Suite smartwielen, gratis, ouni Micro weider Gas

Hei dann d’Suite fir de Véirel ondécidéiert Wieler fir mech ze gewannen. Dat ass zwar ongläich schwéier ouni Mikro, Zeitungsinterviewer, table-ronde oder soss face-à-face awer kee Grond sech net drunn ze ginn, mat Elan, Begeeschterung an Motivatioun, grad esou wéi ech och an der Chamber géng zu Wierk goen.

Emwelt an Transport

Och gratis Fräibéier ass net fir näischt“ sot de François Bausch op onsem éischten Walowend zu Schëtter „iergendeen bezillt ëmmer“. Wann net deen deen de Béier drénkt, da soss een. Genau esou ass et mam öffentlechen Transport. Während beim Béier an der Regel d’Offer stëmmt (Quantitéit a d’Qualitéit), ass dat am Moment am ëffentlechen Transport nach net de Fall, trotz all den Efforten vun de leschten Joren an och wann et besser ass wéi virdrunn. Mee et leeft een zolid der Entwécklung hannendrunn, well bis virun „Gambia“ quasi exklusiv d’Besoinën vun de Automobilisten gekuckt goufen an e.A. d’Zuch, Bus an Tram stiefmütterlech behandelt si ginn, wann iwwerhat behandelt. D’Resultat ass ee groussen Retard an den Infrastrukturen an doduerch allzedax Retard op den Garen an Arrêtën. Duerch Gratuitéit den den ëffentlechen Transport méi attraktiv maachen, ass op den éischten Bléck eng gutt Idee. Richteg attraktiv ass den ëffentlechen Transport awer duerch aner Kriteren: e muss kammoud sinn am Sënn 1) bequem also eng gemittlech Plaz déi engem erlaabt de Wee op a vun der Aarbecht ze genéissen 2) pünktlech also berechenbar an esou engem erlaben sech z’organiséieren an d’Zäit, eng ganz kostbar Saach, sënnvoll ze notzen 3) einfach am Gebrauch, schlësseg, „anëneeniwwergoënd“. Wann dat alles stëmmt, duerch déi vill Aarbechten vum Moment si mir um gudden Wee dohinn, da kann een duerchaus iwwer de Präis nodenken. Mee, wéi beim Béier, muss fir d’éischt stëmmen d’Offer. Prost. An awer gëtt et een dee bezillt.

Nët nëmmen d’Plastiksfläschen solle verbueden, mee och nach d’Plastikstuten, d’Plastiksbecheren, Schalimmoën a soss all dee ganzen one-way Quatsch, deen no Gebrauch just dorëmmer trëllt, hänkt, schwëmmt oder flidd a ni méi fortgeet. Et ass mam Plastik wéi mat der Atomkraaft: eventuel kuerzfristeg ganz e bësselchen nëtzlech (et encore) awer op laang Siicht just eng deier Plo. Ech gleewen un den techneschen Fortschrëtt, de know-how an d’Imaginatioun vun der Mënschheet fir ons dovunn z’erléisen. Et ass ewéi mat Allem, verschidden Plastiksutensilien hunn awer och hir Gutt a maachen Sënn. Mee enfin, wat manner wat besser.

IMG_1398

Et gëtt jo d’Legend vum Autofurer als Mëllechkou vun der Natioun déi fir alles ëmmer permanent esou deier bezuelen mussen. D’Statistiken, berechent mat engem Programm, deen schon jorenlaang an der Schwäiz fir Verkehrsplanung gebraucht an op Lëtzebuerg adaptéiert gouf, weisen awer, dass bei all, jo all, Déplacement mam Auto, d’Gesellschaft ronn 30 % vun de reellen Käschten bezillt. Tjo! Dat selwecht gëllt och fir aner Vehikelen mat fossilem Brennstoff (wat dann och explizéiert firwat den ëffentlechen Transport nët gratis misst sinn). Iergendwéi misst et méiglech sinn, dass déi reell Käschten och verrechent ginn. D‘Steieren op Bensinn an Diesel eropsetzen ass ee méiglechen Wee, grad wéi d’Autosteieren all Joer oder eng eemoleg Primm wann een een Auto keeft. Mee ir elo gehurelt gëtt, dass deen Zens wëllt alles méi deier maachen, gedëllegt iech bis dat next Kapital, nämlech dat iwwer Finanzen a Steieren.

A ménger Jugend hun ech vill Stonnen um Bauerenhaff vu méngem beschten Frënd bei ons am Duerf verbruecht. Do hun ech geléiert, dass d’Bauren houfreg sinn op hir Aarbecht, hire Betrib, hir Natur. Zu Recht. Et ass bei hinne méi wéi eng Schaff, éischter eng Missioun. Ech hun och verstanen, dass si liewen wëllen vun hirer Aarbecht. Net vu Paperassen a Formularen, déi si ausfëllen mussen. D’Landwirtschaft gëtt zënter ganz laang vun de Regelen an der Europäescher Unioun gesteiert. D’Regelen, notamment fir d’Subsiden, goufen gemaach virun allem vun den zoustännegen Ministeren an hire Chefen, dominiéiert vun de konservative Parteien, mam Resultat, dass d’Hëllefen virun allem de groussen agroalimentairen Betriiber zu gutt kommen a vill manner oder kaum de Betriber wéi mir se kënnen an ons wënschen. D’Landwirtschaft esou organiséieren, dass se nees bei ons passt, manner gigantesch, méi no bei der Natur an de Gegebenheeten hei, schéngt mir evident. Dozou gehéiert a Richtung biologesch Landwirtschaft hischaffen an dofir suergen, dass d’Hierachie nees stëmmt i.e. dem Bauer séng Aarbecht un éischter Stell steet. De Budget fir d’Landwirtschaft vun der EU soll net erofgesat ginn, mee ëmgesteiert, well déi Ëmstellung dauert a geet net vun Haut op Muer. Dovun profitéieren d’Betriiber, d’Konsumenten an d’Natur. Am Fong mir all.

Eng wichteg Komponent vun fräi sinn, ass nët ausgeliwwert sinn. Wann ee wëll als Eenzelnen, als Land oder Europa fräi sinn, dann huet een Intérêt sech net ofhängeg ze maachen zum Beispill vu Leit mat engem aneren Demokratieverständnis, deenen mir ons ausgeliwwert hun, well si ons Petroll a Gas liwweren fir 300 m bei de Bäcker ze furen, mat 500 PS. Ouni Energie, ouni Stroum geet et awer nët. Fir fräi ze sinn hëllefen ons déi erneierbar Energiën, wéi se genannt ginn. Mee am Fong sinn et éiweg Energiequellen, déi ëmmer do sinn: Wand a Sonn. Ee groussen Avantage vun dësen Energiequellen ass, dass si einfach accessible sinn a eben hei. Si maachen manner ofhängeg. Dat alles ëmstrukturéieren ass nët einfach, awer zu gudder Lescht méi einfach a besser wéi ausgeliwwert ze sinn. D’Implementatioun vun regenerativen Energiën förderen ass eng gutt Saach, de Gebrauch dovunn och, zum Beispill deenen déi eng Photovoltaikanlag bedreiwen, d’Méiglechkeet ze ginn, de Stroum selwer ze späicheren, verbrauchen an ze verkafen. Eng Wandmillen déi net méi geet, rappt een ewech an et setzt een eppes dohinn: een Haus, ee Bam, eng Spillplaz, eng Heck oder soss eppes. Ganz easy. Atomkraaftwierker dogéint bleiwen éiweg, geféierlech an deier Ruinen.

Finanzen a Steieren

Et ass evident, dass méi breed Schëllere, méi stäipen kënnen. Grad esou evident ass awer och, dass d’Aarbecht soll valoriséiert ginn. Deemno ass d’smartwielen Fro „soll méi héich Akommes méi héich besteiert ginn?“ nëmmen een Deel vun der Steierfro a werft weider Froen op wéi zum Beispill méi héich besteiert wéi wat? Par rapport zu weem a wat? Déi richteg Fro ass: wat soll besteiert ginn? Fir mech ass et kloer: de Verbrauch, net d’Aarbecht. Kloer ass och, dass et Steiereinnahmen muss ginn fir de Staat, also fir ons. Schlisslech hu mir dem Staat, also ons, via Walen, Chamber a Regierung etc. jo eng ganz Parti Aufgaben ginn, unvertraut, jo et ginn Saachen déi mir verlaangen an heftegst afuederen, vum Staat, also vun ons, der Allgemengheet. Si soll mat de Steieren steieren. Deemno komme mir net ëm Steieren bezuelen erëm. Besser a méi richteg klengt allerdings onse Bäitrag leeschten fir d’Allgemenheet. Pro Kapp. Individuell. Dat gëtt eng ganz aner Steiertabell. Eng méi gënschteg fir de Eenzelnen, deen dann d’Fräiheet huet ze décidéieren, op hien sech z. B. e puer eegen Autoën leeschten wëll oder léiwer sech via Kombinatioun vu kamouder Mobilitéit vun A op B déplacéiert. An deem Sënn ass et evident, das ee kleng a mëttel Betriiber soll entlaaschten. Iwwerdeems d’Multiën emol endlech uerdentlech sollen besteiert ginn. An d’Kapital. Den ongeschriwwenen awer existenten Vertrag tëschend de Generatiounen par contre soll erhalen bleiwen. Mir Elteren schaffen dach all dofir, dass et onse Kanner gutt geet. Dat huet mat Solidaritéit ze dinn, mat Freed, mat Dreem a Chancen a Perspektiven an och mat Tomaten, déi enges Dags dann de Präis hunn, deen se wirklech wert sinn. Eben Zukunft, Zesummenhalt a gutt Liewen.

Impressiounen Walcampagne:

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s