Countdown -3 (05-10-2017)

Haut de Moien hu mir um Rond Point Schuman gewahlkämpft. Ons Bikker, Déplianten, Velosuedelüberzieher si fortgaangen wéi waarm Bréidercher. D’Schüler ware frou well ons gréng Bikker schreiwen keng Feeler, sou wäit ech dat iwwerbléken.

Den Owend ware mir um Kierchbierg fir ons gutt gréng Noriicht ze verbreeden. Gëschter ware mir zu Eech a Weimerskirch. Weimerskierch mam Schoettermarjal an de Kierchbierg beim Schoettermarjal an de Kiem, si mäi Revéier. 2011 haten mir do 21,3 % vun de Stëmme kritt. Dat war den héchsten Prozentsaz de Wahldag. Just bei der Bréifwahl hate mir méi Prozenter. An der Moyenne an der Stad louche mir bei 18,45 %. Mir kënnen dat besser a wëllen dat och.

Als Ofschloss a fir mech nees opzewiermen nom outdoor campaigning hun ech mir d’face-à-face op RTL Televisioun ugekuckt. Et war interessant. All d’Parteiën déi an der Stad Responsabilitéit iwwerhuelen wëllen, waren do vertrueden.

Mar si mir um Cents, onomatopäesch ganz no beim mir. Dono  ginn ech an den alen Tramsschapp op de Lampertsbierg do spillt mäin Basket Racing um 20h45 géint den AB Contern. Venez nombreux encouragez notre équipe. Mam Bus Linnen 2 oder 4 (Arrêt Alen Tramsschapp) oder mam Auto, Entrée vum Parkhaus ass an der Avenue Pasteur. Velostänner virun der Dir. Open door 19H45.

Fotoen: André Gonner, François Benoy, blog archiv

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s