Kategorien
enmarcheopdeknuedler grengwierkt integratitiv stadlëtzebuerg

Ee Liichtathletikstadion fir d’Stad

Dëser Deeg waren d’Liichtathletikweltmeeschterschaften zu London. Do huet ee nees gesinn, wéi flott dëse Sport ass well et ass fir jhiddereen eppes dobäi. Vun der plommeliichter Leeferinn op de laange Lafdistanzen, iwwer de Koloss mam Hummer oder der Kugel, via déi laangbeeneg Héichspréngerin bis de Mehrkämpfer mat sculptéierten Pectoraux an de Sprinter mat der strammer Karrosserie . Fir ze kucken awer och a virun allem fir selwer ze maachen. Fir all Gewiichtsklass a Gréisst, sprinten, lafen, werfen, sprangen. Liichtathletik ass d’Erausfuederung déi perfekt Kombinatioun tëschend Esthetik an Efficacitéit ze fannen a sech mat Aneren ze vergläichen. A well d’Liichtathletik esou universell ass, brauch d’Stad ee Liichtathletikstadion. Dat passt perfekt an eng universell Stad.

Capture d_écran 2017-08-14 à 20.46.46
Den Olympiastadion vu London 

Wann intelligent geplangt gëtt, kënnt an d’Sportshal niewendrunn oder ënnert d’Gradinën, eng Installatioun fir  Liichtathletik Basics, eng Wäitspronggrouf mat e puer Bunnen fir den Ulaf a fir ze sprinten an Hürden ze lafen a fir kënnen vu bannen eraus ze werfen a stoussen, wann d’Meteo kal a naass ass. Dat ass dann net nëmmen gutt fir de Stater Liichtathletikveräin, mee och an der Grondschoul vum Quartier wert d’Léierpersonal begeeschtert sinn duerch déi vill nei sporttechnesch Méiglechkeeten fir flott a mat Freed Koordinatioun, Souplesse, Schnellegkeet, etc.. ze trainéieren.

 

Iwwerhat sinn d’Sportinfrastrukturen ee permamenten Chantier an der Stad. Zwar gouf och an de läschten Joeren vill investéiert, rénovéiert a nei gebaut, mee et leeft een e bëssen hannendrunn, well d’Clibb méi dynamesch sinn a wuessen wéi geduecht a well ëmmer méi Leit an d’Stad wunne kommen an och méi a nei Sportarten.

Cents centre sportif 1pierre D’Grondsteen Zeremonie fir de Sport a Schoulzenter um Cents 7.4.2017

Dobäi kënnt, dass d’Sportsclibb zum allergroussen Deel mat Bénévolen fonctionnéieren, déi eréicht no hirer Schoul oder Schaff trainéieren kënnen bzw. Training halen kënnen. Dat bréngt mat sech, dass all d’Clibb zu gläicher Zäit Infrastrukturen brauchen. Doduerch gëtt et enk zu de Sportspëtzestonnen.

 

Iwwerhat, déi Bénévol am Sport (an och soss). A Sonndesrieden gi si an hiren Asaz, net just fir hire Sport, mee och an zu recht, fir hir gutt Aarbecht a Punkto Integratioun, Inklusioun a soss sozial Aspekter, als allerwichtegst fir de Sport an d’Gesellschaft op allen Niveauën gelueft. An dat war et dann!  Ech fannen, an der Stad soll elo endlech déi vill Aarbecht fir ee gutt Zesummenliewen valoriséiert ginn. Ech setzen mech fir een entspriechenden Subsidiensystem an. Et gëtt Zäit, dass och an déi investéiert gëtt, déi Dag fir Dag, Woch fir Woch, bei Wand a Wieder sech ëm eng besser Welt këmmeren, doduerch dass se  duerch de Sport, oder soss Aktivitéiten, Mënschen zesummen bréngen.

 

Fir all déi déi elo net esou Veräinsmënschen sinn an awer fit a souple bleiwen wëllen, sief et fir no dräi Treplécker net aus dem läschten Lach ze päifen oder fir ouni Stäip sech kënne vum Komp ze hiewen, sollen et an allen Ecker vun der Stad Fitnessanlagen ginn, esou wéi déi zwou an der Péitruss oder déi am Park-Spillplaz Kaltreis zu Bouneweeg. Do a bei villen vun deenen aner 200 Spillplazen an der Stad, ginn et och flott outdoor Sportsterrainën.

kaltreisCalesthénique Fitness mode d’emploi

Parc Kaltreis RelaxPausen gehéieren zum Training (d’Régénératioun ass ganz wichtig) Bänken stinn quasi  niewend de Fitnessgeräter am Park Kaltreis.

 

A propos outdoor. et soll och méiglech sinn eng Klammmauer an der Stad hinzekréien. Wann nët nierwend dem Paffendaller Lift, dann eventuel hannert d’Schlass Mansfeld a Clausen oder am Neiduerf an der Géigend vum Lift an der zukünfteger Bréck oder an d’Péitruss bei de Skatepark. Do sin genug géi Fielsen.

SkateparkNiewend dem Skatepark ass Platz fir eng héich Klammmmauer

Wou déi oppen Schwämm hikommen soll, mat Plage a Gedrénkskiosk wees ech nach net. Vläicht zu Beggen., well meng Tata Annie, de Monni Dave an meng Cousine Karen huet vill Joren an der Beggenerstrooss gewunnt an heiansdo hate si ee vue mer (mee dat hat aner Grënn a war net esou gutt). Eng plus-value fir d’Stad ass esou eppes op jhiddwerfall. Mir sinn déi eenzeg Metropolchen mat ouni dat. Dat wat schon do ass, si Pétanques Installatiounen fir déi nach méi convivial Sportler mam Pastis* als Ravi oder Zilwaasser.

IMG_8352

Dat sinn grad esou sënnvoll oder nach besser Investissementer fir d’Stad an hir Leit, wéi d’Ënnerstëtzung vun den Evenementer déi Stad Lëtzebuerg op d’Sportsweltkaart setzen a d’Natioun brandéieren.

 

Ganz opmierksamen Leit fällt op, dass dat vum Liichtathletikstadion schon an onsem (déi gréng aus der Stad) Walprogramm vun 2011 stoung. Deemols war dat nach ee wäit Feld mat villen Inconnuën. Entretemps ass Geschéck gemaach ginn, vu Gambia an der Stad Lëtzebuerg : de Rugby- a Futtballstadion ass esou gutt wéi färdeg an näischt soll verhënneren, dass d’Stad elo een offenen, frëndlechen Liichtathletikstadion, ouni Barrièren oder Clôturen kritt, deen dëser cooler, universeller Sportart würdeg ass.

 

An dono denken mir da ganz serieux iwwer de Basket Racing Dome no.

*Alkohol soll een a moderéierte Quantitéiten genéissen. Waasser ass essentiel fir eng uerdentlech Hydratatioun.

Von Paul Zens

born 1965
politically green,
President déi gréng Luxemburg City
President Eurosolar lëtzebuerg asbl
Member executive committee déi gréng
Formation: social worker, master européen en management d'organisation sportives

Eine Antwort auf „Ee Liichtathletikstadion fir d’Stad“

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s