Kategorien
Uncategorized

Phenomenofrugal wunnen a wuessen

Dëser Deeg war ech fir déi Stater gréng zu Märel Flyer an d’Bréifkëschten puchen. Eng Invitatioun fir een Informatiounsowend de vergaangen 21. März mat e.a. François Bausch, Sam Tanson a François Benoy.

IMG_7363

Ech sinn do um Geesseknäppchen laanscht dat Haus komm an deem mengem Papp séng Elteren, d’Lollo an den Usches, dra gewunnt hun. Si haten am Rez-de-Chaussée gelount. Um éischten Stack huet d’Propriétairin gewunnt. Iwwert hir war eng aner Dame. Haut wunnt an dësem Haus eng eenzeg Famill. Deemno en Haus mat deemols dräi Haushalter, elo een. Dat ass entgéint dem Wunnraumbenotzungstrend an der Stad.

Dëser Deeg huet mäi Papp mir verzielt, dass d‘Wisen hannert séngem Haus a Gaard op séngem Kou-Hénger- an Hengschtduerf elo och kënnen bebaut ginn. De PAG ass do elo färdeg gemaach ginn. D’Propriétairen vun deenen Terrainën hätte sech och scho getraff fir ze kucken wéi, wat, wou. Duer kënnen Wunnengen gebaut ginn. Dat ass eng gutt Saach, och fir mäi Papp. Dat stéiert hien an sengem backyard net.

Capture d_écran 2017-03-25 à 18.13.40

Dëse Lotissement, no bei der Nordstad, déi sech an Zukunft geplangt entwéckle soll, wert d’Duerf méi lieweg maachen well méi no beim Duerfkär a well et net eng Ureihung vun Heiser laanscht eng Staatsstrooss gëtt. Schon de Jean Hamilius, mai Virgänger*, hat Misère mat der fuedemméisseger Entwécklung vun den Dierfer an de 70er Joren. Als Bauteminister vun der DP-LSAP Regierung 1974-1979 huet hien deemols probéiert duerch Kilometerpunkten Gesetz dat z’évitéieren. Mee des Mesure hat just wéineg Succès, stellt hien am nachhinein selwer fest**. Op dat un der Lobby vun de Gemengenpolitiker louch déi Suen spuren wollten bzw. hire Wieler hir Terrainën wollten opwerten? Mir werten et ni gewuer ginn.

Mee d’Resultat dovun si mir elo gewuer ginn: vill ländlech Gemengen sinn sozial onattraktiv an iwwerproportional gewues an och net do wou d’Aarbechtsplazen sinn. Do gëtt just geschlof, iwwerdeems een fir alles wat ee soss maachen wëll ee sech déplacéieren muss, den Auto huelen. Dat huet e.a. vill Verkéier als Konsequenz an huet lues awer secher zu de Mobilitéitsproblemer gefouert déi mir elo hun. Am Individualverkéier awer ëmmer méi och am öffentlechen Transport mat iwwerfëllten Bussen an Zich zu den Stousszäiten an enger Pünktlechkeet vun nach just 63 % am RGTR Réseau. Dat ass net gutt.

Une ville qui

An der Stad ass d‘Relatioun Wunnen/Aarbechtsplazen vun der aktiver Populatioun 1 zu 5. Dat ass ee nawell ongënschtegt Verhältnis. Relativ wéineg, zirka Dausend Reklammatiounen sinn et ginn no der Présentatioun vun de virleefegem PAG vun der Stad Lëtzebuerg. Schon 2014 haten d’Consultatiounen mat de Leit mat Versammelungen an de Quartieren ugefaangen. Dono hun d’Servicer vun der Stad, wéi am Kader vun der Prozedur virgesinn, geschafft. Et konnt reklamméiert ginn an d’Leit dem Schäfferot hir Ideeën présentéieren. Zum Daxten ass et em d‘Maximiséierung vun de bautechneschen Méiglechkeeten gaang am Sënn vun méi Wunnraum fir méi Leit. Dat ass och am Sënn vu méi dicht bauen. Dat ass jo och am Sënn vun Wunnraum no bei der Schaff. Et geet drëms eng Léisung ze fannen am Kader vun de Richtlinnen an dem Bauteregelement am Sënn vum Bierger/Propriétaire?

Richtlinnen festleeën wéi déi verschidden Regiounen am Land sech entwéckelen sollen, gehéiert zu zum Sënn vum Landesplanungsgesetz dat déi blo-rout-gréng Regierung relancéiert huet. Den zoustännegen Minister, de François Bausch, insistéiert an engem Interview um 100komma7***, dass eng breet Debatt an Diskussioun doriwwer mat de Bierger noutwendeg ass. Et geet schlisslech em Zukunft vum Land an dem Emgang mat dëser nawell endlecher Ressource, eben den 2.586 Quadratkilometer Land. An dat geet Jiddereen eppes un.

Eng Diskussioun iwwer Landesplanung beinhalt och eng Diskussioun iwwer de Wuesstem an d’Verdeelung vum Wuesstem. An dat ass ee sensiblen Sujet well « face à la vulnérabilité et la faiblesse de l’économie luxembourgeoise, et probablement en raison même de la vulnérabilité et de la faiblesse, se développe un besoin de sécurité pressant. Il est d’autant plus difficile à assurer que le niveau de vie est plus élevé », stellt de Paul Weber 1955 **** fest. Esou richteg Eppes ass deemno an de leschten Jorzéngten net geschidd. Mee elo awer.

Niewend dem Festleeën vu Richtlinnen, gëllt et och konkret Regelen op zestellen wat den Emgang mam Zouwues u Wert vun den Terraiën ugeet. De Wert vum Terrain steet jo a Relatioun zu der Lag, net just geografesch oder biologësch, mee och d’Lag vun der Wirtschaft. Wann déi sech positiv entwéckelt, entweckelt sech de Wert entspriechend. Och bestëmmen politesch Décisiounen de Wert, z.B op an oder baussend dem Bauperimeter oder wat, wéi héich därf gebaut ginn. Déi Décisounen sinn och tributaire vun der ekonomescher Entwécklung. Deemno ass et richteg, dass een politesch accordéierten Mehrwert och nees ka réckgängeg gemaach ginn, wann op Käschten vun der Allgemengheet, déi den Wuesstem schaaft, Eenzelner spekuléieren a profitéieren wëllen. Dat rezent Gesetz fir d’Mobilisatioun vun de Bauterraiën fir de Wunnengsbau notamment duerch de Baulandvertrag, ass eng sënnvoll Regel.

D’Dynamik vun de leschten Joren an dësem Domaine ass grad esou couragéiert wéi néideg. An de richtege Wee.

Next Info Owender vun déi gréng Stad Lëtzebuerg sinn den 5.4. um Kiem (19H00) an den 27.4. um Lampertsbierg
2017-LWD-Invit-Stad-Kierchbierg
* De Jean Hamilius hat 1952 mat der 4x400m Staffel zesummen mai Robert Schaeffer, Gérard Rasquin an Fred Hammer ee legendären Landesrekord opgestallt deen 46 Joer gehalen hat. Zesummen war ech mam Claude Godart, Marc Reuter a Carlos Calvo d’Nofolleger vun dësem Quattuor wéi mir 1998 zu Kaunas dëse Rekord verbessert haten. ** „Luxemburg im Wandel der Zeiten“, Jean Hamilius, Editions Guy Binsfeld, 2014.***100komma7, 17/03/2017  ****„Les problèmes sociaux dans la politique économique du Grand-Duché de Luxembourg“, Paul Weber, professseur à l’ULB, rapport publié à l’occasion du centenaire de la Société Royale d’Economie Politique de Belgique ; 

Von Paul Zens

born 1965
politically green,
President déi gréng Luxemburg City
President Eurosolar lëtzebuerg asbl
Member executive committee déi gréng
Formation: social worker, master européen en management d'organisation sportives

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s