Kategorien
Uncategorized

Beuys a Picasso Scharlatanen?

Dëser Deeg huet mäi Basketball Club, de Stater Racing, am Tramsschapp den Enn vun der Saison 2015/16 gefeiert: Spiller, Supporter, Partner, déi ganz Basket Racing Famill war do fir um BBB Owend (Beer, Burger, Basketball) d’Saison auskléngen ze loossen.

Et war eng Saison wéi déi aner ronn 500 Sportsveräiner hei am Land se och kennen: eng mat Héichten a Déiften. D’Stëmmung war gutt, trotz den Déiften, well mir wëssen, dass ee Sportveräin méi ass wéi just déi sportlech Resultater.

Zënter 2012 sinn ech President vum Stater Racing. Wéinst dëser Fonctioun hat de François Aulner, Journalist beim soziokuluturellen Radio, mech, an aner Sportsdirigenten vun Stater Clibb, Armand Drews an Emile Hermes, invitéiert fir iwwer d’Situatioun vun de Sportsveräiner ze schwetzen. De Journalist vum 100komma7 hat ee radiophonen Dossier zesummen gestallt (hei) op Grond vun enger Initiative vum Armand Drews, selwer een engagéierten Futtballfonctionnaire a Gemengerot an der Stad. Hien freet no méi Ënnerstëtzung fir déi „sozial“ Aarbecht, déi Sportsveräiner leeschten.

Jiddereen wees, dass Sport gutt ass fir d’Gesondheet. 130.000 Leit sinn hei am Land an hirer Fräizäit ongezwongen, i.e. ausserhalb vun der Schoul, direkt oder indirekt féderéiert, sportlech aktiv. An dat fir hir Gesondheet, kreeslaftechnesch, ergonomesch, mental. Alles gutt. Offiziell Campagnen an Initiativen weisen ëmmer nees op dësen Mehrwert hin a probéieren d’Bierger ze motivéieren fir e bëssen ze wackelen.

An da ginn et nach déi déi, méi oder wéineger serieux structuréiert, Compétitiounssport maachen. De Compétitiounssport ass duerch Clibb a Verbänn organiséiert. De Laurent Schüssler beschreiwt* déi bizarre Situatioun an der den ierwechten Lëtzebuerger Sportsverband, den COSL, an den zoustännegen Ministère sech géigesäiteg de Ball zouspillen, awer leider net am Sënn fir mateneen ze spillen, mee am Sënn „huel du en, ech hun en och nët“, well et keen koherent Konzept gëtt fir de Sport hei am Land gëtt an och d’Dynamik feelt. Dat ass net nei **. Ee waard op deen aneren.

Et ginn der och déi mengen, dass de Sport eng reng Privatssach ass an sech selwer finanzéieren soll. Mee, dat wat verschidden Dirigenten vun de privat organiséierten a privat kontrolléierten Weltverbänn sech erausgeholl hun ass onverschimt. Do hat een zevill gewärden gelooss an et stellt sech zurecht d’Fro op et nët bësser ass, dass déi demokratesch légitiméiert Organer sech amëschen, net sporttechnesch inhaltlech, mee fir de Kader ze setzen.

De Sport huet dann och een ähnlech Problem wéi d’Kultur: „wenn man selbst jahrzehntelang um Geld gebettelt hat, mit der Verwaltung gestritten, Politiker mühsam davon überzeugt, dass weder Picasso noch Beuys Scharlatane seien, die nichts anderes im Sinn haben, als den Leuten das Geld aus der Tasche zu ziehen,…dann hat ein solcher Rückblick etwas Tröstliches wenn man sieht was am Ende schliesslich heraus gekommen ist“***. Dat deet mech och un déi vill, zum groussen Deel bénévol am Sport engagéiert Leit denken. Sinn si Scharlatenen?

Dat schéngt mir net well et 1. entretemps an den Zifferen beluecht ass: een Euro deen an de Sport investéiert gëtt, produzéiert eng Ristourne fir d’Gesellschaft vu sechs Euros ****. Eng formidabel Rendit. An nët just pécuniaire.

Well 2.: Sport bréngt zesummen: hei an hei

Am Sport léiert een, een deen aner ze respektéieren. Mat deem Aneren sengen Stärkten a Schwächten, a mat séngen eegenen, ëmzegoen. Duerch de Sport übt een, sech innerhalb vun Regelen ze bewegen. De Filou an engem gëtt gefuedert an trainéiert. Entspriechend gëtt een am Sport gewuer, wéi iergerlech et ass wa gefuddelt gëtt a wéi ongerecht dat ka sinn. Grad wéi am Liewen ausserhalb vum Sport. Et léiert een domat ëm ze goen.

Och léiert een ze gewannen. Würdeg ze gewannen. De Matstreider ze respektéieren, Ouni de Mastreider dee mat mecht a verléiert, kann deen aner net gewannen. Dat ass souzesoen eng Zort Solidaritéit léieren.

Duerch de Sport léiert een op een Zil hin ze schaffen: sieff et aleng déi 42,195 Km Distanz vum Marathon packen oder zesummen, an der Equipe eng Championstitel oder ee Blummendëppen ze gewannen. Et ass een „on a mission“, egal op mat der Théikenéquipe oder een olympesche Projet.

Kuerz a gutt, Sport ass geliewtenen Wertegesondheetsunterricht.

D’Terrassementsaarbechten fir de neie Rugbystadion op der Kockelscheier kaschten 8 Milliounen. Jidderengem liicht an, dass esou ee Stadion een zolid Fondament brauch. Et geet net nëmmen em Investissementer an Infrastrukturen, mee och ëm Investissementer an d’Fundament vum Zesummenliewen. Em Ënnerstëtzung, fir d’Sportler, fir d’Bénévolen.

*Luxemburger Wort vum 16/17 Abrëll 2016, S.13. ** „Life after Sports“ Editions Sport Promotion sàrl *** Karl Ruhrberg „ Bilder für eine Sammlung“, Museum Folkwang Essen, DuMont, S. 25.,**** de Sportminister op der a.g. 2016 vum COSL

 

 

Von Paul Zens

born 1965
politically green,
President déi gréng Luxemburg City
President Eurosolar lëtzebuerg asbl
Member executive committee déi gréng
Formation: social worker, master européen en management d'organisation sportives

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s