Meng Ried bei der 20 Joer Feier vun Eurosolar zu Biekrech den 10 Juni 2022.

Mir feieren elo 20 Joer Eurosolar, am Fong misst een 30 Joer soen.
Also d’asbl gëtt et elo 20 Joër, mee am Fong misst et 30 Joer sinn, well deemols schon hunn e puer Leit sech Gedanke gemaach iwwer d’Konsequenzen vum villen CO2 op d’Klima a si hu sech agesat fir erneierbar Energien (EnR) an och gesot wéi wichteg et wir, fir d’Energiequellen ze wiesselen.

Ech soen elo net: voilà, mir hunn et schon ëmmer gesot, mee zitéiere vill léiwer d’Eleonore, eng jonck Dame vu 14 Joer. Mir vun Eurosolar waren dobäi wéi hatt, seng Famill, virun e puer Wochen, eng PV Anlag op den Daach vum Haus installéiert kruten. Op d‘Fro wat hatt dann dovunn hällt sot hatt:
« Ma ech fannen dass wann eng Famill Suen z‘investéieren huet, ass et definitiv eng schlau Art a Weis seng Suen z‘investéieren. Well et mécht een eppes fir d’Nohaltegkeet, et ass och ekonomesch fir eis, an et ass och finanziell halt een Avantage fir eis, well mir eisen eegene Stroum kënne produzéieren, an dee weider verkafen. An zumools, mir maachen eppes fir d’Nohaltegkeet, ouni eis Habituden ze änneren. Well immens vill Leit fällt et schwéier hier Habituden ze änneren am Alldag. Ech fannen, et ass awer schonn immens gutt esou ».
Also, eng PV Anlag ass finanziell dowert am Fong gratis vill méi nach: rentabel virun allem duerch den Aspeisetarif an déi vill Hëllefen déi ee kritt bei der Installatioun. Et gi vill Hëllefen.
Keng Regierung mécht méi fir d’Energietransitioun wéi dës.
Geet dat duer? Kéint ee méi maachen? Kéint ee wahrscheinlech. Mee dorëms geet et net. Et geet dorëms iwwerhat ze maachen!
66.000 Fotovoltaikanlagen all Daach

Mir an Europa, bezuelen am Moment all Dag d’contrevaleur vu ronn 66.000 PV Anlage un de Putin fir säi Petroll a Gaz. Mat deem Budget hätte mir no 4 Deeg all d’Haushalter hei am Land mat 10 KWp Anlagen ausgestatt an hir Stroumproduktioun géng ganz gutt duergoen fir all déi Haushalter. Am Fong genge suguer 3 Deeg duergoen fir genug Stroumproduktioun fir den Hausgebrauch.
Lëtzebuerg huet ronn 243 Km2 bebaute Fläch, also Heiser, Gebeier, Halen…. An onsem Szenario wéi Lëtzebuerg bis 2030 Honnert Prozent EnR gëtt, spillen déi eng ganz wichteg Roll. Mir musse just all Joer bis 2030 op des Diecher ronn 3 Quadratkilometer PV Anlage installéieren a mir sinn op 5.000 GWStonnen.
Op all Daach eng PV Anlag!
A mir sollen dofir kucken wéi et geet an dass et geet a nët Explicatiounen sichen, am Fong Ausrieden sichen a fannen, firwat et net geet.
Dat gëllt fir all d’Bauhären, op privat oder öffentlech.

Fir de Solarpräis 2021 krute mir eng Parti Projeeën vun öffentlechen Bauhären eragereecht. Méi wéi vu privaten. Deemno ass do eng Zort prise de conscience.
Prinzipiell gëtt et fir ons kee Grond, das net all Konstruktioun prett ass fir PV. A nët erréicht vun dann un, wann et legal si muss. Et muss nämlech elo schons sinn. Klimatologësch!
Jo, mir wëssen, ee Bauhär, privat/öffentlech, baut als éischt fir sech, fir seng Besoin. Mee hie baut och an engem Kontext, am Raum, par rapport zu de Noper, der Natur, mee och an der Zäit. An elo ass d’Zäit vun der Klimakris an der Energietransitioun. Dat gëtt him eng besonnesch Verantwortung.

D‘Gemengen hu besonnesch efficace Hiewelen
Eng besonnesch Verantwortung mat besonnesch efficacen Hiewelen hunn/hätten d’Gemengen. Leider hu mir vun eurosolar den Androck, wéi wann déi Hiewelen nach genge ganz zögerlech agesat ginn oder als Bremshiewelen. Mir werten virun de Gemengewalen genee kucken wat versprach gëtt.
De Klimapakt gëtt zwar Impulser, mee mir wënschen ons bei de Gemengen eng méi forsch Approche. Méiglecherweis muss do legislativ gestrafft, vereenheetlecht ginn.
Landwirtschaft a Fotovoltaik kombinéieren
Et muss een och iwwer aner Flächen nodenken fir d’Produktioun erop ze setzten.

1300 km2 vun der Fläch ass Agrarfläch.
D’Leit aus der Landwirtschaft sinn als aller éischt Liewensmëttel Produzenten. Ech hu meng Jugend um Duerf verbruecht, mengem bäschte Kolleg seng Famill war an ass Bauer. Et war deemols esou an ass haut och nach ëmmer esou: si wëllen a sollten vun hirer initialer Aarbecht liewe kënnen.
Leider si sinn an engem jorzéngtelaangem opgebauten a gefördertem System gefaangen, deen hinnen et net einfach mécht. Si wëssen dat, well si kënne jo och rechnen.

Deemno ass et sënnvoll fir dass si aus dem System erauskommen, driwwer nozedenken PV a Landwirtschaft ze kombinéieren: dat suergt fir ee séchert Akommes an hëlleft eng aner Qualitéit an hir Aarbecht ze kréien, fort vun intensiver Landwirtschaft hin zu extensiver Landwirtschaft mat zousätzlech méi Biodiversitéit. Gutt fir ons all.
Aner Energiequellen: jo kloer an eng ass keng Alternativ.
An onsem Szenario ass d’Zil 10.000 GWStonnen EnR. 5000 GWh dovunn gëtt erreecht duerch Solaranlagen. De Rescht kënnt vun der Biomasse, deen eng Puffer a Reservoir Roll spillt a vun der Wandenergie, also 35 Eoliennen pro Joer. Woubei d’Gewichtung Sonn oder Wand net absolutt ass. Et soll een dat maachen wat am séiersten geet.

Ah jo! Neen, Atomkraaft ass keng Alternativ an och keng iwwergangstechnologie.
Et ännert nët vill un der Ofhängegkeet vum Putin. Si ass ze deier. Och schon einfach nëmmen fir d’AKW vun elo wieder ze bedreiwen, zB déi belge Bedreiwer wëllen dat net. Et ass net rentabel. Vum Präiss vu neien AKWën netz e schwetzen. Et produzéiert een fir 3 generatiounen Stroum an et huet ee fir 3000 Genaratiounen Folgekäschten, kleng gerechent. Net ze schwetzen vun den techneschen Problemer beim Betrieb, Stëchwuert Corrisioun vun de Killsystmer. An d’Problematik vun den Déchets nucléaires: nach ëmmer net geléist. Atomkraaftwierker sinn, dat hu mir jo och elo geléier, ee krichstakteschen Moyen.
Et gëtt een Ënnerscheed tëschend Energie verbrauchen an Energie verbëtzen.
Wann ech virdrunn gesot hunn, dass d’Zil 10.000 GWStonnen ass, dann hutt dir verstanen, dass et och dorëmms geet Energie ze spueren. Als liewegt Wiesen verbrauche mir souwisou Energie, soss wire mir jo matière morte. Energie heescht Bewegung, Fräiheet, Onofhängegkeet awer och Ofhängegkeet.


Och doriwwer hu mir ons Gedanke gemaach an an onsem Scenario e puer Pisten ernimmt. Eng Rei sinn an der Exekutioun, wéi d’Organisatioun vun enger anerer Mobilitéit mat esou vill douce Mobilitéit an öffentlechen Transport wéi méiglech, esou vill Auto wéi néideg. Awer och mam Potential vun Elektroautoën am Stockage a fir den Equilibre am Netz duerch d‘Lueden (flatten the curve).
Een aneren Punkt ass d‘Ëmstellung vun de Systemer. Dat geschidd zu engem groussen Deel innerhalb vum ETS. Dee System reguléiert sech jo anscheinend vum selwen. Déi uvisagéiert Nobesserunegn fir eng nach méi klimafrëndlech Selbstreguléierung sinn d’läscht Woch vun den üblechen konzern-finanzfrëndlechen, konservative Kreeser am Europaparlament blockéiert ginn. Ein Schelm wer dabei Böses denkt.
Virun allem awer och nach d’Mise à niveau vun de Gebeier am Bestand. Wéinst de Heizungen. Do doen sech Saachen. Stechwuert Klimabonus.
Et gëtt Technik fir d’Produktioun, fir d’Aspuerungen. Elo muss een dat zu engem System dee fonctionnéiert zesummesetzen. Et gëtt zum Beispill eng aner Manéier vu Gestioun vun de Réseauën well et jo méi Produzente gëtt.
Et gëtt och aner Formen vun Stroumversuergung.
Mir komme fort vun den Monopolen, Oligopolen vun de grousse Konzerner. Mir denken un d’Energiecommunautéiten. Et gëtt jo elo schon d’Energiekooperativen virun allem als Produzent, mee firwat net och fir de finanzement, als „Prêt“.

Et wert se och ginn als Consommateur, deemno Lieferant vum selwer produzéierte Stroum, also als Energiegemeinschaften, an engem Lotissement, Duerf…. Mat natiirlech och Zougrëff op d’Stockageinfrastrukturen fir den Gestionnaire vum Réseau. Schlisslech ass d’Energieversuergung vu Mar eppes Gemeinschaftleches, Solidaresches. Zesummen.
Mir gesinn d’Energietransitioun als een Bäitrag zu der Demokratie.
Net just am Sënn vun der Onofhängechkeet vun Despoten. Et ass fir ons och ee participative Prozess, fir deen dee kann a wëll. Nët jidderee wëll, also vill sin zefridden wann de Stroum fléisst.
Participatioun bedeit complémentaire handelen. Mir sinn elo am Zäitalter vun der Complémentaritéit:. Et ass net méi wéi virdunn: dat Eent oder dat Anert, mee elo ass et: dat Eent an dat Anert, je nodeem wat besser passt.
Zu der Complémentaritéit gehéiert och Werter ze schafen
Dat gëllt och fir ee klengt Land. Wertschöpfung an der Form, dass mir onsen Bäitrag leeschten. Dat ass och eppes neies fir ons: selwer Wertschöpfung, deelweis wéinstens, a Plaz just, wéi üblech, nëmmen anzekafen.
Onsen Footprint ass pro Kapp ze fett, fir dass mir ons kënnen hannert onser schlanker Silouhette als Mikroland verstoppen.
Eurosolar als enabler
Dowéinst bidde mir vun Eurosolar och praktesch Hëllef un fir virun ze këmmen, als „enabler“, „facilitateur“ souzesoen, als éierlechen gratis Makler.
Iwwer archipv hunn mir vun Eurosolar scho geschwat. Et gëtt en zënter bal 2 Joer. Ee Guide wéi een Architektur an PV kombinéiert. Mir aktualiséieren dese Site regelméisseg. www.archipv.lu
Hoffentlech vill z’aktualiséieren gëtt et och op agriPV wann dat an d’Gäng kënnt. Et gi scho eng parti villverspriechend Modeller am Ausland. www.agripv.lu
Well mir d’Energietransitioun och gesinn als eppes Solidaresches, Participatives hëllefe mir den Energiekooperativen, deenen déi et scho ginn awer och deenen Leit déi eng grënne wëllen. Als eng Zort ëmgedréinte Prabeli fir opzefänken. Mir hunn an onsem comité vill Erfahrung an der Matière. Mir sinn dofir och elo zënter läschtem Mount als Vertrieder fir Lëtzbuerg aktive Member vun der Reescoop, dem europäesche Gremium vun de Energiekooeprativen. www.biergerpv.lu
Net ze vergiessen onse Podcast d’Sonn am Stecker. All 14 Deeg.

Dat gesot, de beschten Moment fir d’Energietransitioun, déi néideg Verännerung an ze leeden war virun 30 Joer.
Si mir no 30/20 Joer besser drunn wéi deemols? Jo!
Si mir do wou mir himissten? Nach net! An dowéinst ass dee nextbäschten, am Fong néidegen Moment ass elo. Et gëtt nach vill ze dinn. Mir hëllefe gär bis 2030 an och déi nach weider 20 Joer.
