Kategorien
Corona Demokratie gutt liewen integratitiv zesummenhalt zukunft

Corona, CETA, Charel, Choix

Et war vill Rieds d’lescht Woch bei der 5. Debatt an der Chamber iwwer d’Coronakris, vun Eegeverantwortung. Also, dass den opgeklärte Bierger fräiwëlleg responsabel agéiert. 

Schon zënter Wochen gëtt explizéiert, a widderholl wourop et haaptsächlech ukënnt, à savoir social distancing, Nues a Mond verdecken, fir d’Matmenschen net ze bespruddelen an d’Hänn dacker wäschen. Och an der Chamber ass dat nees gesot ginn, grad wéi och firwat dass dat wichteg ass. Et gouf d’Hoffnung ausgedreckt, dass all Mensch elo verstanen huet an als verstännege Bierger, entspriechend handelt a sech behëllt.

Dës Présomptioun an Approche vum opgeklärte Bierger ass net méi wéi richteg, well mir wëlle jo all eescht geholl ginn. Mir si jo all gär mündeg Bierger déi wësse wat am beschten a wat gutt fir een ass. Schlisslech gi mir jo ganz vill drop trainéiert a si vu Natur aus drop ausgeriicht, mol als éischt dat Optimalst fir ons selwer ze sichen a kréien. 

Dat wat mir maachen ass d’Resultat vun engem Choix tëschend verschiddene, villen Optiounen Mir weiën of wat d’Konsequenzen si vum ganze Spektrum vun de verschiddenste Méiglechkéiten. Eben dat wat ee fir sech wichteg, relevant, décisif fënnt. Et ass ëmmer d’Resultat vun enger Wertung, also ob Eppes vill wichteg oder manner wichteg fir een ass. 

Déi Décisiounen sinn heiansdo méi spontan, intuitiv, aus dem Solar plexus eraus oder no engem Raisonnement. Mee iergendwéi hëllt een ëmmer eng Décisoun, obscho mir net onbedengt wëssen wat op ons zou kënnt, wat geschidd. Dat nennt ee „Risiko“. Dat nennt een Zukunft, also dat wat kënnt. Dat ass offen. Kee kann exakt viraussoe wat kënnt. Dowéinst ass de Risiko je nodeem méi grouss oder besser, esou kleng wéi méiglech. D’Konsequenze sollen optimalerdengs gënschteg fir ee sinn.

Well mir net eleng op deser Welt si, mee ons an enger sozialer Sphere bewegen, inkludéiert een d’Interessen vun den Anere mat an. Duerch d’Oplagen an de leschten Wochen, de Confinement, d’Quarantaine, egal wéi een et nennt, huet ee jo gutt gemierkt, wéi wichteg dëse sozialen Aspekt ass. 

An esou préift een dann, als opgeklärte Bierger fir fräiwëlleg responsable z’agéieren, op déi jeweileg Optioun och als Optioun vun en All acceptéiert ka ginn, respektiv ob mat deser, senger Optioun och een autonomt Liewen vun den anere Leit méiglech ass. Dat ass vereinfacht de kategoreschen Imperativ. Dat ass d’Rechter vun de Leit all. Grondrechter.

Esou ass dat mat Rechter, mat Richtlinnen, mat Regelen, mat Leitplanken: si hëllefen organiséieren an bidden eng Orientatioun. Dat ass wourop et elo ukënnt. Dat ass och de Grondgedanke vun CETA.

« CETA beschneid keng Grondrechter »* sot dëser Deeg um Radio een dee matverhandelt hat. De CETA vun elo ass wesentlech Verbesserung par rapport zum initialen Entworf well déi vill diskutéiert Schiidsgeriichter net privatiséiert gi sinn, mee no considérablem Drock, notamment vun der Zivilgesellschaft, anescht organiséiert gi sinn, mat Contrôle vun dem pouvoir public (hei) an och well hir Kompetenzen limitéiert gi sinn. Iwwer déi Saachen déi mir, als gréngen, wichteg sinn, décidéiere déi Schiidsgeriichter elo net. Net ze vergiessen ass och, dass et elo eng Verbesserung ass par rapport zu den Ofkommëssen déi et am Moment gëtt tëschend europäesche Länner an Kanada (hei).

Den Zäitpunkt vun der Ofstëmmung iwwer CETA an der Chamber war trotzdem schlecht. D’Optauche vum Coronavirus och. Dat hun déi zwou Saache gemeinsam, grad wéi och, dass an den zwee Fäll Regele fest geluecht gi sinn . Wann ee guer keng Regelen huet, bei Corona an och beim Handel, geet et duercherneen an drop an driwwer. Regelen dogéint hëllefen organiséieren an bidden eng Orientatioun. Dat ass wourop et elo ukënnt.

Als opgeklärte Bierger agéiert een da fräiwelleg responsabel: keng Corona a keng Ceta Regel vebidd mir fairtrade Biotomaten aus regionaler Produktioun ze kafen. Keng Corona a keng Ceta Regel zwéngt mech agroindustrielpestiféréiert Tomaten ze kafen.

Dem Charel Jean Philippe Joseph Marie Guillaume a senger Famill wënschen all dat Bescht a vill Freed mat sénge verstännege Matbierger, déi d’Balance fannen tëschend Eegenoptimisatioun an Altruismus. Bleift gesond a monter.

*Jean-Claude Juncker, RTL, Background am Gespréich, 9.5.2020, 

Kategorien
Corona mir-man-et-geschéien Partizipatioun zesummenhalt

Kreativ-Dynamik-Télétravail

Ir een elo ka kucken wéi ech mech bei méngem éischten Téléinterview geschloen hun (jo, ech kann dat besser), e puer Gedanken zu Thema.

Jo, Télétravail ass eng gutt Saach. Eng ganz Parti gutt Grënn ginn vun de verschiddenen Leit an desem kuerzweilegen an informative Reportage opgefouert, grad wéi och op Désavantagen a Schwiregkeeten higewise gëtt. Och heiranner, am Télétravail, wéi an enger ganzer Rei aner Domäner, huet de Coronavirus gemaach, dass et méi séier goung. Et si Léisunge fonnt ginn. Provisoresch, improviséiert an temporaire.

Vill vun dese Saache si séier a kreativ ëmgesat ginn. Et huet eben musse séier goen. Et ass séier gaang. Op alle Niveauën, an alle Secteuren, privat oder public. Zesummen a solidaresch.

Dat wat den éischten Deel. D’Urgence. De Confinement

Elo gëtt vill geschwat, discutéiert an hypothetesch extrapoléiert iwwer de zweeten Deel. Et ginn elo vill Experten, vill savant Kalkülen. Do ass et mam zesummen a mam Solidareschem schon anescht. 

Dat erënnert mech iergendwéi an awer just entfernt, un d’Klimakris: mee d’Gewiichtung ass zum Deel anescht. Dringlechkeet vun der Situatioun ass ähnlech, awer d’Vitesse mat der réagéiert gëtt, ass vill méi lues. Mee ëmmerhin, elo ass et zum Beispill a ville Stied an Däitschland méiglech, Deeler vu Stroossen als sécuriséiert Velosstreck em ze fonctionnéieren. Et geet wann ee wëll. Dat geet och an der Stad wann ee wëll. Hélas! 

Wéi den Télétravail oder homeoffice oder déi provisoresch Kliniken oder de shutdown, sinn oder wiren och d’Velosstrecken temporaire zäitlech begrenzt. Et sieff dann, dat wat en urgence implémentéiert ginn ass, geng seng Preuve maachen. Da gëtt et d’Optioun fir de Provisioire duréieren ze loossen an et gëtt d’Méiglechkeet, driwwer nozedenken wat bleiwe soll, wat direkt fort kann oder nees lues a lues ofgeschaaft gi kann, wat ee preventiv brauch, wat guer net. An da geet et dorëms Gescheck ze maachen.

Déi Décisiounen  ginn da geholl no échange d’idées, op Fakte baséiert,  am Konsens. Lobbydinös Ergüss a just d’Recht vun deem déi méi staark ass, si net zweckméisseg. Dofir awer Solidaritéit. Beim Corona a beim Klima. Mir hun déi lescht Woche gewisen, dass mir dat kënnen. Mir kënnen et och duerno. Mee mir si nach net duerno, mee matzen drann..

Nach besser kann ech och esou Interviewën: Hei

Merci Sarah, Laura a Lionel.