foodforthezens

foodforthezens creative studio

„The studio was filled with the rich odor of roses and when the light summer wind stirred amist the trees of the garden, there came through the open door the heavy scent of the lilac or the more delicate perfume of the pink flowering thorn“

„The Picture of Dorian Gray“ by Oscar Wilde, 1890/1891

ESPACE CAMILLE GIRA

2019

De Camille Gira (2.6.1958 – 16.5.2018) ass 1993 Member gi vun déi gréng. Hien war vun 1982 bis 1990 Scheffen an der Gemeng Biekerech. Do war hien du Buergermeeschter bis 2013 bis hien an d’Regierung koum als Staatsekretär fir Nohalteg Entwéckelung an d’Infrastrukturen. Hie gouf 1994 eng éischte Kéier am Nordbezierk an d’Chamber gewielt an 1999, 2004, 2009 an 2013 als Kéiers zréck gewielt.

« De Camille huet sech agesat. Net fir sech selwer, mee fir eis alleguerten, fir d’Allgemengheet, fir d’Mënschen, …… Hien huet den Asaz fir de Mënsch, fir d‘Natur, fir d’Déieren an d’Emwëlt héich gehalen. Wäerter vu Solidaritéit, Toleranz, Respekt an Gerechtegkeet waren him enorm wichteg. Den Dialog, den Austausch an d’Nolauschteren sinn d’Fundament vu sengem politeschen an gesellschaftlechen Wierken. Hien hannerléisst senge Matbierger, senger Famill onvirstellbar vill Hien hannerléisst en Ierwen un dat Gutt ze gleewen. Hien hannerléisst Hoffnung an Zouversiicht.…..Esou wéi ech de Camille Gira kenne geléiert hunn, géif hien net acceptéieren, dass mer just zeréck kucken an traureg sinn. De Camille géif eis haut waakreg rëselen an eis opfuerderen dat Grousst net aus den Aen ze verléieren. Mir hunn eng Verantwortung vis-à-vis vun eise Kanner. Mir mussen eis dru ginn »

Extraits du discours du Premier ministre, Xavier Bettel, à l’occasion de la cérémonie officielle à la mémoire de Camille Gira, secrétaire d’État (2.6.2018).

SYSYPHOS II

Alain ROBERT, 2019

Alain ROBERT, 1957, Uewerkaerjeng, Soziolog, assistant social, Alldagsphilosoph an autodiktatesche Multiartist.

« Sysyphos II » huet den Alain ROBERT gemaach fir an de foodforthezens, fir mech. Villmols Merci.

De Sysyphos war kee léiwen, schreiwt de Stephen Fry a séngem Buch « Mythos, The Greek Myths Retold» a verzielt, dass de Sysyphos sech fir de cleversten a raffinéiersten Mann vun der Welt gehalen huet, deen all Problem léise kéint a zu allem säi Pefferkär begedroen huet.
De grousse Chef, den Zeus, huet mat kritt, dass de Sysyphos net fein war an ze onverschimt, an dass et Zäit war fir eppes ze maachen. De Stephen Fry beschreiwt d’Strof déi de Sysyphos vum Zeus krut “Sisyphus is still there in the halls of Tartarus, pushing that boulder up the hill and getting almost to the top before it rolls back down and he has to start once again.”

De Segel steet haart um Wand a géint de Wand kënnt ee net un.

GRETA GAIA

Chantal GALES-KAYSER, 2013/2019

Chantal GALES-KAYSER, 1968, Speyer (GER), autodidaktesch Molerin a Sculptrice

D’Gaia ass eng primordial Gottheet aus griechescher Mythologie. Si verkierpert d’Erd. Si huet ganz aléng, technesch ausgedréckt duerch Partenogenese, zwee Bouwen an d’Welt gesat: den Uranos, den Himmel an de Pontos d’Mir. Iwwriens, d’Partenogenese gëtt et och an der Natur z.B. Bladleis, Echsen a suguer Haiën. Just, et ass net esou Vilfälteg wéi de Mix vun zwee Setter vu Genen. Deen ass am interessansten.

D’Greta Thunberg, 2003 zu Stockholm gebuer, ass ee joncke Mënsch dee sech Gedanke mécht doriwwer, wéi d’Mënschen mat der Erd ëmginn. Si mécht dat zënter 2018 duerch de « Skolstrejk för klimatet », deen eng weltwäit Bewegung ausgeléist huet. Virun allem vu joncke Leit.„You are never too small to make a difference“ …. „Imagine what we could all do together if we wanted to“ …. “no matter how uncomfortable that may be” aus dem Greta Thunberg hirer Ried op der UN Climate Change Conference COP24 Katowice, 2018.

ÖKOSYSTEM

2019

« Ein bestimmter Lebensraum und die darin vorkommenden Organismen bilden aufgrund von wechselseitigen Beziehungen eine Lebensgemeinschaft, welche man als Ökosystem bezeichnet » aus «Kleine Gase – große Wirkung, der Klimawandel», David Nelles & Christian Serrer, 2019, S. 88.

Wéi bei engem Mikado ass och soss am Liewen alles iergendwéi mateneen verbonnen. Et ass schwéiert eppes aus dem System erauszehuelen oder ëmzetesselen ouni, dass dat Ganzt changéiert, bougéiert, wackelt oder zesummefällt. An alles wat de Mënsch esou künstlech schaaft, deet a mécht, baséiert op der Natur.

LE DOMAINE DES DIEUX

2019

Op der leschter Säit vum Astérix Episode « Le Domaine des Dieux », 1971, vum René Goscinny (Scénario) an Albert Uderzo (Zeechnunge), steet geschriwwen « à la tombée de la nuit la nature a repris ses droits » nodeems den Druide Panoramix e puer vun him préparéiert Eechelen planze gelooss hat. Den Astérix freet awer och « Panoramix, notre Druide, crois-tu vraiment que nous pourrons toujours arrêter le cours des choses comme nous venons de le faire ? » Dorops den Druide « bien sûr que non, Astérix… ».

Esou ass et och hei am Land. Wat dat heescht gesi mir dann.

SILENT SEAS

2019

« The sea is our common heritage; the sea belongs to us all », aus « Silent Seas, The Fish Race to the Bottom », 2007.

An deem Buch beschreiwt d‘ Isabella Lovin ganz anschaulech a prägnant wéi mir mat de Ressourcen aus dem Waasser an der Ressource Waasser ëmginn. Liest d’Buch.

Waasser a séng Liewewiesen, Fësch a Planzen, si ganz essentiel.

Een Hai kënnt am Buch iwwriens net vir.
Dach! Awer kee mat Flossen.