Kategorien
Uncategorized

Bréisseler Velosinspiratioun

E Mëttwoch, 13. Mee 2020 vu 19H00 un

Kuckt, lauschtert mat eran an discutéiert mat: ouni Aschreiwung (just d’Emailadress ass noutwendeg) : hei

La révolution du vélo à Bruxelles – Une inspiration pour la Ville de Luxembourg?

déi gréng Stad Lëtzebuerg ont le grand honneur de vous inviter à leur Webinar avec Elke Van den Brandt, ministre de la mobilité pour la région Bruxelles-Capital, Linda Gaasch conseillère communale de la Ville de Luxembourg et François Benoy, député et conseiller communal de la Ville de Luxembourg. 

Bruxelles, Paris, Berlin, Milan… partout en Europe, les villes rendent les rues aux citoyen.nes afin de désengorger les axes routiers, soulager les transports publics et promouvoir la mobilité active, en réponse aux enjeux de la crise du coronavirus.

Face aux embouteillages permanants et à leur pollution atmosphérique et sonore, la ministre verte a élaboré un plan ambitieux d’aménagement de nouvelles pistes cyclables sécurisées, de réorganisation de l’espace public en faveur des piéton.nes et a développé les offres des transports en commun.

Quelle est la vision de la ministre écolo? Quelles sont les leçons à tirer pour le Luxembourg et d’autres villes?

Kategorien
Corona mir-man-et-geschéien Partizipatioun zesummenhalt

Kreativ-Dynamik-Télétravail

Ir een elo ka kucken wéi ech mech bei méngem éischten Téléinterview geschloen hun (jo, ech kann dat besser), e puer Gedanken zu Thema.

Jo, Télétravail ass eng gutt Saach. Eng ganz Parti gutt Grënn ginn vun de verschiddenen Leit an desem kuerzweilegen an informative Reportage opgefouert, grad wéi och op Désavantagen a Schwiregkeeten higewise gëtt. Och heiranner, am Télétravail, wéi an enger ganzer Rei aner Domäner, huet de Coronavirus gemaach, dass et méi séier goung. Et si Léisunge fonnt ginn. Provisoresch, improviséiert an temporaire.

Vill vun dese Saache si séier a kreativ ëmgesat ginn. Et huet eben musse séier goen. Et ass séier gaang. Op alle Niveauën, an alle Secteuren, privat oder public. Zesummen a solidaresch.

Dat wat den éischten Deel. D’Urgence. De Confinement

Elo gëtt vill geschwat, discutéiert an hypothetesch extrapoléiert iwwer de zweeten Deel. Et ginn elo vill Experten, vill savant Kalkülen. Do ass et mam zesummen a mam Solidareschem schon anescht. 

Dat erënnert mech iergendwéi an awer just entfernt, un d’Klimakris: mee d’Gewiichtung ass zum Deel anescht. Dringlechkeet vun der Situatioun ass ähnlech, awer d’Vitesse mat der réagéiert gëtt, ass vill méi lues. Mee ëmmerhin, elo ass et zum Beispill a ville Stied an Däitschland méiglech, Deeler vu Stroossen als sécuriséiert Velosstreck em ze fonctionnéieren. Et geet wann ee wëll. Dat geet och an der Stad wann ee wëll. Hélas! 

Wéi den Télétravail oder homeoffice oder déi provisoresch Kliniken oder de shutdown, sinn oder wiren och d’Velosstrecken temporaire zäitlech begrenzt. Et sieff dann, dat wat en urgence implémentéiert ginn ass, geng seng Preuve maachen. Da gëtt et d’Optioun fir de Provisioire duréieren ze loossen an et gëtt d’Méiglechkeet, driwwer nozedenken wat bleiwe soll, wat direkt fort kann oder nees lues a lues ofgeschaaft gi kann, wat ee preventiv brauch, wat guer net. An da geet et dorëms Gescheck ze maachen.

Déi Décisiounen  ginn da geholl no échange d’idées, op Fakte baséiert,  am Konsens. Lobbydinös Ergüss a just d’Recht vun deem déi méi staark ass, si net zweckméisseg. Dofir awer Solidaritéit. Beim Corona a beim Klima. Mir hun déi lescht Woche gewisen, dass mir dat kënnen. Mir kënnen et och duerno. Mee mir si nach net duerno, mee matzen drann..

Nach besser kann ech och esou Interviewën: Hei

Merci Sarah, Laura a Lionel.

Kategorien
stadlëtzebuerg zesummenhalt zukunft

Corona geet ons all un

Um Knuedler an der Stad, stoung haut d’Coronakris am Mëttelpunkt. Et geet drëms ze hëllefen an zesummen a solidaresch sech géigesäiteg z’ënnerstëtzen. Dofir hun d’Vertrieder vun déi gréng am Stater Gemengerot eng ganz Rei Virschléei gemaach a Froë gestallt, dat goung vun besonneschen Hëllefen fir déi Leit, déi et souwisou scho schwéier hun bis zu temporaire Velosweeër. A well „la meilleure pédagogie se fait par la répétition“, ass och eng Informationsbrochure a verschiddene Sproochen an all Bréifkëscht an der Stad, eng gutt Saach. Och sollt de Stater Geschäftsleit gehollef ginn. Dat a nach vill méi hei

Kategorien
Demokratie Kreativitéit mir-man-et-geschéien zesummenhalt zukunft

Verzichten oder profitéieren, … dat ass d’Fro

De President vun de Propriétairen hei am Land, mengt an engem Interview um 100komma7 (hei) et soll een als Propriétaire virleefeg net op de Loyer verzichten. Aus Däitschland gëtt gemellt, dass eng ganz Rei Konzerner keng oder manner Loyer bezuele wëllen.

Ech hat geduecht, dass an dëser aussergewéinlecher Situatioun, mir ons all sollen e bëssen zréck huele, mir si jo an enger situation de crise an dass mir am beschten hunn, zesummen ze halen. Dat kéint dann heeschen, dass déi Staark déi Schwaach ënnerstëtzen : deen deen eppes méi huet, verzicht, temporaire oder ganz oder deelweis, op eppes. Deen anerer kritt doduerch e bësse Sputt an d’Chance déi schwireg Zäit, de momentane Manktum, z’iwwerbrecken. All d’Moossname vun der Regierung sinn dorop ausgeriicht. Well et ass just iwwergangsweis.

A Krisesituatiounen kënnt och jidderengem säi richteg Charakter eraus. Déi meescht sinn jo wueltemperéiert, mat e bësse der enger Eegeschaften, e bëssen der aner. Alles ausbalancéiert. Alles gutt. Trotzdeem ginn déi eng nervös an hektesch, anerer zéie sech zréck, anerer gi generéis an hëllefsbereed, anerer gi gurmangsesch, anerer ginn iwwerluecht vir. Et kann een zB. iwwerleeë wéi een am beschten hëlleft.

Anerer iwwerleeë par konter, wéi si vun dëser Krisesituatioun profitéiere kënne.

Wéi dat geet exercéiert de Propriospresident an och divers Konzerner. D’Gurmangsechkeet dans toute sa splendeur. De Propriospriosaffekot réit sénge Leit weider z’encaisséieren. Dat généréiert par ricochet d’Persepktiv fir als hire juristesche Beroder ze figuréieren, méiglecherweis och fir dann, wann e Locataire net bezillt, dem Propriétaire séng Rechter hëllefen anzekloen a fir, évidemment, och fir een zünftege Mietvertrag opzesetzen mat engem neie Locataire, nodeems hie gehollef huet, deen dee während dem Engpass net bezuelt hat, eraus ze puchen. Et ass jo alles juristesch rechtens. Dat ass da fir hien win-win-win. Fir hien a fir déi déi hie bezuelen. Wat mech un dat Lidd erënnert « wessen Crémant ich trink, dessen Lied ich sing ».

Et schéngt awer och, esou steet am Lëtzebuerger Land vun dëser Woch (hei) verschidde Propriétairen ze ginn (iwwriens: Propriétairen sinn och mat an der Kris, musse sech Gedanke maachen, hun investéiert a si sollen och net zum beschte gehale ginn), déi méi sozialkompetent si, wéi deen dee si représentéiert : Désinfectant a Plaz Vodka. Well déi hu verstanen wourop et ukënnt elo.

Si distinguéire sech op des Manéier och zB vun GM, deen Autoskonzern, dee virun nach net all ze laang mat Steierdollaren gerett ginn ass an elo kalbliddeg eng Milliard Dollar verlaangt hat, fir Beotmungsgeräter ze produzéieren an dëser Noutsituatioun. Haaptsaach de shareholder geet et gutt. Deen vun GM oder deene vun Adidas.

Verschidde Propriétaire maachen och dat wat si kënnen : kreativ no Léisunge sichen a fannen. Och dat distinguéiert si positiv vun deene à la Donald, Jair, Boris, déi mengen et fir eng Saach vu just e puer Wochen („eng ‚Durststrecke‘ do ass, vu 14 Deeg„) oder fake news.

Alles gëtt gutt.

Kategorien
Demokratie Sophismus

Mäi Versteesdemech

Fir dass ech et richteg verstinn: déi gréissten Oppositiounspartei, d’CSV, profitéiert gär vun der Diskussioun iwwer dem Roberto T. sénger nonchalaner an onseriöser Gaardenhäip Upgrade Aktioun, mat hirer Motioun déi verlaangt, fir all déi illegal Konstruktiounen ze légaliséieren an esou, par ricochet oder d’hënnescht Dir, hir Politik vun de leschte Jorzéngten weider ze féieren, nämlech Zersiedelung vum Land.

Ausserdeem ka si esou all deenen, déi an der laanger Vergaangenheet vun hirem Staat servéiert gi sinn, eng Zort Ofsécherung bidden. Klientelismus après la lettre, enfin, après régence, aus der Oppositioun eraus. Do so nach een aus der Oppositioun eraus kéint ee näischt fir séng Leit bewierken, also probéieren ze bewierken.

Dass d’Beem déi dobäi gefällt ginn a goufen, hinne nawell eklektesch egal sinn, ebe je nodeem ob et si arrangéiert zum Beispill fir eng Strooss ze bauen, déi hirem Duerf hëlleft, wéi den honorabelen LSAP MvP Georges Engel, et mat engem sourire narquois kommentéiert huet.

Och do an deemno, si maache weider mat hirer political rhetoric as usual: dat Eent soen an och de Contraire.

Kategorien
Demokratie Energie gutt liewen zesummenhalt zukunft

Energeteschen Protestpiquet

Déi déi mech kennen, wëssen, dass ech mech normalerweis fir Saachen asetzen, dofir, net dogéint. Dëser Deeg war dat anescht, well ech war op engem Protestpiquet géint Cattenom. Also net géint d’Duerf Cattenom, d’Leit déi do wunnen, si sécherlech sympathesch, mee géint den Atomreakter, deen do steet.

wortpunktlu2.jpg

De Nationalen Aktiounskomitee géint Atomkraaft hat invitéiert well de franséischen President war op Besuch an d’Geleeënheet gutt. De Protest ass e bëssen NIMBY, den Atomreakter ass jo net wäit ewech, am Fong zimlech no. Et ass awer virun allem d’Informatioun fir de franséischen President, dass d’Sëcherheet vun de Bierger an Europa méi wichteg ass wéi d’Intéreeën vun der franséischer Atomindustrie. Et ass och de Rappel, dass am Laf vun de Joren den Zoustand vun Atomreakter sech verschlechtert, trotz Entretiensaarbechten à la excellence française.

Fir mech ass et virun allem eng geféierlech Technologie, déi nëmmen ganz, ganz schwéier, wann iwwerhat, ze beherrschen ass. Jiddereen wees och, dass dat mam Atommüll nach net geléist ass. Wat soll een domatter maachen? Wouhin? Wéi entsuergen?

Grad wéi och wat mat den Atomanlagen geschidd wann se net méi ze gebrauche sinn, wann se net méi produzéiere kënnen? Eng Wandmillen déi net méi geet, rappt een ewech an et setzt een eppes dohinn: een Haus, ee Bam, eng Spillplaz oder soss eppes. Een Atomreakter dogéint, dee bleiwt stoen a muss nach jorelaang ënnerhalen ginn. Do steet dann esou eng Industrieruin dausende Joren an der Géigend rondrëm a strahlt. Denkmalschutz ass anescht. Ofgesinn dovunn, dass den Entretien enorm vill kascht. Een Argument wat ultimativ Jidderengem aliicht.

Alles dat ze änneren ass komplizéiert, laangotmeg an ee wäit politescht Feld. De Claude Turmes huet dat excellent beschriwwen a séngem Buch „Transition énergétique“ bzw. „Energiewende“. Et geet em d’Widderstänn vun den traditionnellen Energielobbyën, vun den décke Brieder déi ee bure muss an d’Hartnäckegkeet déi ee brauch fir virun ze kommen. Et geet just lues a lues. Dowéinst muss een et dax widderhuelen, och mat Protestpiqueten.

Wann ee géint dat Eent ass, dann ass fir eppes Aneschters, well ouni Stroum geet et nët- Et ass een fir déi erneierbar Energiën, wéi se genannt ginn. Mee am Fong sinn et éiweg Energiequellen, déi ëmmer do sinn: Wand a Sonn. Ee groussen Avantage vun dësen Energiequellen ass, dass si einfach accessible sinn a eben hei. Si maachen och manner ofhängeg vu Leit mat engem aneren Demokratieverständnis. Dat gëllt och beim Petrol. Wann ee wëll als Eenzelnen, als Land oder Europa fräi sinn, dann huet een Intérêt sech net ofhängeg ze maachen. Dat alles ëmstrukturéieren ass nët einfach, awer zu gudder Lescht méi einfach a besser wéi ausgeliwwert ze sinn.

D’Produktioun vun regenerativen Energiën förderen ass eng gutt Saach, de Gebrauch dovunn och, zum Beispill deenen, déi eng Photovoltaikanlag bedreiwen, d’Méiglechkeet ze ginn, de Stroum selwer ze späicheren, verbrauchen an ze verkafen.

De Bilan vun der Ëmweltministesch, dem Carole Dieschbourg, huet gewisen, dass d’Richtung stëmmt, mee dass nach ee wäite Wee ze maachen ass. Entspriechend hu mir déi gréng nach vill wëlles, vill Ideeën a konkret Projeeën. Alles op eemol geet net, awer et muss een ufänken, Geschéck maachen a konsequent weider maachen. Just mat Cattenom an Tihange nët, déi soll een zou maachen. Well mir eist Land gären hun.

Wandmillen

Fotoen: lequotidien.lu (screenshot); wort.lu (screenshot)

Kategorien
gutt liewen integratitiv Kreativitéit Partizipatioun Sport stadlëtzebuerg zesummenhalt

Vill léiwer de Pafendall wéi Moskau

Kaum ass dat eent Futtballturnéier eriwwer, dat zu Moskau, da kënnt dat next, dat fir mech méi flott, dat op enger Plaz wou ee sech méi wuelt fillt, a Plaz do, wou dëslescht Frankräich gewonnen huet, nämlech am Pafendall: déi 58. Coupe Gaston Diderich an 43. Coupe Roger Diderich vum Red Black Egalité 07 Pfaffenthal Weimerskirch. Elo an der Woch d’Qualiën an e Sonndeg d‘Finallen vun 15H00 un am Stade Gaston Diderich, 100, rue Laurent Ménager, Lëtzebuerg-Pafendall.

IMG_2595

Hei d’Virwuert, dat ech als Vizepresident vum Organisatiounskomité an d’Eventbrochure, eng groussarteg Brochure, geschriwwen hun:

Vorwort Coupe GDiderich

Dat ass kompakt wourop et ukënnt a firwat ech zënter Joren am Sport engagéiert sinn.

Beim Futtball ass et och wéi am Liewen: mat der perfekter Kombinatioun vun Talent, Intelligenz, Fläiss an Duerchhalen setzt ee séng Chancen erop séng Ziler z’ereechen. Kombinatioun heescht an dësem Fall mateneen an et heescht séng Begabung an den Déngscht vun der gudder Saach ze stellen, fir se am richtegen Ablack an ze setzen. Méi schwéier ass et net. Awer och net méi einfach.

D’Basis fir zum Beispill un engem Futtballturnéier mat ze spillen, op am Pafendall oder zu Moskau, gëtt an de Clibb geluecht. Si sinn déi éischt Ulafplaz fir d’Kanner. D’Bénévole sinn déi éischt Uspriechpartner, Animateuren, Betreier,…. Dowéinst solle si, egal op aus dem  Breedensport awer och am Spëtzesport, besser ënnerstëtzt ginn. Fir eng gelongen Integratioun an Inklusioun.

Ee vun de Projeeën an Ziler vum Sport ass sech ze vergläichen a méiglechst gutt dobäi ofzeschneiden. Dat gëllt grad esou fir d’Théikenéequipe wéi fir den ambitionnéierte Feierowendsportler an fir de potentiellen internationale Champion. A fir des Lescht genannt ass et onbedéngt néideg, déi richteg Mëttel zur Verfügung ze stellen. Och do gëllt, wéi an der Kultur, wou dëser Deeg Ee gesot huet, dass d’Budgetsmëttel déi do engagéiert ginn, net als Dépense, mee als Investissement missten ugesi ginn. Jidereen ass dann houfreg op deen aus eiser Mëtt, uewen um Podium. Och wann dee séng Medail dann méiglecherweis vun engem Voyou iwwreecht kritt a oppassen muss mat wiem hien sech fotograféieren léisst.

A nach ëmmer bleiwt et richteg, dass Sport, ouni biochemescht Gefuddels, gesond ass. Fir Kierper a Geescht. Am Lycée krut ech deemols ee Sticker mat „3 Stonnen Sport an der Schoul“ drop geschriwwen. Ech si mir net sécher, dass, wat de Stellewert vum Sport e.a. an der Schoul ubelaangt, et zënter deemols besser ginn ass. Dat wir awer néideg well mir eis Gesondheet (kierperlech a geeschteg), eis Kanner, eis All, eis Compétitivitéit, eist Land gär hunn. Loosst et ons geschéihen doën!

Den FC Red-Black Egalité 07 Pafendall-Weimerskierch spillt en Sonndeg déi grouss Final um 17H00. Um 15H00 ass de Match fir déi 3. a 4. Plaz. E Freideg spillen den RM Hamm Benfica géint den F.C. Avenir Beggen.
IMG_2598
Kategorien
gutt liewen Partizipatioun zesummenhalt zukunft

Iwwer Vakanz, Méihmaschinnen, Fliger an exotescht Uebst.

E Sonndeg de Moien hun ech wéi all Dag um 6H00 méng Kaffismaschin ugehäit an een Orangejus gepresst. Während deems hun ech de Fliger nogekuckt, déi vum Findel fort geflu sinn. Tjo. Zënter enger Woch ass Summervakanz. Net fir jiddereen awer fir nawell ganz vill Leit. Dat hun ech um Wee fir op d’Aarbecht gemierkt. Et ass eidel um Wee. Vill Leit si fort, an d’Vakanz, nawell gär mam Fliger.

Zum Thema Fliger, besser gesot, hirem Kaméidi, haten Enn Juni déi gréng aus der Stad an aus dem Bezierk Zentrum op eng Versammelung nom Motto „Fir eng besser Nuetsrou um Findel“ op den Cents invitéiert. De Sall war gutt gefëllt. Ech fannen esou Owender flott: et kritt een Informatiounen aus éischter Hand an et kann ee matschwetzen a Froen stellen. Dovunn hu vill Leit profitéiert.

Mat enger Parti pertinenten Zuelen, Statistiken a Grafiken huet den zoustännege Minister François Bausch d’Entwécklung vun de Flugbewegunge gewisen. Et goufe Scénarien opgestallt iwwer déi méiglech Entwécklung vum Lofttraffik.  Hien huet explizéiert wat an de läschte Joren décidéiert gouf. fir vum laissez-faire bis dohin, lues awer a sécher a Richtung serieux Kontrollen ze kommen. An awer och wat nach alles geplangt a néideg ass.

De Flugverkéier soll manner Kaméidi maachen a manner Ofgase produzéieren. Eng Parti Saachen si schon ugeleiert, anerer emminent. Dat geet vun der Optimisatioun vun der Descenten fir manner Kaméidi iwwer eng Revisioun vun de Standardflugprozeduren (fir manner Retarden i.e. Landungen no 23H00).

Et muss sech an der EU agesat ginn fir eng Taxe um Keroséng. Mat deene Suen soll dann d’Recherche fir eng Dekarboniséierung vum Flugverkéier ënnerstëtzt ginn. Och sollen déi nei Taxen, déi besonnesch den Nuetsverkéier (vun de Fliger) sanctionnéieren, esou séier wéi méiglech ëmgesat ginn.

De Jean-Paul Roeder, gréngen 1. Schäffen vu Sandweiler bemierkt, dass si elo d’Leit an hirer Gemeng esou wäit kruten, dass si Sonndes Moies net méi d’Wiss mat der Maschin méihen. Den Effet dovun gëtt awer relativiséiert duerch d’Motortester no der Révisioun virum Hangar, nawell dax Sonndes Moies. Dat ass net zilführend. Duerch eng aner technesch Organisatioun sollt et méiglech ginn dee Kaméidi erof ze setzen, méngt de François Bausch.

Virun allem awer: Eppes Wesentleches huet net de François Bausch gesot, mee d’Vertrieder vun den Interessisveräiner vum Cents a Polfermillen/Hamm ouni, dass si awer hir Kritiken vergiess hätten: mat dësem Minister sinn  d’Diren vun der black box op gaang. Elo sinn d’Informatiounen zougänglech (zB iwwer ana.public.lu)an et gëtt matenee geschwat. An deem Sënn soll och zesummen mat de betraffene Leit an de Flugcompagniën eng verbindlech Charta fir de Kaméidi erof ze setzen, ausgeschafft an ëmgesat ginn.

Mateneen Ziler erreechen. Solidaresch, a gläichem Mooss matgestalten. Mat Zesummenhalt geléngt gutt Liewen. Well mir eist Land, Ëmwelt, Vakanz, exotëscht Uebst an Nuetsrou gären hun.

Présentatioun vum 25 Juni 2018 : hei

Ech hat ee schéinen Summerweekend heiheem um 25. BD Festival zu Contern, an der Péitruss beim LXB Cup am Skateboard an mat der Luma op der Place d’Armes.

Kategorien
grengwierkt Mobilitéit stadlëtzebuerg

Kamoud douce Mobilitéit

Ennert der Iwwerschrëft „Watfir ee Wee fir de Velo“ hate mir vun déi gréng aus der Stad d’Press an d’Theaterstuff invitéiert direekt niewend de Chantier vum Tram. Eng Plaz mat engem grousse Potenzial fir gutt Mobilitéit. Als President vun der Lokalsectioun hat ech Haut eng kuerz Introductioun gemaach. Voilà:

Fir ons gréng ass gutt Mobilitéit douce. Si schount d’Natur, ass gutt fir d’Emwelt deemno och gutt fir ons all.

Gutt Mobilitéit ass Mobilitéit déi komfortabel ass, déi passt. Déi kamoud ass. Gutt Mobilitéit ass déi déi engem erlaabt méi Zäit ze hu fir dat ze maachen, wat ee gär mécht, wou ee gär ass a mat wiem ee gär ass. Doheem, bei der Famill, op der Schaff, mat Kollegen. Deemno proposéiert gutt Mobilitéit Optiounen. Alternativen, déi eben Kamoud sinn. Et geet net géint den Auto, mee fir esou vill Auto wéi néideg, esou vill Velo wéi méiglech.

Mobilitéit fänkt am Kapp un fir dann konkret ëmgesat ze ginn. Als éischt muss een mat eppes ganz Essentiellem ophalen, nämlech ze denken, dass just Säint  gëllt. Et geet net géint den Auto, mee em esou vill Auto wéi néideg, esou vill Velo wéi méiglech. Maximal Flexibilitéit, Confort, Qualitéit sinn Essentials fir gutt Mobilitéit.

An der Schefferotserklärung gouf geschriwwen, dass op der enger Säit, vill an de leschte Joren an d’Promotioun vun der doucer Mobilitéit investéiert gouf an dass dat och esou soll weider goen. Et steet e.a. geschriwwen vun der Bréck vum Weimeschaff via Neiduerf op den Cents. Et gëtt an der Schäfferotserklärung och op d’Orientatiounshëllef vun der Tramsstreck fir nei Velosweeër higewisen. Esou richteg nei ass do näischt. Laut Schefferotserklärung géng eng approfondéiert Etude lancéiert ginn iwwer kiirztméiglechs Velosweeër tëschend de Quartierën. Fir ze kucken op dat méiglech ass oder och vläicht firwat et net geet. Gréng dogéint wir fir ze kucken dass et geet.

Nët gefeelt huet an der Schefferotserklärung d’Feststellung, dass den Auto eben zu de Gewunnechte vun de Leit gehéiert. Nawell fatalistesch. Am Genre: et kéint een eben näischt maachen. Wéi wann et keng Alternativen géng ginn. Alternativen notamment de Velo si keen Thema. Dat gëtt ons een ongutt Gefill. Dat ongutt Gefill gëtt verstärkt, well déi Schefferotserklärung schon sechs Méint hir ass. No sechs Méint gëtt et näischt Neies.

Alternativen notamment de Velo si keen Thema. D’Alternativen mussen esou attraktiv sinn, dass een motivéiert ass fir al Gewunnechten z’änneren. Dowéinst ass elo dee richtegen Moment fir een drëtt Veloskonzept hei an der Stad ze maachen. Mir haten der bis elo zwee. Elo kënnt den Tram an de Stadzentrum. Dat gëtt nei Méiglechkeete fir méi eng kamoud Mobilitéit.

No den allgemengen Erklärungen vum Schefferot gëtt et onser Meenung no Zäit fir méi Substantielles a Konkretes. Well si net liwweren, liwweren mir: hei esou wéi mir déi gréng aus der Stad et gesinn. D’Sam Tanson an de François Benoy hun dat alles nach méi détailléiert top erklärt.

Kategorien
Demokratie grengwierkt Kreativitéit Partizipatioun stadlëtzebuerg

Sech këmmeren em dat Grousst a Ganzt a Klengt a Ganzt.

Dëser Deeg huet de President gegrinst. Trotz der Konkurrenz vum Futtball, den FC Bayern huet géint de Real gespillt, war de Sall voll. Den Interessenveräin vum Kierchbierg hat op séng Generalversammelung invitéiert. Dat war Mëttwochs. Freides war et um Interessenveräin aus dem Pafendall. Och do waren vill Leit.

De Comité vum Pafendaller Interesseveräin ; ordre du jour a.g. Kierchbierg

Déi zwee Comiteeën vun deenen zwee syndicats d’intérêts locaux vu Stater Quartierën haten vill geschafft déi läscht 12 Méint. Si haten den Autoritéiten  vun de verschiddensten Niveauën Bréiwer geschriwwen. Mat verschiddenen hu si sech getraff. Mat aneren hätte si sech gären getraff. Et goung ëm Bussarrêten, em Foussgängersträifen. Si hun intervenéiert wéinst ze héicher Vitesse, virun allem an de 30er Zonen, och all ze dacks vun deen Awunner aus eben deenen Zonen. Ganz rücksichtsvoll ass dat net vis-à-vis vun de Noper. Iwwerhat ass vill Verkéier, vill méi Verkéier wéi fréier. Et gëtt och méi Wunnengen wéi fréier. Méi Awunner a méi Leit déi op déi vill Aarbechtsplazen schaffe kommen.

Den Interessenveräin vum Kierchbierg ass zënter e puer Joer vill mat engem groussen Wunnengsprojet um Schoettermarial beschäftegt. Do hätt scho laang kéinten gebaut ginn. Gouf et awer nët. Wéi dee neie Bauprojet virun e puer Joër opgetaucht ass, hun sech ganz vill Leit aus dem Quartier ganz vill Froen gestallt. Do sollten iwwer 400 Wunnengen hi kommen. Wunnengen déi gebraucht ginn. Wat awer och heescht, dass d’Awunnerzuel do soll quasi verduebelt ginn.

Do kéint scho laang Yet stoen, mee et gouf sech ganz vill Zäit gelooss a wuel spekuléiert. De private Propriétaire hat et verjuppt. Hat hien keng Suen, kee Plang, keng Loscht, hat hien spéculéiert, sech verspékuléiert? Mir wëssen et nët. An dunn huet d’Natur hir Rechter zréck geholl. Mam Retour vun der Natur ass nees eng aner Welt entstanen, eng Welt déi duerch d’Naturschutzgesetzer, och Rechter huet. Entretemps ass do ee Biotop entstan mat vill Gedéiesch, Gréngs a Fliedermeis.

Fotoausstellung Pafendall 1970; Kaart Kierchbierg zirka 1950

Déi Responsabel vun der Gemeng hun bei den éischten Reklamatiounen nom Retour vum Projet, de Leit nogelauschtert, hu mat deem aner Propriétaire, ee groussen Deel vum Terrain gehéiert der Stad-Lëtzebuerg, verhandelt, getosch, ee méi klenge Projet ausgeschafft. Et géng alles gutt. Mee, misstrauësch, huet de Syndicat weider démarchéiert. Mat klengem Erfolleg awer et ass jo nach net färdeg.

Et geet nach ëmmer ëm dee villen Autosverkéier, ëm Buedemversigelung, ëm rare Speziën. E bëssen not in my backard war bei Eenzelnen och dobäi, grad awer och wéi d’Asiicht, das Wunnengen gebraucht ginn. Et ass virun allem d’Ongewëssheet: wéi soll dat fonctionnéieren ? Vill méi Leit, vill méi Traffic. Uewen um Kierchbierg.

Ënnen am Pafendall geet et och em de villen Traffic duerch déi vill nei Schaffplazen an Awunner virun allemn uewen um Bierg. Och wann do duerch eng Parti nei Infrastrukturen, e.a. de Funiculaire an de Lift fir an de Pafendall, schon vill verbessert gouf et bleift och do d’Fro: wéi soll dat goen?

Et stoung an der Zeitung: 45.000 Awunner a 60.000 Aarbechtsplazen sollen op de Kierchbierg kommen. Dat bedeit niewend dem Traffic an de ville Leit och nach vill Beton a Makadamm. Wéinst dem Uewerflächewaasser heescht et elo schon wann et vill reent „Land unter“ op der Muerbels am Pafendall. Et gëtt sech entspriechend Gedanken gemaach, wéi dat goen soll mat deem Wuesstum.

Wuesstum. Een Iwwel deen ee muss a Kaf huelen fir de Liewensstandard. Dat klengt wéi eng Fatalitéit déi iwwer een erabrecht. Eng Plo géint déi ee sech net ka wiren.

Mee dat ass net esou. Wuesstum kann ee steieren a plangen, wann ee wëll. An dann heescht et nët méi Wuesstum, mee mir wuessen well mir et wëllen, wéi mir wëllen. Dat ass net ze verwiesselen mat Planwirtschaft, mee et huet trotzdeem mat plangen ze dinn. Domat sech als Gesellschaft Critèren ginn, Leitplanken setzen, fir ze wuessen, fir dass deenen Eenzelenen hir verschidden Dynamiken a Créativitéit a soss Stärkten beschtméiglechst zum Droen kommen.

Esou handelen ass ongewinnt wann ee jorzéngtelaang gewinnt war Gottes Waaser iwwer d’Marienland lafen ze loosse. Ouni Plang, no de Regelen vun de stärksten Eelebéi an dem längsten Aarm. Nët onbedéngt am Intérêt vun der Allgemengheet.  De Leit all. Ons all a net just fir „the chosen few“. Et gëtt scho laang iwwer noutwendeg Korrekturen geschwat awer et ass näischt gemaach ginn.

Elo ass et anescht. Et gëtt Geschéck gemaach. Et gëtt vun de Politiker déi dofir zoustänneg sinn net méi vum lénksen an de rietsen Tirang getesselt. Et gëtt décidéiert a Geschéck gemaach. Virun der Décisioun ginn d’Leit mat abezunn a konkret bedeelegt. De participativen Discours ass deen eenzegen deen an der Demokratie fonctionnéiert. D’participativ Praxis mécht, dass d’Demokratie fonctionnéiert.

Dofir ass et wichteg, dass et Leit ginn déi sech këmmeren ëm dat Grousst a Ganzt a Klengt a Ganzt.