Ech ginn dovun aus,

Nature first

Doriwwer misst am Fong net diskutéiert ginn: ouni gesond Natur geet et nët. Punkt! Dir erënnert iech aus der Schoul: d‘Loft geet beim Otmen an d’Longen eran a nees eraus. Si ass also ganz déif an ons drann a wéi seet de Volleksmond: léiwer propper dobannen, wéi knaschteg nobaussen.

D’selwecht ass et mam Waasser a Gefrups. Deen eenzegen Wee, eng gesond i.e. biopluralistesch an dynameschstabil Natur ze hun, ze behalen oder nees zréck ze kréien, ass der Natur net méi ewäch ze huelen, wéi si selwer verschaffe kann, wéi si verdréit d.h. fir dass si hiren Equiliber behale kann. Also musse mir d’Natur hegen a pflegen an esou der Biosphère, Atmosphère, Hydrosphère, Kryosphère, Lithosphère, Egosphère,… hir et erméiglechen ze fonctionnéieren.

D’Natur gëtt de Rhythmus vir. Dat hu mir ze respektéieren, an der Theorie an och an der Praxis. Permanent. Mir sinn der Natur egal, mee mir brauchen d’Natur. Mir sinn een Deel dovun. De Mënsch als een Deel vun der Natur gräift iergendwéi a bestänneg an d’Natur an. Dem Mënsch säin Undeel an a vun der Natur gëtt permanent méi grouss via Vitesse an Quantitéit. Dat ass problematesch.

D’Vitesse vum natiirlechen Wandel gëtt duerch de Mënsch erop gesat. Vill erop gesat. Well mir zu méi sinn an ëmmer méi verbrauchen. Vun Allem. A méi séier. Dat wat mir maachen beaflosst de System. Emmer méi séier an ëmmer méi. Des Steigerungen hypothékéieren awer d’Stabiliéit vum ganze System. Een onstabile System ass kee gudde System. Da fonctionnéiert dat Ganzt nët. An dann hu mir ee Problem.

Am Sënn vun der Natur ze handelen heescht och un dem Mënsch séng Kreativitéit gleewen an dorop, wéi seng Influenz sech op de System mat séngem dynameschen Equiliber positiv auswierkt. Mir si mat verantwortlech. Ons responsabilitéit gëtt ons eng Aufgab. Eenzeln an zesummen. Verhalen änneren, sech méi suergfälteg behuelen, heescht awer net méi schlecht liewen, mee anescht. Mir kënnen dat.

D’Besoinën vun der Natur limitéieren anscheinend d’Fräiheet, déi individuel an déi kollektiv. Awer just op den éischte Bléck. D’Natur ze schützen, heescht och ee Liewen mat méi Fräiheet ze verteidegen: wann d’Quellwaasser, dat mir aus dem Krunn kréien, net méi propper ass, si mir gezwongen Waasser soss ze kafen. Wann de Buedem verknascht ass, kafen mir Uebst a Geméiss bei engem Multi ze kafen wann d’Loft verpescht ass, kafen mir propperer beim Monopolist. Dat ass net d’Fräiheet wéi ech mir se virstellen.

Fräiheet, vum latäineschen liber

Liberalismus huet mat Fräiheet ze dinn, opgeklärt sinn, tolerant sinn a fräit denken, ouni Virurteel. A mat Pluralismus, well elauter verschiddener Eenzelener si vill verschidden Eenzelner, also Vill, ee Grupp, ee Gonglomerat, eng Gesellschaft. Een zesummen a mateenen Dings.

Fräiheet heescht net, dass ee keng Responsabilitéit a Pflichten huet, mee dass een sech selwer fir des Pflichten a Responsabilitéit décidéiert huet. De gesellschaftlechen Liberalismus ass aus dem gesellschaftlechen Absolutismus entstanen, deemols, an der Zäit an der een Eenzelnen (oder ee Groupuscule) alles ze mellen hat an déi aner näischt. Dat war op eemol net méi esou gutt ukomm. Et gouf gemierkt, dass deen Eenzelnen och eppes kann, därfe soll an ze mellen hätt. Deemno huet

Et därf een Liberalismus net verwiesselen mat Wirtschaftsliberalismus a Manchesterkapitalismus, wéi en vun de Shareholdervalue Apostelen propagéiert a verbreed gouf a gëtt. Do gëtt gemengt, dass alles wat machbar ass och erlaabt ass an deemno gemaach gi soll an dass, an enger zweeter Etap, de Maart alles regelt…. Dat ass awer net esou. Och de Maart brauch Regelen fir dass den enterpreneurialen Geescht séng Kreativitéit entweckelen kann, z. B. Rechtssëcherheet. D’Geschicht vun der onsichtbarer Hand déi alles regelt, ass eng nawell arbitraire Extrapolatioun, eraus gerappt aus dem mikroeconomeschen, regional limitéierten schotteschen Kontext vum Adam Smith am 18. Jorhonnert. Eng Geschichte eben.

Déi gréissten Ferventen vun der Fräiheet, och a virun allem déi vum ekonomëschen „et ass alles erlaabt“ an d’Verteideger vun der propriété privée, notamment vis-à-vis vum Staat, vergiessen komëscherdéngs all ze dax, dass grad hir Affairen an hire Besëtz vum an duerch de Staat vun i.e. der pluralistescher, demokratescher Gesellschaft an hire Regelen, géintiwwer Willkür an Anarchie, geschützt ginn. Een dee vill huet kritt vill geschützt.

Dat gesot, richteg liberal ass breed op gestallt sinn, mat selbstverständlechem Inklusiounsimpuls, schlisslech ass een ee fräien Eenzelnen vu ville verschiddenen Eenzelnen, déi all den Usproch hun, innerhalb vun de Regelen, sech selwer ze verwierklechen a selwer ze bestëmmen. An eegëverantwortlech ze sinn.

Selwer verantwortlech? Net engem d’Schold ginn? Dat kann erschrecken wéinst de villen Onbekannten Gréissten. Tjo! D’Liewen ass ee wäit Feld. Awer et ass een jo net aleng.

Kompromëss, zevill a net genug

Fir ee Kompromëss brauch een verschidde Meenungen, Ideeën, Positiounen, Argumenter déi sech begéinen. Staark, géigensätzlech Postiounen sinn een essentielle Bestandeel vum politeschen, demokrateschen Prozess an hiren Décisiounen.

„Zevill a net genug, dat war nach ni eng Mooss“ gëtt gesot. Zevill a net genug héiert een och dax wa riets ass vun Kompromësser an der grousser a klenger Politik. Zevill deem Aneren séngen Positiounen an Argumenter no ginn a net genug eegener duerch gesat kréien. Et géiff sech just op dee kléngsten gemeinsamen Nenner gëeenegt, gëtt gesot. Vun engem schwaache Kompromëss ass da riets. Dat kann een esou gesinn.

Et kann een och op sénger Postioun campéieren. Dat schéngt op den éischten Bléck konsequent. Da geet et e bëssen wéi mat enger futtisser Auer: zwee Mol am Dag ass se richteg. Mee et riskéiert een net matzekréien, wat d’Auer geschloen huet. Fir Ideeën kënnen auszetauschen, mussen d’Partiën mol iwwerhat Ideeën hun. Sech op „ee Kräiz ass séier gemaach“ Substanz ze limitéieren ass aarmséileg an dréit näischt zum qualitativen Débat bäi an ass keng Hëllef fir virun ze kommen.

Aner, sou ähnlech Kaliber, déi sech fir besonnesch clever halen, vertrieden all d’Meenungen a posaunen dono, dass si dat jo och gesot haten. Och dat ass just pathetesch.

Fir sech fir Eppes ze décidéieren, heescht eppes Aneres z’éléminéieren. Eppes ze refuséieren, heescht awer och eppes Aneres unhuelen. An ëmgedréint.

Ee Kompromëss évitéiert de politeschen Pingpong: deen Een féiert eppes Extremes an, dee Nexten schaaft et nees op, et cetera…. Deemno ass ee Kompromëss net eppes Nihilistesches oder Schwaaches, mee eppes Staarkes.

Ee Kompromëss oder soss eppes ausschaffen ass jo net een Automatismus a net d’Resultat vun iergendengen savanten Kalkülen, mee et ass ee Prozess dee vu Mënschen an hiren Meenungen, Postiounen an Argumenter gefouert gëtt. Dozou gehéiert och Realismus vs Idealismus.

Alles wat an de politeschen Débat afléisst kann diskutéiert, kritiséiert, contestéiert ginn. De Kompromëss huet deemno eppes mat Pluralismus ze dinn an zouloossen, dass déi Aner, wa méiglech vill Anerer, hir Meenung ausdrécken.

Natiirlech ass all Säit iwwerzeegt, dass hir Argumenter déi richteg sinn a méi staark sinn wéi deenen Aneren hir. Entspriechend fënnt een dann, dass de Kompromëss méi schwaach ass wéi séng eegen Positioun. Effektiv schwächt ee Kompromëss d’extrême Positiounen of.

Ee Kompromëss bedeit awer och, deem aner séng staark Positiounen un ze erkennen an entspriechend afléissen ze loossen. Ouni den Usproch ze hun, dass déi eng Positioun der aner Positioun iwwerleeën ass an dass een se dann ewäch maachen wëll oder assimiliéieren. Et geet dorëms, dat Allerbescht aus dësem Austausch ze zéien, well desem Austausch inspiréiert an erlaabt op de nexte Level ze kommen. .

Matmaachen, deelhun an d’Délégatioun dovun fir Geschéck ze maachen

Mir liewen jo an enger Demokratie wou jhiddereen matschwetzen an deelhuele kann, därf, soll, misst.

Och wann an der Demokratie, esou wéi mir se kennen, eng grouss Parti vun den individuellen Kompetenzen déléguéiert ginn, u gewielten Politiker an deemno wéi, un Experten. Dat war schon ëmmer esou: bei den ale Griechen duerch d’Selektioun ween wielen därf a suguer no de Revolutiounen an Frankräich an an de Vereenegten Staaten „ to depute power from the many, to a few of the most wise and good“ un déi déi “possess most wirdom to discern, and most virtue to pursue, the common good of society“. Dat setzt och Vertrauen viraus un déi déi ee représentéieren.

Mee trotzdeem, jhiddereen huet niewend sengem Drang sech selwer ze verwierklech a selwer ze bestëmmen, eng civil Responsabilitéit. Et geet net duer anzwouch ze wunnen an zefridden ze sinn oder net. Et muss een sech betraff fillen a sech abréngen. Natiirlech, ech sinn ech, an d’Haut ass méi no wéi d’Hiem. Eng Gesellschaft besteet aus Individuën mat hiren eegene Interessi, Repèren, etc. Et mecht an deet een vir seng eegen Saach. Just wa jhiddereen esou denkt, da geschidd net vill.

Motzen, wann et net esou goung wéi ee wollt, ouni dass ee virdrunn de Fanger kromm gemaach hat, gëllt net. Et gëllt awer, dass wouriwwer deen Eenzelnen matschwetzen wëll nawell verschidden ass: dat geet vum Weltfridden iwwer Europa via de PAG a PAP bis zum Trottoir virun der Dir. Et ass dat wat no ass, dat wat ee kennt, mengt ze kennen an hofft an denkt kënnen ze beaflossen. Am Fong geet et dorëms selwer ze bestëmmen. Responsabilitéit fir dat eegent Lieewen iwwerhuelen ze kënnen.

De Spektrum vum Beaflossbaren schéngt awer zum daxten nawell kleng, mikroskopesch, homeopathesch. Dat ass eng Saach vu Perspektiv an ass alles ok. Déi eng maachen Lobbyaarbecht fir hir Member, déi aner eben fir hir. Lobbygruppen schwetzen nir fir d’Leit all. Ee rôle vun der Politik am demokrateschen Prozess ass fir tëschend de Gruppen ze vermëttelen, fir fir een Ausgläich ze suergen. Dat bedeit dann och, dass een sech net ewächduckt wann déi verschidden Iddeeën openeen treffen. Fir dësen Ausgläich brauch de Politiker Courage.

Et geet em Participatioun virun allem am déliberativen Prozes wann een eppes aussschafft, plangt, schaaft. Enner anerem eng breed Diskussioun ass d’Basis vun der Demokratie. Si schaaft Légitimitéit i.e. Support. Nom délibéréieren, diskutéieren, débattéieren a plangen ass et Zäit fir ze maachen an ze doen, ze décidéieren. Opportunistesch Politiker ouni Courage drécken sech folgendermoossen aus „Wir wissen alle, was wir zu tun hätten. Aber wir wissen nicht wie wir danach noch Wahlen gewinnen können“**.

Eng gutt Politik nämlech, esou sot mäin Monni Emil séileg, CSV a Minister an de 60er Joren, huet dax eréicht een Effet vill Joren méi spéit. Dotëschend si Walen. Fir Geschéck ze maachen brauch een Légitimitéit, Expertise a Courage.

* Gegen Wahlen , David Van Reybrouck, Wallstein Verlag, Amsterdam, 2013, p. 91 **Die Kunst der Freiheit, Alexander Van der Bellen zitéiert den JCJ, Wien, Brandstätter, 2015, p.100