Hei meng Introductiounsried bei der Zeremonie vum Solarpräis de 26.10.2021.
Léif Alleguerten
Am Numm vun Eurosolar Lëtzebuerg begréissen ech Iech all ganz härzlech an ären respektiven respektabelen Fonktiounen hei bei der 11. Zeremonie vum Solarpräis.
Dë Solarpräis gëtt zënter 2003 an diversen Intervallen iwwerreecht. Am Ufank war et all Joër. Tëschend deem läschten, 2019 an deem zweetläschten 2012, waren et 7 Joër. Mir hunn ons virgeholl fir ën all zwee Joer auszeschreiwen.
Iwwerhat ee Solarpräis weider proposéieren. Ass dat nach ubruecht, elo wou déi erneierbar Energien an der Moud sinn?
Jo, well d’Potential vun der Photovoltaik ass nach laang net ausgereizt. Ausserdeem ass Solarstroum dee bëllegsten Stroum, wéi d’Zuelen vun der I.E.A. beleeën.




Et ass drénglech
Elo net all Joër ee Solarpräis, dat huet mat der méi klenger masse critique hei ze dinn. Zwee Joer sinn awer ubruecht, well elo muss Gescheck gemaach ginn. Dat wees ee spéitestens zënter den 3949 Säiten IPCC Report vum August dëst Joër. Woubei, wéi de Robert Habeck sech ausgedreckt huet: et ass kee Kenntnisproblem, mee een Handlungsproblem.
Mir vun Eurosolar schaffe scho laang dofir, dass endlech an iwwerhat a méi séier gehandelt gëtt. Als Erënnerung, Eurosolar Lëtzebuerg ass entstanen aus der Initiative eraus vun enger qualifizéierter Band early adopters déi Ufank den 90er schon: éischtens, gesinn hu kommen, dass d’Klima ee Problem kritt an zweetens, dass d’Photovoltaik net nëmmen eng grouss Hëllef, mee am Fong een essentiellen Deel vun der Léisung ass.
Mir mussen elo handelen.: um Niveau vun der Produktioun, der Distributioun, dem Stockage. Ausserdeem mussen d’Systemer, déi bis elo mat den alen Energien fonctionnéiert hunn, ëmgestallt ginn, fir mat den erneierbaren Energien ze fonctionnéieren.
Sobriétéit
Verlaangt, absolut noutwendeg ass awer och onsen Appetit un Energie ze reduzéieren, Stéchwuert sobriété énergétique. Dat ginn, sinn Diskussiounen. Leider kann een aus de Reiwungen an deenen Diskussiounen keng Energie gewannen. Dobäi kënnt et op all erneierbar Energie un, well et geet jo dorëmms déi al, désuet Energien komplett duerch erneierbar z’ersetzen. Esou séier wéi méiglech.
Mir vun Eurosolar sinn zënter dem läschte Jorhonnert ongedëlleg gedëlleg. Herno schwetzen ons Vizepresidentin Prof. Dr. Susanne Siebentritt, de Prof. Dr. Phillip Dale an den Dr Max Hilaire Wolter, deen och bei Eurosolar am Comité ass, iwwer ons gedëlleg Ongedold. Mir hëllefe gär.
Natiirlech si mir vun Eurosolar awer och frou, dass an de läschte Joeren a Méint vun den zoustännegen Ministeren eng ganz Part Saachen an d’Weeër geleet gi sinn, fir dem handlungsdefizit op ze hëllefen.




Technesch Disruptioun
Dass do nët op den Dibbelchen festgeluecht ka ginn, léisst sech duerchaus rationnell explizéieren, schlisslech ass all technesch Entweckelung net linear, mee stoussweis kontinuéierlech voire disruptiv. Dat gëllt och fir gréng Technologien, een Domaine an deem Lëtzebuerg sech positionnéieren sollt. Ausserdeem ass d’Energietransitioun eppes bei deem vill Elementer zesumme fonctionnéieren mussen, vill Riedercher anënee gräife mussen. En cours de route mierkt een dann, wou ee Riedchen feelt, wou ajustéiert muss ginn.
Breedgefächert Kandidaturen
Dass sech duerchaus Saachen dinn, dass gehandelt gëtt, dat gesäit een bei onsem, effektiv net représentativen Echantillon vun de Kandidaturen fir de Solarpräis dëst Joer. Et gëtt geliwwert : suwuel wat d’Material ugeet fir iwwerhat kënnen ze produzéieren, wéi och wat d’Produktioun selwer ubelaangt, als och d’Flächen déi beluecht ginn fir PV Stroum ze produzéieren.
Och un eng sënnvoll Planung vum Verbrauch, vu der gestioun vum Réseau zum Beispill an der Mobilitéit, een Domaine deen ee gewichtege Facteur an onser Gesamtenergiebilanz ass.
Et kënnt och méi a méi zum ganzheetleche Plangen. Vun Ufank un déi Erneierbar matdenken. Ech ërënneren un ons Publicatioun archipv.lu, déi weisst, wéi een Archtiktur, Ingenieurskonscht a Photovoltaik vum éischte Fiederstrëch un matplangen soll a kann.
Bei de Kandidature ass dann och den participative Volet dobäi an der Hiirstellung awer och an der Verdeelung: een aktiven Deel vu der Energietransitioun sinn. An dann och, didaktesch, firwat déi ganz Energietransitioun richteg, wichteg, néideg an dringlech ass.
Dat ass souzesoen d’Zougänglechkeet vun den 3.949. Säiten vum IPCC Report. Dir hutt se och all gelies, ech brauch do elo net méi drop an ze goen. Esou Informatiounen mussen zougänglech sinn, well wann ee versteet wat ee maachen soll, fällt et engem méi liicht et ze maachen. Dowéinst, eng Klammer, gëtt et jo och den Eurosolar Podcast “d’Sonn am Stecker”. Eng vun onse Missiounen ass och Multiplicateur sinn, erklären, verbreeden, informéieren.
Ee Critère vum Jury ass den innovative Charakter. Wat ass richteg eppes Neies? Wat ass et en différé? Am Sënn vu wat ass op aner Plazen Standard, iwwerdeems et hei esou lues entdeckt gët. A nach gezeckt gëtt beim Implémentéieren. Esou kënnt ee net virun.
Ee Räiskär, vill Räiskären
Als Prétexte gëtt gesot: mir si jo just ee Räiskär.
E puer Remarken: e puer Räiskären, vill Räiskären ginn eng Tut, ee Sak. Och hei gëllen d’Regelen vun der Arithmetik, der Additioun. Well all Eenzelnen gëtt gebraucht. Vläicht kann een awer de Räiskär sinn, deen de Räissak ëmfalen deet vun deem dann de Päiperleck fortlitt an ee Wandstouss an ee Stuerm ausléist. Ee Stuerm vun Innovatioun, Dynamik an Handlung a gréngen Technologien.
Dat zweet : et hänkt vum Standpunkt of: mir sinn nämlech, deemno wéi een et kuckt éischter eng Calebasse. Ech denken un de nationalen overshoot day, onsen ekologesche footprint. Fir mech ass deem seng Dimensioun pro Kapp eng moralesch Verpflichtung pro Kapp fir ze handelen.
Net just fir Eurososlar, mee fir ons all ass d’Energietransitioun eng Erausfuederung, een défi technique. A Mengen Aën ass se och een défi de souverainté, fir Lëtzebuerg, fir Europa, fir ons all.
Merci
Dat gesot, nach e puer Merciën :
- All Deenen déi hir Kandidatur eragereecht hunn. Dir weisst wat méiglech ass.
- Merci dem Jury, also de Kollegen aus dem Comité, kompetent verstärkt duerch d’Semiray Ahemedova, Députéiert an Architektin, dem Gilbert Theato, Direkter vun Eurosolar an dem Marc Thein, President vun der Fédération du Génie Technique.
- Merci der Chambre des Métiers, dem Gilles Reding a sénger Equipe, fir den Accueil a Wëllkomm hei am Haus.
- Merci onse Partner vum Solarpräis, dem O.A.I., der Chambre des Métiers, der Fédération des Artisans, der F.G.T. a myenergy.
Ee besonnesche Merci, elo vläicht Manner fir den Owend, mee fir säi Wierken insgesamt, dem Grënnungpresident a laangjähregen President an Eierepresident vun Eurosolar, dem Henri Kox.
Dat war et vu mir. Eng Ried soll jo net éiweg daueren, mee éiweg verhale ginn. Merci.