Gratis Fräibéier ass net fir näischt!

D’Land ass elo zougepaapt. Papen, séng Sujetën a Käpp presentéieren gehéiert zum Virspill virum Waldag. Och sinn d’Bréifkëschten gutt gefëllt mat Brochuren, Dépliantën, Flyer mat gudden Argumenter a soss Hiweiser an Appeller fir d’Kräiz op déi richteg Plaz ze maachen. Och déi éischt Walversammelungen waren. Den Ufank ass gemaach. D’Walcampagne lancéiert.

Bei Walen ginn oder sollen an enger Demokratie déi bestëmmt ginn, déi « possess most wisdom to discern, and most virtue to pursue, the common good of society », esou steet et an der Préamble vun der US Verfassung. Well et déléguéiert een duerch Walen « power from the many, to a few of the most wise and good ».

D’Walcampagne ass een Deel vun den Institutiounen vun der Demokratie.

Des Institutiounen soll, jo muss, een eescht huelen. Liichtfankeg mat den Institutiounen spillen ass geféierlech. A ville Länner, wäit a no, gesäit een dat. Déi eng via intempestif Getwitters, anerer andeems se Kritiker ausmanövréieren oder soss verschwannen dinn, etc.

Genau esou onserieux ass et fake Lëschten ze bastelen oder sech op Protest, op « dogéint sinn » ze limitéieren. Net ze schwetzen vun den einfache Léisungen, déi et anscheinend gëtt, fir komplex Problemer, déi et effektiv gëtt. Och jesuitesch Rhetorik mat eidelen Undeitungen, sinn an der Meenungsbildung keng Hëllef.

Gefrot ass net just ee Plang, mee och de Wëllen, d’Energie an d’Fähegkeet Geschéck ze maachen. Et kënnt och a virun allem op dat un wat hannen eraus kënnt.

Dëser Deeg krut een Lecture vun ons.

Mir freeën ons fir mat iech iwwer onsen Bilan an ons Prioritéiten ze schwetzen.

Deen éischten Owend war gutt besicht, animéiert, léierräich, flott, eben groussarteg. Alles wat an de politeschen Débat afléisst kann, soll diskutéiert, hannerfrot, kritiséiert ginn. Problemer awer a virun allem och d’Co-Bénéfisser soll een och gesinn.

Mir freeën ons. Hei e bëssen fir ze liesen

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s