Kategorien
enmarcheopdeknuedler grengwierkt integratitiv stadlëtzebuerg

Ee Liichtathletikstadion fir d’Stad

Dëser Deeg waren d’Liichtathletikweltmeeschterschaften zu London. Do huet ee nees gesinn, wéi flott dëse Sport ass well et ass fir jhiddereen eppes dobäi. Vun der plommeliichter Leeferinn op de laange Lafdistanzen, iwwer de Koloss mam Hummer oder der Kugel, via déi laangbeeneg Héichspréngerin bis de Mehrkämpfer mat sculptéierten Pectoraux an de Sprinter mat der strammer Karrosserie . Fir ze kucken awer och a virun allem fir selwer ze maachen. Fir all Gewiichtsklass a Gréisst, sprinten, lafen, werfen, sprangen. Liichtathletik ass d’Erausfuederung déi perfekt Kombinatioun tëschend Esthetik an Efficacitéit ze fannen a sech mat Aneren ze vergläichen. A well d’Liichtathletik esou universell ass, brauch d’Stad ee Liichtathletikstadion. Dat passt perfekt an eng universell Stad.

Capture d_écran 2017-08-14 à 20.46.46
Den Olympiastadion vu London 

Wann intelligent geplangt gëtt, kënnt an d’Sportshal niewendrunn oder ënnert d’Gradinën, eng Installatioun fir  Liichtathletik Basics, eng Wäitspronggrouf mat e puer Bunnen fir den Ulaf a fir ze sprinten an Hürden ze lafen a fir kënnen vu bannen eraus ze werfen a stoussen, wann d’Meteo kal a naass ass. Dat ass dann net nëmmen gutt fir de Stater Liichtathletikveräin, mee och an der Grondschoul vum Quartier wert d’Léierpersonal begeeschtert sinn duerch déi vill nei sporttechnesch Méiglechkeeten fir flott a mat Freed Koordinatioun, Souplesse, Schnellegkeet, etc.. ze trainéieren.

 

Iwwerhat sinn d’Sportinfrastrukturen ee permamenten Chantier an der Stad. Zwar gouf och an de läschten Joeren vill investéiert, rénovéiert a nei gebaut, mee et leeft een e bëssen hannendrunn, well d’Clibb méi dynamesch sinn a wuessen wéi geduecht a well ëmmer méi Leit an d’Stad wunne kommen an och méi a nei Sportarten.

Cents centre sportif 1pierre D’Grondsteen Zeremonie fir de Sport a Schoulzenter um Cents 7.4.2017

Dobäi kënnt, dass d’Sportsclibb zum allergroussen Deel mat Bénévolen fonctionnéieren, déi eréicht no hirer Schoul oder Schaff trainéieren kënnen bzw. Training halen kënnen. Dat bréngt mat sech, dass all d’Clibb zu gläicher Zäit Infrastrukturen brauchen. Doduerch gëtt et enk zu de Sportspëtzestonnen.

 

Iwwerhat, déi Bénévol am Sport (an och soss). A Sonndesrieden gi si an hiren Asaz, net just fir hire Sport, mee och an zu recht, fir hir gutt Aarbecht a Punkto Integratioun, Inklusioun a soss sozial Aspekter, als allerwichtegst fir de Sport an d’Gesellschaft op allen Niveauën gelueft. An dat war et dann!  Ech fannen, an der Stad soll elo endlech déi vill Aarbecht fir ee gutt Zesummenliewen valoriséiert ginn. Ech setzen mech fir een entspriechenden Subsidiensystem an. Et gëtt Zäit, dass och an déi investéiert gëtt, déi Dag fir Dag, Woch fir Woch, bei Wand a Wieder sech ëm eng besser Welt këmmeren, doduerch dass se  duerch de Sport, oder soss Aktivitéiten, Mënschen zesummen bréngen.

 

Fir all déi déi elo net esou Veräinsmënschen sinn an awer fit a souple bleiwen wëllen, sief et fir no dräi Treplécker net aus dem läschten Lach ze päifen oder fir ouni Stäip sech kënne vum Komp ze hiewen, sollen et an allen Ecker vun der Stad Fitnessanlagen ginn, esou wéi déi zwou an der Péitruss oder déi am Park-Spillplaz Kaltreis zu Bouneweeg. Do a bei villen vun deenen aner 200 Spillplazen an der Stad, ginn et och flott outdoor Sportsterrainën.

kaltreisCalesthénique Fitness mode d’emploi

Parc Kaltreis RelaxPausen gehéieren zum Training (d’Régénératioun ass ganz wichtig) Bänken stinn quasi  niewend de Fitnessgeräter am Park Kaltreis.

 

A propos outdoor. et soll och méiglech sinn eng Klammmauer an der Stad hinzekréien. Wann nët nierwend dem Paffendaller Lift, dann eventuel hannert d’Schlass Mansfeld a Clausen oder am Neiduerf an der Géigend vum Lift an der zukünfteger Bréck oder an d’Péitruss bei de Skatepark. Do sin genug géi Fielsen.

SkateparkNiewend dem Skatepark ass Platz fir eng héich Klammmmauer

Wou déi oppen Schwämm hikommen soll, mat Plage a Gedrénkskiosk wees ech nach net. Vläicht zu Beggen., well meng Tata Annie, de Monni Dave an meng Cousine Karen huet vill Joren an der Beggenerstrooss gewunnt an heiansdo hate si ee vue mer (mee dat hat aner Grënn a war net esou gutt). Eng plus-value fir d’Stad ass esou eppes op jhiddwerfall. Mir sinn déi eenzeg Metropolchen mat ouni dat. Dat wat schon do ass, si Pétanques Installatiounen fir déi nach méi convivial Sportler mam Pastis* als Ravi oder Zilwaasser.

IMG_8352

Dat sinn grad esou sënnvoll oder nach besser Investissementer fir d’Stad an hir Leit, wéi d’Ënnerstëtzung vun den Evenementer déi Stad Lëtzebuerg op d’Sportsweltkaart setzen a d’Natioun brandéieren.

 

Ganz opmierksamen Leit fällt op, dass dat vum Liichtathletikstadion schon an onsem (déi gréng aus der Stad) Walprogramm vun 2011 stoung. Deemols war dat nach ee wäit Feld mat villen Inconnuën. Entretemps ass Geschéck gemaach ginn, vu Gambia an der Stad Lëtzebuerg : de Rugby- a Futtballstadion ass esou gutt wéi färdeg an näischt soll verhënneren, dass d’Stad elo een offenen, frëndlechen Liichtathletikstadion, ouni Barrièren oder Clôturen kritt, deen dëser cooler, universeller Sportart würdeg ass.

 

An dono denken mir da ganz serieux iwwer de Basket Racing Dome no.

*Alkohol soll een a moderéierte Quantitéiten genéissen. Waasser ass essentiel fir eng uerdentlech Hydratatioun.

Kategorien
enmarcheopdeknuedler Mobilitéit Partizipatioun stadlëtzebuerg

Lifteg op de Kierchbierg an wéi den Indiana Jones op den Zens

Dëser Deeg gouf am Neiduerf ganz villen interesséierten Leit de neien Projet fir d’Breck Cents-Weimeschhaff an de Lift am Neiduerf présentéiert. Deen Entworf virdrunn, e bësse vill massiv, wéi d’Fielsen lenks a riets vun der Neiduerferstrooss, waren net esou gutt ukomm. De Projet fir d’Neiduerf vum Nico Steinmetz, deen och schon dat 9. Weltwonner, de grad esou flotten wéi prakteschen a nationbrandéierenden* Lift am Paffendall, konzipéiert huet, ass manner massiv, méi filigran. D’Bréck hänkt, flott intégréiert an de Quartier, liicht a lëfteg iwwer dem Dall. Eng Mëschung tëschend der Golden Gate Bridge an der Hängebréck aus Indiana Jones and the Temple of Doom.

Indiana jones Breck

Den Tuerm mam Lift respektéiert d’Silhouette vum Neiduerfer Kär niewend der Kierch an kritt eng splendid Vue op de Stadzentrum.

Lift neiduerf Uewen

Ech fannen dësen Projet flott a passend. Mee esou Saachen si jo affaire de goût. Virun allem zeechent sech dëse Projet doduerch aus, dass den Architekt d‘Bréck vum Tuerm mam Lift getrennt huet. Si géngen op zwou verschidde Plazen kommen, zirka 500 m auserneen (dat ass, fir Dammen, esou wäit wéi vum „House of Underwear“ an der Dräikinneksgaass, bis bei den „Oberweis“ beim Roude Pëtz, fir Männer wéi een Tour duerch de Batiself. Meterméisseg duerchaus machbar). Ech fannen dësen Usaz interessant. Anerersäits kann een och dofir argumentéieren, dass déi zwee, Bréck a Lift, solle beiënee sinn. Uewen, bei der aler Schoul a Kierch, géng passen. De Sall war gréisstendeels och dofir.

Breck neiduerf uewen

Virun allem hun ech matkritt, dass déi grouss Majoritéit vun de Leit am Sall de Prinzip an d‘Noutwendegkeet vun esou enger Verbindungsbréck net méi a Fro gestallt huet. Dat war deemols, op enger Walversammelung vun de Stater gréng, den 22. September 2011* och schon esou. Et ass sech méi em technesch Sécherheetsaspekter Gedanke gemaach ginn, wéi ëm de Notzen. Haut wéi deemols sinn awer och nach z. D. verständlech nimby Gedanken (effektiv wien wëll eng Bréck iwwer sénger Wunneng) opgefouert ginn.

sall Neiduerf

Fir aner Horrorszenarien hun ech manner Versteesdemech. D’Kritierien fir an d’Lëscht vun de geféierlechsten Stied vun der Welt opgeholl ze ginn sinn d’Zuel vun de Doudegen, d’Quot vu Gewaltverbriechen, Vergewaltegungen, Geiselnnahmen an d’Probabilitéit an esou eppes verwéckelt ze ginn. Och wann d’Stad um Wee ass eng Metropolchen ze ginn, ass et nach ee wäite Wee bis dohinn. Obschon, um Lampertsbierg, ouni Bréck, wieren am Ufank vum Joër nonzech Veloën aus Heiser geklaut ginn?

Ech sinn ëmmer nees erstaunt, wa geäussert gëtt, dass wat Mobilitéit ugeet, et ëmmer nëmmen eng eenzeg Léisung géng ginn: entweder-oder, dofir-dogéint a mam Auto als unabdingbar Prémisse. Mobilitéit organiséieren ass villschichteg. Et ass net de Velo aleng, och net just den Tram oder just den Auto.

CarlohVeloh

Et ass eng Mëschung zu der och ee Lift am Neiduerf, eng Bréck tëschend dem Cents a Weimeschaff-Kierchbierg, Makadamm a Schinnen a Busser a marquéiert Velosweeër a sécher Trottoiren gehéieren. Vernetzt, opëneen ofgestëmmt, ee Konzept, ee Choix proposéieren.

Et ass, och am Verkéier, méi schéin mateneen wéi aleng: hei

paratgeons la ville

Als Faarw vun der Bréck proposéieren ech gréng-blo.

*de Paffendaller Lift ass sélectionnéiert ginn fir de 25th World Architecture Award, archiduc.lu, 12-07-2017 ** „16. Ersatz, Wahlkampf an onser Haaptstad!“, Paul Zens, Ambrose Dieudonney Fanning Edition, 2011, p. 96-97. d’Grafiken sinn déi déi deen Owend présentéiert goufen (hu se ofgeknipst a gefilmt) vom Nico Steinmetz (steinmetzdemeyer.com).

Animatioun Breck hei klicken

Animation Lift hei klicken

Kategorien
enmarcheopdeknuedler integratitiv stadlëtzebuerg

Game, set, match fir ons Natioun

Dëser Deeg huet de beschte Lëtzebuerger Tennisprofi vun allen Zäiten, Gilles Müller, Lëtzebuerg op Tennis Weltkaart placéiert an d’Natioun global brandéiert.

Capture d_écran 2017-07-14 à 23.03.50Gilles Müller (Foto Eurosport)

E puer dëser Deeg virdrunn hat de véiertbeschte Futtballclub vu Lëtzebuerg, den FC Progrés Nidderkuer, d’Natioun europäesch brandéiert.

Prog-Rangers

Nach eng Parti dëser Deeg virdrunn hun hei am Land vill dausende Leit d’Cyclisten vum de Tour de France um Bord vun der Strooss ugefeiert. Lëtzebuerg war an des Course includéiert e.a. fir d’Natioun ze brandéieren. Ufank Juli sinn och dausende Leit um City Jogging duerch d’Stad matgelaf an mäi Basketclub, de Racing aus Stad hat Generalversammelung um Enn vun enger gelongener Saison.

Cpe Coque bwSport ass kuerzfristeg a vergiesserlech wat d’Resultater ugeet, net awer fir dat wat ee léiert dobäi.

Alles Sport! Alles vu Leit fir Leit! Vun Héichprofessionnel bis Amateuren a Bénévolen. Ouni dës Lescht gëtt et déi aner net. Bénévolen, déi mat Leif a Séil dobäi sinn a begeeschtert organiséieren, encadréieren, motovéieren, maachen den Ufank. Dono ginn déi Bescht, dat sinn déi Wéinegst, quasi the chosen few, iwwerholl vun deenen Aneren, de Profimanager. Eng richteg Sportscarrière ass ee Laangzäitprojet, déi jugéiert gëtt no kuerzfristegen Resultater. Den Erfolleg vu Gëschter ass séier vergiess.

All déi aner, the remaining many, maachen virun Sport. Op hirem Niveau, no hirer Loscht a Freed.

Greng JoggerGréng Cityjogger: Sam, Salam, Claudie, François

Sport ass Mord! – Wieso Sport Mord ist? Weiss ich auch nicht. Man sitzt doch gemütlich vorm Fernseher und trinkt sein Bierchen; natürlich regt man sich auf, selbstverständlich ist die Ehe gefährdet, aber Mord trifft nicht zu. (*).

Also, ech hu Sport net gemaach fir gesond ze sinn, ginn oder bleiwen, mee aus Freed un der Beweegung, d’Freed un der Erausfuederung an dem Verglach mat aneren, aus Ambitioun an déi narzistesch Perspektiv op Unerkennung. Et war bestëmmt net wéinst „men sana in corpore sano“: ech krut duerch de Sport kee Punkt an der Mathé oder Latäin méi.

Eenzeln an a Moossen huet de Sport méiglecherweis hygienesch Avantagen an erméiglecht engem gesond ze stierwen. A mecht Spaass, wéi den Umberto Eco et beschreiwt „Der Sport, verstanden als eine Tätigkeit, in der einer ohne Gewinnstreben und durch unmittelbaren Einsatz des eigenen Körpers physische Exerzizien betreibt, die seine Muskelen üben, sein Blut zirkulieren und seine Lungen voll durchatmen lassen, der Sport, sage ich, ist eine sehr schöne Sache, zumindest so schön wie der Sex, die philosophische Reflexion und das Glücksspiel mit Erbsen als Einsatz“**

Turnen Péitruss.jpgSportanlag fir Jhiddereen an der Péitruss niewend enger Spillplaz an dem Skatepark

Mee virun allem, mat Aneren zesummen ass de Sport eng onvergläichbar sozial a moralesch Léier, och net just dann wann de Sportler, d’Sportlerin, eng intelligent, offen Persoun ass. Am Sport ënnerwerft een sech fräiwëlleg Regalen, de Spillregelen, ouni déi kee Sport fonctionnéieren kann. D’Zivilisatioun ass näischt aneres wéi d’Acceptéieren vu gemeinsame Regelen a Konventiounen. Vill vun dësen Regelen a Konventiounen si arbitraire, kënne changéieren awer si existéieren a setzen de Kader.

Sport léiert net just just Regelen ze respektéieren, mee och de Matstreider. An d’Konkurrenten. Dat gëllt souwuel fir déi Aktiv, wéi och fir d’Supporter an d’Dirigeanten. Een deen de Géigener, den Arbitter oder d’Divinitéiten vernennt, ass kee Sportsmann a gëtt och ni een. Et léiert een würdeg ze verléieren a würdeg ze gewannen,

De gréissten Virdeel vum Sport ass de Wert vum, op der enger Säit, individuellen Effort an op der aner Säit, déi gemeinsam Aarbecht, mateneen op d’Rei ze kréien. Op een Zil hin ze schaffen, eenzel a zesummen. Liberalismus fir de Kollektiv. Et ass op de Mix op deen et ukënnt: zesummen ereecht een de nexte Level. Sport verbënnt. Dat ass gutt fir ons Natioun.

Deemno ass Sport wéi d’Liewen, mat Individualismus, Solidaritéit, Regelen, Werter, Optimiséierung, Kuerzfristegkeet, Nohaltegkeet, Entäuschungen, Belounungen, Spaass a Freed. A verdéngt net just ee Moyen ze sinn fir ze brandéieren, mee och fir brandéiert ze ginn, zumols déi vill Bénévoler.

An emsou méi an onbedéngt wann si sech an a mat hire Clibb fir d’Zesummenliewen asetzen. Am beschten mat Subsidën well bei de Suen klemmt et bei den Amateuren am meeschten, schlisslech huet vun der Qualitéit hire Präis a muss sinn bzw. gëtt verlaangt, zu Recht vun de Sportler an dax och vun hiren Elteren.

och am ReenBénévoler a Betreier, je nodeem betreien si och am Reen, Dag fir Dag.

Eppes aneres Wichteges sinn zweckméisseg, praktesch Infrastrukturen, zum Beispill eng eegen Liichtathletikinstallatioun an der Stad mat der Méiglechkeet an enger Sportshal am Wanter oder am Reen och technesch Disziplinnen ze üben. Iergendwéi soll een et och op eng Rei kréien d’Sportveräiner mat dem Schoulen a soss Betreiungsstrukturen ze verbannen.

Déi selwecht Ideeën gëllen och fir d’Kultur.

*Fritz-Jochen Kopka, 1995 fonnt an „Sport ist Mord, Texte zur Abwehr körperlicher Betätigung“, 1996, Hrsg. Volker Caysa, Reclam Verlag Leipzig – **“Die Fussball–WM und ihr Staat“, 1978, Umberto Eco, aus deemselwechten Buch wéi *.
Kategorien
Demokratie enmarcheopdeknuedler Partizipatioun stadlëtzebuerg

Hey you! Be part of it

Dëser Deeg huet Paperjam d’Kandidaten fir d’Gemengewalen gefrot hinnen een 30 Sekonnen Vidéo Statement ze schécken fir ons auslännesch Matbierger ze motiviéieren sech op d’Wielerlëschten anzeschreiwen.

Evidemment hun ech prompt esou eppes gemaach. Nët nëmmen well een sech weise soll an enger Walcampagne an ech schon ëmmer wollt videoméisseg am Weltwäitenweb zirkuléieren, mee virun allem well ech et wichteg fannen mat ze maachen. Hei an dann e bëssen erof scrollen

Evidemment hun ech e puer Versich gebraucht fir eppes plus ou moins improviséiert Valabels hin ze kréien. Vum Selfie am Paffendaller Parc via d’Opnahm mam den Nei-Stater Bierger aus Egypten, deen zoufällergerweis laanscht komm ass an am Pesactore Parc beim Paffendaller Lift mat sénger Madame d’Aussicht wollt genéissen, mee dunn awer frëndlercherweis d’Kamera gehalen huet, iwwer den Autoskaméidi vum Eecherbierg bis d’Versioun vu beim Gaelic-Sports Terrain um Schoettermarjal zu Weimerskirch :

hei (1)Capture d_écran 2017-07-02 à 13.14.26

hei (2)Capture d_écran 2017-07-02 à 13.07.23

hei (3).Capture d_écran 2017-07-02 à 13.15.28

Fir de Wording vum Video hat ech mech e.a. inspiréiert un engem Interview mam Viviane Loschetter am Delano vum Abrëll 2017 « They-the foreign residents-work after all and so they need to sit at the decision-making table, and that also means voting »* Mee am Fong gëllt dat fir Jhiddereen.

Viviane Loschetter Delano April 2017 **

Fir déi déi mäin Genoschels net verstinn hei dat wat ech verzielen am Video dee vu Paperjam veröffentlecht gouf « Hi there. I’m Paul from the green party. You living in such a stunning place is absolutly fantastic ! For us too. Thank you and we appreciate you adding value to this country. Which is possible because it is well managed. But we still can do better. By you. With your help. So be part of it ! Join in ! In the management. By voting. Get registered please. Thank you.***

A propos voting : fir ze üben fir de Voting vum 8. Oktober maacht mat beim Voting fir dee beschten Video vun hei. Schéckt eng Sms mat den Nummer vum Video op 621195141. Ënnert all deenen déi matgemaach hun (deadline: 13/07/2017) auslousen ech ee Gewënner oder eng Gewënnerin vun engem flotte Präiss.

* & ** Delano, N° 50, April 2017 p. 26 & 27 *** op Letzeboiësch : Zalut do ! Ech sinn de Paul vun de gréngen. Dir op esou enger formidabler Plaz ze wunnen ass absolut fantastesch ! Och fir ons. Merci a mir appréciéieren, dass Dir dest Land opwert. Dat ass méiglech well et gutt gemanaged gëtt. Mee mir kënnen dat nach besser maachen. Mat Iech. Mat Ärer Hëllef. Also, këmmert Iech mat ! Maach mat ! Beim Management. An deems Dir matstëmmt. Schreiwt Iech an wgl. Merci.

 

Kategorien
enmarcheopdeknuedler Kreativitéit stadlëtzebuerg

Mäi Shoppingbag an ech an der Stad

Dëser Deeg sinn d‘Solden. Ech war direkt dobäi an hu schon deck iwwer 100 Prozent gespuert. Ech fannen d’Stad shoppingtechnesch attraktiv. Awer net just well ech esou vill an de Solden gespuert hun, mee och well mir hei an der Stad eng Parti flott Geschäfter hun an déi ech nawell gär akafen ginn. Ech kenne d’Personal, si kenne mech, zumindest meng vestimentaire Preferenzen, Schonggréisst, kulinaresch Gewunnechten, Lecture a soss Schrullegkeeten.

FullSizeRender

Mee anscheinend deelt net jiddereen meng Meenung. Et gëtt geklot, dass der Stad hir Attraktivitéit an de leschten Joeren ofgeholl hätt. Dat ass thematiséiert ginn, wéi ee Libraire aus der Beaumontsgaass, deem sénger Bicher bei mir am Regal stinn, annoncéiert hat, säi Bicherbuttek zou ze maachen, aus verschiddenen Grënn. Et wir ganz schwiereg als Geschäftsmann/fra e.a. wéinst dësem Mangel un Attraktivitéit vun der Stad awer och wéinst den héijen Loyerspräisser, dem Online-Handel. Och droen déi grouss Chaînen hiren Deel zum Misère bäi well hir Mammekonzerner vill méi finanzkräfteg sinn an all kommerziellen Tempo matgoen kënnen incl. dee vun de Loyerspräisser, de Logicielen fir d’Online-Handel Plattformen….

Wat mat Mangel un Attraktivitéit gemengt ass wees ech net: d’Stad ass propper, d’Gebeier, zumindest op Rez-de-Chaussée Héicht, gutt ënnerhalen, iwwerdeems fir Deko vun de Geschäfter entweder déi international Chaînen hir Zentralen zoustänneg sinn oder den eenzelen Geschäftsmann. Mee Deko gehéiert zum Kärgeschäft. Wann ee wëll verkafen, muss ee prett sinn ze verkafen. Méiglecherweis ass bei Mangel un Attraktivitéit déi gefillten schwireg Accessibilitéit gemengt. Also mam Auto versteet sech, well mam Velo oder zu Fouss ass et ganz easy. Dat gëllt och fir de Bus. De Fränz B. kritt d’CFL och lues a lues an de Grëff, iwwerdeems den Tram aner Méiglechkeeten bidde wert, net just fir bis bei d’Geschäfter am Zentrum an am Garer Quartier, mee och fir d’Implantatioun vu Geschäfter.

IMG_1517

Evidemment geet et och ëm d’Parkplazen. Iwwer 10.000 sinn der an a rondrëm d’Stad. An enger rezenter Etude vum Stater Geschäftsverband (UCVL) heescht et, dass d’Meenungen doriwwer gedeelt sinn: fir déi eng Halschent vun de gefrotenen Leit, sinn et net genug Parkplazen, fir déi aner ginn se duer. Ech wënsche mir effektiv och nach e puer méi iwwerdeckten Veloparkplazen.

Des Etude weist och, dass déi grouss Chaînen 2016 méi Geschäftsflächen anhuelen wéi 2010: 11 % manner Geschäfter awer 13 % méi Fläch. Den Ëmsaz vun alle Geschäfter ass an deenen 6 Joër vun 365 Milliounen op 534 Milliounen eropgaang. D’Zuel vun den Awunner an déi vun de Leit déi an der Stad schaffen, also vun de potentielen Klienten, ass och erop gaang.

Déi potentiel Klienten hun eng grouss Offer: vun gënschteg iwwer mëttelgënschteg bis mëtteldeier an deier. Woubäi ech ausdrécklech betounen wëll, dass een ëmmer nëmmen fir séng Suen kritt an dass bëlleg och bëlleg ass, och a punkto Produktiounskäschten, inkl. Material an Aarbechtskraaft. An och dass de Präiss verschidden Valeuren a Gréissten, notamment de Verbrauch vun natiirlechen Ressourcen, net mat abegräift, wat awer net korrekt ass. Iwwriens Gäiz ass net gäil awer verständlech wann d’Akommes limitéiert ass. Mee dat ass eng aner Schrauw un der muss gedréint ginn.

D’Loyerschrauw ass eng aner Gréisst a fir eppes onattraktives wëll keen Suen ausginn. Iergendwéi muss d’Stad jo dann awer attraktiv sinn, soss géngen d’Loyeren jo net esou klammen. De Marché vun Geschäftsflächen ass awer och ee Geschäft, mat haarden Bandagen. Et ass awer net gutt, wann inaccessibel Loyerën Kreativitéit an Dynamik ausbremsen. Och de fräie Maart brauch an deem Sënn Leitplanken.

Wéi mir vun de Stater gréng virun e puer Joer zu Kopenhagen op Bildungsrees waren, huet ee politesch Responsabelen vun der Stad Kopenhagen ons verzielt, dass deemols, wéi de Projet fir de Stadzentrum autofräi ze kréien initiéiert gouf, d’Geschäftsleit sech gewiirt hun, wéinst hirer Angscht, dass manner akaft gëtt wéinst dem Transport: logescherdéngs well eng Malle vun engem Auto ass méi grouss wéi eng Velosposch. Si hun am Laf vun der Zäit awer eraus fonnt, grad wéi Joren dono zu Stroossbuerg, dass de Géigendeel de Fall ass a méi kaf gëtt.

Stbg_opmierksam

Strasbourg 2015: Guillaume Rischard, Mathias Schmit, François Benoy, Claudie Reyland, Florent Toniello

Well een deen eemol an der Woch akafen oder shoppen geet (ech wees, dat ass net datselwecht), ass préparéiert, huet eng Lëscht wat hien brauch, wivill Volume transportéiert gi kann (Gréisst vun der Malle) a gepackt gëtt a wivill op eng Kéier bezuelt muss ginn (vill). Net ze schwetzen vum Stress an dem Genervs beim Parkplaz sichen um éischten Treppléck, an der Kees, beim an d’Wunneg droen, beim Tesselen, well se jo all eguerten dann akafe ginn (Samsdes). Dat sinn Facteuren déi de Kafäifer inhibéieren.

All Dag e Bëssen dogéint ass méi gemittlech, deet net esou wéi am Portemonnaie, ass gutt fir d’Laun, déi gutt ass fir de Plëséier an déi diesbezüglech Virfreed inklusiv Virkeeshormonpick. Méi dax heescht och méi frësch, esouwuel fir d’Veggievoren wéi d’Carnivoren. An a Rucksäck a soss Behältnisser fir Velo oder zu Fouss, kritt een och Etleches dran.

fruits et légumes

Deemno ass et wichteg, dass eng agréabel Atmosphere (wisou denken ech elo och un Air Deluxe?) an den Akafsstrossen ass. Tëschend Ofgasen hetzen ass net flott, genau wéi de Slalom tëschend den Autoën an de Courrierën um Velo, déi Liwwerungen vun Internet-Handel op Destinatioun bréngen. Do ass gemittlech schlenderen an enger adretter verkéiersberouegter Zone dach vill méi flott. Net nëmmen an de Solden.

Cityshopping.lu
„Luxemburg ist eine Shoppingstadt“, Tageblatt, 30. Juni 2017 – „Es bleibt noch Luft nach oben“, Wort, 30. Juni 2017 – „Wie ein kleines Kaufhaus sich in Münche behauptet“, Süddeutsche, 26. Juni 2017
Kategorien
Demokratie enmarcheopdeknuedler stadlëtzebuerg

Mir man et mateneen. An et wierkt!

Dëser Deeg gouf bekannt, dass ech nees Kandidat sinn fir Buergermeeschter vun der Stad ze ginn.

Enfin, ech hun d’Freed mat 24 Kolleginnen a Kollegen an der Equipe vun onse Spëtzekandidaten Sam Tanson a François Benoy ze sin, déi fir déi gréng an der Stad an d’Gemengewalen geet.

Stad17MeeEquipe

vlnr: Nicole Ikuku Etikwa, Maria De Macedo, Tatjana V. Bonkewitz, Georges Lemmer, Barbara Roland, Jeannelle Gresham, Claudine Muller, Matthias Schmidt, Catia Fernandes, Claude Schmitz, Tilly Metz, Carlo Back, Linda Gaasch, Sam Tanson, Nico Meyrer, Sébastien Tasch, François Benoy, Cyrille Horper, Clauide Reyland, Mike Mathias, Paul Zens, August Götzfried, Christa Brömmel, Alex Hornung (leider net op der Foto Tanja Frank, Henri Goedertz, Guillaume Rischard)

Ech si prett! Ech hun een Twitterkont!

modern medien

De President vun déi gréng, ee Mann voller subtiler Weisheet, huet iwwriens gemengt, de Numm vu mengem Blog wir net adequat fir Walen ze gewannen well e klengt iergendwéi no: w-w-wielt paulzens net.

Egal, well et geet souwisou jo net dorëms wat ech, wat een Eenzelnen seet wat hien maachen kann, mee et geet dorëms wat erreecht gi kann vun ons. Mateneen. Zesummen, well Een een Deel vun engem Ganzen ass. Et mecht ee Saachen fir se all, net just fir een Deel. Dat ass Zesummeliewen. Dat ass Demokratie. Dat ass och Politik.

Politik, Demokratie an Zesummenliewen sinn och keng Aktivitéit just fir no ze kucken, fir niewend dem Terrain ze stoen a vu baussen ze kritiséieren. Et steet een um Terrain an et dréit een säin Deel bäi. Grouss a Kleng, Al a Jonk, Fläisseg a Motivable, Flénk a Lues, mat sénge Qualitéiten an op séng Manéier: konstruktiv, konservativ, innovativ, kreativ, iwwerluecht, dynamesch: mateneen an zesummen Dat wierkt.

IMG_1245

A och wann deen Eenzelen mengt honnert Prozent recht ze hun, muss een, fir d‘Saachen virun ze brengen, openeen zougoen. D’Resultat ass dann méi wéi d’Zomm vun deem wa jiddereen op eegen Fauscht mécht an deet.

Och wann et am politeschen Handelen zwar keng eenzeg Wourecht gëtt, bedeit dat awer och net an absoluten Relativismus ze verfalen a Keng z’ënnerhuelen. Nom mateneen ausschaffen, muss décidéiert a Geschéck gemaach ginn. Da wierkt et.

Dës Manéier wierkt zënter 2005 mat de Gréngen am Schäfferot an der Stad. Et ass vill geschidd. Ganz vill. Dat mierkt een an der Stad ganz gutt. D‘Stad ass attraktiv a wiisst: 2005 hat d’Stad ronn 84.000 Awunner, elo 115.000. Si ass och an aner Beräicher am gaang sech ze veränneren, z’entwéckelen, sech un ze passen. Dat ass néideg well dat alles geschidd op nach ëmmer 51,73 km2.

IMG_0197

Trotzdeem: si mir besser drunn wéi virdrunn? – Jo! Si mir schon do wou mir hiwëllen? – Nach nët! Ech si prett fir mat ze maachen, mateneen, dass et wirkt. Dohin.

Esouwäit zum Prinzip an der Taktik. Wat dat da praktisch heescht gëtt een no a no hei gewuer an hei

Impressiounen vun der Présentatioun vun de Kandidaten hei

Fotoen: 1&4: André Gonner ; 3: John Gerard; 2 an Présentatioun: déi gréng; 5: screenshot geoportail

Kategorien
Demokratie enmarcheopdeknuedler stadlëtzebuerg

Traditionnel 157 an Opmierksamkeet

Deser Deeg ass e bësse gesouert ginn iwwer 157 Fotoen vun der Presentatioun vun den CSV Kandidaten aus der Stad fir d’Gemengewalen, op Kanäl vum nationalen Ofleeër vun engem privaten Medienkonzern.

Den LSAP Spëtzekandidat huet „deux poids, deux mesures“ monéiert fir drop hinzeweisen, dass deemselwechten Medienkonzern d’Presentatioun vun de Kandidaten vu sénger Partei, just 1 Foto an ee kuerzen Text op manner Kanäl wert gewiecht wir.

Et ass op fb e.a. drop higewisen ginn, dass deen nationalen Ofleeër vun deem privaten Medienkonzern hei am Land eng besonnesch „mission de service public“ z’erfëllen hätt. Eng Missioun, déi sech an Zukunft desen Medienkonglomerat vum Staat bezuelen léist.

Den zoustännegen Chefredakter vum nationalen Ofleeër vum private Medienkonzern huet op engem fb post vun engem Iertum geschriwwen an dass dat net esou geduecht wier. Hien huet Nobesserung versprach. De Spëtzekandidat vun der LSAP huet no engem Telefonsgespréich mam Redakter gepost et wir nees alles gutt. Zumols well jo kuerz drop vill Fotoen, zirka 1/3 esou vill wéi vun der CSV (net agerechent déi bal honnert Fotoen Enn Oktober d’lescht Joer bei der Wiel vum President vun der CSV Lokalsectioun Stad), vun der Présentatioun vun den LSAP Kandidate, um Internet Site vum selwechten Medium waren.

Dësen nationalen Medienofleeër gehéiert engem weltwäiten Komunikatiounskonglomerat dee net op der Bourse notéiert ass. Et ass ee Familijebetrib. Dat war en och schon deemols wéi en 1835 als Dréckereibetrib vum Carl Bertelsmann gegrënnt gouf. Den éischten kommerziellen Erfolleg hat hien deemols mat enger Publikatioun vu chrëschtleche Lidder a Gesäng. Déi 68 Publikatiounen dono haten och reliéis an theologesch Inhalter. Während deem hat hien och nach an séngem Eck déi Chrëschtlech Konservativ Partei gegrënnt, mee hien hat awer keen besonneschen öffentlechen politeschen Erfolleg. Säi Bouf deen dono de Betrib iwwerholl huet, huet des reliéis Publikatiounslinn weider gefouert, grad wéi deem säin Nofollëger, den Edem. De Betrib ass gewues an ee Familijebetrib bliwwen.

Et ass jo normal, dass bei all deem Wuesstum, och während dem Adolf H. sénger Herrschaft, dësen Familjebetriib senger traditionneller well kommerziell erfollegräicher, Strategie, trei bliwwen ass. A sech entspriechend positionnéiert. Dat mecht all Medium, op dësen oder Fox oder Breitbart oder RT oder oder. De rezenten „Chefsaach“ Titel, am Kader iwwer d’Syfelblackboxenproblematik vum selwechten Medium, ass grad esou tendenziös wéi plakativ (a net korrekt, esou den Innenminister op fb). A confirméiert d’Familijetradtiounslinn vum Haus.

Apropos, dese Kommunikatiounskonglomerat ass ee kommerziellen Betrib, deen fir (Reklamme)Recetten fonctionnéiert. Alles anescht schéngt Mëttel zum Zweck. Zum Reklammenbezuelprinzip gehéieren Quoten i.e. quotenträchteg Inhalter. Pertinent, pondéréiert, modéréiert Informatioun duerch villschichteg Recherche ass net quotesexy. Dat ereecht een éischter duerch Provokatioun a Sectarisme. D’Geschicht vum kreative Montage vum Interview mat dem aggro Muséesdirekter an dem Sophie mat herno der Schramm, trëfft diesbezüglech de Nol op de Kapp. Oder war dat eng Ausnahm? D’Ausnahm bestätegt d’Regel! A schengt ganz vill iwwer d’Method vum Haus auszesoen. An d’Glafwiirdegkeet. Mee déi ass an dësem Kontext net essentiel, fir d’Redaktiounslinn vum Haus an d’Quoten.

Och wann de Medium no baussen probéiert de Géigendeel ze vermëttelen. Et ass souwisou keen objektiv. Et ass näischt gratuit.

Och net d’Opreegung vun der benodeelegter Partei. Dat Ganzt bréngt Opmierksamkeet. Medien a Politik: même combat.

Cool ee Mikro ënnert der Nues fir een Inhalt ze kommunizéieren.

NJP2016 NJP 2017

2016 an 2017 (screenshot rtl.lu)

Den Hiweis, dass déi gréng déi pondéréiert, pertinent, gutt duerchduerchten an analyséiert Inhalter a Léisungen liwweren, mat oder ouni 157 Fotoen, därf zu gudder Lescht net fehlen. A Spëtzekandidaten hun déi Stater gréng och. Fotogen Topleit!

Sam Tanson a François Benoy: Spëtzekandidaten déi gréng Stad

Capture d_écran 2017-03-16 à 23.20.09 François Benoy