him gelongen an och wann hien am falsche Club ass, vergonnen ech him dat. Hie gehéiert an d’Chamber, dann ass do aus sengem Club och emol nees een richtege fir d’Uarbechter. Och do wert hien engagéiert matschaffe well wéi sot hien deemols “Politik gëtt souwisou gemaach, da wëll ech och matschwetzen” An deemselwechten Club sinn zwee Aarbechtskollege vu mir, d’Joëlle Reeff, deem zu Ettelbréck een ganz honorabelen Début als Kandidatin gelongen ass, iwwerdeems den Dan Biancalana nach jonck awer scho laang dobäi an sech zu Diddeléng op déi zweet Plaz eropgeschafft huet. De Kolleg aus dem Rhetorikseminar am Summer, Jean-Luc Schleich hat wuel besser opgepasst wéi ech: hien ass éischtgewielten zu Chrëschtnech-Waldbëlleg.

Hannen am Eck um Dësch sti Computer fir d’Tëschestänn. De Buffet schmaacht. Et gëtt ee näischt gewuer iwwer d’Stad, dofir awer iwwer déi gutt Resultater vun de grénge Kollegen soss am Land: ee Bravo jot deen aner: wonnerbar zu Réiser, gutt den Heng a seng Leit zu Réimech, excellent de Camille zu Biekrech, deen aner Camille zu Schëffléng, ee Sëtz weider an den Abbes dobäi zu Ettelbréck, Hesper gutt, och Diddeléng an Déifferdéng, Esch an de Muck stabil, d’Josée zu Betebuerg super, grad esou Bartréng mam Caroline,  Suessem bestätegt, Jonglënster gutt awer just dolaanscht, Dikrech gestrooft, Miersch mam Claude ee weider, Kerjéng ok, Mamer, méi Stëmmen dobäi, Walfer och, Griewemaacher wonnerbar, och Péiteng en etlech Prozent weider.  An déi nei: Betzder an Iechternach  3 Sëtz, Sandweiler, Lorentzweiler, Contern, Kayl: 2 Sëtz Kielen, Munnerëf an Steesel een am Gemengerot. D’Sam kommentéiert op der Televisioun ons Resultater national. Iwwer d’Stad nach näischt.

Si soen op der Télé et geng ee Kapp u Kapp tëschend Bettel an Helminger an der Stad. An ech? A mir? 

De Wielerwëllen: 16. Ersatz

Géint 10 Auer kënnt dat éischt Resultat. Mir hu bësse bäigewonnen, iwwer 1 Prozent. Dat geet awer net duer fir ee Sëtz weider ze kréien. Ech weess net, solle mir ons freeën. Ech hat fest mam sechste Sëtz gerechent. All déi aner Parteien verléieren, Prozenter oder Sëtz. An der table ronde ass d’Sam onopgereegt positiv. Hannen um Enn ginn et 105.338 Stëmme am ganze fir ons, dat sin 18,45 Prozent, 1,12 prozent méi wéi 2005, a 5 Sëtz.  De Fränz, d’Viv, de Carlo, d’Sam an d’Fabiana si gewielt. 

Buergermeeschter ginn ech iwwriens net. Mee éierlech, ech hat och net domat gerechent. Dee Match ass tëschend deem aner Paul an dem Xavier gelaf. Ech si just net en rang utile. 3.256 Eenzelstëmmen dovunn 2.535 Lëschtestëmmen an 721 perséinlech Voten. 80. am Ganzen, 21. vun onser Lëscht, 16. Ersatz.

Méindeg, 10.10.2011: Um 10 Auer hu mir CEX fir de Bilan vu Gëschter ze man. All sinn se zefridden a frou mat dem Resultat vun ons am ganze Land. Eng Gemeng no der aner get duerchgeholl. Mir schwetzten iwwer méiglech an onméiglech Koalitiounen a Kombinatiounen. Et ass vill telefonéiert ginn tëschend Gëschter an haut. Wat wëll de Wieler? Mir hate virun e puer Deeg eng intern Formatioun iwwer Koalitiounsverhandlungen. Ech hoffen, dass gutt nogelauschtert gouf. Mir hale fest: stabilen Trend no uewen an der Breed an an der Spëtzt an och an de neie Proporzgemengen. Och déi gréng an de Gemengen wou si schon an der Verantwortung waren, gi gestäärkt. Den Outlet Projet vu Léiweng muss vum Dësch an ee Code de Déontolgie gëtt gebraucht.

Ech kucke rondrëm mech, niewend enger Parti feste Mataarbechter vun ons, déi gréng, nëmme Gewieltener, ausser engem, ech. Keen aner ass 16. Ersatz. 

De Fränz kommentéiert onst Resultat an der Stad: trotz der schwireger Ausgangspostioun als klenge Koalitiounspartner hu mir Stëmme bäigewonnen, als eenzeg vun de grousse Parteien. D’CEX Versammlung ass eriwwer, zoufälleg stinn um Ecran d’Stader Resultater, zwee Kollegen kommentéiere se net positiv, si pësperen, ech héieren et awer. Si wonneren sech iwwer d’Resultater vun e puer Leit déi méi wäit uewen si wéi ech. Ir se iwwer mech schwetzen ginn ech léiwer.

Dënsdeg, 11.10.2011: an der Lokalsektioun maache mir de Bilan: mat 24.359 waren et manner gülteg Bulletinën an der Stad, wéi 2005, trotzdeem krute mir 204 Lëschtenstëmme méi an och méi Eenzelstëmmen, deemno am ganzen méi Stëmmen, wéi bei de leschte Gemengewalen. De sechste Sëtz hu mir verpasst a leider ass doduerch den Toff net méi erakomm, obwuel hien méi Stëmmen hat wéi déi leschte Kéier. D’Reschtsëtz sinn un déi Lénk an d’DP gaangen, dat ass fir mech ze verkraaften. Eng Partei hat just ee Programmpunkt an zwar géint den Tram. 5 Prozent hu fir si gestëmmt, deemno si 95 Prozent fir den Tram. De Carlo kommentéiert onst Resultat mat “gor nik esou schlecht”. De Gilbert ass verwonnert, dass mir net feieren.

Mir décidéieren eestëmmeg Koalitiounsverhandlungen mat der DP ze féieren. Dat war jo vun Ufank u gesot ginn, wann d’Walresultat dat geng zouloossen. Ons Delegatioun besteet aus dem Fränz, Viv, Sam, Carlo, Françoise, François a Mike als Scribere. D’Sam an de Mike formuléieren de Communiqué fir d’Press. Den Agenda vun onser Sektioun während den Koalitiounsverhandlungen gëtt festgeluecht.

Mir huelen ons vir, vum Elan vun der Wahlcampagne ze profitéieren fir ons méi nohalteg z’organiséieren fir dass mir der méi sin wéi eng bäckesch Doze vu bal zweehonnert fir de politeschen Alldag tëschend de Walen.

Freideg, 14.10.2011: et huet een no de Walen 9 Deeg Zäit fir d’Panneau anzesammelen. Zesumme mam Nico a mam Toff ginn ech d’Sandwichpanneauë asammelen. Moies war schon eng éischt Grupp ënnerwee, d’Fabiana, d’Claudie an de Carlo. Panneauë kommen nees zreck an de Schapp, bis déi nexte Kéier.

d’Schluecht ass geschloen

Samsdeg, 15.10.2011 Haut ass Homens da Luta um Knuedler. E puer Honnerte Leit si bis dohi komm. Et ass awer net e Concert vum portugiseschen Vertrieder beim Eurovision Song Context 2011, mee et ass am Kader vun der journée mondiale des indignés, dass all dës Leit virun de Cercle kommen. Si sinn net just lauschteren komm. Si sinn net d’accord mat den Excèsën vum kapitalistesche System, sengen Ongerechtechkeeten, senge Rücksichtslosegkeeten, och vis-à-vis vun der Emwelt, senge Milliounen fir déi global Banken an den Aschnëtter an d’Sozialsystemer, sengen Austéritéitsmesuren déi den Eenzelnen aarm maache, senge Plutokraten a Finanzoligarchen déi Demokraten ersetzen. D’Leit déi manifestéiere, probéieren d’Politik ze beaflossen. Dat ass anescht, wéi déi vill dausende Nëtletzebuerger, déi sech net fir d’Walen ageschriwwen a wéi déi vill dausenden, déi net richteg gewielt hun. Mee et sinn der just e puer honnert um Knuedler. D’Zesummeliewen iwwer Kuerz, Mëttel a Laang. Et geet gradesou ëm dat Grousst a Ganzt, wéi ëm dat Klengt a Partikulart. Ech froën mech wivill Leit dohi komm wire, wann des Manifestatioun d’lescht Woch gewiecht wir. 

Homens da Luta um Knuedler

Den amerikanesche President an déi däitsch Kanzlerin soen si genge dëse Mouvement “des indignés” verstoen. Ech denken, dass d’Leit, déi ons an dese Schlammassel erabruecht hunn, ons kaum hëllefen fir erem erauszekommen. An awer gëtt alles gemaach, fir dass d’Banken mat hire Barometer, de Ratingagencen, zefridde sinn an an deser Logik weidergemaach gëtt.  

Mat de Banken an hire Produië schéngt et wéi mat der Atomkraaft an dem Atommüll: de Risiko gëtt op déi next Generatioune weider gereecht. Et gëtt dee belount, deen d’Risiken am wäitsten an d’Zukunft verréckelt kritt. Op dat d’Vergruewe vum radioaktivem Dreck oder d’Gewetts op de Wert vun iergendenger Immobilie an 500 Joer ass. Och ass de Präis vum Atomstroum net de reellen. Guer net abegraff sinn d’Käschte fir de Risiko an d’Geforen ze begrenzen, well beherrsche geet jo net. Bei Bankenproduiën ass et och esou. D’Bänker ginn elo bezuelt fir Bénéfisser déi et eventuel an Zukunft gëtt. Et gëtt iergendeppes lancéiert an et gëtt dee belount, deen am beschten geroden huet. Dass bei de Banken de Steierzueler de Risko dréit an de Präiss bezillt, wësse mir entretemps. Et gëtt gesot, dat wir well des Banken systemrelevant sin. Firwat ënnerhuelen déi aner aus dem System da näischt fir, dass de System fonctionnéiert? D’Banken wire sech mat Hänn a Menace géint all Regulatioun. Et géifen schon immense vill Reglementer ginn an dowéinst doë si d’Leit esouvill Dokumenter ënnerschreiwen, well si verpflicht sinn ze wëssen wien hire Client ass. Wësse si wat hire Produit ass? Oder doë Banken d’Leit déi Dokumenter ënnerschrewien fir sech ofzesécheren? D’Bedreiwer vun Atomanlagen ënnerschreiwen net gär a net vill. Si lossen sech och net gär kontrolléieren. Deemols gouf mat eppes ugefaangen ouni et bis zu Enn ze denken, sech Gedanken ze maachen, wat mam Dreck geschidd. Et ass fir  déi next 25.000 Dausend Joer un Aneren domat eens ze gin. 

D’Leit haut hei um Knuedler wëllen net méi, dass et am fong emgedréint geet wéi et goë soll. Dat mat de Fachleit an der Politik ass verrutscht: ee Fachmann huet eng Idee, Leit vum Fach maachen eng Bestandsopnam, d’Politiker huelen am Interessi vum Fachmann eng Décisioun, Leit vum Fach réaliséieren de Projet a d’Politiker kommen op d’Aweiung. Ass dat de System wéi e soll sin?

Dënsdeg, 25.10.2011: d’Françoise an de Mike présentéieren de provisoreschen Accord, d’Resultat vun 24 Stonne Verhandlungen. Mir stellen Froen a kréien Äntwerten an Explicatiounen. Besonnesch gefällt mir d’Idee vun engem Fitness Parcours an der Péitruss fir eeler Leit, vu 50+. Och gefällt mir d’Idee vun enger gigantescher Graffitti Mauer oder art mural Mauer, laanscht d’Place de la Constitution erof an d’Péitruss an ee Snack an der Quirinus Kappel. Mir mussen dat awer nach alles fir ons behalen. Motus et bouche cousue. Déi nexte Kéier gesi mir ons fir iwwer den definitiven Accord ofzestëmmen.

Lokalsektioun déi gréng Stad

Dënsdeg, 8.11.2011: Lokalsektioun Stad: well mir all de Koalitiounsaccord ganz genee duerchgelies haten, hu mir just nach e puer Froen, déi séier beäntwert sinn. De Koalitiounsaccord gëtt eestëmmeg ugeholl. De Fränz simst de Xavier. De Xavier simst zreck: si och.

Mëttwoch, 9.11.2011: de Koalitiounsprogramm gëtt ënnerschriwwen a présentéiert.

Donnechdeg, 24.11.2011: de neien Schefferot gëtt vum Innenminister vereedegt. Ech si net dobäi.

Méindeg, 28.11.2011: op enger Presskonferenz explizéieren mir de Footprint vun déi gréng an der Politik vun der Gemeng. D’Haaptpunkte sinn d’Stadentwecklung woubäi d’Awunnerinnen an d’Awunner vun der Stad matschwetzen sollen. D’Mobilité douce gëtt weiderentweckelt, Velo a Foussgänger, car-sharing an de Projet vum Tram soll konkret op d’Schinne gesat ginn. D’Wunnegsproblematik gëtt eng Prioritéit, ouni ze vergiessen, dass d’Stad ënnert dem Impuls vun déi gréng, als éischt d’Législatioun vun 10% erschwénglechem Wunnraum a sénge neie Quartierën erfëllt huet. Nodeems d’Viviane Loschetter gutt a komplett Aarbecht geleescht hat als Scheffin fir Erzéiung, këmmert si sech em dat Sozialt an d’mise en oeuvre vum Klimaplang. De François Bausch suergt weider fir nohalteg Finanzen an këmmert sech em d’Mobilitéit. De détail steet um Internet Site vun deStater Lokalsektioun. Dat ass ons Moosslat fir déi next 6 Joer.

Méindeg, 5.12.2011: déi nei Conseillerë gi vereedegt. 

EPILOG

Mir, déi Stater gréng, kënnen elo do weiderschaffen an op dat opbauen a weiderféieren, dat mir virun 6 Joer mat op d’Schinne gesat hunn. Am neie Koalitiounsprogramm gi nees däitlech gréng Akzenter gesat. 

An all vun deenen 80 Wahlbureauën an der Stad krut ech op mannst eng Stëmm (suguer am Pescatore). A mengem Quartier Weimerskierch-Kirchbierg hu mir, déi gréng, am beschten ofgeschnidden: mir kruten do 21,3 % vun de Stëmmen. Op dat elo wéinst menger feiereger Présentatioun vum Wahlprogramm an der Wahlversammlung war, oder allgemeng well ech an deem Quartier als sympatheschen Matbierger bekannt sin, oder well mir Leit et erméiglecht hunn, an enger Baulück Wunnraum ze kréien, oder well mir eng aléatoire Spillplaz duerch dräi richteger an zertifizéierter ersat hunn, oder well dem Fränz seng Famill vu Weimerskierch ass, ech kann dat net soen. Op jhiddwerfall ware mir do esou gutt wéi soss néierens an der Stad. Bei de vote par correspondance ware mir nach besser. Och fir mech perséinlech ass mäi Quartier dee beschten well do krut ech ëmmerhin 0,22 Prozent vun all de Stëmmen déi do vergi goufen. 

Wéi ech mäi Resultat am Pafendall interprétéiere soll, wees ech net: do krut ech ganzer 3 Eenzelstëmmen, obwuel ech do ons Walversammlung animéiert hat. Oder awer, well just 3 Pafendaller am Sall waren, hat ech déi dräi Nolauschterer  voll iwwerzeecht. Ech wert et ni gewuer gin. Wann een den Détail kuckt: de Pafendall ass effektiv blo, wat awer guer net bei red-black passt.

Soss notéieren ech, dass ech nach vill méi dax duerch Bouneweg joggen muss an dass se um Cents onomatopeeësch um gudde Wee sinn.

A propos Détail: mir haten am ganzen 0,059 Prozent vun de Wieler, déi ee gültegen Wahlbulletin ofginn haten, als Nolauschterer an de Walversammlungen.

e puer Zuelen

An dat, dass alles vum Ufanksbuchstaf ofhänkt, ass och esou eng Geschicht. Vun all de lescht ABCler sinn ech deen am wäitsten hannen: Isabel Wiseler-Santos Lima (CSV) a Jeff Wirtz (DP) ginn direkt gewielt, de Nico Wennmacher gëtt bei der LSAP de siwenten, de Jos Welter (KP) get eeleften. D’Nicole Wolter vun déi lenk kënnt op déi 18. Plaz. Ausserdeem, wann dat mam ongënschtege Ufanksbuchstaf vum Familiennumm richteg ass, da froen ech mech méi wéi de Pierre Werner oder och de Claude Wiseler dat ronn kritt hun? An dee vun der DP mam X am Virnumm huet och nawell ee gudde Score.

Zënter de Walen huet d’Welt iwwriens virugedréit:  de Georges Engel kënnt an d’Chamber an eng Skaterpist an d’Péitruss, iwwerdeems d’Sëtzunge vum Gemengerot an der Stad am Livestream iwwerdroen ginn. D’Bankekris an hir Scholden soll an den USA mat Inflatioun an frëschem Geld geléist ginn. D’USA wëllen och dass an Europa dat esou gemaach gëtt. D’Eurokris an hir Scholden soll mat Inflatioun an frëschem Geld geléist ginn. Dat ass schon an den 30er Joeren vun den Hären Norman, Moreau, Schacht a Strong probéiert ginn. Firwat soll dat elo fonctionnéieren? Deemols sinn iwwriens d’Geschäftsbanken vun den Investmentbanken per Gesetz getrennt gi fir z’évitéieren, dass d’Suen vun den klenge Spuererten verspekuléiert gin. An de nonzeger Joren ass déi Trennung nees opgehuewen ginn, hei mat den éiwegen Konservativen an der Regierung an aner Länner mat Liberalen a Sozialisten, mee och mat grénger Mathëllef. Dat war net besonnesch nohalteg.

Op weider Scholden maache, besonnesch nohalteg ass an nach a nach Bonds bastelen och, froen ech mech, grad wéi einfach de chinesesch-däitsche Geschäftsmodell z’iwwerhuelen: bëlleg, bëlleg a kafen, kafen. Mee et ass net einfach engem System ze widerstoen an deem ee fonctionnéiert. Do muss een de System a Fro stellen, zumindest Deeler dowunn, d’Gewiichtung. Dat ass gréngen Urgrond.

De Statec schreiwt vun enger méiglecher Rezessioun, déi kee wees wéi laang dauert. Fousst hei am Land, mat senge verstoppte Scholden, net alles op 4 Prozent Wuestum? Den Index soll fir déi eng ganz ofgeschaaft ginn, fir déi aner ganz erhalen ginn, Kris hin, Kris hir. Ee gëtt deem aner de schwaarze Péiter. Am Plaz Konflikter ze léisen, gi se vertagt bis d’Ratingagence sech mellen. Woubäi, d’Rating Agencen lafe, wéi den Index, der Entwécklung hannendrunn, si baséieren sech op d’Bilanën. Den Ausbléck ass beschtefalls deen an der Finanzwelt üblechen, kuerzfristeg, een Trimester. Dat ass net besonneg wäitsichteg a nohalteg.

Mee, och wann een en enger Demokratie erwaart, dass déi déi gewielt goufen fir eppes ze maachen, dann och eppes maachen, dann ass et trotzdeem net ëmmer nëmmen just un der Politik fir sech ze bewegen. An engem Tripartite System sinn se zu dräi. Déi aner nennen sech och systemrelevant. Da sollen se sech och entspriechend behuelen.

De Staatsrot ass kee Kouhandel, well beim Kouhandel gëllt nach ee Wuert an een Handschlag. Et ass éischter Gemauschels bei deem deen Een gär matmécht esou laang et en arrangéiert, ganz nom Prinzip vun der Beliebegkeet. An d’Leit sti mam Auto rondrëm d’Stad am Stau. An do ginn et der, déi behaapten d’Verkéieresproblemer an der Stad wire just ee Stater Problem. 

D’CSV Leit fannen de Koalitiounsvertrag och gutt, schlisslech wir e voller hirer Ideeën, behaaapte si. Firwat hu si hir Ideeën da net deemols verwiirklecht? Si verpassen ni eng Geleeënheet eng Geleeënheet ze verpassen. Si vergiessen och z’ernimmen, dass et eng CSV Ministerin ass, déi d’Autorisatioun gëtt fir Akfaszentren, och dee vu Gasperech, op Grond vu Gesetzer déi d’Regierung, zënter bal ëmmer mat CSV Bedeelegung, wollt. D’Regierung ass och mat zoustänneg fir d’Wunnengsbaupolitik. Firwat, dass d’Kamerasfetichisten sech nach a lëtzebuerger Frangen ausdrécke, wees ech net. Entweder well si einfach jesuitesch-populistesch opfale wëllen oder well si nach an der Welt vu Gëschter liewen a sech nach net emgestallt hunn, wat jo bei Konservativer passt oder awer well si näischt vu Finanze verstinn. Wat dann och erklärt, firwat dass esou vill konservativ Regierungen, an och e puer sozialliberaler, domat d’accord sinn, sech ënner d’Tutelle vu Finanztechniker ze setzen, fir hir Politik vun de vergaangene Joeren nees riicht ze béien. Si hunnn domat kee Problem, domat ee Stéckelechen Demokratie opzegin. 

Grad wéi et och kee Problem ass, Prinziper op ze ginn, fir kompetitiv ze sinn, nom Beispill vun China, deenen hir Wirtschaft net méi fonctionnéiert, well se just op den Export ausgeriicht ass. Wa jhiddereen nach just bëlleg produzéieren an exportéiere wëll, wien keeft dann? Iren déi déi vill sozial Transferë kréien vum Staat a Plaz eng éierlech Pei fir geleeschten, éierlech Aarbecht vum Patron? Hei zu Lëtzebuerg sinn déi kleng Gehälter ze héich, seet ee vun de Patronën, doduerch kréien d’Frontalierën hei d’Aarbechtsplazen an net d’Lëtzebuerger an déi, déi soss hei am Land wunnen. Dowéinst missten déi kleng Peien erof gesat gi, folgert hien. Wéi wir et dann domat d’Leit uerdentlech ze qualifizéieren a forméieren hei? Oder op Grond vu watfir Critèren ginn d’Leit agestallt?

Jhiddereen ass sech eens, dass eppes un onsem Schoulsystem soll verännert ginn, well ons eenzeg matière première ass d’matière grise. D’Schoul soll reforméiert ginn awer keen wëll eppes änneren. Der Ministesch an hire Mataarbechter gëtt vum Léierpersonal virgehäit, just Theoretiker ze si well se bal keng praktesch Erfahrung am Schoulhalen hunn. Sinn Enseignanën dann och net just Theoretiker wat d’Aarbechtswelt ugeet? Dobäi ass all Mensch sech eens, et geet ee net nëmmen an d’Schoul fir Prüfungen ze pakken, dat ass jo eppes aneschters wéi eppes léieren. Dat geet méi wäit wéi d’Compétitioun an der Schoul ze gewannen, wéi op Tester gedrillt ze ginn: mémoriséieren, dono vergiessen. Ebe méi wéi d’Schoul just z’erleedegen. 

Dat huet mat Kreativitéit ze doen, mat Freed, mat Dreem a Chancen a Perspektiven a mat den Tomaten, déi enges Dags dee Präis kaschten, deen se wirklech wert sin. Da wann d’Octroisheisercher aus de Käpp sinn an d’Barrièren fort. 

Fazit

Faarw bekennen

Politik bedeit sech positionnéieren an engagéieren

An der Politik gëtt et keng Vakanz, et muss ee seng Dosssieren gutt studéieren an et brauch een een décke Pelz.

Literatur

Ahamed Liaquat, Lords of Finance, Windmill Books, 2010

Chang Ha-Joon, 23 Lügen, die sie uns über den Kapitalismus erzählen, C. Bertelsmann, 2010

Chavagneux Christian, une brève histoire des crises financières, Editions La Decouverte, Paris, 2011

Chirac Jacques, Chaque pas doit être un but, NiL éditions Paris, 2009

Clinton Bill, My Life, Hutchinson London, 2004

Cornog Evan, The Power and the Story, The Penguin Press, NY, 2004

Dupre Ben, Juste assez d’idées politiques pour briller en sociétés, Dunod, 2011

Egilsdottir Thorunn, Schoos Thomas, Mangro, Pelle Svensson und die Republik der Tiere, I. Die Ausreisser, Insitu Creation Edition, 2011

Engler Wolfgang, Lüge als Prinzip, Aufbau Verlag, 2009

Feyder Jean, Mordshunger, Westend Verlag Frankfurt, 2010

Frances Allen, Ross Ruth, DSM-IV Cas Cliniques, Masson, 2000

Frieden Pierre, Meditationen um den Menschen, Sankt-Paulus Druckerei, 1968

Goeudevert Daniel, das Seerosenprinzip, DuMont Buchverlag, 2008

Graf Nico, Dat seet een net, Ultimondo, 2010

Kunzmann Stefan, Galbats Patrick, Magnet L Immigration in Luxemburg, Editions Revue, 2010

Otte Max, Stoppt das Euro Desaster, Ullstein, 2011

Patel Raj, The Value of Nothing, Portobello Books, 2010

Prantl Heribert, Wir sind Viele, Süddeutsche Zeitung Edition, 2011

Ridley Matt, Wenn Ideen Sex haben, dva, 2010

Schmitz Philipp, Wohin treibt die Politik?, Herder, 1993

Séguéla Jacques, le Pouvoir dans la Peau, Plon, 2011 

Siefer Werner, Das Genie in mir, Campus Verlag Frankfurt, 2009

Strauss-Kahn Dominique, La Flamme et la Cendre, Bernard Grasset, 2002

Séguéla Jacques, Saussez Thierry, La Prise de l’Elysée, Plon, 2007

Weber Andreas, Bio Kapital, Berliner Taschenbuch Verlag, 2010

Zens Paul, Life after Sports, Editions Sport Promotion, 2002

Zu Guttenberg Karl-Theodor Frhr, Verfassung und Verfassungsvertrag, Duncker & Humblot, Berlin, 2006 (*)

(*just Methodolgie)

Internet

http://www.deigreng.lu

stad.greng.lu

http://www.sustainabletimes.net

www.oeko.lu

www.lvi.lu

http://www.evaferranti.lu

www.casafabiana.lu

http://www.celtic.lu

http://www.red-black-egalite.lu

http://www.racing.lu

www.blueboxdesign.lu

http://www.photo.lu

Fotoen

Dan Michels, Gilles Rod, déi gréng, Stéphane Majerus, Mouvement écologique, Dan Michels, Dan Michels, RTL screenshot, Viviane Loschetter, RTL screenshot, Viviane Loschetter, Stéphane Majerus, Schéiss Arquebusier Restaurant, Edo Sega, Mouvement écologique, Raymond Fux, Christian Kemp, Christian Kemp, Christian Kemp, RTL screenshot, Viviane Loschetter, Christian Kemp, Christian Kemp, Runa Egilsdottir, Runa Egilsdottir, Viviane Loschetter, déi gréng, Paul Zens

Merci

Merci de Kolleginnen a Kollegen vun der Lëscht. Mir hu vill Zäit mateneen verbruecht . All Sekonn war dowert.

François “Fränz” Bausch, Viviane “Viv” Loschetter, Carlo Back, Fabiana Bartolozzi, François Benoy, Mariette Braun, Catherine Bürgy-Schmit, Maria Eduarda De Macedo, Carlo De Toffoli “Toff”, Runa Egilsdottir, Françoise Folmer, Henri Goedertz, August Götzfried, Björn Lorenzen, Stéphane Majerus, Mike Mathias, Nico Meyrer, Claudie Reyland, Gilles Rod, Claude Schmitz, Philippe Schockweiler “Schocki”, Sam Tanson, Patricia Taziaux, Ana Luis Teixeira, Tatjana Von Bonkewitz, Simone Wies

Besonnesch Merci: Gina Conter, Stéphane Majerus.

Speziell Merci: Cathy Clement, Isabelle Weber (Korrektorin), Michel Kieffer, 

Grénge Merci: Viviane Loschetter, Françoise Folmer, Sam Tanson, Ana Luisa Teixeira, Mike Mathias, Dan Michels

Deck vill Merci: Anouk a Cathie

Muppe Merci: Lola

Gréisstméiglech Merci: Eliane