born 1965
politically green,
President déi gréng Luxemburg City
President Eurosolar lëtzebuerg asbl
Member executive committee déi gréng
Formation: social worker, master européen en management d'organisation sportives
De 6. Juli huet d’EU Parlament décidéiert, dass ënner gewëssen Bedingungen Atomenergie a Gas als erneierbar Energien zielen. Méindes, den 11. Juli war ech als President vun Eurossolar Lëtzebuerg asbl, Invité vum Maurice Molitor um 100komma7 fir doriwwer ze schwetzen. Zënter méi wéi 20 Joer ass Eurosolar Lëtzebuerg asbl Verfechter vun der Energiewend, Befürworter vun den erneierbaren Energien, also déi klima- und ëmweltschiedlich Energien vu bis elo z’ersetzen duerch Fotovoltaik, Wandenergie a Biomass.
Maurice Molitor (rechts) an ech (Foto: 100komma7)
Et ass ganz kloer: weder Nuklearenergie, nach Gas gehéieren awer och nëmmen usazweis an eng Taxonomie fir erneierbar Energiën.
Et ass richteg, et wert méi Stroum gebraucht ginn, well eben vill Saachen op elektresch ëmgestallt ginn, zum Beispill an der Mobilitéit (Autoen, Busser, Camioën,…) an de Wärmepompelen an och wéinst den Ëmstellungen an am Handwierk an och an der klenger oder grousser industrieller Produktioun.
Es stëmmt och, dass de Greenwashing, also d’Striewen vu Firmaën an Investmentfongen, sech méi klima- an ëmweltfrëndlech ze presentéieren, wéi si et wirklech sinn, ënnerbonne gi muss. Gréng Finanzprodukter sollen zouverlässeg gréng sinn. Entspriechend geet et am sougenannten Taxonomie-Gesetz, engem Klassifizierungssystem, dorëms, festzeleeën, wéi eng wirtschaftlech Aktivitaéiten klima- an ëmweltfrëndlich sinn.
Méiglecherweis ginn och nach eng zäitlaang Atom- an/oder Gaskraftwierker gebraucht (d’ Profiteuren vun de fossilen Energien und der Atomenergie hu jo mat Succès den Ausbau vun den erneierbaren Energien verhënnert, oder opmannst ausgebremst a si maachen domat weider. Dat weist de Vote am EU-Parlament; do fällt op, dass et dat selwecht Land ass, dat sech fir d’Atomenergie am Taxonomie-Gesetz staark gemaach huett, dat de Bau vun der wichtiger Waasserstoffleitung vu Spuenien aus, bis an ons Géigend, bremst) dat ass awer och kee Grond, fir hinnen ee grénge Label ze ginn.
Si si weder ökologesch nach nohalteg. Och ënner gewëssen Bedingungen net. Well och wann et de modernsten Standarden entsprécht produzéiert een Atomkraaftwierk fir 3 Generatiounen Stroum awer fir op mannst 3.000 Generatiounen Folgekäschten, wéinst Atommilerruinen an de radioaktiven Offäll. Dobäi rechnen muss ee jo och nach déi bekannten Schwiregkeeten beim lafenden Betrib an dem Entretien vun de Reakteren, Stéchwuert Korrosioun vun de Killsystemer. A Gaskraaftwierker entsteet weiderhinn CO2, wann och manner wéi a Kuelkraftwierker, déi se jo ersetze mussen, fir als gréng ze gëllen.
Duerch dat Taxonomie-Gesetz ginn d’Suen déi fir d’Energietransitioun zur Verfügung stinn, elo anescht verdeelt.
D’Kategorien déi virgesi sinn an och d’Transparenzregelungen fir Finanzproduiten sollen éierlech iwwer de richtege gréngen Inhalt vun dese Finanzprodukten informéieren. Et gëtt interessant ze gesinn, wéi d’Finanzwelt réagéiert. Am “Land” vum 15.07.2022 beschreiwt de Bernard Thomas a sengem Artikel “Vert plutonium”, d’Haltung vun der Finanzinstitutiounen. Si doen sech schwéier. Duerch d’Taxonomie-Gesetz gëtt et deemno erméiglecht, dass Atom- a Gasfirmen matfinanzéiert ginn, duerch Hëllefsprogrammer respektiv duerch méi niddereg Zënsen bei den Emprunten.
Et ass ze hoffen, dass keen op des Manoeuvren erafällt.
De massiven Ausbau vun den erneierbaren Energien, also Sonn, Wand a Biomass, well dat sinn déi déi et an onse Géigenden gëtt, an de séieren Opbau vun engem europäischen grénge Waasserstoffréeau si néideg.
Ausserdeem verdengen Energiespueren an ee Changement vun onser Mentalitéit, op grouss (Konzern) oder kleng (Jiddereen eenzeln), eng Plaz an der Taxonomie.
Zesummen mam Linda Gaasch, Co-Presidentin vun de Stater gréng, hat ech als Co-President, d’Freed fir de Spëtzenduo fir d’Gemengewalen vum 11. Juni 2023 virzestellen.
D’Linda Gaasch mam Micro doniewend (vlnr) Christa Broemmel, François Benoy, Claudie Reyland, ech, Eduarda De Macedo.
Hei meng 48.76 Sekonnen.
Zesummen (1) dat Onméiglecht (2) probéieren, fir dat Méiglecht z’erreechen. Dat ass dax esou am Liewen an och an der Politik.
An der Politik Eppes ereechen ze kënne, also Saachen em ze setzen, bedengt éischtens, dass ee selwer wees wat ee wëll (3). Zweetens, kënnt op dat un wat d’Leit gewëllt si mat ze droen (4).
Dofir werte mir mir gréng, wéi dir dat gewinnt sidd, weider, mat alle Leit aus der Stad an an der Stad, also mat iech, d’Gespréich sichen: Dir sot ons bei all Geleeënheet wat iech gefällt, wat ee nach besser maache kéint, wourop et iech ukënnt.
Well an enger lieweger Demokratie schwetzt ee mateneen, et lauschtert een deem aneren no, et héiert een wat deem aner seet. Dat ass de respektvollen a responsabelen Mateneen (5).
A propos responsable, Responsabilitéit: mir déi stater gréng si prett fir Responsabilitéit z’iwwerhuelen an onser Stad, fir ons Stad.
Applaus!
Mam Micro een Air vu Freddy Mercury, niewendrunn d’Claudie Reyland.
Mir hunn, mir sinn eng héich motivéiert Equipe.
Applaus!
An dës héichmotvéiert an engagaéiert Equipe huet dofir hire Spëtzenduo désignéiert fir d’Gemengewalen vum 11 Juni 2023 an zwar déi formidabel Claudie Reyland a François Benoy.
Claudie ReylandFrançois Benoy
Applaus! Applaus!
(1) Zesummen ass besser, wéi jiddereen fir sech. (2) Liewen ass och dreemen, Projeeën hunn, sech Saache virhuelen (3) ee klengen Deel vun deem wat mir wëllen steet an der Brochure déi all Stater Haushalt an d’Bréifkëscht krut (4) deen eenzegen Discours deen an der Demokratie fonctionnéiert, ass de particpativen discours. Woubäi net jidderee wëll participéieren, mee awer sollen d’Méiglechkeet hunn. (5) Mateneen ass zimlech dat Selwecht wéi zesummen.
Screenshot rtl.luL’EssentielLe QuotidienInsta vum François BauschEndlech am ¨Land¨Brochure CoverBrochure eng Säit
Meng Ried bei der 20 Joer Feier vun Eurosolar zu Biekrech den 10 Juni 2022.
Bei der Feier fir 20 Joer Eurosolar lëtzebuerg asbl zu Biekerech den 10. Juni 2022 (Foto: Eric Devillet)
Mir feieren elo 20 Joer Eurosolar, am Fong misst een 30 Joer soen.
Also d’asbl gëtt et elo 20 Joër, mee am Fong misst et 30 Joer sinn, well deemols schon hunn e puer Leit sech Gedanke gemaach iwwer d’Konsequenzen vum villen CO2 op d’Klima a si hu sech agesat fir erneierbar Energien (EnR) an och gesot wéi wichteg et wir, fir d’Energiequellen ze wiesselen.
Ech soen elo net: voilà, mir hunn et schon ëmmer gesot, mee zitéiere vill léiwer d’Eleonore, eng jonck Dame vu 14 Joer. Mir vun Eurosolar waren dobäi wéi hatt, seng Famill, virun e puer Wochen, eng PV Anlag op den Daach vum Haus installéiert kruten. Op d‘Fro wat hatt dann dovunn hällt sot hatt:
« Ma ech fannen dass wann eng Famill Suen z‘investéieren huet, ass et definitiv eng schlau Art a Weis seng Suen z‘investéieren. Well et mécht een eppes fir d’Nohaltegkeet, et ass och ekonomesch fir eis, an et ass och finanziell halt een Avantage fir eis, well mir eisen eegene Stroum kënne produzéieren, an dee weider verkafen. An zumools, mir maachen eppes fir d’Nohaltegkeet, ouni eis Habituden ze änneren. Well immens vill Leit fällt et schwéier hier Habituden ze änneren am Alldag. Ech fannen, et ass awer schonn immens gutt esou ».
Also, eng PV Anlag ass finanziell dowert am Fong gratis vill méi nach: rentabel virun allem duerch den Aspeisetarif an déi vill Hëllefen déi ee kritt bei der Installatioun. Et gi vill Hëllefen.
Keng Regierung mécht méi fir d’Energietransitioun wéi dës.
Geet dat duer? Kéint ee méi maachen? Kéint ee wahrscheinlech. Mee dorëms geet et net. Et geet dorëms iwwerhat ze maachen!
66.000 Fotovoltaikanlagen all Daach
Et si vill Daachflächen Fotovoltaïkcompatibel
Mir an Europa, bezuelen am Moment all Dag d’contrevaleur vu ronn 66.000 PV Anlage un de Putin fir säi Petroll a Gaz. Mat deem Budget hätte mir no 4 Deeg all d’Haushalter hei am Land mat 10 KWp Anlagen ausgestatt an hir Stroumproduktioun géng ganz gutt duergoen fir all déi Haushalter. Am Fong genge suguer 3 Deeg duergoen fir genug Stroumproduktioun fir den Hausgebrauch.
Lëtzebuerg huet ronn 243 Km2 bebaute Fläch, also Heiser, Gebeier, Halen…. An onsem Szenario wéi Lëtzebuerg bis 2030 Honnert Prozent EnR gëtt, spillen déi eng ganz wichteg Roll. Mir musse just all Joer bis 2030 op des Diecher ronn 3 Quadratkilometer PV Anlage installéieren a mir sinn op 5.000 GWStonnen.
Op all Daach eng PV Anlag!
A mir sollen dofir kucken wéi et geet an dass et geet a nët Explicatiounen sichen, am Fong Ausrieden sichen a fannen, firwat et net geet.
Dat gëllt fir all d’Bauhären, op privat oder öffentlech.
De Gradinsdaach vum INS ass gedeckt mat Fotovoltaik Panneauen
Fir de Solarpräis 2021 krute mir eng Parti Projeeën vun öffentlechen Bauhären eragereecht. Méi wéi vu privaten. Deemno ass do eng Zort prise de conscience.
Prinzipiell gëtt et fir ons kee Grond, das net all Konstruktioun prett ass fir PV. A nët erréicht vun dann un, wann et legal si muss. Et muss nämlech elo schons sinn. Klimatologësch!
Jo, mir wëssen, ee Bauhär, privat/öffentlech, baut als éischt fir sech, fir seng Besoin. Mee hie baut och an engem Kontext, am Raum, par rapport zu de Noper, der Natur, mee och an der Zäit. An elo ass d’Zäit vun der Klimakris an der Energietransitioun. Dat gëtt him eng besonnesch Verantwortung.
Eng besonnesch Verantwortung mat besonnesch efficacen Hiewelen hunn/hätten d’Gemengen. Leider hu mir vun eurosolar den Androck, wéi wann déi Hiewelen nach genge ganz zögerlech agesat ginn oder als Bremshiewelen. Mir werten virun de Gemengewalen genee kucken wat versprach gëtt.
De Klimapakt gëtt zwar Impulser, mee mir wënschen ons bei de Gemengen eng méi forsch Approche. Méiglecherweis muss do legislativ gestrafft, vereenheetlecht ginn.
Landwirtschaft a Fotovoltaik kombinéieren
Et muss een och iwwer aner Flächen nodenken fir d’Produktioun erop ze setzten.
Benotzung vun de Flächen: 30 Km2 sinn 5.000 GWStonnen Stroumproduktioun
1300 km2 vun der Fläch ass Agrarfläch.
D’Leit aus der Landwirtschaft sinn als aller éischt Liewensmëttel Produzenten. Ech hu meng Jugend um Duerf verbruecht, mengem bäschte Kolleg seng Famill war an ass Bauer. Et war deemols esou an ass haut och nach ëmmer esou: si wëllen a sollten vun hirer initialer Aarbecht liewe kënnen.
Leider si sinn an engem jorzéngtelaangem opgebauten a gefördertem System gefaangen, deen hinnen et net einfach mécht. Si wëssen dat, well si kënne jo och rechnen.
Ee Bäitrag iwwer dee Sujet an Infogreen Juli 2021
Deemno ass et sënnvoll fir dass si aus dem System erauskommen, driwwer nozedenken PV a Landwirtschaft ze kombinéieren: dat suergt fir ee séchert Akommes an hëlleft eng aner Qualitéit an hir Aarbecht ze kréien, fort vun intensiver Landwirtschaft hin zu extensiver Landwirtschaft mat zousätzlech méi Biodiversitéit. Gutt fir ons all.
Aner Energiequellen: jo kloer an eng ass keng Alternativ.
An onsem Szenario ass d’Zil 10.000 GWStonnen EnR. 5000 GWh dovunn gëtt erreecht duerch Solaranlagen. De Rescht kënnt vun der Biomasse, deen eng Puffer a Reservoir Roll spillt a vun der Wandenergie, also 35 Eoliennen pro Joer. Woubei d’Gewichtung Sonn oder Wand net absolutt ass. Et soll een dat maachen wat am séiersten geet.
Ah jo! Neen, Atomkraaft ass keng Alternativ an och keng iwwergangstechnologie.
Et ännert nët vill un der Ofhängegkeet vum Putin. Si ass ze deier. Och schon einfach nëmmen fir d’AKW vun elo wieder ze bedreiwen, zB déi belge Bedreiwer wëllen dat net. Et ass net rentabel. Vum Präiss vu neien AKWën netz e schwetzen. Et produzéiert een fir 3 generatiounen Stroum an et huet ee fir 3000 Genaratiounen Folgekäschten, kleng gerechent. Net ze schwetzen vun den techneschen Problemer beim Betrieb, Stëchwuert Corrisioun vun de Killsystmer. An d’Problematik vun den Déchets nucléaires: nach ëmmer net geléist. Atomkraaftwierker sinn, dat hu mir jo och elo geléier, ee krichstakteschen Moyen.
Et gëtt een Ënnerscheed tëschend Energie verbrauchen an Energie verbëtzen.
Wann ech virdrunn gesot hunn, dass d’Zil 10.000 GWStonnen ass, dann hutt dir verstanen, dass et och dorëmms geet Energie ze spueren. Als liewegt Wiesen verbrauche mir souwisou Energie, soss wire mir jo matière morte. Energie heescht Bewegung, Fräiheet, Onofhängegkeet awer och Ofhängegkeet.
Velo geet an ass populär. Et muss just Gescheck gemaach ginn.
Och doriwwer hu mir ons Gedanke gemaach an an onsem Scenario e puer Pisten ernimmt. Eng Rei sinn an der Exekutioun, wéi d’Organisatioun vun enger anerer Mobilitéit mat esou vill douce Mobilitéit an öffentlechen Transport wéi méiglech, esou vill Auto wéi néideg. Awer och mam Potential vun Elektroautoën am Stockage a fir den Equilibre am Netz duerch d‘Lueden (flatten the curve).
Een aneren Punkt ass d‘Ëmstellung vun de Systemer. Dat geschidd zu engem groussen Deel innerhalb vum ETS. Dee System reguléiert sech jo anscheinend vum selwen. Déi uvisagéiert Nobesserunegn fir eng nach méi klimafrëndlech Selbstreguléierung sinn d’läscht Woch vun den üblechen konzern-finanzfrëndlechen, konservative Kreeser am Europaparlament blockéiert ginn. Ein Schelm wer dabei Böses denkt.
Virun allem awer och nach d’Mise à niveau vun de Gebeier am Bestand. Wéinst de Heizungen. Do doen sech Saachen. Stechwuert Klimabonus.
Et gëtt Technik fir d’Produktioun, fir d’Aspuerungen. Elo muss een dat zu engem System dee fonctionnéiert zesummesetzen. Et gëtt zum Beispill eng aner Manéier vu Gestioun vun de Réseauën well et jo méi Produzente gëtt.
Et gëtt och aner Formen vun Stroumversuergung.
Mir komme fort vun den Monopolen, Oligopolen vun de grousse Konzerner. Mir denken un d’Energiecommunautéiten. Et gëtt jo elo schon d’Energiekooperativen virun allem als Produzent, mee firwat net och fir de finanzement, als „Prêt“.
Interview am Journal vun RTL den 10 Juni mam Mariette Zenners iwwer 20 joer Eurosolar
Et wert se och ginn als Consommateur, deemno Lieferant vum selwer produzéierte Stroum, also als Energiegemeinschaften, an engem Lotissement, Duerf…. Mat natiirlech och Zougrëff op d’Stockageinfrastrukturen fir den Gestionnaire vum Réseau. Schlisslech ass d’Energieversuergung vu Mar eppes Gemeinschaftleches, Solidaresches. Zesummen.
Mir gesinn d’Energietransitioun als een Bäitrag zu der Demokratie.
Net just am Sënn vun der Onofhängechkeet vun Despoten. Et ass fir ons och ee participative Prozess, fir deen dee kann a wëll. Nët jidderee wëll, also vill sin zefridden wann de Stroum fléisst.
Participatioun bedeit complémentaire handelen. Mir sinn elo am Zäitalter vun der Complémentaritéit:. Et ass net méi wéi virdunn: dat Eent oder dat Anert, mee elo ass et: dat Eent an dat Anert, je nodeem wat besser passt.
Zu der Complémentaritéit gehéiert och Werter ze schafen
Dat gëllt och fir ee klengt Land. Wertschöpfung an der Form, dass mir onsen Bäitrag leeschten. Dat ass och eppes neies fir ons: selwer Wertschöpfung, deelweis wéinstens, a Plaz just, wéi üblech, nëmmen anzekafen.
Onsen Footprint ass pro Kapp ze fett, fir dass mir ons kënnen hannert onser schlanker Silouhette als Mikroland verstoppen.
Eurosolar als enabler
Dowéinst bidde mir vun Eurosolar och praktesch Hëllef un fir virun ze këmmen, als „enabler“, „facilitateur“ souzesoen, als éierlechen gratis Makler.
Iwwer archipv hunn mir vun Eurosolar scho geschwat. Et gëtt en zënter bal 2 Joer. Ee Guide wéi een Architektur an PV kombinéiert. Mir aktualiséieren dese Site regelméisseg. www.archipv.lu
Hoffentlech vill z’aktualiséieren gëtt et och op agriPV wann dat an d’Gäng kënnt. Et gi scho eng parti villverspriechend Modeller am Ausland. www.agripv.lu
Well mir d’Energietransitioun och gesinn als eppes Solidaresches, Participatives hëllefe mir den Energiekooperativen, deenen déi et scho ginn awer och deenen Leit déi eng grënne wëllen. Als eng Zort ëmgedréinte Prabeli fir opzefänken. Mir hunn an onsem comité vill Erfahrung an der Matière. Mir sinn dofir och elo zënter läschtem Mount als Vertrieder fir Lëtzbuerg aktive Member vun der Reescoop, dem europäesche Gremium vun de Energiekooeprativen. www.biergerpv.lu
Net ze vergiessen onse Podcast d’Sonn am Stecker. All 14 Deeg.
Dat gesot, de beschten Moment fir d’Energietransitioun, déi néideg Verännerung an ze leeden war virun 30 Joer.
Si mir no 30/20 Joer besser drunn wéi deemols? Jo!
Si mir do wou mir himissten? Nach net! An dowéinst ass dee nextbäschten, am Fong néidegen Moment ass elo. Et gëtt nach vill ze dinn. Mir hëllefe gär bis 2030 an och déi nach weider 20 Joer.
Fir NEOMAG, de Magazin vu NEOBUILD hat ech ee Gepréich mam Mélanie Trelat. Hei den Artikel, mee liest w.e.g. de ganze Magazin mat sénge villen relevanten Artikelen. Et ass absolut dowert.
Intégrer le photovoltaïque dans le projet dès le premier trait de plume
Le guide ArchiPV est un ouvrage disponible en ligne et régulièrement mis à jour, qui a pour vocation, à travers de nombreux exemples et illustrations, de promouvoir l’intégration des panneaux photovoltaïques à l’architecture au Luxembourg.
Le but du guide ArchiPV est d’instaurer le réflexe d’intégrer les panneaux photovoltaïques dans le projet dès le premier trait de plume. « Il ne faut pas considérer les panneaux solaires comme la cerise sur le gâteau lorsque l’on construit, si on a encore un peu de budget pour les installer. Les panneaux peuvent voire doivent être des éléments de construction à part entière, qu’il faut planifier dès lors que l’on établit le plan du bâtiment. Ils peuvent s’intégrer non seulement sur la toiture, mais aussi sur les façades ou en remplacement des tuiles. Des progrès importants ont été faits non seulement pour l’architecture, l’esthétique, mais aussi pour la vie quotidienne dans la maison. La production d’énergie est une étape, la suivante sera de passer à l’autoconsommation et il faut d’ores et déjà prévoir les raccordements, câblages et circuits internes pour pouvoir utiliser les bornes de chargement des véhicules, par exemple », souligne Paul Zens, président de l’association Eurosolar Lëtzebuerg.
Destiné aux architectes, aux ingénieurs, aux maîtres d’ouvrage et à toute personne qui s’intéresse au sujet, cet ouvrage vise également à orienter et guider les différents acteurs dans leurs options et choix, ainsi qu’à sensibiliser les décideurs politiques à imposer comme option première les technologies basées sur les sources d’énergie renouvelables et notamment le photovoltaïque, dans les règlements des bâtisses et PAP. « Le maître d’ouvrage construit d’abord en fonction de ses besoins. Il construit toutefois aussi dans un environnement, un contexte sociétal, dans le temps et l’espace, ce que lui donne une responsabilité supplémentaire. Il a parfois besoin d’être guidé. Nous restons en général dans ce que nous connaissons et pour ce qui est nouveau, nous avons besoin d’être rassurés. C’est le rôle de l’architecte et de l’ingénieur d’étudier toutes les alternatives possibles et de ne pas se limiter aux coûts liés à la construction, mais de prendre en compte les économies potentiellement réalisables sur la durée de vie du bâtiment. La flambée actuelle du prix des énergies fossiles alourdit la facture de nombreux ménages. Avec les énergies renouvelables, nous ne sommes pas confrontés à ce problème », indique-t-il.
Publié en novembre 2020, le document est disponible gratuitement en ligne, sur le site http://www.archipv.lu, où l’on peut feuilleter les pages, s’inspirer, trouver des conseils et des liens vers d’autres sites permettant de s’informer plus en détail. Il est régulièrement actualisé pour suivre l’évolution et les progrès techniques dans le domaine de l’énergie photovoltaïque. « La prochaine mise à jour concernera la réduction de la consommation en énergie fossile, non seulement via la production d’énergie verte, mais aussi via l’utilisation de matériaux dont la fabrication consomme peu d’énergie grise. Le guide proposera des solutions de remplacement au béton dont la production nécessite des températures très élevées, donc beaucoup d’énergie. Il mettra en avant des alternatives comme le chanvre ou la paille qui seront illustrées au fur et à mesure par des exemples, pour donner le bon exemple. Je pense, par exemple, à un projet très intéressant qui est en cours de construction à Schwebach et qui vise une indépendance énergétique de 80 % », explique-t-il. « Le guide sera également actualisé lorsque la loi sur le prêt climatique sera votée. Elle vise à faciliter les démarches, les modalités. Nous visons toutefois le volet budget de manière plus globale incluant les offres des banques en matière de mise à niveau énergétiques etc. Comme l’a dit le ministre Claude Turmes lors de la remise des prix Eurosolar en octobre dernier, 60 à 70 % des constructions non résidentielles ne sont pas compatibles avec la pose de panneaux photovoltaïques, parce que les portées ont été calculées au plus juste. Or, environ 240 km2, soit 1/10 de la superficie du pays, est construit, si on exclut la direction nord, il reste 180 km2 qui seraient exploitables, et si on enlève encore une trentaine de km2 de bâtiments protégés, nous avons toujours quelque 150 km2 où on pourrait installer du photovoltaïque, de quoi produire 25 000 GWh d’électricité chaque année, soit la moitié de l’énergie consommée actuellement », ajoute-t-il.
ArchiPV est le fruit d’un travail d’équipe qui reflète la nécessité d’agir ensemble pour exploiter le potentiel d’énergie solaire dans la construction et pour relever un défi énorme, qui est d’envisager la vie sans énergies fossiles. Il a été réalisé par l’asbl Eurosolar Lëtzebuerg, en étroite collaboration avec l’OAI, la Chambre des Métiers, myenergy, la Fédération des Artisans, Greenpeace, le service des Sites et Monuments nationaux et l’administration des Bâtiments publics.
Mélanie Trélat
Le photovoltaïque, de multiples opportunités et applications
les panneaux solaires sont faciles à installer et à entretenir,
les installations sont modulables selon les besoins,
l’investissement dans des installations photovoltaïques de petites dimensions (par exemple pour une maison unifamiliale) est soutenu par des subsides,
les surfaces occupées par des panneaux photovoltaïques sur les constructions sont déjà imperméabilisées,
la production et l’utilisation de l’énergie solaire sont rapprochées (par exemple dans le cas de la mobilité électrique),
le soleil est disponible partout ce qui permet de s’adapter à la demande locale et de réduire les pertes en ligne,
la dépendance des fournisseurs d’autres sources d’énergie est réduite et la liberté individuelle et politique est donc augmentée,
le consommateur passif devient un participant actif de la transition énergétique.
Meng Ried bei der Generalversammelung vun déi gréng Stad Lëtzebuerg, de 27. Februar 2022.
Léif Alleguer
Et ass formidabel zu wivill, dass dir haut heihi komm sidd. Dat hat ech net erwaard.
Als éischt wëll ech all deene Merci soen, déi et méiglech gemaach hunn, iech motivéiert hunn, virwëtzeg genug gemaach hunn, fir dass dir iech op dësem sonnegen Sonndeg Moien heihinner déplacéiert hutt. Merci dem Mike, Sébastien, Eduarda, an de Facilitateurs Jill, Michelle an Dirk.
Dir sidd hei, well dir erkannt hutt, am wäite Virfeld vun de nexten Gemengewalen, dass eng Gemeng am Fong vill Hiewelen huet, fir ganz vill ze maachen fir de Klima, fir d‘Natur, fir d’Zesummeliewen also am Sënn vun grénge basics.
Et ass Haut schon e puer Mol gesot ginn : mir wëllen nees déi Hiewelen kënnen bedengen fir eng besser, eng méi gréng Stad.
Virdrunn, wéi mir nach an der Stad an der Majoritéit waren bis 2017, krute mir méi wéi eng Kéier d’Remarque gemaach, mir genge net genug hei, net genug do. Mir gengen ons Idealer an Ziler vergiessen. Zevill Kompromësser maachen…..
Elo mierkt awer jiddereen hei an der Stad, dass wann déi gréng net méi mat décidéieren, dass et dann net méi wäit hir ass mat grénge Basics bei de Leit vun der Majoritéit. Aner Hiewele gi bedengt: e puer Strécher mat waasserléislecher Faarw fir éphémère, popup Velospisten. Oder Alibi Biergerbedeelegungsaktioun Taxonomiestuf 1, um Beispill vun den Aménagementer vun der avenue Pasteur. An och do ass zousätzlech traureg: deen eenzege Choix deen d’Majoritéit bidd, ass Beem oder Velo. Awer nëmmen dem Auto näischt ewäch huelen.
Kuerz a gutt : mir hunn och elo matkritt, dass eng Gemeng och vill Hiewelen zu Ongonschten zB vun der Natur aktivéiere kann.
Virdrunn hunn ech gesot, dass een als Gemeng genug Hiewelen huet fir gutt ze maachen. Mee wann ee « maache » seet, dann heescht dat mat de Leit zesummen eppes maachen. Dowéinst ass deen eenzgen Discours deen an enger Demokratie fonctionnéiert, de participativen Discours.
Zousätzlech: an der Politik geet et dat ze maachen wat méiglech ass. Wat méiglech ass, hänkt vun 2 Komponeten of:
1. dat wat ee selwer wëll an
2. dat wat d’Leit bereed si matzemaachen.
D’Ëmsetzung verlaangt, dann eng Dosis Pragmatismus awer och, fir ze wëssen wourop et ukënnt, wat ee wëll, also Idealismus an Dreem.
Dofir ass eben den Hiewel vum participative Wee. Eng dirket Uwendung am Sënn vu « to walk the talk » ass dat elo haut op desem Sonndeg Moien. Merci.
Déi läscht Wochen war a Saache Kultur nawell vill lass hei am Land : de Salon du CAL (Cercle Artistique de Luxembourg), dee säin 125. Gebuertsdag feiert, d’Luxembourg Art Week, d’Ausstellung “Viv(r)e la matière » vis-à-vis vum Rousegärtchen, d’Walfer Bicherdeeg mam Lëtzebuerger Buchpräis, d’Zeremonie vum Lëtzebuerger Filmpräis, a besonnesch, zënter Enn September a bis Enn Januar 2022, am Casino « Stronger than memory and weaker than dewdrops ». Ufank Dezember war an de Rotondes d’Fotoausstellung « Les conséquences » iwwer Féménicide a nach ëmmer am Citymuseum « Gleef dat net… !» bis Mëtt Januar 2022. Bis Ufank Januar gesäit een am Kader vun “La vie ..more or less Part 1 » Fotoën vun an iwwer de George Edward Nixon op der Stroossbuerger Plaz an der Stad.
Elo kënnt Esch2022, iwwer dat d’Elke Buhr, Chefrédactrice vu « Monopol, Magazin für Kunst und Leben am Extraheft vum Dezember 2021 geschriwwen huet « Im Zentrum steht die Zusammenarbei : zwischen Kulturen, zwischen Regionen, zwischen Bevölkerungsgruppen und Generationen. »
“ Art is the signature of civilizations ”
Tëschend dësen Ausstellungen an dem Beuys sénger Ausso, dass Jiddereen ee Künstler ass, läit ee Wee a mir vun déi gréng Stad Lëtzebuerg haten ons den 21. September 2021 bei enger Table ronde am Sang a Klang am Pafendall mat dësem Wee, zumindest een Deel dovunner, beschäftegt. De Robert Garcia (Roga) huet mam Antonia Ganeto (Finkapé), Claire Wagner (ASPRO), Paul Thiltges (Produzent) an Ainhoa Achutegui (Directrice Abtei Neimënster) diskutéiert. Och d’Sam Tanson, Kulurministesch an d’Claudie Reyland, Gemengeconseillère an der Stad hunn hir Iwwerleeungen présentéiert.
Hei meng Intro vum Owend
Léif Alleguerten, bonjour toutes et tous, chez Konscht pour toutes et tous.
Pour les personnes préférant suivre le débat en français, des écouteurs sont à votre disposition. La traduction est assurée par les spécialistes du service « traduction orale directe » de l’Asti. Merci beaucoup.
A fir géint den Duuscht ass och gesuergt. Ech hat am Ufank geduecht, dass Konscht wéi Sport, eppes emotionales ass, dass eventuel kéinten am Laf vun der Diskussioun Fläschen a Glieser geflu kommen. Mee ech gesinn, dass et anescht schéngt ze goen. Dofir dir kënnt iech elo och schon eppes huelen fir ze drenken.
Dat gesot, ech hunn Haut gesinn, also Haut hunn zwee Graffitti Künstler, de Raphaël Gindt an den Daniel Mc Lloyd, um ale Kierchbierg, um Busarrêt Paul Noesen, ee Graffiti gemoolt an zwar ee grouse Fëschreiher, op eng Wand vun engem Haus, een aalt Bauerenhaus, dat geschwënn ofgerappt gëtt.
De Paul Noesen war ee Schrëftsteller vum Enn 19., Ufank 20. Jorhonnert. Déi zwee Graffitti Kënschtler agéieren elo. Si hunn de Reiher gemoolt wéinst dem Paul Noesen senger Kuerzgeschicht “Reiherjagd”. Do mierkt een wéi sech alles mateneen verbanne kann, also dat Haus, dat gëtt elo geschwënn eng Kéier ofgerappt, dann ass déi Wand fort, dat Haus geet op Architektur, Architekturkonscht zréck. De Graffitti ass elo.
Dat wat ech soen well: et deet ons all gutt, wa mir ons mat Konscht beschäftegen, well op der enger Säi, wéi se an “les intouchables” soen, dass Konscht déi eenzeg Trace ass déi mir bei onsem Passage op der Erd hannerloossen, op der aner Säit ass et allerdings och esou, dass Kënschtler*innen zum daxten ee ganz rengt Gespiir, ee feinen Sensorum hunn, fir dat wat sech an enger Gesellschaft ofspillt. Dëse Spigel, dee mir virgehale kréien, ass gutt fir ons Alleguer, fir deen Eenzelnen, fir Jiddereen, soll dann och déi entspriechend Plaz hunn.
Wat den Owend ubelaangt: vill Leit, net nëmmen déi Stater gréng, stelle sech d’Fro op d’Kulturpolitik vun an an der Stad Lëtzebuerg, den Usprëch vun enger zäitgeméisser Kulturpolitik an och enger Kulturentwéckelungsstrategie gerecht gëtt.
Ier een awer elo deen éischte Stee pucht, vläicht och als Oppositiounspartei, soll ee sech awer och agestoen, dass keen, och keng Partei, den Usproch erhiewe kann, déi ultimativ Äntwert, Äntwerten, ze hunn.
An deem Sënn, ass och net ze fréi, fir elo schon, am Virfeld vun de nexten Walen, dat zwar nach iergendwéei an engen fernen Avenir ze si schéngt, mee awer scho ganz no a si kommen, méi séier wéi mir mengen, Froen eben iwwer eng zäitgeméiss Kulturpolitik op ze werfen.
Well iergendeng Kéier 2023 bis de Walprogramm warden an op Twitter as soss soziale Medien dann an e puer Zeilen dat dann ze résuméieren, gëtt der Konscht net gerecht.
Duerfir werten mir ons vläicht, hoffentlech, no der animéierter Diskussioun zur Konklusioun kommen, dass dës Gespréichsronn just een éischten Tur ass. Um Enn vun dësem owend wärte mir ons eens sinn, dass mir bis 2023 nach déi eng oder aner Kéier musse noleeën. Och mat engem kontradiktoreschen Débat, och mat verschiddene Parteien an soss interesséierten Persounen.
Genug vu mir, ech ginn d’Wuert elo weider un d’Claudie Reyland, Claudie an ech maachen d’Presentatioun den Owend als Co-President*in vun der Lokalsectioun. Merci
Diskussioun (no der Intro) hei.Deen éischten dee schwetzt, ass de Robert Garcia “Roga”. Leet Iech zréck mat engem Patt a genéissst déi 2H16 Diskussioun.
De Saz “art is the signature of civilizations” gëtt je no Source, dem Jean Sibelius, finnesche Komponist (1865-1957) aoder der Beverly Sills, US amerikanesch Soprano an Opernsängerin (1929-2007) zougeschriwwen.
De 5. November hunn d’Linda Gaasch, de François Benoy an ech fir déi gréng Stad Lëtzebuerg konkret Proposen virgestallt fir eng klimaneutral Stad Lëtzebuerg. Hei meng Présentatioun:
Wa mir vun enger klimaneutraler Stad schwetzen, dann inkludéiert dat eng ganz Parti Elementer: de François Benoy huet elo vun engem aneren Urbanismus geschwat an och enger anerer Mobilitéit. Des aner Mobilitéit huet e.A. mat der Reduktioun vun onsem Appetit un Energie ze dinn. D’Linda Gaasch schwetzt duerno iwwer den intelligenten Verbrauch vu Ressourcen, also och der Reduktioun vum Appetit un Energie an och wéi mir zesummen bei eng klimaneutral Stad kommen.
Esou eng klimaneutral Stad huet och oder villeicht ganz vill, mat dem Gebrauch vun aneren Energien wéi déi vun bis elo, ze dinn. Et geet jo em net méi oder manner, wéi déi gesamt al Energien, duerch erneierbar Energien ze ersetzen.
Dat heescht: et muss ee genug „produzéieren“. Also Energie aus erneierbaren Quellen opbereeden, fir dass se fir ons notzbar ass.
Ech erënneren un Leitsaz dee mer aus de Chimie a Physik kennen: « rien ne se crée, rien ne se perd, tout se transforme » (Bsp : fir 7. Liter Bensin op ze bereeden fir 100 km furen ze kënnen, sinn 11 KWH Stroum néideg, genug fir 65-85 km mat E-Auto ze furen). Et geet also em Transformatioun, mat der Nuance, dass déi final Transformatioun, déi mir Verbrauch nennen, bei den erneierbaren Energien, keng Zäregasen, keen CO2, produzéiert. De Challenge ass, dës Transformatioun esou geschmeideg wéi méiglech, dat heescht mat esou mann wéi méiglech Verloschter, hin ze kréien. Beim Solarstroum sinn des Verloschter relativ kleng.
Deemno fir d’Productioun sprech Transformatiouin, a grousse Quantitéiten, do eegent sech d’Photovoltaik am beschten. D’PV buet zudeem eng grouss Akzeptanz, well si ass moduléierbar en Fonctioun vum Besoin an relativ easy to treat. Anescht zwar wéi déi gewinnten Manéier, mee awer net komplizéiert. Si ass upassbar.
Och hei an der Stad mat hiren 20.000 Gebeier. Dovun, sinn der Ronn 800 d’Propriétéit vun der Gemeng. Dat ass eng grouss Zuel. Par contre a leider ass d’Zuel vun PV Anlagen op dëse Gebeier vun der VdL nawell kleng. Grad emol 2 % vum Potential gëtt profitéiert. Zirka 220 KWp Anlagen goufen bis elo installéiert.
Mir hunn ausgrechent dass awer ronn 10.000 KWp méiglech wiren.
Am Prinzip 800 – 1000 KWH pro KWp -> elektresche Stroum 9.000.000 KWStonnen (9.000 MWh) also fir ronn 2500 Haushalter oder 9.000 – 10.000 Leit. Oder genug fir de Fonctionnement vun alle Kläranlagen an der Stad oder dee vun de Pompelstatiounen, Sprangburen, Réservoiren, plus Eclairage public a soss Beliichtungen vun 2019 zum Beispill.
Et kënnt op all KiloWattStonn un. Et ass eng Aufgab vun ons all: vum big player, der Industrie bis deen eenzelnen. Wa méiglech mat enger Gemeng als Virbild, Virreider.
Well et op jiddereen, op all Daach ukënnt, hu mir och gerechent wat soss d’Potential ass vun all den Diecher an der Stad. Kleng gerechent, mam Solarkadatser op geoportail, komme mir do op 7.500 Heiser vun den 20.000 Heiser déi sech eegenen géngen. Dat ass net iwwerdriwwen..
D‘Ausriichtung vun den Heiser ass ee Facteur awer manner wéi un den Ufäng vun der PV, deemols als virun allem de Süden uviséiert ginn. Entretemps ass d’Technik, notamment d’Sensibilitéit vun PV Panneau esou gutt, dass een och mat Ost-West ausgeriichtenen Anlagen gutt Stroum ka produzéiert ginn. An der Moyenne kann een do 8 KWPeak Anlagen opriichten.
D’Rechnung ass einfach: 7500 x 8 : Also genug fir -> 60.000 KWp, deemno 60.000.000.000 KWh also fir bal 60.000 Persounen. Deemno kënne ir an der Stad also eleng mat PV d’Halschend vum Elektresch Verbrauch vun de Bierger couvréieren.
Dofir fannen mir, dass bei déi staatlech Ënnerstëtzung fir eng PV Anlag, d’VdL och nach nach zousätzlech ee Ureiz schafe soll notamment bei den Installatiounskäschten.
Dat selwecht, also nach een zousätzlechen Ureiz, stelle mir ons och fir d’Installatioun vun emissiounsfräien Heizsystemer vir. Stéchwuert. Wärmepompel.
An da si mir beim zweeten Aspekt fir eng klimaneutral Stad: d’Systemer, déi bis elo mat den alen, net méi zäitgenässen Energien fonctionnéieren, op der nei, klimafrëndlech ëmstellen. D’Heizung ass esou ee System. An dat ass en domaine mat engem richtegen, gewaltege Impakt, well d’énergie thermique dat sinn 75 % vum CO2 an der Stad – wann een den Stroum net mat aberechent. Mam Stroum ass den Undeel um CO2 vun der énergie thermique 56 %. De Stroum ass nach net décarboniséiert, mee huet awer een héicht Potential fir Décabornisatioun. Bei de fossilen Energieträger, déi fir ze hëtze benotzt ginn, geschidd dat mat 1/3 mat Mazout, 2/3 si Gas. Dat ass ee gutt Beispill fir eng noutwendeg, zäitno Ëmstellung, fort vun de fossilen.
Et fàllt engem och op, dass wieder de Gazrésau ausgebaut gëtt. Et gi wieder derer Leitungen geluecht Dat ass zwar wéi et ëmmer gemaach ginn ass, wéi fréier, mee net zukunftsorientéiert. Besser wier ee Wärmerésau, alimentéiert a gehëtzt aus marginal, der Iwwerproduktioun vu Solarstroum (während peak Stonnen). Op déi Manéier mécht een och eppes fir „flatten the curve“. Mir hu geléiert, dass dat wichteg ass. Méi ee grousst Potential dofir hunn awer Biogas an Holzpellets. Eng aner Alternativ ass fir vum Gazréseau fort ze kommen, wéi ech virdru schon ernimmt hat, Primme fir Wärmepompelen.
Et geet wéi gesot, dorëms de Fonctionnement vun de verschiddensten Systemer op klimafrëndlech ëmzestellen. Dat gëllt och fir de Fuhrpark vun der Stad Lëtzebuerg. 2 Prozent sinn elektresch. Och do ass ee groust Potential. Et soll ee sech näischt virmaachen: och des Ëmstellung muss kommen. Mee et kann een awer nach wieder Zäit verléieren. An de nexten Joeren stellt sech och d’Camionsproduktioun weltwäit ëm, vu Verbrennermotoren op elektresch. Am Bussecteur kenne mir dat jo schon. Technik ass do, d’Suen sinn et och. Et feelt vläicht den Interessi et ze maachen beim Fuhrpark.
Bon, elo kann ee jo der Meenung sinn, dass een als Gemeng net selwer soll PV Anlagen installéieren. Da fanne mir et soll een déi disponible Flächen, mir hun d’Rechnung virdru gemaach, deene Leit zur Verfügung stellen, déi keen eegene Daach hunn, zum Beispill als Locataire oder an engem Appartementshaus oder an enger Copropriétéit, fir awer aktiv un der Energietransitioun mat ze schaffen, een Deel dovun ze sinn. Ech schwetzen vun de Biergerkooperativen. De participative Volet. D‘Linda Gaasch schwetz herno iwwer déi Idee. D’Leit inkludéieren, mat abannen.
Ee vun der Energietransitioun, och hei an der Stad, ech hat e virdunn ernimmt, ass jo den Appetit un Energie erof ze setzen. Dozou gehéiert eng Auswertung iwwer d’Energiewerter vu Gebeier. Den Energiepass. Den Energiepass bei de Gebeier vun der VdL ass eng laang Geschicht Déi éischt goufen 2010 ausgestallt, zënter 2018 stagnéiert et a just d’Halschend vun de ronn 800 Gebeier hunn een. Déi éischt, déi ausgestallt goufen, riskéieren of ze lafen. Och eng Fro un de Schäfferot vum Carlo Back am Dezember 2019 huet keng concluant Äntwert bruecht. Net verstoen kann ech, firwat, dass net un deenen Gebeier wou d’Werter bekannt sinn, geschafft gëtt i.e. ne tun der sobriété énergétique vun deene Gebeier verbessert gëtt.
Dat gesot: fir ons ass et wichteg fir eng klimaneutral Stad ze ginn:
– Photovoltaik ze fördern, also d’Produktioun vun erneierbaren Energien.
– Gescheck ze maachen bei der Ännerungen vun de Systemer hin zu den erneierbaren Energien.
– manner Energie verbrauchen also d‘Ressourcen schounen, manner verbrauchen.
Hei meng Introductiounsried bei der Zeremonie vum Solarpräis de 26.10.2021.
Léif Alleguerten
Am Numm vun Eurosolar Lëtzebuerg begréissen ech Iech all ganz härzlech an ären respektiven respektabelen Fonktiounen hei bei der 11. Zeremonie vum Solarpräis.
Dë Solarpräis gëtt zënter 2003 an diversen Intervallen iwwerreecht. Am Ufank war et all Joër. Tëschend deem läschten, 2019 an deem zweetläschten 2012, waren et 7 Joër. Mir hunn ons virgeholl fir ën all zwee Joer auszeschreiwen.
Iwwerhat ee Solarpräis weider proposéieren. Ass dat nach ubruecht, elo wou déi erneierbar Energien an der Moud sinn?
Jo, well d’Potential vun der Photovoltaik ass nach laang net ausgereizt. Ausserdeem ass Solarstroum dee bëllegsten Stroum, wéi d’Zuelen vun der I.E.A. beleeën.
Et ass drénglech
Elo net all Joër ee Solarpräis, dat huet mat der méi klenger masse critique hei ze dinn. Zwee Joer sinn awer ubruecht, well elo muss Gescheck gemaach ginn. Dat wees ee spéitestens zënter den 3949 Säiten IPCC Report vum August dëst Joër. Woubei, wéi de Robert Habeck sech ausgedreckt huet: et ass kee Kenntnisproblem, mee een Handlungsproblem.
Grafik aus dem Vitrag vun der Prof Dr Susanne Siebentritt, Vicepresidentin Eurosolar Lëtzebuerg
Mir vun Eurosolar schaffe scho laang dofir, dass endlech an iwwerhat a méi séier gehandelt gëtt. Als Erënnerung, Eurosolar Lëtzebuerg ass entstanen aus der Initiative eraus vun enger qualifizéierter Band early adopters déi Ufank den 90er schon: éischtens, gesinn hu kommen, dass d’Klima ee Problem kritt an zweetens, dass d’Photovoltaik net nëmmen eng grouss Hëllef, mee am Fong een essentiellen Deel vun der Léisung ass.
Mir mussen elo handelen.: um Niveau vun der Produktioun, der Distributioun, dem Stockage. Ausserdeem mussen d’Systemer, déi bis elo mat den alen Energien fonctionnéiert hunn, ëmgestallt ginn, fir mat den erneierbaren Energien ze fonctionnéieren.
Sobriétéit
Verlaangt, absolut noutwendeg ass awer och onsen Appetit un Energie ze reduzéieren, Stéchwuert sobriété énergétique. Dat ginn, sinn Diskussiounen. Leider kann een aus de Reiwungen an deenen Diskussiounen keng Energie gewannen. Dobäi kënnt et op all erneierbar Energie un, well et geet jo dorëmms déi al, désuet Energien komplett duerch erneierbar z’ersetzen. Esou séier wéi méiglech.
Grafik aus dem vitrag vum Prof Dr Phillip Dale
Mir vun Eurosolar sinn zënter dem läschte Jorhonnert ongedëlleg gedëlleg. Herno schwetzen ons Vizepresidentin Prof. Dr. Susanne Siebentritt, de Prof. Dr. Phillip Dale an den Dr Max Hilaire Wolter, deen och bei Eurosolar am Comité ass, iwwer ons gedëlleg Ongedold. Mir hëllefe gär.
Natiirlech si mir vun Eurosolar awer och frou, dass an de läschte Joeren a Méint vun den zoustännegen Ministeren eng ganz Part Saachen an d’Weeër geleet gi sinn, fir dem handlungsdefizit op ze hëllefen.
Technesch Disruptioun
Dass do nët op den Dibbelchen festgeluecht ka ginn, léisst sech duerchaus rationnell explizéieren, schlisslech ass all technesch Entweckelung net linear, mee stoussweis kontinuéierlech voire disruptiv. Dat gëllt och fir gréng Technologien, een Domaine an deem Lëtzebuerg sech positionnéieren sollt. Ausserdeem ass d’Energietransitioun eppes bei deem vill Elementer zesumme fonctionnéieren mussen, vill Riedercher anënee gräife mussen. En cours de route mierkt een dann, wou ee Riedchen feelt, wou ajustéiert muss ginn.
Breedgefächert Kandidaturen
Dass sech duerchaus Saachen dinn, dass gehandelt gëtt, dat gesäit een bei onsem, effektiv net représentativen Echantillon vun de Kandidaturen fir de Solarpräis dëst Joer. Et gëtt geliwwert : suwuel wat d’Material ugeet fir iwwerhat kënnen ze produzéieren, wéi och wat d’Produktioun selwer ubelaangt, als och d’Flächen déi beluecht ginn fir PV Stroum ze produzéieren.
Och un eng sënnvoll Planung vum Verbrauch, vu der gestioun vum Réseau zum Beispill an der Mobilitéit, een Domaine deen ee gewichtege Facteur an onser Gesamtenergiebilanz ass.
Et kënnt och méi a méi zum ganzheetleche Plangen. Vun Ufank un déi Erneierbar matdenken. Ech ërënneren un ons Publicatioun archipv.lu, déi weisst, wéi een Archtiktur, Ingenieurskonscht a Photovoltaik vum éischte Fiederstrëch un matplangen soll a kann.
Bei de Kandidature ass dann och den participative Volet dobäi an der Hiirstellung awer och an der Verdeelung: een aktiven Deel vu der Energietransitioun sinn. An dann och, didaktesch, firwat déi ganz Energietransitioun richteg, wichteg, néideg an dringlech ass.
Dat ass souzesoen d’Zougänglechkeet vun den 3.949. Säiten vum IPCC Report. Dir hutt se och all gelies, ech brauch do elo net méi drop an ze goen. Esou Informatiounen mussen zougänglech sinn, well wann ee versteet wat ee maachen soll, fällt et engem méi liicht et ze maachen. Dowéinst, eng Klammer, gëtt et jo och den Eurosolar Podcast “d’Sonn am Stecker”. Eng vun onse Missiounen ass och Multiplicateur sinn, erklären, verbreeden, informéieren.
Ee Critère vum Jury ass den innovative Charakter. Wat ass richteg eppes Neies? Wat ass et en différé? Am Sënn vu wat ass op aner Plazen Standard, iwwerdeems et hei esou lues entdeckt gët. A nach gezeckt gëtt beim Implémentéieren. Esou kënnt ee net virun.
Grafik aus dem Virtrag vum Dr Max Hilaire Wolter, Member c.a. vun Eurosolar Lëtzebuerg
Ee Räiskär, vill Räiskären
Als Prétexte gëtt gesot: mir si jo just ee Räiskär.
E puer Remarken: e puer Räiskären, vill Räiskären ginn eng Tut, ee Sak. Och hei gëllen d’Regelen vun der Arithmetik, der Additioun. Well all Eenzelnen gëtt gebraucht. Vläicht kann een awer de Räiskär sinn, deen de Räissak ëmfalen deet vun deem dann de Päiperleck fortlitt an ee Wandstouss an ee Stuerm ausléist. Ee Stuerm vun Innovatioun, Dynamik an Handlung a gréngen Technologien.
Dat zweet : et hänkt vum Standpunkt of: mir sinn nämlech, deemno wéi een et kuckt éischter eng Calebasse. Ech denken un de nationalen overshoot day, onsen ekologesche footprint. Fir mech ass deem seng Dimensioun pro Kapp eng moralesch Verpflichtung pro Kapp fir ze handelen.
Net just fir Eurososlar, mee fir ons all ass d’Energietransitioun eng Erausfuederung, een défi technique. A Mengen Aën ass se och een défi de souverainté, fir Lëtzebuerg, fir Europa, fir ons all.
Merci
Dat gesot, nach e puer Merciën :
All Deenen déi hir Kandidatur eragereecht hunn. Dir weisst wat méiglech ass.
Merci dem Jury, also de Kollegen aus dem Comité, kompetent verstärkt duerch d’Semiray Ahemedova, Députéiert an Architektin, dem Gilbert Theato, Direkter vun Eurosolar an dem Marc Thein, President vun der Fédération du Génie Technique.
Merci der Chambre des Métiers, dem Gilles Reding a sénger Equipe, fir den Accueil a Wëllkomm hei am Haus.
Merci onse Partner vum Solarpräis, dem O.A.I., der Chambre des Métiers, der Fédération des Artisans, der F.G.T. a myenergy.
Ee besonnesche Merci, elo vläicht Manner fir den Owend, mee fir säi Wierken insgesamt, dem Grënnungpresident a laangjähregen President an Eierepresident vun Eurosolar, dem Henri Kox.
Dat war et vu mir. Eng Ried soll jo net éiweg daueren, mee éiweg verhale ginn. Merci.