Et war vill Rieds d’lescht Woch bei der 5. Debatt an der Chamber iwwer d’Coronakris, vun Eegeverantwortung. Also, dass den opgeklärte Bierger fräiwëlleg responsabel agéiert.
Schon zënter Wochen gëtt explizéiert, a widderholl wourop et haaptsächlech ukënnt, à savoir social distancing, Nues a Mond verdecken, fir d’Matmenschen net ze bespruddelen an d’Hänn dacker wäschen. Och an der Chamber ass dat nees gesot ginn, grad wéi och firwat dass dat wichteg ass. Et gouf d’Hoffnung ausgedreckt, dass all Mensch elo verstanen huet an als verstännege Bierger, entspriechend handelt a sech behëllt.
Dës Présomptioun an Approche vum opgeklärte Bierger ass net méi wéi richteg, well mir wëlle jo all eescht geholl ginn. Mir si jo all gär mündeg Bierger déi wësse wat am beschten a wat gutt fir een ass. Schlisslech gi mir jo ganz vill drop trainéiert a si vu Natur aus drop ausgeriicht, mol als éischt dat Optimalst fir ons selwer ze sichen a kréien.
Dat wat mir maachen ass d’Resultat vun engem Choix tëschend verschiddene, villen Optiounen Mir weiën of wat d’Konsequenzen si vum ganze Spektrum vun de verschiddenste Méiglechkéiten. Eben dat wat ee fir sech wichteg, relevant, décisif fënnt. Et ass ëmmer d’Resultat vun enger Wertung, also ob Eppes vill wichteg oder manner wichteg fir een ass.
Déi Décisiounen sinn heiansdo méi spontan, intuitiv, aus dem Solar plexus eraus oder no engem Raisonnement. Mee iergendwéi hëllt een ëmmer eng Décisoun, obscho mir net onbedengt wëssen wat op ons zou kënnt, wat geschidd. Dat nennt ee „Risiko“. Dat nennt een Zukunft, also dat wat kënnt. Dat ass offen. Kee kann exakt viraussoe wat kënnt. Dowéinst ass de Risiko je nodeem méi grouss oder besser, esou kleng wéi méiglech. D’Konsequenze sollen optimalerdengs gënschteg fir ee sinn.
Well mir net eleng op deser Welt si, mee ons an enger sozialer Sphere bewegen, inkludéiert een d’Interessen vun den Anere mat an. Duerch d’Oplagen an de leschten Wochen, de Confinement, d’Quarantaine, egal wéi een et nennt, huet ee jo gutt gemierkt, wéi wichteg dëse sozialen Aspekt ass.
An esou préift een dann, als opgeklärte Bierger fir fräiwëlleg responsable z’agéieren, op déi jeweileg Optioun och als Optioun vun en All acceptéiert ka ginn, respektiv ob mat deser, senger Optioun och een autonomt Liewen vun den anere Leit méiglech ass. Dat ass vereinfacht de kategoreschen Imperativ. Dat ass d’Rechter vun de Leit all. Grondrechter.
Esou ass dat mat Rechter, mat Richtlinnen, mat Regelen, mat Leitplanken: si hëllefen organiséieren an bidden eng Orientatioun. Dat ass wourop et elo ukënnt. Dat ass och de Grondgedanke vun CETA.
« CETA beschneid keng Grondrechter »* sot dëser Deeg um Radio een dee matverhandelt hat. De CETA vun elo ass wesentlech Verbesserung par rapport zum initialen Entworf well déi vill diskutéiert Schiidsgeriichter net privatiséiert gi sinn, mee no considérablem Drock, notamment vun der Zivilgesellschaft, anescht organiséiert gi sinn, mat Contrôle vun dem pouvoir public (hei) an och well hir Kompetenzen limitéiert gi sinn. Iwwer déi Saachen déi mir, als gréngen, wichteg sinn, décidéiere déi Schiidsgeriichter elo net. Net ze vergiessen ass och, dass et elo eng Verbesserung ass par rapport zu den Ofkommëssen déi et am Moment gëtt tëschend europäesche Länner an Kanada (hei).
Den Zäitpunkt vun der Ofstëmmung iwwer CETA an der Chamber war trotzdem schlecht. D’Optauche vum Coronavirus och. Dat hun déi zwou Saache gemeinsam, grad wéi och, dass an den zwee Fäll Regele fest geluecht gi sinn . Wann ee guer keng Regelen huet, bei Corona an och beim Handel, geet et duercherneen an drop an driwwer. Regelen dogéint hëllefen organiséieren an bidden eng Orientatioun. Dat ass wourop et elo ukënnt.
Als opgeklärte Bierger agéiert een da fräiwelleg responsabel: keng Corona a keng Ceta Regel vebidd mir fairtrade Biotomaten aus regionaler Produktioun ze kafen. Keng Corona a keng Ceta Regel zwéngt mech agroindustrielpestiféréiert Tomaten ze kafen.

Dem Charel Jean Philippe Joseph Marie Guillaume a senger Famill wënschen all dat Bescht a vill Freed mat sénge verstännege Matbierger, déi d’Balance fannen tëschend Eegenoptimisatioun an Altruismus. Bleift gesond a monter.
*Jean-Claude Juncker, RTL, Background am Gespréich, 9.5.2020,
Eine Antwort auf „Corona, CETA, Charel, Choix“
[…] Och ugerullt sinn Diskussiounen iwwer Fräiheet, Onfräiheet, zu eppes gezwonge ginn an enger fräier Gesellschaft, an enger Demokratie. Dat ass ee wait Feld, voller Koufläpp a Minnen. Méi doriwwer hei. […]