Countdown -4 (04-10-2017)

Haut den Owend stoungen mir zu Eech. Do ass den Traffic schwireg. Dat hat ons Virgëschter ee gréng Wieler a Clausen schon allerheftegst erklärt. Trotzdeem géng hien ons nees wielen, well déi aner nach manner gutt sinn oder méi schlecht. Dat ass jo schon bal e Kompliment. De Mann huet recht wat déi aktuell Situatioun ugeet an och wat séng Wiel ugeet: mir hun ee Plang a maachen Geschéck.

Haut de Moien huet den 100komma7 een Dossier gesend iwwer de Ban de Gasperech, den Déséquiliber tëschend Wunnraum an Aarbechtsplazen, der aktuell schwierger Verkéiersituatioun do, der ongeselleger Stroosseninfastruktur. D’Vertriederin vun der USIL (Unioun vun de Stater Interessenveräiner) an zwee Urbanisten hu sech geäussert.

Effektiv, et muss een net vill rondrëm larvéieren: agreabel ass anescht wann een un de Moment denkt. Dëse ganze Projet zu Gasperech ass 2004 gestëmmt ginn am Gemengerot, mat der CSV am Schäfferot. Et gehéiert zum Politikprinzip vun der CSV dat een ze soen an de Contraire, zäitgläich: d’CSV war an der Stad dofir, den CSV Minister fir Landesplanung nët an hätt wollte gefrot ginn. Dës Widersprëch innerhalb vun dëser Partei schwetzen net fir Zouverlässegkeet. Et kann een net wëssen wou een drunn ass. Dat ass vläicht pittoresk als Oppositioun a Vollekspartei all d’Meenungn déi et am Land gëtt, ze vertrieden an fir ze soueren a kritizéieren, mee dat ass keng Hëllef wann et dorëmms geet fir Geschéck ze maachen als politesch Responsabel. Aner Beispiller sinn den Tram deemols an de Pafendaller Lift: deemols hefteg dogéint gewiedert, elo als Fotomotiv fir d’Walcampagne. Tjo.

Mir gréng waren géint den deemolegen Projet um Ban de Gasperich. Wéi mir dunn an der Responsabilitéit waren, hu mir zesummen mam groussen Koalitiounspartner probéiert dat Bescht draus ze maachen. Net just de gréissten Parc aus Stad ass agebaut ginn, mee den Undeel un Wunnraum ass vervéierfacht ginn. Dat waren Verhandelungen tëschend dem Promoteur an dem blo-grénge Schäfferot. Och wat d’Mobilitéit ugeet: herno sinn do zesummenhängend Foussgänger a Velosweeër an den Tram, un deen deeemols do keen geduercht hat, och nët am MDDI. Am Moment awer ass et do désagréabel fir jiddereen. Dat kruten mir kloer awer héiflech gesot an onser Walversammelung e Méindeg.

Dass Planungsfeeler verännert ginn kënne, gesäit een um Kierchbierg, do gëtt elo vill gebaut, ëmgebaut. Aus dem Bd John F. Kennedy deemols fir Autoën gebaut, gëtt verwandelt an een convivialen Boulevard mat Raum fir ze flanéieren, ze pédaléieren, ze traméieren a ze véhiculéieren. Gemittlech a fonctionnell.

An der u.g. Sendung ass d’Relatioun  Awunner-Aarbechtsplazen an de Wuestum vun an an der Stad ugeschwat ginn. Wuestum muss gesteiert ginn. Dat soll keng Planwirtschaft sinn, mee et geet dorëms déi eenezel Dynamiken ze tesselen. Dat ass ganz gréng, wéi am Gaard mat den Tomaten, Porretten a Laitue. getesselt wiisst et besser. Wéi heescht mäi blog „tomatoes play a role“.

Mir sinn am gaangen Remedour ze schafen. Dat ass eng vun onsen 6 Prioritéiten déi mir de Moien de Press virgestallt haten.

IMG_9369.JPG

Fotoen: André Gonner, blog

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s