Dëser Deeg gouf bekannt, dass ech nees Kandidat sinn fir Buergermeeschter vun der Stad ze ginn.
Enfin, ech hun d’Freed mat 24 Kolleginnen a Kollegen an der Equipe vun onse Spëtzekandidaten Sam Tanson a François Benoy ze sin, déi fir déi gréng an der Stad an d’Gemengewalen geet.
vlnr: Nicole Ikuku Etikwa, Maria De Macedo, Tatjana V. Bonkewitz, Georges Lemmer, Barbara Roland, Jeannelle Gresham, Claudine Muller, Matthias Schmidt, Catia Fernandes, Claude Schmitz, Tilly Metz, Carlo Back, Linda Gaasch, Sam Tanson, Nico Meyrer, Sébastien Tasch, François Benoy, Cyrille Horper, Clauide Reyland, Mike Mathias, Paul Zens, August Götzfried, Christa Brömmel, Alex Hornung (leider net op der Foto Tanja Frank, Henri Goedertz, Guillaume Rischard)
Ech si prett! Ech hun een Twitterkont!
De President vun déi gréng, ee Mann voller subtiler Weisheet, huet iwwriens gemengt, de Numm vu mengem Blog wir net adequat fir Walen ze gewannen well e klengt iergendwéi no: w-w-wielt paulzens net.
Egal, well et geet souwisou jo net dorëms wat ech, wat een Eenzelnen seet wat hien maachen kann, mee et geet dorëms wat erreecht gi kann vun ons. Mateneen. Zesummen, well Een een Deel vun engem Ganzen ass. Et mecht ee Saachen fir se all, net just fir een Deel. Dat ass Zesummeliewen. Dat ass Demokratie. Dat ass och Politik.
Politik, Demokratie an Zesummenliewen sinn och keng Aktivitéit just fir no ze kucken, fir niewend dem Terrain ze stoen a vu baussen ze kritiséieren. Et steet een um Terrain an et dréit een säin Deel bäi. Grouss a Kleng, Al a Jonk, Fläisseg a Motivable, Flénk a Lues, mat sénge Qualitéiten an op séng Manéier: konstruktiv, konservativ, innovativ, kreativ, iwwerluecht, dynamesch: mateneen an zesummen Dat wierkt.
A och wann deen Eenzelen mengt honnert Prozent recht ze hun, muss een, fir d‘Saachen virun ze brengen, openeen zougoen. D’Resultat ass dann méi wéi d’Zomm vun deem wa jiddereen op eegen Fauscht mécht an deet.
Och wann et am politeschen Handelen zwar keng eenzeg Wourecht gëtt, bedeit dat awer och net an absoluten Relativismus ze verfalen a Keng z’ënnerhuelen. Nom mateneen ausschaffen, muss décidéiert a Geschéck gemaach ginn. Da wierkt et.
Dës Manéier wierkt zënter 2005 mat de Gréngen am Schäfferot an der Stad. Et ass vill geschidd. Ganz vill. Dat mierkt een an der Stad ganz gutt. D‘Stad ass attraktiv a wiisst: 2005 hat d’Stad ronn 84.000 Awunner, elo 115.000. Si ass och an aner Beräicher am gaang sech ze veränneren, z’entwéckelen, sech un ze passen. Dat ass néideg well dat alles geschidd op nach ëmmer 51,73 km2.
Trotzdeem: si mir besser drunn wéi virdrunn? – Jo! Si mir schon do wou mir hiwëllen? – Nach nët! Ech si prett fir mat ze maachen, mateneen, dass et wirkt. Dohin.
Esouwäit zum Prinzip an der Taktik. Wat dat da praktisch heescht gëtt een no a no hei gewuer an hei
Impressiounen vun der Présentatioun vun de Kandidaten hei
Fotoen: 1&4: André Gonner ; 3: John Gerard; 2 an Présentatioun: déi gréng; 5: screenshot geoportail