Smartwielen, Gas ginn an ech färten net.

Méng Meedercher hu mir gesot, dass vill vun hiren Kolleginnen a Kollegen smartwielen.lu génge gebrauchen, fir sech z’orientéieren, fir watfir Partei a Leit si stëmmen sollen bei de Chamberwalen.

Et ass wouer et soll ee sech informéieren ir een ee Kräiz mecht, well mir wëssen: ee Kräiz ass séier gemaach. Op ee Kräiz gutt gemaach ass, weess een eréicht a 5 Joer. Fir eng Chance ze hun ee gutt Kräiz ze maachen, muss een och eppes iwwer deen ze Kräizenden wëssen, virun allem iwwer séng Ideeën fir d’Welt ze retten. Ech ginn elo Gas.

Mäi smartwiel Profil weist, dass ech:

1) nawell ee Gréngen sinn. Dat verwonnert mech elo net esou direkt. Fir mech muss net driwwer diskutéiert ginn: ouni eng gesond Emwelt geet et net.

2) mat engem sozialen Härz. Och dat iwwerrascht mech net. Ech schaffen am soziale Beräich an méng bénévol Engagementer si geduecht fir Brécken ze bauen tëschend de Leit. Mat Freed, solidaresch a gemeinsam Ziler ereechen, zesummen drunn deelhuelen a schaffen, dorëmms geet et mir.

Iwwriens hun ech mat dem Kandidat Paul Zens, also mat mir, och déi meeschten „smartwiel matchen“, nämlech 100 %. Dat berouëcht mech. Ech si mat mir am Aklang. An ech färten net.

Dat ass alles fein a gutt, mee e puer Explicatiounen, si néideg fir mäi Fong vum smartwielen Profil. Der smartwiel Andeelung a Reihenfolg no:

Wirtschaft an Aarbecht

Et ass evident, dass wann et Sënn mécht, soll d‘Wochenaarbechtszäit erof gesat oder och aneschters opgedeelt ginn. De J.M Keynes huet dat schon virausgesot an deemols hun d’Patronën de Weltënnergang prophezeit wann manner géng geschafft ginn. Dat ass net geschidd a wert och net geschéiën, wéinstens nët am Bezug mat méi kuerzen Aarbechtszäiten. Do si mir als Mënschheet am gaangen ganz aner Schrauwen ze dréien, fir dass et virugeet mam Weltënnergang. Mee dat ass een anert Thema. Am Laf vun der Jorhorzéngten sinn d’Aarbechtszäiten (Deeg a Stonnen) schon erof gesat ginn an dat ass och gutt esou. Déi Upassungen waren virun allem méiglech duerch den techneschen Fortschrëtt an d’Innovatioun. Dat wert och wieder geschéien, d’Leit si weider kreativ. De Kader muss eben bestänneg upgepasst ginn an zwar op mannst am Trialog. Zum Upassen gehéiert dann och, dass d’Léin ugepasst ginn. Ugepasst net un d’Zäit, mee un d’Aarbecht, un d’Liewen, ugepasst un d’Emfeld. De Loun soll och eng Bréck sinn, déi verbannen soll a nët eng Schlucht fir ze trennen.

Aus deem Grond kann et och keng Ënnerscheeder ginn an de Léin tëschend Mann a Fra wann d’Aarbecht déiselwecht ass. D’Kompetenz a séng Uwendung sollen ausschlaggebend sinn. Et wert kengem Betriib schwéier falen, des Selbstverständlechkeet ze zertifiéieren. Et sollt och kengem Betrib schwéier falen fir hir Verwaltungsréit exklusiv no Kompetenzkriteren ze besetzen. Ech hun dat ongutt gefill, wéi wann dat nët ëmmer esou onbedéngt de Fall war, méiglecherweis. Bei aller Wertschätzung fir d’Männer, ech si jo och een, mir si net esou dominant besser, wéi d’Verwaltungsréitstatistiken dat gleewen dinn.

Dass eng Parti „basics“ aus dem Alldag, wéi Waasser, Transport, Elektresch, besser net privatiséiert ginn, ass evident. D’Privatiséierung vum Zuch a Groussbritannien huet gewisen wéi domm et da ka lafen. Ausserdeem huet d’Demokratie den Avantage, öffentlech Investiounen bestëmmen ze kënnen och wann se op kuerz Siicht net néideg wiren an dowéinst vun de „privaten“ net gemaach ginn, mee laangfristeg. Am privaten Secteur gëllt nach ëmmer a quasi exklusiv d’shareholdervalue am Millisekonnentakt an Dividend um Enn vum Geschäftsjoer. Déi uewegenannte „basics“ sinn ze wichteg am Alldag fir dass een kéint, wéi hei am Land zum Beispill an der Mobilitéit, allzelaang geschidd, vernoléissegen.

Wunnen & Landesplannung

Eng kleng Gemeng huet fir d’Leit den Avantage, dass se no bei hire Leit ass, dass se am Laf vun der Zäit gewues ass a mat hiren Aufgaben wiist a wuessen muss. Eppes forcéieren ass net néideg, mee favorabel begleeden ass éischter zilführend. Dat gëllt och fir eidel Wunnéngen ze besteieren. Ofgesinn dovunn, dass ech net richteg gesinn wéi dat soll fonctionnéieren reng praktesch, am Sënn vun gewuer ginn op eng Wunneng eidel steet (iwwer dénoncéieren?), wéi laang schon (ee Mount, sechs Méint, 1 Joer, dräi Joer, ee Jorzéngt) wéini esou Taxe fälleg ass (non engem Mount, sechs Méint, engem Joer, dräi Joer, engem Jorzéngt), wéi se berechent gëtt (Equivalent Loyer, prozentual par rapport zum Wert,..), ass et scho guer net méiglech eraus ze fannen op do ee spékuléiert oder een berufflech oder soss temporaire fort ass a nees zréck kënnt, op d’Successioun nach net régléiert ass, etc. Och do ass et besser wohlwollend opzeklären wéi ze zwéngen.

E bëssen anescht ass et wann een aus, wéi och ëmmer geartener Sturheet oder Geschäftegkeet, d’Allgemengheet un der Nues rondrëm féiert an Entwécklungen blockéiert. Iergendeng Kéier ass da Schluss an ee fairen Deal gëtt gemaach fir dass et ka viru goen. Et ass ze décidéieren inwiefern „Eigentum verpflichtet“. Do gëtt et jo déi Metapher mam Propriétaire vun engem Bongert mat Äppelbeem, deen décidéiert just d’Halschent vun de Äppel ze plécken. Déi aner léisst hien verfaulen, fir de Präis erop ze dreiwen. Ass dat richteg? Fir hien? Fir d’Allgemengheet?

Sozialstaat & Famill

Een bedéngungsloost Grondakommes fir Lëtzebuerg kléngt gutt. Des Idee ass eng Variant vum universelle bedingungslosen Grondakommes, dat de Grondgedanken huet, dass jiddereen ee Basisgeldbetrag zur Verfügung huet fir kënne ze liewen, ouni gezwongen ze sinn enger rémunéréierten Aarbecht no ze goen fir iwwerhat kënnne ze liewen. Doduerch, dass dat Grondakommes sech op Lëtzbuerg beschränkt ass et net méi universel. Ech wees net op mir dat als Land, duerch a mat dëser zousätzlecher, neier Attraktioun, gestäipt kréien. Well ech soen iech, dat géng lakkelen. Ausserdeem froen ech mech wéi dësen Mindestbetrag gerechent gëtt, schlisslech sollen jo duer goen fir dezent ze liewen. Dann ass den absoluten Minimum fir esou ee Grondakommes de sozialen Mindestloun, also zirka 2.000 euros x 12 Méint x 600.000 Awunner. Rechent selwer. A geet dat duer? An dat Grondakommes muss jo och ugepasst ginn, well och wa net jiddereen schafft, et ginn der déi maachen dat weider. Déi si kreativ, fläisseg, hu Freed dorunn. Déi därf een net bestrofen oder bremsen an hirem Elan. Mir schafen zwou Schwiregkeeten: wéi berechent een d’Steigerung (Index, Verhandelungen,..) an et provozéiert een eng 2-Klassegesellschaft: déi mam dolce farniente an déi déi schaffen, d’Elite. Wëllt een dat?

Wann een awer seet, neen, esou ee Grondakommes ass just een Deel vun deem wat ee muss hun, eng Zort Ersatz fir Kannergeld, Krankegeld, Pensioun, jo da schaaft een de Solidarsystem of, op deen ons Gesellschaft baséiert a fir deen sech jorzéngten laang agesat gouf. An dat geet guer nët. Deemno an héchstens een universellt bedingungsloost Grondakommes am ganzen Universum oder zumindest op der ganzer Welt. Hei aléng ass  dat net sënnvoll. Och wa fir Verschiddener eist Land, dat mir gär hun, den Zentrum vum Universum ass. Et ass net de ganzen Universum.

An d’Pensioun goen ass ee grousse Schrëtt. Dat soll ee gutt préparéieren well duerno huet ee vill ze dinn a scho guer keng Zäit méi. Et huet een awer vill Erfahrung, vun der et Schued wir, wann net kéint dovunner profitéiert ginn. Dobäi soll dann och berücksichtegt ginn, dass ee mam Alter an verschiddenen Saachen méi lues gëtt an d’Récupératioun méi laang dauert. Dat hun ech beim Walfer Vollekslaf dëse Weekend gemierkt. Iwwergäng solle geschafen ginn a Méiglechkeeten fir vun der Alterweisheet ze profitéieren, och am Beruff.

Ir een al ass, war ee jonck. Ee Kand a gouf vu iergendengem erzunn: den Elteren, de Kollegen, dem Léierpersonal, de Geschwëster, de Noper. Et brauch een een Duerf fir ee Kand z’erzéien gëtt gesot. Jiddereen leescht säin edukativen Bäitrag awer relativ zu séngem rôle. Deemno ass et nët sënnvoll fir Leit mat Suen ze lackelen doheem ze bleiwen fir d’Kanner z’erzéien. Dat soll ee Choix kënnen sinn, fir deeen een optéiert aus Iwwerzeegung. Deemno soll de System insgesamt esou organiséiert sinn, dass een dat kann wann ee wëll. Keng Herdprämie. Eng Mamm ass keng Kou an ee Papp kee Stéier.

de grénge Walprogramm hei

Extrait aus engem Commentaire vum Roy Grotz mam Titel  „Wat färte se?“ op RTL Radio, vum 8. Oktober 2018; screenshot vu mengem smartwiel Profil (smartwielen.lu)

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s