Countdown -3,5 (05-10-2017, virun der Mëttesrascht)

Visiblement et ginn tatsächlech Leit déi mäi blog net liesen. Soss wéissten se, dass débatéieren, argumentéieren, sech der Diskussioun stellen, zu den demokrateschen Prozesser gehéieren. An dat mat jidderengem. Et gëtt keen onwürdegen Diskussiounspartner. Ech wees net watfir ee Selbstverständnis ee muss hun, fir ze soen, deen do ass menger net würdeg oder anescht formuléiert: ech fanne mech ze gutt fir deen.

Jiddereen dee sech politesch, demokratesch engagéiert verdéngt respektéiert ze ginn. Schon eleng nëmmen well Deen sech dem Débat stellt a nët näischt mécht fir herno just ze meckeren an et besser gewosst ze hätten-hun. Dat gëllt och wann ee mat deem wat deen Aner inhaltlech mengt, net d’accord ass. Demokratie fonctionnéiert nëmmen dann, wann Ideeën ausgetosch ginn. Et ass befremdlech wann ee sech da selwer aus dem demokrateschen Prozess erausmanövréiert.

IMG_0627

Et ass och een Zeechen vun zolidem Arbitraire, wann een op der enger Säit non-chalant ee redaktionnelle Choix, deem engem an d’Kaarten spillt, acceptéiert, wéi deemols wou vun der Inthronisatioun vu sech selwer als Spëtzekandidat an dono vun der Présentatioun vun den Truppen, méi Biller um Internet Site vun engem bestëmmten Medium waren, wéi vun all deenen aner Parteieën. Op der aner Säit awer, wann deeselwechten Medium de redaktionnelle Choix hëllt fir eng face-à-face Opstellung virzehuelen, no eegenen Kriteren, zB. déi zwee erfahren Kandidaten géintëneen an déi zwee méi frëscher géinteneen, motzt. Motzen ass zwar kee politeschen Inhalt awer eng Ausso.

Wann ee keng politesch Ideeën huet, probéiert een et mat styleshen Fotoen oder Graffittideko oder de politeschen Géigener iwwerpapen, iertümlecherweis. Et kann een och nach hyperkinetesch twitteren. Alles ass gutt wat hëlleft bekannt ze maachen, op déi simplistesch Manéier. Dofir huet ee Spindoktoren an d’Medienberoder. Déi si jo dofir do, fir engem déi gutt Rotschléi ze ginn wéi ee gewielt gëtt och ouni Fong. Just mat opfalen.

Dat ass Schued. Net gutt fir d’Sträitkultur an d’Demokratie. Et ass bizarre an op jiddwerfall net staatstragend oder buergermeeschtrabel.

Fir d’Inhalter klicken oder hei kucken:

 

 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s