21 Déponéierter a méi

Voilà, mir sinn elo déponéiert, i.e. d’Lëscht vun de Kandidaten fir de Bezierk Zentrum vun ons déi gréng, fir d’Chamberwalen de 14. Oktober 2018. Hei een éischten Iwwerbléck iwwer déi Topleit.

François Bausch : ech soen iech : hien huet de Velo erfonnt, den Tram, alles wat douce a mobil ass, op jiddwerfall den intelligenten a prakteschen Gebrauch dovunn. Hien wees och, dass gutt plangen essentiel ass. Grad esou wichteg ass fir hien dann och, dat weist hien als Minister an huet et virdrun gewisen als Scheffen, Geschéck ze maachen a konkret ëmsetzen. Well et gutt ass fir ons all. Méi iwwer hien gëtt et an engem kurzweilegen Buch*

Sam Tanson : mat vill Energie, Tatkraft a Wëssen huet d’Sam dem Fränz séng Aarbecht als Scheffin fir Mobilitéit a Finanzen an der Stad-Lëtzebuerg weidergefouert a weider entwéckelt. Als fein Juristin an am Détail informéiert entginn him nët d’Nuancen. An dobäi ass d’Sam ee Kapp voller Ideeën. Hei nach méi

Fränz-Sam

Carlo Back : een Atomphysiker ass net ouni Grond Member bei déi gréng net just wéinst dem Problem Energiegewënnung. De Karel këmmert sech och em Entwécklungsprojetën, notamment a ganz basic : Waasser fir Afrika. Hien schafft als Conseiller an der Gemeng Lëtzbuerg och mat fir eng Schoulorganisatioun am Interessi vun den zukünftegen Generatiounen.

François Benoy : Hollywood huet den Hugh Jackman an de Bradley Cooper, mir hun de François, mat der Nuance, dass si noplapperen wat anerer hinnen virschreiwen, iwwerdeeems onse François, Gemengrot um Knuedler, séng Texter selwer rédigéiert, voller Substanz a grénger Ideeën. Hei klicken

Djuna Bernard : wäit gereest, vill vernetzt a mega engagéiert fir eng besser Welt. Voll mat dobäi. Hatt huet d’Mënschen gär, iwwerall an och hei am Land. Eng Powerfra.

Christa Brömmel : och eng Powerfra, schon zënter ganz laaaang a Saachen Gläichstellung Fra-Mann engagéiert. Dozou gehéieren och déi ekonomesch manner staark. Et geet dem Christa och em Participatioun vun en All, eben em Gläichstellung als Ganzt. Elo och am Gemengerot an der Stad-Lëtzebuerg.

Gaby Damjanovic : eng Ikon vum Engagement  fir déi an onser Gesellschaft, déi besonnesch Hëllef brauchen. D’Gaby huet absolut Kompetenz an Wëssen an dësem Domaine.

Carlo-Gaby

Nora Forigiarini : een Energiebündel, engagéiert a sénger Gemeng zu Schëtter als Conseillère an am Handball an der Stad.

Tanja Frank : ee kreativen Kapp deen « out of the box » denken kann. Dat ass net nëmmen sënnvoll an der Kultur, wou hatt doheem ass, mee och gutt fir ons all am Alldeeglechen.

Charel Margue : hien wees wéi ee mat enger Glaskugel ëmgeet. D’Saachen si fir hien esou kloer wéi eng Ierbessenzopp. Hien kennt de Mënsch, wees wéi d’Gesellschaft tickt. Ee wichtegen Usaz fir déi richteg Léisungen.

Roger Miller : hien organiséiert als President vum Stroossener Lafclub net nëmmen Lafcoursen bei deenen et zolid biergof an biergop geet, mee kennt als Indépendant och dat richtegt Liewen. Dovun profitéiert och Bartréng mat him am Gemengerot.

Carole Ney : zillt als enseignante jonckt Geméiss a préparéiert si op d’Liewen an zillt awer och a virun allem gesond Geméiss fir ze frupsen a séngem Biogaard inklusiv Hochbeet. A sénger Gemeng zu Luerentzweiler ass d’Carole als conseillère eng wichteg Stëmm fir eng méi gesond Emwelt.

Nora-Carole

Liz Paulus : och fir d’Liz ass d’Formatioun a Saachen Ëmwelt a Natur vun Joncken wichteg. Zu Walfer huet hatt als Conseillière säin politescht Engagement geschéckt gewisen.

Paul Polfer : et ass net just séng Schaff, mee séng Berufung : hien koordonnéiert de Klima well hien wees, dass mir all Eenzeln an och zesummen fir ee gesonde Klima handelen mussen.

Claire Remmy : bei sénger Eröffnungsried um Kongress vun déi gréng zu Stroossen am Februar huet een et gesinn an héieren: hatt wëll, hatt kann. An zu Stroossen am Gemengerot sinn se och ganz begeeschtert iwwer séng jonck a gréng Ideeën. Ech och.

Jean-Paul Roeder : in der Ruhe liegt die Kraft. Als zoliden Handwierker, onopgereegt, beduecht a bestëmmt geet de Jean-Paul als Scheffen zu Sandweiler un d’Saachen erun. Gréng eben.

Claude Schmit : hien huet Geschichten gär, notamment BD’ën an matorganiséiert een, villméi deen, Festival zu Contern. Hien huet och Geschicht gär. Aus der Geschicht kann ee léieren. Gescheit Leit zumindest. Dat ass hien an huet deemno de gudden Usaz fir, net just sénger Gemeng als Conseiller, zukunftsorientéiert Léisungen ze proposéieren.

Liz-Claude

Roland Tex : vun Hesper bis op Itzeg, si fannen hien net just witzeg, mee virun allem kompetent. Dowéinst ass de Roland zënter Jorzéngten zu Hesper am Gemengerot. Säi gréngt Engagement geet awer iwwer séng Gemeng eraus. Och a Saachen Berufsausbildung huet hien eng sënnvoll Meenung.

Jessie Thill : jiddereen deen naturwëssenschaftlech ënnerwees ass, kennt se : Sheldon, Leonard, Rajesh, Amy, Howard, Bernadette. Stellt iech all hir gutt Qualitéiten vir, da wees een ongeféier wéi d’Jessie ass. Mee hinnen feelt da nach dem Jessie séng Dynamik, positiv Aura a Gréngitude. De Walfer Gemengerot huet Gléck mat him a sénge Reihen.

Yves Wagener : een affinéierten, kompetenten a korrekten Affekot, kee komesche Vull awer naturverbonnen. Hien ass och Kultur interesséiert an engagéiert. Mat Verve a Geschéck këmmert hien sech em séng Beiënsteck

Paul Zens : een Topmann : hei a nach

Roland-Paul

Fir méi iwwer ons Leit am Zentrum an an den aner Walbezierker an  de Walprogramm op d’Bild klicken

IMG_0867

* ee gutt Buch („Dans le microcosme luxembourgeois, dans lequel tout un chacun pense bien connaître tout le monde, la publication de la biographie d’un personnage public en pleine activité a jusqu’à présent semblé impossible. Jusqu’à ce que l’ancien journaliste Romain Meyer prouve que l’exercice peut être accompli de façon nuancée avec un opuscule biographique qui vient de paraître chez Guy Binsfeld … (…) Quoi qu’il en soit, félicitations à Romain Meyer de ne pas avoir choisi la facilité et de mettre si brillamment en valeur son talent d’écrivain.“ Le Quotidien, 23 mars 2018) Fir 24 euros an all guddem Bicherbuttek.

Der Un-geduldige

 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s