Kategorien
Demokratie Energie enmarchelaanschtdeknuedler grengwierkt integratitiv Mobilitéit Partizipatioun

Politikhiewelen

Meng Ried bei der Generalversammelung vun déi gréng Stad Lëtzebuerg, de 27. Februar 2022.

Léif Alleguer

Et ass formidabel zu wivill, dass dir haut heihi komm sidd. Dat hat ech net erwaard.

Als éischt wëll ech all deene Merci soen, déi et méiglech gemaach hunn, iech motivéiert hunn, virwëtzeg genug gemaach hunn, fir dass dir iech op dësem sonnegen Sonndeg Moien heihinner déplacéiert hutt. Merci dem Mike, Sébastien, Eduarda, an de Facilitateurs Jill, Michelle an Dirk.

Dir sidd hei, well dir erkannt hutt, am wäite Virfeld vun de nexten Gemengewalen, dass eng Gemeng am Fong vill Hiewelen huet, fir ganz vill ze maachen fir de Klima, fir d‘Natur, fir d’Zesummeliewen also am Sënn vun grénge basics.

Et ass Haut schon e puer Mol gesot ginn : mir wëllen nees déi Hiewelen kënnen bedengen fir eng besser, eng méi gréng Stad.

Virdrunn, wéi mir nach an der Stad an der Majoritéit waren bis 2017, krute mir méi wéi eng Kéier d’Remarque gemaach, mir genge net genug hei, net genug do. Mir gengen ons Idealer an Ziler vergiessen. Zevill Kompromësser maachen…..

Elo mierkt awer jiddereen hei an der Stad, dass wann déi gréng net méi mat décidéieren, dass et dann net méi wäit hir ass mat grénge Basics bei de Leit vun der Majoritéit. Aner Hiewele gi bedengt: e puer Strécher mat waasserléislecher Faarw fir éphémère, popup Velospisten. Oder Alibi Biergerbedeelegungsaktioun Taxonomiestuf 1, um Beispill vun den Aménagementer vun der avenue Pasteur. An och do ass zousätzlech traureg: deen eenzege Choix deen d’Majoritéit bidd, ass Beem oder Velo. Awer nëmmen dem Auto näischt ewäch huelen.

Kuerz a gutt : mir hunn och elo matkritt, dass eng Gemeng och vill Hiewelen zu Ongonschten zB vun der Natur aktivéiere kann.

Virdrunn hunn ech gesot, dass een als Gemeng genug Hiewelen huet fir gutt ze maachen. Mee wann ee « maache » seet, dann heescht dat mat de Leit zesummen eppes maachen. Dowéinst ass deen eenzgen Discours deen an enger Demokratie fonctionnéiert, de participativen Discours.

Zousätzlech: an der Politik geet et dat ze maachen wat méiglech ass. Wat méiglech ass, hänkt vun 2 Komponeten of:

1. dat wat ee selwer wëll an

2. dat wat d’Leit bereed si matzemaachen.

D’Ëmsetzung verlaangt, dann eng Dosis Pragmatismus awer och, fir ze wëssen wourop et ukënnt, wat ee wëll, also Idealismus an Dreem.

Dofir ass eben den Hiewel vum participative Wee. Eng dirket Uwendung am Sënn vu « to walk the talk » ass dat elo haut op desem Sonndeg Moien. Merci.

Kategorien
Corona Demokratie gutt liewen integratitiv zesummenhalt zukunft

Corona, CETA, Charel, Choix

Et war vill Rieds d’lescht Woch bei der 5. Debatt an der Chamber iwwer d’Coronakris, vun Eegeverantwortung. Also, dass den opgeklärte Bierger fräiwëlleg responsabel agéiert. 

Schon zënter Wochen gëtt explizéiert, a widderholl wourop et haaptsächlech ukënnt, à savoir social distancing, Nues a Mond verdecken, fir d’Matmenschen net ze bespruddelen an d’Hänn dacker wäschen. Och an der Chamber ass dat nees gesot ginn, grad wéi och firwat dass dat wichteg ass. Et gouf d’Hoffnung ausgedreckt, dass all Mensch elo verstanen huet an als verstännege Bierger, entspriechend handelt a sech behëllt.

Dës Présomptioun an Approche vum opgeklärte Bierger ass net méi wéi richteg, well mir wëlle jo all eescht geholl ginn. Mir si jo all gär mündeg Bierger déi wësse wat am beschten a wat gutt fir een ass. Schlisslech gi mir jo ganz vill drop trainéiert a si vu Natur aus drop ausgeriicht, mol als éischt dat Optimalst fir ons selwer ze sichen a kréien. 

Dat wat mir maachen ass d’Resultat vun engem Choix tëschend verschiddene, villen Optiounen Mir weiën of wat d’Konsequenzen si vum ganze Spektrum vun de verschiddenste Méiglechkéiten. Eben dat wat ee fir sech wichteg, relevant, décisif fënnt. Et ass ëmmer d’Resultat vun enger Wertung, also ob Eppes vill wichteg oder manner wichteg fir een ass. 

Déi Décisiounen sinn heiansdo méi spontan, intuitiv, aus dem Solar plexus eraus oder no engem Raisonnement. Mee iergendwéi hëllt een ëmmer eng Décisoun, obscho mir net onbedengt wëssen wat op ons zou kënnt, wat geschidd. Dat nennt ee „Risiko“. Dat nennt een Zukunft, also dat wat kënnt. Dat ass offen. Kee kann exakt viraussoe wat kënnt. Dowéinst ass de Risiko je nodeem méi grouss oder besser, esou kleng wéi méiglech. D’Konsequenze sollen optimalerdengs gënschteg fir ee sinn.

Well mir net eleng op deser Welt si, mee ons an enger sozialer Sphere bewegen, inkludéiert een d’Interessen vun den Anere mat an. Duerch d’Oplagen an de leschten Wochen, de Confinement, d’Quarantaine, egal wéi een et nennt, huet ee jo gutt gemierkt, wéi wichteg dëse sozialen Aspekt ass. 

An esou préift een dann, als opgeklärte Bierger fir fräiwëlleg responsable z’agéieren, op déi jeweileg Optioun och als Optioun vun en All acceptéiert ka ginn, respektiv ob mat deser, senger Optioun och een autonomt Liewen vun den anere Leit méiglech ass. Dat ass vereinfacht de kategoreschen Imperativ. Dat ass d’Rechter vun de Leit all. Grondrechter.

Esou ass dat mat Rechter, mat Richtlinnen, mat Regelen, mat Leitplanken: si hëllefen organiséieren an bidden eng Orientatioun. Dat ass wourop et elo ukënnt. Dat ass och de Grondgedanke vun CETA.

« CETA beschneid keng Grondrechter »* sot dëser Deeg um Radio een dee matverhandelt hat. De CETA vun elo ass wesentlech Verbesserung par rapport zum initialen Entworf well déi vill diskutéiert Schiidsgeriichter net privatiséiert gi sinn, mee no considérablem Drock, notamment vun der Zivilgesellschaft, anescht organiséiert gi sinn, mat Contrôle vun dem pouvoir public (hei) an och well hir Kompetenzen limitéiert gi sinn. Iwwer déi Saachen déi mir, als gréngen, wichteg sinn, décidéiere déi Schiidsgeriichter elo net. Net ze vergiessen ass och, dass et elo eng Verbesserung ass par rapport zu den Ofkommëssen déi et am Moment gëtt tëschend europäesche Länner an Kanada (hei).

Den Zäitpunkt vun der Ofstëmmung iwwer CETA an der Chamber war trotzdem schlecht. D’Optauche vum Coronavirus och. Dat hun déi zwou Saache gemeinsam, grad wéi och, dass an den zwee Fäll Regele fest geluecht gi sinn . Wann ee guer keng Regelen huet, bei Corona an och beim Handel, geet et duercherneen an drop an driwwer. Regelen dogéint hëllefen organiséieren an bidden eng Orientatioun. Dat ass wourop et elo ukënnt.

Als opgeklärte Bierger agéiert een da fräiwelleg responsabel: keng Corona a keng Ceta Regel vebidd mir fairtrade Biotomaten aus regionaler Produktioun ze kafen. Keng Corona a keng Ceta Regel zwéngt mech agroindustrielpestiféréiert Tomaten ze kafen.

Dem Charel Jean Philippe Joseph Marie Guillaume a senger Famill wënschen all dat Bescht a vill Freed mat sénge verstännege Matbierger, déi d’Balance fannen tëschend Eegenoptimisatioun an Altruismus. Bleift gesond a monter.

*Jean-Claude Juncker, RTL, Background am Gespréich, 9.5.2020, 

Kategorien
gutt liewen integratitiv Kreativitéit Partizipatioun Sport stadlëtzebuerg zesummenhalt

Vill léiwer de Pafendall wéi Moskau

Kaum ass dat eent Futtballturnéier eriwwer, dat zu Moskau, da kënnt dat next, dat fir mech méi flott, dat op enger Plaz wou ee sech méi wuelt fillt, a Plaz do, wou dëslescht Frankräich gewonnen huet, nämlech am Pafendall: déi 58. Coupe Gaston Diderich an 43. Coupe Roger Diderich vum Red Black Egalité 07 Pfaffenthal Weimerskirch. Elo an der Woch d’Qualiën an e Sonndeg d‘Finallen vun 15H00 un am Stade Gaston Diderich, 100, rue Laurent Ménager, Lëtzebuerg-Pafendall.

IMG_2595

Hei d’Virwuert, dat ech als Vizepresident vum Organisatiounskomité an d’Eventbrochure, eng groussarteg Brochure, geschriwwen hun:

Vorwort Coupe GDiderich

Dat ass kompakt wourop et ukënnt a firwat ech zënter Joren am Sport engagéiert sinn.

Beim Futtball ass et och wéi am Liewen: mat der perfekter Kombinatioun vun Talent, Intelligenz, Fläiss an Duerchhalen setzt ee séng Chancen erop séng Ziler z’ereechen. Kombinatioun heescht an dësem Fall mateneen an et heescht séng Begabung an den Déngscht vun der gudder Saach ze stellen, fir se am richtegen Ablack an ze setzen. Méi schwéier ass et net. Awer och net méi einfach.

D’Basis fir zum Beispill un engem Futtballturnéier mat ze spillen, op am Pafendall oder zu Moskau, gëtt an de Clibb geluecht. Si sinn déi éischt Ulafplaz fir d’Kanner. D’Bénévole sinn déi éischt Uspriechpartner, Animateuren, Betreier,…. Dowéinst solle si, egal op aus dem  Breedensport awer och am Spëtzesport, besser ënnerstëtzt ginn. Fir eng gelongen Integratioun an Inklusioun.

Ee vun de Projeeën an Ziler vum Sport ass sech ze vergläichen a méiglechst gutt dobäi ofzeschneiden. Dat gëllt grad esou fir d’Théikenéequipe wéi fir den ambitionnéierte Feierowendsportler an fir de potentiellen internationale Champion. A fir des Lescht genannt ass et onbedéngt néideg, déi richteg Mëttel zur Verfügung ze stellen. Och do gëllt, wéi an der Kultur, wou dëser Deeg Ee gesot huet, dass d’Budgetsmëttel déi do engagéiert ginn, net als Dépense, mee als Investissement missten ugesi ginn. Jidereen ass dann houfreg op deen aus eiser Mëtt, uewen um Podium. Och wann dee séng Medail dann méiglecherweis vun engem Voyou iwwreecht kritt a oppassen muss mat wiem hien sech fotograféieren léisst.

A nach ëmmer bleiwt et richteg, dass Sport, ouni biochemescht Gefuddels, gesond ass. Fir Kierper a Geescht. Am Lycée krut ech deemols ee Sticker mat „3 Stonnen Sport an der Schoul“ drop geschriwwen. Ech si mir net sécher, dass, wat de Stellewert vum Sport e.a. an der Schoul ubelaangt, et zënter deemols besser ginn ass. Dat wir awer néideg well mir eis Gesondheet (kierperlech a geeschteg), eis Kanner, eis All, eis Compétitivitéit, eist Land gär hunn. Loosst et ons geschéihen doën!

Den FC Red-Black Egalité 07 Pafendall-Weimerskierch spillt en Sonndeg déi grouss Final um 17H00. Um 15H00 ass de Match fir déi 3. a 4. Plaz. E Freideg spillen den RM Hamm Benfica géint den F.C. Avenir Beggen.
IMG_2598
Kategorien
Demokratie enmarcheopdeknuedler grengwierkt integratitiv Kreativitéit Partizipatioun stadlëtzebuerg

Countdown -1 (07-10-2017)

Ech erlabe mir drop opmierksam ze maachen, das Reihenfolg um Walbulletin, ausser denn zwou éischten Positiounen bei ons, déi gréng, Lëscht 1, alphabetesch ass. Sollt zum Beispill e mam „Z“ total vill Stëmmen kréien, dann ass dat voll korrekt a sënnvoll.

All déi aner Regelen sinn bei Wahlbureau affichéiert a stinn op der Convocatioun.

Ween dee mam „Z“ ass, ass gutt ze wëssen, schlisslech geet dorëmms deen/déi ze bestëmmen ween „the most wise and good“ ass fir fir the „common good of society“ ze schaffen.

Joergang 1965, 2 Meedercher, 1,83 m, 82 kg.

Wunnen zu Lëtzebuerg , an der Stadt Lëtzebuerg um Kirchberg-Schoettermarjal.

Politesch bei déi gréng zënter 1995

Member C.E.X. (Comité exécutif) zënter 2011
Member Gender Rot, zënter 2017
Sekretär von der Lokalsektion déi gréng Stad Lëtzebuerg, zënter 2012
Commissions consultatives Ville de Luxembourg:

Action sociale, santé et 3e âge (vice-président)
Enfance
Sports et loisirs
Formatioun:

Infirmier gradué social
Assistant d’hygiène sociale (EIULB Ecole des Infirmiers annexé à l’ULB)
spécialiste en sciences humaines
Master Européen en Management des Organisations sportives (MEMOS IV)
Schaff:

Zënter 1995: Parquet Général S.C.A.S. (Service Central d’Assistance Sociale)
1991 – 1995: Croix-Rouge Luxembourgeoise & Ligue d’Action médico-sociale
Bénévolater:

Zënter 2011: President US Basket Racing Luxembourg
1995 – 2015: Coordinateur sportif C.A. Celtic Diekirch
2009 – 2013: Secretary European Athletics working group for club affairs
2003 – 2009. Secretary European Champions Clubs Cup Juniors
1995 – 2002: Secrétaire général Fédération Luxembourgeoise d’Athlétisme (F.L.A.)
1982 – 1991: Président Club des Jeunes Ermsdorf

HëftgoldMondzou-2
An eng Partei goen, ass e bëssen eng aner Décisioun wéi Member a soss engem Veräin ze ginn. Et ass anescht well een sech fest leet. Et „out“ ee sech wat séng Vue op d’Welt ugeet. Fussball spillen oder Saxophone ass eng Saach, ee gréngen sinn ass eng aner. An enger Partei engagéiert ze sinn ass net rondrëm Gespills, näischt Theoretesches, keng intellektuel Masturbatioun, keen Exercice, mee matschaffen fir d’Réalitéit ze beaflosse, ze changéieren. Et ass den Engagement fir iwwer séng eegen kleng Welt eraus ze denken. Politik gëtt souwisou gemaach. Permanent, iwwerall décidéiert een iwwer mäin Liewen. Falsch Politiken beaflossen mäi Liewen. Zut! Da wëll ech mat schwetzen. Awer net just géint eppes sinn, mee fir eppes. Drunn matwerkelen fir dass et wirkt. Geschéck maachen.

Ech si bio vu kleng un. Déi eng Grousselteren haten ee Gaart um Lampertsbierg (an der Géigend vun der Poubelle vun der Foto), déi aner um Verluerkascht, dono zu Merel.

Meng Elteren haten och ee Gaard an ee Kompostkoup. Mäi Papp huet Béier sacrifiéiert fir d’Schléken vun der Zalot ewäch ze lakkelen a Plaz Gëft ze sprutzen. Mir hun d’Onkraut erausgepickt a Plaz Gëft ze sprutzen an d’Wiss mat der Séissel geméint a Plaz mat der sténkeger Méimaschinn. Mir konnte bei ons am Duerf kee Waaser vum Krunn drenken well zevill Nitrat dran war (Haut och nach). Mäi Papp war mat dobäi wéi de Mouvement écologique gegrënnt ginn ass déi gréng Partei, mäi Brudder huet sech fir bedreete Völker agesat a war soss alternativ engagéiert, et cetera. Mir sinn och geléiert ginn mat ze schwetzen an awer z’iwwerleeën ir mir de Bak opdinn. Och sech net selwer Leed ze doen, mee eppes z’ënnerhuelen, kruten mir mat op de Wee. Dat war bei ons normal. Esou hun ech mech gekëmmert an engagéiert.

Ech sinn eréicht 1995 Member vun déi gréng ginn wéi sech déi zwou deemoleg gréng Parteiën zesummen gedoen hun, well dunn enfin agesi gouf, dass fir Politik ze maachen, een déi eegen Idee, Iwwerzeegung a Meenung net verabsolutéieren därf. Si gehéiert zum demokrateschen Prozess, grad wéi der Meenung vun deenen aneren. Mat manner puritaneschem Ideologismus goufen déi gréng menger würdeg.

Mat der Kultur ass et wéi mam gréng sinn bei mir: Kultur war schon immer do bei ons doheem a rondrëm: ee Pinselen hei, Faarwen do, Musikplakken (=Vinyldisken), Instrumenter, Bastelkrom, Biller un der Mauer, Bicher am Regal, Danzbuedem am Living, Gesang, Duerftheater, Bühnendekor, Solschlësselcher, Xylophone a Blockflûte, Kierchechouer, Uergel, Pantomime, Schoultheater, Molconcour,….. All déi Impulser intriguéieren an interesséieren mech, zënter deemols bis haut. Ass esou.

Sport maachen ech vu jonck un. A gär.

Wéi vill Bouwen hun ech Futtball gespillt, net begaabt awer engagéiert.

An der Liichtathletik hat each eng besser Uluecht. Ech si 400 m geditzt (eng Ronn esou séier wéi méiglech rondrëm d’Pist). Dat war net ze komplizéiert zB mam Ronnen zielen; eng Onz Talent kann een mat Éiergäiz a Fläiss optimiséieren. Deemno hun ech gutt mat gehal, war e puer Champion an hat e puer Staffellandesrekorder. D’Resultater mat de Staffelen waren déi flottst well 4 Leefer hir Egoën an individuell Qualitéiten zesummegetesselt hun fir ee gemeinsamen Projet. Gedeelten Freed ass déi schéinsten Freed.

Dono goufe ech Sportsbénévole. Beim Liichtathletikverband, an mengem Liichtathletikclub, dem Celtic Dikkrich, bei European Athletics an elo als President beim Basket Racing Luxembourg. Duerch all dës Engagementer sinn ech méi gescheit ginn, duerch meng eegen Approximativitéiten awer virun allem duerch de „listen and learn“ mat de villen Leit mat deenen ech do ze dinn hat, hun an nach kréien wert. Elauter absolut Beräicherungen.

Deen eenzegen Discours, deen an enger Demokratie fonktionnéiert an dee mécht, dass Demokratie fonktionnéiert, ass de partizipativen Discours.

IMG_7247

Et soll een deelhuelen. Dat huet mat Kreativitéit ze dinn, mat Freed, mat Dreem a Chancen a Perspektiven, an och mat Tomaten, déi enges Dags dann dee Präis kaschten, deen se wirklech wert sinn ….. a mat dësem Blog.

Ofschloss Aarbecht vu MEMOS & Buch iwwer d’Gemengewahlen 2011

Soss waren et een üblechen Dag fir all Enn vun enger Wahlcampagne: um 7.30 um Maart, dono op der Broschtkribslaf. Dunn nees zréck op der Maart (ongeduscht awer mat anere Kleeder). Am Nomëtteg si mir an der Stater Park gaang fir onst üblecht Gesschir ze verdeelen. Ze bemierken, dass mir all ons Flyer verdeelt hun awer nach Wandmillen a Bikker hun. Eng fréier Buergermeeschtesch a Ausseministerin ass laanscht komm an huet gemengt mir sollte besser Cognac verdeelen. Vläicht net falsch.

Ech sinn elo grand zreck vun onsem Campagne Ofschloss Iessen an der Casa Fabiana. Ech wënschen Iech eng rouëg Nuecht an ee schéine Sonndeg.

Lëscht 1

IMG_9112

*Fotoën: Frank Wiltzius – Portrait 1: John Gerard – aner Fotoen: Familijenalbum.

Kategorien
Demokratie enmarcheopdeknuedler integratitiv Partizipatioun stadlëtzebuerg

Et war net Een…Aleng

Dëser Deeg, enfin dëser Wochen, Enn Juli, sinn zu Bouneweeg an an der Péitruss Spill- a Fitnessplazen fir jhiddereen ageweit ginn. Bei den zwou Aweiungen waren ganz vill Leit do, net just Politiker fir op d’Foto, mee eben och déi fir déi d’Anlagen sinn.

Kaltreis Spillplaz 1 - copie

Et sinn do Geräter an Installatiounen fir all Alter an all ludesch Fräizäitgestaltungsobjektiver : vun pädagogesch wertvolle Spiller iwwer Muskelopbau bis Stressofbau. Alles ! An an Topqualitéit ! Zu Bouneweg um Kaltreis ass et eng Installatioun op 5 ha, mat 15 hightech Poubellen, Basketskierf, Biowiss, Muppewiss, Weiher, Sandkaul, Klammrakéit, Rutschbahn, Lafwee, Zen-Eck. Et war no 20 Joer déck Zäit fir eng Rénovatioun.

Capture d_écran 2017-07-22 à 10.16.50

Ir de Park um Kaltreis den 21. Juli 2017 ageweit ginn ass, ass se gebaut nom Projet an Devis, deen den 11. Juli 2016 am Gemengerot gestëmmt ginn war, LSAP an ADR hu sech enthalen, all déi aner waren dofir. Fir déi gréng huet de François Benoy dem Schäfferot félicitéiert, dass en ëmmer méi op de Wee vun der Biergerbedeelegung geet. Well, do virdrunn waren d’Awunner aus dem Quartier opgeruff ginn fir beim neien Entworf mat ze maachen. Et gouf dofir zwou Versammelungen mat all den interesséierten Leit. Dono gouf Gescheck gemaach.

D’Resultat ka sech weisen loossen. Fir d’Viviane Loschetter, Schäffin vun déi gréng, ass et logesch, dass d’Leit, déi esou eng Anlag benotzen, och gefrot ginn wat hinne gefällt, wat net, wat besser ka gemaach ginn. D’Dynamik an d’Motivatioun vun de Bierger aus dem Quartier war grouss.

Spillplaz Péitruss 20Juli2017 - copie

Den Dag virdrunn war eng aner Parkanlag an der Péitruss offiziel op gemaach ginn. Déi ass no deselwechter partizipativer Manéier geplangt a gebaut ginn. Manner grouss, méi kompakt, Muppewiss inclus. Och do eng Plaz, een Treffen vun alle Kulturen, Nationalitéiten, Sprochen, fir all Alter, fir an d’Gespréich ze kommen, sech kenne ze léieren. Partizipativ an integrativ. Fireneen, mateneen. Esou soll sinn.

Bon, Spillplazen, et ginn der 200 um Stater Territoire, zesummen aménagéieren ass op den éischten Bléck ee banalen Exercise bei deem Keen eppes ze verléieren huet. Et ass awer och eng Zort blueprint oder Training fir d’Partzipatioun a méi groussen Dimensiounen.

Dat ass an der läschter Gemengelegislatur an der Stad och scho geschidd an ass am gaang, zum Beispill fir den Neiaménagement vu Plazen matzen am Quartier, zu Bouneweg, Hamm, Belair, Lampertsbierg, am Garer Quartier…. an dat wert mat de Gréngen och weider geschéien. Och doriwwer eraus: wann nei Quartieren oder méi grouss PAP geplangt ginn, sollen och d’Awunner aus de Nopeschquartieren matagebonnen ginn.

Versammelung LampertsbiergMat de Leit schwätzen, hinnen nolauschteren, Ried an Antwort stoen.

D’Syndikater aus de Quartieren gi weider ënnerstëtzt an do wou keng sinn, sollten esou Comiteeën gegrënnt ginn. Dat includéiert och finanzielle Support. Iwwerhat Suen a Budget.: bis elo ass d’Partizipatioun an de Quartieren just bei konkreten Projeten gemaach ginn. Quartiersbudgeten sinn eng aner Optioun déi onbedengt agefouert soll ginn. Een Obulus fir Initiativen an Ideeën iwwer déi d’Quartierscomiteeën oder Syndiken mat décidéieren. Dat mat der Hëllef vum Quartierskoordinateur/koordinatrice, deen sech ëm d‘Servicer vun der Stad am Quartier, d’Zesummenliewen an d’Participatioun këmmert.

Initiativen an Ideeën sinn dat eent, da Geschéck maachen dat anert. Och dat geet am beschten zesummen: d’Bewunner aus dem Quartier, de know-how vun de Servicer vun der Gemeng an och déi Gewielten, déi responsable décidéieren, dofir si se jo do. Dat ass een vläicht ongewinnten Exercice a verlaangt eng aner Manéier fir ze denken, vun alle Säiten.

Dat soll et jidderengem wert sinn, well deen eenzegen Discours, deen an enger Demokratie fonctionnéiert an dee mecht dass d’Demokratie fonctionnéiert, ass de partzipativen Discours. Da wierkt et.

Foto 1 uewen: paulzens.net – Foto 2 an Foto 3: screenshot fb – Foto 4: paulzens.net
Kategorien
enmarcheopdeknuedler grengwierkt integratitiv stadlëtzebuerg

Ee Liichtathletikstadion fir d’Stad

Dëser Deeg waren d’Liichtathletikweltmeeschterschaften zu London. Do huet ee nees gesinn, wéi flott dëse Sport ass well et ass fir jhiddereen eppes dobäi. Vun der plommeliichter Leeferinn op de laange Lafdistanzen, iwwer de Koloss mam Hummer oder der Kugel, via déi laangbeeneg Héichspréngerin bis de Mehrkämpfer mat sculptéierten Pectoraux an de Sprinter mat der strammer Karrosserie . Fir ze kucken awer och a virun allem fir selwer ze maachen. Fir all Gewiichtsklass a Gréisst, sprinten, lafen, werfen, sprangen. Liichtathletik ass d’Erausfuederung déi perfekt Kombinatioun tëschend Esthetik an Efficacitéit ze fannen a sech mat Aneren ze vergläichen. A well d’Liichtathletik esou universell ass, brauch d’Stad ee Liichtathletikstadion. Dat passt perfekt an eng universell Stad.

Capture d_écran 2017-08-14 à 20.46.46
Den Olympiastadion vu London 

Wann intelligent geplangt gëtt, kënnt an d’Sportshal niewendrunn oder ënnert d’Gradinën, eng Installatioun fir  Liichtathletik Basics, eng Wäitspronggrouf mat e puer Bunnen fir den Ulaf a fir ze sprinten an Hürden ze lafen a fir kënnen vu bannen eraus ze werfen a stoussen, wann d’Meteo kal a naass ass. Dat ass dann net nëmmen gutt fir de Stater Liichtathletikveräin, mee och an der Grondschoul vum Quartier wert d’Léierpersonal begeeschtert sinn duerch déi vill nei sporttechnesch Méiglechkeeten fir flott a mat Freed Koordinatioun, Souplesse, Schnellegkeet, etc.. ze trainéieren.

 

Iwwerhat sinn d’Sportinfrastrukturen ee permamenten Chantier an der Stad. Zwar gouf och an de läschten Joeren vill investéiert, rénovéiert a nei gebaut, mee et leeft een e bëssen hannendrunn, well d’Clibb méi dynamesch sinn a wuessen wéi geduecht a well ëmmer méi Leit an d’Stad wunne kommen an och méi a nei Sportarten.

Cents centre sportif 1pierre D’Grondsteen Zeremonie fir de Sport a Schoulzenter um Cents 7.4.2017

Dobäi kënnt, dass d’Sportsclibb zum allergroussen Deel mat Bénévolen fonctionnéieren, déi eréicht no hirer Schoul oder Schaff trainéieren kënnen bzw. Training halen kënnen. Dat bréngt mat sech, dass all d’Clibb zu gläicher Zäit Infrastrukturen brauchen. Doduerch gëtt et enk zu de Sportspëtzestonnen.

 

Iwwerhat, déi Bénévol am Sport (an och soss). A Sonndesrieden gi si an hiren Asaz, net just fir hire Sport, mee och an zu recht, fir hir gutt Aarbecht a Punkto Integratioun, Inklusioun a soss sozial Aspekter, als allerwichtegst fir de Sport an d’Gesellschaft op allen Niveauën gelueft. An dat war et dann!  Ech fannen, an der Stad soll elo endlech déi vill Aarbecht fir ee gutt Zesummenliewen valoriséiert ginn. Ech setzen mech fir een entspriechenden Subsidiensystem an. Et gëtt Zäit, dass och an déi investéiert gëtt, déi Dag fir Dag, Woch fir Woch, bei Wand a Wieder sech ëm eng besser Welt këmmeren, doduerch dass se  duerch de Sport, oder soss Aktivitéiten, Mënschen zesummen bréngen.

 

Fir all déi déi elo net esou Veräinsmënschen sinn an awer fit a souple bleiwen wëllen, sief et fir no dräi Treplécker net aus dem läschten Lach ze päifen oder fir ouni Stäip sech kënne vum Komp ze hiewen, sollen et an allen Ecker vun der Stad Fitnessanlagen ginn, esou wéi déi zwou an der Péitruss oder déi am Park-Spillplaz Kaltreis zu Bouneweeg. Do a bei villen vun deenen aner 200 Spillplazen an der Stad, ginn et och flott outdoor Sportsterrainën.

kaltreisCalesthénique Fitness mode d’emploi

Parc Kaltreis RelaxPausen gehéieren zum Training (d’Régénératioun ass ganz wichtig) Bänken stinn quasi  niewend de Fitnessgeräter am Park Kaltreis.

 

A propos outdoor. et soll och méiglech sinn eng Klammmauer an der Stad hinzekréien. Wann nët nierwend dem Paffendaller Lift, dann eventuel hannert d’Schlass Mansfeld a Clausen oder am Neiduerf an der Géigend vum Lift an der zukünfteger Bréck oder an d’Péitruss bei de Skatepark. Do sin genug géi Fielsen.

SkateparkNiewend dem Skatepark ass Platz fir eng héich Klammmmauer

Wou déi oppen Schwämm hikommen soll, mat Plage a Gedrénkskiosk wees ech nach net. Vläicht zu Beggen., well meng Tata Annie, de Monni Dave an meng Cousine Karen huet vill Joren an der Beggenerstrooss gewunnt an heiansdo hate si ee vue mer (mee dat hat aner Grënn a war net esou gutt). Eng plus-value fir d’Stad ass esou eppes op jhiddwerfall. Mir sinn déi eenzeg Metropolchen mat ouni dat. Dat wat schon do ass, si Pétanques Installatiounen fir déi nach méi convivial Sportler mam Pastis* als Ravi oder Zilwaasser.

IMG_8352

Dat sinn grad esou sënnvoll oder nach besser Investissementer fir d’Stad an hir Leit, wéi d’Ënnerstëtzung vun den Evenementer déi Stad Lëtzebuerg op d’Sportsweltkaart setzen a d’Natioun brandéieren.

 

Ganz opmierksamen Leit fällt op, dass dat vum Liichtathletikstadion schon an onsem (déi gréng aus der Stad) Walprogramm vun 2011 stoung. Deemols war dat nach ee wäit Feld mat villen Inconnuën. Entretemps ass Geschéck gemaach ginn, vu Gambia an der Stad Lëtzebuerg : de Rugby- a Futtballstadion ass esou gutt wéi färdeg an näischt soll verhënneren, dass d’Stad elo een offenen, frëndlechen Liichtathletikstadion, ouni Barrièren oder Clôturen kritt, deen dëser cooler, universeller Sportart würdeg ass.

 

An dono denken mir da ganz serieux iwwer de Basket Racing Dome no.

*Alkohol soll een a moderéierte Quantitéiten genéissen. Waasser ass essentiel fir eng uerdentlech Hydratatioun.

Kategorien
enmarcheopdeknuedler integratitiv stadlëtzebuerg

Game, set, match fir ons Natioun

Dëser Deeg huet de beschte Lëtzebuerger Tennisprofi vun allen Zäiten, Gilles Müller, Lëtzebuerg op Tennis Weltkaart placéiert an d’Natioun global brandéiert.

Capture d_écran 2017-07-14 à 23.03.50Gilles Müller (Foto Eurosport)

E puer dëser Deeg virdrunn hat de véiertbeschte Futtballclub vu Lëtzebuerg, den FC Progrés Nidderkuer, d’Natioun europäesch brandéiert.

Prog-Rangers

Nach eng Parti dëser Deeg virdrunn hun hei am Land vill dausende Leit d’Cyclisten vum de Tour de France um Bord vun der Strooss ugefeiert. Lëtzebuerg war an des Course includéiert e.a. fir d’Natioun ze brandéieren. Ufank Juli sinn och dausende Leit um City Jogging duerch d’Stad matgelaf an mäi Basketclub, de Racing aus Stad hat Generalversammelung um Enn vun enger gelongener Saison.

Cpe Coque bwSport ass kuerzfristeg a vergiesserlech wat d’Resultater ugeet, net awer fir dat wat ee léiert dobäi.

Alles Sport! Alles vu Leit fir Leit! Vun Héichprofessionnel bis Amateuren a Bénévolen. Ouni dës Lescht gëtt et déi aner net. Bénévolen, déi mat Leif a Séil dobäi sinn a begeeschtert organiséieren, encadréieren, motovéieren, maachen den Ufank. Dono ginn déi Bescht, dat sinn déi Wéinegst, quasi the chosen few, iwwerholl vun deenen Aneren, de Profimanager. Eng richteg Sportscarrière ass ee Laangzäitprojet, déi jugéiert gëtt no kuerzfristegen Resultater. Den Erfolleg vu Gëschter ass séier vergiess.

All déi aner, the remaining many, maachen virun Sport. Op hirem Niveau, no hirer Loscht a Freed.

Greng JoggerGréng Cityjogger: Sam, Salam, Claudie, François

Sport ass Mord! – Wieso Sport Mord ist? Weiss ich auch nicht. Man sitzt doch gemütlich vorm Fernseher und trinkt sein Bierchen; natürlich regt man sich auf, selbstverständlich ist die Ehe gefährdet, aber Mord trifft nicht zu. (*).

Also, ech hu Sport net gemaach fir gesond ze sinn, ginn oder bleiwen, mee aus Freed un der Beweegung, d’Freed un der Erausfuederung an dem Verglach mat aneren, aus Ambitioun an déi narzistesch Perspektiv op Unerkennung. Et war bestëmmt net wéinst „men sana in corpore sano“: ech krut duerch de Sport kee Punkt an der Mathé oder Latäin méi.

Eenzeln an a Moossen huet de Sport méiglecherweis hygienesch Avantagen an erméiglecht engem gesond ze stierwen. A mecht Spaass, wéi den Umberto Eco et beschreiwt „Der Sport, verstanden als eine Tätigkeit, in der einer ohne Gewinnstreben und durch unmittelbaren Einsatz des eigenen Körpers physische Exerzizien betreibt, die seine Muskelen üben, sein Blut zirkulieren und seine Lungen voll durchatmen lassen, der Sport, sage ich, ist eine sehr schöne Sache, zumindest so schön wie der Sex, die philosophische Reflexion und das Glücksspiel mit Erbsen als Einsatz“**

Turnen Péitruss.jpgSportanlag fir Jhiddereen an der Péitruss niewend enger Spillplaz an dem Skatepark

Mee virun allem, mat Aneren zesummen ass de Sport eng onvergläichbar sozial a moralesch Léier, och net just dann wann de Sportler, d’Sportlerin, eng intelligent, offen Persoun ass. Am Sport ënnerwerft een sech fräiwëlleg Regalen, de Spillregelen, ouni déi kee Sport fonctionnéieren kann. D’Zivilisatioun ass näischt aneres wéi d’Acceptéieren vu gemeinsame Regelen a Konventiounen. Vill vun dësen Regelen a Konventiounen si arbitraire, kënne changéieren awer si existéieren a setzen de Kader.

Sport léiert net just just Regelen ze respektéieren, mee och de Matstreider. An d’Konkurrenten. Dat gëllt souwuel fir déi Aktiv, wéi och fir d’Supporter an d’Dirigeanten. Een deen de Géigener, den Arbitter oder d’Divinitéiten vernennt, ass kee Sportsmann a gëtt och ni een. Et léiert een würdeg ze verléieren a würdeg ze gewannen,

De gréissten Virdeel vum Sport ass de Wert vum, op der enger Säit, individuellen Effort an op der aner Säit, déi gemeinsam Aarbecht, mateneen op d’Rei ze kréien. Op een Zil hin ze schaffen, eenzel a zesummen. Liberalismus fir de Kollektiv. Et ass op de Mix op deen et ukënnt: zesummen ereecht een de nexte Level. Sport verbënnt. Dat ass gutt fir ons Natioun.

Deemno ass Sport wéi d’Liewen, mat Individualismus, Solidaritéit, Regelen, Werter, Optimiséierung, Kuerzfristegkeet, Nohaltegkeet, Entäuschungen, Belounungen, Spaass a Freed. A verdéngt net just ee Moyen ze sinn fir ze brandéieren, mee och fir brandéiert ze ginn, zumols déi vill Bénévoler.

An emsou méi an onbedéngt wann si sech an a mat hire Clibb fir d’Zesummenliewen asetzen. Am beschten mat Subsidën well bei de Suen klemmt et bei den Amateuren am meeschten, schlisslech huet vun der Qualitéit hire Präis a muss sinn bzw. gëtt verlaangt, zu Recht vun de Sportler an dax och vun hiren Elteren.

och am ReenBénévoler a Betreier, je nodeem betreien si och am Reen, Dag fir Dag.

Eppes aneres Wichteges sinn zweckméisseg, praktesch Infrastrukturen, zum Beispill eng eegen Liichtathletikinstallatioun an der Stad mat der Méiglechkeet an enger Sportshal am Wanter oder am Reen och technesch Disziplinnen ze üben. Iergendwéi soll een et och op eng Rei kréien d’Sportveräiner mat dem Schoulen a soss Betreiungsstrukturen ze verbannen.

Déi selwecht Ideeën gëllen och fir d’Kultur.

*Fritz-Jochen Kopka, 1995 fonnt an „Sport ist Mord, Texte zur Abwehr körperlicher Betätigung“, 1996, Hrsg. Volker Caysa, Reclam Verlag Leipzig – **“Die Fussball–WM und ihr Staat“, 1978, Umberto Eco, aus deemselwechten Buch wéi *.