Wéi grouss d’Erwaardungen sinn un den Tram erkennt een un de Reaktiounen op rtl.lu wéi dëser Deeg d’Nimm vun den éischten Halten bekannt gemaach gi sinn. Luxtram schreiwt si sollen liicht ze verhalen sinn, no enger geografescher Logik an « des noms représentatifs de l’histoire de la culture » an op lëtzebuergesch.
Besonnesch kreativ hun ech déi fonnt déi méi Kreativitéit erwaard haten. Ma, ech froen mech : Wéi ass dat gemengt ? Wéi soll dat goen ? Wat heescht dat ? Soll een den Halt bei der Rouder Bréck « Gréng Bréck » nennen ? Fir déi artistesch cultivéiert liicht eraus ze fannen. Déi aner fannen en nët. Den Halt e bëssi méi d’Strooss erop kéint « op der Hirzemauer » heeschen an all Lötzöboia wees wou en ass. Oder hien freet een Tourist. Och fir den Arrêt « Pärtsmaaart».
Et ass sech och gefrot ginn firwat sénger Zäit, Ufank de 60er, den Tram ofgeschaff gouf oder firwat net moderniséiert. Deemols hat d’Stad net grad 60.000 Awunner. Am ganze Land gouf et 28.020 Autoën fir 315.000 Awunner mat 137.000 Aarbechtsplazen. Do war vill Plaz. Déi grouss Fräiheet konnt, obwuel den Tram duerch Beggen bis op Steesel gefuer ass an trotz vill manner Kilometer Makadamm, ouni Stau ausgeliewt ginn. Den Auto hat och méi gemittlech, gepolstert Sëtzer, wéi den Tram mat séngen Holzbänken. En huet manner gestuckelt e gerëselt. Suguer d’Busser hun deemols dem Usager méi Comfort offréiert wéi den Tram. An déi nei Busarrêten haten Nimm vu Plazen a Stroossen, grad wéi den Tram virdrunn, fir sech rëm ze fannen.
Deemols war den Tram eben ausgeleiert an den Auto ass ugesinn ginn als dee beschten Moyen fir déi grouss Trajetën (de Velo war deemols awer och schon dee beschten Moyen fir déi kuerz Weeër. An natiirlech d’Been an d’Féiss). Deemno alles fir den Auto, an den Auto, op dem Auto. Dat war deemols esou. Et ass esou geduecht ginn a vill Parameter hun gleewen gedoen, dass dat esou richteg ass a war.
Senger Zäit, bis 1963, war den Emile Hamilius, vun der DP, Stater Buergermeeschter. D’Land gouf régéiert vun enger CSV/LSAP Koalitioun bis 1959, dunn bis 1964 war CSV/DP. Si sinn dovunn ausgaang, dass d’Ländchen sech no a no entwéckelt. Gemittlech eben. D’Chiffren soen dat och aus: Ufank den 80er gouf et mol keng 100.000 Autoën, awer ëmmer méi décker, mat méi cm3, bei 365.000 Awunner. An der Stad hun 77.000 Leit gewunnt. Während der Zäit ass d’Eisebunn elekrifizéiert ginn an d’Rout Bréck gebaut.
Och wann vill Leit sech deemols een Auto leeschten wollten an no a no ëmmer méi Leit dat och konnten, hat keen domat gerechent, dass et Ufank 2017 heesche geng, dass Lëtzebuerg geschwënn méi Vehikelen huet wéi Awunner: et ginn am Januar vun dësem Joer, 518.280 Vehikelen an 576.000 Awunner. Et gëtt hei Aarbecht fir 424.000 Leit. Dofir brauch d’Land d’Hëllef vun 180.482 Frontalieren. D’Stad huet elo 116.000 Awunner.
Op eemol goung et lass, Enn 80er Ufank 90er Joren, mam Wuesstum op ville Niveauën : Aarbechtsplazen, Autoen, Awunner,…. just d’Infrastrukturen an d’Pläng fir d’Entwecklung vum Land, dat net méi grouss ginn ass, 2.586 Quadratkilometer, si net mat gewues, Ufank de 90er an am neien Joerdausend. Wat war verpasst ginn? Wien hat geschlof oder wollt keng ënnerhuelen.
Natiirlech ass dat esou eng Saach mat Pronostiker. Den däitsche Keeser Wilhelm II sot 1904 wéi hien an engem Mercedes Simplex soutz « das Auto hat keine Zukunft. Ich setze auf das Pferd ». An de Gottlieb Daimler huet 1901 gemengt « Die weltweite Nachfrage nach Kraftfahrzeugen wird eine Million nicht überschreiten – allein schon aus Mangel an verfügbaren Chauffeuren ». Haut wësse mir et op der enger Säit besser. Op der aner Säit, ginn et zwar vill méi Leit déi furen därfen, mee op dat all valabel Chauffeuren sinn?
Mee bon, et ass och geschlof a gezeckt ginn. De Problem war jo bekannt. D’Stauën an den alldeeglechen Verkéierschaos ze prognostizéieren war bei onverännerter Politik net schwéier an et ass jo och esou komm. De Statec schreiwt 1999 « l’outil primaire de toute modération de la circulation est une redistribution de l’espace routier parmi les différents utilisateurs ».
déi Gréng Stad informéieren iwwer d’Ännerungen an d’Verbesserungen a Saache Mobilitéit. Hei de 7. Februar 2017 zu Beggen, v.l.: Carlo Back, Claudie Reyland, Sam Tanson, François Bausch, Viviane Loschetter a François Benoy.
Eng rezent Etude vun TomTom (déi vun de GPS-Gadgeten) huet nach eng Kéier däitlech op d’Mobilitéitsproblemer hei am Land higewisen: et ginn zënter Joren méi Stauën a si gi méi laang, 153 Stonnen am Joër oder 19 Deeg. Wéi am bella Napoli, schreiwen se am Wort. Dat ass vill falsch verbrauchten Zäit. Mee net just dowéinst, och zBsp. wéinst den Ofgasen, ass et Zäit ginn, dass eng aner Mobilitéit réaliséiert gëtt. Da geschidd elo endlech am Land an ass scho virdrunn an der Stad gemaach ginn.
Den Interessi un den Tramstatiounsnimm huet och op ee groussen Wëllen higewisen konstruktiv deel ze huelen. Eng wichteg Komponent fir eng Demokratie. Et gouf sech d’Fro gestallt wisou Luxtram iwwer d’Nimm décidéiert, dat wir jo eng Firma a net demokratesch. Och heiansdo ee Referendum geet net duer well dat zum daxten den Oninforméierten et einfach mecht nom Motto « if you don’t know say no ». Informéiert sinn ass eppes Aktives, op béide Säiten.
Et huet een un de Reaktiounen op d’Tramstatiounsnimm och erkannt wéi aléng verschidde Leit si musse.