Well ee bei 2020 jo net wosst, wou een drunn war, wat nach alles geng kommen, hunn ech léiwer gewaard mat mengem Joereabschlussbericht, bis dann och wierklech Schluss war mat dësem Joer, also dem läschten.
Januar 2020
De Januar huet ugefaangen mat Konscht (an der Villa Vauban; Museum K20 Düsseldorf foodforthezens), mat diversen Neijorsréceptiounen (gréng, Schaff) an engem flotte Spazéiertuer mat de Stater gréng, dem Besuch an der Moschterfabrik am Pafendall an een Owesiessen. Esou Saache ware virun engem Joer nach méiglech. Verreckt!
D’Citoyen konnten an der Gemeng um Knuedler Projeeë kucken, déi de Schäfferot ausschaffe gelooss hat, fir d’Terraiën rondrëm de Josy Barthel Stadion op der Areler Strooss nei ze bebauen (Participatiounstaxonomie Niveau 1). Ech erlabe mir drunn z’erënneren, dass een Atelier, deen déi gréng Stad 2018 organiséiert haten, e.a. gewisen huet, dass d’Participatioun op engem méi héijen taxonometresche Level d’Demokratie stärkt. Dat huet sech och gewisen bei enger gutt besichtener Diskussiounsronn vun eisstad asbl zu dem Thema Enn Januar. Ech sinn dofir. Jo, et ass och richteg, vill Leit wëllen net matschwetzen. Si konzentréieren sech dorops, dass et hirer Famill, gutt geet, si eng flott Zäit ma hire Frënn kënnen hunn. Si wëllen einfach just dat Richtegt maachen. Dat ass awer kee Grond, fir quasi keng Participatioun zouzeloossen.









Februar 2020
Deemols am Februar, an der Pre-Covid 19 Ära, war ech wéi stets, fläisseg op der Schaff a sinn an Versammelungen gang. Bei engem Kuerztripp op Gent, hun ech dem Jan Van Eyck seng Molkonscht bewonnert an hunn déi flott belge, velosgerecht Stad an och d’Fritten do genoss. Heiheem war de Mudam nees ee Besuch wert, och well et konschtméisseg anescht ass wéi zu Gent. Mir vun de stater gréng haten op enger PK nees rieds vun engem ekologeschen Quartier um Site vum Josy Barthel Stadion, mat Wunnraum, deen ze bezuelen ass a wou d’Leit kënnen matschwetzen vun Ufank un.
Zesumme mam Claudie Reyland, därf ech nees d’Co-presidence vun déi gréng Stad hunn.
D’Virbereedungen fir den internationale Fraendag sinn am gaang. An der JIF Organisatiounsplattform këmmeren ech mech em d’Mobilisatioun vun de solidaresche Männer. Et geet jo net just ëm “Fraleit”, mee och em “Maansleit” oder LGBTIQ+, mee dorëms selwer bestëmmen ze kënnen*. Dat ass den Ausgangspunkt. Dofir sinn ech um, a steet och de Festival des migrations, des cultures et de la citoyenneté.









März 2020
Ufank März war de Fraëstreik am Kader vum internationale Fraendag. Dausende Leit hu matgemaach. Am Fokus stoung d’care Aarbecht. Dese Begrëff steet fir déi Zort Aarbecht, bei der sech em aner Leit gekëmmert gëtt, fir si gesuergt gëtt, mat hinnen, bei hinnen. Et limitéiert sech net nëmmen op déi bezuelten Aarbecht. Et ass ee breede Spektrum vu « care » Beruffer an deenen zum groussen Deel Fraë schaffen, oft aus der Migratioun, mat sozialen Ongläichheeten, net esou bezuelt wéi hir systemrelevanz et verlaangt. Des Systemrelevanz huet sech du jo och gewisen. Et ass ugefaange gi mat applaudéieren. Meng Relevanz huet sech dora gewisen, dass ech op eemol méi Zäit hat a vill am foodforthezens war. Bleiw doheem!



Abrëll 2020
Et war roueg am Abrëll. Et ass flott ze gesinn wéi d’Blumme wuessen, wéi iwwerhat d’Natur opbléit am Fréijoer. Grad wéi mäi molereschem Äifer.
Ech ginn zum President vun Eurosolar Lëtzebuerg asbl gewielt. Eng Associatioun déi spezialiséiert ass an der Fotovoltaïk a sech fir erneierbar Energieën asetzt. Eng flott Aufgab an Erausfuederung fir et grad esou gutt ze maachen wéi den Henri Kox, deen 18 Joer laang President war.
D’Zäit vun de Videokonferenzen ass ugaang an déi vum Télétravail. Jo, Télétravail ass eng gutt Saach. Et ginn eng ganz Parti gutt Grënn, déi dofir schwetzen, grad wéi et och Désavantagen a Schwiregkeeten domadder gëtt. Och heiranner, am Télétravail, wéi an enger ganzer Rei aner Domäner, huet de Coronavirus gemaach, dass et méi séier goung. D’Spezialiste ware gefrot. Et si Léisunge fonnt ginn. Provisoresch, improviséiert an temporaire. Vill vun dese Saache si séier a kreativ ëmgesat ginn. Et huet eben musse séier goen. Et ass séier gaang. Op alle Niveauën, an alle Secteuren, privat oder public. Zesummen a solidaresch. Esou wéi et an der Gesellschaft si soll.






Mee 2020
Am Mee ass et schafftechnesch nees ugerullt. E bëssen anescht wéi virdrunn awer ok.
Och ugerullt sinn Diskussiounen iwwer Fräiheet, Onfräiheet, zu eppes gezwonge ginn an enger fräier Gesellschaft, an enger Demokratie. Dat ass ee wait Feld, voller Koufläpp a Minnen. Méi doriwwer hei.
Fir ze weisen, dass een och vun Doheem aus ka sënnvoll a produktiv schaffen, hu mir vun de Stater gréng ee Webinar mat der Bréisseler Ministesch fir Mobilitéit, dem Elke van den Brandt, organsiéiert. Zu Bréissel, eng Stad fir den Auto gebaut, gëtt elo an eng Stad fir de Velo transforméiert. Do geet et. Hei an der Stad gëtt eng keng gréng Mobilitéitsschäffin.
Well et awer ee grénge Mobilitéitsminister gëtt, kann ech fein vun deem engen Enn un deen dat anert Enn vum Kierchbierg, mam Velo a main Zwergegaard furen am Quarier Gréngewald. Dee gëtt vu “Quartierstuff” géréiert, op Terrain, deen de FUAK zur Verfügung gestalt huet. Déi Äishelleg si Mëtt Mee laanscht, da kann ech elo Gromperen planzen. Ee ganzt Feld, enfin eng Parzell vun 3m2. 100 Deeg méi spéit ass Recolte.






Juni 2020
Während d’Gromperen wuessen, wéinstens Mol d’Geleef iwwert dem Buedem, wuesse keng Pop-up Veloweeër an der Stad. Dat geet net, gëtt gesot. Well et ass eng Festungsstad, wéi d’Buergermeeschtesch spéider beléiert. Festungsstied goufe net fir Veloë gebaut, dat sollt e wëssen. Esou Stied goufen sécherlech fir S.U.V. geplangt, deemols 963. Et ginn der, déi verpasse ni eng Geleeënheet, eng Geleeënheet ze verpassen.
Wat Rassismus a Xenophobie ubelaangt : eng Urban Art Creatioun, net wäit vum foodforthezens, bei der Gantebeensmillen, brengt et op de Punkt.





Juli 2020
Ufank Juli geet eng Zäitfënster op an et eraus an déi wäit Welt, bei meng Meedercher an hir Studentestied. Mam Zuch geet dat fein. Mam Anouk feieren ech säi Gebuertsdag op der Biergartenterrass vun engem Restaurant beim Hofgarten zu München. Mam Cathie feieren ech säin Ofschloss vum Medizinstudium an engem Studentelokal am 12. Bezierk zu Wien. Et si zwou Stied mat ganz vill Konscht a Kultur, bannen a baussen. Wonnerbar.
Een Tëschestopp war zu Konstanz um Bodensee. Do ass manner Konscht, dofir méi Querdenker. Am Fong ass anescht denken, eben net ëmmer nëmme maache wéi se all, jo eppes Guddes. Zum Beispill wir soss jo d’Rad ni erfonnt ginn. Et ass awer eppes Aneschters just ze gleewen well een eben mengt oder eppes héieren huet, oder ze gleewen wat d’Wëssenschaft seet. Wëssenschaft sammelt Fakten, net Meenungen a si analyséiert dann des Fakten.
Een Avantage vu mam Zuch furen ass, dass een dann fein Zäit huet fir ze liesen, zum Beispill esou Bicher wéi “Zieht euch warm an, es wird heiss” vum Sven Plöger. De Meteorolog aus der däitscher Televisioun schreiwt iwwer d’Klimakris. Déi gëtt et och nach ëmmer. Si mécht keng Paus. Dowéinst musse mir der Wëssenschaft nolauschteren. Bei Corona a Klima musse mir parallel denken an handelen fir dat Richtegt ze maachen. Déi zwou Krisen si schwiereg ze kommunizéieren, well se komplex sinn, well et komplex ass. Et ass méi einfach schlicht Behaaptungen an d’Welt ze setzen. Nees doheem ass mäin éischten large scale Test negativ. Dat stëmmt mech positiv.








August 2020
Huch! De Gruef an der Stad gëtt dach tatsächlech, vum 1. August un, fir e puer Wochen, provisoresch, eng Foussgängerzon. Gréng wierkt an awer ass et wéi de Max Weber deemols sot « Politik bedeutet ein starkes, langsames Bohren harter Bretter, mit Leidenschaft und Augenmass zugleich”.
D’Geleefs vun de Gromperenstäck an der Zwergeparzell am Quartier Gréngewald um Kierchbierg wiisst. Rondrëm de Schoettermarjal, bei mir direkt niewendrunn, wiisst och vill Kraut, do wou fréier Heiser stoungen, do wou opgeschott gouf, wéi Heiser, déi elo niewendru stinn an ech wunnen, gebaut si ginn, do wou ni eppes war awer eppes hikomme soll. Eng Zort Biotop ass entstan. Eng Parti Leit haten do eng Protestaktioun gemaach. Et geet em d’Erhale vun der Natur, em do wunne kënnen, em déi zwee zesummen, em dorëmms weem d’Stad gehéiert, em Participatioun, em schwetzt mateneen. Vun Ufank un.
Et wor esou am Summer, stoung alles an der Bléi, du rifft den Zense Polchen, seng Familjen op ee Fest, am foodforthezens zesummen, t’war fir ronn zeng Leit gedeckt. Liewen um Limit!





September 2020
Well dat mat der rue du Fossé als Foussgängerzon, während dem Provisorium, esou gutt fonctionnéiert huet, fanne mir vun de Stater gréng, dass een dat elo soll definitiv maachen.
Ech hun definitiv vill Äppel am foodforthezens a baken meng éischt Äppeltaart. Manner grouss ass d’Récolte bei de Gromperen. Si schmaache fantastesch.
Grad esou genéissen ech déi vill Konschtwierker an der Villa Vauban, dem Mudam, dem Musée um Fëschmaart an déi am Mëllerdall. De Vakanzebong ass agléist. Merci.
D’Basketball Saison geetlass. Mir, vum Basket Racing huelen, wéi all déi verantwortungsvoll a rücksichtsvoll Leit, déi néideg Hygiènesmesuren fir Spiller, Zuschauer a Bénévolen. Sport ass wichteg. Ech Mengen net de Sport als Spektakel, am Stil panem et circenses, mat iwwerbezuelten an iwwerbewerte Sportsherolden. Ech menge virun allem, Sport maachen well et gutt ass fir Härz a Longen, fir déi lokomotoresch Kierperkomponenten, fir Sozialkompetenz, fir Integratioun an Inklusioun, fir ze léieren Regeln an ze halen, och déi aktuel géint de Coronavirus, virun allem awer déi vun zesumme liewen a zesumme wierken.
Fir den GMMP Comptage (Global Media Monitoring Project) hat ech fläisseg mat fichéiert, well et wichteg ass fir serieux Medien, serieux z’informéieren, balancéiert an Inhalt a Form.














Oktober 2020
Mir vun de Stater gréng, haten ons ugewinnt all Joer eng Rees an d’Ausland ze maachen, fir méi gescheit ze ginn, Inspiratioun ze fannen, Saache ze gesinn, déi et anzwousch anescht gëtt a déi an der Stad och fonctionnéieren missten/kéinten/sollten. Aus pandemesche Grënn si mir hei am Land bliwwen a waren an d’Minettemetropolen Kayl/Téiteng, Esch-un-der-Uelzecht an Déifferdéng. Mir ware mam Velo ënnerwee, am Reen, mat der Sonn am Härz. Ons Gehirer gutt duerchlëft, ware mir ganz rezeptiv fir déi vill gutt Projeeën: Energiekooperativen, Promotioun vu Kreativitéit, Méiglechkeeten an der Logementspolitik, Transitioun. Op onsen Etappen si mir awer och drunn erënnert ginn, dass et méi flott ass, am Schäfferot mat ze décidéieren, wéi just kënne Villes ze proposéieren.
Dat vum gedëlleg deck Brieder buren, hat ech jo schon virdrunn geschriwwen. Entspriechend war mir nees mam Velo bei de Kollegen vun ProVelo fir d’rue du Fossé (dat war fréier wuel de Gruef ausserhalb vun de Festungsmaueren) autofräi ze kréien.
A well d’Beem nach voller Äppel sinn, baken ech weider Taarten an iessen se och.
Well et ouni Konscht net geet, war ech zweemol an d’Philharmonie, zweemol Beethoven, grouss mam OPL a Krystian Zimerman (Pianosconcert’en 4 a 5), a méi kleng mat Frank Peter Zimmermann a Martin Helmchen (Violinsonaten). Op dem Daach vun der Philharmonie si Fotovoltaikmoduler: Sun to power to music. Hei am Land ginn et ronn 146.000 Gebeier vun deenen bal 80 % gëeegent sinn, fir Solarstroum ze produzéieren. Ee Potenzial vun 3.540.000 KiloWattpeak. Dat ass vill.














November 2020
Den 11.11. hat ech mäin éischten Optrëtt als President vun Eurosolar Lëtzebuerg. Mir hun zesummen mat myenergy a Vertrieder vum O.A.I., ee Guide presentéiert, dee weist, wéi ee Fotovoltaik an Architektur flott mateneen kombinéiere kann. Mei doriwwer hei.
Den 11.11. feiere vill Leit den Ufank vun der Fuesend. Vum ville feieren ereechen si dann de Kipppunkt. Dest Joer ass dat awer ausgefall. Net ausgefall ass d’Angscht virun de Kipppunkten an der Coronakris an an der Klimakris. Also de Moment wou d’Saachen ausser Kontroll geroden. Bei der Covid-19 Kris sinn dat virop d’prise en charge vun de Leit déi krank sinn an d’Käschten. Deen zweete Volet bedengt nawell gär d’Capacitéit vum éischten. Bei ons ass dat manner de Fall wéi am Ausland an dat ass och gutt esou. Et soll jo net sinn, dass d’Ekonomisten décdiéieren wat medizinesch indiquéiert ass.
De Kipppunkt bei der Klimakris ass de Moment wou den zevill vun CO2 an d’Erderwärmung et fir de Mensch schwiereg mécht, fir op der Erd ze wunnne. Och nom Kippen, dréint d’Erdkugel weider hir Ellipsen rondrëm d’Sonn, iwwertdeems d’Fro déi sech stellt, ass déi vun de Menschen hirer Resilienz. Wivill hält de Mensch aus?
Wivill Videokonferenzen hält de Mensch aus?
Den traditionnellen Salon vum C.A.L. am Tramsschapp huet och dest Joer ee flotten Iwwerbléck iwwer Konscht zu Lëtzebuerg.














Dezember 2020
Am Dezember ass eng Zort Endzäit Atmosphere an der Loft. Entweder well jiddereen iergendwéi frou ass, wann d’Joer 2020 eriwwer ass. Vläicht ass et och well mir wëssen, dass mir an een down gelocked ginn. Fir mech schwéier ze verstoen. Net Noutwendegkeet vun strenge pandemeschen Mesuren, mee, merde alors : wat ass net ze verstoen bei de gestes barrières ? Si si keng rocket science ! Oder et ass d’Angescht virum Coronakipppunkt.
Gutt Nouvellen, toute proportion gardée, gëtt et am Handelen géint de Klimakipppunkt : den Tram fiirt elo vum nordöstleche Stater midfield, dem Kierchbierg, queesch duerch d’Festungsstad, op der aner Säit nees eraus, quasi bis an déi fréier Gemeng Hollerech, also op d’Stater Gare. Ee Puzzlesteck fir eng aner Mobilitéit, manner CO2 lasteg, méi zilorientéiert a pragmatesch wéi déi bis elo pathetesch statussymbolesch.
D’rue du Fossé ass entretemps, um Pobeier, an eng zone de rencontre ëmgewandelt ginn. Elo nach ee klengen architektonesch-urbanisteschen Effort a si ass et och visuell.
De François Benoy weisst mat senger Budgetsried-analyse an der Chamber, dass hien och ee Top Finanzminister ka ginn.
Ech ginn dogéint bei de Coiffeur, nach huerteg eng läschte Kéier virun de Feierdeeg an dem lockdown (bei mir falen awer keng Locken méi down).
D’Feierdeeg ginn besënnlech, gemittlech, friddlech. Ech verbrenge se am foodforthezens zu Poliarritz.







Januar 2021
Et ass elo alles nach nei an awer och gewinnt. Dat ass gutt esou, well de Mensch brauch jo seng Komfortzone. Mir Mënschen si nawell Gewunnechtsdéieren. Déi gutt Noriicht deemno: mir kënne ons Gewunnechten, déi mir déi läscht Wochen a Méint léif gewonnen hunn, och nach eng Zäit bäibehalen: Mask un, 2 Meter Ofstand, Patte wäschen. Net komplizéiert awer recommandéiert, well soss komme mir ni eraus aus deem „no vir a nees zreck“. Da gëtt geimpft géint Covid-19. De Vaccin géint d’Klimakris gëtt et och: d’Fotovoltaïk. Dee géint den Onverstand ass d’Wëssen.
Dat geschriwwen: alles Guddes, Léiwes a Lëschteges 2021. Alles gëtt gutt.

*“Mit den Haien streiten”, CID Fraen an Gender, capybarabooks, ISBN 978-99959-43-16-5, 2018.
** “Zieht euch warm an, es wird heiss”, Sven Plöger, Westend , ISBN 978-3-86489-286-8, 2020