Kategorien
Demokratie Kreativitéit mir-man-et-geschéien Partizipatioun stadlëtzebuerg

The Signature of Civilizations

Déi läscht Wochen war a Saache Kultur nawell vill lass hei am Land : de Salon du CAL (Cercle Artistique de Luxembourg), dee säin 125. Gebuertsdag feiert, d’Luxembourg Art Week, d’Ausstellung “Viv(r)e la matière » vis-à-vis vum Rousegärtchen, d’Walfer Bicherdeeg mam Lëtzebuerger Buchpräis, d’Zeremonie vum Lëtzebuerger Filmpräis, a besonnesch, zënter Enn September a bis Enn Januar 2022, am Casino « Stronger than memory and weaker than dewdrops ». Ufank Dezember war an de Rotondes d’Fotoausstellung « Les conséquences » iwwer Féménicide a nach ëmmer am Citymuseum « Gleef dat net… !» bis Mëtt Januar 2022. Bis Ufank Januar gesäit een am Kader vun “La vie ..more or less Part 1 » Fotoën vun an iwwer de George Edward Nixon op der Stroossbuerger Plaz an der Stad.

Elo kënnt Esch2022, iwwer dat d’Elke Buhr, Chefrédactrice vu « Monopol, Magazin für Kunst und Leben am Extraheft vum Dezember 2021 geschriwwen huet « Im Zentrum steht die Zusammenarbei : zwischen Kulturen, zwischen Regionen, zwischen Bevölkerungsgruppen und Generationen. »

“ Art is the signature of civilizations ”

Tëschend dësen Ausstellungen an dem Beuys sénger Ausso, dass Jiddereen ee Künstler ass, läit ee Wee a mir vun déi gréng Stad Lëtzebuerg haten ons den 21. September 2021 bei enger Table ronde am Sang a Klang am Pafendall mat dësem Wee, zumindest een Deel dovunner, beschäftegt. De Robert Garcia (Roga) huet mam Antonia Ganeto (Finkapé), Claire Wagner (ASPRO), Paul Thiltges (Produzent) an Ainhoa Achutegui (Directrice Abtei Neimënster) diskutéiert. Och d’Sam Tanson, Kulurministesch an d’Claudie Reyland, Gemengeconseillère an der Stad hunn hir Iwwerleeungen présentéiert.

Hei meng Intro vum Owend

Léif Alleguerten, bonjour toutes et tous, chez Konscht pour toutes et tous.

Pour les personnes préférant suivre le débat en français, des écouteurs sont à votre disposition. La traduction est assurée par les spécialistes du service « traduction orale directe » de l’Asti. Merci beaucoup.

A fir géint den Duuscht ass och gesuergt. Ech hat am Ufank geduecht, dass Konscht wéi Sport, eppes emotionales ass, dass eventuel kéinten am Laf vun der Diskussioun Fläschen a Glieser geflu kommen. Mee ech gesinn, dass et anescht schéngt ze goen. Dofir dir kënnt iech elo och schon eppes huelen fir ze drenken.

Dat gesot, ech hunn Haut gesinn, also Haut hunn zwee Graffitti Künstler, de Raphaël Gindt an den Daniel Mc Lloyd, um ale Kierchbierg, um Busarrêt Paul Noesen, ee Graffiti gemoolt an zwar ee grouse Fëschreiher, op eng Wand vun engem Haus, een aalt Bauerenhaus, dat geschwënn ofgerappt gëtt.

De Paul Noesen war ee Schrëftsteller vum Enn 19., Ufank 20. Jorhonnert. Déi zwee Graffitti Kënschtler agéieren elo. Si hunn de Reiher gemoolt wéinst dem Paul Noesen senger Kuerzgeschicht “Reiherjagd”. Do mierkt een wéi sech alles mateneen verbanne kann, also dat Haus, dat gëtt elo geschwënn eng Kéier ofgerappt, dann ass déi Wand fort, dat Haus geet op Architektur, Architekturkonscht zréck. De Graffitti ass elo.

Dat wat ech soen well: et deet ons all gutt, wa mir ons mat Konscht beschäftegen, well op der enger Säi, wéi se an “les intouchables” soen, dass Konscht déi eenzeg Trace ass déi mir bei onsem Passage op der Erd hannerloossen, op der aner Säit ass et allerdings och esou, dass Kënschtler*innen zum daxten ee ganz rengt Gespiir, ee feinen Sensorum hunn, fir dat wat sech an enger Gesellschaft ofspillt. Dëse Spigel, dee mir virgehale kréien, ass gutt fir ons Alleguer, fir deen Eenzelnen, fir Jiddereen, soll dann och déi entspriechend Plaz hunn.

Wat den Owend ubelaangt: vill Leit, net nëmmen déi Stater gréng, stelle sech d’Fro op d’Kulturpolitik vun an an der Stad Lëtzebuerg, den Usprëch vun enger zäitgeméisser Kulturpolitik an och enger Kulturentwéckelungsstrategie gerecht gëtt.

Ier een awer elo deen éischte Stee pucht, vläicht och als Oppositiounspartei, soll ee sech awer och agestoen, dass keen, och keng Partei, den Usproch erhiewe kann, déi ultimativ Äntwert, Äntwerten, ze hunn.

An deem Sënn, ass och net ze fréi, fir elo schon, am Virfeld vun de nexten Walen, dat zwar nach iergendwéei an engen fernen Avenir ze si schéngt, mee awer scho ganz no a si kommen, méi séier wéi mir mengen, Froen eben iwwer eng zäitgeméiss Kulturpolitik op ze werfen.

Well iergendeng Kéier 2023 bis de Walprogramm warden an op Twitter as soss soziale Medien dann an e puer Zeilen dat dann ze résuméieren, gëtt der Konscht net gerecht.

Duerfir werten mir ons vläicht, hoffentlech, no der animéierter Diskussioun zur Konklusioun kommen, dass dës Gespréichsronn just een éischten Tur ass. Um Enn vun dësem owend wärte mir ons eens sinn, dass mir bis 2023 nach déi eng oder aner Kéier musse noleeën. Och mat engem kontradiktoreschen Débat, och mat verschiddene Parteien an soss interesséierten Persounen.

Genug vu mir, ech ginn d’Wuert elo weider un d’Claudie Reyland, Claudie an ech maachen d’Presentatioun den Owend als Co-President*in vun der Lokalsectioun. Merci

Diskussioun (no der Intro) hei. Deen éischten dee schwetzt, ass de Robert Garcia “Roga”. Leet Iech zréck mat engem Patt a genéissst déi 2H16 Diskussioun.

De Reportage um 100komma7 hei

De Saz “art is the signature of civilizations” gëtt je no Source, dem Jean Sibelius, finnesche Komponist (1865-1957) aoder der Beverly Sills, US amerikanesch Soprano an Opernsängerin  (1929-2007) zougeschriwwen.

Kategorien
Demokratie Kreativitéit mir-man-et-geschéien zesummenhalt zukunft

Verzichten oder profitéieren, … dat ass d’Fro

De President vun de Propriétairen hei am Land, mengt an engem Interview um 100komma7 (hei) et soll een als Propriétaire virleefeg net op de Loyer verzichten. Aus Däitschland gëtt gemellt, dass eng ganz Rei Konzerner keng oder manner Loyer bezuele wëllen.

Ech hat geduecht, dass an dëser aussergewéinlecher Situatioun, mir ons all sollen e bëssen zréck huele, mir si jo an enger situation de crise an dass mir am beschten hunn, zesummen ze halen. Dat kéint dann heeschen, dass déi Staark déi Schwaach ënnerstëtzen : deen deen eppes méi huet, verzicht, temporaire oder ganz oder deelweis, op eppes. Deen anerer kritt doduerch e bësse Sputt an d’Chance déi schwireg Zäit, de momentane Manktum, z’iwwerbrecken. All d’Moossname vun der Regierung sinn dorop ausgeriicht. Well et ass just iwwergangsweis.

A Krisesituatiounen kënnt och jidderengem säi richteg Charakter eraus. Déi meescht sinn jo wueltemperéiert, mat e bësse der enger Eegeschaften, e bëssen der aner. Alles ausbalancéiert. Alles gutt. Trotzdeem ginn déi eng nervös an hektesch, anerer zéie sech zréck, anerer gi generéis an hëllefsbereed, anerer gi gurmangsesch, anerer ginn iwwerluecht vir. Et kann een zB. iwwerleeë wéi een am beschten hëlleft.

Anerer iwwerleeë par konter, wéi si vun dëser Krisesituatioun profitéiere kënne.

Wéi dat geet exercéiert de Propriospresident an och divers Konzerner. D’Gurmangsechkeet dans toute sa splendeur. De Propriospriosaffekot réit sénge Leit weider z’encaisséieren. Dat généréiert par ricochet d’Persepktiv fir als hire juristesche Beroder ze figuréieren, méiglecherweis och fir dann, wann e Locataire net bezillt, dem Propriétaire séng Rechter hëllefen anzekloen a fir, évidemment, och fir een zünftege Mietvertrag opzesetzen mat engem neie Locataire, nodeems hie gehollef huet, deen dee während dem Engpass net bezuelt hat, eraus ze puchen. Et ass jo alles juristesch rechtens. Dat ass da fir hien win-win-win. Fir hien a fir déi déi hie bezuelen. Wat mech un dat Lidd erënnert « wessen Crémant ich trink, dessen Lied ich sing ».

Et schéngt awer och, esou steet am Lëtzebuerger Land vun dëser Woch (hei) verschidde Propriétairen ze ginn (iwwriens: Propriétairen sinn och mat an der Kris, musse sech Gedanke maachen, hun investéiert a si sollen och net zum beschte gehale ginn), déi méi sozialkompetent si, wéi deen dee si représentéiert : Désinfectant a Plaz Vodka. Well déi hu verstanen wourop et ukënnt elo.

Si distinguéire sech op des Manéier och zB vun GM, deen Autoskonzern, dee virun nach net all ze laang mat Steierdollaren gerett ginn ass an elo kalbliddeg eng Milliard Dollar verlaangt hat, fir Beotmungsgeräter ze produzéieren an dëser Noutsituatioun. Haaptsaach de shareholder geet et gutt. Deen vun GM oder deene vun Adidas.

Verschidde Propriétaire maachen och dat wat si kënnen : kreativ no Léisunge sichen a fannen. Och dat distinguéiert si positiv vun deene à la Donald, Jair, Boris, déi mengen et fir eng Saach vu just e puer Wochen („eng ‚Durststrecke‘ do ass, vu 14 Deeg„) oder fake news.

Alles gëtt gutt.

Kategorien
gutt liewen integratitiv Kreativitéit Partizipatioun Sport stadlëtzebuerg zesummenhalt

Vill léiwer de Pafendall wéi Moskau

Kaum ass dat eent Futtballturnéier eriwwer, dat zu Moskau, da kënnt dat next, dat fir mech méi flott, dat op enger Plaz wou ee sech méi wuelt fillt, a Plaz do, wou dëslescht Frankräich gewonnen huet, nämlech am Pafendall: déi 58. Coupe Gaston Diderich an 43. Coupe Roger Diderich vum Red Black Egalité 07 Pfaffenthal Weimerskirch. Elo an der Woch d’Qualiën an e Sonndeg d‘Finallen vun 15H00 un am Stade Gaston Diderich, 100, rue Laurent Ménager, Lëtzebuerg-Pafendall.

IMG_2595

Hei d’Virwuert, dat ech als Vizepresident vum Organisatiounskomité an d’Eventbrochure, eng groussarteg Brochure, geschriwwen hun:

Vorwort Coupe GDiderich

Dat ass kompakt wourop et ukënnt a firwat ech zënter Joren am Sport engagéiert sinn.

Beim Futtball ass et och wéi am Liewen: mat der perfekter Kombinatioun vun Talent, Intelligenz, Fläiss an Duerchhalen setzt ee séng Chancen erop séng Ziler z’ereechen. Kombinatioun heescht an dësem Fall mateneen an et heescht séng Begabung an den Déngscht vun der gudder Saach ze stellen, fir se am richtegen Ablack an ze setzen. Méi schwéier ass et net. Awer och net méi einfach.

D’Basis fir zum Beispill un engem Futtballturnéier mat ze spillen, op am Pafendall oder zu Moskau, gëtt an de Clibb geluecht. Si sinn déi éischt Ulafplaz fir d’Kanner. D’Bénévole sinn déi éischt Uspriechpartner, Animateuren, Betreier,…. Dowéinst solle si, egal op aus dem  Breedensport awer och am Spëtzesport, besser ënnerstëtzt ginn. Fir eng gelongen Integratioun an Inklusioun.

Ee vun de Projeeën an Ziler vum Sport ass sech ze vergläichen a méiglechst gutt dobäi ofzeschneiden. Dat gëllt grad esou fir d’Théikenéequipe wéi fir den ambitionnéierte Feierowendsportler an fir de potentiellen internationale Champion. A fir des Lescht genannt ass et onbedéngt néideg, déi richteg Mëttel zur Verfügung ze stellen. Och do gëllt, wéi an der Kultur, wou dëser Deeg Ee gesot huet, dass d’Budgetsmëttel déi do engagéiert ginn, net als Dépense, mee als Investissement missten ugesi ginn. Jidereen ass dann houfreg op deen aus eiser Mëtt, uewen um Podium. Och wann dee séng Medail dann méiglecherweis vun engem Voyou iwwreecht kritt a oppassen muss mat wiem hien sech fotograféieren léisst.

A nach ëmmer bleiwt et richteg, dass Sport, ouni biochemescht Gefuddels, gesond ass. Fir Kierper a Geescht. Am Lycée krut ech deemols ee Sticker mat „3 Stonnen Sport an der Schoul“ drop geschriwwen. Ech si mir net sécher, dass, wat de Stellewert vum Sport e.a. an der Schoul ubelaangt, et zënter deemols besser ginn ass. Dat wir awer néideg well mir eis Gesondheet (kierperlech a geeschteg), eis Kanner, eis All, eis Compétitivitéit, eist Land gär hunn. Loosst et ons geschéihen doën!

Den FC Red-Black Egalité 07 Pafendall-Weimerskierch spillt en Sonndeg déi grouss Final um 17H00. Um 15H00 ass de Match fir déi 3. a 4. Plaz. E Freideg spillen den RM Hamm Benfica géint den F.C. Avenir Beggen.
IMG_2598
Kategorien
Demokratie grengwierkt Kreativitéit Partizipatioun stadlëtzebuerg

Sech këmmeren em dat Grousst a Ganzt a Klengt a Ganzt.

Dëser Deeg huet de President gegrinst. Trotz der Konkurrenz vum Futtball, den FC Bayern huet géint de Real gespillt, war de Sall voll. Den Interessenveräin vum Kierchbierg hat op séng Generalversammelung invitéiert. Dat war Mëttwochs. Freides war et um Interessenveräin aus dem Pafendall. Och do waren vill Leit.

De Comité vum Pafendaller Interesseveräin ; ordre du jour a.g. Kierchbierg

Déi zwee Comiteeën vun deenen zwee syndicats d’intérêts locaux vu Stater Quartierën haten vill geschafft déi läscht 12 Méint. Si haten den Autoritéiten  vun de verschiddensten Niveauën Bréiwer geschriwwen. Mat verschiddenen hu si sech getraff. Mat aneren hätte si sech gären getraff. Et goung ëm Bussarrêten, em Foussgängersträifen. Si hun intervenéiert wéinst ze héicher Vitesse, virun allem an de 30er Zonen, och all ze dacks vun deen Awunner aus eben deenen Zonen. Ganz rücksichtsvoll ass dat net vis-à-vis vun de Noper. Iwwerhat ass vill Verkéier, vill méi Verkéier wéi fréier. Et gëtt och méi Wunnengen wéi fréier. Méi Awunner a méi Leit déi op déi vill Aarbechtsplazen schaffe kommen.

Den Interessenveräin vum Kierchbierg ass zënter e puer Joer vill mat engem groussen Wunnengsprojet um Schoettermarial beschäftegt. Do hätt scho laang kéinten gebaut ginn. Gouf et awer nët. Wéi dee neie Bauprojet virun e puer Joër opgetaucht ass, hun sech ganz vill Leit aus dem Quartier ganz vill Froen gestallt. Do sollten iwwer 400 Wunnengen hi kommen. Wunnengen déi gebraucht ginn. Wat awer och heescht, dass d’Awunnerzuel do soll quasi verduebelt ginn.

Do kéint scho laang Yet stoen, mee et gouf sech ganz vill Zäit gelooss a wuel spekuléiert. De private Propriétaire hat et verjuppt. Hat hien keng Suen, kee Plang, keng Loscht, hat hien spéculéiert, sech verspékuléiert? Mir wëssen et nët. An dunn huet d’Natur hir Rechter zréck geholl. Mam Retour vun der Natur ass nees eng aner Welt entstanen, eng Welt déi duerch d’Naturschutzgesetzer, och Rechter huet. Entretemps ass do ee Biotop entstan mat vill Gedéiesch, Gréngs a Fliedermeis.

Fotoausstellung Pafendall 1970; Kaart Kierchbierg zirka 1950

Déi Responsabel vun der Gemeng hun bei den éischten Reklamatiounen nom Retour vum Projet, de Leit nogelauschtert, hu mat deem aner Propriétaire, ee groussen Deel vum Terrain gehéiert der Stad-Lëtzebuerg, verhandelt, getosch, ee méi klenge Projet ausgeschafft. Et géng alles gutt. Mee, misstrauësch, huet de Syndicat weider démarchéiert. Mat klengem Erfolleg awer et ass jo nach net färdeg.

Et geet nach ëmmer ëm dee villen Autosverkéier, ëm Buedemversigelung, ëm rare Speziën. E bëssen not in my backard war bei Eenzelnen och dobäi, grad awer och wéi d’Asiicht, das Wunnengen gebraucht ginn. Et ass virun allem d’Ongewëssheet: wéi soll dat fonctionnéieren ? Vill méi Leit, vill méi Traffic. Uewen um Kierchbierg.

Ënnen am Pafendall geet et och em de villen Traffic duerch déi vill nei Schaffplazen an Awunner virun allemn uewen um Bierg. Och wann do duerch eng Parti nei Infrastrukturen, e.a. de Funiculaire an de Lift fir an de Pafendall, schon vill verbessert gouf et bleift och do d’Fro: wéi soll dat goen?

Et stoung an der Zeitung: 45.000 Awunner a 60.000 Aarbechtsplazen sollen op de Kierchbierg kommen. Dat bedeit niewend dem Traffic an de ville Leit och nach vill Beton a Makadamm. Wéinst dem Uewerflächewaasser heescht et elo schon wann et vill reent „Land unter“ op der Muerbels am Pafendall. Et gëtt sech entspriechend Gedanken gemaach, wéi dat goen soll mat deem Wuesstum.

Wuesstum. Een Iwwel deen ee muss a Kaf huelen fir de Liewensstandard. Dat klengt wéi eng Fatalitéit déi iwwer een erabrecht. Eng Plo géint déi ee sech net ka wiren.

Mee dat ass net esou. Wuesstum kann ee steieren a plangen, wann ee wëll. An dann heescht et nët méi Wuesstum, mee mir wuessen well mir et wëllen, wéi mir wëllen. Dat ass net ze verwiesselen mat Planwirtschaft, mee et huet trotzdeem mat plangen ze dinn. Domat sech als Gesellschaft Critèren ginn, Leitplanken setzen, fir ze wuessen, fir dass deenen Eenzelenen hir verschidden Dynamiken a Créativitéit a soss Stärkten beschtméiglechst zum Droen kommen.

Esou handelen ass ongewinnt wann ee jorzéngtelaang gewinnt war Gottes Waaser iwwer d’Marienland lafen ze loosse. Ouni Plang, no de Regelen vun de stärksten Eelebéi an dem längsten Aarm. Nët onbedéngt am Intérêt vun der Allgemengheet.  De Leit all. Ons all a net just fir „the chosen few“. Et gëtt scho laang iwwer noutwendeg Korrekturen geschwat awer et ass näischt gemaach ginn.

Elo ass et anescht. Et gëtt Geschéck gemaach. Et gëtt vun de Politiker déi dofir zoustänneg sinn net méi vum lénksen an de rietsen Tirang getesselt. Et gëtt décidéiert a Geschéck gemaach. Virun der Décisioun ginn d’Leit mat abezunn a konkret bedeelegt. De participativen Discours ass deen eenzegen deen an der Demokratie fonctionnéiert. D’participativ Praxis mécht, dass d’Demokratie fonctionnéiert.

Dofir ass et wichteg, dass et Leit ginn déi sech këmmeren ëm dat Grousst a Ganzt a Klengt a Ganzt.

Kategorien
Demokratie enmarcheopdeknuedler grengwierkt integratitiv Kreativitéit Partizipatioun stadlëtzebuerg

Countdown -1 (07-10-2017)

Ech erlabe mir drop opmierksam ze maachen, das Reihenfolg um Walbulletin, ausser denn zwou éischten Positiounen bei ons, déi gréng, Lëscht 1, alphabetesch ass. Sollt zum Beispill e mam „Z“ total vill Stëmmen kréien, dann ass dat voll korrekt a sënnvoll.

All déi aner Regelen sinn bei Wahlbureau affichéiert a stinn op der Convocatioun.

Ween dee mam „Z“ ass, ass gutt ze wëssen, schlisslech geet dorëmms deen/déi ze bestëmmen ween „the most wise and good“ ass fir fir the „common good of society“ ze schaffen.

Joergang 1965, 2 Meedercher, 1,83 m, 82 kg.

Wunnen zu Lëtzebuerg , an der Stadt Lëtzebuerg um Kirchberg-Schoettermarjal.

Politesch bei déi gréng zënter 1995

Member C.E.X. (Comité exécutif) zënter 2011
Member Gender Rot, zënter 2017
Sekretär von der Lokalsektion déi gréng Stad Lëtzebuerg, zënter 2012
Commissions consultatives Ville de Luxembourg:

Action sociale, santé et 3e âge (vice-président)
Enfance
Sports et loisirs
Formatioun:

Infirmier gradué social
Assistant d’hygiène sociale (EIULB Ecole des Infirmiers annexé à l’ULB)
spécialiste en sciences humaines
Master Européen en Management des Organisations sportives (MEMOS IV)
Schaff:

Zënter 1995: Parquet Général S.C.A.S. (Service Central d’Assistance Sociale)
1991 – 1995: Croix-Rouge Luxembourgeoise & Ligue d’Action médico-sociale
Bénévolater:

Zënter 2011: President US Basket Racing Luxembourg
1995 – 2015: Coordinateur sportif C.A. Celtic Diekirch
2009 – 2013: Secretary European Athletics working group for club affairs
2003 – 2009. Secretary European Champions Clubs Cup Juniors
1995 – 2002: Secrétaire général Fédération Luxembourgeoise d’Athlétisme (F.L.A.)
1982 – 1991: Président Club des Jeunes Ermsdorf

HëftgoldMondzou-2
An eng Partei goen, ass e bëssen eng aner Décisioun wéi Member a soss engem Veräin ze ginn. Et ass anescht well een sech fest leet. Et „out“ ee sech wat séng Vue op d’Welt ugeet. Fussball spillen oder Saxophone ass eng Saach, ee gréngen sinn ass eng aner. An enger Partei engagéiert ze sinn ass net rondrëm Gespills, näischt Theoretesches, keng intellektuel Masturbatioun, keen Exercice, mee matschaffen fir d’Réalitéit ze beaflosse, ze changéieren. Et ass den Engagement fir iwwer séng eegen kleng Welt eraus ze denken. Politik gëtt souwisou gemaach. Permanent, iwwerall décidéiert een iwwer mäin Liewen. Falsch Politiken beaflossen mäi Liewen. Zut! Da wëll ech mat schwetzen. Awer net just géint eppes sinn, mee fir eppes. Drunn matwerkelen fir dass et wirkt. Geschéck maachen.

Ech si bio vu kleng un. Déi eng Grousselteren haten ee Gaart um Lampertsbierg (an der Géigend vun der Poubelle vun der Foto), déi aner um Verluerkascht, dono zu Merel.

Meng Elteren haten och ee Gaard an ee Kompostkoup. Mäi Papp huet Béier sacrifiéiert fir d’Schléken vun der Zalot ewäch ze lakkelen a Plaz Gëft ze sprutzen. Mir hun d’Onkraut erausgepickt a Plaz Gëft ze sprutzen an d’Wiss mat der Séissel geméint a Plaz mat der sténkeger Méimaschinn. Mir konnte bei ons am Duerf kee Waaser vum Krunn drenken well zevill Nitrat dran war (Haut och nach). Mäi Papp war mat dobäi wéi de Mouvement écologique gegrënnt ginn ass déi gréng Partei, mäi Brudder huet sech fir bedreete Völker agesat a war soss alternativ engagéiert, et cetera. Mir sinn och geléiert ginn mat ze schwetzen an awer z’iwwerleeën ir mir de Bak opdinn. Och sech net selwer Leed ze doen, mee eppes z’ënnerhuelen, kruten mir mat op de Wee. Dat war bei ons normal. Esou hun ech mech gekëmmert an engagéiert.

Ech sinn eréicht 1995 Member vun déi gréng ginn wéi sech déi zwou deemoleg gréng Parteiën zesummen gedoen hun, well dunn enfin agesi gouf, dass fir Politik ze maachen, een déi eegen Idee, Iwwerzeegung a Meenung net verabsolutéieren därf. Si gehéiert zum demokrateschen Prozess, grad wéi der Meenung vun deenen aneren. Mat manner puritaneschem Ideologismus goufen déi gréng menger würdeg.

Mat der Kultur ass et wéi mam gréng sinn bei mir: Kultur war schon immer do bei ons doheem a rondrëm: ee Pinselen hei, Faarwen do, Musikplakken (=Vinyldisken), Instrumenter, Bastelkrom, Biller un der Mauer, Bicher am Regal, Danzbuedem am Living, Gesang, Duerftheater, Bühnendekor, Solschlësselcher, Xylophone a Blockflûte, Kierchechouer, Uergel, Pantomime, Schoultheater, Molconcour,….. All déi Impulser intriguéieren an interesséieren mech, zënter deemols bis haut. Ass esou.

Sport maachen ech vu jonck un. A gär.

Wéi vill Bouwen hun ech Futtball gespillt, net begaabt awer engagéiert.

An der Liichtathletik hat each eng besser Uluecht. Ech si 400 m geditzt (eng Ronn esou séier wéi méiglech rondrëm d’Pist). Dat war net ze komplizéiert zB mam Ronnen zielen; eng Onz Talent kann een mat Éiergäiz a Fläiss optimiséieren. Deemno hun ech gutt mat gehal, war e puer Champion an hat e puer Staffellandesrekorder. D’Resultater mat de Staffelen waren déi flottst well 4 Leefer hir Egoën an individuell Qualitéiten zesummegetesselt hun fir ee gemeinsamen Projet. Gedeelten Freed ass déi schéinsten Freed.

Dono goufe ech Sportsbénévole. Beim Liichtathletikverband, an mengem Liichtathletikclub, dem Celtic Dikkrich, bei European Athletics an elo als President beim Basket Racing Luxembourg. Duerch all dës Engagementer sinn ech méi gescheit ginn, duerch meng eegen Approximativitéiten awer virun allem duerch de „listen and learn“ mat de villen Leit mat deenen ech do ze dinn hat, hun an nach kréien wert. Elauter absolut Beräicherungen.

Deen eenzegen Discours, deen an enger Demokratie fonktionnéiert an dee mécht, dass Demokratie fonktionnéiert, ass de partizipativen Discours.

IMG_7247

Et soll een deelhuelen. Dat huet mat Kreativitéit ze dinn, mat Freed, mat Dreem a Chancen a Perspektiven, an och mat Tomaten, déi enges Dags dann dee Präis kaschten, deen se wirklech wert sinn ….. a mat dësem Blog.

Ofschloss Aarbecht vu MEMOS & Buch iwwer d’Gemengewahlen 2011

Soss waren et een üblechen Dag fir all Enn vun enger Wahlcampagne: um 7.30 um Maart, dono op der Broschtkribslaf. Dunn nees zréck op der Maart (ongeduscht awer mat anere Kleeder). Am Nomëtteg si mir an der Stater Park gaang fir onst üblecht Gesschir ze verdeelen. Ze bemierken, dass mir all ons Flyer verdeelt hun awer nach Wandmillen a Bikker hun. Eng fréier Buergermeeschtesch a Ausseministerin ass laanscht komm an huet gemengt mir sollte besser Cognac verdeelen. Vläicht net falsch.

Ech sinn elo grand zreck vun onsem Campagne Ofschloss Iessen an der Casa Fabiana. Ech wënschen Iech eng rouëg Nuecht an ee schéine Sonndeg.

Lëscht 1

IMG_9112

*Fotoën: Frank Wiltzius – Portrait 1: John Gerard – aner Fotoen: Familijenalbum.

Kategorien
enmarcheopdeknuedler Kreativitéit stadlëtzebuerg

Mäi Shoppingbag an ech an der Stad

Dëser Deeg sinn d‘Solden. Ech war direkt dobäi an hu schon deck iwwer 100 Prozent gespuert. Ech fannen d’Stad shoppingtechnesch attraktiv. Awer net just well ech esou vill an de Solden gespuert hun, mee och well mir hei an der Stad eng Parti flott Geschäfter hun an déi ech nawell gär akafen ginn. Ech kenne d’Personal, si kenne mech, zumindest meng vestimentaire Preferenzen, Schonggréisst, kulinaresch Gewunnechten, Lecture a soss Schrullegkeeten.

FullSizeRender

Mee anscheinend deelt net jiddereen meng Meenung. Et gëtt geklot, dass der Stad hir Attraktivitéit an de leschten Joeren ofgeholl hätt. Dat ass thematiséiert ginn, wéi ee Libraire aus der Beaumontsgaass, deem sénger Bicher bei mir am Regal stinn, annoncéiert hat, säi Bicherbuttek zou ze maachen, aus verschiddenen Grënn. Et wir ganz schwiereg als Geschäftsmann/fra e.a. wéinst dësem Mangel un Attraktivitéit vun der Stad awer och wéinst den héijen Loyerspräisser, dem Online-Handel. Och droen déi grouss Chaînen hiren Deel zum Misère bäi well hir Mammekonzerner vill méi finanzkräfteg sinn an all kommerziellen Tempo matgoen kënnen incl. dee vun de Loyerspräisser, de Logicielen fir d’Online-Handel Plattformen….

Wat mat Mangel un Attraktivitéit gemengt ass wees ech net: d’Stad ass propper, d’Gebeier, zumindest op Rez-de-Chaussée Héicht, gutt ënnerhalen, iwwerdeems fir Deko vun de Geschäfter entweder déi international Chaînen hir Zentralen zoustänneg sinn oder den eenzelen Geschäftsmann. Mee Deko gehéiert zum Kärgeschäft. Wann ee wëll verkafen, muss ee prett sinn ze verkafen. Méiglecherweis ass bei Mangel un Attraktivitéit déi gefillten schwireg Accessibilitéit gemengt. Also mam Auto versteet sech, well mam Velo oder zu Fouss ass et ganz easy. Dat gëllt och fir de Bus. De Fränz B. kritt d’CFL och lues a lues an de Grëff, iwwerdeems den Tram aner Méiglechkeeten bidde wert, net just fir bis bei d’Geschäfter am Zentrum an am Garer Quartier, mee och fir d’Implantatioun vu Geschäfter.

IMG_1517

Evidemment geet et och ëm d’Parkplazen. Iwwer 10.000 sinn der an a rondrëm d’Stad. An enger rezenter Etude vum Stater Geschäftsverband (UCVL) heescht et, dass d’Meenungen doriwwer gedeelt sinn: fir déi eng Halschent vun de gefrotenen Leit, sinn et net genug Parkplazen, fir déi aner ginn se duer. Ech wënsche mir effektiv och nach e puer méi iwwerdeckten Veloparkplazen.

Des Etude weist och, dass déi grouss Chaînen 2016 méi Geschäftsflächen anhuelen wéi 2010: 11 % manner Geschäfter awer 13 % méi Fläch. Den Ëmsaz vun alle Geschäfter ass an deenen 6 Joër vun 365 Milliounen op 534 Milliounen eropgaang. D’Zuel vun den Awunner an déi vun de Leit déi an der Stad schaffen, also vun de potentielen Klienten, ass och erop gaang.

Déi potentiel Klienten hun eng grouss Offer: vun gënschteg iwwer mëttelgënschteg bis mëtteldeier an deier. Woubäi ech ausdrécklech betounen wëll, dass een ëmmer nëmmen fir séng Suen kritt an dass bëlleg och bëlleg ass, och a punkto Produktiounskäschten, inkl. Material an Aarbechtskraaft. An och dass de Präiss verschidden Valeuren a Gréissten, notamment de Verbrauch vun natiirlechen Ressourcen, net mat abegräift, wat awer net korrekt ass. Iwwriens Gäiz ass net gäil awer verständlech wann d’Akommes limitéiert ass. Mee dat ass eng aner Schrauw un der muss gedréint ginn.

D’Loyerschrauw ass eng aner Gréisst a fir eppes onattraktives wëll keen Suen ausginn. Iergendwéi muss d’Stad jo dann awer attraktiv sinn, soss géngen d’Loyeren jo net esou klammen. De Marché vun Geschäftsflächen ass awer och ee Geschäft, mat haarden Bandagen. Et ass awer net gutt, wann inaccessibel Loyerën Kreativitéit an Dynamik ausbremsen. Och de fräie Maart brauch an deem Sënn Leitplanken.

Wéi mir vun de Stater gréng virun e puer Joer zu Kopenhagen op Bildungsrees waren, huet ee politesch Responsabelen vun der Stad Kopenhagen ons verzielt, dass deemols, wéi de Projet fir de Stadzentrum autofräi ze kréien initiéiert gouf, d’Geschäftsleit sech gewiirt hun, wéinst hirer Angscht, dass manner akaft gëtt wéinst dem Transport: logescherdéngs well eng Malle vun engem Auto ass méi grouss wéi eng Velosposch. Si hun am Laf vun der Zäit awer eraus fonnt, grad wéi Joren dono zu Stroossbuerg, dass de Géigendeel de Fall ass a méi kaf gëtt.

Stbg_opmierksam

Strasbourg 2015: Guillaume Rischard, Mathias Schmit, François Benoy, Claudie Reyland, Florent Toniello

Well een deen eemol an der Woch akafen oder shoppen geet (ech wees, dat ass net datselwecht), ass préparéiert, huet eng Lëscht wat hien brauch, wivill Volume transportéiert gi kann (Gréisst vun der Malle) a gepackt gëtt a wivill op eng Kéier bezuelt muss ginn (vill). Net ze schwetzen vum Stress an dem Genervs beim Parkplaz sichen um éischten Treppléck, an der Kees, beim an d’Wunneg droen, beim Tesselen, well se jo all eguerten dann akafe ginn (Samsdes). Dat sinn Facteuren déi de Kafäifer inhibéieren.

All Dag e Bëssen dogéint ass méi gemittlech, deet net esou wéi am Portemonnaie, ass gutt fir d’Laun, déi gutt ass fir de Plëséier an déi diesbezüglech Virfreed inklusiv Virkeeshormonpick. Méi dax heescht och méi frësch, esouwuel fir d’Veggievoren wéi d’Carnivoren. An a Rucksäck a soss Behältnisser fir Velo oder zu Fouss, kritt een och Etleches dran.

fruits et légumes

Deemno ass et wichteg, dass eng agréabel Atmosphere (wisou denken ech elo och un Air Deluxe?) an den Akafsstrossen ass. Tëschend Ofgasen hetzen ass net flott, genau wéi de Slalom tëschend den Autoën an de Courrierën um Velo, déi Liwwerungen vun Internet-Handel op Destinatioun bréngen. Do ass gemittlech schlenderen an enger adretter verkéiersberouegter Zone dach vill méi flott. Net nëmmen an de Solden.

Cityshopping.lu
„Luxemburg ist eine Shoppingstadt“, Tageblatt, 30. Juni 2017 – „Es bleibt noch Luft nach oben“, Wort, 30. Juni 2017 – „Wie ein kleines Kaufhaus sich in Münche behauptet“, Süddeutsche, 26. Juni 2017