Dëser Deeg huet ee Kolleg gemengt, ech, als Gréngen, misst vill Kräid friessen, mat all deenen Zougeständnisser, déi mir, déi gréng, als Koalitiounspartner an der Regierung, maachen missten. Dat héiert een dax. Et gi sech Gedanken gemaach doriwwer, wéi et méiglech ass gréng Grondsätz an Regierungsverantwortung op eng Rei e kréien.
Eng Wochenzeitung stellt a sénger Ausgab nom Kongress den 19.März, d’Fro: „Grünkernpartei: Schläfst du noch oder regierst du schon?“*. Eng aner weist sech verwonnert, dass bei deem selwechten Kongress „blieben die Grabenkämpfe aus“ **.
Fir z’explizéieren a Froen ze beäntwerten ginn déi gréng am Moment op de Tour. En Dënsdeg, 13. Abrëll, ware si an der Stad am Casino syndical zu Bouneweg. Si waren bal all do. De Felix an de Fränz haten déiselwecht Cravatte un. De Gérard wéi gewinnt ee peppegt Hiem, de Claude war ee man in black, iwwerdeems de Roberto dynamesch locker, flockeg um Stull soutz a gelauschtert huet wat d’Viviane a sénger Introductioun an dono déi gréng Regierungsmember, dem bal ganz ordentlech gefëlltene Sall an der interesséierter Audience, wéi ëmmer kompetent, anschaulech a rhethoresch geschlaff, gesot hun.
Et ass de Verglach « vorher-nachher », deen am däitlechsten de gréngen Input weist : den Heng hat et bei sénger Budgetsried gesot, de Fränz widerhëllt et: virdrunn 2/3 vun den Infrastrukturinvestitiounen a Stroossen, just 1/3 an öffentlechen Transport an douce Mobilitéit. Elo ass et ëmgedréint: de groussen Deel ass fir Alternativen zum Autosverkéier. Et sinn Investissementer op ganz héichem Niveau net just wat d’Zommen ugeet, mee och de nohaltegen Mehrwert. Deemno, war et fir Grénger vill Kräid friessen, ze gesinn wéi et virdrunn goung, nämlech de BNP op Wuestum trimmen awer déi noutwendeg Infrastrukturen op allen Niveauën net mat plangen a bauen.
D’Wuesstumsparadigma wéi en virdrunn ëmgesat gouf hat och ganz wéineg mat Naturschutz ze doen. Während 20 Joer ass keng eenzeg Waasserschutzzon geschafe ginn. Elo, an der Halschend sinn et der Fënnef. Siwen stinn kuerz virum Ofschlos. Aacht aner sinn an der Maach. Bei de Kläranlagen, si bis Enn 2018 de Retard an d’Strofen, déi d’Land duerch jorzéngten laangen Désinteressi an Ondécisioun agebrockt krut, ofgeschaaft.
Wat déi schiedlech Emweltemissiounen ugeet ass Lëtzebuerg zënter elo, dh, déi éischte Kéier zënter dem Protokoll vum Kyoto 1997, on track wat séng Engagementer ugeet. Dat ass een Ufank. Et geet nach besser. A wann laanscht eng Strooss, op der et vill Akzidenter gëtt, 15 Beem, déi zwar wirklech net dofir kënnen wann ee Chauffeur säi Vehikel falsch pilotéiert, ewäch gemaach ginn, a Plaz wéi déi virdrun geplangt 150 Beem, dann ass dat eng wesentlech Verbesserung duerch gréngen Afloss.
De Fränz huet et färdeg bruecht, dass den neoliberalen Prinzip, vun der Privatiséierung vum öffentlech Transport an Europa, gestoppt gouf. De Felix setzt iwwerdeems liberal, gesellschaftspolitesch Akzenter andeems hien schwiereg Dossier, déi jorelaang net virukomm sinn opgräift. Et gëtt elo novelléiert am Jugendschutz, an der exécution des peines, am Familjerecht (autorité parentale, filiatioun, etc.). Als éischten Minister hëllt hien de SCAS, d’Poubelle vun der Justiz, wéi eng Wochenzeitung viru laanger Zäit eemol geschriwwen hat, eecht a gëtt dësem Service Moyën fir seng Aarbecht. Et ass eng gréng Attitude wann ee schwiereg Projetën ugeet, virun an zu Enn bréngt. Virdrunn gouf et 10-15 Joren batteren far niente.
Aner Domainer an deenen et reell Changementer ginn, och wann se op der Uewerfläch manner visible sinn, zum Beispill de Positionnement vu der Finanzplaz. Si ass elo manner een Deel vum Problem, mee een Deel vun der Léisung.
Et ass eng besser Philosophie dovun aus ze goen, dass mir all zesummen hei sinn a net jhiddereen eleng fir sech. Mir gesinn dat wat mir elo schaffen als eng Gruppenaarbecht, intern, bei ons gréng an och an der Koalitioun. An deem Sënn gëtt et wuel sachlech Disukussiounen awer keng „Grabenkämpfe“. Koalitiounspartner picken sech net géigesäiteg mat glëtschegen questions parlementaires. De Koalitiounsvertrag gëtt iwwerluecht ëmgesat.
Am Moment ass Hallefzäit.
Si mir Haut do, wou mir onsen gréngen Ideeën no wéilten sinn? Neen! Kënnen mir ons elo schon zefridden zréckleeën? Och net! Mee ass d’Situation elo besser wéi virdrunn? Jo!
A mir maachen weider. Ech freeën mech weier gréngs ze genéissen.
*De Feierkrop, No 1066. **Revue No 12, 23.03 2016 (och déi ënnescht Foto).