… d’Leit beim Referendum just op déi dräi Froen geäntwert hätten.
D’Resultat ass dann och kloer an däitlech. Déi dräi Propositiounen fir d’Changementer vun der Verfassung si net ugeholl ginn. D’Resultat war net dat wat ech mir erhofft hat, mee de Souverain huet eng däitlech Sprooch geschwat. An an enger Demokratie exécutéiert d’Regierung dat wat d’Vollek wëll. Genee dofir hat d’Regierung sech vun Ufank un engagéiert, egal wat beim Referendum géng eraus kommen.
Déi gréisst Oppositiounspartei hat dat net. Am Géigendeel, si huet sech all d‘Diren opgeloss an dax genug gesot, dass hir Meenung en fonction hirer Interpretatioun vum Resultat wir. Sech net festleeën ass eben d’Politikgrondlag vun dëser Partei. Dat war och schon zu hiren Regierungszäiten esou. Emmerhin dorann ass si sech konsequent.
Dass si elo mat dëser Oftsëmmung een désaveu vun der Regierung hirer Aarbecht insgesamt siche geet, war och z’erwaarden well si jo nach e puer Deeg virum Referendum de Géigendeel gesot hat. Dobäi kann vu engem Désaveu jo keng riets sinn, schlisslech hun d’Leit jo och kloer gesot, dass si wënschen, dass een méi wéi zwou Mandatsperioden kann an der Regierung bleiwen. Dat gëllt jo dann wuel och, oder virun allem, a konsequenterweis, fir déi aktuel Regierung wann schon esou hic et nunc Interpretatiounen gemaach ginn wéi momentan.
De Referendum weist kloer, dass d’Leit eng Meenung hun a se och soen wann si se gefrot ginn. Deen een ass dofir, deen aner dogéint. Dat ass Demokratie. Elo gëtt d’Leit em hir Meenung froen ee Bestanddeel vun der Politik. Dat ass nei, mee d’Richtung a Saachen Participatioun stëmmt. Awer et ass ee évolutiven Prozess mat learning by doing. Jiddereen muss sech ëmstellen an upassen. Et muss een sech engagéieren. Iwwerdeems déi déi bis elo gewinnt waren ze schalten a walten, kréien een weideren, gewiichtegen Interlocuteur.
De Virdeel ass, dass Participatioun, hei via Referendum, zu konkreten Resultater féiert, an dësem Fall gëtt d’Verfassung net esou changéiert wéi proposéiert. An deem Sënn ass esou ee Referendum jo och net elitär. Ganz am Géigendeel. Elitär ass ze mengen et wéisst een et besser an et net néideg fënnt ze referendéieren. Dowéinst war dat bis elo ee seelenen Exercice hei am Land an dowéinst feelt och d’Gewunnecht am Emgang domat. Och dono. Et ass ganz kuerz geraff ze suggéréieren, dass d’Regierung, déi de Referendum initiéiert huet, zreck trieden sollt. Dat heescht am Umkehrschluss, dass deen deen dat verlaangt, keng Participatioun wëll.
Ah jo! Bei allem sech an d’Broscht geheien: et bleiwt nach Äntwerten op déi dräi Froen ze fannen.