Dëser Deeg huet de beschte Lëtzebuerger Tennisprofi vun allen Zäiten, Gilles Müller, Lëtzebuerg op Tennis Weltkaart placéiert an d’Natioun global brandéiert.
Gilles Müller (Foto Eurosport)
E puer dëser Deeg virdrunn hat de véiertbeschte Futtballclub vu Lëtzebuerg, den FC Progrés Nidderkuer, d’Natioun europäesch brandéiert.
Nach eng Parti dëser Deeg virdrunn hun hei am Land vill dausende Leit d’Cyclisten vum de Tour de France um Bord vun der Strooss ugefeiert. Lëtzebuerg war an des Course includéiert e.a. fir d’Natioun ze brandéieren. Ufank Juli sinn och dausende Leit um City Jogging duerch d’Stad matgelaf an mäi Basketclub, de Racing aus Stad hat Generalversammelung um Enn vun enger gelongener Saison.
Sport ass kuerzfristeg a vergiesserlech wat d’Resultater ugeet, net awer fir dat wat ee léiert dobäi.
Alles Sport! Alles vu Leit fir Leit! Vun Héichprofessionnel bis Amateuren a Bénévolen. Ouni dës Lescht gëtt et déi aner net. Bénévolen, déi mat Leif a Séil dobäi sinn a begeeschtert organiséieren, encadréieren, motovéieren, maachen den Ufank. Dono ginn déi Bescht, dat sinn déi Wéinegst, quasi the chosen few, iwwerholl vun deenen Aneren, de Profimanager. Eng richteg Sportscarrière ass ee Laangzäitprojet, déi jugéiert gëtt no kuerzfristegen Resultater. Den Erfolleg vu Gëschter ass séier vergiess.
All déi aner, the remaining many, maachen virun Sport. Op hirem Niveau, no hirer Loscht a Freed.
Gréng Cityjogger: Sam, Salam, Claudie, François
Sport ass Mord! – Wieso Sport Mord ist? Weiss ich auch nicht. Man sitzt doch gemütlich vorm Fernseher und trinkt sein Bierchen; natürlich regt man sich auf, selbstverständlich ist die Ehe gefährdet, aber Mord trifft nicht zu. (*).
Also, ech hu Sport net gemaach fir gesond ze sinn, ginn oder bleiwen, mee aus Freed un der Beweegung, d’Freed un der Erausfuederung an dem Verglach mat aneren, aus Ambitioun an déi narzistesch Perspektiv op Unerkennung. Et war bestëmmt net wéinst „men sana in corpore sano“: ech krut duerch de Sport kee Punkt an der Mathé oder Latäin méi.
Eenzeln an a Moossen huet de Sport méiglecherweis hygienesch Avantagen an erméiglecht engem gesond ze stierwen. A mecht Spaass, wéi den Umberto Eco et beschreiwt „Der Sport, verstanden als eine Tätigkeit, in der einer ohne Gewinnstreben und durch unmittelbaren Einsatz des eigenen Körpers physische Exerzizien betreibt, die seine Muskelen üben, sein Blut zirkulieren und seine Lungen voll durchatmen lassen, der Sport, sage ich, ist eine sehr schöne Sache, zumindest so schön wie der Sex, die philosophische Reflexion und das Glücksspiel mit Erbsen als Einsatz“**
Sportanlag fir Jhiddereen an der Péitruss niewend enger Spillplaz an dem Skatepark
Mee virun allem, mat Aneren zesummen ass de Sport eng onvergläichbar sozial a moralesch Léier, och net just dann wann de Sportler, d’Sportlerin, eng intelligent, offen Persoun ass. Am Sport ënnerwerft een sech fräiwëlleg Regalen, de Spillregelen, ouni déi kee Sport fonctionnéieren kann. D’Zivilisatioun ass näischt aneres wéi d’Acceptéieren vu gemeinsame Regelen a Konventiounen. Vill vun dësen Regelen a Konventiounen si arbitraire, kënne changéieren awer si existéieren a setzen de Kader.
Sport léiert net just just Regelen ze respektéieren, mee och de Matstreider. An d’Konkurrenten. Dat gëllt souwuel fir déi Aktiv, wéi och fir d’Supporter an d’Dirigeanten. Een deen de Géigener, den Arbitter oder d’Divinitéiten vernennt, ass kee Sportsmann a gëtt och ni een. Et léiert een würdeg ze verléieren a würdeg ze gewannen,
De gréissten Virdeel vum Sport ass de Wert vum, op der enger Säit, individuellen Effort an op der aner Säit, déi gemeinsam Aarbecht, mateneen op d’Rei ze kréien. Op een Zil hin ze schaffen, eenzel a zesummen. Liberalismus fir de Kollektiv. Et ass op de Mix op deen et ukënnt: zesummen ereecht een de nexte Level. Sport verbënnt. Dat ass gutt fir ons Natioun.
Deemno ass Sport wéi d’Liewen, mat Individualismus, Solidaritéit, Regelen, Werter, Optimiséierung, Kuerzfristegkeet, Nohaltegkeet, Entäuschungen, Belounungen, Spaass a Freed. A verdéngt net just ee Moyen ze sinn fir ze brandéieren, mee och fir brandéiert ze ginn, zumols déi vill Bénévoler.
An emsou méi an onbedéngt wann si sech an a mat hire Clibb fir d’Zesummenliewen asetzen. Am beschten mat Subsidën well bei de Suen klemmt et bei den Amateuren am meeschten, schlisslech huet vun der Qualitéit hire Präis a muss sinn bzw. gëtt verlaangt, zu Recht vun de Sportler an dax och vun hiren Elteren.
Bénévoler a Betreier, je nodeem betreien si och am Reen, Dag fir Dag.
Eppes aneres Wichteges sinn zweckméisseg, praktesch Infrastrukturen, zum Beispill eng eegen Liichtathletikinstallatioun an der Stad mat der Méiglechkeet an enger Sportshal am Wanter oder am Reen och technesch Disziplinnen ze üben. Iergendwéi soll een et och op eng Rei kréien d’Sportveräiner mat dem Schoulen a soss Betreiungsstrukturen ze verbannen.
Déi selwecht Ideeën gëllen och fir d’Kultur.