Ir een elo ka kucken wéi ech mech bei méngem éischten Téléinterview geschloen hun (jo, ech kann dat besser), e puer Gedanken zu Thema.
Jo, Télétravail ass eng gutt Saach. Eng ganz Parti gutt Grënn ginn vun de verschiddenen Leit an desem kuerzweilegen an informative Reportage opgefouert, grad wéi och op Désavantagen a Schwiregkeeten higewise gëtt. Och heiranner, am Télétravail, wéi an enger ganzer Rei aner Domäner, huet de Coronavirus gemaach, dass et méi séier goung. Et si Léisunge fonnt ginn. Provisoresch, improviséiert an temporaire.
Vill vun dese Saache si séier a kreativ ëmgesat ginn. Et huet eben musse séier goen. Et ass séier gaang. Op alle Niveauën, an alle Secteuren, privat oder public. Zesummen a solidaresch.
Dat wat den éischten Deel. D’Urgence. De Confinement
Elo gëtt vill geschwat, discutéiert an hypothetesch extrapoléiert iwwer de zweeten Deel. Et ginn elo vill Experten, vill savant Kalkülen. Do ass et mam zesummen a mam Solidareschem schon anescht.
Dat erënnert mech iergendwéi an awer just entfernt, un d’Klimakris: mee d’Gewiichtung ass zum Deel anescht. Dringlechkeet vun der Situatioun ass ähnlech, awer d’Vitesse mat der réagéiert gëtt, ass vill méi lues. Mee ëmmerhin, elo ass et zum Beispill a ville Stied an Däitschland méiglech, Deeler vu Stroossen als sécuriséiert Velosstreck em ze fonctionnéieren. Et geet wann ee wëll. Dat geet och an der Stad wann ee wëll. Hélas!
Wéi den Télétravail oder homeoffice oder déi provisoresch Kliniken oder de shutdown, sinn oder wiren och d’Velosstrecken temporaire zäitlech begrenzt. Et sieff dann, dat wat en urgence implémentéiert ginn ass, geng seng Preuve maachen. Da gëtt et d’Optioun fir de Provisioire duréieren ze loossen an et gëtt d’Méiglechkeet, driwwer nozedenken wat bleiwe soll, wat direkt fort kann oder nees lues a lues ofgeschaaft gi kann, wat ee preventiv brauch, wat guer net. An da geet et dorëms Gescheck ze maachen.
Déi Décisiounen ginn da geholl no échange d’idées, op Fakte baséiert, am Konsens. Lobbydinös Ergüss a just d’Recht vun deem déi méi staark ass, si net zweckméisseg. Dofir awer Solidaritéit. Beim Corona a beim Klima. Mir hun déi lescht Woche gewisen, dass mir dat kënnen. Mir kënnen et och duerno. Mee mir si nach net duerno, mee matzen drann..
Nach besser kann ech och esou Interviewën: Hei
Merci Sarah, Laura a Lionel.