Countdown -2 (06-10-2017)

Et muss ee schon ganz schlecht dru sinn als Automobilist wann een ausgerechent virunn engem Grupp grénger stoe bleiwt well den Auto dämpt. Als hëllefsbereed Spezialisten hu mir ons direkt dru ginn: „et ass ee mat 8 Zylinder“ huet ee vun ons festgestallt nodeems de Capot op war an dem Damp sech verzunn hat. „Esou ass net gemaach fir am Stau ze stoen“ huet een aneren vun ons bemierkt. De Chauffeur huet dunn emol léiwer de Pannendengscht ugeruff. Mir hun weider ons Sëtzgumminën, Déplianten a Bikker verdeelt. Et mierkt ee schon, dass d’Leit gespaant sinn op watfir engem Eck mir, déi gréng Truppn, dann als next op si laueren. Jiddereen freed sech wann hien ons begéint. Mir freeën ons wann de Verkéier fléisst: am Auto, um Velo, zu Fouss, am Bus am Tram.

Owes ware mir um Cents. Och do hu mir informéiert, raccoléiert, explizéiert, renseignéiert, campagnéiert. Mir goufen gefrot iwwer de next Wunnéngsbauprojetën, an d’Schoulinfrastruktren an och d’Bréck fir op de Weimeschhaff. Als besonnege Gag hun ech de gelegentlech de Leit meng Foto ginn mam Hiweis op dat subtil Wuertspill de Zens fir de Cents. Toll, wat ee sech net alles afalen léisst. Krestivitéit, Originalsitéit an Athenticitéit: elauter asets fir eng erfollegräich Campagne.

Erfollegräich ass och d’Hàren Euipe vum Basket Racing zu Wierk gaang (hat ech schon ernimmt, dass ech zënter 6 Joer Pesident vum coolsten Stater Basket Veräin sinn). Zesummen a mateneen hun ons Stater Jongen de Match gedréint a gewonnen. Den Tramsschapp stoung op der Kopp. E Sonndeg spillt den Tabelleleader beim Titelverteideger. Och do sinn ech gespaant.

IMG_0700

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s