Kategorien
enmarcheopdeknuedler Mobilitéit Partizipatioun stadlëtzebuerg

Lifteg op de Kierchbierg an wéi den Indiana Jones op den Zens

Dëser Deeg gouf am Neiduerf ganz villen interesséierten Leit de neien Projet fir d’Breck Cents-Weimeschhaff an de Lift am Neiduerf présentéiert. Deen Entworf virdrunn, e bësse vill massiv, wéi d’Fielsen lenks a riets vun der Neiduerferstrooss, waren net esou gutt ukomm. De Projet fir d’Neiduerf vum Nico Steinmetz, deen och schon dat 9. Weltwonner, de grad esou flotten wéi prakteschen a nationbrandéierenden* Lift am Paffendall, konzipéiert huet, ass manner massiv, méi filigran. D’Bréck hänkt, flott intégréiert an de Quartier, liicht a lëfteg iwwer dem Dall. Eng Mëschung tëschend der Golden Gate Bridge an der Hängebréck aus Indiana Jones and the Temple of Doom.

Indiana jones Breck

Den Tuerm mam Lift respektéiert d’Silhouette vum Neiduerfer Kär niewend der Kierch an kritt eng splendid Vue op de Stadzentrum.

Lift neiduerf Uewen

Ech fannen dësen Projet flott a passend. Mee esou Saachen si jo affaire de goût. Virun allem zeechent sech dëse Projet doduerch aus, dass den Architekt d‘Bréck vum Tuerm mam Lift getrennt huet. Si géngen op zwou verschidde Plazen kommen, zirka 500 m auserneen (dat ass, fir Dammen, esou wäit wéi vum „House of Underwear“ an der Dräikinneksgaass, bis bei den „Oberweis“ beim Roude Pëtz, fir Männer wéi een Tour duerch de Batiself. Meterméisseg duerchaus machbar). Ech fannen dësen Usaz interessant. Anerersäits kann een och dofir argumentéieren, dass déi zwee, Bréck a Lift, solle beiënee sinn. Uewen, bei der aler Schoul a Kierch, géng passen. De Sall war gréisstendeels och dofir.

Breck neiduerf uewen

Virun allem hun ech matkritt, dass déi grouss Majoritéit vun de Leit am Sall de Prinzip an d‘Noutwendegkeet vun esou enger Verbindungsbréck net méi a Fro gestallt huet. Dat war deemols, op enger Walversammelung vun de Stater gréng, den 22. September 2011* och schon esou. Et ass sech méi em technesch Sécherheetsaspekter Gedanke gemaach ginn, wéi ëm de Notzen. Haut wéi deemols sinn awer och nach z. D. verständlech nimby Gedanken (effektiv wien wëll eng Bréck iwwer sénger Wunneng) opgefouert ginn.

sall Neiduerf

Fir aner Horrorszenarien hun ech manner Versteesdemech. D’Kritierien fir an d’Lëscht vun de geféierlechsten Stied vun der Welt opgeholl ze ginn sinn d’Zuel vun de Doudegen, d’Quot vu Gewaltverbriechen, Vergewaltegungen, Geiselnnahmen an d’Probabilitéit an esou eppes verwéckelt ze ginn. Och wann d’Stad um Wee ass eng Metropolchen ze ginn, ass et nach ee wäite Wee bis dohinn. Obschon, um Lampertsbierg, ouni Bréck, wieren am Ufank vum Joër nonzech Veloën aus Heiser geklaut ginn?

Ech sinn ëmmer nees erstaunt, wa geäussert gëtt, dass wat Mobilitéit ugeet, et ëmmer nëmmen eng eenzeg Léisung géng ginn: entweder-oder, dofir-dogéint a mam Auto als unabdingbar Prémisse. Mobilitéit organiséieren ass villschichteg. Et ass net de Velo aleng, och net just den Tram oder just den Auto.

CarlohVeloh

Et ass eng Mëschung zu der och ee Lift am Neiduerf, eng Bréck tëschend dem Cents a Weimeschaff-Kierchbierg, Makadamm a Schinnen a Busser a marquéiert Velosweeër a sécher Trottoiren gehéieren. Vernetzt, opëneen ofgestëmmt, ee Konzept, ee Choix proposéieren.

Et ass, och am Verkéier, méi schéin mateneen wéi aleng: hei

paratgeons la ville

Als Faarw vun der Bréck proposéieren ech gréng-blo.

*de Paffendaller Lift ass sélectionnéiert ginn fir de 25th World Architecture Award, archiduc.lu, 12-07-2017 ** „16. Ersatz, Wahlkampf an onser Haaptstad!“, Paul Zens, Ambrose Dieudonney Fanning Edition, 2011, p. 96-97. d’Grafiken sinn déi déi deen Owend présentéiert goufen (hu se ofgeknipst a gefilmt) vom Nico Steinmetz (steinmetzdemeyer.com).

Animatioun Breck hei klicken

Animation Lift hei klicken

Von Paul Zens

born 1965
politically green,
President déi gréng Luxemburg City
President Eurosolar lëtzebuerg asbl
Member executive committee déi gréng
Formation: social worker, master européen en management d'organisation sportives

Eine Antwort auf „Lifteg op de Kierchbierg an wéi den Indiana Jones op den Zens“

Also, Pol Cents, net esou sexistesch-klischeehaft: Och Männer kënne hirer Fra Ënnerwäsch kafe goën an dono bei den Oberweis e Filet-Américain-Sandwich. An am Bâtiself kritt een och Deko a Planzen. Oups, war wuel genee esou Cliché. 🙂
Mee déi Bréck ass super. Ass se och gëeegent fir Leit mat Héichtenangscht wéi mech? Ech gi mol ënner d’Nei Bréck probéieren am September … vläit brauch ech dann net op d’Schueberfouer.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s