Déi déi mech kennen, wëssen, dass ech mech normalerweis fir Saachen asetzen, dofir, net dogéint. Dëser Deeg war dat anescht, well ech war op engem Protestpiquet géint Cattenom. Also net géint d’Duerf Cattenom, d’Leit déi do wunnen, si sécherlech sympathesch, mee géint den Atomreakter, deen do steet.

De Nationalen Aktiounskomitee géint Atomkraaft hat invitéiert well de franséischen President war op Besuch an d’Geleeënheet gutt. De Protest ass e bëssen NIMBY, den Atomreakter ass jo net wäit ewech, am Fong zimlech no. Et ass awer virun allem d’Informatioun fir de franséischen President, dass d’Sëcherheet vun de Bierger an Europa méi wichteg ass wéi d’Intéreeën vun der franséischer Atomindustrie. Et ass och de Rappel, dass am Laf vun de Joren den Zoustand vun Atomreakter sech verschlechtert, trotz Entretiensaarbechten à la excellence française.
Fir mech ass et virun allem eng geféierlech Technologie, déi nëmmen ganz, ganz schwéier, wann iwwerhat, ze beherrschen ass. Jiddereen wees och, dass dat mam Atommüll nach net geléist ass. Wat soll een domatter maachen? Wouhin? Wéi entsuergen?
Grad wéi och wat mat den Atomanlagen geschidd wann se net méi ze gebrauche sinn, wann se net méi produzéiere kënnen? Eng Wandmillen déi net méi geet, rappt een ewech an et setzt een eppes dohinn: een Haus, ee Bam, eng Spillplaz oder soss eppes. Een Atomreakter dogéint, dee bleiwt stoen a muss nach jorelaang ënnerhalen ginn. Do steet dann esou eng Industrieruin dausende Joren an der Géigend rondrëm a strahlt. Denkmalschutz ass anescht. Ofgesinn dovunn, dass den Entretien enorm vill kascht. Een Argument wat ultimativ Jidderengem aliicht.
Alles dat ze änneren ass komplizéiert, laangotmeg an ee wäit politescht Feld. De Claude Turmes huet dat excellent beschriwwen a séngem Buch „Transition énergétique“ bzw. „Energiewende“. Et geet em d’Widderstänn vun den traditionnellen Energielobbyën, vun den décke Brieder déi ee bure muss an d’Hartnäckegkeet déi ee brauch fir virun ze kommen. Et geet just lues a lues. Dowéinst muss een et dax widderhuelen, och mat Protestpiqueten.
Wann ee géint dat Eent ass, dann ass fir eppes Aneschters, well ouni Stroum geet et nët- Et ass een fir déi erneierbar Energiën, wéi se genannt ginn. Mee am Fong sinn et éiweg Energiequellen, déi ëmmer do sinn: Wand a Sonn. Ee groussen Avantage vun dësen Energiequellen ass, dass si einfach accessible sinn a eben hei. Si maachen och manner ofhängeg vu Leit mat engem aneren Demokratieverständnis. Dat gëllt och beim Petrol. Wann ee wëll als Eenzelnen, als Land oder Europa fräi sinn, dann huet een Intérêt sech net ofhängeg ze maachen. Dat alles ëmstrukturéieren ass nët einfach, awer zu gudder Lescht méi einfach a besser wéi ausgeliwwert ze sinn.
D’Produktioun vun regenerativen Energiën förderen ass eng gutt Saach, de Gebrauch dovunn och, zum Beispill deenen, déi eng Photovoltaikanlag bedreiwen, d’Méiglechkeet ze ginn, de Stroum selwer ze späicheren, verbrauchen an ze verkafen.
De Bilan vun der Ëmweltministesch, dem Carole Dieschbourg, huet gewisen, dass d’Richtung stëmmt, mee dass nach ee wäite Wee ze maachen ass. Entspriechend hu mir déi gréng nach vill wëlles, vill Ideeën a konkret Projeeën. Alles op eemol geet net, awer et muss een ufänken, Geschéck maachen a konsequent weider maachen. Just mat Cattenom an Tihange nët, déi soll een zou maachen. Well mir eist Land gären hun.

Fotoen: lequotidien.lu (screenshot); wort.lu (screenshot)