Dëser Deeg ass den Eecherbierg an der Stad e bëssen gespaart fir d’Breck z’installéieren, déi de Lift vum Paffendall an d’Uewerstad (an zréck), mam Festland verbënnt. De François Bausch ass frou doriwwer an kommentéiert dat op fb « Laang dofir gekämpft. Elo gëtt de Projet Réalitéit, ee weideren wichtegen Puzzelstéck fir eng aner, besser Mobilitéit »
E puer Wochen virdrunn, den 2. Juli, huet hien, op Invitatioun vun der Stater Lokalsectioun vun déi gréng, am Sang a Klang am Pafendall den Zucharrêt Pafendall-Kierchbierg, deen am Fong um Sichenhaff läit, zesummen mam Funiculaire, een anert wichtegt Puzzlestéck fir eng aner Mobilitéit, vir gestallt.
De Sall war gutt gefëllt. Bal honnert virwëtzeg an interesséiert Leit waren lauschteren komm. Si hun och vill Froen gestallt. De François Bausch an d’Sam Tanson, d’Verkéieresschäffin aus der Stad, hun geäntwert an och selwer de Leit mat hiren Remarquen opmierksam nogelauschtert.
Dat goung vun der Angscht, dass elo de Pafendall zou gepaarkt gëtt, iwwer de Pavé virun der Kierch bis zum Sichtschutz fir d’Leit déi op der Héicht vum Arrêt hir Buedzëmmer hun. Keen huet awer un der Richtegkeet vun dësem Projet gezweifelt. Dat schwetzt fir d’Pafendaller Leit.
Si waren schon ëmmer méi avantgardistesch mam Sënn fir dat Praktescht. Pour mémoire, de Pafendall huet schon virun laanger Zäit d’Trennung vun Kierch a Stad vollzunn well ganz fréier huet dësen Dall de Pafen aus der Abtei gehéiert. Op eemol nët méi. Si hun och, zesummen mat dem Weimerskiercher, eng eegen Sprooch entwéckelt. Si hu sech um Sichenhaff ëm déi aus der Stad Verstoussen a Krank gekëmmert. Aus dem Dall gouf d’Stad mat Waasser versuergt an si hun een vun der éischten Basketclibb aus der Stad gegrënnt. Hire Futtballsveräin ass legendär. Net ze vergiessen d’Musikalitéit vun de Pafendaller. A nach vill méi*. Kee Wonner, dass si d’accord sinn mat der anerer, besserer Mobilitéit.
Si hu verstanen, dass een öffentlech Investitiounen brauch. Esou Projeten maachen dass et eng reell Chance gëtt fir manner Autosverkéier, méi « douce » Mobilitéit. Mat Zuch an/oder Velo duerch de Uelzechtdall an d’Stad an zréck. Fir mobil ze sinn am Alldag awer och fir de Klimawandel ze bremsen. Dat ginn Chantierën. Et muss am Virfeld effektiv vill C02 verbrannt ginn fir vum C02 ewäch ze kommen.
Dat hëlleft och vir vun der Ofhängegkeet vun deenen déi d’CO2 Fluxën kontrolléieren a ganz vill Suen domat verdéngen, erof ze setzen. Dofir brauch et Ureizer. Et ass dat wat am Moment geschidd. Eng Offer gëtt geschaf. Zousätzlech muss politesch reguléiert ginn. Déi déi den C02 Verbrauch dirigéieren wëllen, mussen an Zukunft op hir Milliarden verzichten. Nët déi kleng Leit op hir Mobilitéit. Déi gëtt méi demokratesch well fir Jiddereen méi accessible.
Dowéinst ass dëser Deeg e bëssen den Eecherbierg gespaart. An dat ass och gutt esou well et besser gëtt.
* méi iwwer de Pafendall an der Austellung am Musée d’Histoire de la Ville de Luxembourg nach bis den 3.1.2016.
Fotoen a Grafik: déi gréng Stad, Présentatioun MDDI (screenshot), Ville de luxembourg