Kategorien
Uncategorized

Ee Puzzlestéck fir eng aner Mobilitéit

Dëser Deeg ass den Eecherbierg an der Stad e bëssen gespaart fir d’Breck z’installéieren, déi de Lift vum Paffendall an d’Uewerstad (an zréck), mam Festland verbënnt. De François Bausch ass frou doriwwer an kommentéiert dat op fb « Laang dofir gekämpft. Elo gëtt de Projet Réalitéit, ee weideren wichtegen Puzzelstéck fir eng aner, besser Mobilitéit »

E puer Wochen  virdrunn, den 2. Juli, huet hien, op Invitatioun vun der Stater Lokalsectioun vun déi gréng, am Sang a Klang am Pafendall den Zucharrêt Pafendall-Kierchbierg, deen am Fong um Sichenhaff läit, zesummen mam Funiculaire, een anert wichtegt Puzzlestéck fir eng aner Mobilitéit, vir gestallt.

IMG_3685 Claudie Sam Fränz

De Sall war gutt gefëllt. Bal honnert virwëtzeg an interesséiert Leit waren lauschteren komm. Si hun och vill Froen gestallt. De François Bausch an d’Sam Tanson, d’Verkéieresschäffin aus der Stad, hun geäntwert an och selwer de Leit mat hiren Remarquen opmierksam nogelauschtert.

Capture d’écran 2015-08-15 à 17.32.41

Dat goung vun der Angscht, dass elo de Pafendall zou gepaarkt gëtt, iwwer de Pavé virun der Kierch bis zum Sichtschutz fir d’Leit déi op der Héicht vum Arrêt hir Buedzëmmer hun. Keen huet awer un der Richtegkeet vun dësem Projet gezweifelt. Dat schwetzt fir d’Pafendaller Leit.

Si waren schon ëmmer méi avantgardistesch mam Sënn fir dat Praktescht. Pour mémoire, de Pafendall huet schon virun laanger Zäit d’Trennung vun Kierch a Stad vollzunn well ganz fréier huet dësen Dall de Pafen aus der Abtei gehéiert. Op eemol nët méi. Si hun och, zesummen mat dem Weimerskiercher, eng eegen Sprooch entwéckelt. Si hu sech um Sichenhaff ëm déi aus der Stad Verstoussen a Krank gekëmmert. Aus dem Dall gouf d’Stad mat Waasser versuergt an si hun een vun der éischten Basketclibb aus der Stad gegrënnt. Hire Futtballsveräin ass legendär. Net ze vergiessen d’Musikalitéit vun de Pafendaller. A nach vill méi*. Kee Wonner, dass si d’accord sinn mat der anerer, besserer Mobilitéit.

Si hu verstanen, dass een öffentlech Investitiounen brauch. Esou Projeten maachen dass et eng reell Chance gëtt fir manner Autosverkéier, méi « douce » Mobilitéit. Mat Zuch an/oder Velo duerch de Uelzechtdall an d’Stad an zréck. Fir mobil ze sinn am Alldag awer och fir de Klimawandel ze bremsen. Dat ginn Chantierën. Et muss am Virfeld effektiv vill C02 verbrannt ginn fir vum C02 ewäch ze kommen.

Capture d’écran 2015-08-15 à 17.35.01

Dat hëlleft och vir vun der Ofhängegkeet vun deenen déi d’CO2 Fluxën kontrolléieren a ganz vill Suen domat verdéngen, erof ze setzen. Dofir brauch et Ureizer. Et ass dat wat am Moment geschidd. Eng Offer gëtt geschaf. Zousätzlech muss politesch reguléiert ginn. Déi déi den C02 Verbrauch dirigéieren wëllen, mussen an Zukunft op hir Milliarden verzichten. Nët déi kleng Leit op hir Mobilitéit. Déi gëtt méi demokratesch well fir Jiddereen méi accessible.

Dowéinst ass dëser Deeg e bëssen den Eecherbierg gespaart. An dat ass och gutt esou well et besser gëtt.

* méi iwwer de Pafendall an der Austellung am Musée d’Histoire de la Ville de Luxembourg nach bis den 3.1.2016.

Pafendall Expo

Fotoen a Grafik: déi gréng Stad, Présentatioun MDDI (screenshot), Ville de luxembourg

Kategorien
Uncategorized

Déi allgemeng Meenung déi et am Land gëtt

Déi allgemeng Meenung déi et am Land gëtt, deelt den EU Kommisiounspresident largement wann hien d’Aarbecht vun der lëtzebuerger Regierung bewerten soll. Sot hien an engem RTL Interview de 4. August 2015.

Aha !

Déi allgemeng Meenung ! Ass wat ? Ass wéi ? Et ass näischt Prezises, mee eng allgemeng Allusioun un ee Gefill dat d’Leit rassembléiert well et d’Unanimitéit ze maachen schéngt. Een taciten Konsens, méi emotionnel wéi rationnel. Et gëtt näischt Prezises contestéiert, mee just d’Versioun vun deenen déi un der Muecht sinn an d’Ficellen zéien, der Wourecht vun de Leit géint iwwer gestallt.

D’Leit ! D’Vollek. Dat sinn se all.  Dat ass keen. Iwwerall a néierens. An trotzdeem schengt jiddereen ze wëssen wat gemengt ass. An d’Elite gehéiert zum Vollek.

Et gëtt och op keen prezisen Programm higewisen, well et gëtt jo dat Gefill vun kollektiver Frustratioun dat rassembléiert. Dat geet duer. Et gëtt deemno och keng Stellung geholl, kann nët. Mee et gëtt eng Supensioun vun Jugement, an der Erwaardung an am Numm vun enger Wourecht, déi verstoppt an evident zugläich ass, an d’Séil vum Vollek wir. An dowéinst och net ze kritizéieren.

A well des Wourecht, des Meenung, vun de Leit, vum Vollek, grad esou evident ass, wéi se net aus gedreckt gi ka, kann jiddereen eppes aneres dra gesinn. Grad wéi et him passt.

Et ass eben d’Konscht d’Saachen net zevill ze définéieren, fir am emotionnellen Register ze bleiwen.

Dat ass d’Konscht vun de Populisten.

Tjo ! Oder awer, hien ass deck zefridden a bëssi jalous, dass elo all dat gemaach gëtt wat hien ni op d’Rei krut.

Literatur zu deem Thema « Ce populisme qui vient », Raphaël Liogier, les éditions Textuel, 2013.

Kategorien
Uncategorized

A wat wir wann….

… d’Leit beim Referendum just op déi dräi Froen geäntwert hätten.

D’Resultat ass dann och kloer an däitlech. Déi dräi Propositiounen fir d’Changementer vun der Verfassung si net ugeholl ginn. D’Resultat war net dat wat ech mir erhofft hat, mee de Souverain huet eng däitlech Sprooch geschwat. An an enger Demokratie exécutéiert d’Regierung dat wat d’Vollek wëll. Genee dofir hat d’Regierung sech vun Ufank un engagéiert, egal wat beim Referendum géng eraus kommen.

Déi gréisst Oppositiounspartei hat dat net. Am Géigendeel, si huet sech all d‘Diren opgeloss an dax genug gesot, dass hir Meenung en fonction hirer Interpretatioun vum Resultat wir. Sech net festleeën ass eben d’Politikgrondlag vun dëser Partei. Dat war och schon zu hiren Regierungszäiten esou. Emmerhin dorann ass si sech konsequent.

Dass si elo mat dëser Oftsëmmung een désaveu vun der Regierung hirer Aarbecht insgesamt siche geet, war och z’erwaarden well si jo nach e puer Deeg virum Referendum de Géigendeel gesot hat. Dobäi kann vu engem Désaveu jo keng riets sinn, schlisslech hun d’Leit jo och kloer gesot, dass si wënschen, dass een méi wéi zwou Mandatsperioden kann an der Regierung bleiwen. Dat gëllt jo dann wuel och, oder virun allem, a konsequenterweis, fir déi aktuel Regierung wann schon esou hic et nunc Interpretatiounen gemaach ginn wéi momentan.

De Referendum weist kloer, dass d’Leit eng Meenung hun a se och soen wann si se gefrot ginn. Deen een ass dofir, deen aner dogéint. Dat ass Demokratie. Elo gëtt d’Leit em hir Meenung froen ee Bestanddeel vun der Politik. Dat ass nei, mee d’Richtung a Saachen Participatioun stëmmt. Awer et ass ee évolutiven Prozess mat learning by doing. Jiddereen muss sech ëmstellen an upassen. Et muss een sech engagéieren. Iwwerdeems déi déi bis elo gewinnt waren ze schalten a walten, kréien een weideren, gewiichtegen Interlocuteur.

De Virdeel ass, dass Participatioun, hei via Referendum, zu konkreten Resultater féiert, an dësem Fall gëtt d’Verfassung net esou changéiert wéi proposéiert. An deem Sënn ass esou ee Referendum jo och net elitär. Ganz am Géigendeel. Elitär ass ze mengen et wéisst een et besser an et net néideg fënnt ze referendéieren. Dowéinst war dat bis elo ee seelenen Exercice hei am Land an dowéinst feelt och d’Gewunnecht am Emgang domat. Och dono. Et ass ganz kuerz geraff ze suggéréieren, dass d’Regierung, déi de Referendum initiéiert huet, zreck trieden sollt. Dat heescht am Umkehrschluss, dass deen deen dat verlaangt, keng Participatioun wëll.

Ah jo! Bei allem sech an d’Broscht geheien: et bleiwt nach Äntwerten op déi dräi Froen ze fannen.

Kategorien
Uncategorized

Net evident op eng Rei ze kréien

Meng Ried als Kandidat fir an de C.E.X. bei Kongress vun déi gréng 21.3.2015

2015_Kongress Foto Mosaik  Léif Kolleginnen an Kollegen,

De Moien si schon vill bekannt Auteuren zitéiert ginn. Dat trëfft sech gutt, well déi allermeescht vun iech heibannen kennen mech als Auteur vum Bestseller « 16. Ersatz » iwwer de Walkampf an der Stad 2011.

Entspriechend wësst dir, dass ech zënter 1995 bei déi gréng sinn. Do hun ech schon eng ganz Parti Saachen erliewt. Ech sinn an der 3. An 2. Rei aktiv. Manner als Lautsprecher, mee als fleissiges Lieschen, zum Beispill an verschiddenen Aarbechtsgruppen.

Als Sekretär vun der Stater Lokalsectioun brengen ech dann, grad wéi de François Benoy, d’Claudie Reyland, d’Martine Bretz, och ee Stéckelchen Erfahrung mat beim pittoresken Spagat tëschend ideellen Werter an dem Realismus vum politeschen Alldag.

Dat erliewen mir jo och am Moment. Dëst geléngt mat faktuellen Explicatiounen an am Dialog, nobaussen a nobannen.

Doriwwer huet schon een aneren bekannten Auteur, de Jürgen Habermas, 2010 geschriwwen an das Konzept der Menschenwürde und die realistische Utopie der Menschenrechte, nämlech iwwer d’Schwieregkeeten déi et ginn beim Zesummenféieren vun de moraleschen Bezéihungen an de Rechtsbezéihungen tëschend Persounen eben an enger demokratescher Gesellschaft.

Dat huet polemeschen Charakter an et kënnt zu provokativer Spannung, an der Gesellschaft. Wann eng Partei dat wees, da mir !

Fir das mir dat hikréien, dofir engagéieren ech mech am. Sou ze soen : vum Dissenz, zum Consenz, am CEX, mam Paul Zens.

Et ass vill ze dinn, ech soen iech Merci.

(Foto: déi gréng)