Kategorien
Energie Eurosolar Partizipatioun zukunft

Logement a Klima an archiPV

Dëser Deeg hat ech mäin éischten Optrëtt als President vun Eurosolar Lëtzebuerg. Mir hun zesummen mat myenergy a Vertrieder vum O.A.I., ee Guide presentéiert, dee weist, wéi ee Fotovoltaik an Architektur flott mateneen kombinéiere kann. Also, ee Guide iwwer déi zwee Haaptsujeeën, déi d’Leit hei am Land zu recht, a meeschten beschäftegen, laut rezentem Sondage fir RTL a Wort: de Logement, d’Klimakris, deemno d’Zukunft vun de Kanner.

De « guide luxembourgeois d’intégration architecturale des panneaux solaires photovoltaïques » deen Eurosolar Lëtzebuerg zesumme mam O.A.I. (Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils), myenergy, den Handwierker hirer Kummer an hirem Verband, Greenpeace, dem Service des Sites et Monuments nationaux a Bâtiments publics gemaach hun, weist dass dat Ganzt méi ass, wéi just iergendanzwousch Solarmoduler opstellen. D’Komabinatioun Photovoltaïk an Architektur ass eng Teamaarbecht. 

Si ass virun eppes, wat vun Ufank un muss geduecht a geplangt ginn. Dat aus technësche Grënn fir z’évitéieren, dass ee Kamäin, eng Gaub oder soss eng Daachfënster, d’PV Moduler i.e. d’Stroumproduktioun, stéiert- Wéinst der Esthetik, déi mécht dass et och nach stylesh ausgesäit. Och aus finanzielle Grënn ass d’Aplangen avantagéis, net just duerch d’Hëllefe vum Staat, mee och well, wa gutt gemaach d’Solarpanneauë Elementer vun der Konstruktioun sinn an deeemno aner Baumateralien agespuert ginn. Schlisslech ass duerch de System vun der Aspeisung an d’Stroumnetz, d’PV Anlag och eng Zort Spuerbex.

Et geet och dorëmms den elektresche Stroum dohin ze brengen, wou e verbraucht gëtt, bei d’Leit, bei d’Schaff, d’Produktioun a d’Fabrikatioun. Et mussen och keng zousätzlech Flächen versiegelt ginn, wann ee d’Photovoltaïk op an a Konstruktiounen integréiert. Mir mussen fir d’Solarenergie méi vun de Flächen am urbane Raum profitéieren. 

archipv.lu („Archi“ wéi Architekt, „PV“ wéi Photovoltaik)

Gentle reminder : Solarenergie ass klimafrëndlech a gratis. Dat ass keng nei Erkenntnis. Des Iwwerzeegung louch jo och um Ufank vun Eurosolar Lëtzebuerg asbl. 1992 hun an der Handwierkerschoul e puer Enseignanën a Schüler sech Gedanken gemaach  iwwer d’Klimakris an wéi een do eraus kënnt. Si hun u Projeeë geschafft fir ze weisen wat mat Solarenergie méiglech ass. Dee bekannste Projet ass elo nach am Agank vun Lycée des Arts et Métiers ze gesinn, de Solarmobil. Dunn ass 2002 Eurosolar Lëtzebuerg asbl gegrënnt ginn.

Eurosolar huet sech dräi Missioune ginn : 

  • Um Lafenden ze sinn wat d’Entwecklungen ugeet vun der Technik, mee och den Impakt.
  • Bei Gesetzer, Reglementer a soss Politiken säi Pefferkär bäi leeën, d.h. sachlech a fachlech z’aviséieren.
  • Z’informéieren iwwer, ee Multiplicateur sinn vun dem Potential an de ganz ville Méiglechkeeten vun  der Photovoltaïk an och soss erneierbaren Energiën.

Informéieren iwwer de wéi, wat a wisou, maache mir e.a. mat Communiqueeën, via eurosolar.lu, an awer och vun elo un, mat Podcasten, Videoclip (Presskonferenz archiPV) ënnert dem Numm « d’Sonn am Stecker » (op Spotify).

Et geet net méi duer, d’erneierbar Energiën bei déi al, energietechnesch staark awer knaschteg a geféierlech Quellen, bäizesetzen, als zousätzleche Gadget oder Kiischt um Kuch. D’erneierbar Energien, virun allem d’Solarenergie, mussen déi aner ganz ersetzen. Wat mir éischter ufänken mat dëser Transitioun, emsou méi geschmeideg kréie mir së hinn. 

Kategorien
Demokratie Energie gutt liewen zesummenhalt zukunft

Energeteschen Protestpiquet

Déi déi mech kennen, wëssen, dass ech mech normalerweis fir Saachen asetzen, dofir, net dogéint. Dëser Deeg war dat anescht, well ech war op engem Protestpiquet géint Cattenom. Also net géint d’Duerf Cattenom, d’Leit déi do wunnen, si sécherlech sympathesch, mee géint den Atomreakter, deen do steet.

wortpunktlu2.jpg

De Nationalen Aktiounskomitee géint Atomkraaft hat invitéiert well de franséischen President war op Besuch an d’Geleeënheet gutt. De Protest ass e bëssen NIMBY, den Atomreakter ass jo net wäit ewech, am Fong zimlech no. Et ass awer virun allem d’Informatioun fir de franséischen President, dass d’Sëcherheet vun de Bierger an Europa méi wichteg ass wéi d’Intéreeën vun der franséischer Atomindustrie. Et ass och de Rappel, dass am Laf vun de Joren den Zoustand vun Atomreakter sech verschlechtert, trotz Entretiensaarbechten à la excellence française.

Fir mech ass et virun allem eng geféierlech Technologie, déi nëmmen ganz, ganz schwéier, wann iwwerhat, ze beherrschen ass. Jiddereen wees och, dass dat mam Atommüll nach net geléist ass. Wat soll een domatter maachen? Wouhin? Wéi entsuergen?

Grad wéi och wat mat den Atomanlagen geschidd wann se net méi ze gebrauche sinn, wann se net méi produzéiere kënnen? Eng Wandmillen déi net méi geet, rappt een ewech an et setzt een eppes dohinn: een Haus, ee Bam, eng Spillplaz oder soss eppes. Een Atomreakter dogéint, dee bleiwt stoen a muss nach jorelaang ënnerhalen ginn. Do steet dann esou eng Industrieruin dausende Joren an der Géigend rondrëm a strahlt. Denkmalschutz ass anescht. Ofgesinn dovunn, dass den Entretien enorm vill kascht. Een Argument wat ultimativ Jidderengem aliicht.

Alles dat ze änneren ass komplizéiert, laangotmeg an ee wäit politescht Feld. De Claude Turmes huet dat excellent beschriwwen a séngem Buch „Transition énergétique“ bzw. „Energiewende“. Et geet em d’Widderstänn vun den traditionnellen Energielobbyën, vun den décke Brieder déi ee bure muss an d’Hartnäckegkeet déi ee brauch fir virun ze kommen. Et geet just lues a lues. Dowéinst muss een et dax widderhuelen, och mat Protestpiqueten.

Wann ee géint dat Eent ass, dann ass fir eppes Aneschters, well ouni Stroum geet et nët- Et ass een fir déi erneierbar Energiën, wéi se genannt ginn. Mee am Fong sinn et éiweg Energiequellen, déi ëmmer do sinn: Wand a Sonn. Ee groussen Avantage vun dësen Energiequellen ass, dass si einfach accessible sinn a eben hei. Si maachen och manner ofhängeg vu Leit mat engem aneren Demokratieverständnis. Dat gëllt och beim Petrol. Wann ee wëll als Eenzelnen, als Land oder Europa fräi sinn, dann huet een Intérêt sech net ofhängeg ze maachen. Dat alles ëmstrukturéieren ass nët einfach, awer zu gudder Lescht méi einfach a besser wéi ausgeliwwert ze sinn.

D’Produktioun vun regenerativen Energiën förderen ass eng gutt Saach, de Gebrauch dovunn och, zum Beispill deenen, déi eng Photovoltaikanlag bedreiwen, d’Méiglechkeet ze ginn, de Stroum selwer ze späicheren, verbrauchen an ze verkafen.

De Bilan vun der Ëmweltministesch, dem Carole Dieschbourg, huet gewisen, dass d’Richtung stëmmt, mee dass nach ee wäite Wee ze maachen ass. Entspriechend hu mir déi gréng nach vill wëlles, vill Ideeën a konkret Projeeën. Alles op eemol geet net, awer et muss een ufänken, Geschéck maachen a konsequent weider maachen. Just mat Cattenom an Tihange nët, déi soll een zou maachen. Well mir eist Land gären hun.

Wandmillen

Fotoen: lequotidien.lu (screenshot); wort.lu (screenshot)