Kategorien
Demokratie grengwierkt Kreativitéit Partizipatioun stadlëtzebuerg

Sech këmmeren em dat Grousst a Ganzt a Klengt a Ganzt.

Dëser Deeg huet de President gegrinst. Trotz der Konkurrenz vum Futtball, den FC Bayern huet géint de Real gespillt, war de Sall voll. Den Interessenveräin vum Kierchbierg hat op séng Generalversammelung invitéiert. Dat war Mëttwochs. Freides war et um Interessenveräin aus dem Pafendall. Och do waren vill Leit.

De Comité vum Pafendaller Interesseveräin ; ordre du jour a.g. Kierchbierg

Déi zwee Comiteeën vun deenen zwee syndicats d’intérêts locaux vu Stater Quartierën haten vill geschafft déi läscht 12 Méint. Si haten den Autoritéiten  vun de verschiddensten Niveauën Bréiwer geschriwwen. Mat verschiddenen hu si sech getraff. Mat aneren hätte si sech gären getraff. Et goung ëm Bussarrêten, em Foussgängersträifen. Si hun intervenéiert wéinst ze héicher Vitesse, virun allem an de 30er Zonen, och all ze dacks vun deen Awunner aus eben deenen Zonen. Ganz rücksichtsvoll ass dat net vis-à-vis vun de Noper. Iwwerhat ass vill Verkéier, vill méi Verkéier wéi fréier. Et gëtt och méi Wunnengen wéi fréier. Méi Awunner a méi Leit déi op déi vill Aarbechtsplazen schaffe kommen.

Den Interessenveräin vum Kierchbierg ass zënter e puer Joer vill mat engem groussen Wunnengsprojet um Schoettermarial beschäftegt. Do hätt scho laang kéinten gebaut ginn. Gouf et awer nët. Wéi dee neie Bauprojet virun e puer Joër opgetaucht ass, hun sech ganz vill Leit aus dem Quartier ganz vill Froen gestallt. Do sollten iwwer 400 Wunnengen hi kommen. Wunnengen déi gebraucht ginn. Wat awer och heescht, dass d’Awunnerzuel do soll quasi verduebelt ginn.

Do kéint scho laang Yet stoen, mee et gouf sech ganz vill Zäit gelooss a wuel spekuléiert. De private Propriétaire hat et verjuppt. Hat hien keng Suen, kee Plang, keng Loscht, hat hien spéculéiert, sech verspékuléiert? Mir wëssen et nët. An dunn huet d’Natur hir Rechter zréck geholl. Mam Retour vun der Natur ass nees eng aner Welt entstanen, eng Welt déi duerch d’Naturschutzgesetzer, och Rechter huet. Entretemps ass do ee Biotop entstan mat vill Gedéiesch, Gréngs a Fliedermeis.

Fotoausstellung Pafendall 1970; Kaart Kierchbierg zirka 1950

Déi Responsabel vun der Gemeng hun bei den éischten Reklamatiounen nom Retour vum Projet, de Leit nogelauschtert, hu mat deem aner Propriétaire, ee groussen Deel vum Terrain gehéiert der Stad-Lëtzebuerg, verhandelt, getosch, ee méi klenge Projet ausgeschafft. Et géng alles gutt. Mee, misstrauësch, huet de Syndicat weider démarchéiert. Mat klengem Erfolleg awer et ass jo nach net färdeg.

Et geet nach ëmmer ëm dee villen Autosverkéier, ëm Buedemversigelung, ëm rare Speziën. E bëssen not in my backard war bei Eenzelnen och dobäi, grad awer och wéi d’Asiicht, das Wunnengen gebraucht ginn. Et ass virun allem d’Ongewëssheet: wéi soll dat fonctionnéieren ? Vill méi Leit, vill méi Traffic. Uewen um Kierchbierg.

Ënnen am Pafendall geet et och em de villen Traffic duerch déi vill nei Schaffplazen an Awunner virun allemn uewen um Bierg. Och wann do duerch eng Parti nei Infrastrukturen, e.a. de Funiculaire an de Lift fir an de Pafendall, schon vill verbessert gouf et bleift och do d’Fro: wéi soll dat goen?

Et stoung an der Zeitung: 45.000 Awunner a 60.000 Aarbechtsplazen sollen op de Kierchbierg kommen. Dat bedeit niewend dem Traffic an de ville Leit och nach vill Beton a Makadamm. Wéinst dem Uewerflächewaasser heescht et elo schon wann et vill reent „Land unter“ op der Muerbels am Pafendall. Et gëtt sech entspriechend Gedanken gemaach, wéi dat goen soll mat deem Wuesstum.

Wuesstum. Een Iwwel deen ee muss a Kaf huelen fir de Liewensstandard. Dat klengt wéi eng Fatalitéit déi iwwer een erabrecht. Eng Plo géint déi ee sech net ka wiren.

Mee dat ass net esou. Wuesstum kann ee steieren a plangen, wann ee wëll. An dann heescht et nët méi Wuesstum, mee mir wuessen well mir et wëllen, wéi mir wëllen. Dat ass net ze verwiesselen mat Planwirtschaft, mee et huet trotzdeem mat plangen ze dinn. Domat sech als Gesellschaft Critèren ginn, Leitplanken setzen, fir ze wuessen, fir dass deenen Eenzelenen hir verschidden Dynamiken a Créativitéit a soss Stärkten beschtméiglechst zum Droen kommen.

Esou handelen ass ongewinnt wann ee jorzéngtelaang gewinnt war Gottes Waaser iwwer d’Marienland lafen ze loosse. Ouni Plang, no de Regelen vun de stärksten Eelebéi an dem längsten Aarm. Nët onbedéngt am Intérêt vun der Allgemengheet.  De Leit all. Ons all a net just fir „the chosen few“. Et gëtt scho laang iwwer noutwendeg Korrekturen geschwat awer et ass näischt gemaach ginn.

Elo ass et anescht. Et gëtt Geschéck gemaach. Et gëtt vun de Politiker déi dofir zoustänneg sinn net méi vum lénksen an de rietsen Tirang getesselt. Et gëtt décidéiert a Geschéck gemaach. Virun der Décisioun ginn d’Leit mat abezunn a konkret bedeelegt. De participativen Discours ass deen eenzegen deen an der Demokratie fonctionnéiert. D’participativ Praxis mécht, dass d’Demokratie fonctionnéiert.

Dofir ass et wichteg, dass et Leit ginn déi sech këmmeren ëm dat Grousst a Ganzt a Klengt a Ganzt.

Von Paul Zens

born 1965
politically green,
President déi gréng Luxemburg City
President Eurosolar lëtzebuerg asbl
Member executive committee déi gréng
Formation: social worker, master européen en management d'organisation sportives

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s