Kategorien
Uncategorized

A wat wir wann….

… d’Leit beim Referendum just op déi dräi Froen geäntwert hätten.

D’Resultat ass dann och kloer an däitlech. Déi dräi Propositiounen fir d’Changementer vun der Verfassung si net ugeholl ginn. D’Resultat war net dat wat ech mir erhofft hat, mee de Souverain huet eng däitlech Sprooch geschwat. An an enger Demokratie exécutéiert d’Regierung dat wat d’Vollek wëll. Genee dofir hat d’Regierung sech vun Ufank un engagéiert, egal wat beim Referendum géng eraus kommen.

Déi gréisst Oppositiounspartei hat dat net. Am Géigendeel, si huet sech all d‘Diren opgeloss an dax genug gesot, dass hir Meenung en fonction hirer Interpretatioun vum Resultat wir. Sech net festleeën ass eben d’Politikgrondlag vun dëser Partei. Dat war och schon zu hiren Regierungszäiten esou. Emmerhin dorann ass si sech konsequent.

Dass si elo mat dëser Oftsëmmung een désaveu vun der Regierung hirer Aarbecht insgesamt siche geet, war och z’erwaarden well si jo nach e puer Deeg virum Referendum de Géigendeel gesot hat. Dobäi kann vu engem Désaveu jo keng riets sinn, schlisslech hun d’Leit jo och kloer gesot, dass si wënschen, dass een méi wéi zwou Mandatsperioden kann an der Regierung bleiwen. Dat gëllt jo dann wuel och, oder virun allem, a konsequenterweis, fir déi aktuel Regierung wann schon esou hic et nunc Interpretatiounen gemaach ginn wéi momentan.

De Referendum weist kloer, dass d’Leit eng Meenung hun a se och soen wann si se gefrot ginn. Deen een ass dofir, deen aner dogéint. Dat ass Demokratie. Elo gëtt d’Leit em hir Meenung froen ee Bestanddeel vun der Politik. Dat ass nei, mee d’Richtung a Saachen Participatioun stëmmt. Awer et ass ee évolutiven Prozess mat learning by doing. Jiddereen muss sech ëmstellen an upassen. Et muss een sech engagéieren. Iwwerdeems déi déi bis elo gewinnt waren ze schalten a walten, kréien een weideren, gewiichtegen Interlocuteur.

De Virdeel ass, dass Participatioun, hei via Referendum, zu konkreten Resultater féiert, an dësem Fall gëtt d’Verfassung net esou changéiert wéi proposéiert. An deem Sënn ass esou ee Referendum jo och net elitär. Ganz am Géigendeel. Elitär ass ze mengen et wéisst een et besser an et net néideg fënnt ze referendéieren. Dowéinst war dat bis elo ee seelenen Exercice hei am Land an dowéinst feelt och d’Gewunnecht am Emgang domat. Och dono. Et ass ganz kuerz geraff ze suggéréieren, dass d’Regierung, déi de Referendum initiéiert huet, zreck trieden sollt. Dat heescht am Umkehrschluss, dass deen deen dat verlaangt, keng Participatioun wëll.

Ah jo! Bei allem sech an d’Broscht geheien: et bleiwt nach Äntwerten op déi dräi Froen ze fannen.

Kategorien
Uncategorized

Net evident op eng Rei ze kréien

Meng Ried als Kandidat fir an de C.E.X. bei Kongress vun déi gréng 21.3.2015

2015_Kongress Foto Mosaik  Léif Kolleginnen an Kollegen,

De Moien si schon vill bekannt Auteuren zitéiert ginn. Dat trëfft sech gutt, well déi allermeescht vun iech heibannen kennen mech als Auteur vum Bestseller « 16. Ersatz » iwwer de Walkampf an der Stad 2011.

Entspriechend wësst dir, dass ech zënter 1995 bei déi gréng sinn. Do hun ech schon eng ganz Parti Saachen erliewt. Ech sinn an der 3. An 2. Rei aktiv. Manner als Lautsprecher, mee als fleissiges Lieschen, zum Beispill an verschiddenen Aarbechtsgruppen.

Als Sekretär vun der Stater Lokalsectioun brengen ech dann, grad wéi de François Benoy, d’Claudie Reyland, d’Martine Bretz, och ee Stéckelchen Erfahrung mat beim pittoresken Spagat tëschend ideellen Werter an dem Realismus vum politeschen Alldag.

Dat erliewen mir jo och am Moment. Dëst geléngt mat faktuellen Explicatiounen an am Dialog, nobaussen a nobannen.

Doriwwer huet schon een aneren bekannten Auteur, de Jürgen Habermas, 2010 geschriwwen an das Konzept der Menschenwürde und die realistische Utopie der Menschenrechte, nämlech iwwer d’Schwieregkeeten déi et ginn beim Zesummenféieren vun de moraleschen Bezéihungen an de Rechtsbezéihungen tëschend Persounen eben an enger demokratescher Gesellschaft.

Dat huet polemeschen Charakter an et kënnt zu provokativer Spannung, an der Gesellschaft. Wann eng Partei dat wees, da mir !

Fir das mir dat hikréien, dofir engagéieren ech mech am. Sou ze soen : vum Dissenz, zum Consenz, am CEX, mam Paul Zens.

Et ass vill ze dinn, ech soen iech Merci.

(Foto: déi gréng)