Countdown -0 = Waldag
Ah zut! Scho nees net Buergermeeschter (mee éierlech, ech hat och net domat gerechent). Als 12. vun onser Lëscht ass dat och wäit ewäch vum Gemengerot (7. Ersatz) well mir hun 5. Sëtz kritt, esou vill wéi 2011. Den Détail hei
Mäin eenzel Resultat ass besser wéi 2011.
2017: 4.114 Stëmmen dovun 3.023 Lëschtestëmmen an 1.091 Eenzelstëmmen
2011: 3.256 Stëmmen dovun 2.535 Lëschtestëmmen an 721 Eenzelstëmmen
67 aner Kandidaten kruten méi Eenzelstëmmen: 5 vun der LSAP, 22 vun der CSV, 24 vun der DP, 11 grénger, 3 vun déi Lénk an och 1 an nach 1. Wat dës zwee ugeet: et ass fir sech ze schummen. Am ganzen sinn ech den 68. ginn vun 208 (2011 war ech den 80.). All d’Kandidaten vun der DP an der CSV kruten méi Stëmmen. An och zwee vun der LSAP an 11 grénger. Am Männerranking sinn ech den 4 vun déi gréng an den 33. vun 123 Kandidaten.
Sinn ech frou doriwwer? Nö! Ech freeën mech awer elo op e puer fräi Deeg, ouni papen, ouni Flyer verdeelen, ouni racolléieren.
D’urban Legend, dass wann een ee Numm huet dee ongënschteg am ABC läit, wéi zum Beispill een, dee mat engem „Z“ ugeet an een op läschter Plaz op der Lëscht ass, ass eben just eng Legend. Bei der CSV an DP hunn déi, déi als läscht op dem Walbulletin stoungen, beser ofgeschnidden, stëmmenméisseg an am Ranking. Si goufen direkt gewielt. Dee vun der LSAP war wéi ech, den 12. op sénger Lëscht, hat awer manner Stëmmen. All déi aner waren hannert mir. Just een ass wirklech de läschten bliwwen, ABC an Stëmmenméisseg.
Egal, mir hun als Partei, trotz der zum groussen Deel erneierter Lëscht, bäi gewonnen, vun 18,45 % op 19,26 %. Dat ass super!
An awer ass et traureg, well, ouni, dass mir désavouéiert gi sinn, am Géigenddeeel, mir an der Oppositioun lande können/werten. Dat ass de Wielerwëllen.
A jiddereen ass oppe fir Gespréicher.
Countdown -1 (06-10-2017)
Ech erlabe mir drop opmierksam ze maachen, dass d’Reihenfolg um Walbulletin, ausser denn zwou éischten Positiounen bei ons, déi gréng, Lëscht 1, alphabetesch ass. Sollt zum Beispill e mam „Z“ total vill Stëmme kréien, dann ass dat voll korrekt a sënnvoll.
All déi aner Regele sinn bei Wahlbureau affichéiert a stinn op der Convocatioun.
Ween dee mam „Z“ ass, ass gutt ze wëssen, schlisslech geet dorëmms deen/déi ze bestëmmen ween „the most wise and good“ ass fir fir the „common good of society“ ze schaffen fënnt een hei
Countdown -2 (06-10-2017)
Et muss ee schon ganz schlecht dru sinn als Automobilist, wann een ausgerechent virunn engem Grupp Grénger stoe bleiwt, well den Auto dämpt. Als hëllefsbereed Spezialisten hu mir ons direkt dru ginn: „et ass ee mat 8 Zylinder“ huet ee vun ons festgestallt nodeems de Capot op war an dem Damp sech verzunn hat. „Esou een ass net gemaach fir am Stau ze stoen“ huet een aneren vun ons bemierkt. De Chauffeur huet dunn emol léiwer de Pannendéngscht ugeruff. Mir hun weider ons Sëtzgummiën, Déplianten a Bikker verdeelt. Et mierkt ee schon, dass d’Leit gespaant sinn op watfir engem Eck mir, déi gréng Truppen, dann als next op si laueren. Jidderee freed sech wann hien ons begéint. Mir freeën ons wann de Verkéier fléisst: am Auto, um Velo, zu Fouss, am Bus am Tram.
Owes ware mir um Cents. Och do hu mir informéiert, raccoléiert, explizéiert, renseignéiert, campagnéiert. Mir goufen gefrot iwwer de next Wunnéngsbauprojeeën, an d’Schoulinfrastruktren an och d’Bréck fir op de Weimeschhaff. Als besonnege Gag hun ech de gelegentlech de Leit meng Foto ginn mam Hiweis op dat subtil Wuertspill de Zens fir de Cents. Toll, wat ee sech net alles afalen léisst. Kreativitéit, Originalitéit an Athenticitéit: elauter asets fir eng erfollegräich Campagne.
Erfollegräich ass och d’Hären Equipe vum Basket Racing zu Wierk gaang (hat ech schon ernimmt, dass ech zënter 6 Joer Pesident vum coolste Stater Basket Veräin sinn). Zesummen a mateneen hun ons Stater Jongen de Match gedréint a gewonnen. Den Tramsschapp stoung op der Kopp. E Sonndeg spillt den Tabelleleader beim Titelverteideger. Och do sinn ech gespaant.
Countdown -3 (05-10-2017)
Haut de Moien hu mir um Rond Point Schuman gewahlkämpft. Ons Bikker, Déplianten, Velosuedelüberzieher si fortgaange wéi waarm Bréidercher. D’Schüler ware frou well ons gréng Bikker schreiwen keng inhaltlech programmatesch Feeler, sou wäit ech dat iwwerbléken.
Den Owend ware mir um Kierchbierg fir ons gutt gréng Noriicht ze verbreeden. Gëschter ware mir zu Eech a Weimerskirch. Weimerskierch mam Schoettermarjal an de Kierchbierg beim Schoettermarjal an de Kiem, si mäi Revéier. 2011 haten mir do 21,3 % vun de Stëmme kritt. Dat war den héchsten Prozentsaz de Wahldag. Just bei der Bréifwahl hate mir méi Prozenter. An der Moyenne an der Stad louche mir bei 18,45 %. Mir kënnen dat besser a wëllen dat och.
Als Ofschloss a fir mech nees opzewiermen nom outdoor campaigning hun ech mir d‘,face-à-face op RTL Televisioun ugekuckt. Et war interessant. All d’Parteiën déi an der Stad Responsabilitéit iwwerhuelen wëlle, waren do vertrueden.
Mar si mir um Cents, onomatopäesch ganz no beim mir. Dono ginn ech an den alen Tramsschapp op de Lampertsbierg do spillt mäin Basket Racing um 20h45 géint den AB Contern. Venez nombreux encouragez notre équipe. Mam Bus Linnen 2 oder 4 (Arrêt Alen Tramsschapp) oder mam Auto, Entrée vum Parkhaus ass an der Avenue Pasteur. Velostänner virun der Dir. Open door 19H45.
Countdown -3,5 (05-10-2017, virun der Mëttesrascht)
Visiblement et ginn tatsächlech Leit déi mäi blog net liesen. Soss wéissten se, dass débatéieren, argumentéieren, sech der Diskussioun stellen, zu den demokratesche Prozesser gehéieren. An dat mat jidderengem. Et gëtt keen onwürdegen Diskussiounspartner. Ech wees net watfir ee Selbstverständnis ee muss hun, fir ze soen, deen do ass menger net würdeg oder anescht formuléiert: ech fanne mech ze gutt fir deen.
Jiddereen dee sech politesch, demokratesch engagéiert, verdéngt respektéiert ze ginn. Schon eleng nëmmen well Deen sech dem Débat stellt a nët näischt mécht, fir herno just ze meckeren an et besser gewosst ze hätten-hun. Dat gëllt och wann ee mat deem, wat deen Aner inhaltlech mengt, net d’accord ass. Demokratie fonctionnéiert nëmmen dann wann Ideeën ausgetosch ginn. Et ass befremdlech wann ee sech da selwer aus dem demokratesche Prozess erausmanövréiert.
Et ass och een Zeechen vun zolidem Arbitraire, wann een op der enger Säit non-chalant ee redaktionnelle Choix, deem engem an d’Kaarten spillt, acceptéiert, wéi deemols wou vun der Inthronisatioun vu sech selwer als Spëtzekandidat an dono vun der Présentatioun vun den Truppen, méi Biller um Internet Site vun engem bestëmmten Medium waren, wéi vun all deenen aner Parteieën. Op der aner Säit awer, wann deeselwechte Medium de redaktionnelle Choix hëllt fir eng face-à-face Opstellung virzehuelen, no eegene Kriteren, zB. déi zwee erfahre Kandidaten géintëneen an déi zwee méi frëscher géinteneen, motzt. Motzen ass zwar kee politeschen Inhalt awer eng Ausso.
Wann ee keng politesch Ideeën huet, probéiert een et mat styleshen Fotoen oder Graffittideko oder de politeschen Géigener iwwerpapen, iertümlecherweis. Et kann een och nach hyperkinetesch twitteren. Et schéngt, alles ass gutt wat hëlleft bekannt ze maachen, op déi simplistesch Manéier. Dofir huet ee Spindoktoren an d’Medienberoder. Déi si jo dofir do, fir engem déi gutt Rotschléi ze ginn, wéi ee gewielt gëtt och ouni Fong. Just mat opfalen.
Dat ass Schued. Net gutt fir d’Sträitkultur an d’Demokratie. Et ass bizarre an op jiddwerfall net staatstragend oder buergermeeschtrabel.
Countdown -4 (04-10-2017)
Haut den Owend stoungen mir zu Eech. Do ass den Traffic schwireg. Dat hat ons Virgëschter ee Gréngwieler a Clausen schon allerheftegst erklärt. Trotzdeem géng hien ons nees wielen, well déi aner nach manner gutt sinn oder méi schlecht. Dat ass jo schon bal e Kompliment. De Mann huet recht wat déi aktuell Situatioun vum Verkéier ugeet an och wat séng Wiel ugeet: mir hun ee Plang a maachen Geschéck.
Haut de Moien huet den 100komma7 een Dossier gesend iwwer de Ban de Gasperech, den Déséquiliber tëschend Wunnraum an Aarbechtsplazen, der aktuell schwierger Verkéierssituatioun do, der ongeselleger Stroosseninfastruktur. D’Vertriederin vun der USIL (Unioun vun de Stater Interessenveräiner) an zwee Urbanisten hu sech geäussert.
Effektiv, et muss ee net vill rondrëm larvéieren: agreabel ass anescht wann een un de Moment denkt. Dëse ganze Projet zu Gasperech ass 2004 gestëmmt ginn am Gemengerot, mat der CSV am Schäfferot. Et gehéiert zum Politikprinzip vun der CSV dat een ze soen an de Contraire, zäitgläich: d’CSV war an der Stad dofir, den CSV Minister fir Landesplanung nët an hätt wollte gefrot ginn. Dës Widersprëch innerhalb vun dëser Partei schwetze net fir Zouverlässegkeet. Et kann een net wëssen wou een drunn ass. Dat ass vläicht pittoresk als Oppositioun a Vollekspartei all d’Meenungn déi et am Land gëtt, ze vertrieden an fir ze soueren a kritizéieren, mee dat ass keng Hëllef wann et dorëmms geet fir Geschéck ze maachen als politesch Responsabel. Aner Beispiller sinn den Tram deemols an de Pafendaller Lift: deemols hefteg dogéint gewiedert, elo als Fotomotiv fir d’Walcampagne. Tjo.
Mir gréng waren géint den deemolegen Projet um Ban de Gasperich. Wéi mir dunn an der Responsabilitéit waren, hu mir zesummen mam grousse Koalitiounspartner probéiert dat Bescht draus ze maachen. Net just de gréisste Park aus Stad gëtt gebaut, mee den Undeel u Wunnraum ass vervéierfacht ginn. Dat ware Verhandelungen tëschend dem Promoteur an dem blo-grénge Schäfferot. Och wat d’Mobilitéit ugeet: herno sinn do zesummenhängend Foussgänger a Velosweeër an den Tram, un deen deeemols do kee geduecht hat, och nët am MDDI. Am Moment awer ass et do désagréabel fir jiddereen. Dat krute mir kloer awer héiflech gesot an onser Walversammelung e Méindeg.
Dass Planungsfeeler verännert gi kënne, gesäit een um Kierchbierg, do gëtt elo vill gebaut, ëmgebaut. De Bvd John F. Kennedy, deemols fir Autoën gebaut, gëtt verwandelt an ee conviviale Boulevard mat Raum fir ze flanéieren, ze pédaléieren, ze traméieren a ze véhiculéieren. Gemittlech a fonctionnell.
An der u.g. Sendung ass d’Relatioun Awunner-Aarbechtsplazen an de Wuestum vun an an der Stad ugeschwat ginn. Wuestum muss gesteiert ginn. Dat soll keng Planwirtschaft sinn, mee et geet dorëms déi eenezel Dynamiken ze tesselen. Dat ass ganz gréng, wéi am Gaard mat den Tomaten, Porretten a Laitue. getesselt wiisst et besser.
Countdown -5 (03-10-2017)
Demokratie fonctionnéiert nëmmen dann, wann de Fong, d’Grondwerter vun deenen een ausgeet, offen ausgeschwat ginn. Esou Grondwerter huet jiddereen. Sollt zumindest jiddereen hun deen an der Politik matmëschen wëll. Déi Iwwerzeegungen musse jo kënnen hannerfrot ginn. D’Leit si verschidden, deemno och hir Werter. Heiansdo just an homeopatheschen Gréissten, heiansdo extrême, meeschtens iergendwou dotëschend. Alles wat esou an de politeschen Débat afléisst, muss können a soll hannerfrot ginn. Dat ass d’Viraussetzung fir eng offen, pluralistesch Diskussioun, fir d’Demokratie. D’Zil ass et dann fir Léisungen ze fannen a Geschéck ze maachen. Ech gi fir mäin Deel dovunn aus dass:
Nature first
Doriwwer misst am Fong net diskutéiert ginn: ouni gesond Natur geet et nët. Punkt! Dir erënnert iech aus der Schoul: d‘Loft geet beim Otmen an d’Longen eran a nees eraus. Si ass also ganz déif an ons drann a wéi seet de Volleksmond: léiwer propper dobannen, wéi knaschteg nobaussen.
D’selwecht ass et mam Waasser a Gefrups. Deen eenzegen Wee, eng gesond i.e. biopluralistesch an dynameschstabil Natur ze hun, ze behalen oder nees zréck ze kréien, ass der Natur net méi ewäch ze huelen, wéi si selwer verschaffen kann, wéi si verdréit a nees hirstellen kann, fir dass si hiren Equiliber behale kann. Also mussen mir d’Natur hegen a pflegen an esou der Biosphère, Atmosphère, Hydrosphère, Kryosphère, Lithosphère, Egosphère,… et erméiglechen ze fonctionnéieren.
D’Natur gëtt de Rhythmus vir. Dat hu mir ze respektéieren, an der Theorie an och an der Praxis. Permanent. Mir sinn der Natur egal, mee mir brauchen d’Natur. Mir sinn een Deel dovun. De Mënsch als een Deel vun der Natur gräift iergendwéi a bestänneg an d’Natur an. Dem Mënsch säin Undeel an a vun der Natur gëtt permanent méi grouss via Vitesse an Quantitéit. Dat ass problematesch. Well mir zu méi sinn, verbrauchen mir ëmmer méi. Vun Allem. A méi séier. Dat wat mir maachen beaflosst de System. Emmer méi séier an ëmmer méi. Des Steigerungen hypothékéieren awer d’Stabiliéit vum ganze System. Een onstabile System ass kee gudde System. Da fonctionnéiert dat Ganzt nët. An dann hätte mir ee Problem.
Am Sënn vun der Natur ze handelen heescht och un dem Mënsch séng Kreativitéit gleewen wéi seng Influenz op de System mat séngem dynameschen Equiliber, sech positiv auswierkt. Mir hu mat eng Responsabilitéit. Mir hun eng Aufgab. Eenzeln an zesummen. Verhalen änneren, sech méi suergfälteg behuelen, heescht awer net méi schlecht liewen.
D’Besoinën vun der Natur limitéieren anscheinend d’Fräiheet, déi individuel an déi kollektiv. Awer just op den éischte Bléck. D’Natur ze schützen, heescht och ee Liewen mat méi Fräiheet ze verteidegen: wann d’Quellwaasser, dat mir aus dem Krunn kréien, net méi propper ass, si mir gezwongen Waasser bei Nestlé ze kafen. Wann de Buedem verknascht ass, kafen mir Uebst a Geméiss bei Monzanto a wann d’Loft verpescht ass, kafen mir propperer beim Monopolist. Dat ass net d’Fräiheet wéi ech mir se virstellen.
Fräiheet, vum latäineschen liber
Fräiheet heescht net, dass ee keng Responsabilitéit a Pflichten huet, mee dass een sech selwer fir des Pflichten a Responsabilitéit décidéiert huet. De gesellschaftlechen Liberalismus ass aus dem gesellschaftlechen Absolutismus entstanen, deemols, an der Zäit an der een Eenzelnen (oder ee Groupuscule) alles ze mellen hat an déi aner näischt. Dat war op eemol net méi esou gutt ukomm. Et gouf gemierkt, dass deen Eenzelnen och eppes kann, därfe soll an ze mellen hätt. Deemno huet Liberalismus mat Fräiheet ze dinn, opgeklärt sinn, tolerant sinn a fräit denken, ouni Virurteel. A mat Pluralismus, well elauter verschiddener Eenzelener si vill verschidden Eenzelner, also Vill, ee Grupp, ee Gonglomerat, eng Gesellschaft. Een zesummen a mateenen Dings.

Et därf een Liberalismus net verwiesselen mat Wirtschaftsliberalismus a Manchesterkapitalismus, wéi en vun de Shareholdervalue Apostelen propagéiert a verbreed gouf a gëtt. Do gëtt gemengt, dass alles wat machbar ass och erlaabt ass an deemno gemaach gi soll an dass, an enger zweeter Etap, de Maart alles regelt…. Dat ass awer net esou. Och de Maart brauch Regelen fir dass den enterpreneurialen Geescht séng Kreativitéit entweckelen kann, z. B. Rechtssëcherheet. D’Geschicht vun der onsichtbarer Hand déi alles regelt, ass eng nawell arbitraire Extrapolatioun, eraus gerappt aus dem mikroeconomeschen, regional limitéierten schotteschen Kontext vum Adam Smith am 18. Jorhonnert. Eng Geschichte eben.
Déi gréissten Ferventen vun der Fräiheet, och a virun allem déi vum ekonomëschen „et ass alles erlaabt“ an d’Verteideger vun der propriété privée, notamment vis-à-vis vum Staat, vergiesse komëscherdéngs all ze dax, dass grad hir Affairen an hire Besëtz vum an duerch de Staat vun i.e. der pluralistescher, demokratescher Gesellschaft an hire Regelen, géintiwwer Willkür an Anarchie, geschützt ginn. Een dee vill huet kritt vill geschützt. Dat gesot, richteg liberal ass breed op gestallt sinn, mat selbstverständlechem Inklusiounsimpuls, schlisslech ass een ee fräien Eenzelnen vu ville verschiddenen Eenzelnen, déi all den Usproch hun, innerhalb vun de Regelen, sech selwer ze verwierklechen a selwer ze bestëmmen. An eegenresponsabel ze sinn.
Ups! Selwer responsabel? Net engem d’Schold ginn? Dat kann erschrecken, wéinst de villen Onbekannte Gréissten. Tjo! D’Liewen ass ee wäit Feld. Awer et ass een jo net aleng.
Kompromëss, zevill a net genug
„Zevill a net genug, dat war nach ni eng Mooss“ sot meng Bom. Eng gutt Fra. Zevill a net genug héiert een och dax wa riets ass vun Kompromësser an der grousser a klenger Politik. Zevill deem Aneren séngen Positiounen an Argumenter no ginn a net genug eegener duerch gesat kréien. Et géiff sech just op dee kléngsten gemeinsamen Nenner gëeenegt, gëtt gesot. Vun engem schwaache Kompromëss ass da riets. Dat kann een esou gesinn.
Et kann een och op sénger Postioun campéieren. Dat schéngt op den éischte Bléck konsequent. Da geet et e bësse wéi mat enger futtisser Auer: zwee Mol am Dag ass se richteg. Mee et riskéiert een net mat ze kréien wat d’Auer geschloen huet. Fir Ideeën kënnen aus ze tauschen, mussen d’Partiën mol iwwerhat Ideeën hun. Sech op „ee Kräiz ass séier gemaach“ Substanz ze limitéieren ass aarmséileg an dréit näischt zum qualitativen Débat bäi an ass keng Hëllef fir virun ze kommen.

Aner, sou ähnlech Kaliber, déi sech fir besonnesch clever halen, vertrieden all d’Meenungen a posaunen dono, dass si dat jo och gesot haten. Och dat ass just pathetesch. Fir sech fir Eppes ze décidéieren, heescht eppes Aneres z’éléminéieren. Eppes ze refuséieren, heescht awer och eppes Aneres unhuelen. An ëmgedréint. Ee Kompromëss évitéiert de politeschen Pingpong: deen Een féiert eppes Extremes an, dee Nexten schaaft et nees op, et cetera…. Deemno ass ee Kompromëss net eppes Nihilistesches oder Schwaaches, mee eppes Staarkes.
Ee Kompromëss oder eppes ausschaffen ass jo net een Automatismus a net d’Resultat vun iergendengen, savanten Kalkülen, mee et ass ee Prozess dee vu Mënsche gefouert gëtt a hire Meenungen, Positiounen an Argumenter. Fir ee Kompromëss brauch een verschidde Meenungen, Ideeën, Positiounen, Argumenter déi sech begéinen. Staark, géigensätzlech Postiounen sinn een essentielle Bestandeel vum politeschen Prozess an Décisiounen. Dozou gehéiert och Realismus vs Idealismus. An alles wat an de politeschen Débat afléisst kann diskutéiert, kritiséiert, contestéiert ginn. De Kompromëss huet deemno eppes mat Pluralismus ze dinn an zouloossen, dass déi Aner, wa méiglech vill Anerer, hir Meenung ausdrécken.
Natiirlech ass all Säit iwwerzeegt, dass hir Argumenter déi richteg sinn a méi staark sinn wéi deenen Aneren hir. Entspriechend fënnt een dann, dass de Kompromëss méi schwaach ass wéi séng eegen Positioun. Effektiv schwächt ee Kompromëss d’extrême Positiounen of. Ee Kompromëss bedeit awer och, deem aner séng staark Positiounen un ze erkennen an entspriechend afléissen ze loossen. Ouni den Usproch ze hun, dass déi eng Positioun der aner Positioun iwwerleeën ass an dass een se dann ewäch maachen wëll oder assimiliéieren. Et geet dorëms, dat Allerbescht aus dem pluralisteschen Austausch ze zéien, well desen Austausch inspiréiert an erlaabt op de nexte Level ze kommen. Dat ass staark a wierkt.
Matmaachen, deelhun an d’Délégatioun dovun fir Geschéck ze maachen
Mir liewen jo an enger Demokratie wou jhiddereen matschwetzen an deelhuele kann, därf, soll, misst. Och wann an der Demokratie, esou wéi mir se kennen, eng grouss Parti vun den individuelle Kompetenzen déléguéiert ginn, u gewielten Politiker an deemno wéi, un Experten. Dat war schon ëmmer esou: bei den ale Griechen duerch d’Selektioun ween wielen därf a suguer no de Revolutiounen an Frankräich an an de Vereenegten Staaten „ to depute power from the many, to a few of the most wise and good“ un déi déi “possess most wirdom to discern, and most virtue to pursue, the common good of society“. Dat setzt och Vertrauen viraus un déi déi ee représentéieren.

Mee trotzdeem, jhiddereen huet niewend sengem Drang sech selwer ze verwierklech a selwer ze bestëmmen, eng civil Responsabilitéit. Et geet net duer anzwouch ze wunnen an zefridden ze sinn oder net. Et muss een sech betraff fillen a sech abréngen. Natiirlech, ech sinn ech, an d’Haut ass méi no wéi d’Hiem. Eng Gesellschaft besteet aus Individuën mat hiren eegene Interessi, Repèren, etc. Et mecht an deet een vir seng eegen Saach. Just wa jhiddereen esou denkt, da geschidd net vill.
Motzen, wann et net esou goung wéi ee wollt, ouni dass ee virdrunn de Fanger kromm gemaach hat, gëllt net. Et gëllt awer, dass wouriwwer deen Eenzelnen matschwetzen wëll nawell verschidden ass: dat geet vum Weltfridden iwwer Europa via de PAG a PAP bis zum Trottoir virun der Dir. Et ass dat wat no ass, dat wat ee kennt, mengt ze kennen an hofft an denkt kënnen ze beaflossen. Am Fong geet et dorëms selwer ze bestëmmen. Responsabilitéit fir dat eegent Lieewen iwwerhuelen ze kënnen.
De Spektrum vum Beaflossbaren schéngt awer zum daxten nawell kleng, mikroskopesch, homeopathesch. Dat ass eng Saach vu Perspektiv an ass alles ok. Déi eng maachen Lobbyaarbecht fir hir Member, déi aner eben fir hir. Lobbygruppen schwetzen nir fir d’Leit all. Ee rôle vun der Politik am demokrateschen Prozess ass fir tëschend de Gruppen ze vermëttelen, fir fir een Ausgläich ze suergen. Dat bedeit dann och, dass een sech net ewächduckt wann déi verschidden Iddeeën openeen treffen. Fir dësen Ausgläich brauch de Politiker Courage.
Et geet em Participatioun virun allem am deliberativen Prozes wann een eppes aussschafft, plangt, schaaft. Enner anereme eng breed Diskussioun ass d’Basis vun der Demokratie. Si schaaft Légitimitéit i.e. Support. Nom délibéréieren, diskutéiert, débattéieren a plangen ass et Zäit fir ze maachen an ze doen, ze décidéieren. Opportunistesch Politiker ouni Courage drécken sech folgendermoossen aus „Wir wissen alle, was wir zu tun hätten. Aber wir wissen nicht wie wir danach noch Wahlen gewinnen können“**.
Eng gutt Politik nämlech, esou sot mäin Monni Emil séileg, CSV a Minister an de 60er Joren, huet dax eréicht een Effet vill Joren méi spéit. Dotëschend si Walen. Fir Geschéck ze maachen brauch een Légitimitéit, Expertise a Courage.
* Gegen Wahlen , David Van Reybrouck, Wallstein Verlag, Amsterdam, 2013, p. 91 **Die Kunst der Freiheit, Alexander Van der Bellen zitéiert den JCJ, Wien, Brandstätter, 2015, p.100
Countdown -6 (02-10-2017)
Haut ass d’lettre de convocation fir nexte Sonndeg (da sinn d’Gemengewahlen) ukomm. An der Stad hun d’Leit 27 Stëmmen fir déi 27 Memberen vum Gemengerot ze bestëmmen.
An der Demokratie geet et dorëmms duerch Wahlen, esou d’Pappen vun der US Demokratie deemols „to depute power from the many, to a few of the most wise and good“ déi ze bestëmmen, déi „who posses most wisdom to discern, and most virtue to pursue, the common good of society“
Haut war d’Présentatioun via fb vu mengen Ideeën. All Dag présentéieren mir op fb een aneren vun onsen 27 Topleit. Datselwecht kënnt dëser Deeg och nach impriméiert bei d’Leit. Eng flott Brochure. Onbedéngt kucken, liesen, genéissen, grad wéi och déi mat onsem Programm.
Mir waren den Owend zu Zéisséng a Gaasperech um Tour. Wéi ëmmer léierräich, ofwiesselungsräich an kuerzweileg.
Countdown -8-7 (30.09 an 01-10-2017)
„Quand un schizophrène, est-ce que l’autre accélère?“. Dëser Deeg hun ech dëse Sproch an engem Service gesinn , deem séng Mataarbechter sech mat vill Engagement, Geschéck a Wëssen em Leit a Nout këmmeren. Op deen éischten Bléck een amusant Wuertspill, dat awer virun allem ausdréckt, wéi villschichteg et ass, sech ëm Leit um Bord vun der Gesellschaft ze këmmeren.

De Weekend stoung ganz am Zeechen vu Bouneweg. De Saisonufank an de Rotondes, flott Wieder am Park Kaltreis a d’Porte ouverte vun de Veräiner vu Bouneweg: vun de Volleyballer vun der Gym, dem T.C. Bonnevoie, bis Chorale Sainte Cécile an d’Fanfare. Zu Bouneweg ass vill lass. Et ass vill geschidd. A villes geschidd. Villes ass och geschidd fir déi, déi zu Bouneweg net esou appréciéiert ginn.
D’Stad Lëtzebuerg huet sech een Aktiounsplang ginn an ëmgesat. Dee gëtt och weider ugepasst an ëmgesat. Fir déi déi am iwwelsten drunn sinn, ganz um Bord vun der Gesellschaft, si verschidde Strukturen opgemaach ginn. Verschidden, well d’Problemer eben ganz verschidden sinn an eng differenzéiert Approche noutwendeg. D’Gemeng schafft schon joerelaang mat Vereenegungen wéi „Stëmm vun der Strooss“, Inter-Actions, dem Roude Kräiz an der Caritas. An der Stad gëtt ee Besoin identifizéiert. Mat den Partner Organisatiounen gëtt eng entspriechend Struktur geschafen mam néidegen Personal, zB Streetworker an Infrastrukturen.
Eben esou ugepasst wéi méiglech a néideg. Vun ganz nidderschwelleg bis méi élaboréiert. Ech fannen, dass esou eng verschiddentlech Approche absolut richteg ass an dass een sech dat soll eppes kaschten loossen. Déi Responsabel vun der Gemeng hun dat richteg erkannt. Et ass näischt aneres wéi just, dass wann een als Gesellschaft ee Modell an der de Wuelstand vun der Majoritéit och op déi besonnesch Behandelung vun deen ganz riets vun der courbe de Gauss baséiert, da muss een dat och fir déi ganz lénks vun der courbe de Gauss.

Fir z’évitéieren, dass et iwwerhat zu esou schwireg Liewenssituatiounen kënnt, ginn Haushalter mat klengem Akommes gehollef mat dem vereinfachten accès un d’allocation de vie chère, mat méi Sozialwunnengen, mat Hëllefen géint Energieaarmut. Dozou gehéiert och Inkusiounsaktiounen, design for all an Aktiounen fir Leit am Alter.

E Sonndeg war ech fir Pappendag bei mäi Papp. Evidemment fillt hien sech absolut net als Alen.


Natiirlech waren mir e Samsdeg och nees um Maart um Knuedler a si soss de Leit ons gutt gréng Noriichten ze bréngen op onsem Tour duerch d’Stad.

PS: wann dat Aaschlach, dat mir deser Deeg de Mountainbike aus der Garage geklaut huet, domatt vollfett op d’Suckel geet, ass dat ganz ok.
Countdown -9 (29-09-2017)
Haut de Moien war um 100komma7 den Dossier vum Dag de Wunnengsmaart an der Stad „Lëtzebuerg: kleng Stadt, héich Präisser“. Hei
Wisou sinn d’Präisser esou héich? Ween kann sech nach eng Wunneng leeschten an der Stad. Et ass wéinst den Expats mat den héijen, iwwerduerchschnëttlechen Peiën déi all Präiss bezuelen kéinnten soen Leit aus der Immobilien-Promotiouns Branche. Et ass wéintst den Ëmwelt- an Energieoplagen, seet een aus der Baubranche. An d’Peiën vun den Aarbechter.
Alles schéin a gutt, mee de Wunnmaart boomt well d’Stad boomt an d’Land boomt. Wuesstum iwwerall.
A keng Partei géng richteg prezis soë wat si dogéint ënnerhuelen wéilt. Fir all déi, déi un déi einfach Léisung gleewen: et gëtt se nët.
Mir gréng hun e puer Léisungsusäz: mir schafen bezuelbare Wunnraum op deenen Terrainën déi der Stad Lëtzebuerg gehéieren. Dat sinn zB déi grouss Arealer vum a beim Josy Barthel Stadion, um Terrain vu Villeroy et Boch wou d’Gemeng elo Matpropriétaire ass, zu Gasperech, Porte de Hollerich, etc. Virun allem Locatiounswunnengen ginn do geschafen. De Baulückenprogramm gëtt weider gemaach.
D’Zesummenaarbecht mat der Agence immobilière sociale gëtt ausgebaut. Esou ginn eidel Wunnengen mobiliséiert dat heescht si ginn bewunnt.

Mir ënnerstëtzen nei Wunnformen, Wunnkooperativen an och intergenerationnel. Mir lancéieren een Investitiounsprogramm fir Leit mat nidderegen Akommes ze hëllefen hir Wunneg energietechnesch op de beschten Stand ze bréngen.
Eng Taxe fir Wunnengen déi ouni valabelen (dat wir ze définéieren) Grond all ze laang (dat wir och ze définéieren) eidel stinn ass eng einfach Idee. Ech froen mech awer wéi dat goen soll ouni dass et ongerecht gëtt? Als éischt brauch een eng Bestandsopnahm. Dat gouf schon probéiert, mee ass aus formale Grënn näischt ginn. Et misst een nach eng Kéier maachen, schon aléng nëmmen fir ze wëssen iwwer wat mir schwetzen wa behaapt gëtt, et stéingen vill Wunnengen eidel oder et géngen der vill désaffectéiert ginn am Sënn vun aus Wunneng gëtt Bureau.
Dann brauch een eng Method, déi zouverlässeg a gerecht erlaabt ze bestëmmen, watfir eng Wunneng misst taxéiert ginn. Bei Eefamilienheiser ass et einfach: et hëllt een zB de Stroum oder Waasserverbrauch. Bei Residence mat méi Wunnengen geet et schon net méi well de Compteur am agang vum Gebei ass. Déi eenzel Ofrechnungen si Privatsaach.

Mir waren haut zu Hollerech ënnerwee. Wéi ëmmer vill Passage, vill Froën, Äntwerten. D’Stëmmung war gutt. Do huet ee gutt Informéierten joncken Bierger vill insistéiert an deem Domaine. Ee flotten Challenge nom Motto „iwwerzeeg mech“.

Fir sech an Privates anzemëschen brauch een an engem Rechtsstaat d’Erlabnis vun der Justiz an eng gutt Ursaach, vereinfacht Verdacht op ee „Strafbestand“. Eng Wunneng eidel stoen loossen ass dat nët. Et ass je no point de vue net solidaresch oder moralesch ok, awer eppes kriminelles ass et nët (nach nët). Just ee Geriicht kann bei ons, an dat ass och gutt esou, bei Verdacht, deen ee begrënnen, noweisen muss, een Eindringen an d’Privatliewen erlaben. An dat ass och gutt esou. Alles aneschters ass Willkür. Eng Zort Willkür vis-à-vis vum Eenzelenen. Et awer och eng Zort Willkür vis-à-vis vun der Allgemengheet fir Wunnengen eidel stoen ze loossen oder Bauterrainën net ze bebauen just nëmmen fir ze spéculéieren. Mee dat mécht jo keen! Gell?
Wéi een sënnvoll Gebrauch ka maachen vun Gemeier en attendant eppes Neies, Anerers hu mir no onsem Tour zu Hollerech am Restaurant „Syriously“ erliewt. Ze recommandéieren.

Et ass skanadaléis watfir Iertümer beim Paaapen a Walcampagnen kënnen geschéihen!!! Gutt dass bei ons de Mike dat alles esou akribesch a regelkonform organiséiert huet. Hien war och ons 3 Panneauën nees bei P&Ch sichen déi onglécklech stoungen. Dat war een Iertum. Heiansdo tauchen och nees Kandidaten vun aner Walen um Panneau nees op. Näischt geschidd.
Countdown -10 (38-09-2017)
Mir haten um fréien Präowend de Stand um Weimeschhaff nach net opgeriicht, du si mir schon abordéiert ginn, voller Energie. Positiver Energie, mat der Fro wéini, dass d’Bréck fir op den Cents gebaut gëtt. Den Här investéiert vill Energie all Dag fir vu séngem Wunnquartier (Cents) a säi Schaffquartier (Kierchbierg) an zréck: flaach, biergof, biergop, flaach zu Fouss bzw. mat der Trottinette am mam Bus. Douce mobil awer et kéint méi einfach goën a familijenfrëndlech mat enger Bréck. Wéi mir um Punkt waren de Stand nees of ze riichten, koum een aneren Här an huet och no der Bréck gefrot. Aus deemselwechten Grond. 2-0 fir d’Breck an de Lift!

Vill Energie produzéiert Luxenergie um Kierchbierg: 76.000 Megawatt Hëtzt an 22.400 Megawatt Stroum ginn do vun elo zu iwwer der Halschend aus Biomass, Waasserdamp a Holzpellets, produzéiert. Dat ass nët nëmmen ee grousse Schrëtt a Richtung gréng Energie, mee och nach ee Stéck ewäch vun der Ofhängegkeet ewäch vun de Exportslänner vu Gas mat sulfurösëm Ruff.

Mir, Lëtzebuerg, d’Land an d’Stad, hun enge Responsabilitéit a Saache Klimaschutz. Mir hun ons engagéiert (hei) a musse Geschéck maachen fir dësen Enggement n ze hlen. Dat ass an onser aller Interessi. Dofir gëtt de Volet Energie am Emweltaktiounsplang virugedriwwen. Dozou gehéiert eng Campagne fir d’Haushalter an d’Betriber, virun allem fir Energie ze spueren. Duerch ee verfeinerten Monotoring gëtt den Energieverbrauch vun der gemeng optimiséiert. Duerch den Afloss vun der Stad bei ENOVOS/CREOS gëtt do d’Energiepolitik a Richtung nohalteg gepusht.
All déi Saachen sinn an der ligne vun deem wat schon an de läschten Joren hei gemaach goufen. Déi zéng Joer Ëmweltaktiounsplang hu gewierkt, zB. den Undeel vun erneierbarer Energie ass erop gaang. Mir werten Gemeinschaftsanlagen fir Photovoltaik initiéieren a promouvéieren. De Solarkadaster ass färdeg, zougänglech an een Deel vum Ganzen.

Nach ier d’Sonn Moies prett war hu mir um Viaduc op der Paserelle den Cyclisten Velosëtzhoussen verdeelt, bis épuisement du stock. Net jidderen hat verstanen wat de korrekte Gebruch dovun ass.



Dono hun ech meng Binette um Kierchbierg an um Kiem verdeelt. D’Leit sollen wëssen ween hire Gréngen aus dem Quartier ass. Net just fir den 8. Oktober, mee och dono well gréng wierkt besser mateneen. Wivill Stëmmen meng Bréifkëschten Aktioun ausmécht (Gewënn/Verloscht) weess ech net. Mee eppes ass sécher: elo wou Jiddereen mech erkennt ass et net méi fir dobaussen mam Fanger an der Nues ze wullen.
Countdown -11 (27-09-2017)
Haut war de Merel-Belairer Dag. De Moien war d’Aweiung vun dem Schoulkomplex Charel de IV. Am spéiden Nomëtteg oder Präowend hu mir do am Quartier d’Passanten mat gréngen Informatioun erfreet. Dono war ons ons drëtt Walversammelung.
Meng Tata Marianne ass zu Merel bekannt, net just wéinst hiren dräi Duechteren, dem Christine, Liz a Fanny, mee och wéinst hire Muppen, deemols de Cookie, elo huet si d’Léini. Fréier huet si mech souple a svelte Leefer, beim Marathonlaf duerch d’Stad bei sech am Eck ugefeiert. Mäin treisten Marathon-Supporter! Elo lafen ech kee Marathon méi, d’Tata Marianne rodéiert awer all Dag nach mam Rauhaardackel rondrëm de Block.
D’Léini huet et gutt bei hir. Hatt hätt et och gutt bei ons, déi gréng. Net nëmmen wéinst dem Claudie Reyland, onser léiwer Team-Vétérinairin, mee och well déi meescht vun ons als Vegetarier keng Muppe frupsen an well mir ee Bëschkiefecht fir Hausdéieren ariichten. An de läschten Joren hu mir vill Spillwisen fir Muppen bei verschiddenen Spillplazen ageriicht. Jidderengem säin Territoire.
Mir brauchen an der Stad gréngen Territoire, fir all dat Gedéiesch wat esou kreucht und fleucht an emminent wichteg ass fir d’Stabilitéit vum ganzen System. Zum System gehéieren och d’Beiën. Een onstabile System ass kee gudde System. Da fonctionnéiert dat Ganzt net an dann hätte mir ee Problem. Als gréng an der Stad wëlle a musse mir onsen Deel zu der dynamescher Stabilitéit vum System bäidroën.
An deem Sënn werten mir d’Péitruss renaturéieren an de Park nei maachen, méi gemittlech, fir dass ee sech besser do erhuele kann. An der Péitruss joggen ass dann ëmmer nach méiglech.
De neien PAG gesäit vir, dass déi verschidden Gréngflächen an der Stad mateneen verbonne ginn zum Beispill gëtt de Park zu Zéisseng laanscht d’Péitruss vergréissert a mam Péitrussdall zu Hollerech verbonnen. Dofir gëtt och an de Quartierën a Baugebidder gëtt geréngt. Fir ons een absolute Must am urbanen Raum. Och dat ass wichteg fir de ganze System. Vum Krabbeldéier bis de Wollef. An alles ouni Pestiziden.
Mir verbesseren de Waasserschutz, der Ëmweltaktiounsplang gëtt weider entwéckelt. Gréngs kënnt duer wou et gebraucht gëtt a gutt fir de Mënsch. De Mënsch als Deel vun der Natur. Huch ! Mir si jo eng Oekopartei! D’Original!!
De Moien ass de Schoulkomplex Charles IV ageweit ginn. Et ass déi zweet Schoul déi an de läschten Deeg hir Diren opgemaach huet. Déi aner ass déi a Clausen. Architektonesch wonnerbar Gebeier, wéi mir dat aus der Stad kennen. An natiirlech fonctionnel. Trotz aller Schéinheet, et kënnt bei Schoulen manner op d’Hüls un, wéi ob dat bannendrann. D’Schüler, d’Enseignanten an d’Educateuren stinn bei grénger Schoulpolitik am Zentrum. D’Kanner sinn d’Géigewaart ëm déi een sech elo muss këmmeren, fir dass si an Zukunft frou a positiv Erwuessener sinn.
Am Sënn vu Chancegläicheet werte mir an alle Quartierën Crèchen vun der Stad-Lëtzebuerg a Ganzdagsschoulen ariichten. Och eng Bëschspillschoul hu mir um Programm, grad wéi eng Jugendkonschtschoul including „School of Rock“, „School of Poetry’n Lyrics“, „School of fine and plastic arts”, “School of motion pictures”,….. alles fir d’Kreativitéit. Kreativ ass wichteg, och ekonomesch, wëssenschaftlech, mënschlech, fir frou ze sinn.
Beim Stroossewalkampf an der avenue du 10 Septembre si mir villes gefrot ginn, vill geluewt ginn, kruten dax léif gelaacht a vill Gléck gewënscht. Dono goung et an d’avenue Gaston Diderich fir ons drëtt Wahlversammelung.
Och haut hate mir ee volle Programm. Dat ass alles geplangt, gutt duerchduecht a koordonnéiert. Erweidert gouf onsen Dagesprogramm onerwaard duerch de Asaz vun de Stater Pompjeeën kuerz ir et am St Jean sollt lass goen. Eng Véierelstonn Verspéidung bréngtons gréng net aus der Rou. D’Catia, de Carlo an de Nico hun ons programmatesch Schwéierpunkten virgestallt. De François an d’Sam duerno déi kritesch Froen beäntwert.
Countdown -12 (26-09-2017)
Haut hate mir ons zweet Wahlversammlung. An der Victor Hugo Hal konnte mir nach méi Gäscht wéi Gëschter zu Bouneweg begréissen. Mir hu nach musse Still bäistellen. Et war u mir fir ons Ideeën a Saachen Mobilitéit virzestellen. De Cyrille hat Gëschter d’Lat als absoluten Topfachmann schon ganz héich geluecht. Ech hu mäi Bescht gemaach.
Hei de Text deen ech mir prépariert hat. Ech hat mech an der Opreegung net exakt dru gehal.
Méng Mamm, d’Gritty Omes, huet als klengt Kand an der Fresez Strooss gewunnt. Dono an der rue Michel Lentz. Dat war wéi mäi Papp vum Verlurekascht bei si freie gefur ass. Mam Tram.
Deen Tram vun deemols gëtt elo nët méi. E war net méi zäitgeméiss. Duerfir gëtt et elo een Neien.
Dëse Weekend war déi gréissten Porte ouverte bei engem Tram vun allen Zäiten. Honnertdausende Leit konnten sech iwwerzeegen wéi groussarteg dëse modernen Tram fonctionnéieren wert.
D’Stad aléng brauch dësen Tram net. An den Tram eléng, léisst och net all d’Verkéiersproblemer. Dat geet just am Zesummespill vun a mat all deenen aneren Moosnahmen, déi mir gréng ugeleiert, ausgeféiert hun, a mat deenen mir elo am gaang sinn an och nach wëlles hun.
Eng vun deenen Moossnahmen war virun 14 Deeg : déi gréissten Ouverture vun enger Bréck ënner enger Bréck vun allen Zäiten: d’Vélo an d’Foussgängerbréck ënnert dem Pont Adolphe.
Ee Projet, eng onkonventionnel, kreativ Idee, déi virdrunn am Tirang leiën gelooss gouf. Vun engem Gréngen am Ministère a vun dëser Koalitioun gouf du Geschéck gemaach. Jiddereen ass elo begeeschtert.
De Pont Adolphe ass eng duebel Foussgängerbréck. Uewen an ënnen. D’Foussgänger hun hir Plaz an der Stad.
An der läschter Gemengelegislatur gouf ee plan d’action fir foussgänger opgestallt an ëmgesat, mat zum Beispill méi kuerzen Waardezäiten bei de roude Luuchten .
Mir werten eng zweet Analyse mat Plang an Ëmsetzung fir d’Foussgänger réaliséieren.
Fir d’Foussgänger kommen och, zum Beispill virun Schoulen, shared space Zonen mat méi lueser Vitesse a fir méi Sécherheet fir d’Foussgänger.
Fir d’Véloën bauen mir d’Velostrecken an der Stad nach weider aus, et sinn der an de läschten Joeren bal 100 Km bäi komm.
A mir d’Vélosstrecken bauen se ëm. Mir si fir méi sécuriséierten Velosweeër. Mir trennen wou et iwwwerall méiglech ass. Duerch déi nei Urbanisatioun notamment duerch den Tram, ginn ganz Stroossen a Weeër an deem Sënn nei gestallt.
Am séiersten wert een dat um Bd JF Kennedy um Kierchbierg gesinn. Och z. Bsp. déi nei Avenue gëtt mat getrennten, sécheren Pisten gebaut.
Wou et méiglech ass trennen mir fir méi Sécherheet. Dat ass net onbedéngt einfach. Hei um Lampertsbierg gouf eng Velosstreck duerch d’avenue Pasteur an d’Gespréich bruecht. Et ass nun emol sou, dass wann een eppes bäimëcht op engem limitéierten Raum, gëtt eppes ewächgeholl. Dat wiren Parkplazen. Elo ass dat op eemol net méi esou evident.
Ech wëll soen: mir verspriechen net egal wat just well et gutt kléngt. Mee mir verspriechen iwwerall wou et méiglech ass, sécuriséiert Velosweeër a Strecken z’installéieren. Et därf een gréng technesch Kreativitéit net ënnerschätzen. Och net hei fir de Lampertsbierg.
D’Zil ass a bleiwt, dass méi mam Velo gefuer gëtt. Wéi mir gréng ugefaangen hun, louch den Undeel vum Velo an der Stad an homeopateschen Gréissten. Elo gehéiert de Velo zum Stadbild.
D’Bréck vum Cents op de Weimeschaff an ee Lift fir an d’Neiduerf sollen och zum Stadbild gehéieren.
D’Zuel vu Locatiounsvelostatiounen gëtt weider ausgebaut. Dat selwecht gëllt fir de car-sharing. Hei gëtt et eng schon virun der Dir. Dëser Deeg ass eng op de Kierchbierg bäi komm. Den Erfolleg gëtt dësem Projet recht : 330.000 Km zënter Oktober 2015.
Em an ausgebaut, en fonction vum Tram, gëtt de Stater Bussystem. D’Idee ass, dass jiddereen iwwerall hi kënnt mat esou mann wéi méiglech Auto. Am beschten guer keen.
A wann een dann trotzdeem den Auto musss huelen, da gëtt een duerch de Parkleitsystem an d’Parkheiser guidéiert. Fir Elektroautoën kommen weider Statiounen, fir ze lueden, an d’Stad.
D’Busflott aus der Stad gëtt komplett elektresch an hybrid. De Service gëtt och besser: de Bus bleiwt gratis wann Sonndes d’Butteker op hun.
Déi digital Annoncen op den Arrêten an an de Busser ginn verbessert. Etc…..
De grénge Fuedem duerch all dëst alles ass ee bessert, optimalt Zesummespill tëschend all de verschiddenen Moyen fir sech ze déplacéieren.
Och am Respekt ee virun deem aneren : Auto, Velo, Foussgänger. Et ass ee Mateneen, keen Géintëneen. Mir haten schon der Campagnen. Et kommen der nach bis jiddereen et verstanen huet.
D’Verkéiersituatioun an der Stad ass schwiereg.
Dës Entwécklung war laang ofzegesinn, mee et ass kee richtegt Geschéck gemaach ginn. Elo zënter gréng am Schäfferot geschidd eppes.
Villes! D’Bréck ënnert de Bréck illustréiert dat.
Dofir, ech wëll nët wëssen wéi et elo géng ausgesinn wa weider näischt gemaach gi wir.
Awer ass d’Verkéiersituatioun besser wéi virdrun ouni gréng ? – Jo !
Si mir do wou mir hiwëllen ? – Nach nët !
Mir sinn um gudde Wee. hun nach vill Ideeën a konkret Projetën. Just d’Original wierkt. Dat sinn déi vun der Lëscht 1.
Ech hat méi wéi 4 Minutten gebraucht. D’Claudie an d’Tilly waren top bei hire Präsentatiounen. Duerno hun ons têtes de listes grad esou kompetent op déi vill Frön aus dem Saal geäntwert.
Countdown -13 (25-09-2017)
Bal zwou bäckesch Dozen grad esou interesséiert wéi virwëtzeg Leit (d’Kandidaten net agerechent) sinn an de Centre culturel op Bouneweg komm fir ons éischt Walversammelung. Den Iwwersetzerservice war prett. De François Benoy huet all d’Gäscht begréisst a lass goung et pünktlech um 19:05. Déi eenzel Kandidaten hu sech virgestallt , 30 Sekonnen, méi brauch een espit synthétique net. Dono sinn Christa Brömmel, Claudine Müller an de Cyrille Horper méi détailléiert op d’Schwéierpunkten vun onsem Programm agaangen. Si haten jiddereen 4 Minutten ze gutt. Dat ass natiirlech net genug fir all d’Détailer an dat ass och kengem vun hinne gelongen an der Zäit. Dat weisst ganz däitlech déi vill Ideeën a Projetën déi mir hun. Déi langotmeg Debatten hale mir ons fir ons intern Versammelungen a Kongresser. Dat ass eng super Taktik well mir esou ons Ideeën a Projetën kontrovers préparéieren an dono eppes Sérieuses, wat de Wee hällt an emgesat gi kann ze présentéieren.
En Dënsdeg ass et u mir fir iwwer d’Mobilitéit ze schwetzen. De Cyrille als Topmann an deem Domaine huet d’Lat héich geluecht.
Ech invitéieren jiddereen an d’Victor Hugo Hal um 19H00. Dono stinn ech wéi bei all deenen aneren Versammelungen fir Froën an Äntwerten a soss „meet and greet“ mat Selfie etc. zur Verfügung. Meng Kollegen vun der Lëscht och.
Virdunn ware mir zu Hamm mat onsem mobile Stand incluant Cargobike mat Flyer, Wandmillen ënnerwee. Dat ass wéi ëmmer een ofwiesselungsräichen Exercice a breathtaking well mir v8n Hamm bis op d`Schäifmillen de Leit entgéint gaangen sinn. Esou si mir gréng: mir ginn ons drunn fir dass et wierkt.
Countdown -14 (24-09-2017)
De Sonndeg steet weider am Zeechen fir d’Leit z’informéieren. Ons gréng Equipe sträift ausgerüst, motivéiert, informéiert, gutt gelaunt duerch d’Stad. Koordonnéiert gëtt via déi modern Kommunikatiounsmedien an App. Mir sinn uptodate, innovativ. Och dat ass gréng.
Owes an dass d’Zäit von den Télévisounsoptrëtter: d’Sam an ech. D’Sam ass Invitée fir di gréng op enger table ronde am Kader vun de Gemengwalen. D’Sam ass esou wéi een hatt kennt: top informéiert, klier a séngen Explikatiounen, staatsfraëssch an sympathesch. Gréng eben.
Onsereen gëtt am „Rebound“ geinterviewed. Si weisen ee Portrait vue Basket Racing (hat ech schon ernimmt, dass ech do President sinn, dass ons Hären Equipe no 7 Joër zweet Liga, nees zréck an der Elite ass. An dass si ihren mischten Saisonmatch gewonnen hun, grad wéi ons Dammenéquipe. Och ons Jugendéquipen sinn elo lancéiert an déi nei Saison.
De Sujet deen an de Noorichten dominéiert, ass d’Walresultat an Däitschland. Effektiv ass dat kéng erfreeleg Entwicklung, dass esou vill Leit Populisten op de Läim ginn. Demokratie ass eppes un dem een all Dag schaffe muss. Jiddereen muss säin Deel dozou bäidroen.
Countdown -15 (23-09-2017)
‚Stad ass nach méi schéin ginn: an der Nuecht hun ons fläisseg Paperten, alle virop, d’Sam, d’Claudie an de François zsummen mam Guillume, August, an, an, an… d?Affichen mat onse Spëtzeleit gepecht an och déi mat ons all. Schéin!
Um Maart wat et deen lëschtegen Austausch mat villen Interesséierten. Dax ass op ons gréng Identitéit higewisen ginn. Villméi d’Suerg, dass se ëmmer méi kleng gëtt. Mat ganz vill konkreten Beispiller illustréieren ech de gréngen Input. Am einfachsten geet dat natiirlech mat der Bréck ënnert der Bréck vum Pont Adolphe.
Een aner recurrente Sujet ass de Schoettermarjal, eng perfekt Illustratioun fir de Spagat tëschend Ëmweltschutz an der Wunnengsbauproblematik
Besonnesch evident awer sinn d’Changementer mat gréng, mat der Porte-ouverte beim Tram um Kierchbierg. Déi gréissten Aweiung vun engem Tram vun allen Zäiten mat Millioune Leit. Leider konnt ech net do sinn well ech war jo um Maart um Knuedler an am Nomëtteg an engem aneren, deem alen, Tramsschapp.
Deemno sinn ech iwwer fb vun der Schréips am Tram gewuer ginn. Virun allem hun ech déi hämesch Remarquen geliess. Ee Prof am Lycée sot dax „die schönste Freude ist die Schadenfreude“. Fir mech ass déi schéinsten Freed, déi gedeelte Freed, zesummen, mateneen, bonzënnen, bonzuewen. Zesummen aus verschiddenen Positiounen op de Punkt kommen. Dat nennt een och ee gudde Kompromëss.
Dass „mäin“ Basketclub, de Racing, nees bei der Basketélite matspillen därf ass och d’Resultat vun esou enge gemeinschaftlecher Leeschtung. Um Terrain awer och am back-office, de Bénévolen rondrëm an deenen am Comité.
Haut war den éischte Match vun der Saison, géint ons Frënn vun der Sparta Bartréng, e Matfavorit fir de „Final 4“ laut dem Cheftrainer von der bäschter Härenéquipe am Land. Den alen Tramschpp war gutt gefëllt. Iwwer 250 Leit waren do. Dat ass vill fir ons : deen éischten Match wéi ech President war, 2011, waren 13 (dräizeng) Zuschauer do, ech mat abegraff. Elo kommen fréier Supporter zréck, nei Virwëtzeger sinn do, virun allem awer huet de Racing nees eng Jugend zréck. Si spillen net nëmmen begeeschtert Basket, mee ënnerstëtzen och hir Clubkollegen. A gewonnen hu mir och nach. Dat kënnt vir wann een zesummen hällt.
Countdown -16 (22-09-2017)
Wéi ech an der Mëttesstonn dem René, engem Kolleg aus alen Futtballzäiten, begéint sinn hu mir e bëssen iwwer d’Wieder gepotert, iwwer ons Kanner an Hobbiën. An och iwwer d’Walen. Mäi Kolleg ass onverdächteg gréng ze wielen an dat huet hien mir och däitlech ze verstoen ginn. Hien huet sech geiergert iwwer dee Bausch deen alles verschäisst (firwat sot hien net), d’Velosfurer déi sech u keng Regelen halen (dat ass effektiv iergerlech, mee et sinn net d’Velosfurer all, et si jo och net all d’Autosfurer déi rennen, duerch rout furern, etc..). D’Präisser vun de Wunnengen, déi net méi ze bezuele sinn. An iwwerhat dee Wuestum. Hien huet gemengt et sollt ee mol ee Referendum maachen op d’Lei am Land dee Wuestum iwwerhat wéilten. Ee Referendum mat allen Donnéeën och doriwwer wéi dann an d’Zukunft, an Zäite vu manner Wuesstum, d’Pensiounen solle bezuelt, d’Peien, d’Sozialleeschtungen. Alles misst op en Dësch an bekannt sinn fir dee Referendum. Mam Zousaz, dass hien kengem Politiker méi eppes géng gleewen. Hien huet mir trotzdeem bonne Chance gewënscht fir d’Walen a mir ons ee schéinen Dag.
Owes um Oekofestival am Pafendall, huet d’Blanche Weber, d’Presidentin vum Mouvement écologique, an hirer Eröffnungsried e.a. Och d’Fro vum Wuestum gestallt, manner vehement awer grad esou décidéiert. Si huet de Bou gespaant vum Flughafen via Mobilitéit, iwwer d’Wunnengsproblematik bis zur Buedemversigelung incluant Google zu Bissen. Si huet awer ervirgestrach, dass schon vill geschafft ginn ass a nach gëtt vun dëser Regierung. Och huet den Hiweis netb gefeelt un d’Verantwortung vun e Gemengen an all deem.
De François Bausch huet a sénger Ried als MDDI Minister kloer gestallt, dass des Regierung de Wuestum net sichen geet als Zweck u sech, mee dass en och bedingt ass duerch d’Attraktivitéit vum Standuert Lëtzebuerg. De Flugahafen ass dofir ee gutt Beispill, d’Compagnien kommen gär well et gutt organiséiert ass. Hien bestätegt, dass eng éierlech Débatt iwwer de Wuestum feelt a kommen wert, 2018, an engem Waljoër. Da muss jiddereen Faarw bekennen. Ech si gespaant wéi déi sech positionnéieren, déi sech nawell gären just op Sprëch à la „ee Kräiz ass séier gemaach“ limitéieren. Sollte si dann eng Meenung hun oder wéi soss ëmmer, als Vollekspartei, all d’Meenungen vertrieden, déi eng, den Contraire an all déi dotëschend och.
Fir mech ass Wuesstum eppes wat zum Mënsch gehéiert: jiddereen striewt no eppes. Déi eng méi, déi aner manner. Méi keen, bal keen, ass ouni Wënsch a Projet. Entspriechend ass eng Gesellschaft et och. Si besteet jo aus villen eenzelnen, klengen Gruppen a formen ee ganzt, eng Gemeinschaft. Vu dass et een zesummen ass a nët ee jiddereen fir sech, mussen all dee eenzel Ambitiounen, Projetën, Wënsch coordinnéiert ginn. Mat Regelen, déi eng demokratesch Gesellschaft sech gëtt. Zesummen. Dofir stinn ech, d’Blanche, de Fränz an och de René. Ech si sécher mir all.
Countdown -17 (21-09-2017)
Mam Veloh,
bei de Carloh,
beim Tram, ganz no!
Méng Ode op modern Mobilitéit.
Zënter dem Start am Oktober 2015 vun Carloh sinn 330.000 km mat de Car-sharing Autoën vum Carloh gefuer ginn. 450 Abonnenten sinn ageschriwwen. Ech och. Dat ass méi wéi am Businessplang gerechent. Eng nei Statioun ass Haut um Kierchbierg dobäi komm, um Parkplaz bei der uni.lu an der Coudenhove-Kalergi Strooss. Direkt dobäi ee breede Trottoir fir Foussgänger, eng Veloh Statioun, engem Bushalt an no bei engem Tramsarrêt um Boulevard John F. Kennedy, eng Strooss fir Vehikelen: Multimodalitéit ass d’Schlagwuert an de Prinzip no deem et zukünfteg soll fonctionnéieren.
Dat gesäit och d’CFL esou. Si hun hiren car-sharing présentéiert, deen de 6. Dezember ufänkt. Et ass och do een Gesamtpackage, d’Kombinatioun Auto mat öffentlechem Transport oder eben Vélo an zu Fouss.
p der Carloh Statioun um Kierchbierg steet ee Fossil an een Elektroauto. Elektroautoën sinn an aller Munde. Si maachen eenzeln manner Knascht an d’Loft, mee sinn awer och net aléng d’Léisung. Et muss en nach technesch Léisungen fonnt ginn e.a. wat d’Batterien ugeet. Et ännert sech näischt stautechnesch wann en all d’Fossilautoën duerch Elektrovehikelen ersetzt. Zevill bleiwt zevill op enger limitéierter Fläch.
Den Tour no dem offiziellen Akt incl. Bändchen duerchschneiden ouni eng Schréips an de Capot ze maachen, mam Carloh Elektroauto mam Sam Tanson als Chauffeurin war ganz agréabel an huet virun allem gewisen, dass d’Sam Tanson nët nëmmen Velo kann, mee och Auto a sénger praktescher Ausféierung, intellektuel souwisou.
Am Ratskeller vum Cercle war de Vernissage vun enger Ausstellung fir den 25e Anniversaire vum Prix Pierre Werner, ee Konschtpräiss. De Curateur Christian Mosar huet mat vill Know-how eng kuckeswert Austellung zesumme gestallt. Si ass ee Mosaïksteen am bonte Mosäik vun der Konschtentwéckelung an -évolutioun hei. Et ass noutwendeg dat alles eng Kéier zesummen ze verschaffen, dass de Mosaik méi iwwersiichtlech gëtt, a well Konscht eng Form vu Selbstvergewisserung vun enger Gesellschaft ass, natiirlech am Wëssen, dass dat eng onendlech Geschicht ass.
Kreativ ass sinn wichteg.Net nëmmen an der Konscht, mee och ekonomësch, zumols fir ee Land wéi mir, ouni gréisser Buedemschätz, etc., mat enger limitéierter Fläch. Mir mussen eben méi imaginativ sinn a kreativ. Dowéinst Sinn ech fir eng School of Rock, mat Pinsel, Meessel an Füllfieder fir bildend Konscht.
Och fannen ech, dass d’Kulturveräiner sollen méi ënnerstëtzt ginn. Si maachen, wéi d’Sportsclibb (hat ech schon ernimmt anzwouch, dass ech President sinn vum Basket Racing an dass mir onsen éischten Match vun der neier Saison hun am Tramsschapp, dëse Samsdeg, 23-09-2017 um 18H30 an frou sinn fir all Ënnerstëtzung? Méi op racing.lu), intégrativ, inklusiv, sozial wichteg Aarbecht.
Ech hu mir schon ee Tableau erausgesicht, de Fall gesat ech si no de Walen en rang utile an och schon mam Artist, dem Rafael Springer, geschwat. Natiirlech maachen eng keng Reklamm mat dësem Wierk fir en rang utile ze kommen.
Merci Claudine Konsbrück fir d’Foto wou mir et mam Elektroauto probéiert hun.
Countdown -18 (20-09-2017)
34.400 Leit si fir d’Gemengewalen an der Stad ageschriwwen. Dat sinn 68.800 maximal méiglech Stëmmen fir mech. Zwou méiglech Stëmmen hu mech Haut ugeschwat un d’Onkraut an dat langt Graass laanscht Strooss an op Plazen um Mëttsträifen. Besonnesch d’Dëschtelen an den Rondpointën an den Entréeën vun der Stad wire keng schéine Visitekaart. Biodiversitéit vs Esthetik. Ee weideren Spagat am politeschen Débat.
Geluewt gouf awer den Affichge vun de Busser, digitalen a fiabel, op de Busarrêtën. Do gëtt et keng zwou Meenungen: den öffentlech Transport muss fonctionnéieren a nëtzlech, zouverlässeg Servicer bidden. Vum 10. Dezember un gëtt et nach besser. De Busdéngscht vun der Stad ass an de läschten Joren weider ausgebaut an de Besoinën ugepasst ginn. D’Elektrifizéierung vun der Busflott gouf ugefaang. Si gëtt an de nexten Joren komplett op Elektro an Hybrid ëmgestallt. Samsdes furen d’Busser weider gratis an och d’Informatiounsécranen ginn verbessert. Ee Bussystem deen aufs Grade wohl dysfonnctionnéiert ass net nëtzlech. Kombinéiert mam Tram, Funiculaire an Zuch gëtt de ganzen öffentlech Transport nach besser
Zesummen mat de Stater gréngen pedaléieren ech mat am „tour du duerf“. Wéinst engem Platten hun ech deelweis mussen op Veloh zréckgräifen. Een nëtzlechen Service. Et sinn bal 100 Km Velosstrecken bäikomm an och Velohstatiounen. Mat der neier Konzessioun fir d’Locatiounsveloën verschwannen d’Publicitéitspanneauën bei de Statiounen an soss an der Stad. An Elektrovëloen ginn proposéiert.
En attend léieren ech e Platte flécken.
Oder ech ginn zu Fouss. Eng ganz Parti Saachen fir Foussgänger sinn schon verbessert. An enger nexter Etapp ginn d’Waardezäiten bei de Foussgängersträifen verkierzt, virun de Schoulen kommen weider zone de rencontre wou ee just därf mat 20 km/H furen. Am Stadzentrum gëtt Foussgängerzon vergréissert. Gutt fir d’Ëmwelt, gutt fir d’Geschäfter, schlecht fir de Portmonni.
Eng vu menge Lieblingsbeschäftegungen beim spazéieren goen ass Graffittiën ze kucken a knipsen awer net Selfiën.
Countdown -19 (19-09-2017)
Place Auguste Laurent virum LGL um Lampertsbierg ass nei gemaach ginn. Dat gouf mat engem Quartiersfest gefeiert.
Nodeems déi läscht Rénovatioun, zwar optesch gelongen, sech awer als net esou convivial eraus gestallt huet, sinn, wéi dat an dëser Gemengenlegislatur schon dax geschidd ass, interesséiert Bierger gefrot a mat agebonnen ginn. D’Resultat vun der Kombinatioun aus hiren Ideeën an dem know-how vun de Servicer vun der Stad ass eng gelongen Plaz mat Sëtzplazen fir ze raschten/chillen, fir sech opzehalen, mat genug Poubellen fir Zigarettenstëmp a Beem fir Schied an onsen sonnegen Summer a fir wann sollt eng Kéier reenen.
Meng Mamm, d’Gritty Omes huet an der Fresez Strooss an dann an der Michel Lentz Strooss gewunnt. Duer ass mäi Papp, de Frunni, vum Verluerkascht mam Tram bei si freië gefuer. Meng Groussmamm huet eng laang Zäit an der Jean-Pierre Koenig gewunnt. Mat hir sinn ech als Bouf dax an d’Bäckerei ee Stéck vollgudden Schockelaskuch iessen gaang. Ech hun ni verstanen firwat dee Kuch Sachertorte geheescht huet wann de Bäcker Sahl e mécht (entretemps hun ech et erausfonnt) Pâtisserie Drebenstedt, déi elo do ass, mécht och wonnerbar Saachen. Eng wonnerbar Saach gëtt och den Réaménagement vun der rue Jean-Pierre Koenig. Ee Chantier vu villen, deen, wann e färdeg ass all Mënsch do frou mécht well et dann do méi convivial ass. Chantierën stéieren, mee si maachen eng besser Welt.
Elo sinn ech oft um Lampertsbierg well do dem Basket Racing „séng“ Hal ass fir Training an Heematcher (hat ech schon erwähnt, dass ech President vun dësem coole Club sinn an dass dëse Samsdeg mir onsen groussen Retour an Total League hun, um 18H30, am Tramsschapp). D’Entente vun de Lampertsbierger Veräiner coordonnéiert schon zënter tëschend de villen Associatiounen. Mir ginn all gutt eens.
Am Rolléngergronn hu mir vun de Stater gréng Streetcampagne gemaach. Net all d’Plazen sinn vill fréquentéiert, mee d’Stëmmung ass awer gutt.
Dëse Saz vum Bild hei aus dem Asterix „Le domaine des dieux“ geet mir duerch de Kapp, wann ech un d’Diskussioun iwwer de Wunnengsprojet um Schoettermarjal denken.
Wéi den Virprojet virun e puer Joër opgetaucht ass, hun sech ganz vill Leit aus dem Quartier ganz vill Froen gestallt. Et ass och ëm dee villen Autosverkéier gaangen, ëm Buedemversigelung, ëm rare Speziën, e bëssen NIMBY war bei Eenzelnen och dobäi, grad awer och wéi d’Asiicht, das Wunnengen gebraucht ginn.
Déi Responsable vun der Gemeng hu Versammelungen mat de LEit gemaach, gutt nogelauschtert, mat deem aner Propriétaire, ee groussen Deel vum Terrain gehéiert der Stad-Lëtzebuerg, verhandelt, getosch, ee verkléngerten Projet ausgeschafft.
Eng Féierung vum Mouvement écologique um Schoettermarjal am Oktober 2016.
Engagéiert Bierger hun hirersäits recherchéiert a festgestallt, dass zB do sech am Laf vun de Joeren een Biotop entwéckelt huet.
Op enger Foto déi während dem Débat vum Paperjam am Cercle projezéiert gouf (s. Countdown -26) gesäit een lenks wéi et deemols war, ir iergendeppes do stoung, och net d’Appartementshaus an deem ech elo wunnen.
Dunn ass urbansiéiert ginn um Kierchbierg. An deem Deel beim Schoettermarjal si Stroossen bäi komm. Honnerten Wunnéngen. Just do, op deem Deel ëm deems et elo geet ass näischt geschidd. Obschon et méiglech gewiecht wir, réglementaresch. Et gouf jo schon Ideeën a Pläng. A méng Cousine Karen, déi an den 80er Joren mat séngen Elteren, der Tata Anni an dem Monni Dave, do gewunnt huet, kann sech nach un Schubkarren, Bagger a soss Geräter do erënneren. Prett fir eppes ze bauen
Mee dunn ass laang näischt geschidd. De private Propriétaire huet et verjuppt. Hat hien keng Suen, kee Plang, keng Loscht, hat hien spéculéiert, sech verspékuléiert? Mir wëssen et nët.
An dunn huet d’Natur hir Rechter zréck geholl. Mam retour vun der Natur ass nees eng aner Welt entstanen, déi eben, duerch zum Beispill d’Naturschutzgesetzer och Rechter huet.
Et ass opeemol nët méi just de Propriétaire deen iergendeng Kéier séng, sénger Meenung op éiweg verbriefte, Rechter profitéieren kann, wann et hien arrangéiert, deen den Eegentum interprétéiert als dat subjektiv Recht par excellence fir iwwer séng Welt disposéieren ze kënnen ouni soss eng réciproque Verpflichtung.
Dat ass awer hei op eemol net méi esou oder zumindest deelweis a Fro gestallt ginn. An dësem Fall stellt d’Natur dat a Fro.
„Lieber Instandbesetzen als Kaputtbesitzen“ huet et fréier an der däitscher Hausbesetzerscène geheescht. Dat ass vläicht e bësse schlicht, mee fir e Schoettermarjal, anekdotesch, well d’Natur huet zréckbesat. Wat awer dem Axiom widerspëcht, dee beseet, dass an de biergerlechen Theoriën iwwer Propriétéit, een noutendegen Link gëtt tëschend Gebrauch a Propriétéit.
Elo geet et dorëms dee richtegen Kompromëss ze fannen. Et gëtt dru geschafft. Et kommen awer ëmmer méi Acteuren an d’Spill. Deemols, Ufank de 70er, war et vereinfacht ausgedréckt, ee Propriétaire/Investisseur an d’Gemeng. Elo sinn et nach ëmmer si, mam zousätzlech den Drock um Wunnengsmaart, den Interessi vun de Noper, de Rechter vun der Natur. Méi einfach ass et nët ginn. Awer méi fair.
Wat och näischt drunn ännert, dass an der Stad Wunnraum gebraucht gëtt. Hei wir een Areal dat der Gemeng zum groussen Deel gehéiert, wat d’Méiglechkeet bidd, bezuelbaren Wunnraum a Sozialwunnengen ze bauen. Mir sinn ons all eens, dat feelt.
Countdown -20 (18-09-2017)
Zwee Ministeren hun haut meng Weeër gekräizt. De Romain Schneider war z’erwaarden well et gouf de Spuetestëch fir de Rugby- a Futtballstadion op der Kockelscheier.
Ganz vill waren dohin komm. An hirer Ried huet d’Lydie Polfer, Buergermeeschter vun der Stad, verzielt wéi si an de Patrick Goldschmidt, Schäffen, während deem si um PAG geschafft hun, Aarbechten déi jo am Kader vun der plans sectoriels Prozedur, néideg sinn, dës Méiglechkeet fir deen enien, noutwendegen Stadion, entdeckt hun. Si hun sech eng ausgeduecht, hir Netzwierker aktivéiert, verhandelt an dunn zesummen mat dëser Regierung Geschéck gemaach. Esou huet et engem gréngen Minister séng Dynamik, engem bloen Buergermeeschter hir Iwwersiicht engem roude Minister säin Lieblingsspuetestësch erméiglecht. Dat ass Gambia! Gutt fir d’Land, gutt fir d’Stad.
De President vun der Rugby Féderatioun huet drop higewisen, dass et nach méi besser gutt gëtt et wann d’Infrastrukturen fir d’Mobilitéit färdeg sinn (hien stoung am Stau). Och dorunner gëtt fläisseg geschafft. An Zukunft ginn déi Aarbechten fir d’éischt gemaach bei grousse Projetën. Dës Prioritéit erspuert vill Gewurschtels, Nerven an Ierger. Décidéieren a Geschéck maachen gehéiert zu den Aufgaben vun Politiker. Ech freeën mech op de Spuetestëch fir de neien Liichtathletikstadion.
Geschéck gemaach gëtt an der Stad och a Saache Sozialwunnengen. De Moien war d’Straussefeier vun esou enger Wunneng fir 5 Famillen bei mir an der Géigend zu Weimerskirch. Et waren do vill manner Leit a Journalisten wéi beim Stadion am fréien Owend. Awer de Minister Marc Hansen war komm well esou Projetën wéi en vum Lydie Polfer présentéiert gouf, och fir d’Regierung wichteg sinn.
An de läschten Joren sinn an der Stad 170 Sozialwunnengen dobäi komm. Am Ganzen sinn et der 600. Si ginn all néideg gebraucht. Et sinn der nach 220 am Bau an 88 an der Planung. Vill vun deenen Heiser sinn am Projet „Baulücken“ entstanen. Fir den Architekt war dëse Projet eng Erausfuederungen. An engem décke Joer werten 5 Famillen an dës flott Wunnengen eraplënneren kënnen. Vun der Stad Lëtzebuerg op hirem Terrain fir Stater Lei gebaut. Soll soll et mat de stater gréng och weider gemaach ginn.
Den Owend ofgeschloss huet d’Comité sëtzung vum Basket Racing. Et Samsdeg ass onsen éischten Heemmatch vun der Saison. D’Télévisioun ass ons op den Training besichen kommen. Mir haten de Fotoshooting mat den neien Uniformen. Stylesh a voller Freed a Begeeschterung geet et an déi nei Total League Saison. E Samsdeg um 18H30 am Trammschapp, 47A, rue Ermesinde um Lampertsbierg. Merci fir de Besuch an d’Ënnerstëtzung.
Countdown -21 (17-09-2017)
aut war déi phantastescht Aweiung vun allen Zäiten vun enger Foussgänger- a Vëlosbréck ënnert dem Pont Adolphe. Mee dat wosst ech nach nët wéi ech de Moien mech op de Wee gemaach hun. De Niwell louch nach néier, ech iergendwéi och.
U Schlof kann ee während esou enger Walcampagne quasi just denken :-), och de François Benoy.
Haut war den « la Ville est belle » Dag. Mir vum Basket Racing ware gefrot fir mat ze hëllefen d’Nei Avenue sportlech z’animéieren. Natiirlech hu mir matgehollef. Ee Samsdeg, 23.9. um 18H30 ass am Tramschapp dem Basket Racing sei grousse Comeback an der ierwëschter League. Mir si frou iwwer all Ënnerstëtzung : hei
Um 11 Auer war dunn d’Aweiung vun der Foussgänger- a Velosbréck ënnert dem rénovéierten Pont Adolphe. No enger Idee vum Jos Simon, hun dem MDDI séng Servicer de Projet, deen de virëgen MDDI Minister an der ënneschten Tirang getesselt hat, des Bréck zügeg réaliséiert. Si huet an de gutt verwaltenen Rénovatiounsbudget gepasst an virun allem si passt och perfekt an d’brock an an de Panorama vum Péitrussdall.
Allerwichtegst awer, si passt an d’Mobilitéitskonzept, nee am Fong, si gehéiert absolut dozou. Et ass eng nouwendeg Verbindung fir de douce Mobilitéit tëschend der Uewerstad an der Gare. Et ass eng Kompromëssléisung, Kompromëss am gudde Sënn vum Wuert i.e. ee staarke Kompromëss, (erofscrollen) well duerch d’Bréck drënner, bleiwen den Tracé vum Tram, den Trottoir an de Spuren fir d’Autoën on top. Wat dann och macht, dass d’Märchen, dass déi gréng den Auto ofschafe wëllen, ophéiert. Am Fong mécht keen Minister méi fir den Auto wéi de François Bausch. Hien erschaaft konkret a fonktionnell Alternativen zum Autozwang. All déi, déi esou op den Auto verzichten an op den Velo, Bus, Tram, Zuch oder d’Schong ëmklammen, maachen Plaz fir déi, déi nët op den Auto verzichten kënnen. Den Auto ass eben deenen hire Plang B, mir, déi gréng schaffen un engem besseren Plang A.
Dësen Bréckenprojet ass een absoluten Mehrwert fir d’Stad. Op ville Niveauën. Dat huet och d’Lydie Polfer, Buergermeeschter, erkannt. Et konnt séier Geschéck gemaach ginn. Dass d’Lydie Polfer mam Vëlo näischt um Hutt hätt ass just eng Rumeur : beim Tour um Vëlo no der Aweiung, konnt ech direkt gesinn, wéi si mat enger geschéckter Reaktioun no engem onkonventionnellen Vëlosmanöver un engem klengen Kand, gekonnt évitéiert huet, dass et zolid Bëlsen a Schrammen gouf. Als Dame vu Welt ass si och Vëlo !
Ech hun deen Tour wéinst engem Platten net konnten op mengem Bicykel maachen. Mee well et an der Stad jo iwwerall Vel’oh Statiounen ginn, war et kee Problem mat ze pédaléieren. De Platten och net, well deen gouf fachkundeg a séier gefleckt vun der asbl Vélo en Ville. Gutt Leit, gutt Leeschtungen : hei.
ch kann esou geschéckerlech kee Platte flécken. Dat wat ech och net kann, ass mech op d’Foto druddelen. Ir d’Bréck agweit ginn ass, hat ech mech prett gestallt an déi éischt Rei e.a. niewend de Gilles Dostert, Chef vum Verkéiersbond an bei den o.g. Jos Simon, den Erfinder vun der Bréck. Hien ass iwwriens besonnesch ernimmt ginn am Minister sénger Ried. Also ech an déi éischt Rei ! Je vous jure !
An dunn, Sekonnen virum offiziellen Akt an dem Gesumms a Geklicks vun de Kameraën, koum eng Lawin……
Bon, et kann ee jo Selfiën maachen, mee dat ass net datselwecht. Et wir besser, den Mediennahkampf z’üben. Verschiddener beherrschen deen, och oder zumols déi vum Veräin, déi de Projet an den Tirang, ganz ënnen, getesselt haten. Soll ech hir Technik bewonneren oder hire sans-gêne ? Mee am Fong ass dat kee Virbild, keng Attitude a scho guer keng Politik, wann ee virdrunn d’Geleeënheet hat et selwer ze maachen awer ze schwaach war, net couragéiert. Si verpassen a Saachen Geschéck maachen ni eng Geleeënheet eng Geleeënheet ze verpassen. Fir mech geet et dorëmms mir d’Plaz en der éischter Rei ze verdéngen, z’erschaffen, den 8. Oktober.
Et war virun allem eng Freed ze gesinn wéi positiv dat ganzt Fest an virun allem d’Bréck bei den Milliounen Leit déi do waren ukomm sinn. Gréng wierkt.
Gréng wirkt mat mir och a Saachen Liichtathletikstadion. Am Nomëtteg war ech op de Josy Barthel Stadion, wéi zënter ville Joren, d’Coupe du Prince kucken. Well den CSL d’läscht Joel gewonnen hat, wäre si Organisateur. Et ass all Joër de stëmmungsvollen Ofschloss von der Saison op der Pist. De Stadion ass zwar vum Fong hir gut (gréng an der Mëtt, blo rondrëm), mee nët frëndlech fir d’Liichtathletikpublikum (zevill Glänner, ze ëmständlech).
Wann de Futtball a Rugbystadion op der Kockelscheier färdeg ass, gëtt den Terrain op der Arelerstrooss anescht gebraucht. De Stater Leichtathletikclub brauch séier eng adäquat Anlag (hei)
Countdown -22 (16-09-2017)
„Et hat keen dech ugestallt“ huet meng Mamm mir ëmmer gesot wann ech mir nees selwer Leed gedoen hun. Haut war esou eng Geleeënheet, well et gouf Fréibiren um Samsdeg fir zesummen mam Mike a Sébastien onse Stand vun de Stater gréng um Maart um Knuedler op ze riichten.
Akribesch gëtt festgeluecht an improviséiert watfir Gadgeten an Infomaterial mir gebrauchen wëllen. Inévitabel sinn natiirlech ons Wandmillen an Biobicër fir d’attention an d’Brochuren, 36 Säiten, flotte Layout a nach besseren Inhalt. No engem klengen Débat iwwer d’Plaz vum Stand mat konkurenziellen Kollegen hu mir routinéiert lassgeluecht a ware mir huerteg färdeg mat opriichten, de Niwwel louch nach flaach.
De Moien verleeft wéi esou Maartmoienter eben verlaf. Vill nolauschteren, vill erklären, vun dem Ban de Gasperech iwwer deier Wunnengen net genu Gréngs, zevill Bio, zevill Autoën, net genug Stau, …..
Op der Place Clairefontaine war d’Theaterfest. D’Kultur reflétéiert d’Gesellschaft. Vill verschidden Companien an Theatermécher hun hir Programmtioun a Produktiounen présentéiert. Variéiert, diversifizéiert. Mëcht Appetit a virwëtzeg.
An der Péitruss war Porte ouverte vun de Gemeinschaftsgärt. De Numm ass Programm: zesummen, Natur, gréng. Et ginn der Gärt och nach zu Bouneweech, am Pafendall n och, vum Fonds du Kirchber, um Kierchbierg. Déi eng man et aléng an hirem Schrebergaard, déi aner zesummen. Alles gutt, loksl, bio, gesond.
Am Nomëtteg ht ech zwee Rendez-vouser. Deen éischten waren am Tramsschapp an de Centre culturel d’Feierlechkeeten vun 25 Joër Fairtrade Lëtzebuerg. D’Stad ass zënter 2011 Fairtrade engagéiert als gutt Beispill, als aktive Supporter. Jo, Qualitéit huet ass. Méi deier wéi bëlleg, bëlleg Wuer. Déi huet och säin Präiss awer net bei dem Produzent deen d’Suen aséckelt, mee bëlleg geet op Käschten vun deenen dotëschend, dozou gehéiert och d’Ëmwelt. Fairtrade erméiglecht villen ee bessert Liewen. Wa jiddereen dee sech et leeschten kann, sech et leeschten wëll a leescht, si mir um Wee fir eng besser Welt. Net just hei, och wäit ewäch. Think global, act local, kléngt ringard mee bleiwt richteg.
Am Tramsschapp an der Sportshal war den Challenge Pierre Manderscheid. De Basket Racing organiséiert dësen Challengen als Erënnerung un dësen jorlaangen Pilier vum Stater Basket. Hien, d’Yvonne séng Fra an den Yves säi Fils, hun joerlaang hir Fräizäit an der Buvette vum Racing verbruecht. Hannert dem Comptoir. Hien war amUfank pésent als Concierge vun der Hal do. Dat war séng Aarbecht bei der VdL. De Racing gouf dono „säin“ Veräin. Nët just bei den interessanten Matcher vun dem A-Team, mee och bei all den Heemmatcher, och deenen vun de Jugendéquipen war hien am Asaz. Engagéiert, dévouéiert, fläisseg. D’Yvonne an de Yves maachen dat an deem Sënn weider, elo. Mir si frou als Basket Racing esou Bénévoler ze hun. Mir brauchen së. All Sportclubb brauch së. All Club brauch së. D’Gesellschaft brauch së. Si sollen nët just a Sonndesrieden geluewt ginn. Dofir setzen ech mech an, mee dt hun ech jo schon méi wéi eng Kéier geschriwwen a maachen och jidderengem deen eppes ze soen een décke Kapp domat. Wann ech eppes ze soen kréien, erënneren ech mech nët just all Dag dunn, mir maachen Geschéck.
Countdown -23 (15-09-2017)
Mir vun déi gréng hun zwar tout-terrain Politiker, mee mir schéngen Schönwetterpaperten ze sinn, well Haut am Laf vum Dag si mir per Email gefrot ginn fir eemol bei ons am Quartier no de Panneauën ze kucken. Bei mir louchen der zwee ëm, hun se nees opgeriicht. Bei engem aneren ass een Eck lass. Alles kee Problem. D’Pinselen si prett fir de nexten Asaz.
Soss war weider net vill lass. Haut waren nees Publicatiounen vun der politescher Konkurrenz an der Bréifkëscht. Nët vill Text, nët vill Konkretes op 4 respektiv 8 Säiten. E puer Schlagwierder a vague Annoncen. Méi inhaltlech Schlichtheet geet nët. A vill Käpp sinn ze gesinn. Och eng Parti Datumer vun Versammelungen an de Quartierën: sechs Mol invitéieren déi eng, fënnef Mol déi aner.
Ons Brochüre hat 36 Säiten. Mir sinn all begeeschtert. Méi wéi eng Toilettelecture!
Dëse Samsdeg Moien si mir um Maart um Knuedler. Dono fueren mir mat onsen Cargobiken duerch d’Stad. E Sonndeg och.
Countdown -24 (14-09-2017)
De Claude Turmes huet via Twitter matgedeelt, dass hien net Kandidat ass bei de Gemengewalen an der Stad. Hien huet säin Konterfei op engem Panneau entdeckt.
Hien an d’Tilly Metz waren bei de läschten Europawalen d’Spëtzenkandidaten vun déi gréng. Tilly ass dëst Joer mat dobäi. Dat ass och gutt esou.
De Claude Turmes géng och gutt op onser Lëscht maachen, mee hien mécht jo schon fir Europa ee gudde gréngen Job. Dat kann een a séngem Buch „Transition énergétique, une chance pour l’Europe“ noliesen. Et gëtt een awer och gewuer wivill Hartnäckeg a Gedold néideg ass „Die Politik bedeutet ein starkes langsames Bohren von harten Brettern mit Leidenschaft und Augenmass zugleich“ *, den Claude Turmes huet a kann dat an ass taktesch verséiert.
Et liest een e.a. a séngem Buch ween, notamment konservativ Politiker a Parteien, sech ganz vill sech dogéint gewiert hun fir fort vun fossilen Energiën ze kommen d.h. och fort vun der Ofhängegkeet vun deenen aus dem Orient, aus Russland oder vum Bosporurs. Vun esouer ofhängeg ze ginn ass fir mech net een Zeechen vu Fräiheet. Et ass erstaunlech, dass een sech aus, tjo, enger Zort Kombinatioun vun Bequemlechkeet an Pragmatismus an esou enger Onfräiheet ariicht.
Aner Weeër éischter denken an ëmsetzen hätt missten éischter geschéihen. Mee bon „wann den Hond net geschass hätt, hätt en den Hues kritt“ sot meng Mamm.
Wat een awer gesäit, ass dass et der ginn déi dovunn schwetzen an Anerer déi Geschéck maachen. Dat fällt mir zB all Kéiers op wann ech mam Velo op d’Schaff pédaléieren: déi 300 m Velo a Foussgängerwee hannen laanscht de Pescatore sinn eng kolossal Verbesserung fir d’mobilité douce. Zënter deem mir (déi gréng) am Schäfferot sinn, gëtt doranner ganz vill Gescheck gemaach.
Entretemps ginn et 160 km Velosstrecken an der Stad. Et sollen nach vill méi sécuriséiert Velosweeër gebaut ginn, notamment laanscht d’Tramstreck. D’Breck mam Lift, déi den Cents mam Weimeschaff/Kierchbierg an dem Neiduerf verbënnt gëtt endlech gebaut. Eng Rei Verbesserungen fir d’Foussgänger sinn réaliséiert ginn. Een zweeten „plan piéton“gesäit den Ausbau vun den Trottoiren fir anach weider Verbesserungen fir d’Foussgänger bei de Verkéiersluuchten.
De Busréseau an der Stad gëtt permanent verbessert an ugepasst. D’Busflott gëtt komplett électrifizéiert an de nexten sechs Joër.
All Dag gesinn ech, dass d’Aarbechten um Funciculaire, dem Tramsarrêt do an de villen aner Infrstrukturen un dësem Verbindungsstéck fir eng aner Mobilitéit, gutt viru kommen. Vum 10. Dezember un, kann dat dann Alles gebraucht ginn. Youppie!
Des Projetën sinn nët just do fir eng besser Mobilitéit, mee och fir méi Fräiheet.
E Sonndeg geet am Kader vun „La Ville est belle“ d’Veloshängebréck ënner dem Pont Adolphe op. An der Woxx vun dëser Woch gëtt drunn erënnert, dass deen initialen Projet vum Jo Simon, deemols Comitésmember an der LVI beim deemols zoustännegen Minister am Tirang geland ass. De François Bausch huet elo Geschéck gemaach, well bei him gëtt näischt vu Lénks no riets getesselt, mee vu lenks zur Décisioun
Datselwecht gëllt och an der Stad. Et ass besser deenen ze vertrauen déi weisen, dass se Geschéck maachen a Plaz deenen, déi just driwwer schwetzen awer näischt ënnerholl hun, deemols. Elo geschidd. Gréng wierkt.
*“Transition énergétique-une chance pour l’Europe“, Claude Turmes, 2017, Les Petits matins; **“Politik als Beruf“, Max Weber, Duncker und Humboldt-Berlin, p.65; *** fonnt an der aktueller Ausgab vum „Forum“ an der Rubrik „Strandgut“
Countdown -25 (13-09-2017)
Esou richteg Campagne Action war fir mech Haut keng. Owes hat ech ee Gespréich mat engem Journalist iwwer de Basket Racing. Dono haten mir Comitésversammelung. Ech sinn zënter 2011 President vum Racing. Meng Virvirgängerin elo ass Buergermeeschter vun der Stad. Ee gutt Omen fir mech eventuel.
(*) Ons Hären A Equipe ass zréck an der Total League no 7 Saisonën an der Nationale 2. Mir hun onsen ésichten Match vun der Saison den 23. September um 18H30 am Tramsschapp, rue Ermesinde, géint d’Sparta Bartréng. Net een Derby, mee DEEN Derby. Méi iwwer onsen Season-opening op racing.lu. Mir freeën ons op all Ennertsëtzung.
Dammen Equipe huet no engem sans faute d’läscht Saison wëlles déi nei strukturéiert Nationale 2 ze rocken. Ons Jugendéquipen entwéckelen sech prächteg. Mir hu vill Zoulaf. Et herscht ee flott Zesummenliewen a “méngem” Club, deen déi variéiert, offen, diversifizéiert Bevölkerung aus der Stad reflétéiert a vereent. Ons Member vill sech duerch d’Bank wuel.
Dësen Floss gëtt leider e bëssen gebremst duerch d’Infrastrukturen déi nët, nach nët, do sinn. Mir hun net genug Halestonnen zur Verfügung fir all onsen Equipen deen Training ze proposéieren deen minimalst néideg ass. Et geet nët em d’Kompetenz vun onse Coachen mee et feelen Reimlechkeeten. Vun aneren Stater Sportsclibb wees ech, dass si Kanner Heem schécken mussen well et ze enk ass.
An der Stad gëtt et 160 Veräiner. De Leit vum Service des Sports gëtt dronkeg well si musssen all dat koordonnéieren. Dat ass net evident well si sinn konfrontéiert mat de villen Veräinsbénévolen déi zumindest verdrësseleg sinn, wann et net esou méiglech ass, wéi si sech et an hirer Begeeschterung fir hir Aktivitéit virstellen.
Dësen Infrastruktursproblem ass zum Deel dem Awunnerwuesstum der Stad geschëld. Och wann réagéiert gouf an ee koherenten 5-Joeresplang vum SdS-VdL ausgeschafft gouf, et ginn Regelen, déi et schwéier maachen prompt prett ze sinn. Ech si ganz dofir, dass et Regelen ginn déi Rechter schützen a Pflichten imposéieren. Dat huet mat de Anrainer ze dinn, de Baurcritéren, der Fonctionalitéit, dem Gebrauch. Mir sinn ons all eens, dass an der Stad méi bezuelbaren Wunnraum hi kommen muss. Déi konnex Infrastrukturen mussen och sinn.
Ech wënschen mir eng méi participativ Approche, mat de Clibb, an der Planung wat eben de Gebrauch ugeet. An och dono. Zumols vun de Sportshalen. Dat ass ganz dax schwéierfälleg. Vun engem gewëssen Punkt un, kann ee Sport net méi just verwalten, mee et muss ee gestalten. Dofir setzen ech mech an.
A mat mega Erfolleg! Wéi ech deemols bei ons gréng méi aktiv gi sinn, war ech jo schon quelqu’un (avec un grand Q) a der klenger Sportswelt hei am Land. Mee dat huet do keen interesséiert. Ewell awer baut ee grénge Minister ee Futtball a Rugby Stadion.
Mat de gréngen am Schäfferot ginn et an der Stad vill (14) Outdoor Fitness a Sportsterrainën: vun de Klimmzich bis de Pétanque. Nët ze vergiessen dee spektakulären Skatepark an der Péitruss. Mir wëllen och adequat a komplett Liichtathletikinstallatiounen an der Stad fir d‘Stad.
Een aneren essentiellen Punkt ass fir mech d’Unerkennung vun dem edukativen, sozialen, integrativen, inklusiven, pedagogeschen Wert vum Sport am Veräin. Dat ass den „vivre-ensemble“ a séngem éischte Sënn. Dofir gëllt et fir d’Subsidien fir d’Veräiner entspriechen opzestellen.
Dat selwecht, um Niveau Infrastruktur an Support, gëllt iwwriens och fir d‘Kultur.
An der Bréifkëscht war de Programm vun de Kollegen vun déi Lénk. Keng Zeil, kee Buchstaw iwwer Sport. Si sinn deemno déck zefridden mat deem wat an deem Domaine geschafft ginn ass oder si fannen et net wichteg. Dobäi ass Sport am Alter, hir Lëscht huet eng Altermoyenn vun bal 52 Joer (ons 46,6 ) nët onwichteg **
*d’Foto ass een Interview vum Juni 2014 **ir elo sech opgereecht gëtt: ech hun 52 Joer.
Countdown -26 (12-09-2017)
De walkampftechneschen Highlight vum Dag war den Débat deen de Paperjam business club am Cercle Cité organiséiert hat. Esou een vun engem Buisnessclub organiséiert Evenement war mich eng Première.
Well de Freddy (Kandidat bei der DP), de Sébastien (vun ons) an ech gewinnt sinn an Versammelungen z.B. vun de Commissions consultatives, ze goen, hu mir, wéi üblech den Agang geholl fir an d’Réuniounssäll, do wou geschafft gëtt. Dat war ongübt. Mir hätte missen d’Haaptentrée huelen. Dat ass deen fir déi mondaine Evenementer.
Egal, mir kruten ee Glas zervéiert an hun ons séier wuelgefillt an dëser geselleger business Atmosphere. Grénger kënnen och dat.
Fir ons war d’Sam Tanson dobäi. D’Vertrieder vun den aneren Parteien waren d’Lydie Polfer (DP), de Marc Angel (LSAP) an de Serge Wilmes (CSV). De François Aulner huet moderéiert. Hien war, wéi een dat vun him kennt, gutt virbereed.
D’Kandidaten och, zum Deel wéinstens. Si haten net all eppes Wierkleches ze soen. Plattitüden an Approximativitéiten ersetzen nët politesch Substanz. Erstaunt war ech wéi nonchalant een sech vun 30 Joër Politik vun sénger eegener Partei distanzéieren kann. Wann dat wat do gesot gouf deemjéinegen séng wiirklech Iwwerzeegungen sinn, da froen ech mech firwat een dann iwwerhat an enger Partei ass, déi joerelaang de Contraire gesot huet a gemaach huet vun deem wann hien denkt. Schued. Woubäi maachen elo ee grousst Wuert ass. Mee eppes net maachen ass jo och eppes maachen, enfin, iergendwéi an awer. Méiglecherweis ass och et och just e bëssen kucken vu wou d’Welle kommen fir dann mat drop ze reiden.
Egal, déi 4 Kandidaten waren sech eens an der Analyse vun der Situatioun, suwuel wat d’Mobilitéit ugeet, d’Wunngsproblematik an d’Geschäfter an der Stad. D’Léisungen déi proposéiert ginn sinn net esou wäit vun ëneenewäch, virun allem an der Mobilitéit: den Tram mat den Opfänkparkingen, dem Ausbau vun de Méiglechkeeten fir d‘mobilité douce i.e.Veloën a Foussgänger sinn Konsens a just Nuancen verschidden, virausgesat et wees ee vu wat ee schwätzt.
Wat d’Wunnengsproblematik ugeet ass d’Analyse och d’selwecht, mee d’Léisungsusätz si verschidden. Ech fannen et richteg d‘Stad vun bannen no baussen z’entwéckelen. Do ginn et méi séier Resultater well déi wichteg Verkéiersinfrastrukturen etc. schon do sinn oder am gaang sinn gebaut ze ginn. De PAG vun der Stad ass jo schon entspriechend opgestallt. Bei neie Projetën muss dat alles geplangt ginn. Dat dauert och wann vun elo un dës urbanistesch Elementer, notamment d‘Mobilitéit douce an den öffentlechen Transport, als éischt sollen en place gesat ginn, dann eréicht d’Gebeier. Jiddereen insistéiert, dass méi, vill méi Sozialwunnegen musse gebaut, vun der öffentlecher Hand. Déi baut iwwriens, wéi d’Lydie Polfer insistéiert huet, vill méi gënschteg, wéi de private Promoteur.
Iwwer d’Geschäftswelt hun ech schon geschriwwen (hei). Richteg ass, dass eng gewëssen Steierung néideg ass ouni an d’Planwirtschaft ze falen. Den Haaptfacteur op ee Commerce geet oder net sinn awer virun allem d’Geschäftsleit, am Geschäft selwer awer och si ënner sech, well och ee Propriétaire deen eppes verlount ass ee Geschäftsmensch. Konsens war och de Wonsch no commerce de proximité an der Stad, an de Quartierën. Zu Fouss bei de Bäcker oder Metzler ass gesond fir deen Eenzelnen an fir d’Loft.
De François Aulner hat nach vill Froen, mee well et ee richtegen Débat war a keen sterilgesteiert Statement Erofgerassels konnt hien aner pertinent Froen net stellen. Schued. Ech war erfreet, dass de François Aulner zum Schluss net déi onsäglech Fro no potentiellen Koalitiounen gestallt huet.
Dono gouf bei engem Maufel a Patt wieder diskutéiert. Dat explizéiert dann och firwat ech mat méngem alldäglechen Countdown Bericht e bëssen hannendra komm sinn, no annerhalwem Glas Rouden. Mir feelt d’Routine doranner. Mee soss sinn ech top. Awer net esou top wéi d’Sam Tanson dat beim Débat gewisen huet. Brillant!
De François Benoy, onsen aner Spëtzekandidat ass grad esou informéiert an engagéiert wéi iwwerzeegend!
-27 Deeg (11-09-2017)
Haut hu mir der Press onsen Walprogramm virgestallt. Mir haten an de Parc op Zéisseng invitéiert. Dëse Quartier am Gréngen steet symbolesch fir d’Manéier wéi mir ons déi zukünfteg Entwécklung vun der Stad virstellen.

Vill Medien waren do. No enger kuerzer Fotosession mat routiniertem Posing an ons Beachflag opriichten, de Cargobike parken, d’Dokumentatioun verdeelen an d’mise en scène orchestréieren, hun d’Claudie Reyland, de Carlo Back, d’Sam Tanson an de François Benoy ons/hir Statements ofginn an explizéiert. Dono hun nach Journalisten gefrot a kruten geäntwert. Schlisslech sinn ons zwee Spëtzekandidaten interviewed ginn.

Sam Tanson, Schäffin a Spëtzekandidatin
Dat wat um 100komma7 gesot gouf, hun ech schon héieren. De Reportage op RTL, hun echt mir schon gekuckt. D’Commentairegrinchen von Bertelsmann Klickcompteur och. Mee bon.

Ech muss préziséieren, dass de Guillaume an ech (ganz rechts) zugleich nolauschteren an déi modern Medien zervéieren können. Natiirlech suivéiert een d’Reaktionen op deem wat gepost gëtt. De Sproch „ënner engem grénge Prabbeli ass nach ni een naass ginn“ op instagram an fb ass ronn 60 Mol geliked etc. ginn. Wat dat a Stëmmen (Gewënn oder Verloscht) ëmgerechnet ass, weess ech nët.

ënner engem grénge Prabbeli ass nach ni een naass ginn!
Well Twitter ee seriösen Medium ass, sinn ech do méi zréckhalend a maachen et wéi all déi aner Tweeterer: just Würdeges an Iwwerluechtenes geet an d’Welt.

Wéi d’Dageszeitungen ons Aussoën verschafft hun gesinn ech Mar um 5h45 bei, besser no der éischter Taass Kaffee. Ich si gespannt, well et ass jo immer esou eng Saach, kommunikatiounstechnesch, dat wat um Wee tëschend dem Sender an dem Empfänger geschidd.
Ween sech selwer wëll ee Bild verschafen kritt dëser Deeg ons Brochure an d’Boîte fir ze liesen oder kann hei klicken
Op der Television sinn ech gewuer gin, dass ech zu den Alen, besser Eeleren, gehéieren: d’Altersmoyen von onsen Lëschten National ass 47 Joër. An der Stad sinn et 46,6 Joer. Soss biografesches hei
Mar geet et op d’Table ronde vum paperjam.
Voilà, d’Walcampagne ass seit dësem Weekend offiziell un. Fir ons, déi gréng aus der Stad, bedeit dat Affichen pechen a Panneauën opstellen. De Mike huet alles perfekt organiséiert. D’Affichen gefale mir ganz gutt. Si sinn, wéi déi grouss Linnen von der Compagne, vun onsen Parteispezialisten an den héchsten Gremien décidéiert ginn. D’Lokalsectiounen sinn fir d’Feinheeten an d’lokal Prioritäten zoustänneg. Dat ass déi läscht Wochen a Meint geschidd.
E Freideg hate mir d’Kandidatenlëscht um Tribunal déposéiert. Och dat hat de Mike akribësch a korrekt organisiert. Eng unabdingbar Voraussetzung fir därfen ze papen.

Also, mir hun de Samsdeg a Sonndeg, dem Mike sengem Strategiepapeier gefollegt an emseg gepaapt. E puer haten schon Übung duerch Campagnen virdrunn. Vun deenen Neien hun déi eng hir manuelt Geschéck gewisen, anerer hire gudde Wëllen. Alles pecht.


De Mike war zweckméisseg gekleed, déi aner haten d’Veräinsfaarwen un (vlnr: Mike, Paul, François, Sébastien).
Am Laf vum Weekend si mir gewuer ginn, dass mir d’number one sinn, zumindest virun de Walen. Keen vun ons hat d’Problemer fir ons zougelousten Plaz um Panneau ze fannen a mat onsen Plakat ze verschéineren.

Claudie Reyland an déi éischt Plaz fir d’Lëscht Nummer 1
Dono war ech an d’Péitruss op den LXB Cup am Skatepark. Ee Spektakel, vill Leit, vill Akrobatien, vill gutt Stëmmung. Als Member vun der Sportkommissioun, zënter 2010, konnt ech d’Planung an d’Entstoen vun dëser wonnerbarer Anlag matverfollegen. Si ass grad esou spektakulär wéi vill benotzt. Eng gutt Saach.


Natiirlech hun ech alles fotografisch festgehalen an d’Welt informéiert. Och aner virwëtzeg Matstreider fir op de Knuedler, waren do. An och Minister. Op deem Niveau sinn echt nach net. Um Knuedler och nach nët. Nach 28 Mol schlofen.