Back then: best of

A Saachen öffentlechen Transport mécht (15.11.2012)

… den CSV Fraktiounschef an engem Artikel vum 14. November 2012, an senger Partei hirer Dageszeitung, do weider, wou hien den 8. November op RTL bei engem Gespréich iwwer de Budget 2013 ugefaangen hat: nämlich d’Uwendung vun der Method „hätten, missten, werten, sollten“ … awer näischt Konkretes an dës Kéier och nach schlecht dokumentéiert.

Dobäi steet säi Geschreiws an der Rubrik „Analyse & Meinung“. Seng Meenung steet effektiv do: dofir an dogéint. Dat ass bei engem CSV Politiker normal, well, wann et am Land zwou Meenungen iwwer ee Sujet ginn, dann huet d’CSV se béid. Hei an enger Persoun vereenëgt. Dat ass wuel déi héich Konscht vun der Politik.

Bei der Analyse awer vergësst hien den Ausgangspunkt, nämlech hien schéngt nët ze wëssen, wien déi läscht Joerzéngten an der Regierung war a mat dru gebastelt huet, dass Lëtzebuerg landesplaneresch esou organiséiert ass wéi et ass an eben elo fonktionnéiert, e.a. mat der grousser Konzentratioun vun Aarbechtsplazen an der Stad. Ausserdeem léisst sech ee Land nët per „ordre de mufti“ ëmstrukturéieren. Proposéiert Initiativen an Impulser fir ze dézentraliséieren, sinn an der Vergaangeheet zum Daxten den Vertrieder „vum sécheren Wee“ ignoréiert ginn.

Och schéngt hien net au courant, dass den Transport iwwer Land a bis an d’Stad, zum groussen Deel vum Ministère, i.e. der Executive, mat organiséiert a coordonnéiert gëtt. Pour mémoire: séng Partei ass zënter geraumer Zäit Member vun der Regierung d.h. der Executive. Eng Exécutive, déi sech och nët besonnesch vehement dofir agesat huet, den Individualverkéier am Auto am Grëff ze behalen an den individual Verkéier um Velo ze förderen.

Mee vläit wees hien all dat ze gutt a probéiert och hei, wéi a Saachen Budget, vum Gewurschtels vun de läschten Joeren ofzelenken andeems hien populistesch oflenkt a zudem weist, dass hien nët verstanen huet, dass den Tram an der Stad nët just ee lokalen Projet ass.

Mee sou oder sou, den Tram besteet all objektiv Kosten/Nutzen Rechnung, grad wéi et sech och rechnen wert, valabel Verbindungen tëschend Kärjeng a Kayl z’organiséieren. Et muss ee just wëllen a maachen, a nët nom „hätten, missten, werten, sollten“ Prinzip verfuren.

Iwwer de gudden Discours (25.7.2012)

Am Demokratieindex vun “The Economist” steet Lëtzebuerg op der 11. Plaz., mat 8,88 Punkten. Fir eng absolut a komplett Demokratie ze sinn brauch een 9 Punkten. De schwaachsten Score vum Index fir Lëtzebuerg ass dee vun der politescher Participatioun: 6,67 vun 10 Punkten.

Hei bei ons, an enger Demokratie, an der bekanntlech Differenzen mat Wierder ausgedroen ginn, ass deen, dee schwätzt ëmmer “prejugé vérace”, ähnlech wéi et virum Tribunal de préjugé vun der Onschold gët. Dat ass eng wonnerbar Saach an ee Zeechen vun Vertrauen, béidsäitegem Vertrauen. Da gëllt fir deejéinegen dee nolauschtert a fir deen dee schwätzt. Dese soll d’Wourecht soen. Zugläich vertraut hien op deem aneren seng Capacitéit, nolauschteren ze können an dat wat gesot gët mat a seng Iwwerleeungen anzebauen.

Et ass och eng béidsäiteg Verpflichtung. Virun allem awer ass et d’Virausetzung, dass Demokratie fonctionnéiert. Bei der Affaire Wickreng-Léiweng mierkt een wéi séier, dass dëse fragile System ka futti gemaach gin. Et geet an der Affaire manner, mee och, em méiglech Gefällegkeeten, Reesen, Aueren, engem den Aarm béien, Telefonsuriff trotz oder laanscht Bankgeheimnis, eidel Verspriechen ënner Geschäftsleit oder soss Leit, ee Futtballstadion deen do kee brauch a Geschäftszentren déi aus evidenten Emweltgrënn an och aus Landesplanungsgrënn, weder kommerziell nach verkéierstechnesch, dohi gehéieren. Et geet just grad net ëm de Refus fir Froen ze beäntwerten, aus formalisteschen Grënn. Et geet ëm dat béidsäitegt Vertrauen, villméi de Verloscht dovunn.

Dowéinst ass et net richteg dese Feuilleton ze minimiséieren, wéi d’Regierungsparteien sech befläissen dat elo ze man, andeems se op aner Prioritéiten hiweisen an opeemol soss Projet’en entdecken un deenen elo dringend muss geschafft gin z.D. well hir Mesure vu bis elo net fonctionnéieren. Woubäi keng Regierung sech d’Käpp zebrecht watfir eng Mesure si huele kéint, fir dass d’Saachen net klappen. Et ass éischters et net besser wëssen. Hoffentlech ass et och net esou, dass si décidéiert Näischt ze maachen an ofwaard wat geschidd, fir, wann et eescht gët, dann ze léien, eventuel fir d’Leit net ze veronsécheren, mee fir ze weisen, dass si alles am Grëff huet. Dësen paternalisteschen Discours hëlleft net wirklech, grad wéi Hallefwourechten a näischt soen.

D’Gefill vu Sécherheet ass agreabel. Net agreabel ass d’Gefill ausgeliwwert ze sinn an den Androck, dass een aussen vor ass. Och wann een an enger Demokratie erwaard, dass déi, déi gewielt goufen fir d’Leit ze représentéieren, tëschend de Wahlen eppes schaffen, soll een trotzdeem net just hinnen den Terrain aleng iwwerloossen.. Et geet och net duer, bei all deem wat engem net gefällt, sech just z’indignéieren an de Kapp ze rëselen iwwer den enigmatesch Politikdiscours.

Deen eenzegen Discours deen an enger Demokratie fonctionnéiert an dee mecht dass d’Demokratie fonctionnéiert, ass de participativen Discours. Dat verlaangt een Emdenken, net nëmmen vun de politesch Responsabelen mat hirer Rhetorik, mee vun ons all.

All d’Leit mat abannen, informéieren, mat op de Wee huelen. Jiddereen. Uerdentlech, éierlech Informatioun mecht déi politesch Aarbecht transparent a mecht Loscht matzeschaffen a sech z’engagéieren sozial, kulturell, politesch. Z’erliewen, dass een Eppes mat décidéieren kann, mat entwéckelen kann, dass Engagement a Participatioun zu konkreten Resultater féiert, ass essentiel fir an och an enger Demokratie.

Zu Gast 25_Juli_2012 - copie publizéiert am Lëtzebuerger Land, 25.7.2012

Deelhuelen fir Tomaten (8.11.2012)

Zënter gëschter wees d’Welt ween déi next 4 Joer d’USA présidéiert. D’Wahlcampagne tëschend den zwee Kandidaten war hefteg. Si wollten dee Posten onbedengt an hun villes, alles dofir gemaach, vill Suen, iwwer 2 Milliarden Spenden, Zäit an Energie investéiert. Vum neien-alen President Barack Obama gëtt elo erwaard all d’Problemer ze léisen, am beschten séier. Et gëtt alles reduzéiert op eng Persoun.

Mee, déi Reductioun op eng eenzeg Persoun als Problemléiser geet an enger Demokratie net duer. Deen eenzegen Discours, deen an enger Demokratie fonktionnéiert an dee mécht, dass Demokratie fonktionnéiert, ass de partizipativen Discours. Et soll een deelhuelen.

Dat huet mat Kreativitéit ze dinn, mat Freed, mat Dreem a Chancen a Perspektiven an och mat Tomaten, déi enges Dags dann de Präis kaschten, deen se wirklech wert sinn …. a mat dësem Blog.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s