Kategorien
Uncategorized

Konsensuell Deluxe Recto Verso gréng Schrullegkeeten

Dëser Deeg war ech op dräi kulturell-artistesch Evenementer: dat eent war eng Liesung an enger Librairie an der Stad. Eng Parti Schrëftsteller haten sech do Rendez-vous ginn fir des Librairie, mee och déi aner selbstänneg Librairien a kleng Geschäfter, z’ënnerstëtzen. Dat anert war d’Inauguratioun vun « Air Deluxe » am Kader vun „un été pas comme les autres dans une rue pas comme les autres“ an der Philippsgaass an der Stad. Fir dëse Summer huet de Künstlerduo HeHe, Helen Evans an Heiko Hansen, hir Installatioun « Air Deluxe » do opgehaang. Dat drëtt war de vernissage vun der Installatioun „Recto Verso“ vun Charles Wennig a Laurent Daubach am Parc vun der Coque um Kierchbierg.

„Literatur und Kunst und Kultur sind Selbstvergewisserungsformen unserer Gesellschaft“, seet de Robert Habeck*. Dat huet jo dann, ofgesinn dovunn, dass dat alles ausseet iwwer de Stellewert, deen d’Kultur an enger Gesellschaft huet, misst hun, mat wëssen ze dinn, wéi een dann ass a wat ass. De Liesowend an déi zwou Installatiounen weisen op dräi Aspekter hin, déi mat Selbstvergewisserung ze dinn hun oder wéinstens op e Reflet vun deem wat ons Gesellschaft beschäftegt a wat dann hëllefe soll dohinn ze kommen. Also hin zu der Selbstvergewisserung fir dann z’iwwerleeën op dat gutt ass oder net.

De Liesowend war d’Resultat vun engem annoncéierten Ophalen vun enger Librairie déi an de Kontext gesat gouf an ze gesinn ass vun de Changementer vun der Geschäftswelt an der Stad. Des Librairie ass zënter 22 Joer an derselwechter Strooss. Si ass eng fest Gréisst do, bal all de Rescht huet zënter den Ufänk vun dësem Bicherbuttek changéiert. Et gëtt net méi esou akaf wéi deemols, d’Liesgewunnechten sinn anëscht, d’Struktur vun de Geschäfter am Zentrum vun der Stad huet geännert, d’Loyerën och (déi sinn erop gaang).

rectoVerso-1

De President vum Fonds du Kirchberg huet beim Vernissage vun Recto Verso vun Charles Wennig a Laurent Daubach, gemengt, dass d’Panneauën vun der Installatioun och eng Allusioun un déi vill Panneauën an der Stad sinn. Déi hun e.a. mat de ville Chantierën ze doen an déi mat dem dem ville Verkéier an der Stad. D’Chantierën sinn d’Resultat vun der neier Orientéierung vun de Mobilitéit, méi douce, méi gréng. Geschéck maachen ass an dësem Fall mat Nuisancen a ville Panneauën verbonnen. Mee herno gëtt alles gutt.

Inauguration_projet_artistique_rue_Philippe_II_avenue_de_la_Porte-Neuve_15062017_1_Copyright_Phototheque_VDL_Marc_Wilwert

An „Air Deluxe“ beschreiwen Helen Evans an Heiko Hansen de Problem vun der Loftverschmotzung. An Stied ass propper Loft ee Luxus. Dat kënnt och vum villen Automobilverkéier an den Ofgasen, deen duerch eng wéineg virausschauend Verkéierspolitik am Land provozéiert gouf. Gréng douce Mobilitéit ze förderen ass eréicht no engem konsequenten Politikwiessel komm. Den trop-plein vun Autoën mecht anscheinend, dass, trotz enger generéisen Parkplatzoffer, gezeckt gëtt fir an d’Stad akafen ze goen. Loftverschmotzung duerch falsch Mobilitéisprioritéiten déi e.a. och d’Geschäftswelt fragiliséiert.

IMG_1517

Dräi Saachen déi ons beschäftegen. Et geet dorëms, den Drock ewäch ze huelen: vun de Präisser an de Weeër. Duerch Diversifikatioun. An der Mobilitéit an am Commerce. Just esou können d’Dynamiken erhale bleiwen. D’Léisungen sinn gréng Ideeën. An der Mobilitéit gëtt an der Stad, scho méi laang, an am Land, zënter manner laang, Geschéck gemaach an der Diversifizéierung vun der Mobilitéit. Dat ass och de Wee am Commerce.

Mee Moment! Wéi gréng Ideeën?! Wat erlaabt deen Zens sech?! – Richteg, de Punkt ass, dass gréng Ideeën Haut jo keng gréng Schrullegkeeten méi sinn, déi eng Minoritéit interesséiert, mee quasi Konsens. An der Gesellschaft ukomm.

* „Wer wagt beginnt“, Robert Habeck, 2016, Kiepenheuer & Witsch, p. 67

Fotoën: 1: ech – 2: Photothèque VdL, Marc Wilwert, 15.06.2017.

Air Deluxe ass nach ze gesinn bis den 5.9.2017 an der Philippsgaass an der Stad. Recto Verso ass am Parc niewend der Coque laanscht de Bd JF Kennedy.

Von Paul Zens

born 1965
politically green,
President déi gréng Luxemburg City
President Eurosolar lëtzebuerg asbl
Member executive committee déi gréng
Formation: social worker, master européen en management d'organisation sportives

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s