Kategorien
enmarcheopdeknuedler Mobilitéit Partizipatioun stadlëtzebuerg

Lifteg op de Kierchbierg an wéi den Indiana Jones op den Zens

Dëser Deeg gouf am Neiduerf ganz villen interesséierten Leit de neien Projet fir d’Breck Cents-Weimeschhaff an de Lift am Neiduerf présentéiert. Deen Entworf virdrunn, e bësse vill massiv, wéi d’Fielsen lenks a riets vun der Neiduerferstrooss, waren net esou gutt ukomm. De Projet fir d’Neiduerf vum Nico Steinmetz, deen och schon dat 9. Weltwonner, de grad esou flotten wéi prakteschen a nationbrandéierenden* Lift am Paffendall, konzipéiert huet, ass manner massiv, méi filigran. D’Bréck hänkt, flott intégréiert an de Quartier, liicht a lëfteg iwwer dem Dall. Eng Mëschung tëschend der Golden Gate Bridge an der Hängebréck aus Indiana Jones and the Temple of Doom.

Indiana jones Breck

Den Tuerm mam Lift respektéiert d’Silhouette vum Neiduerfer Kär niewend der Kierch an kritt eng splendid Vue op de Stadzentrum.

Lift neiduerf Uewen

Ech fannen dësen Projet flott a passend. Mee esou Saachen si jo affaire de goût. Virun allem zeechent sech dëse Projet doduerch aus, dass den Architekt d‘Bréck vum Tuerm mam Lift getrennt huet. Si géngen op zwou verschidde Plazen kommen, zirka 500 m auserneen (dat ass, fir Dammen, esou wäit wéi vum „House of Underwear“ an der Dräikinneksgaass, bis bei den „Oberweis“ beim Roude Pëtz, fir Männer wéi een Tour duerch de Batiself. Meterméisseg duerchaus machbar). Ech fannen dësen Usaz interessant. Anerersäits kann een och dofir argumentéieren, dass déi zwee, Bréck a Lift, solle beiënee sinn. Uewen, bei der aler Schoul a Kierch, géng passen. De Sall war gréisstendeels och dofir.

Breck neiduerf uewen

Virun allem hun ech matkritt, dass déi grouss Majoritéit vun de Leit am Sall de Prinzip an d‘Noutwendegkeet vun esou enger Verbindungsbréck net méi a Fro gestallt huet. Dat war deemols, op enger Walversammelung vun de Stater gréng, den 22. September 2011* och schon esou. Et ass sech méi em technesch Sécherheetsaspekter Gedanke gemaach ginn, wéi ëm de Notzen. Haut wéi deemols sinn awer och nach z. D. verständlech nimby Gedanken (effektiv wien wëll eng Bréck iwwer sénger Wunneng) opgefouert ginn.

sall Neiduerf

Fir aner Horrorszenarien hun ech manner Versteesdemech. D’Kritierien fir an d’Lëscht vun de geféierlechsten Stied vun der Welt opgeholl ze ginn sinn d’Zuel vun de Doudegen, d’Quot vu Gewaltverbriechen, Vergewaltegungen, Geiselnnahmen an d’Probabilitéit an esou eppes verwéckelt ze ginn. Och wann d’Stad um Wee ass eng Metropolchen ze ginn, ass et nach ee wäite Wee bis dohinn. Obschon, um Lampertsbierg, ouni Bréck, wieren am Ufank vum Joër nonzech Veloën aus Heiser geklaut ginn?

Ech sinn ëmmer nees erstaunt, wa geäussert gëtt, dass wat Mobilitéit ugeet, et ëmmer nëmmen eng eenzeg Léisung géng ginn: entweder-oder, dofir-dogéint a mam Auto als unabdingbar Prémisse. Mobilitéit organiséieren ass villschichteg. Et ass net de Velo aleng, och net just den Tram oder just den Auto.

CarlohVeloh

Et ass eng Mëschung zu der och ee Lift am Neiduerf, eng Bréck tëschend dem Cents a Weimeschaff-Kierchbierg, Makadamm a Schinnen a Busser a marquéiert Velosweeër a sécher Trottoiren gehéieren. Vernetzt, opëneen ofgestëmmt, ee Konzept, ee Choix proposéieren.

Et ass, och am Verkéier, méi schéin mateneen wéi aleng: hei

paratgeons la ville

Als Faarw vun der Bréck proposéieren ech gréng-blo.

*de Paffendaller Lift ass sélectionnéiert ginn fir de 25th World Architecture Award, archiduc.lu, 12-07-2017 ** „16. Ersatz, Wahlkampf an onser Haaptstad!“, Paul Zens, Ambrose Dieudonney Fanning Edition, 2011, p. 96-97. d’Grafiken sinn déi déi deen Owend présentéiert goufen (hu se ofgeknipst a gefilmt) vom Nico Steinmetz (steinmetzdemeyer.com).

Animatioun Breck hei klicken

Animation Lift hei klicken

Kategorien
Demokratie enmarcheopdeknuedler Partizipatioun stadlëtzebuerg

Hey you! Be part of it

Dëser Deeg huet Paperjam d’Kandidaten fir d’Gemengewalen gefrot hinnen een 30 Sekonnen Vidéo Statement ze schécken fir ons auslännesch Matbierger ze motiviéieren sech op d’Wielerlëschten anzeschreiwen.

Evidemment hun ech prompt esou eppes gemaach. Nët nëmmen well een sech weise soll an enger Walcampagne an ech schon ëmmer wollt videoméisseg am Weltwäitenweb zirkuléieren, mee virun allem well ech et wichteg fannen mat ze maachen. Hei an dann e bëssen erof scrollen

Evidemment hun ech e puer Versich gebraucht fir eppes plus ou moins improviséiert Valabels hin ze kréien. Vum Selfie am Paffendaller Parc via d’Opnahm mam den Nei-Stater Bierger aus Egypten, deen zoufällergerweis laanscht komm ass an am Pesactore Parc beim Paffendaller Lift mat sénger Madame d’Aussicht wollt genéissen, mee dunn awer frëndlercherweis d’Kamera gehalen huet, iwwer den Autoskaméidi vum Eecherbierg bis d’Versioun vu beim Gaelic-Sports Terrain um Schoettermarjal zu Weimerskirch :

hei (1)Capture d_écran 2017-07-02 à 13.14.26

hei (2)Capture d_écran 2017-07-02 à 13.07.23

hei (3).Capture d_écran 2017-07-02 à 13.15.28

Fir de Wording vum Video hat ech mech e.a. inspiréiert un engem Interview mam Viviane Loschetter am Delano vum Abrëll 2017 « They-the foreign residents-work after all and so they need to sit at the decision-making table, and that also means voting »* Mee am Fong gëllt dat fir Jhiddereen.

Viviane Loschetter Delano April 2017 **

Fir déi déi mäin Genoschels net verstinn hei dat wat ech verzielen am Video dee vu Paperjam veröffentlecht gouf « Hi there. I’m Paul from the green party. You living in such a stunning place is absolutly fantastic ! For us too. Thank you and we appreciate you adding value to this country. Which is possible because it is well managed. But we still can do better. By you. With your help. So be part of it ! Join in ! In the management. By voting. Get registered please. Thank you.***

A propos voting : fir ze üben fir de Voting vum 8. Oktober maacht mat beim Voting fir dee beschten Video vun hei. Schéckt eng Sms mat den Nummer vum Video op 621195141. Ënnert all deenen déi matgemaach hun (deadline: 13/07/2017) auslousen ech ee Gewënner oder eng Gewënnerin vun engem flotte Präiss.

* & ** Delano, N° 50, April 2017 p. 26 & 27 *** op Letzeboiësch : Zalut do ! Ech sinn de Paul vun de gréngen. Dir op esou enger formidabler Plaz ze wunnen ass absolut fantastesch ! Och fir ons. Merci a mir appréciéieren, dass Dir dest Land opwert. Dat ass méiglech well et gutt gemanaged gëtt. Mee mir kënnen dat nach besser maachen. Mat Iech. Mat Ärer Hëllef. Also, këmmert Iech mat ! Maach mat ! Beim Management. An deems Dir matstëmmt. Schreiwt Iech an wgl. Merci.

 

Kategorien
Demokratie enmarcheopdeknuedler Partizipatioun

16.Ersatz enmarcheopdeknuedler

Dëser Deeg hu mir vun de Stater gréng weider un onsem Walprogramm geschafft. Et war déi 4. Versammelung dofir. Et gëtt dee formidabelsten Walprogramm. Groussarteg ! Mir hun um 17H30 ugefaang a vollkonzentréiert an haard geschafft.

IMG_1487

Well mir déi Deeg a Wochen virdrunn och gutt geschafft haten, war ech sëcher, dass ech et kéint packen, fir um 21H00 Auer op der Kinnekswiss dem Gast säin jazzy-klassik Popkonzert mat z’erliewen. Mee bon, ech hat ons gréng Débattéierpassioun schlecht ageschätzt : um 23H15 sinn ech, ouni een Takt gehéiert ze hun, laanscht d’Kinnekswiss Heem pedaléiert. D’Leit vum Konzert waren dunn och um Wee fir Heem.

Et wees een net wéi een et richteg mecht, entweder sech weisen oder awer um Fong schaffen, wann ee Kandidat fir op de Knuedler ass a wëllt gewielt ginn. Bei mengem läschten Ulaf war dat mir jo splendid net gelongen. Dat hun ech an « 16 Ersatz » beschriwwen. Wann een et wëll genau noliesen, einfach sech bei mir mellen.

16_Ersatz

Mee dat war deemols. Entretemps ass vill geschidd. Wat weider geschidd ënner ♯enmarcheopdeknuedler

PizzaPausWalprg