Kategorien
Demokratie enmarcheopdeknuedler stadlëtzebuerg

Mir man et mateneen. An et wierkt!

Dëser Deeg gouf bekannt, dass ech nees Kandidat sinn fir Buergermeeschter vun der Stad ze ginn.

Enfin, ech hun d’Freed mat 24 Kolleginnen a Kollegen an der Equipe vun onse Spëtzekandidaten Sam Tanson a François Benoy ze sin, déi fir déi gréng an der Stad an d’Gemengewalen geet.

Stad17MeeEquipe

vlnr: Nicole Ikuku Etikwa, Maria De Macedo, Tatjana V. Bonkewitz, Georges Lemmer, Barbara Roland, Jeannelle Gresham, Claudine Muller, Matthias Schmidt, Catia Fernandes, Claude Schmitz, Tilly Metz, Carlo Back, Linda Gaasch, Sam Tanson, Nico Meyrer, Sébastien Tasch, François Benoy, Cyrille Horper, Clauide Reyland, Mike Mathias, Paul Zens, August Götzfried, Christa Brömmel, Alex Hornung (leider net op der Foto Tanja Frank, Henri Goedertz, Guillaume Rischard)

Ech si prett! Ech hun een Twitterkont!

modern medien

De President vun déi gréng, ee Mann voller subtiler Weisheet, huet iwwriens gemengt, de Numm vu mengem Blog wir net adequat fir Walen ze gewannen well e klengt iergendwéi no: w-w-wielt paulzens net.

Egal, well et geet souwisou jo net dorëms wat ech, wat een Eenzelnen seet wat hien maachen kann, mee et geet dorëms wat erreecht gi kann vun ons. Mateneen. Zesummen, well Een een Deel vun engem Ganzen ass. Et mecht ee Saachen fir se all, net just fir een Deel. Dat ass Zesummeliewen. Dat ass Demokratie. Dat ass och Politik.

Politik, Demokratie an Zesummenliewen sinn och keng Aktivitéit just fir no ze kucken, fir niewend dem Terrain ze stoen a vu baussen ze kritiséieren. Et steet een um Terrain an et dréit een säin Deel bäi. Grouss a Kleng, Al a Jonk, Fläisseg a Motivable, Flénk a Lues, mat sénge Qualitéiten an op séng Manéier: konstruktiv, konservativ, innovativ, kreativ, iwwerluecht, dynamesch: mateneen an zesummen Dat wierkt.

IMG_1245

A och wann deen Eenzelen mengt honnert Prozent recht ze hun, muss een, fir d‘Saachen virun ze brengen, openeen zougoen. D’Resultat ass dann méi wéi d’Zomm vun deem wa jiddereen op eegen Fauscht mécht an deet.

Och wann et am politeschen Handelen zwar keng eenzeg Wourecht gëtt, bedeit dat awer och net an absoluten Relativismus ze verfalen a Keng z’ënnerhuelen. Nom mateneen ausschaffen, muss décidéiert a Geschéck gemaach ginn. Da wierkt et.

Dës Manéier wierkt zënter 2005 mat de Gréngen am Schäfferot an der Stad. Et ass vill geschidd. Ganz vill. Dat mierkt een an der Stad ganz gutt. D‘Stad ass attraktiv a wiisst: 2005 hat d’Stad ronn 84.000 Awunner, elo 115.000. Si ass och an aner Beräicher am gaang sech ze veränneren, z’entwéckelen, sech un ze passen. Dat ass néideg well dat alles geschidd op nach ëmmer 51,73 km2.

IMG_0197

Trotzdeem: si mir besser drunn wéi virdrunn? – Jo! Si mir schon do wou mir hiwëllen? – Nach nët! Ech si prett fir mat ze maachen, mateneen, dass et wirkt. Dohin.

Esouwäit zum Prinzip an der Taktik. Wat dat da praktisch heescht gëtt een no a no hei gewuer an hei

Impressiounen vun der Présentatioun vun de Kandidaten hei

Fotoen: 1&4: André Gonner ; 3: John Gerard; 2 an Présentatioun: déi gréng; 5: screenshot geoportail

Kategorien
Demokratie enmarcheopdeknuedler stadlëtzebuerg

Traditionnel 157 an Opmierksamkeet

Deser Deeg ass e bësse gesouert ginn iwwer 157 Fotoen vun der Presentatioun vun den CSV Kandidaten aus der Stad fir d’Gemengewalen, op Kanäl vum nationalen Ofleeër vun engem privaten Medienkonzern.

Den LSAP Spëtzekandidat huet „deux poids, deux mesures“ monéiert fir drop hinzeweisen, dass deemselwechten Medienkonzern d’Presentatioun vun de Kandidaten vu sénger Partei, just 1 Foto an ee kuerzen Text op manner Kanäl wert gewiecht wir.

Et ass op fb e.a. drop higewisen ginn, dass deen nationalen Ofleeër vun deem privaten Medienkonzern hei am Land eng besonnesch „mission de service public“ z’erfëllen hätt. Eng Missioun, déi sech an Zukunft desen Medienkonglomerat vum Staat bezuelen léist.

Den zoustännegen Chefredakter vum nationalen Ofleeër vum private Medienkonzern huet op engem fb post vun engem Iertum geschriwwen an dass dat net esou geduecht wier. Hien huet Nobesserung versprach. De Spëtzekandidat vun der LSAP huet no engem Telefonsgespréich mam Redakter gepost et wir nees alles gutt. Zumols well jo kuerz drop vill Fotoen, zirka 1/3 esou vill wéi vun der CSV (net agerechent déi bal honnert Fotoen Enn Oktober d’lescht Joer bei der Wiel vum President vun der CSV Lokalsectioun Stad), vun der Présentatioun vun den LSAP Kandidate, um Internet Site vum selwechten Medium waren.

Dësen nationalen Medienofleeër gehéiert engem weltwäiten Komunikatiounskonglomerat dee net op der Bourse notéiert ass. Et ass ee Familijebetrib. Dat war en och schon deemols wéi en 1835 als Dréckereibetrib vum Carl Bertelsmann gegrënnt gouf. Den éischten kommerziellen Erfolleg hat hien deemols mat enger Publikatioun vu chrëschtleche Lidder a Gesäng. Déi 68 Publikatiounen dono haten och reliéis an theologesch Inhalter. Während deem hat hien och nach an séngem Eck déi Chrëschtlech Konservativ Partei gegrënnt, mee hien hat awer keen besonneschen öffentlechen politeschen Erfolleg. Säi Bouf deen dono de Betrib iwwerholl huet, huet des reliéis Publikatiounslinn weider gefouert, grad wéi deem säin Nofollëger, den Edem. De Betrib ass gewues an ee Familijebetrib bliwwen.

Et ass jo normal, dass bei all deem Wuesstum, och während dem Adolf H. sénger Herrschaft, dësen Familjebetriib senger traditionneller well kommerziell erfollegräicher, Strategie, trei bliwwen ass. A sech entspriechend positionnéiert. Dat mecht all Medium, op dësen oder Fox oder Breitbart oder RT oder oder. De rezenten „Chefsaach“ Titel, am Kader iwwer d’Syfelblackboxenproblematik vum selwechten Medium, ass grad esou tendenziös wéi plakativ (a net korrekt, esou den Innenminister op fb). A confirméiert d’Familijetradtiounslinn vum Haus.

Apropos, dese Kommunikatiounskonglomerat ass ee kommerziellen Betrib, deen fir (Reklamme)Recetten fonctionnéiert. Alles anescht schéngt Mëttel zum Zweck. Zum Reklammenbezuelprinzip gehéieren Quoten i.e. quotenträchteg Inhalter. Pertinent, pondéréiert, modéréiert Informatioun duerch villschichteg Recherche ass net quotesexy. Dat ereecht een éischter duerch Provokatioun a Sectarisme. D’Geschicht vum kreative Montage vum Interview mat dem aggro Muséesdirekter an dem Sophie mat herno der Schramm, trëfft diesbezüglech de Nol op de Kapp. Oder war dat eng Ausnahm? D’Ausnahm bestätegt d’Regel! A schengt ganz vill iwwer d’Method vum Haus auszesoen. An d’Glafwiirdegkeet. Mee déi ass an dësem Kontext net essentiel, fir d’Redaktiounslinn vum Haus an d’Quoten.

Och wann de Medium no baussen probéiert de Géigendeel ze vermëttelen. Et ass souwisou keen objektiv. Et ass näischt gratuit.

Och net d’Opreegung vun der benodeelegter Partei. Dat Ganzt bréngt Opmierksamkeet. Medien a Politik: même combat.

Cool ee Mikro ënnert der Nues fir een Inhalt ze kommunizéieren.

NJP2016 NJP 2017

2016 an 2017 (screenshot rtl.lu)

Den Hiweis, dass déi gréng déi pondéréiert, pertinent, gutt duerchduerchten an analyséiert Inhalter a Léisungen liwweren, mat oder ouni 157 Fotoen, därf zu gudder Lescht net fehlen. A Spëtzekandidaten hun déi Stater gréng och. Fotogen Topleit!

Sam Tanson a François Benoy: Spëtzekandidaten déi gréng Stad

Capture d_écran 2017-03-16 à 23.20.09 François Benoy

Kategorien
Demokratie Uncategorized

Vill Kräid friessen?!

Dëser Deeg huet ee Kolleg gemengt, ech, als Gréngen, misst vill Kräid friessen, mat all deenen Zougeständnisser, déi mir, déi gréng, als Koalitiounspartner an der Regierung, maachen missten. Dat héiert een dax. Et gi sech Gedanken gemaach doriwwer, wéi et méiglech ass gréng Grondsätz an Regierungsverantwortung op eng Rei e kréien.

Eng Wochenzeitung stellt a sénger Ausgab nom Kongress den 19.März, d’Fro: „Grünkernpartei: Schläfst du noch oder regierst du schon?“*. Eng aner weist sech verwonnert, dass bei deem selwechten Kongress „blieben die Grabenkämpfe aus“ **.

IMG_5105

Fir z’explizéieren a Froen ze beäntwerten ginn déi gréng am Moment op de Tour. En Dënsdeg, 13. Abrëll, ware si an der Stad am Casino syndical zu Bouneweg. Si waren bal all do. De Felix an de Fränz haten déiselwecht Cravatte un. De Gérard wéi gewinnt ee peppegt Hiem, de Claude war ee man in black, iwwerdeems de Roberto dynamesch locker, flockeg um Stull soutz a gelauschtert huet wat d’Viviane a sénger Introductioun an dono déi gréng Regierungsmember, dem bal ganz ordentlech gefëlltene Sall an der interesséierter Audience, wéi ëmmer kompetent, anschaulech a rhethoresch geschlaff, gesot hun.

Et ass de Verglach « vorher-nachher », deen am däitlechsten de gréngen Input weist : den Heng hat et bei sénger Budgetsried gesot, de Fränz widerhëllt et: virdrunn 2/3 vun den Infrastrukturinvestitiounen a Stroossen, just 1/3 an öffentlechen Transport an douce Mobilitéit. Elo ass et ëmgedréint: de groussen Deel ass fir Alternativen zum Autosverkéier. Et sinn Investissementer op ganz héichem Niveau net just wat d’Zommen ugeet, mee och de nohaltegen Mehrwert. Deemno, war et fir Grénger vill Kräid friessen, ze gesinn wéi et virdrunn goung, nämlech de BNP op Wuestum trimmen awer déi noutwendeg Infrastrukturen op allen Niveauën net mat plangen a bauen.

D’Wuesstumsparadigma wéi en virdrunn ëmgesat gouf hat och ganz wéineg mat Naturschutz ze doen. Während 20 Joer ass keng eenzeg Waasserschutzzon geschafe ginn. Elo, an der Halschend sinn et der Fënnef. Siwen stinn kuerz virum Ofschlos. Aacht aner sinn an der Maach. Bei de Kläranlagen, si bis Enn 2018 de Retard an d’Strofen, déi d’Land duerch jorzéngten laangen Désinteressi an Ondécisioun agebrockt krut, ofgeschaaft.

Wat déi schiedlech Emweltemissiounen ugeet ass Lëtzebuerg zënter elo, dh, déi éischte Kéier zënter dem Protokoll vum Kyoto 1997, on track wat séng Engagementer ugeet. Dat ass een Ufank. Et geet nach besser. A wann laanscht eng Strooss, op der et vill Akzidenter gëtt, 15 Beem, déi zwar wirklech net dofir kënnen wann ee Chauffeur säi Vehikel falsch pilotéiert, ewäch gemaach ginn, a Plaz wéi déi virdrun geplangt 150 Beem, dann ass dat eng wesentlech Verbesserung duerch gréngen Afloss.

De Fränz huet et färdeg bruecht, dass den neoliberalen Prinzip, vun der Privatiséierung vum öffentlech Transport an Europa, gestoppt gouf. De Felix setzt iwwerdeems liberal, gesellschaftspolitesch Akzenter andeems hien schwiereg Dossier, déi jorelaang net virukomm sinn opgräift. Et gëtt elo novelléiert am Jugendschutz, an der exécution des peines, am Familjerecht (autorité parentale, filiatioun, etc.). Als éischten Minister hëllt hien de SCAS, d’Poubelle vun der Justiz, wéi eng Wochenzeitung viru laanger Zäit eemol geschriwwen hat, eecht a gëtt dësem Service Moyën fir seng Aarbecht. Et ass eng gréng Attitude wann ee schwiereg Projetën ugeet, virun an zu Enn bréngt. Virdrunn gouf et 10-15 Joren batteren far niente.

IMG_5099

Aner Domainer an deenen et reell Changementer ginn, och wann se op der Uewerfläch manner visible sinn, zum Beispill de Positionnement vu der Finanzplaz. Si ass elo manner een Deel vum Problem, mee een Deel vun der Léisung.

Et ass eng besser Philosophie dovun aus ze goen, dass mir all zesummen hei sinn a net jhiddereen eleng fir sech. Mir gesinn dat wat mir elo schaffen als eng Gruppenaarbecht, intern, bei ons gréng an och an der Koalitioun. An deem Sënn gëtt et wuel sachlech Disukussiounen awer keng „Grabenkämpfe“. Koalitiounspartner picken sech net géigesäiteg mat glëtschegen questions parlementaires. De Koalitiounsvertrag gëtt iwwerluecht ëmgesat.

Am Moment ass Hallefzäit.

Si mir Haut do, wou mir onsen gréngen Ideeën no wéilten sinn? Neen! Kënnen mir ons elo schon zefridden zréckleeën? Och net! Mee ass d’Situation elo besser wéi virdrunn? Jo!

A mir maachen weider. Ech freeën mech weier gréngs ze genéissen.

IMG_5108

*De Feierkrop, No 1066. **Revue No 12, 23.03 2016 (och déi ënnescht Foto).