Als Minister vun…. Deel 1

*Challenge Pierre Manderscheid* heeescht zënter e puer Joer, de leschten Testmatch ir d’Saison lass geet vun de Basket Racing Damen an Hären Equippen. Virdrun gouf en „Challenge de la Capitale“ genannt.

De Pierre Manderscheid war joerelaang dem Racing säin Mann vun der Buvette wa mir Matcher haten. Zesummen mat sénger Madame, dem Yvonne an hirem Jong, dem Yves eng absolut wichteg Stëtz fir onsen Club. D’Yvonne an den Yves sinn och elo nach permanent fir hire Club do. Esou och Gëschter beim Challenge. Ouni esou fräiwëlleg Leit  an hiren Engagement géng et keen Basket an der Capitale ginn.

Gëschter Moien hate mir och den zweeten Schnuppertraining fir Kanner fir, dass si probéieren kënne op Basketball hinne gefällt. Fir dës Schnuppertraininger z’organiséieren a fir déi iwwer 50 Kanner bei dësen Traininger ze betreien, waren 12 Leit am Asaz. Och Fräiwëlleger.

All Sportsclub brauch Bénévoler. Grad wéi och all aner Veräin an Associatioun, vun der Fanfare, iwwer d’Scouten am den Stockcars bis d’Sammeler. Natiirlech maachen déi Fräiwëlleger dat och well hir Aktivitéit si interesséiert, si passionnéiert, hiren Hobby ass an et hat kee se ugestallt.

Mee bei de Bénévolen ass et méi wéi just u sech an säin Hobby denken. Si bréngen der Gesellschaft ee Mehrwert, well op eng, méiglecherweis nach méi lëschteg Manéier wéi an der Schoul, geléiert an erliewt gëtt, wéi flott et ass zesummen op ee Projet hin ze schaffen (Match, Jamboree, Austellung, Concert,…), séng Begabung an den Déngscht vun der gudder Saach ze stellen an ze deelen, och d’Freed, virun allem déi. Op Freed hun kënnt et och un. Fir ee gutt Liewen, duerch Zesummenhalt an Zukunft (an elo).

Als Minister vum Bénévolat, dem Sport an der Kultur wert ech all déi onzieleg Fräiwëlleg ënnerstëtzen (hei klicken).

E Samsdeg, 22. September fänkt Basketssaison un: um 14:00 spillen d’Scolaires Meedecher géint Esch, um 15H30 d’Fillettes géint Walfer. D’Racing Dammen spillen um 16H45 géint BBC Nitia, d’Hären duerno géint d’Kollegen vun der Sparta Bartréng, um 18H30 am alen Tramsschapp um Lampertsbierg, rue Ermesinde

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s