Ech wees net op et wichteg ass, mee firwat nët:




Den Artikel hei
Ech wees net op et wichteg ass, mee firwat nët:
Den Artikel hei
Et war vill Rieds d’lescht Woch bei der 5. Debatt an der Chamber iwwer d’Coronakris, vun Eegeverantwortung. Also, dass den opgeklärte Bierger fräiwëlleg responsabel agéiert.
Schon zënter Wochen gëtt explizéiert, a widderholl wourop et haaptsächlech ukënnt, à savoir social distancing, Nues a Mond verdecken, fir d’Matmenschen net ze bespruddelen an d’Hänn dacker wäschen. Och an der Chamber ass dat nees gesot ginn, grad wéi och firwat dass dat wichteg ass. Et gouf d’Hoffnung ausgedreckt, dass all Mensch elo verstanen huet an als verstännege Bierger, entspriechend handelt a sech behëllt.
Dës Présomptioun an Approche vum opgeklärte Bierger ass net méi wéi richteg, well mir wëlle jo all eescht geholl ginn. Mir si jo all gär mündeg Bierger déi wësse wat am beschten a wat gutt fir een ass. Schlisslech gi mir jo ganz vill drop trainéiert a si vu Natur aus drop ausgeriicht, mol als éischt dat Optimalst fir ons selwer ze sichen a kréien.
Dat wat mir maachen ass d’Resultat vun engem Choix tëschend verschiddene, villen Optiounen Mir weiën of wat d’Konsequenzen si vum ganze Spektrum vun de verschiddenste Méiglechkéiten. Eben dat wat ee fir sech wichteg, relevant, décisif fënnt. Et ass ëmmer d’Resultat vun enger Wertung, also ob Eppes vill wichteg oder manner wichteg fir een ass.
Déi Décisiounen sinn heiansdo méi spontan, intuitiv, aus dem Solar plexus eraus oder no engem Raisonnement. Mee iergendwéi hëllt een ëmmer eng Décisoun, obscho mir net onbedengt wëssen wat op ons zou kënnt, wat geschidd. Dat nennt ee „Risiko“. Dat nennt een Zukunft, also dat wat kënnt. Dat ass offen. Kee kann exakt viraussoe wat kënnt. Dowéinst ass de Risiko je nodeem méi grouss oder besser, esou kleng wéi méiglech. D’Konsequenze sollen optimalerdengs gënschteg fir ee sinn.
Well mir net eleng op deser Welt si, mee ons an enger sozialer Sphere bewegen, inkludéiert een d’Interessen vun den Anere mat an. Duerch d’Oplagen an de leschten Wochen, de Confinement, d’Quarantaine, egal wéi een et nennt, huet ee jo gutt gemierkt, wéi wichteg dëse sozialen Aspekt ass.
An esou préift een dann, als opgeklärte Bierger fir fräiwëlleg responsable z’agéieren, op déi jeweileg Optioun och als Optioun vun en All acceptéiert ka ginn, respektiv ob mat deser, senger Optioun och een autonomt Liewen vun den anere Leit méiglech ass. Dat ass vereinfacht de kategoreschen Imperativ. Dat ass d’Rechter vun de Leit all. Grondrechter.
Esou ass dat mat Rechter, mat Richtlinnen, mat Regelen, mat Leitplanken: si hëllefen organiséieren an bidden eng Orientatioun. Dat ass wourop et elo ukënnt. Dat ass och de Grondgedanke vun CETA.
« CETA beschneid keng Grondrechter »* sot dëser Deeg um Radio een dee matverhandelt hat. De CETA vun elo ass wesentlech Verbesserung par rapport zum initialen Entworf well déi vill diskutéiert Schiidsgeriichter net privatiséiert gi sinn, mee no considérablem Drock, notamment vun der Zivilgesellschaft, anescht organiséiert gi sinn, mat Contrôle vun dem pouvoir public (hei) an och well hir Kompetenzen limitéiert gi sinn. Iwwer déi Saachen déi mir, als gréngen, wichteg sinn, décidéiere déi Schiidsgeriichter elo net. Net ze vergiessen ass och, dass et elo eng Verbesserung ass par rapport zu den Ofkommëssen déi et am Moment gëtt tëschend europäesche Länner an Kanada (hei).
Den Zäitpunkt vun der Ofstëmmung iwwer CETA an der Chamber war trotzdem schlecht. D’Optauche vum Coronavirus och. Dat hun déi zwou Saache gemeinsam, grad wéi och, dass an den zwee Fäll Regele fest geluecht gi sinn . Wann ee guer keng Regelen huet, bei Corona an och beim Handel, geet et duercherneen an drop an driwwer. Regelen dogéint hëllefen organiséieren an bidden eng Orientatioun. Dat ass wourop et elo ukënnt.
Als opgeklärte Bierger agéiert een da fräiwelleg responsabel: keng Corona a keng Ceta Regel vebidd mir fairtrade Biotomaten aus regionaler Produktioun ze kafen. Keng Corona a keng Ceta Regel zwéngt mech agroindustrielpestiféréiert Tomaten ze kafen.
Dem Charel Jean Philippe Joseph Marie Guillaume a senger Famill wënschen all dat Bescht a vill Freed mat sénge verstännege Matbierger, déi d’Balance fannen tëschend Eegenoptimisatioun an Altruismus. Bleift gesond a monter.
*Jean-Claude Juncker, RTL, Background am Gespréich, 9.5.2020,
Déi déi mech kennen, wëssen, dass ech mech normalerweis fir Saachen asetzen, dofir, net dogéint. Dëser Deeg war dat anescht, well ech war op engem Protestpiquet géint Cattenom. Also net géint d’Duerf Cattenom, d’Leit déi do wunnen, si sécherlech sympathesch, mee géint den Atomreakter, deen do steet.
De Nationalen Aktiounskomitee géint Atomkraaft hat invitéiert well de franséischen President war op Besuch an d’Geleeënheet gutt. De Protest ass e bëssen NIMBY, den Atomreakter ass jo net wäit ewech, am Fong zimlech no. Et ass awer virun allem d’Informatioun fir de franséischen President, dass d’Sëcherheet vun de Bierger an Europa méi wichteg ass wéi d’Intéreeën vun der franséischer Atomindustrie. Et ass och de Rappel, dass am Laf vun de Joren den Zoustand vun Atomreakter sech verschlechtert, trotz Entretiensaarbechten à la excellence française.
Fir mech ass et virun allem eng geféierlech Technologie, déi nëmmen ganz, ganz schwéier, wann iwwerhat, ze beherrschen ass. Jiddereen wees och, dass dat mam Atommüll nach net geléist ass. Wat soll een domatter maachen? Wouhin? Wéi entsuergen?
Grad wéi och wat mat den Atomanlagen geschidd wann se net méi ze gebrauche sinn, wann se net méi produzéiere kënnen? Eng Wandmillen déi net méi geet, rappt een ewech an et setzt een eppes dohinn: een Haus, ee Bam, eng Spillplaz oder soss eppes. Een Atomreakter dogéint, dee bleiwt stoen a muss nach jorelaang ënnerhalen ginn. Do steet dann esou eng Industrieruin dausende Joren an der Géigend rondrëm a strahlt. Denkmalschutz ass anescht. Ofgesinn dovunn, dass den Entretien enorm vill kascht. Een Argument wat ultimativ Jidderengem aliicht.
Alles dat ze änneren ass komplizéiert, laangotmeg an ee wäit politescht Feld. De Claude Turmes huet dat excellent beschriwwen a séngem Buch „Transition énergétique“ bzw. „Energiewende“. Et geet em d’Widderstänn vun den traditionnellen Energielobbyën, vun den décke Brieder déi ee bure muss an d’Hartnäckegkeet déi ee brauch fir virun ze kommen. Et geet just lues a lues. Dowéinst muss een et dax widderhuelen, och mat Protestpiqueten.
Wann ee géint dat Eent ass, dann ass fir eppes Aneschters, well ouni Stroum geet et nët- Et ass een fir déi erneierbar Energiën, wéi se genannt ginn. Mee am Fong sinn et éiweg Energiequellen, déi ëmmer do sinn: Wand a Sonn. Ee groussen Avantage vun dësen Energiequellen ass, dass si einfach accessible sinn a eben hei. Si maachen och manner ofhängeg vu Leit mat engem aneren Demokratieverständnis. Dat gëllt och beim Petrol. Wann ee wëll als Eenzelnen, als Land oder Europa fräi sinn, dann huet een Intérêt sech net ofhängeg ze maachen. Dat alles ëmstrukturéieren ass nët einfach, awer zu gudder Lescht méi einfach a besser wéi ausgeliwwert ze sinn.
D’Produktioun vun regenerativen Energiën förderen ass eng gutt Saach, de Gebrauch dovunn och, zum Beispill deenen, déi eng Photovoltaikanlag bedreiwen, d’Méiglechkeet ze ginn, de Stroum selwer ze späicheren, verbrauchen an ze verkafen.
De Bilan vun der Ëmweltministesch, dem Carole Dieschbourg, huet gewisen, dass d’Richtung stëmmt, mee dass nach ee wäite Wee ze maachen ass. Entspriechend hu mir déi gréng nach vill wëlles, vill Ideeën a konkret Projeeën. Alles op eemol geet net, awer et muss een ufänken, Geschéck maachen a konsequent weider maachen. Just mat Cattenom an Tihange nët, déi soll een zou maachen. Well mir eist Land gären hun.
Fotoen: lequotidien.lu (screenshot); wort.lu (screenshot)
Kaum ass dat eent Futtballturnéier eriwwer, dat zu Moskau, da kënnt dat next, dat fir mech méi flott, dat op enger Plaz wou ee sech méi wuelt fillt, a Plaz do, wou dëslescht Frankräich gewonnen huet, nämlech am Pafendall: déi 58. Coupe Gaston Diderich an 43. Coupe Roger Diderich vum Red Black Egalité 07 Pfaffenthal Weimerskirch. Elo an der Woch d’Qualiën an e Sonndeg d‘Finallen vun 15H00 un am Stade Gaston Diderich, 100, rue Laurent Ménager, Lëtzebuerg-Pafendall.
Hei d’Virwuert, dat ech als Vizepresident vum Organisatiounskomité an d’Eventbrochure, eng groussarteg Brochure, geschriwwen hun:
Dat ass kompakt wourop et ukënnt a firwat ech zënter Joren am Sport engagéiert sinn.
Beim Futtball ass et och wéi am Liewen: mat der perfekter Kombinatioun vun Talent, Intelligenz, Fläiss an Duerchhalen setzt ee séng Chancen erop séng Ziler z’ereechen. Kombinatioun heescht an dësem Fall mateneen an et heescht séng Begabung an den Déngscht vun der gudder Saach ze stellen, fir se am richtegen Ablack an ze setzen. Méi schwéier ass et net. Awer och net méi einfach.
D’Basis fir zum Beispill un engem Futtballturnéier mat ze spillen, op am Pafendall oder zu Moskau, gëtt an de Clibb geluecht. Si sinn déi éischt Ulafplaz fir d’Kanner. D’Bénévole sinn déi éischt Uspriechpartner, Animateuren, Betreier,…. Dowéinst solle si, egal op aus dem Breedensport awer och am Spëtzesport, besser ënnerstëtzt ginn. Fir eng gelongen Integratioun an Inklusioun.
Ee vun de Projeeën an Ziler vum Sport ass sech ze vergläichen a méiglechst gutt dobäi ofzeschneiden. Dat gëllt grad esou fir d’Théikenéequipe wéi fir den ambitionnéierte Feierowendsportler an fir de potentiellen internationale Champion. A fir des Lescht genannt ass et onbedéngt néideg, déi richteg Mëttel zur Verfügung ze stellen. Och do gëllt, wéi an der Kultur, wou dëser Deeg Ee gesot huet, dass d’Budgetsmëttel déi do engagéiert ginn, net als Dépense, mee als Investissement missten ugesi ginn. Jidereen ass dann houfreg op deen aus eiser Mëtt, uewen um Podium. Och wann dee séng Medail dann méiglecherweis vun engem Voyou iwwreecht kritt a oppassen muss mat wiem hien sech fotograféieren léisst.
A nach ëmmer bleiwt et richteg, dass Sport, ouni biochemescht Gefuddels, gesond ass. Fir Kierper a Geescht. Am Lycée krut ech deemols ee Sticker mat „3 Stonnen Sport an der Schoul“ drop geschriwwen. Ech si mir net sécher, dass, wat de Stellewert vum Sport e.a. an der Schoul ubelaangt, et zënter deemols besser ginn ass. Dat wir awer néideg well mir eis Gesondheet (kierperlech a geeschteg), eis Kanner, eis All, eis Compétitivitéit, eist Land gär hunn. Loosst et ons geschéihen doën!
E Sonndeg de Moien hun ech wéi all Dag um 6H00 méng Kaffismaschin ugehäit an een Orangejus gepresst. Während deems hun ech de Fliger nogekuckt, déi vum Findel fort geflu sinn. Tjo. Zënter enger Woch ass Summervakanz. Net fir jiddereen awer fir nawell ganz vill Leit. Dat hun ech um Wee fir op d’Aarbecht gemierkt. Et ass eidel um Wee. Vill Leit si fort, an d’Vakanz, nawell gär mam Fliger.
Zum Thema Fliger, besser gesot, hirem Kaméidi, haten Enn Juni déi gréng aus der Stad an aus dem Bezierk Zentrum op eng Versammelung nom Motto „Fir eng besser Nuetsrou um Findel“ op den Cents invitéiert. De Sall war gutt gefëllt. Ech fannen esou Owender flott: et kritt een Informatiounen aus éischter Hand an et kann ee matschwetzen a Froen stellen. Dovunn hu vill Leit profitéiert.
Mat enger Parti pertinenten Zuelen, Statistiken a Grafiken huet den zoustännege Minister François Bausch d’Entwécklung vun de Flugbewegunge gewisen. Et goufe Scénarien opgestallt iwwer déi méiglech Entwécklung vum Lofttraffik. Hien huet explizéiert wat an de läschte Joren décidéiert gouf. fir vum laissez-faire bis dohin, lues awer a sécher a Richtung serieux Kontrollen ze kommen. An awer och wat nach alles geplangt a néideg ass.
De Flugverkéier soll manner Kaméidi maachen a manner Ofgase produzéieren. Eng Parti Saachen si schon ugeleiert, anerer emminent. Dat geet vun der Optimisatioun vun der Descenten fir manner Kaméidi iwwer eng Revisioun vun de Standardflugprozeduren (fir manner Retarden i.e. Landungen no 23H00).
Et muss sech an der EU agesat ginn fir eng Taxe um Keroséng. Mat deene Suen soll dann d’Recherche fir eng Dekarboniséierung vum Flugverkéier ënnerstëtzt ginn. Och sollen déi nei Taxen, déi besonnesch den Nuetsverkéier (vun de Fliger) sanctionnéieren, esou séier wéi méiglech ëmgesat ginn.
De Jean-Paul Roeder, gréngen 1. Schäffen vu Sandweiler bemierkt, dass si elo d’Leit an hirer Gemeng esou wäit kruten, dass si Sonndes Moies net méi d’Wiss mat der Maschin méihen. Den Effet dovun gëtt awer relativiséiert duerch d’Motortester no der Révisioun virum Hangar, nawell dax Sonndes Moies. Dat ass net zilführend. Duerch eng aner technesch Organisatioun sollt et méiglech ginn dee Kaméidi erof ze setzen, méngt de François Bausch.
Virun allem awer: Eppes Wesentleches huet net de François Bausch gesot, mee d’Vertrieder vun den Interessisveräiner vum Cents a Polfermillen/Hamm ouni, dass si awer hir Kritiken vergiess hätten: mat dësem Minister sinn d’Diren vun der black box op gaang. Elo sinn d’Informatiounen zougänglech (zB iwwer ana.public.lu)an et gëtt matenee geschwat. An deem Sënn soll och zesummen mat de betraffene Leit an de Flugcompagniën eng verbindlech Charta fir de Kaméidi erof ze setzen, ausgeschafft an ëmgesat ginn.
Mateneen Ziler erreechen. Solidaresch, a gläichem Mooss matgestalten. Mat Zesummenhalt geléngt gutt Liewen. Well mir eist Land, Ëmwelt, Vakanz, exotëscht Uebst an Nuetsrou gären hun.
Présentatioun vum 25 Juni 2018 : hei
Ech hat ee schéinen Summerweekend heiheem um 25. BD Festival zu Contern, an der Péitruss beim LXB Cup am Skateboard an mat der Luma op der Place d’Armes.