Kategorien
Demokratie Energie enmarchelaanschtdeknuedler grengwierkt integratitiv Mobilitéit Partizipatioun

Politikhiewelen

Meng Ried bei der Generalversammelung vun déi gréng Stad Lëtzebuerg, de 27. Februar 2022.

Léif Alleguer

Et ass formidabel zu wivill, dass dir haut heihi komm sidd. Dat hat ech net erwaard.

Als éischt wëll ech all deene Merci soen, déi et méiglech gemaach hunn, iech motivéiert hunn, virwëtzeg genug gemaach hunn, fir dass dir iech op dësem sonnegen Sonndeg Moien heihinner déplacéiert hutt. Merci dem Mike, Sébastien, Eduarda, an de Facilitateurs Jill, Michelle an Dirk.

Dir sidd hei, well dir erkannt hutt, am wäite Virfeld vun de nexten Gemengewalen, dass eng Gemeng am Fong vill Hiewelen huet, fir ganz vill ze maachen fir de Klima, fir d‘Natur, fir d’Zesummeliewen also am Sënn vun grénge basics.

Et ass Haut schon e puer Mol gesot ginn : mir wëllen nees déi Hiewelen kënnen bedengen fir eng besser, eng méi gréng Stad.

Virdrunn, wéi mir nach an der Stad an der Majoritéit waren bis 2017, krute mir méi wéi eng Kéier d’Remarque gemaach, mir genge net genug hei, net genug do. Mir gengen ons Idealer an Ziler vergiessen. Zevill Kompromësser maachen…..

Elo mierkt awer jiddereen hei an der Stad, dass wann déi gréng net méi mat décidéieren, dass et dann net méi wäit hir ass mat grénge Basics bei de Leit vun der Majoritéit. Aner Hiewele gi bedengt: e puer Strécher mat waasserléislecher Faarw fir éphémère, popup Velospisten. Oder Alibi Biergerbedeelegungsaktioun Taxonomiestuf 1, um Beispill vun den Aménagementer vun der avenue Pasteur. An och do ass zousätzlech traureg: deen eenzege Choix deen d’Majoritéit bidd, ass Beem oder Velo. Awer nëmmen dem Auto näischt ewäch huelen.

Kuerz a gutt : mir hunn och elo matkritt, dass eng Gemeng och vill Hiewelen zu Ongonschten zB vun der Natur aktivéiere kann.

Virdrunn hunn ech gesot, dass een als Gemeng genug Hiewelen huet fir gutt ze maachen. Mee wann ee « maache » seet, dann heescht dat mat de Leit zesummen eppes maachen. Dowéinst ass deen eenzgen Discours deen an enger Demokratie fonctionnéiert, de participativen Discours.

Zousätzlech: an der Politik geet et dat ze maachen wat méiglech ass. Wat méiglech ass, hänkt vun 2 Komponeten of:

1. dat wat ee selwer wëll an

2. dat wat d’Leit bereed si matzemaachen.

D’Ëmsetzung verlaangt, dann eng Dosis Pragmatismus awer och, fir ze wëssen wourop et ukënnt, wat ee wëll, also Idealismus an Dreem.

Dofir ass eben den Hiewel vum participative Wee. Eng dirket Uwendung am Sënn vu « to walk the talk » ass dat elo haut op desem Sonndeg Moien. Merci.

Kategorien
Energie enmarcheopdeknuedler grengwierkt Mobilitéit Partizipatioun stadlëtzebuerg zukunft

Klimaziler fir d’Stad Lëtzebuerg

De 5. November hunn d’Linda Gaasch, de François Benoy an ech fir déi gréng Stad Lëtzebuerg konkret Proposen virgestallt fir eng klimaneutral Stad Lëtzebuerg. Hei meng Présentatioun:

Wa mir vun enger klimaneutraler Stad schwetzen, dann inkludéiert dat eng ganz Parti Elementer: de François Benoy huet elo vun engem aneren Urbanismus geschwat an och enger anerer Mobilitéit. Des aner Mobilitéit huet e.A. mat der Reduktioun vun onsem Appetit un Energie ze dinn. D’Linda Gaasch schwetzt duerno iwwer den intelligenten Verbrauch vu Ressourcen, also och der Reduktioun vum Appetit un Energie an och wéi mir zesummen bei eng klimaneutral Stad kommen.

Esou eng klimaneutral Stad huet och oder villeicht ganz vill, mat dem Gebrauch vun aneren Energien wéi déi vun bis elo, ze dinn. Et geet jo em net méi oder manner, wéi déi gesamt al Energien, duerch erneierbar Energien ze ersetzen.

Dat heescht: et muss ee genug „produzéieren“. Also Energie aus erneierbaren Quellen opbereeden, fir dass se fir ons notzbar ass.

Ech erënneren un Leitsaz dee mer aus de Chimie a Physik kennen: « rien ne se crée, rien ne se perd, tout se transforme » (Bsp : fir 7. Liter Bensin op ze bereeden fir 100 km furen ze kënnen, sinn 11 KWH Stroum néideg, genug fir 65-85 km mat E-Auto ze furen). Et geet also em Transformatioun, mat der Nuance, dass déi final Transformatioun, déi mir Verbrauch nennen, bei den erneierbaren Energien, keng Zäregasen, keen CO2, produzéiert. De Challenge ass, dës Transformatioun esou geschmeideg wéi méiglech, dat heescht mat esou mann wéi méiglech Verloschter, hin ze kréien. Beim Solarstroum sinn des Verloschter relativ kleng.

Deemno fir d’Productioun sprech Transformatiouin, a grousse Quantitéiten, do eegent sech d’Photovoltaik am beschten. D’PV buet zudeem eng grouss Akzeptanz, well si ass moduléierbar en Fonctioun vum Besoin an relativ easy to treat. Anescht zwar wéi déi gewinnten Manéier, mee awer net komplizéiert. Si ass upassbar.

Och hei an der Stad mat hiren 20.000 Gebeier. Dovun, sinn der Ronn 800 d’Propriétéit vun der Gemeng. Dat ass eng grouss Zuel. Par contre a leider ass d’Zuel vun PV Anlagen op dëse Gebeier vun der VdL nawell kleng. Grad emol 2 % vum Potential gëtt profitéiert. Zirka 220 KWp Anlagen goufen bis elo installéiert.

Mir hunn ausgrechent dass awer ronn 10.000 KWp méiglech wiren.

Am Prinzip 800 – 1000 KWH pro KWp -> elektresche Stroum 9.000.000 KWStonnen (9.000 MWh) also fir ronn 2500 Haushalter oder 9.000 – 10.000 Leit. Oder genug fir de Fonctionnement vun alle Kläranlagen an der Stad oder dee vun de Pompelstatiounen, Sprangburen, Réservoiren, plus Eclairage public a soss Beliichtungen vun 2019 zum Beispill.

Et kënnt op all KiloWattStonn un. Et ass eng Aufgab vun ons all: vum big player, der Industrie bis deen eenzelnen. Wa méiglech mat enger Gemeng als Virbild, Virreider.

Well et op jiddereen, op all Daach ukënnt, hu mir och gerechent wat soss d’Potential ass vun all den Diecher an der Stad. Kleng gerechent, mam Solarkadatser op geoportail, komme mir do op 7.500 Heiser vun den 20.000 Heiser déi sech eegenen géngen. Dat ass net iwwerdriwwen..

D‘Ausriichtung vun den Heiser ass ee Facteur awer manner wéi un den Ufäng vun der PV, deemols als virun allem de Süden uviséiert ginn. Entretemps ass d’Technik, notamment d’Sensibilitéit vun PV Panneau esou gutt, dass een och mat Ost-West ausgeriichtenen Anlagen gutt Stroum ka produzéiert ginn. An der Moyenne kann een do 8 KWPeak Anlagen opriichten.

D’Rechnung ass einfach: 7500 x 8 : Also genug fir -> 60.000 KWp, deemno 60.000.000.000 KWh also fir bal 60.000 Persounen. Deemno kënne  ir an der Stad also eleng mat PV d’Halschend vum Elektresch Verbrauch vun de Bierger couvréieren.

Dofir fannen mir, dass bei déi staatlech Ënnerstëtzung fir eng PV Anlag, d’VdL och nach nach zousätzlech ee Ureiz schafe soll notamment bei den Installatiounskäschten.

Dat selwecht, also nach een zousätzlechen Ureiz, stelle mir ons och fir d’Installatioun vun emissiounsfräien Heizsystemer vir. Stéchwuert. Wärmepompel.

An da si mir beim zweeten Aspekt fir eng klimaneutral Stad: d’Systemer, déi bis elo mat den alen, net méi zäitgenässen Energien fonctionnéieren, op der nei, klimafrëndlech ëmstellen. D’Heizung ass esou ee System. An dat ass en domaine mat engem richtegen, gewaltege Impakt, well d’énergie thermique dat sinn 75 % vum CO2 an der Stad – wann een den Stroum net mat aberechent. Mam Stroum ass den Undeel  um CO2 vun der énergie thermique 56 %. De Stroum ass nach net décarboniséiert, mee huet awer een héicht Potential fir Décabornisatioun. Bei de fossilen Energieträger, déi fir ze hëtze benotzt ginn, geschidd dat mat 1/3 mat Mazout, 2/3 si Gas. Dat ass ee gutt Beispill fir eng noutwendeg, zäitno Ëmstellung, fort vun de fossilen.

Et fàllt engem och op, dass wieder de Gazrésau ausgebaut gëtt. Et gi wieder derer Leitungen geluecht Dat ass zwar wéi et ëmmer gemaach ginn ass, wéi fréier, mee net zukunftsorientéiert. Besser wier ee Wärmerésau, alimentéiert a gehëtzt aus marginal, der Iwwerproduktioun vu Solarstroum (während peak Stonnen). Op déi Manéier mécht een och eppes fir „flatten the curve“. Mir hu geléiert, dass dat wichteg ass. Méi ee grousst Potential dofir hunn awer Biogas an Holzpellets. Eng aner Alternativ ass fir vum Gazréseau fort ze kommen, wéi ech virdru schon ernimmt hat, Primme fir Wärmepompelen.

Et geet wéi gesot, dorëms de Fonctionnement vun de verschiddensten Systemer op klimafrëndlech ëmzestellen. Dat gëllt och fir de Fuhrpark vun der Stad Lëtzebuerg. 2 Prozent sinn elektresch. Och do ass ee groust Potential. Et soll ee sech näischt virmaachen: och des Ëmstellung muss kommen. Mee et kann een awer nach wieder Zäit verléieren. An de nexten Joeren stellt sech och d’Camionsproduktioun weltwäit ëm, vu Verbrennermotoren op elektresch. Am Bussecteur kenne mir dat jo schon. Technik ass do, d’Suen sinn et och. Et feelt vläicht den Interessi et ze maachen beim Fuhrpark.

Bon, elo kann ee jo der Meenung sinn, dass een als Gemeng net selwer soll PV Anlagen installéieren. Da fanne mir et soll een déi disponible Flächen, mir hun d’Rechnung virdru gemaach, deene Leit zur Verfügung stellen, déi keen eegene Daach hunn, zum Beispill als Locataire oder an engem Appartementshaus oder an enger Copropriétéit, fir awer aktiv un der Energietransitioun mat ze schaffen, een Deel dovun ze sinn. Ech schwetzen vun de Biergerkooperativen. De participative Volet. D‘Linda Gaasch schwetz herno iwwer déi Idee. D’Leit inkludéieren, mat abannen.

Ee vun der Energietransitioun, och hei an der Stad, ech hat e virdunn ernimmt, ass jo den Appetit un Energie erof ze setzen. Dozou gehéiert eng Auswertung iwwer d’Energiewerter vu Gebeier. Den Energiepass. Den Energiepass bei de Gebeier vun der VdL ass eng laang Geschicht Déi éischt goufen 2010 ausgestallt, zënter 2018 stagnéiert et a just d’Halschend vun de ronn 800 Gebeier hunn een. Déi éischt, déi ausgestallt goufen, riskéieren of ze lafen. Och eng Fro un de Schäfferot vum Carlo Back am Dezember 2019 huet keng concluant Äntwert bruecht. Net verstoen kann ech, firwat, dass net un deenen Gebeier wou d’Werter bekannt sinn, geschafft gëtt i.e. ne tun der sobriété énergétique vun deene Gebeier verbessert gëtt.

Dat gesot: fir ons ass et wichteg fir eng klimaneutral Stad ze ginn:

– Photovoltaik ze fördern, also d’Produktioun vun erneierbaren Energien.

– Gescheck ze maachen bei der Ännerungen vun de Systemer hin zu den erneierbaren Energien.

– manner Energie verbrauchen also d‘Ressourcen schounen, manner verbrauchen.

Merci.

Hei alles

D’Reportage op RTL hei

Den Artikel am Tageblatt hei

Kategorien
Energie Eurosolar Mobilitéit Partizipatioun zukunft

Drénglech Sobriétéit op engem disruptiven,solaren Räiskär Kürbis.

Hei meng Introductiounsried bei der Zeremonie vum Solarpräis de 26.10.2021.

Léif Alleguerten

Am Numm vun Eurosolar Lëtzebuerg begréissen ech Iech all ganz härzlech an ären respektiven respektabelen Fonktiounen hei bei der 11. Zeremonie vum Solarpräis.

Dë Solarpräis gëtt zënter 2003 an diversen Intervallen iwwerreecht. Am Ufank war et all Joër. Tëschend deem läschten, 2019 an deem zweetläschten 2012, waren et 7 Joër. Mir hunn ons virgeholl fir ën all zwee Joer auszeschreiwen.

Iwwerhat ee Solarpräis weider proposéieren. Ass dat nach ubruecht, elo wou déi erneierbar Energien an der Moud sinn?

Jo, well d’Potential vun der Photovoltaik ass nach laang net ausgereizt. Ausserdeem ass Solarstroum dee bëllegsten Stroum, wéi d’Zuelen vun der I.E.A. beleeën.

Et ass drénglech

Elo net all Joër ee Solarpräis, dat huet mat der méi klenger masse critique hei ze dinn. Zwee Joer sinn awer ubruecht, well elo muss Gescheck gemaach ginn. Dat wees ee spéitestens zënter den 3949 Säiten IPCC Report vum August dëst Joër. Woubei, wéi de Robert Habeck sech ausgedreckt huet: et ass kee Kenntnisproblem, mee een Handlungsproblem.

Mir vun Eurosolar schaffe scho laang dofir, dass endlech an iwwerhat a méi séier gehandelt gëtt. Als Erënnerung, Eurosolar Lëtzebuerg ass entstanen aus der Initiative eraus vun enger qualifizéierter Band early adopters déi Ufank den 90er schon: éischtens, gesinn hu kommen, dass d’Klima ee Problem kritt an zweetens, dass d’Photovoltaik net nëmmen eng grouss Hëllef, mee am Fong een essentiellen Deel vun der Léisung ass.

Mir mussen elo handelen.: um Niveau vun der Produktioun, der Distributioun, dem Stockage. Ausserdeem mussen d’Systemer, déi bis elo mat den alen Energien fonctionnéiert hunn, ëmgestallt ginn, fir mat den erneierbaren Energien ze fonctionnéieren.

Sobriétéit

Verlaangt, absolut noutwendeg ass awer och onsen Appetit un Energie ze reduzéieren, Stéchwuert sobriété énergétique. Dat ginn, sinn Diskussiounen. Leider kann een aus de Reiwungen an deenen Diskussiounen keng Energie gewannen. Dobäi kënnt et op all erneierbar Energie un, well et geet jo dorëmms déi al, désuet Energien komplett duerch erneierbar z’ersetzen. Esou séier wéi méiglech.

Mir vun Eurosolar sinn zënter dem läschte Jorhonnert ongedëlleg gedëlleg. Herno schwetzen ons Vizepresidentin Prof. Dr. Susanne Siebentritt, de Prof. Dr. Phillip Dale an den Dr Max Hilaire Wolter, deen och bei Eurosolar am Comité ass, iwwer ons gedëlleg Ongedold. Mir hëllefe gär.

Natiirlech si mir vun Eurosolar awer och frou, dass an de läschte Joeren a Méint vun den zoustännegen Ministeren eng ganz Part Saachen an d’Weeër geleet gi sinn, fir dem handlungsdefizit op ze hëllefen.

Technesch Disruptioun

Dass do nët op den Dibbelchen festgeluecht ka ginn, léisst sech duerchaus rationnell explizéieren, schlisslech ass all technesch Entweckelung net linear, mee stoussweis kontinuéierlech voire disruptiv. Dat gëllt och fir gréng Technologien, een Domaine an deem Lëtzebuerg sech positionnéieren sollt. Ausserdeem ass d’Energietransitioun eppes bei deem vill Elementer zesumme fonctionnéieren mussen, vill Riedercher anënee gräife mussen. En cours de route mierkt een dann, wou ee Riedchen feelt, wou ajustéiert muss ginn.

Breedgefächert Kandidaturen

Dass sech duerchaus Saachen dinn, dass gehandelt gëtt, dat gesäit een bei onsem, effektiv net représentativen Echantillon vun de Kandidaturen fir de Solarpräis dëst Joer. Et gëtt geliwwert : suwuel wat d’Material ugeet fir iwwerhat kënnen ze produzéieren, wéi och wat d’Produktioun selwer ubelaangt, als och d’Flächen déi beluecht ginn fir PV Stroum ze produzéieren.

Och un eng sënnvoll Planung vum Verbrauch, vu der gestioun vum Réseau zum Beispill an der Mobilitéit, een Domaine deen ee gewichtege Facteur an onser Gesamtenergiebilanz ass.

Et kënnt och méi a méi zum ganzheetleche Plangen. Vun Ufank un déi Erneierbar matdenken. Ech ërënneren un ons Publicatioun archipv.lu, déi weisst, wéi een Archtiktur, Ingenieurskonscht a Photovoltaik vum éischte Fiederstrëch un matplangen soll a kann.

Bei de Kandidature ass dann och den participative Volet dobäi an der Hiirstellung awer och an der Verdeelung: een aktiven Deel vu der Energietransitioun sinn. An dann och, didaktesch, firwat déi ganz Energietransitioun richteg, wichteg, néideg an dringlech ass.

Dat ass souzesoen d’Zougänglechkeet vun den 3.949. Säiten vum IPCC Report. Dir hutt se och all gelies, ech brauch do elo net méi drop an ze goen. Esou Informatiounen mussen zougänglech sinn, well wann ee versteet wat ee maachen soll, fällt et engem méi liicht et ze maachen. Dowéinst, eng Klammer, gëtt et jo och den Eurosolar Podcast “d’Sonn am Stecker”. Eng vun onse Missiounen ass och Multiplicateur sinn, erklären, verbreeden, informéieren.

Ee Critère vum Jury ass den innovative Charakter. Wat ass richteg eppes Neies? Wat ass et en différé? Am Sënn vu wat ass op aner Plazen Standard, iwwerdeems et hei esou lues entdeckt gët. A nach gezeckt gëtt beim Implémentéieren. Esou kënnt ee net virun.

Ee Räiskär, vill Räiskären

Als Prétexte gëtt gesot: mir si jo just ee Räiskär.

E puer Remarken: e puer Räiskären, vill Räiskären ginn eng Tut, ee Sak. Och hei gëllen d’Regelen vun der Arithmetik, der Additioun. Well all Eenzelnen gëtt gebraucht.  Vläicht kann een awer de Räiskär sinn, deen de Räissak ëmfalen deet vun deem dann de Päiperleck fortlitt an ee Wandstouss an ee Stuerm ausléist. Ee Stuerm vun Innovatioun, Dynamik an Handlung a gréngen Technologien.

Dat zweet : et hänkt vum Standpunkt of: mir sinn nämlech, deemno wéi een et kuckt éischter eng Calebasse. Ech denken un de nationalen overshoot day, onsen ekologesche footprint. Fir mech ass deem seng Dimensioun pro Kapp eng moralesch Verpflichtung pro Kapp fir ze handelen.

Net just fir Eurososlar, mee fir ons all ass d’Energietransitioun eng Erausfuederung, een défi technique. A Mengen Aën ass se och een défi de souverainté, fir Lëtzebuerg, fir Europa, fir ons all.

Merci

Dat gesot, nach e puer Merciën :

  • All Deenen déi hir Kandidatur eragereecht hunn. Dir weisst wat méiglech ass.
  • Merci dem Jury, also de Kollegen aus dem Comité, kompetent verstärkt duerch d’Semiray Ahemedova, Députéiert an Architektin, dem Gilbert Theato, Direkter vun Eurosolar an dem Marc Thein, President vun der Fédération du Génie Technique.
  • Merci der Chambre des Métiers, dem Gilles Reding a sénger Equipe,  fir den Accueil a Wëllkomm hei am Haus.
  • Merci onse Partner vum Solarpräis, dem O.A.I., der Chambre des Métiers, der Fédération des Artisans, der F.G.T. a myenergy.

Ee besonnesche Merci, elo vläicht Manner fir den Owend, mee fir säi Wierken insgesamt, dem Grënnungpresident a laangjähregen President an Eierepresident vun Eurosolar, dem Henri Kox.

Dat war et vu mir. Eng Ried soll jo net éiweg daueren, mee éiweg verhale ginn. Merci.

Hei klicken fir méi vum Solarpräis 2021

Kategorien
Corona Demokratie Energie Eurosolar grengwierkt Mobilitéit Partizipatioun Sport stadlëtzebuerg zesummenhalt

et ass wéi et war

Well ee bei 2020 jo net wosst, wou een drunn war, wat nach alles geng kommen, hunn ech léiwer gewaard mat mengem Joereabschlussbericht, bis dann och wierklech Schluss war mat dësem Joer, also dem läschten.

Januar 2020

De Januar huet ugefaangen mat Konscht (an der Villa Vauban; Museum K20 Düsseldorf foodforthezens), mat diversen Neijorsréceptiounen (gréng, Schaff) an engem flotte Spazéiertuer mat de Stater gréng, dem Besuch an der Moschterfabrik am Pafendall an een Owesiessen. Esou Saache ware virun engem Joer nach méiglech. Verreckt!

D’Citoyen konnten an der Gemeng um Knuedler Projeeë kucken, déi de Schäfferot ausschaffe gelooss hat, fir d’Terraiën rondrëm de Josy Barthel Stadion op der Areler Strooss nei ze bebauen (Participatiounstaxonomie Niveau 1). Ech erlabe mir drunn z’erënneren, dass een Atelier, deen déi gréng Stad 2018 organiséiert haten, e.a. gewisen huet, dass d’Participatioun op engem méi héijen taxonometresche Level d’Demokratie stärkt. Dat huet sech och gewisen bei enger gutt besichtener Diskussiounsronn vun eisstad asbl zu dem Thema Enn Januar. Ech sinn dofir. Jo, et ass och richteg, vill Leit wëllen net matschwetzen. Si konzentréieren sech dorops, dass et hirer Famill, gutt geet, si eng flott Zäit ma hire Frënn kënnen hunn. Si wëllen einfach just dat Richtegt maachen. Dat ass awer kee Grond, fir quasi keng Participatioun zouzeloossen.

Februar 2020

Deemols am Februar, an der Pre-Covid 19 Ära, war ech wéi stets, fläisseg op der Schaff a sinn an Versammelungen gang. Bei engem Kuerztripp op Gent, hun ech dem Jan Van Eyck seng Molkonscht bewonnert an hunn déi flott belge, velosgerecht Stad an och d’Fritten do genoss. Heiheem war de Mudam nees ee Besuch wert, och well et konschtméisseg anescht ass wéi  zu Gent. Mir vun de stater gréng haten op enger PK nees rieds vun  engem ekologeschen Quartier um Site vum Josy Barthel Stadion, mat Wunnraum, deen ze bezuelen ass a wou d’Leit kënnen matschwetzen vun Ufank un.

Zesumme mam Claudie Reyland, därf ech nees d’Co-presidence vun déi gréng Stad hunn.

D’Virbereedungen fir den internationale Fraendag sinn am gaang. An der JIF Organisatiounsplattform këmmeren ech mech em d’Mobilisatioun vun de solidaresche Männer. Et geet jo net just ëm “Fraleit”, mee och em “Maansleit” oder LGBTIQ+, mee dorëms selwer bestëmmen ze kënnen*. Dat ass den Ausgangspunkt. Dofir sinn ech um, a steet och de Festival des migrations, des cultures et de la citoyenneté.

März 2020

Ufank März war de Fraëstreik am Kader vum internationale Fraendag. Dausende Leit hu matgemaach. Am Fokus stoung d’care Aarbecht. Dese Begrëff steet fir déi Zort Aarbecht, bei der sech em aner Leit gekëmmert gëtt, fir si gesuergt gëtt, mat hinnen, bei hinnen. Et limitéiert sech net nëmmen op déi bezuelten Aarbecht. Et ass ee breede Spektrum vu « care » Beruffer an deenen zum groussen Deel Fraë schaffen, oft aus der Migratioun, mat sozialen Ongläichheeten, net esou bezuelt wéi hir systemrelevanz et verlaangt. Des Systemrelevanz huet sech du jo och gewisen. Et ass ugefaange gi mat applaudéieren. Meng Relevanz huet sech dora gewisen, dass ech op eemol méi Zäit hat a vill am foodforthezens war. Bleiw doheem!

Abrëll 2020

Et war roueg am Abrëll. Et ass flott ze gesinn wéi d’Blumme wuessen, wéi iwwerhat d’Natur opbléit am Fréijoer. Grad wéi mäi molereschem Äifer.

Ech ginn zum President vun Eurosolar Lëtzebuerg asbl gewielt. Eng Associatioun déi spezialiséiert ass an der Fotovoltaïk a sech fir erneierbar Energieën asetzt. Eng flott Aufgab an Erausfuederung fir et grad esou gutt ze maachen wéi den Henri Kox, deen 18 Joer laang President war.

D’Zäit vun de Videokonferenzen ass ugaang an déi vum Télétravail. Jo, Télétravail ass eng gutt Saach. Et ginn eng ganz Parti gutt Grënn, déi dofir schwetzen, grad wéi et och Désavantagen a Schwiregkeeten domadder gëtt. Och heiranner, am Télétravail, wéi an enger ganzer Rei aner Domäner, huet de Coronavirus gemaach, dass et méi séier goung. D’Spezialiste ware gefrot. Et si Léisunge fonnt ginn. Provisoresch, improviséiert an temporaire. Vill vun dese Saache si séier a kreativ ëmgesat ginn. Et huet eben musse séier goen. Et ass séier gaang. Op alle Niveauën, an alle Secteuren, privat oder public. Zesummen a solidaresch. Esou wéi et an der Gesellschaft si soll.

Mee 2020

Am Mee ass et schafftechnesch nees ugerullt. E bëssen anescht wéi virdrunn awer ok.

Och ugerullt sinn Diskussiounen iwwer Fräiheet, Onfräiheet, zu eppes gezwonge ginn an enger fräier Gesellschaft, an enger Demokratie. Dat ass ee wait Feld, voller Koufläpp a Minnen. Méi doriwwer hei.

Fir ze weisen, dass een och vun Doheem aus ka sënnvoll a produktiv schaffen, hu mir vun de Stater gréng ee Webinar mat der Bréisseler Ministesch fir Mobilitéit, dem Elke van den Brandt, organsiéiert. Zu Bréissel, eng Stad fir den Auto gebaut, gëtt elo an eng Stad fir de Velo transforméiert. Do geet et. Hei an der Stad gëtt eng keng gréng Mobilitéitsschäffin.

Well et awer ee grénge Mobilitéitsminister gëtt, kann ech fein vun deem engen Enn un deen dat anert Enn vum Kierchbierg, mam Velo a main Zwergegaard furen am Quarier Gréngewald. Dee gëtt vu “Quartierstuff” géréiert, op Terrain, deen de FUAK zur Verfügung gestalt huet. Déi Äishelleg si Mëtt Mee laanscht, da kann ech elo Gromperen planzen. Ee ganzt Feld, enfin eng Parzell vun 3m2. 100 Deeg méi spéit ass Recolte.

Juni 2020

Während d’Gromperen wuessen, wéinstens Mol d’Geleef iwwert dem Buedem, wuesse keng Pop-up Veloweeër an der Stad. Dat geet net, gëtt gesot. Well et ass eng Festungsstad, wéi d’Buergermeeschtesch spéider beléiert. Festungsstied goufe net fir Veloë gebaut, dat sollt e wëssen. Esou Stied goufen sécherlech fir S.U.V. geplangt, deemols 963. Et ginn der, déi verpasse ni eng Geleeënheet, eng Geleeënheet ze verpassen.

Wat Rassismus a Xenophobie ubelaangt : eng Urban Art Creatioun, net wäit vum foodforthezens, bei der Gantebeensmillen, brengt et op de Punkt.

Juli 2020

Ufank Juli geet eng Zäitfënster op an et eraus an déi wäit Welt, bei meng Meedercher an hir Studentestied. Mam Zuch geet dat fein. Mam Anouk feieren ech säi Gebuertsdag op der Biergartenterrass vun engem Restaurant beim Hofgarten zu München. Mam Cathie feieren ech säin Ofschloss vum Medizinstudium an engem Studentelokal am 12. Bezierk zu Wien. Et si zwou Stied mat ganz vill Konscht a Kultur, bannen a baussen. Wonnerbar.

Een Tëschestopp war zu Konstanz um Bodensee. Do ass manner Konscht, dofir méi Querdenker. Am Fong ass anescht denken, eben net ëmmer nëmme maache wéi se all, jo eppes Guddes. Zum Beispill wir soss jo d’Rad ni erfonnt ginn. Et ass awer eppes Aneschters just ze gleewen well een eben mengt oder eppes héieren huet, oder ze gleewen wat d’Wëssenschaft seet. Wëssenschaft sammelt Fakten, net Meenungen a si analyséiert dann des Fakten.

Een Avantage vu mam Zuch furen ass, dass een dann fein Zäit huet fir ze liesen, zum Beispill esou Bicher wéi “Zieht euch warm an, es wird heiss” vum Sven Plöger. De Meteorolog aus der däitscher Televisioun schreiwt iwwer d’Klimakris. Déi gëtt et och nach ëmmer. Si mécht keng Paus. Dowéinst musse mir der Wëssenschaft nolauschteren. Bei Corona a Klima musse mir parallel denken an handelen fir dat Richtegt ze maachen. Déi zwou Krisen si schwiereg ze kommunizéieren, well se komplex sinn, well et komplex ass. Et ass méi einfach schlicht Behaaptungen an d’Welt ze setzen. Nees doheem ass mäin éischten large scale Test negativ. Dat stëmmt mech positiv.

August 2020

Huch! De Gruef an der Stad gëtt dach tatsächlech, vum 1. August un, fir e puer Wochen, provisoresch, eng Foussgängerzon. Gréng wierkt an awer ass et wéi de Max Weber deemols sot « Politik bedeutet ein starkes, langsames Bohren harter Bretter, mit Leidenschaft und Augenmass zugleich”.

D’Geleefs vun de Gromperenstäck an der Zwergeparzell am Quartier Gréngewald um Kierchbierg wiisst. Rondrëm de Schoettermarjal, bei mir direkt niewendrunn, wiisst och vill Kraut, do wou fréier Heiser stoungen, do wou opgeschott gouf, wéi Heiser, déi elo niewendru stinn an ech wunnen, gebaut si ginn, do wou ni eppes war awer eppes hikomme soll. Eng Zort Biotop ass entstan. Eng Parti Leit haten do eng Protestaktioun gemaach. Et geet em d’Erhale vun der Natur, em do wunne kënnen, em déi zwee zesummen, em dorëmms weem d’Stad gehéiert, em Participatioun, em schwetzt mateneen. Vun Ufank un.

Et wor esou am Summer, stoung alles an der Bléi, du rifft den Zense Polchen, seng Familjen op ee Fest, am foodforthezens zesummen, t’war fir ronn zeng Leit gedeckt. Liewen um Limit!

September 2020

Well dat mat der rue du Fossé als Foussgängerzon, während dem Provisorium, esou gutt fonctionnéiert huet, fanne mir vun de Stater gréng, dass een dat elo soll definitiv maachen.

Ech hun definitiv vill Äppel am foodforthezens a baken meng éischt Äppeltaart. Manner grouss ass d’Récolte bei de Gromperen. Si schmaache fantastesch.

Grad esou genéissen ech déi vill Konschtwierker an der Villa Vauban, dem Mudam, dem Musée um Fëschmaart an déi am Mëllerdall. De Vakanzebong ass agléist. Merci.

D’Basketball Saison geetlass. Mir, vum Basket Racing huelen, wéi all déi verantwortungsvoll a rücksichtsvoll Leit, déi néideg Hygiènesmesuren fir Spiller, Zuschauer a Bénévolen. Sport ass wichteg. Ech Mengen net de Sport als Spektakel, am Stil panem et circenses, mat iwwerbezuelten an iwwerbewerte Sportsherolden. Ech menge virun allem, Sport maachen well et gutt ass fir Härz a Longen, fir déi lokomotoresch Kierperkomponenten, fir Sozialkompetenz, fir Integratioun an Inklusioun, fir ze léieren Regeln an ze halen, och déi aktuel géint de Coronavirus, virun allem awer déi vun zesumme liewen a zesumme wierken.

Fir den GMMP Comptage (Global Media Monitoring Project) hat ech fläisseg mat fichéiert, well et wichteg ass fir serieux Medien, serieux z’informéieren, balancéiert an Inhalt a Form. 

Oktober 2020

Mir vun de Stater gréng, haten ons ugewinnt all Joer eng Rees an d’Ausland ze maachen, fir méi gescheit ze ginn, Inspiratioun ze fannen, Saache ze gesinn, déi et anzwousch anescht gëtt a déi an der Stad och fonctionnéieren missten/kéinten/sollten. Aus pandemesche Grënn si mir hei am Land bliwwen a waren an d’Minettemetropolen Kayl/Téiteng, Esch-un-der-Uelzecht an Déifferdéng. Mir ware mam Velo ënnerwee, am Reen, mat der Sonn am Härz. Ons Gehirer gutt duerchlëft, ware mir ganz rezeptiv fir déi vill gutt Projeeën: Energiekooperativen, Promotioun vu Kreativitéit, Méiglechkeeten an der Logementspolitik, Transitioun. Op onsen Etappen si mir awer och drunn erënnert ginn, dass et méi flott ass, am Schäfferot mat ze décidéieren, wéi just kënne Villes ze proposéieren.

Dat vum gedëlleg deck Brieder buren, hat ech jo schon virdrunn geschriwwen. Entspriechend war mir nees mam Velo bei de Kollegen vun ProVelo fir d’rue du Fossé (dat war fréier wuel de Gruef ausserhalb vun de Festungsmaueren) autofräi ze kréien.

A well d’Beem nach voller Äppel sinn, baken ech weider Taarten an iessen se och.

Well et ouni Konscht net geet, war ech zweemol an d’Philharmonie, zweemol Beethoven, grouss mam OPL a Krystian Zimerman (Pianosconcert’en 4 a 5), a méi kleng mat Frank Peter Zimmermann a Martin Helmchen (Violinsonaten). Op dem Daach vun der Philharmonie si Fotovoltaikmoduler: Sun to power to music. Hei am Land ginn et ronn 146.000 Gebeier vun deenen bal 80 % gëeegent sinn, fir Solarstroum ze produzéieren. Ee Potenzial vun 3.540.000 KiloWattpeak. Dat ass vill.

November 2020

Den 11.11. hat ech mäin éischten Optrëtt als President vun Eurosolar Lëtzebuerg. Mir hun zesummen mat myenergy a Vertrieder vum O.A.I., ee Guide presentéiert, dee weist, wéi ee Fotovoltaik an Architektur flott mateneen kombinéiere kann. Mei doriwwer hei.

Den 11.11. feiere vill Leit den Ufank vun der Fuesend. Vum ville feieren ereechen si dann de Kipppunkt. Dest Joer ass dat awer ausgefall. Net ausgefall ass d’Angscht virun de Kipppunkten an der Coronakris an an der Klimakris. Also de Moment wou d’Saachen ausser Kontroll geroden. Bei der Covid-19 Kris sinn dat virop d’prise en charge vun de Leit déi krank sinn an d’Käschten. Deen zweete Volet bedengt nawell gär d’Capacitéit vum éischten. Bei ons ass dat manner de Fall wéi am Ausland an dat ass och gutt esou. Et soll jo net sinn, dass d’Ekonomisten décdiéieren wat medizinesch indiquéiert ass.

De  Kipppunkt bei der Klimakris ass de Moment wou den zevill vun CO2 an d’Erderwärmung et fir de Mensch schwiereg mécht, fir op der Erd ze wunnne. Och nom Kippen, dréint d’Erdkugel weider hir Ellipsen rondrëm d’Sonn, iwwertdeems d’Fro déi sech stellt, ass déi vun de Menschen hirer Resilienz. Wivill hält de Mensch aus?

Wivill Videokonferenzen hält de Mensch aus?

Den traditionnellen Salon vum C.A.L. am Tramsschapp huet och dest Joer ee flotten Iwwerbléck iwwer Konscht zu Lëtzebuerg.

Dezember 2020

Am Dezember ass eng Zort Endzäit Atmosphere an der Loft. Entweder well jiddereen iergendwéi frou ass, wann d’Joer 2020 eriwwer ass. Vläicht ass et och well mir wëssen, dass mir an een down gelocked ginn. Fir mech schwéier ze verstoen. Net Noutwendegkeet vun strenge pandemeschen Mesuren, mee, merde alors : wat ass net ze verstoen bei de gestes barrières ? Si si keng rocket science ! Oder et ass d’Angescht virum Coronakipppunkt.

Gutt Nouvellen, toute proportion gardée, gëtt et am Handelen géint de Klimakipppunkt : den Tram fiirt elo vum nordöstleche Stater midfield, dem Kierchbierg, queesch duerch d’Festungsstad, op der aner Säit nees eraus, quasi bis an déi fréier Gemeng Hollerech, also op d’Stater Gare. Ee Puzzlesteck fir eng aner Mobilitéit, manner CO2 lasteg, méi zilorientéiert a pragmatesch wéi déi bis elo pathetesch statussymbolesch.

D’rue du Fossé ass entretemps, um Pobeier, an eng zone de rencontre ëmgewandelt ginn. Elo nach ee klengen architektonesch-urbanisteschen Effort a si ass et och visuell.

De François Benoy weisst mat senger Budgetsried-analyse an der Chamber, dass hien och ee Top Finanzminister ka ginn.

Ech ginn dogéint bei de Coiffeur, nach huerteg eng läschte Kéier virun de Feierdeeg an dem lockdown (bei mir falen awer keng Locken méi down).

D’Feierdeeg ginn besënnlech, gemittlech, friddlech. Ech verbrenge se am foodforthezens zu Poliarritz.

Januar 2021

Et ass elo alles nach nei an awer och gewinnt. Dat ass gutt esou, well de Mensch brauch jo seng Komfortzone. Mir Mënschen si nawell Gewunnechtsdéieren. Déi gutt Noriicht deemno: mir kënne ons Gewunnechten, déi mir déi läscht Wochen a Méint léif gewonnen hunn, och nach eng Zäit bäibehalen: Mask un, 2 Meter Ofstand, Patte wäschen. Net komplizéiert awer recommandéiert, well soss komme mir ni eraus aus deem „no vir a nees zreck“. Da gëtt geimpft géint Covid-19. De Vaccin géint d’Klimakris gëtt et och: d’Fotovoltaïk. Dee géint den Onverstand ass d’Wëssen.

Dat geschriwwen: alles Guddes, Léiwes a Lëschteges 2021. Alles gëtt gutt.

*“Mit den Haien streiten”, CID Fraen an Gender, capybarabooks, ISBN 978-99959-43-16-5, 2018.

** “Zieht euch warm an, es wird heiss”, Sven Plöger, Westend , ISBN 978-3-86489-286-8, 2020

Kategorien
grengwierkt Mobilitéit stadlëtzebuerg

Kamoud douce Mobilitéit

Ennert der Iwwerschrëft „Watfir ee Wee fir de Velo“ hate mir vun déi gréng aus der Stad d’Press an d’Theaterstuff invitéiert direekt niewend de Chantier vum Tram. Eng Plaz mat engem grousse Potenzial fir gutt Mobilitéit. Als President vun der Lokalsectioun hat ech Haut eng kuerz Introductioun gemaach. Voilà:

Fir ons gréng ass gutt Mobilitéit douce. Si schount d’Natur, ass gutt fir d’Emwelt deemno och gutt fir ons all.

Gutt Mobilitéit ass Mobilitéit déi komfortabel ass, déi passt. Déi kamoud ass. Gutt Mobilitéit ass déi déi engem erlaabt méi Zäit ze hu fir dat ze maachen, wat ee gär mécht, wou ee gär ass a mat wiem ee gär ass. Doheem, bei der Famill, op der Schaff, mat Kollegen. Deemno proposéiert gutt Mobilitéit Optiounen. Alternativen, déi eben Kamoud sinn. Et geet net géint den Auto, mee fir esou vill Auto wéi néideg, esou vill Velo wéi méiglech.

Mobilitéit fänkt am Kapp un fir dann konkret ëmgesat ze ginn. Als éischt muss een mat eppes ganz Essentiellem ophalen, nämlech ze denken, dass just Säint  gëllt. Et geet net géint den Auto, mee em esou vill Auto wéi néideg, esou vill Velo wéi méiglech. Maximal Flexibilitéit, Confort, Qualitéit sinn Essentials fir gutt Mobilitéit.

An der Schefferotserklärung gouf geschriwwen, dass op der enger Säit, vill an de leschte Joren an d’Promotioun vun der doucer Mobilitéit investéiert gouf an dass dat och esou soll weider goen. Et steet e.a. geschriwwen vun der Bréck vum Weimeschaff via Neiduerf op den Cents. Et gëtt an der Schäfferotserklärung och op d’Orientatiounshëllef vun der Tramsstreck fir nei Velosweeër higewisen. Esou richteg nei ass do näischt. Laut Schefferotserklärung géng eng approfondéiert Etude lancéiert ginn iwwer kiirztméiglechs Velosweeër tëschend de Quartierën. Fir ze kucken op dat méiglech ass oder och vläicht firwat et net geet. Gréng dogéint wir fir ze kucken dass et geet.

Nët gefeelt huet an der Schefferotserklärung d’Feststellung, dass den Auto eben zu de Gewunnechte vun de Leit gehéiert. Nawell fatalistesch. Am Genre: et kéint een eben näischt maachen. Wéi wann et keng Alternativen géng ginn. Alternativen notamment de Velo si keen Thema. Dat gëtt ons een ongutt Gefill. Dat ongutt Gefill gëtt verstärkt, well déi Schefferotserklärung schon sechs Méint hir ass. No sechs Méint gëtt et näischt Neies.

Alternativen notamment de Velo si keen Thema. D’Alternativen mussen esou attraktiv sinn, dass een motivéiert ass fir al Gewunnechten z’änneren. Dowéinst ass elo dee richtegen Moment fir een drëtt Veloskonzept hei an der Stad ze maachen. Mir haten der bis elo zwee. Elo kënnt den Tram an de Stadzentrum. Dat gëtt nei Méiglechkeete fir méi eng kamoud Mobilitéit.

No den allgemengen Erklärungen vum Schefferot gëtt et onser Meenung no Zäit fir méi Substantielles a Konkretes. Well si net liwweren, liwweren mir: hei esou wéi mir déi gréng aus der Stad et gesinn. D’Sam Tanson an de François Benoy hun dat alles nach méi détailléiert top erklärt.

Kategorien
enmarcheopdeknuedler Mobilitéit Partizipatioun stadlëtzebuerg

Lifteg op de Kierchbierg an wéi den Indiana Jones op den Zens

Dëser Deeg gouf am Neiduerf ganz villen interesséierten Leit de neien Projet fir d’Breck Cents-Weimeschhaff an de Lift am Neiduerf présentéiert. Deen Entworf virdrunn, e bësse vill massiv, wéi d’Fielsen lenks a riets vun der Neiduerferstrooss, waren net esou gutt ukomm. De Projet fir d’Neiduerf vum Nico Steinmetz, deen och schon dat 9. Weltwonner, de grad esou flotten wéi prakteschen a nationbrandéierenden* Lift am Paffendall, konzipéiert huet, ass manner massiv, méi filigran. D’Bréck hänkt, flott intégréiert an de Quartier, liicht a lëfteg iwwer dem Dall. Eng Mëschung tëschend der Golden Gate Bridge an der Hängebréck aus Indiana Jones and the Temple of Doom.

Indiana jones Breck

Den Tuerm mam Lift respektéiert d’Silhouette vum Neiduerfer Kär niewend der Kierch an kritt eng splendid Vue op de Stadzentrum.

Lift neiduerf Uewen

Ech fannen dësen Projet flott a passend. Mee esou Saachen si jo affaire de goût. Virun allem zeechent sech dëse Projet doduerch aus, dass den Architekt d‘Bréck vum Tuerm mam Lift getrennt huet. Si géngen op zwou verschidde Plazen kommen, zirka 500 m auserneen (dat ass, fir Dammen, esou wäit wéi vum „House of Underwear“ an der Dräikinneksgaass, bis bei den „Oberweis“ beim Roude Pëtz, fir Männer wéi een Tour duerch de Batiself. Meterméisseg duerchaus machbar). Ech fannen dësen Usaz interessant. Anerersäits kann een och dofir argumentéieren, dass déi zwee, Bréck a Lift, solle beiënee sinn. Uewen, bei der aler Schoul a Kierch, géng passen. De Sall war gréisstendeels och dofir.

Breck neiduerf uewen

Virun allem hun ech matkritt, dass déi grouss Majoritéit vun de Leit am Sall de Prinzip an d‘Noutwendegkeet vun esou enger Verbindungsbréck net méi a Fro gestallt huet. Dat war deemols, op enger Walversammelung vun de Stater gréng, den 22. September 2011* och schon esou. Et ass sech méi em technesch Sécherheetsaspekter Gedanke gemaach ginn, wéi ëm de Notzen. Haut wéi deemols sinn awer och nach z. D. verständlech nimby Gedanken (effektiv wien wëll eng Bréck iwwer sénger Wunneng) opgefouert ginn.

sall Neiduerf

Fir aner Horrorszenarien hun ech manner Versteesdemech. D’Kritierien fir an d’Lëscht vun de geféierlechsten Stied vun der Welt opgeholl ze ginn sinn d’Zuel vun de Doudegen, d’Quot vu Gewaltverbriechen, Vergewaltegungen, Geiselnnahmen an d’Probabilitéit an esou eppes verwéckelt ze ginn. Och wann d’Stad um Wee ass eng Metropolchen ze ginn, ass et nach ee wäite Wee bis dohinn. Obschon, um Lampertsbierg, ouni Bréck, wieren am Ufank vum Joër nonzech Veloën aus Heiser geklaut ginn?

Ech sinn ëmmer nees erstaunt, wa geäussert gëtt, dass wat Mobilitéit ugeet, et ëmmer nëmmen eng eenzeg Léisung géng ginn: entweder-oder, dofir-dogéint a mam Auto als unabdingbar Prémisse. Mobilitéit organiséieren ass villschichteg. Et ass net de Velo aleng, och net just den Tram oder just den Auto.

CarlohVeloh

Et ass eng Mëschung zu der och ee Lift am Neiduerf, eng Bréck tëschend dem Cents a Weimeschaff-Kierchbierg, Makadamm a Schinnen a Busser a marquéiert Velosweeër a sécher Trottoiren gehéieren. Vernetzt, opëneen ofgestëmmt, ee Konzept, ee Choix proposéieren.

Et ass, och am Verkéier, méi schéin mateneen wéi aleng: hei

paratgeons la ville

Als Faarw vun der Bréck proposéieren ech gréng-blo.

*de Paffendaller Lift ass sélectionnéiert ginn fir de 25th World Architecture Award, archiduc.lu, 12-07-2017 ** „16. Ersatz, Wahlkampf an onser Haaptstad!“, Paul Zens, Ambrose Dieudonney Fanning Edition, 2011, p. 96-97. d’Grafiken sinn déi déi deen Owend présentéiert goufen (hu se ofgeknipst a gefilmt) vom Nico Steinmetz (steinmetzdemeyer.com).

Animatioun Breck hei klicken

Animation Lift hei klicken