Déi allgemeng Meenung déi et am Land gëtt, deelt den EU Kommisiounspresident largement wann hien d’Aarbecht vun der lëtzebuerger Regierung bewerten soll. Sot hien an engem RTL Interview de 4. August 2015.
Aha !
Déi allgemeng Meenung ! Ass wat ? Ass wéi ? Et ass näischt Prezises, mee eng allgemeng Allusioun un ee Gefill dat d’Leit rassembléiert well et d’Unanimitéit ze maachen schéngt. Een taciten Konsens, méi emotionnel wéi rationnel. Et gëtt näischt Prezises contestéiert, mee just d’Versioun vun deenen déi un der Muecht sinn an d’Ficellen zéien, der Wourecht vun de Leit géint iwwer gestallt.
D’Leit ! D’Vollek. Dat sinn se all. Dat ass keen. Iwwerall a néierens. An trotzdeem schengt jiddereen ze wëssen wat gemengt ass. An d’Elite gehéiert zum Vollek.
Et gëtt och op keen prezisen Programm higewisen, well et gëtt jo dat Gefill vun kollektiver Frustratioun dat rassembléiert. Dat geet duer. Et gëtt deemno och keng Stellung geholl, kann nët. Mee et gëtt eng Supensioun vun Jugement, an der Erwaardung an am Numm vun enger Wourecht, déi verstoppt an evident zugläich ass, an d’Séil vum Vollek wir. An dowéinst och net ze kritizéieren.
A well des Wourecht, des Meenung, vun de Leit, vum Vollek, grad esou evident ass, wéi se net aus gedreckt gi ka, kann jiddereen eppes aneres dra gesinn. Grad wéi et him passt.
Et ass eben d’Konscht d’Saachen net zevill ze définéieren, fir am emotionnellen Register ze bleiwen.
Dat ass d’Konscht vun de Populisten.
Tjo ! Oder awer, hien ass deck zefridden a bëssi jalous, dass elo all dat gemaach gëtt wat hien ni op d’Rei krut.
Literatur zu deem Thema « Ce populisme qui vient », Raphaël Liogier, les éditions Textuel, 2013.