Joergang 1965, 2 Meedercher, 1,83 m, 79 kg.
Wunnen zu Lëtzebuerg , an der Stadt Lëtzebuerg um Kirchberg-Schoettermarjal.
Politesch bei déi gréng zënter 1995
- Member C.E.X. (Comité exécutif) zënter 2011
- Member Gender Rot, zënter 2017
- Sekretär von der Lokalsektion déi gréng Stad Lëtzebuerg, vun 2012 bis 2017
- President vun der Lokalsektioun déi gréng Stad Lëtzebuerg zënter 2018
Commissions consultatives Ville de Luxembourg:
- Action sociale, santé et 3e âge et Sports et Loisirs
Formatioun:
- Infirmier gradué social
- Assistant d’hygiène sociale (EIULB Ecole des Infirmiers annexé à l’ULB) 1991
- spécialiste en sciences humaines
- Master Européen en Management des Organisations sportives (MEMOS IV) 2001/2002
- Lerncoaching (Université du Luxembourg) 2018/2019

Schaff:
- Zënter 1995: Parquet Général S.C.A.S. (Service Central d’Assistance Sociale)
- 1991 – 1995: Croix-Rouge Luxembourgeoise & Ligue d’Action médico-sociale
- 2019: Vacataire Université du Luxembourg F.L.H.A.S.E.
Bénévolater:
- Zënter 2020: President Eurosolar Lëtzebuerg asbl www.eurosolar.lu
- Zenter 2020: Member Comité Eurosolar Luxembourg asbl
- Zënter 2018: Member Comité Syndicat des Intérêts locaux Kirchberg
- 2011 – 2018: President US Basket Racing Luxembourg
- 1995 – 2015: Coordinateur sportif C.A. Celtic Diekirch
- 2009 – 2013: Secretary European Athletics working group for club affairs
- 2003 – 2009. Secretary European Champions Clubs Cup Juniors
- 1995 – 2002: Secrétaire général Fédération Luxembourgeoise d’Athlétisme (F.L.A.)
- 1982 – 1991: Président Club des Jeunes Ermsdorf
Synopsis:
An eng Partei goen, ass eng aner Décisioun wéi Member a soss engem Veräin ze ginn. Et ass anescht well een sech fest leet. Sech festleeën wat engem séng Vue op d’Welt ugeet. An enger Partei engagéiert ze sinn ass matschaffen fir d’Réalitéit ze beaflosse, ze changéieren. Et ass den Engagement fir iwwer séng eege kleng Welt eraus ze denken. Ausserdeem, Politik gëtt souwisou gemaach. Permanent, iwwerall décidéiert iergendeen een iwwer mäin Liewen. Falsch Politiken beaflossen mäi Liewen.Well ech dat net wëll, wëll ech mat schwetzen. Awer net just géint eppes sinn, mee dofir. Kucken wéi et ka goen. Drunn matwerkelen fir dass et wierkt. Geschéck maachen.
Ech si bio vu kleng un. Déi eng Grousselteren haten ee Gaart um Lampertsbierg (an der Géigend vun der Poubelle vun der Foto), déi aner um Verluerkascht, dono zu Merel. Meng Elteren haten och ee Gaard an ee Kompostkoup. Mäi Papp huet Béier sacrifiéiert fir d’Schléken vun der Zalot ewäch ze lakkelen a Plaz Gëft ze sprutzen. Mir hun d’Onkraut erausgepickt a Plaz Gëft ze sprutzen an d’Wiss mat der Séissel geméint a Plaz mat der sténkeger Méimaschinn. Mir konnte bei ons am Duerf kee Waaser vum Krunn drenken well zevill Nitrat dran war (Haut och nach). Mäi Papp war mat dobäi wéi de Mouvement écologique gegrënnt ginn ass déi gréng Partei, mäi Brudder huet sech fir bedreete Völker agesat a war soss alternativ engagéiert, et cetera.
Mir sinn och geléiert ginn mat ze schwetzen an awer z’iwwerleeën ir mir de Bak opdinn. Och sech net selwer Leed ze doen, mee eppes z’ënnerhuelen, kruten mir mat op de Wee. Dat war bei ons normal. Esou hun ech mech gekëmmert an engagéiert.
Ermsdorf 1981, Eierung René Molitor
Ech sinn eréicht 1995 Member vun déi gréng ginn wéi sech déi zwou deemoleg gréng Parteiën zesummen gedoen hun, well dunn enfin agesi gouf, dass fir Politik ze maachen, een déi eegen Idee, Iwwerzeegung a Meenung net verabsolutéieren därf. Si gehéiert zum demokrateschen Prozess, grad wéi der Meenung vun deenen aneren. Mat manner puritaneschem Ideologismus goufen déi gréng menger würdeg.
Mat der Kultur ass et wéi mam gréng sinn bei mir: Kultur war schon immer do bei ons doheem a rondrëm: ee Pinselen hei, Faarwen do, Musikplakken (=Vinyldisken), Instrumenter, Bastelkrom, Biller un der Mauer, Bicher am Regal, Danzbuedem am Living, Gesang, Duerftheater, Bühnendekor, Solschlësselcher, Xylophone a Blockflûte, Kierchechouer, Uergel, Pantomime, Schoultheater, Molconcour,….. All déi Impulser intriguéieren an interesséieren mech, zënter deemols bis haut. Ass esou
Sport maachen ech vu jonck un. A gär.
Wéi vill Bouwen hun ech Futtball gespillt, net begaabt awer engagéiert.
An der Liichtathletik hat each eng besser Uluecht. Ech si 400 m geditzt (eng Ronn esou séier wéi méiglech rondrëm d’Pist). Dat war net ze komplizéiert zB mam Ronnen zielen; eng Onz Talent kann een mat Éiergäiz a Fläiss optimiséieren. Deemno hun ech gutt mat gehal, war e puer Champion an hat e puer Staffellandesrekorder. D’Resultater mat de Staffelen waren déi flottst well 4 Leefer hir Egoën an individuell Qualitéiten zesummegetesselt hun fir ee gemeinsamen Projet. Gedeelten Freed ass déi schéinsten Freed.
FC Blo Wäiss Medernach 1987 JPEE 1999 Liechtenstein mam Claude Godart (Foto: Frank Wiltzius) JPEE 1997 Island (Foto: Frank Wiltzius) Interview Christophe Hochard, RTL, 2017 4x400m Staffelen 1952 an 1998 Team Runners 2019 No Speed Limit Stroossen Trail Bambesch 2018 Celtic Diekirch Coupe des Dames 2013 1992, Foto: Luc Kohnen Team Run ING Night Marathion Luxembourg 2019
Dono goufe ech Sportsbénévole. Beim Liichtathletikverband, an mengem Liichtathletikclub, dem Celtic Dikkrich, bei European Athletics an elo als President beim Basket Racing Luxembourg. Duerch all dës Engagementer sinn ech méi gescheit ginn, duerch meng eegen Approximativitéiten awer virun allem duerch de „listen and learn“ mat de villen Leit mat deenen ech do ze dinn hat, hun an nach kréien wert. Elauter absolut Beräicherungen.
Deen eenzegen Discours, deen an enger Demokratie fonktionnéiert an dee mécht, dass Demokratie fonktionnéiert, ass de partizipativen Discours.
CLAE Festival 2017 CLAE Festival 2020
Et soll een deelhuelen. Dat huet mat Kreativitéit ze dinn, mat Freed, mat Dreem a Chancen a Perspektiven, an och mat Tomaten, déi enges Dags dann dee Präis kaschten, deen se wirklech wert sinn ….. a mat dësem Blog.
*Fotoën: Frank Wiltzius – Portrait 1: Julie Hoffmann – aner Fotoen: Familijenalbum.
7 Antworten auf „Biografesches“
[…] Op der Television sinn ech gewuer gin, dass ech zu den Alen, besser Eeleren, gehéieren: d’Altersmoyen von onsen Lëschten National ass 47 Joër. An der Stad sinn et 46,6 Joer. Soss biografesches hei […]
[…] Biografesches […]
[…] Zens : een Topmann : hei a […]
Oh eng villseiteg engageiert Persoun sportlech an an … super 👍
Villmols Merci. Et mécht ee wat ee kann.
Oh sorry hat net matkritt dat ech eng Mail kruut :: sin nach neii haat emmer Angscht ech un E-Mail zegin mee et geet jo och baal net mei ouni .🤭 Sorry wann ech na net sou richteg eens gin 🤫 mee ären Beitrag gefällt mir tip top merci Y .M
Hallo Paul oh ech haat net matkritt dass nees vill zeliesen ass . Ech sinn eng Katastrof am Handy emmer dei Angscht ech geif emmer eppes falsches fabriezeieren 🤣 mee muss lo mol nees kucken wei ech dei ganz Säit nees fannen fier zeliesen 🤭liesen awer alles merci Yvonne