Kategorien
Demokratie Kreativitéit mir-man-et-geschéien Partizipatioun stadlëtzebuerg

The Signature of Civilizations

Déi läscht Wochen war a Saache Kultur nawell vill lass hei am Land : de Salon du CAL (Cercle Artistique de Luxembourg), dee säin 125. Gebuertsdag feiert, d’Luxembourg Art Week, d’Ausstellung “Viv(r)e la matière » vis-à-vis vum Rousegärtchen, d’Walfer Bicherdeeg mam Lëtzebuerger Buchpräis, d’Zeremonie vum Lëtzebuerger Filmpräis, a besonnesch, zënter Enn September a bis Enn Januar 2022, am Casino « Stronger than memory and weaker than dewdrops ». Ufank Dezember war an de Rotondes d’Fotoausstellung « Les conséquences » iwwer Féménicide a nach ëmmer am Citymuseum « Gleef dat net… !» bis Mëtt Januar 2022. Bis Ufank Januar gesäit een am Kader vun “La vie ..more or less Part 1 » Fotoën vun an iwwer de George Edward Nixon op der Stroossbuerger Plaz an der Stad.

Elo kënnt Esch2022, iwwer dat d’Elke Buhr, Chefrédactrice vu « Monopol, Magazin für Kunst und Leben am Extraheft vum Dezember 2021 geschriwwen huet « Im Zentrum steht die Zusammenarbei : zwischen Kulturen, zwischen Regionen, zwischen Bevölkerungsgruppen und Generationen. »

“ Art is the signature of civilizations ”

Tëschend dësen Ausstellungen an dem Beuys sénger Ausso, dass Jiddereen ee Künstler ass, läit ee Wee a mir vun déi gréng Stad Lëtzebuerg haten ons den 21. September 2021 bei enger Table ronde am Sang a Klang am Pafendall mat dësem Wee, zumindest een Deel dovunner, beschäftegt. De Robert Garcia (Roga) huet mam Antonia Ganeto (Finkapé), Claire Wagner (ASPRO), Paul Thiltges (Produzent) an Ainhoa Achutegui (Directrice Abtei Neimënster) diskutéiert. Och d’Sam Tanson, Kulurministesch an d’Claudie Reyland, Gemengeconseillère an der Stad hunn hir Iwwerleeungen présentéiert.

Hei meng Intro vum Owend

Léif Alleguerten, bonjour toutes et tous, chez Konscht pour toutes et tous.

Pour les personnes préférant suivre le débat en français, des écouteurs sont à votre disposition. La traduction est assurée par les spécialistes du service « traduction orale directe » de l’Asti. Merci beaucoup.

A fir géint den Duuscht ass och gesuergt. Ech hat am Ufank geduecht, dass Konscht wéi Sport, eppes emotionales ass, dass eventuel kéinten am Laf vun der Diskussioun Fläschen a Glieser geflu kommen. Mee ech gesinn, dass et anescht schéngt ze goen. Dofir dir kënnt iech elo och schon eppes huelen fir ze drenken.

Dat gesot, ech hunn Haut gesinn, also Haut hunn zwee Graffitti Künstler, de Raphaël Gindt an den Daniel Mc Lloyd, um ale Kierchbierg, um Busarrêt Paul Noesen, ee Graffiti gemoolt an zwar ee grouse Fëschreiher, op eng Wand vun engem Haus, een aalt Bauerenhaus, dat geschwënn ofgerappt gëtt.

De Paul Noesen war ee Schrëftsteller vum Enn 19., Ufank 20. Jorhonnert. Déi zwee Graffitti Kënschtler agéieren elo. Si hunn de Reiher gemoolt wéinst dem Paul Noesen senger Kuerzgeschicht “Reiherjagd”. Do mierkt een wéi sech alles mateneen verbanne kann, also dat Haus, dat gëtt elo geschwënn eng Kéier ofgerappt, dann ass déi Wand fort, dat Haus geet op Architektur, Architekturkonscht zréck. De Graffitti ass elo.

Dat wat ech soen well: et deet ons all gutt, wa mir ons mat Konscht beschäftegen, well op der enger Säi, wéi se an “les intouchables” soen, dass Konscht déi eenzeg Trace ass déi mir bei onsem Passage op der Erd hannerloossen, op der aner Säit ass et allerdings och esou, dass Kënschtler*innen zum daxten ee ganz rengt Gespiir, ee feinen Sensorum hunn, fir dat wat sech an enger Gesellschaft ofspillt. Dëse Spigel, dee mir virgehale kréien, ass gutt fir ons Alleguer, fir deen Eenzelnen, fir Jiddereen, soll dann och déi entspriechend Plaz hunn.

Wat den Owend ubelaangt: vill Leit, net nëmmen déi Stater gréng, stelle sech d’Fro op d’Kulturpolitik vun an an der Stad Lëtzebuerg, den Usprëch vun enger zäitgeméisser Kulturpolitik an och enger Kulturentwéckelungsstrategie gerecht gëtt.

Ier een awer elo deen éischte Stee pucht, vläicht och als Oppositiounspartei, soll ee sech awer och agestoen, dass keen, och keng Partei, den Usproch erhiewe kann, déi ultimativ Äntwert, Äntwerten, ze hunn.

An deem Sënn, ass och net ze fréi, fir elo schon, am Virfeld vun de nexten Walen, dat zwar nach iergendwéei an engen fernen Avenir ze si schéngt, mee awer scho ganz no a si kommen, méi séier wéi mir mengen, Froen eben iwwer eng zäitgeméiss Kulturpolitik op ze werfen.

Well iergendeng Kéier 2023 bis de Walprogramm warden an op Twitter as soss soziale Medien dann an e puer Zeilen dat dann ze résuméieren, gëtt der Konscht net gerecht.

Duerfir werten mir ons vläicht, hoffentlech, no der animéierter Diskussioun zur Konklusioun kommen, dass dës Gespréichsronn just een éischten Tur ass. Um Enn vun dësem owend wärte mir ons eens sinn, dass mir bis 2023 nach déi eng oder aner Kéier musse noleeën. Och mat engem kontradiktoreschen Débat, och mat verschiddene Parteien an soss interesséierten Persounen.

Genug vu mir, ech ginn d’Wuert elo weider un d’Claudie Reyland, Claudie an ech maachen d’Presentatioun den Owend als Co-President*in vun der Lokalsectioun. Merci

Diskussioun (no der Intro) hei. Deen éischten dee schwetzt, ass de Robert Garcia “Roga”. Leet Iech zréck mat engem Patt a genéissst déi 2H16 Diskussioun.

De Reportage um 100komma7 hei

De Saz “art is the signature of civilizations” gëtt je no Source, dem Jean Sibelius, finnesche Komponist (1865-1957) aoder der Beverly Sills, US amerikanesch Soprano an Opernsängerin  (1929-2007) zougeschriwwen.

Kategorien
Corona mir-man-et-geschéien Partizipatioun zesummenhalt

Kreativ-Dynamik-Télétravail

Ir een elo ka kucken wéi ech mech bei méngem éischten Téléinterview geschloen hun (jo, ech kann dat besser), e puer Gedanken zu Thema.

Jo, Télétravail ass eng gutt Saach. Eng ganz Parti gutt Grënn ginn vun de verschiddenen Leit an desem kuerzweilegen an informative Reportage opgefouert, grad wéi och op Désavantagen a Schwiregkeeten higewise gëtt. Och heiranner, am Télétravail, wéi an enger ganzer Rei aner Domäner, huet de Coronavirus gemaach, dass et méi séier goung. Et si Léisunge fonnt ginn. Provisoresch, improviséiert an temporaire.

Vill vun dese Saache si séier a kreativ ëmgesat ginn. Et huet eben musse séier goen. Et ass séier gaang. Op alle Niveauën, an alle Secteuren, privat oder public. Zesummen a solidaresch.

Dat wat den éischten Deel. D’Urgence. De Confinement

Elo gëtt vill geschwat, discutéiert an hypothetesch extrapoléiert iwwer de zweeten Deel. Et ginn elo vill Experten, vill savant Kalkülen. Do ass et mam zesummen a mam Solidareschem schon anescht. 

Dat erënnert mech iergendwéi an awer just entfernt, un d’Klimakris: mee d’Gewiichtung ass zum Deel anescht. Dringlechkeet vun der Situatioun ass ähnlech, awer d’Vitesse mat der réagéiert gëtt, ass vill méi lues. Mee ëmmerhin, elo ass et zum Beispill a ville Stied an Däitschland méiglech, Deeler vu Stroossen als sécuriséiert Velosstreck em ze fonctionnéieren. Et geet wann ee wëll. Dat geet och an der Stad wann ee wëll. Hélas! 

Wéi den Télétravail oder homeoffice oder déi provisoresch Kliniken oder de shutdown, sinn oder wiren och d’Velosstrecken temporaire zäitlech begrenzt. Et sieff dann, dat wat en urgence implémentéiert ginn ass, geng seng Preuve maachen. Da gëtt et d’Optioun fir de Provisioire duréieren ze loossen an et gëtt d’Méiglechkeet, driwwer nozedenken wat bleiwe soll, wat direkt fort kann oder nees lues a lues ofgeschaaft gi kann, wat ee preventiv brauch, wat guer net. An da geet et dorëms Gescheck ze maachen.

Déi Décisiounen  ginn da geholl no échange d’idées, op Fakte baséiert,  am Konsens. Lobbydinös Ergüss a just d’Recht vun deem déi méi staark ass, si net zweckméisseg. Dofir awer Solidaritéit. Beim Corona a beim Klima. Mir hun déi lescht Woche gewisen, dass mir dat kënnen. Mir kënnen et och duerno. Mee mir si nach net duerno, mee matzen drann..

Nach besser kann ech och esou Interviewën: Hei

Merci Sarah, Laura a Lionel.

Kategorien
Demokratie Kreativitéit mir-man-et-geschéien zesummenhalt zukunft

Verzichten oder profitéieren, … dat ass d’Fro

De President vun de Propriétairen hei am Land, mengt an engem Interview um 100komma7 (hei) et soll een als Propriétaire virleefeg net op de Loyer verzichten. Aus Däitschland gëtt gemellt, dass eng ganz Rei Konzerner keng oder manner Loyer bezuele wëllen.

Ech hat geduecht, dass an dëser aussergewéinlecher Situatioun, mir ons all sollen e bëssen zréck huele, mir si jo an enger situation de crise an dass mir am beschten hunn, zesummen ze halen. Dat kéint dann heeschen, dass déi Staark déi Schwaach ënnerstëtzen : deen deen eppes méi huet, verzicht, temporaire oder ganz oder deelweis, op eppes. Deen anerer kritt doduerch e bësse Sputt an d’Chance déi schwireg Zäit, de momentane Manktum, z’iwwerbrecken. All d’Moossname vun der Regierung sinn dorop ausgeriicht. Well et ass just iwwergangsweis.

A Krisesituatiounen kënnt och jidderengem säi richteg Charakter eraus. Déi meescht sinn jo wueltemperéiert, mat e bësse der enger Eegeschaften, e bëssen der aner. Alles ausbalancéiert. Alles gutt. Trotzdeem ginn déi eng nervös an hektesch, anerer zéie sech zréck, anerer gi generéis an hëllefsbereed, anerer gi gurmangsesch, anerer ginn iwwerluecht vir. Et kann een zB. iwwerleeë wéi een am beschten hëlleft.

Anerer iwwerleeë par konter, wéi si vun dëser Krisesituatioun profitéiere kënne.

Wéi dat geet exercéiert de Propriospresident an och divers Konzerner. D’Gurmangsechkeet dans toute sa splendeur. De Propriospriosaffekot réit sénge Leit weider z’encaisséieren. Dat généréiert par ricochet d’Persepktiv fir als hire juristesche Beroder ze figuréieren, méiglecherweis och fir dann, wann e Locataire net bezillt, dem Propriétaire séng Rechter hëllefen anzekloen a fir, évidemment, och fir een zünftege Mietvertrag opzesetzen mat engem neie Locataire, nodeems hie gehollef huet, deen dee während dem Engpass net bezuelt hat, eraus ze puchen. Et ass jo alles juristesch rechtens. Dat ass da fir hien win-win-win. Fir hien a fir déi déi hie bezuelen. Wat mech un dat Lidd erënnert « wessen Crémant ich trink, dessen Lied ich sing ».

Et schéngt awer och, esou steet am Lëtzebuerger Land vun dëser Woch (hei) verschidde Propriétairen ze ginn (iwwriens: Propriétairen sinn och mat an der Kris, musse sech Gedanke maachen, hun investéiert a si sollen och net zum beschte gehale ginn), déi méi sozialkompetent si, wéi deen dee si représentéiert : Désinfectant a Plaz Vodka. Well déi hu verstanen wourop et ukënnt elo.

Si distinguéire sech op des Manéier och zB vun GM, deen Autoskonzern, dee virun nach net all ze laang mat Steierdollaren gerett ginn ass an elo kalbliddeg eng Milliard Dollar verlaangt hat, fir Beotmungsgeräter ze produzéieren an dëser Noutsituatioun. Haaptsaach de shareholder geet et gutt. Deen vun GM oder deene vun Adidas.

Verschidde Propriétaire maachen och dat wat si kënnen : kreativ no Léisunge sichen a fannen. Och dat distinguéiert si positiv vun deene à la Donald, Jair, Boris, déi mengen et fir eng Saach vu just e puer Wochen („eng ‚Durststrecke‘ do ass, vu 14 Deeg„) oder fake news.

Alles gëtt gutt.