Suite III zum smartwielen

Bildung a Fuerschung

Smartwiel Froën an dësem Kapitel: 1)Sidd Dir fir d’Zweetsproochegkeet (Letzebuergesch a Franséisch) a konventionéierte Crèchen; 2) soll Reliounsunterrecht als Wahlfach erëm agefouert ginn?; 3) Sidd Dir fir een Ausbau vun internationale Programmer an ëffentlechen Schoulen?)

All Mënsch wees, dass Kanner vu klengem un schwetzen, zumindest probéieren ze schwetzen  a si et och séier léieren (ausser déi konservativ Edukatiounsministesch in spe, wéi si et selwer an engem face-à-face den 29.9. op rtl sot huet; si limitéiert zudeem d’Kanner och op d’Fähegkeet just eng Sprooch assimiléieren ze kënnen). Och dat ass falsch). Wat ee Sproochen éischter übt a léiert, wat een se besser schwetze kann. Suguer e puer Sproochen parallell léieren geet wann ee kleng ass a wann d’Method stëmmt. Mat der Pubertéit changéieren d’Weeër vun de Synapsen an domat och d’Manéier wéi een eng Sprooch léiert. D’Liichtegkeet geet verluer (déi feelt ville Leit iwwriens och beim Lëtzebuergesch liesen, dat soen d’Zuelen vun de Verkeef vun der Luxemburgensia an de Bicherbutteker. Et gëtt eng Rei vu gudder Litteratur, wonnerbaren Auteuren a gutt getesselten Librairien hei). An och beim Schreiwen. Dat gesäit een bei deem wat zB. an de modernen Medien geschriwwen gëtt. Mee korrekt schreiwen, ass fir zesummen ze liewen manner wichteg, wéi mateneen ze schwetzen an sech an d’Aën ze kucken.  A wat mir méi mateneen schwetzen, emsou méi kënnen mir eens ginn a gutt auskommen mateneen. Op Lëtzebuergesch oder soss. Inklusiv.

An deemselwechten Sënn ass et wichteg, dass an den ëffentlechen Schoulen inkludéierend geschafft gëtt. Mir sollen déi Leit déi nei an d’Land kommen, do ofhuelen wou se sinn an se esou aschléissen a scho guer net se ausschléissen, well si nët do sinn wou mir mengen, dass si missten sinn well all déi déi schon éiweg hei sinn, do sinn. Mee sinn déi iwwerhat all do?  Werter sollen och inklusiv sin. Déi Werter déi mir hei an onsem Eck via griechesch Philosofen, réimescher Kultur, dem donkelen Mëttelalter, der Renaissance an Opklärung, divers Revolutiounen, der 68er Beweegung a Kombinatiounen mat dem internationalen Handel, fir d’éischt iwwer d’Scheif, dunn rondrëm de Globus, ons erschafft, erkämpft, erduecht hun, sinn dowert, dass se weider gereecht an erhalen ginn. Wann ee wëll Werter vermëttelen, da geschidd dat am beschten duerch de Sport. Dass dat geliewten a gesond Wertevermëttelung ass hun ech an dësem blog schon dacker geschriwwen (surft e bëssen). Méi Sport an der Schoul.

 

Gesondheet

Smartwiel Froën an dësem Kapitel: 1) soll de Prinzip vum „Tiers payant“ généraliséiert ginn? 2) soll een obligatoreschen Impfplang fir Kanner agefouert ginn? 3) solle Kondomer vun enger nationaler Gesondheetsversécherung z.B CNS, rembourséiert ginn.

Mir gréng hu jo e bëssen de Ruff mat Sonneblummentéi ze guergelen, Albiziabounen ze drenken, Knueweleck ze lecken, Flavonoid z’inhaléieren, Schlécken iwwer ons Stir rutschen ze loossen, ons mat Kamillenbléien anzereiwen an soss Yoga an Tantraexerzizien ze maachen fir gesond ze liewen a stierwen. Dat nennt ee Preventioun an déi ass jo bekanntlech déi beschte  Medezin.   Wann een dann wider erwaarden sollt krank ginn oder duerch een Ongléck abiméiert, dat brauch een eng pertinent Diagnos, Therapie a je nodeem Pfleg a Medikamenter. Dorëms këmmeren sech Dokteren,. Pflegepersonnal a soss d’Gesondheetsberuffler, Kiné, Infirmieren-innen, Ergo,…

Dat wichtegst ass, dass jiddereen beschtméiglech (dat zweetbescht ass net interessant ass), nees gesond gemaach gëtt, onofhängeg vu séngem Status, egal wat et kascht. Fir verschidden Leit ass et budgettechnesch schwireg Suen virzestrecken. Deenen muss gehollef ginn. Mee mat der Gesondheet ass et wéi mat dem gratis Fräibéier: si ass net fir näischt, dat soll ee net vergiessen. An iwwer wat gemaach gëtt décidéiert de Medeziner a Gesondheetsberuffler, net den Ekonomist.

Et gëtt gesot, dass d’Liewen näischt aneschters wéi eng permanent Evaluatioun vum Risiko deen een ageet. Dozou gehéieren Iwwerleeungen zum court, moyen a long terme a de Risiko fir den Eeenzelenen oder d’Allgemengheet.

IMG_1560

Immigratioun & Integratioun

Smartwiel Froën an dësem Kapitel: 1) soll d’Beherrschen vun zwou vun deenen dräi Amtssproochen (Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch) duergoe fir am ëffentlechen Déngscht därfen ze schaffen? 2) soll d’Vollverschleierung op allen ëffentlechen Plazen verbuede ginn? 3) soll de gefuederte Sproochentestniveau am Lëtzebuergeschen fir di Lëtzebuergesch Nationalitéit ze kréeien eropgesat ginn? 4) Sidd Dir fir d’automatesch Aschrweiweung vun auslänneschen Awunner op d’Wielerlëschte fir d’Gemengewalen?

Wann een zum Management vum Land wëll eppes bäidroën, an de ëffentlechen Déngscht ass eng Zort Management, gudde Management, vum Land, soss wir et jo net esou attraktiv a mir hätten innerhalb vun 8 Joer 100.000 nei Awunner bäikritt (mir hunn virdrunn ee Jorhonnert gebraucht fir 100.000 nei Awunner) da sollt ee schon zwou vun deenen dräi Amtssproochen beherrschen, och, Lëtzebuergesch, zumindest esou wéi een et soll können fir d’Lëtzebuergesch nationalitéit ze kréien. Dat geet duer fir ze schwetzen an konstruktiv ze kommunikéieren. An och do mécht Übung den Meister. A propos kommunikéieren, fir mech an zu de Werter déi ech schon méi wäit uewen ernimmt hun, gehéiert fräi Kommunikatioun mat Wieder, den Aën awer och de Gesten an dem Gesiichtausdrock. Um Fuesbal ass et méiglecherweis prikkeleg ze roden, ween hannert dem Bok stecht iwwerdeems de Bänker hannert dem Guichet dat anescht spannend fënnt. Et wëll ee wëssen mat weem een ze dinn huet. Offenheet gehéiert zum Ëmgang, zum Zesummenhalt. Och politesch d’Dir opmaaachen. Deen aner décidéiert dann op en déi Offer unhëllt oder net.

Justiz a Sécherheet

Smartwiel Froën an dësem Kapitel: 1) Soll d’Zuel vu Videokameraen op ëffentlechen Plazen eropgest ginn? 2) Sidd Dir fir eng Erhéijung vun de Verdeegeungsausgaben? 3) Sidd Dir dofir, datt d’Police Taseren benotze kann?

Als Kandidat fir d‘Chamberwalen freeën ech jo iwwer all Kamera déi op mech geriicht. Si huet een Zweck, si gëtt Gebraucht fir eppes Aktives zB. fir ee Souvenir, fir eng Reportage, fir engem eng Freed ze maachen. Videokameraen op ëffentlechen Plazen si moutarde après dîner fir ee relativt Sécherheetsgefill mat der Strenz ze diffuséieren. Ausserdeem gefällt mir de Prinzip vum Generalverdacht net, deen domat verbonnen ass. Jo, jiddereen ass ee potentiellen Béisen. Awer ech gleewen jiddereen ass virun allem mol ee potentiellen Gudden. Preventiv sinn esou Kameraen net zilführend. Do hëlleft just Presenz um Terrain, mat trainéiertem Personal, vum Streetworker bis zum Polizist, gutt ausgerüst mat Empathie, Regelkunde a ggfs. efficassem an zouverlässegem Material. Iwwer dem Taser séng Fiabilitéit gëtt nach zevill diskutéiert. An ee ganz, ganz Béisen muss domat rechnen, dass et heiansdo net a séngem Sënn ausgeet.

Ech sinn ee Militarist. Enfin, esou huet een Mann op der Fouer gemengt, net well ech probéiert hun eng Foto ze schéissen (wat mir net gelongen ass), mee well mir, déi gréng, méi prezis ee grénge Minister, d’Kaseren um Härebierg renovéiert. Aha! Ech fannen et normal, dass no ville Joren näischt maachen, d’Aarbechtskonditiounen vum Militär verbessert ginn. Och wa mir hei zu Lëtzebuerg op enger Insel vu Fridden a Léift mateneen, gutt zesummen liewen an all frou mateneen sinn, soll een net vergiessen, dass  rondrëm se net all esou Léiwer sinn. Verschiddener sinn onberechenbar an nawell op Kravall gebürstet. Et gehéiert schon e bëssen dozou, dass wann ee Fräiheet, Fridden, Léift, erhalten wëll, een zumindest an der Lag ass, zesummen mat sénge Frënn déi déiselwecht Fräiheet a Léift ënnert de Mënschen héich halen, ze soen, bis heihinn a net weider.

 

Medien a Gesellschaft

Smartwiel Froën an dësem Kapitel: 1) soll eng ëffentlech-rechtlech Televisiounschîne gegrënnt ginn? 2) Soll Cannabis fir de Privatgebrauch legaliséiert ginn? 3) Soll d’Prostitioun als liberale Beruff unerkannt ginn?

Natiirlech sinn ech fir eng ëffentlech-rechtlech Televisiounschaîne. Ech wëll mech net fir bebillert informéiert ze ginn, eenzeg an aléng op eng Privatchaîne verloossen mussen, der hire primairen Objektiv den Audimat an d’Klicken um Internetsit sinn, fir Pub ze verkafen. Zu esou engem ëffentlech-rechtlechen Modell gehéiert awer och dass d’Onofhängegkeet vum Sender garantéiert bleiwt. Mir si jo net zu Moskau, Ankara, Warschau oder Budapest. Wéi den 100komma7 säi 25. Gebuertsdag gefeiert huet, hun ech gutt nogelauschtert (a gemierkt dass ech eeler sinn well ech mech na ganz gutt un den Ufank erënneren ka vum Geheimradio).

Eng Tendenz fir de Genoss vu Suchtmëttel kann ech bei mir just beim Schockela a Kaffee feststellen. An och do ass et wéi bei villem: zevill a net genug war nach ni eng Mooss an et kënnt op d’Qualitéit un, zB bio a fair (brong gefierwten Zocker mat Fett ass kee Schockela). Dat ass d‘selwecht beim Cannabis. Wéi ech mir dat virstellen, fënnt een am Wahlprogramm vun déi gréng S. 71-72.

Wann d’Prostitutioun als liberale Beruff unerkannt gëtt, wéi Affekoten, dat wir dat ok an si wiren eventuel sozial verséchert, wann si dann effektiv op sech schaffen, wéi de Call-boy dee säi Studium finanzéiert (kritt hien dann nach Cedies?) oder d’Escortgirl déi sech buchen léisst fir een Dinner. Mee déi allermeescht sinn net onofhängeg. Dann ännert d’Unerkennung als liberale Beruff wat fir d’Prostituéiert? Villméi ass d’Prostitutioun Mënschenhandel an dat geet guer net.

Institutionnell Reformen

Smartwiel Froën an dësem Kapitel: 1) Soll een eenzegen Wahlbezierk fir d’Chamberwahlen agefouert ginn? 2) Soll de Cumul vumpolitesche Mandater (lokal an national) ofgeschaaft ginn? 3) Sidd Dir fir d’Méiglechkeet fir Gesetzesproposé per Biergerinitiativ an ze féieren?

Et ass laut Verfassung Députéiert fir dat ganzt Land egal a watfir engem Wahlbezierk ee gewielt gouf. Iergendwéi gëtt ja schon zum Deel esou gehandhabt well et kann jo an engem aner Bezierk Kandidat sinn wéi an deem an deen ee wunnt. A well „zevill a net genug“ keng Mooss ass, ass et besser wann een net zevill Aarbecht soll mateneen maachen. Fir all déi déi eng gutt Idee hun, gëtt et d’Méiglechkeet fir via Pétitioun d’Chamber op ze fuederen iwwer dee Sujet nozedenken. Déi grouss Zuel vun Pétitiounen weist hire grousse Succès.

Voilà, ech si frou, dass ech smartwielen hannerun mech bruecht hun. Méiglecherweis ass et een Ausgangspunkt säi Kräiz bei de Chamberwahlen, mee méi awer ocht net. Mech huet et éischter un ee Wonschkatalog erënnert fir sech dat eraus ze picken wat engem gefällt, wat hätt een da gär, zwar ouni Zesummenhang. Mee esou fonctionnéiert d’Liewen net. Alles hängt mateneen zesummen.  Mee smartwielen huet ëmmerhin de Mérite, dass probéiert gëtt Sujetën ze behandelen an net just Personalfroën.

Walcampagne Impressiounen

 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s