Ee Reckbléck op d’Chamberwalen 2018 aus ménger Siicht, évidemment.
Et sinn d’Bäitreeg aus dem blog während enger Parti Wochen, vum Dépôt vun der Kandidatelëscht bis de Walowend. D’Bäitreeg hun ech ortografesch an grammatikalesch iwwerlies an och aus Lisibilitéitsgrënn, e bëssen anescht getesselt, well ee eenzelnen Blogbäitrag jo eppes Aneschters ass wéi eben dëse méi laange Réckbléck.
De 15. August 2018 ass et offiziell ginn. D’Lëscht ass um zoustännegen Tribunal déponéiert an aktéiert ginn :
Voilà, mir sinn elo déponéiert, i.e. d’Lëscht vun de Kandidaten fir de Bezierk Zentrum vun ons déi gréng, fir d’Chamberwalen de 14. Oktober 2018. Hei een éischten Iwwerbléck iwwer déi Topleit.
François Bausch : ech soen iech : hien huet de Velo erfonnt, den Tram, alles wat douce a mobil ass, op jiddwerfall den intelligenten a prakteschen Gebrauch dovunn. Hien wees och, dass gutt plangen essentiel ass. Grad esou wichteg ass fir hien dann och, dat weist hien als Minister an huet et virdrun gewisen als Scheffen, Geschéck ze maachen a konkret ëmsetzen. Well et gutt ass fir ons all. Méi iwwer hien gëtt et an engem kurzweilegen Buch*
Sam Tanson : mat vill Energie, Tatkraft a Wëssen huet d’Sam dem Fränz séng Aarbecht als Scheffin fir Mobilitéit a Finanzen an der Stad-Lëtzebuerg weidergefouert a weider entwéckelt. Als fein Juristin an am Détail informéiert entginn him nët d’Nuancen. An dobäi ass d’Sam ee Kapp voller Ideeën.
Carlo Back : een Physiker ass net ouni Grond Member bei déi gréng net just wéinst dem Problem Energiegewënnung. De Karel këmmert sech och em Entwécklungsprojetën, notamment a ganz basic : Waasser fir Afrika. Hien schafft als Conseiller an der Gemeng Lëtzbuerg och mat fir eng Schoulorganisatioun am Interessi vun den zukünftegen Generatiounen.
François Benoy : Hollywood huet den Hugh Jackman an de Bradley Cooper, mir hun de François, mat der Nuance, dass si noplapperen wat anerer hinnen virschreiwen, iwwerdeeems onse François, Gemengrot um Knuedler, séng Texter selwer rédigéiert, voller Substanz a grénger Ideeën.
Djuna Bernard : wäit gereest, vill vernetzt a mega engagéiert fir eng besser Welt. Voll mat dobäi. Hatt huet d’Mënschen gär, iwwerall an och hei am Land. Eng Powerfra.
Christa Brömmel : och eng Powerfra, schon zënter ganz laaaang a Saachen Gläichstellung Fra-Mann engagéiert. Dozou gehéieren och déi ekonomesch manner staark. Et geet dem Christa och em Participatioun vun en All, eben em Gläichstellung als Ganzt. Elo och am Gemengerot an der Stad-Lëtzebuerg.
Gaby Damjanovic : eng Ikon vum Engagement fir déi an onser Gesellschaft, déi besonnesch Hëllef brauchen. D’Gaby huet absolut Kompetenz an Wëssen an dësem Domaine.
Nora Forigiani : een Energiebündel, engagéiert a sénger Gemeng zu Schëtter als Conseillère an am Handball an der Stad.
Tanja Frank : ee kreativen Kapp deen « out of the box » denken kann. Dat ass net nëmmen sënnvoll an der Kultur, wou hatt doheem ass, mee och gutt fir ons all am Alldeeglechen.
Charel Margue : hien wees wéi ee mat enger Glaskugel ëmgeet. D’Saachen si fir hien esou kloer wéi eng Ierbessenzopp. Hien kennt de Mënsch, wees wéi d’Gesellschaft tickt. Ee wichtegen Usaz fir déi richteg Léisungen.
Roger Miller : hien organiséiert als President vum Stroossener Lafclub net nëmmen Lafcoursen bei deenen et zolid biergof an biergop geet, mee kennt als Indépendant och dat richtegt Liewen. Dovun profitéiert och Bartréng mat him am Gemengerot.
Carole Ney : zillt als enseignante jonckt Geméiss a préparéiert si op d’Liewen an zillt awer och a virun allem gesond Geméiss fir ze frupsen a séngem Biogaard inklusiv Hochbeet. A sénger Gemeng zu Luerentzweiler ass d’Carole als conseillère eng wichteg Stëmm fir eng méi gesond Emwelt.
Liz Paulus : och fir d’Liz ass d’Formatioun a Saachen Ëmwelt a Natur vun Joncken wichteg. Zu Walfer huet hatt als Conseillière säin politescht Engagement geschéckt gewisen.
Paul Polfer : et ass net just séng Schaff, mee séng Berufung : hien koordonnéiert de Klima well hien wees, dass mir all Eenzeln an och zesummen fir ee gesonde Klima handelen mussen.
Claire Remmy : bei sénger Eröffnungsried um Kongress vun déi gréng zu Stroossen am Februar huet een et gesinn an héieren: hatt wëll, hatt kann. An zu Stroossen am Gemengerot sinn se och ganz begeeschtert iwwer séng jonck a gréng Ideeën. Ech och.
Jean-Paul Roeder : in der Ruhe liegt die Kraft. Als zoliden Handwierker, onopgereegt, beduecht a bestëmmt geet de Jean-Paul als Scheffen zu Sandweiler un d’Saachen erun. Gréng eben.
Claude Schmit : hien huet Geschichten gär, notamment BD’ën an matorganiséiert een, villméi deen, Festival zu Contern. Hien huet och Geschicht gär. Aus der Geschicht kann ee léieren. Gescheit Leit zumindest. Dat ass hien an huet deemno de gudden Usaz fir, net just sénger Gemeng als Conseiller, zukunftsorientéiert Léisungen ze proposéieren.
Roland Tex : vun Hesper bis op Itzeg, si fannen hien net just witzeg, mee virun allem kompetent. Dowéinst ass de Roland zënter Jorzéngten zu Hesper am Gemengerot. Säi gréngt Engagement geet awer iwwer séng Gemeng eraus. Och a Saachen Berufsausbildung huet hien eng sënnvoll Meenung.
Jessie Thill : jiddereen deen naturwëssenschaftlech ënnerwees ass, kennt se : Sheldon, Leonard, Rajesh, Amy, Howard, Bernadette. Stellt iech all hir gutt Qualitéiten vir, da wees een ongeféier wéi d’Jessie ass. Mee hinnen feelt da nach dem Jessie séng Dynamik, positiv Aura a Gréngitude. De Walfer Gemengerot huet Gléck mat him a sénge Reihen.
Yves Wagener : een affinéierten, kompetenten a korrekten Affekot, kee komesche Vull awer naturverbonnen. Hien ass och Kultur interesséiert an engagéiert. Mat Verve a Geschéck këmmert hien sech em séng Beiënsteck
….. an ech
Den 13. September 2018 ass et richteg lass gaangen. Mir, d’Kandidaten hun onsem Doheem Äddi gesot bis de 14. Oktober well mir ware vill ënnerwee :
D’Land ass elo zougepaapt. Affiche papen, séng Sujeeën a Käpp presentéieren gehéiert zum Virspill virum Waldag. Och sinn d’Bréifkëschten gutt gefëllt mat Brochuren, Dépliantën, Flyer mat gudden Argumenter a soss Hiweiser an Appeller fir d’Kräiz op déi richteg Plaz ze maachen. Och déi éischt Walversammelungen waren. Den Ufank ass gemaach. D’Walcampagne lancéiert.
Bei Walen ginn oder sollen an enger Demokratie déi bestëmmt ginn, déi « possess most wisdom to discern, and most virtue to pursue, the common good of society », esou steet et an der Préamble vun der US Verfassung. Well et déléguéiert een duerch Walen « power from the many, to a few of the most wise and good ».
D’Walcampagne ass een Deel vun den Institutiounen vun der Demokratie. Des Institutiounen soll, jo muss, een eescht huelen. Liichtfankeg mat den Institutioune spillen, ass geféierlech. A ville Länner, wäit a no, gesäit een dat. Déi eng via intempestif Getwitters, anerer andeems se Kritiker ausmanövréieren oder soss verschwannen dinn, etc.
Genau esou onserieux ass et fake Lëschten ze bastelen oder sech op Protest, op « dogéint sinn » ze limitéieren. Net ze schwetzen vun den einfache Léisungen, déi et anscheinend gëtt, fir komplex Problemer, déi et effektiv gëtt. Och jesuitesch Rhetorik mat eidelen Undeitungen, sinn an der Meenungsbildung keng Hëllef.
Gefrot ass net just ee Plang, mee och de Wëllen, d’Energie an d’Fähegkeet Geschéck ze maachen. Et kënnt och a virun allem op dat un wat hannen eraus kënnt.
Dëser Deeg krut een Lecture vun ons an d’Breifkëscht : een Dokument mat dem Bilan, dee weist wat Geschéck maache konkret bréngt an och d’Haaptideeën mat deem wat soll kommen a wat mir proposéieren.
Walversammelunge gehéieren och zu enger Campagne fir mat de Leit iwwer onse Bilan a Prioritéiten ze schwetzen. Deen éischten Owend war gutt besicht, animéiert, léierräich, flott, eben groussarteg. Alles wat an de politeschen Débat afléisst kann, soll diskutéiert, hannerfrot, kritiséiert ginn. Problemer awer a virun allem och d’Co-Bénéfisser soll een och gesinn.
Den 8 Oktober huet sech gewisen, dass ech ee grénge sinn. Déi Deeg duerno hun ech am dësem Blog nach weider Explicatioune ginn zu de Positiounen, déi ech bei smartwielen just mat 1, 2, 3…. konnt verginn (ech hat net matkritt, dass een op smartwielen selwer och nach Remarquen konnt dobäi schreiwen fir z’erklären. Mäi Feeler).
Méng Meedercher hu mir gesot, dass vill vun hire Kolleginnen a Kollegen den Internetsite « smartwielen.lu » génge gebrauchen, fir sech z’orientéieren, fir watfir Partei a Leit si stëmmen sollen bei de Chamberwalen. Et ass wouer et soll ee sech informéieren ir een ee Kräiz mecht, well mir wëssen: ee Kräiz ass séier gemaach. Op ee Kräiz gutt gemaach ass, weess een eréicht a 5 Joer. Fir eng Chance ze hun ee gutt Kräiz ze maachen, muss een och eppes iwwer deen ze Kräizenden wëssen, virun allem iwwer séng Ideeën fir d’Welt ze retten. Ech ginn elo Gas.
Mäi smartwiel Profil weist, dass ech:
1) nawell ee Gréngen sinn. Dat verwonnert mech elo net esou direkt. Fir mech muss net driwwer diskutéiert ginn: ouni eng gesond Emwelt geet et net.
2) mat engem sozialen Härz. Och dat iwwerrascht mech net. Ech schaffen am soziale Beräich an méng bénévol Engagementer si geduecht fir Brécken ze bauen tëschend de Leit. Mat Freed, solidaresch a gemeinsam Ziler ereechen, zesummen drunn deelhuelen a schaffen, dorëmms geet et mir.
Iwwriens hun ech mat dem Kandidat Paul Zens, also mat mir, och déi meeschten „smartwiel matchen“, nämlech 100 %. Dat berouëcht mech. Ech si mat mir am Aklang. An ech färten net.
Dat ass alles fein a gutt, mee e puer Explicatiounen, si néideg fir mäi Fong vum smartwielen Profil. Der smartwiel Andeelung a Reihenfolg no:
Wirtschaft an Aarbecht
Et ass evident, dass wann et Sënn mécht, soll d‘Wochenaarbechtszäit erof gesat oder och aneschters opgedeelt ginn. De J.M Keynes huet dat schon virausgesot an deemols hun d’Patronën de Weltënnergang prophezeit wann manner géng geschafft ginn. Dat ass net geschidd a wert och net geschéiën, wéinstens nët am Bezug mat méi kuerzen Aarbechtszäiten. Do si mir als Mënschheet am gaangen ganz aner Schrauwen ze dréien, fir dass et virugeet mam Weltënnergang. Mee dat ass een anert Thema. Am Laf vun der Jorhorzéngten sinn d’Aarbechtszäiten (Deeg a Stonnen) schon erof gesat ginn an dat ass och gutt esou. Déi Upassungen waren virun allem méiglech duerch den techneschen Fortschrëtt an d’Innovatioun. Dat wert och wieder geschéien, d’Leit si weider kreativ. De Kader muss eben bestänneg upgepasst ginn an zwar op mannst am Trialog. Zum Upassen gehéiert dann och, dass d’Léin ugepasst ginn. Ugepasst net un d’Zäit, mee un d’Aarbecht, un d’Liewen, ugepasst un d’Emfeld. De Loun soll och eng Bréck sinn, déi verbannen soll a nët eng Schlucht fir ze trennen.
Aus deem Grond kann et och keng Ënnerscheeder ginn an de Léin tëschend Mann a Fra wann d’Aarbecht déiselwecht ass. D’Kompetenz a séng Uwendung sollen ausschlaggebend sinn. Et wert kengem Betriib schwéier falen, des Selbstverständlechkeet ze zertifiéieren. Et sollt och kengem Betrib schwéier falen fir hir Verwaltungsréit exklusiv no Kompetenzkriteren ze besetzen. Ech hun dat ongutt gefill, wéi wann dat nët ëmmer esou onbedéngt de Fall war, méiglecherweis. Bei aller Wertschätzung fir d’Männer, ech si jo och een, mir si net esou dominant besser, wéi d’Verwaltungsréitstatistiken dat gleewen dinn.
Dass eng Parti „basics“ aus dem Alldag, wéi Waasser, Transport, Elektresch, besser net privatiséiert ginn, ass evident. D’Privatiséierung vum Zuch a Groussbritannien huet gewisen wéi domm et da ka lafen. Ausserdeem huet d’Demokratie den Avantage, öffentlech Investiounen bestëmmen ze kënnen och wann se op kuerz Siicht net néideg wiren an dowéinst vun de „privaten“ net gemaach ginn, mee laangfristeg. Am privaten Secteur gëllt nach ëmmer a quasi exklusiv d’shareholdervalue am Millisekonnentakt an Dividend um Enn vum Geschäftsjoer. Déi uewegenannte „basics“ sinn ze wichteg am Alldag fir dass een kéint, wéi hei am Land zum Beispill an der Mobilitéit, allzelaang geschidd, vernoléissegen.
Wunnen & Landesplannung
Eng kleng Gemeng huet fir d’Leit den Avantage, dass se no bei hire Leit ass, dass se am Laf vun der Zäit gewues ass a mat hiren Aufgaben wiist a wuessen muss. Eppes forcéieren ass net néideg, mee favorabel begleeden ass éischter zilführend. Dat gëllt och fir eidel Wunnéngen ze besteieren. Ofgesinn dovunn, dass ech net richteg gesinn wéi dat soll fonctionnéieren reng praktesch, am Sënn vun gewuer ginn op eng Wunneng eidel steet (iwwer dénoncéieren?), wéi laang schon (ee Mount, sechs Méint, 1 Joer, dräi Joer, ee Jorzéngt) wéini esou Taxe fälleg ass (non engem Mount, sechs Méint, engem Joer, dräi Joer, engem Jorzéngt), wéi se berechent gëtt (Equivalent Loyer, prozentual par rapport zum Wert,..), ass et scho guer net méiglech eraus ze fannen op do ee spékuléiert oder een berufflech oder soss temporaire fort ass a nees zréck kënnt, op d’Successioun nach net régléiert ass, etc. Och do ass et besser wohlwollend opzeklären wéi ze zwéngen.
E bëssen anescht ass et wann een aus, wéi och ëmmer geartener Sturheet oder Geschäftegkeet, d’Allgemengheet un der Nues rondrëm féiert an Entwécklungen blockéiert. Iergendeng Kéier ass da Schluss an ee fairen Deal gëtt gemaach fir dass et ka viru goen. Et ass ze décidéieren inwiefern „Eigentum verpflichtet“. Do gëtt et jo déi Metapher mam Propriétaire vun engem Bongert mat Äppelbeem, deen décidéiert just d’Halschent vun de Äppel ze plécken. Déi aner léisst hien verfaulen, fir de Präis erop ze dreiwen. Ass dat richteg? Fir hien? Fir d’Allgemengheet?
Sozialstaat & Famill
Een bedéngungsloost Grondakommes fir Lëtzebuerg kléngt gutt. Des Idee ass eng Variant vum universelle bedingungslosen Grondakommes, dat de Grondgedanken huet, dass jiddereen ee Basisgeldbetrag zur Verfügung huet fir kënne ze liewen, ouni gezwongen ze sinn enger rémunéréierten Aarbecht no ze goen fir iwwerhat kënnne ze liewen. Doduerch, dass dat Grondakommes sech op Lëtzbuerg beschränkt ass et net méi universel. Ech wees net op mir dat als Land, duerch a mat dëser zousätzlecher, neier Attraktioun, gestäipt kréien. Well ech soen iech, dat géng lakkelen. Ausserdeem froen ech mech wéi dësen Mindestbetrag gerechent gëtt, schlisslech sollen jo duer goen fir dezent ze liewen. Dann ass den absoluten Minimum fir esou ee Grondakommes de sozialen Mindestloun, also zirka 2.000 euros x 12 Méint x 600.000 Awunner. Rechent selwer. A geet dat duer? An dat Grondakommes muss jo och ugepasst ginn, well och wa net jiddereen schafft, et ginn der déi maachen dat weider. Déi si kreativ, fläisseg, hu Freed dorunn. Déi därf een net bestrofen oder bremsen an hirem Elan. Mir schafen zwou Schwiregkeeten: wéi berechent een d’Steigerung (Index, Verhandelungen,..) an et provozéiert een eng 2-Klassegesellschaft: déi mam dolce farniente an déi déi schaffen, d’Elite. Wëllt een dat?
Wann een awer seet, neen, esou ee Grondakommes ass just een Deel vun deem wat ee muss hun, eng Zort Ersatz fir Kannergeld, Krankegeld, Pensioun, jo da schaaft een de Solidarsystem of, op deen ons Gesellschaft baséiert a fir deen sech jorzéngten laang agesat gouf. An dat geet guer nët. Deemno an héchstens een universellt bedingungsloost Grondakommes am ganzen Universum oder zumindest op der ganzer Welt. Hei aléng ass dat net sënnvoll. Och wa fir Verschiddener eist Land, dat mir gär hun, den Zentrum vum Universum ass. Et ass net de ganzen Universum.
An d’Pensioun goen ass ee grousse Schrëtt. Dat soll ee gutt préparéieren well duerno huet ee vill ze dinn a scho guer keng Zäit méi. Et huet een awer vill Erfahrung, vun der et Schued wir, wann net kéint dovunner profitéiert ginn. Dobäi soll dann och berücksichtegt ginn, dass ee mam Alter an verschiddenen Saachen méi lues gëtt an d’Récupératioun méi laang dauert. Dat hun ech beim Walfer Vollekslaf dëse Weekend gemierkt. Iwwergäng solle geschafen ginn a Méiglechkeeten fir vun der Alterweisheet ze profitéieren, och am Beruff.
Ir een al ass, war ee jonck. Ee Kand a gouf vu iergendengem erzunn: den Elteren, de Kollegen, dem Léierpersonal, de Geschwëster, de Noper. Et brauch een een Duerf fir ee Kand z’erzéien gëtt gesot. Jiddereen leescht säin edukativen Bäitrag awer relativ zu séngem rôle. Deemno ass et nët sënnvoll fir Leit mat Suen ze lackelen doheem ze bleiwen fir d’Kanner z’erzéien. Dat soll ee Choix kënnen sinn, fir deeen een optéiert aus Iwwerzeegung. Deemno soll de System insgesamt esou organiséiert sinn, dass een dat kann wann ee wëll. Keng Herdprämie. Eng Mamm ass keng Kou an ee Papp kee Stéier.
Bildung a Fuerschung
Smartwiel Froën an dësem Kapitel: 1)Sidd Dir fir d’Zweetsproochegkeet (Letzebuergesch a Franséisch) a konventionéierte Crèchen; 2) soll Reliounsunterrecht als Wahlfach erëm agefouert ginn?; 3) Sidd Dir fir een Ausbau vun internationale Programmer an ëffentlechen Schoulen?)
All Mënsch wees, dass Kanner vu klengem un schwetzen, zumindest probéiere si ze schwetzen a si et och séier léieren (ausser déi konservativ Edukatiounsministesch in spe, déi, wéi si et selwer an engem face-à-face den 29.9. op rtl sot huet. Si limitéiert zudeem d’Kanner och op d’Fähegkeet just eng eenzeg Sprooch assimiléieren ze kënnen Wat och falsch ass). Wat ee Sproochen éischter übt a léiert, wat ee se besser schwetze kann. Suguer e puer Sproochen parallell léieren, geet wann ee kleng ass a wann d’Method stëmmt. Mat der Pubertéit changéieren d’Weeër vun de Synapsen e.a. am Gehir an domat och d’Manéier wéi een eng Sprooch léiert. D’Liichtegkeet geet verluer (déi feelt ville Leit iwwriens och beim Lëtzebuergesch liesen, dat soen d’Zuele vun de Verkeef vun der Luxemburgensia an de Bicherbutteker. Et gëtt eng Rei vu gudder Litteratur, wonnerbaren Auteuren a gutt getesselten Librairien hei am Land). An och beim Schreiwen. Dat gesäit ee bei deem wat zB. an de moderne Medien geschriwwen gëtt. Mee korrekt schreiwen, ass fir zesummen ze liewen manner wichteg, wéi mateneen ze schwetzen an sech an d’Aën ze kucken. A wat mir méi matenee schwetzen, emsou méi kënnen mir eens ginn a gutt auskommen mateneen. Op Lëtzebuergesch oder soss. Inklusiv.
An deemselwechten Sënn ass et wichteg, dass an den ëffentlechen Schoulen inkludéierend geschafft gëtt. Mir sollen déi Leit déi nei an d’Land kommen, do ofhuelen wou se sinn an se esou aschléissen a scho guer net se ausschléissen, well si nët do sinn wou mir mengen, dass si missten sinn well all déi déi schon éiweg hei sinn, do sinn. Mee sinn déi iwwerhat all do? Werter sollen och inklusiv sin. Déi Werter déi mir hei an onsem Eck via griechesch Philosofen, réimescher Kultur, dem donkelen Mëttelalter, der Renaissance an Opklärung, divers Revolutiounen, der 68er Beweegung a Kombinatiounen mat dem internationalen Handel, fir d’éischt iwwer d’Erdscheif, dunn rondrëm de Globus, ons erschafft, erkämpft, erduecht hun, sinn dowert, dass se weider gereecht an erhalen ginn. Wann ee wëll Werter vermëttelen, da geschidd dat am beschten duerch de Sport. Dass dat geliewten a gesond Wertevermëttelung ass hun ech an dësem blog schon dacker geschriwwen (surft e bëssen). Méi Sport an der Schoul.
Gesondheet
Smartwiel Froën an dësem Kapitel: 1) soll de Prinzip vum „Tiers payant“ généraliséiert ginn? 2) soll een obligatoreschen Impfplang fir Kanner agefouert ginn? 3) solle Kondomer vun enger nationaler Gesondheetsversécherung z.B CNS, rembourséiert ginn.
Mir gréng hu jo e bëssen de Ruff mat Sonneblummentéi ze guergelen, Albiziabounen ze drenken, Knueweleck ze lecken, Flavonoid z’inhaléieren, Schlécken iwwer ons Stir rutschen ze loossen, ons mat Kamillenbléien anzereiwen an soss Yoga an Tantraexerzizien ze maachen fir gesond ze liewen a stierwen. Dat nennt ee Preventioun an déi ass jo bekanntlech déi beschte Medezin. Wann een dann wider erwaarden sollt krank ginn oder duerch een Ongléck abiméiert, dat brauch een eng pertinent Diagnos, Therapie a je nodeem Pfleg a Medikamenter. Dorëms këmmeren sech Dokteren,. Pflegepersonnala soss d’Gesondheetsberuffler, Kiné, Infirmieren-innen, Ergo,…
Dat wichtegst ass, dass jiddereen beschtméiglech (dat zweetbescht ass net interessant ass), nees gesond gemaach gëtt, onofhängeg vu séngem Status, egal wat et kascht. Fir verschidden Leit ass et budgettechnesch schwireg Suen virzestrecken. Deenen muss gehollef ginn. Mee mat der Gesondheet ass et wéi mat dem gratis Fräibéier: si ass net fir näischt, dat soll ee net vergiessen. An iwwer wat gemaach gëtt décidéiert de Medeziner a Gesondheetsberuffler, net den Ekonomist.
Et gëtt gesot, dass d’Liewen näischt aneschters wéi eng permanent Evaluatioun vum Risiko deen een ageet. Dozou gehéieren Iwwerleeungen zum court, moyen a long terme a de Risiko fir den Eeenzelenen oder d’Allgemengheet.
Immigratioun & Integratioun
Smartwiel Froën an dësem Kapitel: 1) soll d’Beherrschen vun zwou vun deenen dräi Amtssproochen (Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch) duergoe fir am ëffentlechen Déngscht därfen ze schaffen? 2) soll d’Vollverschleierung op allen ëffentlechen Plazen verbuede ginn? 3) soll de gefuederte Sproochentestniveau am Lëtzebuergeschen fir di Lëtzebuergesch Nationalitéit ze kréeien eropgesat ginn? 4) Sidd Dir fir d’automatesch Aschrweiweung vun auslänneschen Awunner op d’Wielerlëschte fir d’Gemengewalen?
Wann een zum Management vum Land wëll eppes bäidroën, an de ëffentlechen Déngscht ass eng Zort Management, gudde Management, vum Land, soss wir et jo net esou attraktiv a mir hätten innerhalb vun 8 Joer 100.000 nei Awunner bäikritt (mir hunn virdrunn ee Jorhonnert gebraucht fir 100.000 nei Awunner) da sollt ee schon zwou vun deenen dräi Amtssproochen beherrschen, och, Lëtzebuergesch, zumindest esou wéi een et soll können fir d’Lëtzebuergesch nationalitéit ze kréien. Dat geet duer fir ze schwetzen an konstruktiv ze kommunikéieren. An och do mécht Übung den Meister. A propos kommunikéieren, fir mech an zu de Werter déi ech schon méi wäit uewen ernimmt hun, gehéiert fräi Kommunikatioun mat Wieder, den Aën awer och de Gesten an dem Gesiichtausdrock. Um Fuesbal ass et méiglecherweis prikkeleg ze roden, ween hannert dem Bok stecht iwwerdeems de Bänker hannert dem Guichet dat anescht spannend fënnt. Et wëll ee wëssen mat weem een ze dinn huet. Offenheet gehéiert zum Ëmgang, zum Zesummenhalt. Och politesch d’Dir opmaaachen. Deen aner décidéiert dann op en déi Offer unhëllt oder net.
Institutionnell Reformen
Smartwiel Froën an dësem Kapitel: 1) Soll een eenzegen Wahlbezierk fir d’Chamberwahlen agefouert ginn? 2) Soll de Cumul vumpolitesche Mandater (lokal an national) ofgeschaaft ginn? 3) Sidd Dir fir d’Méiglechkeet fir Gesetzesproposé per Biergerinitiativ an ze féieren?
Et ass laut Verfassung Députéiert fir dat ganzt Land egal a watfir engem Wahlbezierk ee gewielt gouf. Iergendwéi gëtt ja schon zum Deel esou gehandhabt well et kann jo an engem aner Bezierk Kandidat sinn wéi an deem an deen ee wunnt. A well „zevill a net genug“ keng Mooss ass, ass et besser wann een net zevill Aarbecht soll mateneen maachen. Fir all déi déi eng gutt Idee hun, gëtt et d’Méiglechkeet fir via Pétitioun d’Chamber op ze fuederen iwwer dee Sujet nozedenken. Déi grouss Zuel vun Pétitiounen weist hire grousse Succès.
Voilà, ech si frou, dass ech smartwielen hannerun mech bruecht hun. Méiglecherweis ass et een Ausgangspunkt säi Kräiz bei de Chamberwahlen, mee méi awer ocht net. Mech huet et éischter un ee Wonschkatalog erënnert fir sech dat eraus ze picken wat engem gefällt, wat hätt een da gär, zwar ouni Zesummenhang. Mee esou fonctionnéiert d’Liewen net. Alles hängt mateneen zesummen. Mee smartwielen huet ëmmerhin de Mérite, dass probéiert gëtt Sujetën ze behandelen an net just Personalfroën.
Hei dann d’Suite fir de Véirel ondécidéiert Wieler fir mech ze gewannen. Dat ass zwar ongläich schwéier ouni Mikro, Zeitungsinterviewer, table-ronde oder soss face-à-face awer kee Grond sech net drunn ze ginn, mat Elan, Begeeschterung an Motivatioun, grad esou wéi ech och an der Chamber géng zu Wierk goen.
Emwelt an Transport
„Och gratis Fräibéier ass net fir näischt“ sot de François Bausch op onsem éischten Walowend zu Schëtter „iergendeen bezillt ëmmer“. Wann net deen deen de Béier drénkt, da soss een. Genau esou ass et mam öffentlechen Transport. Während beim Béier an der Regel d’Offer stëmmt (Quantitéit a d’Qualitéit), ass dat am Moment am ëffentlechen Transport nach net de Fall, trotz all den Efforten vun de leschten Joren an och wann et besser ass wéi virdrunn. Mee et leeft een zolid der Entwécklung hannendrunn, well bis virun „Gambia“ quasi exklusiv d’Besoinën vun de Automobilisten gekuckt goufen an e.A. d’Zuch, Bus an Tram stiefmütterlech behandelt si ginn, wann iwwerhat behandelt. D’Resultat ass ee groussen Retard an den Infrastrukturen an doduerch allzedax Retard op den Garen an Arrêtën. Duerch Gratuitéit den den ëffentlechen Transport méi attraktiv maachen, ass op den éischten Bléck eng gutt Idee. Richteg attraktiv ass den ëffentlechen Transport awer duerch aner Kriteren: e muss kammoud sinn am Sënn 1) bequem also eng gemittlech Plaz déi engem erlaabt de Wee op a vun der Aarbecht ze genéissen 2) pünktlech also berechenbar an esou engem erlaben sech z’organiséieren an d’Zäit, eng ganz kostbar Saach, sënnvoll ze notzen 3) einfach am Gebrauch, schlësseg, „anëneeniwwergoënd“. Wann dat alles stëmmt, duerch déi vill Aarbechten vum Moment si mir um gudden Wee dohinn, da kann een duerchaus iwwer de Präis nodenken. Mee, wéi beim Béier, muss fir d’éischt stëmmen d’Offer. Prost. An awer gëtt et een dee bezillt.
Nët nëmmen d’Plastiksfläschen solle verbueden, mee och nach d’Plastikstuten, d’Plastiksbecheren, Schalimmoën a soss all dee ganzen one-way Quatsch, deen no Gebrauch just dorëmmer trëllt, hänkt, schwëmmt oder flidd a ni méi fortgeet. Et ass mam Plastik wéi mat der Atomkraaft: eventuel kuerzfristeg ganz e bësselchen nëtzlech (et encore) awer op laang Siicht just eng deier Plo. Ech gleewen un den techneschen Fortschrëtt, de know-how an d’Imaginatioun vun der Mënschheet fir ons dovunn z’erléisen. Et ass ewéi mat Allem, verschidden Plastiksutensilien hunn awer och hir Gutt a maachen Sënn. Mee enfin, wat manner wat besser.
Et gëtt jo d’Legend vum Autofurer als Mëllechkou vun der Natioun déi fir alles ëmmer permanent esou deier bezuelen mussen. D’Statistiken, berechent mat engem Programm, deen schon jorenlaang an der Schwäiz fir Verkehrsplanung gebraucht an op Lëtzebuerg adaptéiert gouf, weisen awer, dass bei all, jo all, Déplacement mam Auto, d’Gesellschaft ronn 30 % vun de reellen Käschten bezillt. Tjo! Dat selwecht gëllt och fir aner Vehikelen mat fossilem Brennstoff (wat dann och explizéiert firwat den ëffentlechen Transport nët gratis misst sinn). Iergendwéi misst et méiglech sinn, dass déi reell Käschten och verrechent ginn. D‘Steieren op Bensinn an Diesel eropsetzen ass ee méiglechen Wee, grad wéi d’Autosteieren all Joer oder eng eemoleg Primm wann een een Auto keeft. Mee ir elo gehurelt gëtt, dass deen Zens wëllt alles méi deier maachen, gedëllegt iech bis dat next Kapital, nämlech dat iwwer Finanzen a Steieren.
A ménger Jugend hun ech vill Stonnen um Bauerenhaff vu méngem beschten Frënd bei ons am Duerf verbruecht. Do hun ech geléiert, dass d’Bauren houfreg sinn op hir Aarbecht, hire Betrib, hir Natur. Zu Recht. Et ass bei hinne méi wéi eng Schaff, éischter eng Missioun. Ech hun och verstanen, dass si liewen wëllen vun hirer Aarbecht. Net vu Paperassen a Formularen, déi si ausfëllen mussen. D’Landwirtschaft gëtt zënter ganz laang vun de Regelen an der Europäescher Unioun gesteiert. D’Regelen, notamment fir d’Subsiden, goufen gemaach virun allem vun den zoustännegen Ministeren an hire Chefen, dominiéiert vun de konservative Parteien, mam Resultat, dass d’Hëllefen virun allem de groussen agroalimentairen Betriiber zu gutt kommen a vill manner oder kaum de Betriber wéi mir se kënnen an ons wënschen. D’Landwirtschaft esou organiséieren, dass se nees bei ons passt, manner gigantesch, méi no bei der Natur an de Gegebenheeten hei, schéngt mir evident. Dozou gehéiert a Richtung biologesch Landwirtschaft hischaffen an dofir suergen, dass d’Hierachie nees stëmmt i.e. dem Bauer séng Aarbecht un éischter Stell steet. De Budget fir d’Landwirtschaft vun der EU soll net erofgesat ginn, mee ëmgesteiert, well déi Ëmstellung dauert a geet net vun Haut op Muer. Dovun profitéieren d’Betriiber, d’Konsumenten an d’Natur. Am Fong mir all.
Eng wichteg Komponent vun fräi sinn, ass nët ausgeliwwert sinn. Wann ee wëll als Eenzelnen, als Land oder Europa fräi sinn, dann huet een Intérêt sech net ofhängeg ze maachen zum Beispill vu Leit mat engem aneren Demokratieverständnis, deenen mir ons ausgeliwwert hun, well si ons Petroll a Gas liwweren fir 300 m bei de Bäcker ze furen, mat 500 PS. Ouni Energie, ouni Stroum geet et awer nët. Fir fräi ze sinn hëllefen ons déi erneierbar Energiën, wéi se genannt ginn. Mee am Fong sinn et éiweg Energiequellen, déi ëmmer do sinn: Wand a Sonn. Ee groussen Avantage vun dësen Energiequellen ass, dass si einfach accessible sinn a eben hei. Si maachen manner ofhängeg. Dat alles ëmstrukturéieren ass nët einfach, awer zu gudder Lescht méi einfach a besser wéi ausgeliwwert ze sinn. D’Implementatioun vun regenerativen Energiën förderen ass eng gutt Saach, de Gebrauch dovunn och, zum Beispill deenen déi eng Photovoltaikanlag bedreiwen, d’Méiglechkeet ze ginn, de Stroum selwer ze späicheren, verbrauchen an ze verkafen. Eng Wandmillen déi net méi geet, rappt een ewech an et setzt een eppes dohinn: een Haus, ee Bam, eng Spillplaz, eng Heck oder soss eppes. Ganz easy. Atomkraaftwierker dogéint bleiwen éiweg, geféierlech an deier Ruinen.
Finanzen a Steieren
Et ass evident, dass méi breed Schëllere, méi stäipen kënnen. Grad esou evident ass awer och, dass d’Aarbecht soll valoriséiert ginn. Deemno ass d’smartwielen Fro „soll méi héich Akommes méi héich besteiert ginn?“ nëmmen een Deel vun der Steierfro a werft weider Froen op wéi zum Beispill méi héich besteiert wéi wat? Par rapport zu weem a wat? Déi richteg Fro ass: wat soll besteiert ginn? Fir mech ass et kloer: de Verbrauch, net d’Aarbecht. Kloer ass och, dass et Steiereinnahmen muss ginn fir de Staat, also fir ons. Schlisslech hu mir dem Staat, also ons, via Walen, Chamber a Regierung etc. jo eng ganz Parti Aufgaben ginn, unvertraut, jo et ginn Saachen déi mir verlaangen an heftegst afuederen, vum Staat, also vun ons, der Allgemengheet. Si soll mat de Steieren steieren. Deemno komme mir net ëm Steieren bezuelen erëm. Besser a méi richteg klengt allerdings onse Bäitrag leeschten fir d’Allgemenheet. Pro Kapp. Individuell. Dat gëtt eng ganz aner Steiertabell. Eng méi gënschteg fir de Eenzelnen, deen dann d’Fräiheet huet ze décidéieren, op hien sech z. B. e puer eegen Autoën leeschten wëll oder léiwer sech via Kombinatioun vu kamouder Mobilitéit vun A op B déplacéiert. An deem Sënn ass et evident, das ee kleng a mëttel Betriiber soll entlaaschten. Iwwerdeems d’Multiën emol endlech uerdentlech sollen besteiert ginn. An d’Kapital. Den ongeschriwwenen awer existenten Vertrag tëschend de Generatiounen par contre soll erhalen bleiwen. Mir Elteren schaffen dach all dofir, dass et onse Kanner gutt geet. Dat huet mat Solidaritéit ze dinn, mat Freed, mat Dreem a Chancen a Perspektiven an och mat Tomaten, déi enges Dags dann de Präis hunn, deen se wirklech wert sinn. Eben Zukunft, Zesummenhalt a gutt Liewen.
Justiz a Sécherheet
Smartwiel Froën an dësem Kapitel: 1) Soll d’Zuel vu Videokameraen op ëffentlechen Plazen eropgest ginn? 2) Sidd Dir fir eng Erhéijung vun de Verdeegeungsausgaben? 3) Sidd Dir dofir, datt d’Police Taseren benotze kann?
Als Kandidat fir d‘Chamberwalen freeën ech jo iwwer all Kamera déi op mech geriicht. Si huet een Zweck, si gëtt Gebraucht fir eppes Aktives zB. fir ee Souvenir, fir eng Reportage, fir engem eng Freed ze maachen. Videokameraen op ëffentlechen Plazen si moutarde après dîner fir ee relativt Sécherheetsgefill mat der Strenz ze diffuséieren. Ausserdeem gefällt mir de Prinzip vum Generalverdacht net, deen domat verbonnen ass. Jo, jiddereen ass ee potentiellen Béisen. Awer ech gleewen jiddereen ass virun allem mol ee potentiellen Gudden. Preventiv sinn esou Kameraen net zilführend. Do hëlleft just Presenz um Terrain, mat trainéiertem Personal, vum Streetworker bis zum Polizist, gutt ausgerüst mat Empathie, Regelkunde a ggfs. efficassem an zouverlässegem Material. Iwwer dem Taser séng Fiabilitéit gëtt nach zevill diskutéiert. An ee ganz, ganz Béisen muss domat rechnen, dass et heiansdo net a séngem Sënn ausgeet.
Ech sinn ee Militarist. Enfin, esou huet een Mann op der Fouer gemengt, net well ech probéiert hun eng Foto ze schéissen (wat mir net gelongen ass), mee well mir, déi gréng, méi prezis ee grénge Minister, d’Kaseren um Härebierg renovéiert. Aha! Ech fannen et normal, dass no ville Joren näischt maachen, d’Aarbechtskonditiounen vum Militär verbessert ginn. Och wa mir hei zu Lëtzebuerg op enger Insel vu Fridden a Léift mateneen, gutt zesummen liewen an all frou mateneen sinn, soll een net vergiessen, dass rondrëm se net all esou Léiwer sinn. Verschiddener sinn onberechenbar an nawell op Kravall gebürstet. Et gehéiert schon e bëssen dozou, dass wann ee Fräiheet, Fridden, Léift, erhalten wëll, een zumindest an der Lag ass, zesummen mat sénge Frënn déi déiselwecht Fräiheet a Léift ënnert de Mënschen héich halen, ze soen, bis heihinn a net weider.
Medien a Gesellschaft
Smartwiel Froën an dësem Kapitel: 1) soll eng ëffentlech-rechtlech Televisiounschîne gegrënnt ginn? 2) Soll Cannabis fir de Privatgebrauch legaliséiert ginn? 3) Soll d’Prostitioun als liberale Beruff unerkannt ginn?
Natiirlech sinn ech fir eng ëffentlech-rechtlech Televisiounschaîne. Ech wëll mech net fir bebillert informéiert ze ginn, eenzeg an aléng op eng Privatchaîne verloossen mussen, der hire primairen Objektiv den Audimat an d’Klicken um Internetsit sinn, fir Pub ze verkafen. Zu esou engem ëffentlech-rechtlechen Modell gehéiert awer och dass d’Onofhängegkeet vum Sender garantéiert bleiwt. Mir si jo net zu Moskau, Ankara, Warschau oder Budapest. Wéi den 100komma7 säi 25. Gebuertsdag gefeiert huet, hun ech gutt nogelauschtert (a gemierkt dass ech eeler sinn well ech mech na ganz gutt un den Ufank erënneren ka vum Geheimradio).
Eng Tendenz fir de Genoss vu Suchtmëttel kann ech bei mir just beim Schockela a Kaffee feststellen. An och do ass et wéi bei villem: zevill a net genug war nach ni eng Mooss an et kënnt op d’Qualitéit un, zB bio a fair (brong gefierwten Zocker mat Fett ass kee Schockela). Dat ass d‘selwecht beim Cannabis. Wéi ech mir dat virstellen, fënnt een am Wahlprogramm vun déi gréng S. 71-72.
Wann d’Prostitutioun als liberale Beruff unerkannt gëtt, wéi Affekoten, dat wir dat ok an si wiren eventuel sozial verséchert, wann si dann effektiv op sech schaffen, wéi de Call-boy dee säi Studium finanzéiert (kritt hien dann nach Cedies?) oder d’Escortgirl déi sech buchen léisst fir een Dinner. Mee déi allermeescht sinn net onofhängeg. Dann ännert d’Unerkennung als liberale Beruff wat fir d’Prostituéiert? Villméi ass d’Prostitutioun Mënschenhandel an dat geet guer net.
Den 13. Oktober hun ech mech nach kuerz résuméiert :
Brécken tëschend de Mënschen, dorëms geet et mir. Dowéinst schaffen ech an engem soziale Beruff. Dofir setzen ech mech a méngen Bénévolater, notamment am Sport, an. Dowéinst sinn ech zënter 1995 bei déi gréng. Dat passt.
Gemeinsam Projeeën entwéckelen, drunn deelhuelen, matmaachen, matmëschen. Zesummen Ziler ereechen. Solidarisch. Gesellschaftliche Wuelstand geet nohalteg nëmmen an énger gesonder Ëmwelt und mateneen.
De 14. Oktober war ee schéinen Dag fir ons, déi gréng….an och fir d’Land.
An zwar, well et sech am Laf vum Owend eraus gestallt huet, dass gréng-blo-rout 2.0 weider schaffe kéint.
Mir kruten am Zentrum 114.429 Lëschtestëmmen an 73.361 Nominativstëmmen, dat waren 16,2 % vun de Stëmmen an 4 Sëtz an der Chamber. An den aner Bezierker krute mir am Süden 14,68 % (3 Sëtz), am Osten 16,52 % (1 Sëtz) an am Osten 16,52 % (1 Sëtz) vun de Stëmmen. National sinn dat 15,12 % respektiv 9 Sëtz. Ech krut 7.404 Stëmmen an gouf 16 vun 21, am ganzen 49. vun 189 Kandidaten am Bezierk Zentrum.
Et war vill besser wéi geduecht fir ons. D’Wahlparty am Atelier war spannend, ongewëss, euphoresch. Op dénger Säit war onst gutt Resultat, op der aner Säit d’Ongewëssheet op et fir nach eng Legislatur gréng-blo-rout géng duer goen. Mat den aner Member vum Comité exécutif (Nationalvirstand) vun der Partei, onsen Députéiert a Regierungsmember soutze mir am Séparée an hu gewaard, gerechent, gebaangt, gebabbelt, diskutéiert, spékuléiert, telefonéiert an un de Camille geduecht. Duerno hu mir am Sall matenee jubiléiert.
Manner euphoresch war ech iwwer mäi perséinleche Score. mee bon. Déi next Chamberwale sinn am Oktober 2023. Dann hun ech 58 Joer. Den Donald déisäits vum grousse Pull ass mat 70 President vu séngem Land ginn. Bis dohi gëtt geschafft.